{"id":327843,"date":"2024-03-25T08:00:15","date_gmt":"2024-03-25T08:00:15","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=327843"},"modified":"2024-04-03T16:23:04","modified_gmt":"2024-04-03T16:23:04","slug":"faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Et g\u00ebtt keng Beweiser fir Schied bei K\u00e9i duerch Wandrieder"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Eng Rei Et\u00fcden hu keng op gesondheetlech Schied duerch Infraschall vu Wandrieder fonnt.<\/p>\n<p>Fachleit hu g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, dass et keng w\u00ebssenschaftlech Grondlag fir angeeblech Fruchtbarkeetsst\u00e9ierungen oder Gebuertsfeeler bei K\u00e9i g\u00e9if. Och fir M\u00ebnsche g\u00e9if den Infraschall vu Wandrieder den Et\u00fcden no keng Gefor fir d&#8217;Gesondheet duerstellen.<\/p>\n<p>Op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/L464-GBWK\">Facebook<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/74CU-YSQR\">X<\/a> deele User z\u00ebnter Ufank Februar 2024 e <a href=\"https:\/\/perma.cc\/L464-GBWK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bild<\/a>, op deem e Wandrad souw\u00e9i eng R\u00ebtsch K\u00e9i ze gesi sinn. Doriwwer steet e Schr\u00ebftzuch mat dem Text &#8220;Wandrieder maache krank!&#8221;. \u00cbnner dem Bild heescht et weider: &#8220;Et g\u00ebtt Verhalensst\u00e9ierungen, St\u00e9ierunge bei der Fruchtbarkeet, Dout- a M\u00ebssgebuerten.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/0f934c9117a0cde4aba6beb2b15bb974.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Zum Sujet Wandenergie an hiren angeebleche Konsequenze sinn \u00ebmmer nees Falschbehaaptungen a sozialen Netzwierker am \u00cbmlaf. Notzerinnen an Notzer hunn an der Vergaangenheet zum Beispill f\u00e4lschlecherweis Wandenergieanlage fir <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.32EC6LW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Dr\u00e9chent<\/a> oder <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.337E392\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">H\u00e4erzproblemer<\/a> responsabel gemaach. Och mat enger <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.337E392\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ierf\u00e9ierender Ausso<\/a> iwwer Infraschall vu Wandrieder huet d&#8217;AFP sech schonn auserneegesat.<\/p>\n<p>D\u00e9i aktuell verbreet Behaaptung am Zesummenhang mat K\u00e9i ass w\u00e9i d\u00e9i aner onzoutreffend. Faktenchecken zum Sujet Klima generell sammelt d&#8217;AFP <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/list\/all\/all\/39289\/all\/tid-39289\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>.<\/p>\n<p>Infraschall bezeechent Schall baussent dem H\u00e9ierber\u00e4ich<\/p>\n<p>Bei <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5P48-MZ2J\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Infraschall<\/a> handelt et sech den Donn\u00e9e\u00eb vum d\u00e4itschen <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2REV-AUWH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Umweltbundesamt (UBA)<\/a> no \u00ebm &#8220;Ger\u00e4ischer mat enger Frequenz vun 20 Hertz an dor\u00ebnner&#8221;. Generell ass Infraschall w\u00e4it verbreet an der \u00cbmwelt a g\u00ebtt vun natierleche Quelle w\u00e9i Wand a Miereswelle souw\u00e9i duerch m\u00ebnschlech Aktivit\u00e9ite w\u00e9i Stroosseverk\u00e9ier an technesch Anlage w\u00e9i Wandrieder produz\u00e9iert. Dem UBA no kann Infraschall, obwuel en net ze h\u00e9ieren ass, als st\u00e9ierend empfonnt ginn. An enger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/P98N-HGY2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd vum UBA<\/a> iwwer d&#8217;Auswierkungen heescht et: &#8220;Fir eng negativ Auswierkung vun Infraschall baussent der Perceptiounsschwell konnte bis elo keng w\u00ebssenschaftlech ges\u00e9chert Erkenntnisser fonnt ginn, och wann eng Rei Fuerschungsb\u00e4itr\u00e4g entspriechend Hypotheese postul\u00e9ieren.