{"id":332928,"date":"2024-04-30T08:30:08","date_gmt":"2024-04-30T08:30:08","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=332928"},"modified":"2024-05-02T08:02:07","modified_gmt":"2024-05-02T08:02:07","slug":"faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Al Fotoe goufen als total Sonnend\u00e4ischtert vun 2024 ausginn"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Al Fotoe vu vergaangene Sonnend\u00e4ischterte sinn a sozialen Netzwierker opgedaucht, d\u00e9i awer net vun der Sonnend\u00e4ischtert vum 8. Abr\u00ebll 2024 a ganz Nordamerika staamt, w\u00e9i am Internet behaapt g\u00ebtt.<\/p>\n<p>&#8220;Dat ass d\u00e9i \u00e9ischt Sonnend\u00e4ischtert fir 2024&#8221;, heescht et an engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6LQP-8VJS?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">senegaleesesche Facebook-Post<\/a> vum 8. Abr\u00ebll 2024.<\/p>\n<p>&#8220;D&#8217;Sonnend\u00e4ischtert war fir d&#8217;Bewunner vu Mexiko, Kanada a vun e puer US-Bundesstaaten d\u00e4itlech ze gesinn an NASA-Rapporten no w\u00e4ert d\u00e9i n\u00e4chst total Sonnend\u00e4ischtert am Joer 2044 stattfannen.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/07508e2f43ad34385f1ae1700c7d9e8b.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>De B\u00e4itrag war opgedaucht, nodeems de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/35MB-5J6W\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Moundschiet<\/a> den 8. Abr\u00ebll 2024 um 11.07 Auer Lokalz\u00e4it (1807 GMT) d&#8217;Pazifikk\u00fcst vu Mexiko an eng komplett D\u00e4ischtert gestierzt hat.<\/p>\n<p>D\u00e9i seelen total Sonnend\u00e4ischtert ass du mat Iwwerschallgeschwindegkeet iwwer d&#8217;Vereenegt Staate gezunn a koum no knapp annerhallef Stonnen iwwer d\u00e9i kanadesch Atlantikk\u00fcst er\u00ebm zer\u00e9ck.<\/p>\n<p>De Spektakel huet fir Millioune vu Spectateure gesuergt, d\u00e9i Festivallen a souguer Massenhochz\u00e4iten ofgehalen hunn, d\u00e9i sech op dem &#8220;Wee vun der Totalit\u00e9it&#8221; (Englesch: &#8220;Path of totality&#8221;) organis\u00e9iert goufen, wou d&#8217;Korona vun der Sonn hannert dem Mound gegloust huet.<\/p>\n<p>D\u00e9i selwecht Biller goufen a Facebook-Gruppe mat Z\u00e9ngdausende Membere gedeelt, \u00ebnner anerem a B\u00e4itr\u00e4g (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/33EF-78FT?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/X5ST-LZBP?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>), d\u00e9i behaapt hunn, se g\u00e9ifen dat himmlescht Spektakel duerstellen.<\/p>\n<p>Awer d&#8217;Fotoen dat\u00e9iere vu virun der Sonnend\u00e4ischtert vum 8. Abr\u00ebll.<\/p>\n<p><span class=\"article-subtitle post-title\">Fotoe vu vergaangene Sonnend\u00e4ischterten<\/span><\/p>\n<p>Zwou vun de Fotoe goufen am s\u00fcdlechen US-Bundesstaat Texas w\u00e4rend enger <a href=\"https:\/\/science.nasa.gov\/eclipses\/types\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">rankf\u00ebrmeger Sonnend\u00e4ischtert 2012<\/a> opgeholl &#8211; w\u00e9i de Mound d&#8217;Sonn block\u00e9iert huet, w\u00e4rend e sech an oder an der G\u00e9igend vu sengem w\u00e4itste Punkt par rapport zur \u00c4erd bef\u00ebnnt an d&#8217;Sonn just deelweis verdeckt (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/Z452-FS3Z\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>).<\/p>\n<p>Eng \u00ebmgek\u00e9iert Billersich huet d\u00e9i \u00e9ischt Foto fonnt, d\u00e9i de 27. Juni 2012 op der Astronomie-Internets\u00e4it Sky &amp; Telescope <a href=\"https:\/\/skyandtelescope.org\/online-gallery\/annular-eclipse-from-muleshoe-nwr-texas\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ver\u00ebffentlecht<\/a> gouf (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/3TVQ-7JVZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>).<\/p>\n<p>D&#8217;Foto gouf vum Fotograf Joe Dellinger gemaach an den Datum an d&#8217;Plaz vun der Foto gi mat dem 21. Mee 2012 am Muleshoe National Wildlife Reserve uginn.<\/p>\n<p>Eng &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/676H-YDFA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Feierrank<\/a>&#8220;-Sonnend\u00e4ischtert gouf et den 20. an 21. Mee 2012 iwwer dem Pazifik vu Japan, iwwer Hongkong an Taiwan an Asien bis a Kalifornien an Texas an de Vereenegte Staate vun Amerika ze gesinn.