{"id":334712,"date":"2024-05-14T07:00:37","date_gmt":"2024-05-14T07:00:37","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=334712"},"modified":"2024-05-22T15:01:34","modified_gmt":"2024-05-22T15:01:34","slug":"faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Temperaturen am Abr\u00ebll 2024 ware m\u00e9i h\u00e9ich w\u00e9i an de leschte Joren"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Den Temperaturduerchschn\u00ebtt an D\u00e4itschland louch am Abr\u00ebll 2024 bei knapp 10 Grad Celsius. Dat l\u00e4it iwwer dem laangj\u00e4regen Duerchschn\u00ebtt. W\u00e9inst den niddregen Temperaturen Enn des Mounts behaapten Internetnotzer a Sozialen Netzwierker awer, 2024 h\u00e4tt et de keelsten Abr\u00ebll z\u00ebnter 92 Joer ginn. Dat ass awer falsch.<\/p>\n<p>&#8220;Ech weess, l\u00e9if Klimaj\u00fcnger a Klimatattaen: Et ass d&#8217;Wieder&#8230; &#8220;, huet e User den 30. Abr\u00ebll 2024 op <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240502102441\/https:\/\/www.facebook.com\/plugins\/post.php?href=https%3A%2F%2Fwww.facebook.com%2Fandreas.glarner.3%2Fposts%2Fpfbid034C2GJ2w4EHPvLzYxCSHMTCDtKRD8gmVfrAx4nxvYhbqP9x8peTXgrKJ3tKBkQUNAl&amp;show_text=true&amp;width=500\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a> geschriwwen an dob\u00e4i eng Foto vun e puer Beem gedeelt, d\u00e9i mat Bromee bedeckt sinn. &#8220;Doriwwer g\u00ebtt net sou g\u00e4r bericht: Keelsten Abr\u00ebll an D\u00e4itschland z\u00ebnter 92 Joer&#8221;, steet am Text.<\/p>\n<p>An de Kommentarer hu sech Notzerinnen an Notzer rosen doriwwer gewisen: &#8220;D&#8217;Klimaaktiviste musse sech alleguer schummen. Dat ganzt ass just eng Ausbeutung vum Bierger&#8221;, huet ee geschriwwen. Och op der Plattform <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240502102041\/https:\/\/www.reddit.com\/r\/ichbin40undSchwurbler\/comments\/1ch0psz\/whatsapp_status_meines_nachbarn\/?rdt=44289\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Reddit<\/a> g\u00ebtt d\u00ebs Behaaptung gedeelt.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/b72a7720fc8a4c92d0e81e9337803802.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Am rietsen ieweschten Eck vum B\u00e4itrag ass de Schr\u00ebftzuch &#8220;Mobil in Deutschland e.V.&#8221; ze fannen. Heib\u00e4i handelt et sech \u00ebm de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5TY6-F9N4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Logo vun engem d\u00e4itschen Automobilclub<\/a> vu M\u00fcnchen, dee schonn an der Vergaangenheet <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/http%253A%252F%252Fdoc.afp.com%252F9W226N-1\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Falschinformatioune<\/a> verbreet huet. Eng AFP-Ufro un de Ver\u00e4in iwwer d\u00e9i gedeelt Behaaptung blouf bis zur Ver\u00ebffentlechung vun d\u00ebsem Faktencheck onbe\u00e4ntwert.<\/p>\n<p>D\u00e9i gedeelt Ausso ass awer falsch. Trotz den deels wanterlechen Temperaturen an der zweeter Hallschent vum Mount war den Abr\u00ebll 2024 <a href=\"https:\/\/perma.cc\/KH7Z-3A5V\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">insgesamt m\u00e9i waarm w\u00e9i am laangj\u00e4regen M\u00ebttel<\/a>. D&#8217;Wieder an d\u00ebsem Abr\u00ebll war villf\u00e4lteg: vun H\u00e9ichsummerwieder bis Sp\u00e9itwantertemperaturen. D\u00e9i \u00e9ischt Hallschent vum Mount war immens waarm, \u00e9ier e Wieder\u00ebmschwong dat summerlecht Wieder ofgel\u00e9ist huet. G\u00e9int Enn vum Mount gouf ongew\u00e9inlechen Neischn\u00e9i registr\u00e9iert.