&#8221;<\/p>\n<p>Eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8CB4-V68Z\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Laangz\u00e4itmiessung<\/a> vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/BL3T-ZB9G\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bayeresche Landesamtes f\u00fcr Umwelt<\/a> ergouf, dass den Infraschall vu Wandenergieanlage schonn an 200 Meter Distanz d\u00e4itlech \u00ebnner 60 Dezibel an domat w\u00e4it \u00ebnner der Perceptiounsschwell vun 0 Dezibel l\u00e4it. Eng \u00e4nlech\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/NDY5-GGAL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Untersuchung<\/a> vun der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8TFF-H8PN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Landesanstalt f\u00fcr Umwelt Baden-W\u00fcrttemberg<\/a> ergouf, dass d&#8217;Infraschallintensit\u00e9it ab enger Distanz vu 700 Meter vun enger Wandenergieanlag esou ger\u00e9ng ass, dass sech net m\u00e9i \u00ebnnerscheede l\u00e9isst, ob eng Anlag a- oder ausgeschalt ass. D&#8217;AFP huet sech schonn an <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.337E392\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">d\u00ebsem Artikel<\/a> m\u00e9i no mat angeeblech schiedlechem Infraschall vu Wandrieder besch\u00e4ftegt.<\/p>\n<p>Dem d\u00e4itsche <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7Y5T-Y389\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bundesamt f\u00fcr Naturschutz (BfN)<\/a> leie &#8220;keng Et\u00fcden oder Erkenntnisser&#8221; zum Theema Wandkraaft a Gesondheet vir, w\u00e9i et vum Departement fir \u00ebffentlech Zesummenaarbecht den 13. M\u00e4erz 2024 geheescht huet. G\u00e9intiwwer der AFP huet d&#8217;BfN awer op de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/B54R-3K22\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bericht<\/a> vun de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/N5WD-CSWZ\">W\u00ebssenschaftlechen D\u00e9ngschter vum D\u00e4itsche Bundestag<\/a> vun 2019 higewisen. Doran heescht et, dass e puer Medieberichter, an deenen eenzel Baueren tats\u00e4chlech vu Verhalensopf\u00e4llegkeete bei hiren D\u00e9ieren, Fertilit\u00e9itsr\u00e9ckgang oder Ofhuele vun der M\u00ebllechleeschtung schw\u00e4tzen, exist\u00e9iere g\u00e9ifen, awer: &#8220;Am Kader vun der virleiender Aarbecht konnt heizou allerd\u00e9ngs keng w\u00ebssenschaftlech Et\u00fcd fonnt ginn.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/9ac5bfa3ab902e9fcd538556bd0fa7c9.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Wandenergieanlage Fachleit no net gesondheetsschiedegend<\/p>\n<p>Weider housch et am Bericht vum W\u00ebssenschaftlechen D\u00e9ngscht, dass et &#8220;vergl\u00e4ichsweis w\u00e9ineg Untersuchungen&#8221; iwwer d&#8217;Wierkung vum Bedreiwe vu Wandenergieanlagen op Notzd\u00e9iere g\u00e9if. D\u00e9i meescht Et\u00fcde g\u00e9ife sech op w\u00ebll D\u00e9ierenaarte bez\u00e9ien. D&#8217;AFP huet sech schonn an <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.347P3MK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">d\u00ebsem Artikel<\/a> mat Falschbehaaptungen iwwer Wandenergieanlagen a Rend\u00e9ieren ausenanergesat a konnt keng Beleeg fir Gebuertsfeeler oder Deformatioune bei de K\u00e4llefcher vu Rend\u00e9ieren duerch Wandrieder fannen.