<\/p>\n<p>\u00cbnnen ass e Screenshot-Verglach vun der Foto, d\u00e9i an de falsche B\u00e4itr\u00e4g benotzt gouf (l\u00e9nks), an der Foto, d\u00e9i vu Sky &amp; Telescope ver\u00ebffentlecht gouf (riets):<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/5905379a9a3fe4b80f42f4ad933871cf.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D\u00e9i zweet Foto vun der Sonnend\u00e4ischtert 2012, d\u00e9i eng Uelegplattform an der Silhouette vum Evenement um Himmel weist, gouf vun der Norichtenagence &#8220;The Associated Press&#8221; opgeholl.<\/p>\n<p>Der Datebank\u00a0<a href=\"https:\/\/www.alamy.com\/an-annular-eclipse-appears-sunday-may-20-2012-north-of-odessa-texas-the-annular-eclipse-in-which-the-moon-passes-in-front-of-the-sun-leaving-only-a-golden-ring-around-its-edges-was-visible-to-wide-areas-across-china-japan-and-elsewhere-in-the-region-before-moving-across-the-pacific-to-be-seen-in-parts-of-the-western-united-states-ap-photoodessa-american-albert-cesare-image537510813.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Alamy<\/a> no, d\u00e9i d&#8217;Foto gedeelt huet, gouf se vum Albert Cesare den 20. Mee 2012 n\u00ebrdlech vun Odessa, Texas opgeholl (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/UEQ5-SP8S\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>).<\/p>\n<p>\u00cbnnen ass e Screenshot-Verglach vun der Foto, d\u00e9i am falsche B\u00e4itrag (l\u00e9nks) benotzt gouf, a vun der AP-Foto (riets):<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/9b3247b1c20608a320eb4d3b36cb7e7d.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>De Cesare huet 2017 eng <a href=\"https:\/\/www.instagram.com\/p\/BXRC5N7hlhH\/?hl=en\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00e4nlech Foto<\/a> vun enger Sonnend\u00e4ischtert mat enger Uelegplattform am Vierdergrond op senger Instagram-S\u00e4it publiz\u00e9iert a sot, se w\u00e4r den 20. Mee 2012 gemaach ginn (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/QNV8-GKY4?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>).<\/p>\n<p>Eng weider Foto, d\u00e9i a Facebook-B\u00e4itr\u00e4g gedeelt gouf an op d\u00e4r d&#8217;Sonn deelweis vum Mound verdeckt g\u00ebtt, w\u00e4rend e Fliger laanschtflitt, gouf 1992 w\u00e4rend enger anerer rankf\u00ebrmeger Sonnend\u00e4ischtert geschoss.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet d\u00ebs Foto fonnt, d\u00e9i den 12. Mee 2012 vun engem Notzer mam Numm Kevin Baird op\u00a0<a href=\"https:\/\/www.flickr.com\/photos\/kevlar\/7184846126\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Flickr<\/a> eropgeluede gouf (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/B8MD-C5S6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>).<\/p>\n<p>&#8220;E LongEZ-Fliger ass virun der Eklips geflunn. Gescannten Dia vun der rankf\u00ebrmeger Sonnend\u00e4ischtert vum 4. Januar 1992 vu San Diego aus gesinn&#8221;, steet an der Bildbeschreiwung.<\/p>\n<p>Wolleken haten de Bl\u00e9ck op de &#8220;Feierrank&#8221; de 4. a 5. Januar 1992 op de meeschte Plaze verdeckt, awer San Diego krut e &#8220;spektakul\u00e4re&#8221; Bl\u00e9ck op d\u00ebst Naturschauspill, w\u00e9i d'&#8221;Washington Post&#8221; deemools <a href=\"https:\/\/www.washingtonpost.com\/archive\/politics\/1992\/01\/05\/san-diego-gets-spectacular-view-of-eclipse\/390ec0cd-767a-4a79-a621-beeedc9bc7e9\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">gemellt<\/a> hat (<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240418110217\/https:\/\/www.washingtonpost.com\/archive\/politics\/1992\/01\/05\/san-diego-gets-spectacular-view-of-eclipse\/390ec0cd-767a-4a79-a621-beeedc9bc7e9\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>).<\/p>\n<p>\u00cbnnen ass e Screenshot-Verglach vun der Foto am gef\u00e4lschte B\u00e4itrag (l\u00e9nks) a vun der Foto, d\u00e9i op Flickr eropgeluede gouf (riets), ze gesinn:<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/72734f5dec3e49b1a3770f2d463adaa4.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Eng \u00ebmgek\u00e9iert Billersich huet d\u00e9i v\u00e9iert Foto fonnt, d\u00e9i 2017 vun der Medienentreprise <a href=\"https:\/\/www.gettyimages.fr\/detail\/photo\/solar-eclipse-august-21-wisconsin-image-libre-de-droits\/837557442\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Getty Images<\/a> ver\u00ebffentlecht gouf (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/U2AK-T2QQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>).