<\/p>\n<p>Temperaturen am Abr\u00ebll 2024 louchen iwwer de W\u00e4erter vun de Referenzperioden<\/p>\n<p>Fir d&#8217;Bew\u00e4ertung vun der laangfristeger Klimaentw\u00e9cklung gi sougenannt <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4G8D-HAML\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Referenzperiode<\/a> genotzt. Dob\u00e4i gi M\u00ebttelw\u00e4erter iwwer e l\u00e4ngeren Z\u00e4itraum, meeschtens 30 Joer, form\u00e9iert. Aus engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7XBM-Z5FM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Pressecommuniqu\u00e9<\/a> vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/LU4R-XDE8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">D\u00e4itsche Wiederd\u00e9ngscht (DWD)<\/a> vum 29. Abr\u00ebll 2024 geet ervir, dass den Temperaturduerchschn\u00ebtt an D\u00e4itschland am Abr\u00ebll 2024 mat knapp 10 Grad Celsius \u00ebm gutt 2,6 Grad iwwer dem W\u00e4ert vun der international g\u00eblteger Referenzperiod vun 1961 bis 1990 (7,4 Grad) louch. Am Verglach zu der aktueller a m\u00e9i waarmer Referenzperiod vun 1991 bis 2020 (9,0 Grad) louch d&#8217;Ofw\u00e4ichung \u00ebmmer nach bei 1 Grad. &#8220;De Mount ass dob\u00e4i op en Neits vill ze m\u00ebll ausgefall, vum Rekord aus dem Joer 2018 mat 12,3 Grad ass en awer e gutt St\u00e9ck ewech.&#8221;<\/p>\n<p>Den DWD huet am Communiqu\u00e9 awer ugef\u00e9iert, dass et sech \u00ebm virleefeg W\u00e4erter handele g\u00e9if, well nach net alleguer d&#8217;Miessungen zur Verf\u00fcgung st\u00e9ingen. &#8220;Obwuel et sech heib\u00e4i nach net \u00ebm d\u00e9i endg\u00fclteg Ausw\u00e4ertung handelt, war den Abr\u00ebll 2024 trotzdeem zu 100 Prozent net de keelsten z\u00ebnter 92 Joer&#8221;, huet den DWD-Spriecher Andreas Walter an engem Telefonat vum 2. Abr\u00ebll g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert. &#8220;D&#8217;Ausso ass Quatsch, mat ronn 10 Grad bef\u00ebnnt sech d&#8217;Temperatur am ieweschte Ber\u00e4ich vun de gemoossenen Abr\u00ebllsw\u00e4erter&#8221;, huet de Walter analys\u00e9iert. Hien huet op d\u00e9i <a href=\"https:\/\/perma.cc\/JRK2-LWYS\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">historesch Donn\u00e9e\u00eb vum DWD<\/a> verwisen. Doraus geet ervir, dass de M\u00ebttelw\u00e4ert am Abr\u00ebll vum vergaangene Joer an D\u00e4itschland bei 7,5 Grad louch. Och 2022 louch d&#8217;Temperatur mat ronn 7,8 Grad <a href=\"https:\/\/perma.cc\/HU42-AMMQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00ebnner den aktuelle W\u00e4erter<\/a>.<\/p>\n<p>Dass et sech 2024 net \u00ebm de keelsten Abr\u00ebll z\u00ebnter 92 Joer handelt, geet och aus d\u00ebsem <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240503115248\/https:\/\/www.facebook.com\/plugins\/post.php?href=https%3A%2F%2Fwww.facebook.com%2Fkachelmannwetter%2Fposts%2Fpfbid02obKKQkUNaXfTPN4gT72TTmoj8eiXuFG57z4XyYSYA5mxq1FYQ1bBKVgdcCFWx1Hxl&amp;show_text=true&amp;width=500\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">B\u00e4itrag vum 26. Abr\u00ebll 2024<\/a> vu &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/HA8W-LSWB\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Kachelmannwetter.com<\/a>&#8221; ervir. &#8220;Abr\u00ebll trotz aktueller Keelt ze waarm&#8221;, steet an der Iwwerschr\u00ebft.<\/p>\n<p>Den \u00c4erdobservatiounsprogramm vun der Europ\u00e4escher Unioun <a href=\"https:\/\/perma.cc\/EW8Z-S6UF\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Copernicus<\/a> huet bis zur Ver\u00ebffentlechung vun d\u00ebsem Faktencheck nach keng Donn\u00e9e\u00eb fir Abr\u00ebll 2024 publiz\u00e9iert. Op AFP-Ufro huet e Spriecher an enger Noricht vum 2. Mee 2024 op d&#8217;Ausf\u00e9ierunge vum DWD verwisen.