<\/p>\n<p>Tats\u00e4chlech befaasse sech eng Rei Et\u00fcde (z.B. <a href=\"https:\/\/perma.cc\/R4FB-A3XQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>,\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/2GMR-77VQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/B487-E9DG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>) mat den Effekter vu Wandrieder op w\u00ebll D\u00e9ieren. Dora gouf zum Beispill festgehalen, dass Rend\u00e9iere Wandrieder meiden. Vu Feelgebuerten duerch Vibratioun, w\u00e9i a sozialen Netzwierker an der Vergaangenheet f\u00e4lschlecherweis behaapt gouf, ass allerd\u00e9ngs keng Ried. Den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7YT2-69JL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Eigil Reimers<\/a>, emerit\u00e9ierte Professer vun der Fakult\u00e9it fir Biow\u00ebssenschaften op der Universit\u00e9it Oslo, huet der AFP dozou de 7. Dezember 2023 geschriwwen: &#8220;Als Biolog fir w\u00ebll an Hausrend\u00e9ieren, deen z\u00ebnter m\u00e9i w\u00e9i 40 Joer mat Rend\u00e9iere schafft, bezweiwelen ech Konsequenze vu Wandrieder a Form vu Stierflechkeet oder Flucht.&#8221;<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/perma.cc\/JY69-EYVU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Patrick Scherhaufer<\/a> besch\u00e4ftegt sech um Institut f\u00fcr Wald-, Umwelt- und Ressourcenpolitik op der Wiener Universit\u00e4t f\u00fcr Bodenkultur mat\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/86HJ-F6ZT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Wandenergieprojeten<\/a>. Hien huet den 1. Dezember 2023 g\u00e9intiwwer der AFP a Bezuch op Rend\u00e9ieren zesummegefaasst: &#8220;Et g\u00ebtt iwwer d&#8217;Beantr\u00e4chtegung gutt Fuerschung, awer den Doud oder Feelgebuerte k\u00ebnnen doran definitiv net nogewise \/ beluecht ginn.&#8221; Den 8. M\u00e4erz 2024 huet d&#8217;AFP hien nees kontakt\u00e9iert, fir seng Meenung zu der aktueller Behaaptung ofzeginn. Hie sot, dass hie keng Untersuchunge speziell iwwer K\u00e9i kenne g\u00e9if. D&#8217;Resultater a Bezuch op d&#8217;St\u00e9ierung vu Verhalen, Fruchtbarkeet an Dout- oder Feelgebuerte k\u00e9inten allerd\u00e9ngs gr\u00e9isstendeels iwwerdroe ginn.<\/p>\n<p>Keng Et\u00fcden iwwer d&#8217;Gefor fir K\u00e9i duerch Wandenergie<\/p>\n<p>An dem aktuell gedeelte B\u00e4itrag g\u00ebtt duerch d&#8217;Bild vu K\u00e9i speziell virun de Geforen duerch Wandrieder fir d\u00ebs D\u00e9iere gewarnt. De <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9MYE-D7CQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Stefan Holzheu<\/a>, \u00cbmweltw\u00ebssenschaftler op der Universit\u00e4t Bayreuth, besch\u00e4ftegt sech z\u00ebnter Jore mat Infraschall vu Wandenergieanlagen. Hien huet der AFP de 6. M\u00e4erz 2024 geschriwwen: &#8220;Mir ass keng eenzeg w\u00ebssenschaftlech Et\u00fcd bekannt, d\u00e9i noweist, dass de schwaachen Infraschall vu Wandenergienanlagen iergendeen Effekt op K\u00e9i huet.&#8221;<\/p>\n<p>Den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Z6H7-D6R4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Hanns Moshammer<\/a>, Chef vum Departement \u00cbmwelthygi\u00e8ne an \u00cbmweltmedezinn vun der Medizinischen Universit\u00e4t Wien, huet der AFP de 7. M\u00e4erz 2024 matgedeelt, dass hie keng Et\u00fcden iwwer K\u00e9i kenne g\u00e9if. Hien huet generell duergestallt, dass et bannent dem erlaabte Schallpeegel keng biologesch erkennbar Gesondheetsschied g\u00e9if ginn. S\u00e4i Fazit: De Schued duerch Infraschall, deen am Moment am Internet behaapt g\u00e9if, &#8220;entbiert awer bei den aktuell agesate Rieder kenger Grondlag.