<\/p>\n<p>D&#8217;Foto mam Titel &#8220;Solar eclipse August 21 Wisconsin&#8221; g\u00ebtt &#8220;Matt Anderson Photography&#8221; zougeschriwwen.<\/p>\n<p>Den US-Bundesstaat Wisconsin huet den 21. August 2017 eng Sonnend\u00e4ischtert vu maximal 85 Prozent w\u00e4rend enger totaler Sonnend\u00e4ischtert erlieft, d\u00e9i deemools d&#8217;USA fir d&#8217;\u00e9ischt K\u00e9ier z\u00ebnter bal engem Joerhonnert duerchlaf huet, w\u00e9i et an engem <a href=\"https:\/\/news.wisc.edu\/the-solar-eclipse-over-uw-madison\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Pressecommuniqu\u00e9<\/a> vun der University of Wisconsin-Madison stoung (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/Z6YP-TL4E\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>).<\/p>\n<p>\u00cbnnen ass e Screenshot-Verglach vun der Foto am gef\u00e4lschte B\u00e4itrag (l\u00e9nks) a vun der Foto, d\u00e9i bei Getty Images eropgeluede gouf (riets):<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/fec24afae0a95b4b9c6d29d876913034.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Eng St\u00e9chwierdersich huet d\u00e9i selwecht Foto, d\u00e9i op der <a href=\"https:\/\/www.mattandersonphotography.com\/p744450967\/h93bc7003#h93bc7003\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Webs\u00e4it vum Anderson<\/a> eropgeluede gouf, er\u00ebmfonnt. D&#8217;Bildbeschreiwung beseet, dass d&#8217;Foto am l\u00e4ndleche S\u00fcdweste vu Wisconsin opgeholl gouf (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/95AV-NRSC?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>).<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">Bild aus Datebank<\/p>\n<p>Dat lescht Bild gouf den 11. Abr\u00ebll 2023 op\u00a0<a href=\"https:\/\/www.istockphoto.com\/fr\/photo\/%C3%A9clipse-totale-de-soleil-la-lune-recouvre-le-soleil-dune-%C3%A9clipse-solaire-gm1480498138-508161759\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">iStock<\/a> vu Getty Images gepost &#8211; ee Joer virun der Sonnend\u00e4ischtert (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/L7D9-D3NH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>).<\/p>\n<p>An der Bildbeschreiwung heescht et: &#8220;Total Sonnend\u00e4ischtert. De Mound bedeckt d&#8217;Sonn bei enger Sonnend\u00e4ischtert &#8211; stock\u00e9iert Foto.&#8221;<\/p>\n<p>\u00cbnnen ass e Screenshot-Verglach vum Bild am falsche B\u00e4itrag (l\u00e9nks) a vum Bild op iStock (riets) ze gesinn:<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/ba29db665dd17b808c51a76545fb4d5f.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;Bild g\u00ebtt engem Notzer mam Numm &#8220;Pitris&#8221; zougeschriwwen.<\/p>\n<p>Weider St\u00e9chwierdersich op Google hunn de Profil vum Notzer op enger anerer <a href=\"https:\/\/www.dreamstime.com\/pitris_info\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Datebank-Internets\u00e4it<\/a> fonnt (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/LK6U-2N3D\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>).<\/p>\n<p>Der Biografie no ass den Notzer Grafikdesigner, Illustrateur a Fotograf a luet reegelm\u00e9isseg Biller vun astronomesche Phenomener erop.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet weider falsch Behaaptungen no der Sonnend\u00e4ischtert vum 8. Abr\u00ebll 2024 opgedeckt (<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/EN\/doc.afp.com.34P43VB\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/EN\/doc.afp.com.34NP7Y8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> an <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/EN\/doc.afp.com.34P69U8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>).<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Al Fotoe vu vergaangene Sonnend\u00e4ischterte sinn a sozialen Netzwierker opgedaucht, d\u00e9i awer net vun der Sonnend\u00e4ischtert vum 8. Abr\u00ebll 2024 a ganz Nordamerika staamt, w\u00e9i am Internet behaapt g\u00ebtt.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":332893,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[183,193],"tags":[],"class_list":{"0":"post-332928","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-fact-check-lb","8":"category-gesellschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2189926","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2189926.