<\/p>\n<p>B\u00e4itrag gouf schonn an der Vergaangenheet gedeelt<\/p>\n<p>Genee de selwechte B\u00e4itrag w\u00e9i deen, deen am Moment verbreet g\u00ebtt, war schonn am <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240502102730\/https:\/\/www.facebook.com\/plugins\/post.php?href=https%3A%2F%2Fpages.facebook.com%2Fphoto.php%3Ffbid%3D2867799850157569%26id%3D100007827462944%26set%3Dp.2867799850157569%26eav%3DAfaHBSO6m79bixPPJyQjgvTifvGl8-S1FwyEsss09mhvhRhk7wJxUrZ9fpSZPCVo_7I%26paipv%3D0%26source%3D47%26__tn__%3DR&amp;show_text=true&amp;width=500\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Joer 2021<\/a> an de Sozialen Netzwierker am \u00cbmlaf. Tats\u00e4chlech huet et sech am Abr\u00ebll 2021 \u00ebm e relativ kale Mount gehandelt, w\u00e9i aus den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/HU42-AMMQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Donn\u00e9e\u00eb vum DWD<\/a> ervirgeet.<\/p>\n<p>Eng Rei Medien\u00a0(z.B. <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2K4K-8867\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6DBD-9QRW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>) haten an der dr\u00ebtter Abr\u00ebllswoch 2021 en Duerchschn\u00ebttsw\u00e4ert vu bis dohi 4,5 Grad gemooss. De Bilan vum DWD huet sp\u00e9ider e W\u00e4ert vu <a href=\"https:\/\/perma.cc\/HU42-AMMQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ronn 6 Grad am Abr\u00ebll 2021<\/a> gewisen, wat en net zum keelsten Abr\u00ebll z\u00ebnter 92 Joer gemaach huet. Och do virdru gouf et \u00ebmmer nees m\u00e9i niddereg W\u00e4erter am Abr\u00ebll. De Gesamttrend vun der Temperatur geet awer no uewen. Zum Verglach: Am Abr\u00ebll 1929 louch d&#8217;M\u00ebtteltemperatur bei 4,5 Grad, am selwechte Mount vum Joer 1938 bei 5,0.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/89e88e38c8cba6b7c46f631a465f9cb9.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;Behaaptung, et h\u00e4tt sech \u00ebm de keelsten Abr\u00ebll an D\u00e4itschland z\u00ebnter 92 Joer gehandelt, war och schonn 2023 op <a href=\"https:\/\/archive.ph\/aFrNY\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a> am \u00cbmlaf &#8211; allerd\u00e9ngs hunn d&#8217;B\u00e4itr\u00e4g optesch anescht ausgesinn. D&#8217;Faktencheck-Ekipp vun der dpa hat sech\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/FV9H-8LTN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> ugekuckt, firwat d&#8217;Behaaptung och fir de vergaangenen Abr\u00ebll falsch war.<\/p>\n<p>Klimawandel ass real \u2013 a vum M\u00ebnsch gemaach<\/p>\n<p>W\u00e9inst den niddregen Temperature stelle Userinnen a User \u00ebmmer nees de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/C8E3-PDV5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">vum M\u00ebnsch gemaache Klimawandel<\/a> a Fro. Dat ass falsch. De <a href=\"https:\/\/perma.cc\/X5K7-8M7K\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Stefan Rahmstorf<\/a>, Klimafuerscher um\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/S8S8-HKT3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Potsdam-Institut f\u00fcr Klimafolgenforschung<\/a> gouf vun der AFP fir en anere <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.34PB9CL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Faktencheck<\/a> kontakt\u00e9iert. Hien hat den 12. Abr\u00ebll 2024 geschriwwen, dass d\u00e9i vum M\u00ebnsch gemaach Klimaerwiermung unhand vun engem eenzele Wiederphenomeen net widderluecht k\u00e9int ginn: &#8220;Se ass eng z\u00ebnter Joerz\u00e9ngte ges\u00e9chert Tatsaach.