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/21abb50db889cb684abf1bce62af1379.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Wandrieder och fir m\u00ebnschlech Gesondheet net schiedlech<\/p>\n<p>S\u00e4itens vum d\u00e4itschen Umweltbundesamt housch et g\u00e9intiwwer der AFP den 11. M\u00e4erz 2024, dass zu D\u00e9iere keng Informatiounen zur Verf\u00fcgung st\u00e9ingen. &#8220;Mir vermudden hei awer net bewise Behaaptungen.&#8221; Generell f\u00e9iert de Christian Fabris, dee sech am UBA mat der Wierkung an der Reduz\u00e9ierung vu Kam\u00e9idi besch\u00e4ftegt, aus: &#8220;Duerch Infraschall vu Wandenergieanlagen erwaarde mir am Moment keng gesondheetlech Beantr\u00e4chtegungen.&#8221; Och Langz\u00e4iteffekter w\u00e4ren net bekannt. E puer Concern\u00e9iert h\u00e4tten dem UBA allgemeng gesondheetlech Beantr\u00e4chtegungen an en Zesummenhang mat Wandenergieanlage gemellt, dem UBA no k\u00e9int dat awer net op Infraschall zer\u00e9ckgef\u00e9iert ginn. &#8220;Mir mussen dow\u00e9inst bei den eenzele Berichter vu Behaaptungen a Presumptiounen ausgoen.&#8221; Ofschl\u00e9issend huet de Fabris geschriwwen: &#8220;D&#8217;Behaaptung, dass Wandrieder krank maachen, geet aus <a href=\"https:\/\/perma.cc\/J3N3-LLRK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">kenger eis bekannter w\u00ebssenschaftlecher Untersuchung, Et\u00fcd oder Publikatioun<\/a> ervir.&#8221;<\/p>\n<p>Den Informatiounsbeoptraagte vum Schw\u00e4izer <a href=\"https:\/\/perma.cc\/G8RW-GU8A\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bundesamtes f\u00fcr Umwelt<\/a> huet der AFP de 14. M\u00e4erz 2024 matgedeelt: &#8220;No dem aktuelle Stand vun de w\u00ebssenschaftlechen Erkenntnisser ginn Expertinnen an Experten haut dovun aus, dass am Allgemenge keng schiedlech oder l\u00e4steg Immissiounen duerch Infraschall ze erwaarde sinn.&#8221; Och den \u00cbmweltmedezinner <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5WQT-34YJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Heinz Fuchsig<\/a> vun der \u00d6sterreichischen \u00c4rztekammer huet der AFP de 7. M\u00e4erz 2024 erkl\u00e4ert: &#8220;Mir ass kee Fall vun enger Erkrankung duerch Wandrieder bekannt an och keng seri\u00e9is peer-reviewed Et\u00fcd.&#8221;<\/p>\n<p>Den Holzheu huet g\u00e9intiwwer der AFP d\u00e9i gedeelt Behaaptung och explizitt a Bezuch op M\u00ebnschen ofgedoen: &#8220;Infraschall vu Wandenergieanlagen ass \u00ebm de Facteur 1.000 m\u00e9i schwaach w\u00e9i den Infraschall a fuerende Gefierer oder Zich oder och just kr\u00e4ftege Wand. Och do si keng Effekter bekannt. Generell g\u00ebllt, et g\u00ebtt iwwerhaapt keng Wierkungshypothees, w\u00e9i de schwaachen Infraschall vu Wandenergieanlagen iergendeen negativen Effekt beim M\u00ebnsch ausl\u00e9ise k\u00e9int.&#8221;<\/p>\n<p>DSGS verbreet &#8220;w\u00ebssenschaftlech skandal\u00e9is Geschichten&#8221;<\/p>\n<p>Zu Andr\u00e9ck, w\u00e9i d&#8217;DSGS se gesammelt huet, huet den Holzheu gemengt: &#8220;Anektdote g\u00ebtt et vill an ech hunn och scho M\u00ebnschen erlieft, d\u00e9i iwwerzeegt waren, \u00ebnner dem Infraschall vu Wandenergieanlagen ze leiden.