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Al Fotoe goufen als total Sonnend\u00e4ischtert vun 2024 ausginn - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Al Fotoe goufen als total Sonnend\u00e4ischtert vun 2024 ausginn - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Al Fotoe vu vergaangene Sonnend\u00e4ischterte sinn a sozialen Netzwierker opgedaucht, d\u00e9i awer net vun der Sonnend\u00e4ischtert vum 8. Abr\u00ebll 2024 a ganz Nordamerika staamt, w\u00e9i am Internet behaapt g\u00ebtt.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-04-30T08:30:08+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-05-02T08:02:07+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/91c956fd5bce09849a2ddbf02c09d6e1.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"6 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Al Fotoe goufen als total Sonnend\u00e4ischtert vun 2024 ausginn\",\"datePublished\":\"2024-04-30T08:30:08+00:00\",\"dateModified\":\"2024-05-02T08:02:07+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/\"},\"wordCount\":993,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/91c956fd5bce09849a2ddbf02c09d6e1.jpeg\",\"articleSection\":[\"Fact Check\",\"Gesellschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/\",\"name\":\"Faktencheck: Al Fotoe goufen als total Sonnend\u00e4ischtert vun 2024 ausginn - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/91c956fd5bce09849a2ddbf02c09d6e1.jpeg\",\"datePublished\":\"2024-04-30T08:30:08+00:00\",\"dateModified\":\"2024-05-02T08:02:07+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/91c956fd5bce09849a2ddbf02c09d6e1.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/91c956fd5bce09849a2ddbf02c09d6e1.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Al Fotoe goufen als total Sonnend\u00e4ischtert vun 2024 ausginn - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Al Fotoe goufen als total Sonnend\u00e4ischtert vun 2024 ausginn\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Al Fotoe goufen als total Sonnend\u00e4ischtert vun 2024 ausginn - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Al Fotoe goufen als total Sonnend\u00e4ischtert vun 2024 ausginn - EDMO Belux","og_description":"Al Fotoe vu vergaangene Sonnend\u00e4ischterte sinn a sozialen Netzwierker opgedaucht, d\u00e9i awer net vun der Sonnend\u00e4ischtert vum 8. Abr\u00ebll 2024 a ganz Nordamerika staamt, w\u00e9i am Internet behaapt g\u00ebtt.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-04-30T08:30:08+00:00","article_modified_time":"2024-05-02T08:02:07+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/91c956fd5bce09849a2ddbf02c09d6e1.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"6 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Al Fotoe goufen als total Sonnend\u00e4ischtert vun 2024 ausginn","datePublished":"2024-04-30T08:30:08+00:00","dateModified":"2024-05-02T08:02:07+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/"},"wordCount":993,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/91c956fd5bce09849a2ddbf02c09d6e1.jpeg","articleSection":["Fact Check","Gesellschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/","name":"Faktencheck: Al Fotoe goufen als total Sonnend\u00e4ischtert vun 2024 ausginn - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/91c956fd5bce09849a2ddbf02c09d6e1.jpeg","datePublished":"2024-04-30T08:30:08+00:00","dateModified":"2024-05-02T08:02:07+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/91c956fd5bce09849a2ddbf02c09d6e1.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/04\/91c956fd5bce09849a2ddbf02c09d6e1.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Al Fotoe goufen als total Sonnend\u00e4ischtert vun 2024 ausginn - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-al-fotoe-goufen-als-total-sonnendischtert-vun-2024-ausginn\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Al Fotoe goufen als total Sonnend\u00e4ischtert vun 2024 ausginn"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/332928","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=332928"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/332928\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/332893"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=332928"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=332928"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=332928"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}