&#8221;<\/p>\n<p>Notzer gesinn d&#8217;<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.34PB9CL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Ursaach fir d&#8217;\u00c4erderwiermung<\/a> beispillsweis f\u00e4lschlech a <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.32CZ3KN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Sonnenzyklen<\/a> oder sinn der Meenung, <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.33LV42D\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Temperaturver\u00e4nnerunge<\/a> w\u00e4ren villm\u00e9i <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.32CG9H7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">natierlech Wiederphenomeener<\/a>. Och d&#8217;<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.34NZ2EE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Wieder am M\u00e4erz<\/a> gouf scho f\u00e4lschlech dofir benotzt, fir d&#8217;\u00c4erderwiermung a Fro ze stellen.\u00a0All d&#8217;Faktenchecken zum Theema Klima sammelt d&#8217;AFP\u00a0<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/list\/all\/all\/39289\/all\/tid-39289\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> W\u00e9inst den niddregen Temperaturen Enn Abr\u00ebll 2024 behaapte User a Sozialen Netzwierker f\u00e4lschlecherweis, den Abr\u00ebll 2024 w\u00e4r de keelsten z\u00ebnter 92 Joer gewiescht. Den Abr\u00ebll 2024 louch dem DWD no awer am Duerchschn\u00ebtt bei ongef\u00e9ier 10 Grad Celsius. Dat ass m\u00e9i waarm w\u00e9i den Duerchschn\u00ebttsw\u00e4ert vun 9,0 Grad aus de leschten 30 Joer. Eenzel Wiederphenomeener si jiddefalls kee Beweis g\u00e9int eng Klimaerwiermung.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Den Temperaturduerchschn\u00ebtt an D\u00e4itschland louch am Abr\u00ebll 2024 bei knapp 10 Grad Celsius. Dat l\u00e4it iwwer dem laangj\u00e4regen Duerchschn\u00ebtt. W\u00e9inst den niddregen Temperaturen Enn des Mounts behaapten Internetnotzer a Sozialen Netzwierker awer, 2024 h\u00e4tt et de keelsten Abr\u00ebll z\u00ebnter 92 Joer ginn. Dat ass awer falsch.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":334697,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[189,183],"tags":[],"class_list":{"0":"post-334712","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-emwelt","8":"category-fact-check-lb"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2193211","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2193211.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Temperaturen am Abr\u00ebll 2024 ware m\u00e9i h\u00e9ich w\u00e9i an de leschte Joren - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Temperaturen am Abr\u00ebll 2024 ware m\u00e9i h\u00e9ich w\u00e9i an de leschte Joren - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Den Temperaturduerchschn\u00ebtt an D\u00e4itschland louch am Abr\u00ebll 2024 bei knapp 10 Grad Celsius. Dat l\u00e4it iwwer dem laangj\u00e4regen Duerchschn\u00ebtt. W\u00e9inst den niddregen Temperaturen Enn des Mounts behaapten Internetnotzer a Sozialen Netzwierker awer, 2024 h\u00e4tt et de keelsten Abr\u00ebll z\u00ebnter 92 Joer ginn. Dat ass awer falsch.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-05-14T07:00:37+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-05-22T15:01:34+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/343eb5577b9f08a9393a09045bb01e66.png\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/png\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"5 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Temperaturen am Abr\u00ebll 2024 ware m\u00e9i h\u00e9ich w\u00e9i an de leschte Joren\",\"datePublished\":\"2024-05-14T07:00:37+00:00\",\"dateModified\":\"2024-05-22T15:01:34+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/\"},\"wordCount\":1093,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/343eb5577b9f08a9393a09045bb01e66.png\",\"articleSection\":[\"\u00cbmwelt\",\"Fact