&#8221; Responsabel heifir m\u00e9cht hien allerd\u00e9ngs de sougenannten <a href=\"https:\/\/perma.cc\/V99Y-6JYU\">Nocebo-Effekt<\/a>. Heib\u00e4i handelt et sech &#8211; analag zum Placebo-Effekt &#8211; \u00ebm <a href=\"https:\/\/perma.cc\/RAF6-KVZ3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Niewewierkungen<\/a>, d\u00e9i duerch eng Scheinbehandlung ausgel\u00e9ist ginn. &#8220;Net d&#8217;Wandenergieanlage si schold um Leed vun d\u00ebse M\u00ebnschen, mee d&#8217;G\u00e9igenorganisatioune vu Wandenergie w\u00e9i d&#8217;DSGS, d\u00e9i de M\u00ebnsche mat w\u00ebssenschaftlech skandal\u00e9ise Geschichten Angscht maachen.&#8221; Op AFP-Ufro huet et vum Departement Presse vun der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/QE4Q-JRSZ\">Landwirtschaftskammer \u00d6sterreich<\/a> den 18. M\u00e4erz 2024 geheescht, dass guer keng Doleancen oder Berichter iwwer angeeblech Schied bei K\u00e9i bekannt w\u00e4ren.<\/p>\n<p>Dem Holzheu no ziilt d&#8217;Gemeinschaft dorop of, \u00c4ngscht virun enger &#8220;onh\u00e9ierbarer an onsiichtbarer Infraschallgefor&#8221; ze schieren, w\u00e9i hien <a href=\"https:\/\/perma.cc\/BFM9-9DV4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">op senger Internets\u00e4it iwwer d&#8217;DSGS schreift<\/a>. De <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240314171559\/https:\/\/www.dsgs-info.de\/ueber-uns\/vorstand\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">President vun der DSGS Peter J\u00e4ger<\/a>, deen <a href=\"https:\/\/perma.cc\/L464-GBWK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">de Post och gedeelt<\/a> huet, huet a sengem B\u00e4itrag e Link op d&#8217;Ausf\u00e9ierunge vun der Gesellschaft fir &#8220;Opf\u00e4llegkeeten a M\u00ebssbildunge bei D\u00e9iere&#8221; b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt (Gesellschaft zu &#8220;<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240313103507\/https:\/\/www.dsgs-info.de\/schall\/tiere-auffaelligkeiten\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Auff\u00e4lligkeiten und Missbildungen bei Tieren<\/a>&#8220;). Do sinn awer keng Et\u00fcden, d\u00e9i een ofruffe k\u00e9int, ze fannen. Et g\u00ebtt ugefouert, dass et sech \u00ebm &#8220;Beispiller&#8221; vu Beantr\u00e4chtegungen a Krankheete vu Ranner, M\u00ebllechk\u00e9i, K\u00e4llefcher oder och H\u00e9nger handele g\u00e9if.<\/p>\n<p>Op AFP-Ufro huet de J\u00e4ger de 14. M\u00e4erz 2024 geschriwwen, dass de Ver\u00e4i M\u00ebnschen \u00ebnnerst\u00ebtze g\u00e9if, d\u00e9i z\u00ebnter Jore schw\u00e9ier betraff w\u00e4ren. Dor\u00ebnner w\u00e4ren och Ziichter vu B\u00e9ischten a M\u00ebllechbaueren. Et\u00fcden zu de Behaaptungen iwwer &#8220;St\u00e9ierunge&#8221; bei D\u00e9ieren huet hien op Nofro keng gesch\u00e9ckt, dofir Videoen (z.B. <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8ZF3-9MCK\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/A58X-HVEF\">hei<\/a>), an deenen eenzel Persounen iwwer Beantr\u00e4chtegungen duerch Infraschall bericht hunn. Hien huet ausserdeem erkl\u00e4ert, dass Perceptiounsschwelle keng Ausso iwwer d&#8217;Wierkung vu d\u00e9iffrequentem Schall a Vibratioun k\u00e9inten hunn &#8211; anescht w\u00e9i vun de Fachleit, d\u00e9i d&#8217;AFP kontakt\u00e9iert huet, erkl\u00e4ert. Schall a Vibratioun g\u00e9if iwwer dat gesamt <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3WB4-XVSF\">Kapillarnetz<\/a>, engem Netz aus winzege Bluttgef\u00e4\u00e4sser, opgeholl, &#8220;an zwar an hire wandst\u00e4nnegen Zellen, de sougenannten Endothelzellen&#8221;, d\u00e9i f\u00e4eg wieren, Schall a Vibratioun opzehuelen, huet de J\u00e4ger behaapt. <a href=\"https:\/\/perma.cc\/WND4-FTRP\">Endothelzell<\/a>e bilden d\u00e9i bannenzegst Zellschicht vun de Bluttgef\u00e4\u00e4sser.