Check\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/\",\"name\":\"Faktencheck: Temperaturen am Abr\u00ebll 2024 ware m\u00e9i h\u00e9ich w\u00e9i an de leschte Joren - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/343eb5577b9f08a9393a09045bb01e66.png\",\"datePublished\":\"2024-05-14T07:00:37+00:00\",\"dateModified\":\"2024-05-22T15:01:34+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/343eb5577b9f08a9393a09045bb01e66.png\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/343eb5577b9f08a9393a09045bb01e66.png\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Temperaturen am Abr\u00ebll 2024 ware m\u00e9i h\u00e9ich w\u00e9i an de leschte Joren - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Temperaturen am Abr\u00ebll 2024 ware m\u00e9i h\u00e9ich w\u00e9i an de leschte Joren\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Temperaturen am Abr\u00ebll 2024 ware m\u00e9i h\u00e9ich w\u00e9i an de leschte Joren - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Temperaturen am Abr\u00ebll 2024 ware m\u00e9i h\u00e9ich w\u00e9i an de leschte Joren - EDMO Belux","og_description":"Den Temperaturduerchschn\u00ebtt an D\u00e4itschland louch am Abr\u00ebll 2024 bei knapp 10 Grad Celsius. Dat l\u00e4it iwwer dem laangj\u00e4regen Duerchschn\u00ebtt. W\u00e9inst den niddregen Temperaturen Enn des Mounts behaapten Internetnotzer a Sozialen Netzwierker awer, 2024 h\u00e4tt et de keelsten Abr\u00ebll z\u00ebnter 92 Joer ginn. Dat ass awer falsch.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-05-14T07:00:37+00:00","article_modified_time":"2024-05-22T15:01:34+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/343eb5577b9f08a9393a09045bb01e66.png","type":"image\/png"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"5 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Temperaturen am Abr\u00ebll 2024 ware m\u00e9i h\u00e9ich w\u00e9i an de leschte Joren","datePublished":"2024-05-14T07:00:37+00:00","dateModified":"2024-05-22T15:01:34+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/"},"wordCount":1093,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/343eb5577b9f08a9393a09045bb01e66.png","articleSection":["\u00cbmwelt","Fact Check"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/","name":"Faktencheck: Temperaturen am Abr\u00ebll 2024 ware m\u00e9i h\u00e9ich w\u00e9i an de leschte Joren - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/343eb5577b9f08a9393a09045bb01e66.png","datePublished":"2024-05-14T07:00:37+00:00","dateModified":"2024-05-22T15:01:34+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/343eb5577b9f08a9393a09045bb01e66.png","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/343eb5577b9f08a9393a09045bb01e66.png","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Temperaturen am Abr\u00ebll 2024 ware m\u00e9i h\u00e9ich w\u00e9i an de leschte Joren - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-temperaturen-am-abrll-2024-ware-mi-hich-wi-an-de-leschte-joren\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Temperaturen am Abr\u00ebll 2024 ware m\u00e9i h\u00e9ich w\u00e9i an de leschte Joren"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/334712","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=334712"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/334712\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/334697"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=334712"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=334712"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=334712"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}