<\/p>\n<p>De Moshammer kann d\u00ebser Argumentatioun w\u00e9ineg ofgewannen, w\u00e9i hien der AFP op R\u00e9ckfro de 15. M\u00e4erz 2024 geschriwwen huet: &#8220;Wa Schall wierklech selwer baussent dem H\u00e9ierber\u00e4ich nach gef\u00e9ierlech wier, w\u00e9i vill m\u00e9i misst ech da virun h\u00e9ierbarem Schall f\u00e4erten.&#8221; Dem Moshammer no handelt et sech bei Schall ganz einfach \u00ebm eng &#8220;rhythmesch \u00c4nnerung vum (Loft-)Drock&#8221;. Souguer bei engem einfachen n\u00e9cken g\u00e9if de Kapp scho Schallpeegele vun ongef\u00e9ier 70 Dezibel ausgesat ginn. Den Holzheu huet d&#8217;Argumentatioun vun der DSGS g\u00e9intiwwer der AFP de 15. M\u00e4erz 2024 souguer als &#8220;Schwurbelei&#8221; bezeechent. Eleng d&#8217;Verm\u00ebschung vu Schall a Vibratioune w\u00e4r &#8220;Quatsch&#8221;. Och S\u00e4itens vum d\u00e4itschen UBA housch et den 18. M\u00e4erz 2024 dozou: &#8220;Et g\u00ebtt tats\u00e4chlech keng w\u00ebssenschaftlech Beleeger, dass esou schwaach Infraschallwellen op Zellniveau iergendwellch miessbar pathologesch oder physikalesch Wierkungen ausl\u00e9ise k\u00e9inten.&#8221; D&#8217;UBA huet zum Sujet Harmlosegkeet vu Wandenergieanlagen e Verglach ugefouert. Genausou w\u00e9i e puer Liichtpunkten, zum Beispill vun enger nuets schwaach beliichter Stad, M\u00ebnschen net blende g\u00e9ifen, g\u00e9if d\u00e9i ger\u00e9ng Intensit\u00e9it vun Infraschall vu Wandrieder M\u00ebnschen net beantr\u00e4chtegen.<\/p>\n<p>Fazit: Untersuchunge weise keng Unzeeche fir gesondheetlech Schied duerch Infraschall vu Wandenergieanlagen. Aktuell g\u00ebtt behaapt, dass Schwallwellen op niddreger Frequenz vu Wandrieder negativ Auswierkungen op d&#8217;Gesondheet vu K\u00e9i k\u00e9inten hunn. Experten an Expertinnen hunn awer keng esou negativ Effekter observ\u00e9iert oder dokument\u00e9iert. Si hu g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, dass et keng w\u00ebssenschaftlech Grondlag fir angeeblech Fruchtbarkeetsst\u00e9ierungen oder Gebuertsfeeler bei K\u00e9i g\u00e9if ginn. d\u00e9i op Infraschall zer\u00e9ckzef\u00e9iere w\u00e4ren. Infraschall vu Wandenergieanlage stellt Et\u00fcden no och keng Gefor fir d&#8217;Gesondheet vu M\u00ebnschen duer.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Eng Rei Et\u00fcden hu keng op gesondheetlech Schied duerch Infraschall vu Wandrieder fonnt.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":327823,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[189,183,193],"tags":[],"class_list":{"0":"post-327843","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-emwelt","8":"category-fact-check-lb","9":"category-gesellschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2180298","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2180298.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Et g\u00ebtt keng Beweiser fir Schied bei K\u00e9i duerch Wandrieder - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Et g\u00ebtt keng Beweiser fir Schied bei K\u00e9i duerch Wandrieder - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Eng Rei Et\u00fcden hu keng op gesondheetlech Schied duerch Infraschall vu Wandrieder fonnt.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-03-25T08:00:15+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-04-03T16:23:04+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/915669513a207835805d9eee70515c97.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"9 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Et g\u00ebtt keng Beweiser fir Schied bei K\u00e9i duerch Wandrieder\",\"datePublished\":\"2024-03-25T08:00:15+00:00\",\"dateModified\":\"2024-04-03T16:23:04+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/\"},\"wordCount\":2065,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/915669513a207835805d9eee70515c97.jpeg\",\"articleSection\":[\"\u00cbmwelt\",\"Fact Check\",\"Gesellschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/\",\"name\":\"Faktencheck: Et g\u00ebtt keng Beweiser fir Schied bei K\u00e9i duerch Wandrieder - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/915669513a207835805d9eee70515c97.jpeg\",\"datePublished\":\"2024-03-25T08:00:15+00:00\",\"dateModified\":\"2024-04-03T16:23:04+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/915669513a207835805d9eee70515c97.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/915669513a207835805d9eee70515c97.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Et g\u00ebtt keng Beweiser fir Schied bei K\u00e9i duerch Wandrieder - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Et g\u00ebtt keng Beweiser fir Schied bei K\u00e9i duerch Wandrieder\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Et g\u00ebtt keng Beweiser fir Schied bei K\u00e9i duerch Wandrieder - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Et g\u00ebtt keng Beweiser fir Schied bei K\u00e9i duerch Wandrieder - EDMO Belux","og_description":"Eng Rei Et\u00fcden hu keng op gesondheetlech Schied duerch Infraschall vu Wandrieder fonnt.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-03-25T08:00:15+00:00","article_modified_time":"2024-04-03T16:23:04+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/915669513a207835805d9eee70515c97.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"9 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Et g\u00ebtt keng Beweiser fir Schied bei K\u00e9i duerch Wandrieder","datePublished":"2024-03-25T08:00:15+00:00","dateModified":"2024-04-03T16:23:04+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/"},"wordCount":2065,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/915669513a207835805d9eee70515c97.jpeg","articleSection":["\u00cbmwelt","Fact Check","Gesellschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/","name":"Faktencheck: Et g\u00ebtt keng Beweiser fir Schied bei K\u00e9i duerch Wandrieder - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/915669513a207835805d9eee70515c97.jpeg","datePublished":"2024-03-25T08:00:15+00:00","dateModified":"2024-04-03T16:23:04+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/915669513a207835805d9eee70515c97.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/915669513a207835805d9eee70515c97.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Et g\u00ebtt keng Beweiser fir Schied bei K\u00e9i duerch Wandrieder - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-beweiser-fir-schied-bei-ki-duerch-wandrieder\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Et g\u00ebtt keng Beweiser fir Schied bei K\u00e9i duerch Wandrieder"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/327843","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=327843"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/327843\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/327823"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=327843"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=327843"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=327843"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}