{"id":336511,"date":"2024-05-22T07:00:18","date_gmt":"2024-05-22T07:00:18","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=336511"},"modified":"2024-05-28T08:45:58","modified_gmt":"2024-05-28T08:45:58","slug":"faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/","title":{"rendered":"Faktencheck: \u00c4usserunge vum W\u00e4issen Haus iwwer Hitler a Stalin si gefaked"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<p>E Video, deen online am \u00cbmlaf ass, weist d&#8217;Spriecherin vum W\u00e4issen Haus, d&#8217;Karine Jean-Pierre, w\u00e9i si engem Journalist erzielt, dass d&#8217;USA an d&#8217;Ukrain zesumme fir de Stuerz vum Adolf Hitler sengem Regimm a vum Josef Stalin an der Sowjetunioun responsabel gewiescht w\u00e4ren. De Clip gouf awer beaarbecht, w\u00e9i Reporter aus dem W\u00e4issen Haus g\u00e9intiwwer der AFP soten.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/4341be83cd352fc310040ecbf45169eb.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>De Video soll den <a href=\"https:\/\/www.independent.co.uk\/author\/andrew-feinberg\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Andrew Feinberg<\/a>, Korrespondent am W\u00e4issen Haus fir d\u00e9i englesch Zeitung &#8220;The Independent&#8221;, weisen. Hie soll gesot hunn, d&#8217;Ukrain h\u00e4tt &#8220;gem\u00ebscht Usiichten&#8221; iwwer d&#8217;Nazi-Ideologie a g\u00e9if d&#8217;Jean-Pierre froen: &#8220;Firwat verurteele mir net ukrainesch Manifestatiounen iwwer Nazismus an \u00ebnnerst\u00ebtze si weiderhin?&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;Pressespriecherin sch\u00e9ngt ze \u00e4ntweren: &#8220;Virun 79 Joer hu sech d\u00e9i Vereenegt Staaten an eis ukrainesch Alli\u00e9iert zesummegedoen, fir d\u00e9i repressiv Regimmer vum Hitler a vum Stalin ze bek\u00e4mpfen. W\u00e4rend Berlin elo en Alli\u00e9ierten ass, bleift d&#8217;Menace aus dem Oste bestoen. Dow\u00e9inst si mir entschloss, un der S\u00e4it vun der Ukrain ze stoen an eis voll \u00cbnnerst\u00ebtzung unzebidden, wou \u00ebmmer mir k\u00ebnnen.&#8221;<\/p>\n<p>De Clip, deen e russeschen \u00cbnnertitel huet, sch\u00e9ngt iwwer <a href=\"https:\/\/perma.cc\/TD57-BVFB\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">russeschsproocheg Telegram-Kaneel<\/a><a href=\"https:\/\/perma.cc\/TD57-BVFB\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">gaangen ze sinn<\/a>, \u00e9ier en op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/63KE-8A4T\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Englesch<\/a> a <a href=\"https:\/\/perma.cc\/F8F2-6B57\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Spuenesch<\/a> op\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/F5ZU-SMBA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a> an op anere Plattformen, dor\u00ebnner och <a href=\"https:\/\/perma.cc\/64DE-XRF2?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a>, opgedaucht ass.<\/p>\n<p>De Video verbreet un d&#8217;Erzielung, d\u00e9i vu Moskau promouv\u00e9iert g\u00ebtt, dass d\u00e9i ukrainesch Leaderen &#8220;Nazie&#8221; w\u00e4ren, wat d&#8217;Grondbasis vun der <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/EN\/doc.afp.com.339R4ZG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Desinformatioun iwwer de Krich<\/a> ass, d\u00e9i z\u00ebnter dem Ufank vun der russescher Invasioun an de Sozialen Netzwierker am \u00cbmlaf sinn. De Video versicht och d&#8217;Pressespriecherin Jean-Pierre als onw\u00ebssend iwwer d&#8217;Geschicht vum Zweete Weltkrich duerzestellen, w\u00e9i sech d&#8217;USA an d&#8217;Sowjetunioun g\u00e9int Nazi-D\u00e4itschland zesummegedoen haten.<\/p>\n<p>Awer de Video ass manipul\u00e9iert, an zwar mat engem net authenteschen Toun a Schn\u00ebppele vun enger Pressekonferenz, d\u00e9i uneneegereit goufen.<\/p>\n<p>Den <a href=\"https:\/\/www.ischool.berkeley.edu\/people\/hany-farid\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Hany Farid<\/a>, en Expert fir digital Forensik op der University of California zu Berkley, huet der AFP en Trainingsmodell genannt, w\u00e9i een t\u00ebscht echten a falsche St\u00ebmmen \u00ebnnerscheede kann an dass d&#8217;St\u00ebmme vu b\u00e9ide Spriecher vun enger k\u00ebnschtlecher Intelligenz gener\u00e9iert goufen (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/RBQ2-TWNM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>E weideren Tool, deen d&#8217;Synchronisatioun t\u00ebscht de L\u00ebpsebeweegungen an der Sprooch moosst, huet de Video och als eng F\u00e4lschung bew\u00e4ert, sot de Farid. Hie sot och, dass et &#8220;kloer visuell Hiweiser&#8221; op Manipulatioun g\u00e9if ginn.<\/p>\n<p>&#8220;Ech sinn zouversiichtlech, dass d\u00ebst en Deepfake vun enger L\u00ebpsesynchronisatoun ass, dee vun enger KI-St\u00ebmm koum&#8221;, huet de Farid an enger E-Mail vum 9. Mee matgedeelt.<\/p>\n<p><strong>Audio ge\u00e4nnert<\/strong><\/p>\n<p>Eng <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/EN\/how-do-reverse-image-search\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00ebmgek\u00e9iert Billersich<\/a> huet erginn, dass d&#8217;Filmmaterial der <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=1FGOhb0OgrE&amp;t=1120s\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Pressekonferenz<\/a> vun der Jean-Pierre vum 7. Mee entspr\u00e9cht (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/LL3U-DP5K\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/5b2b75ccf5cedf3beefb8a814d4a88d1.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/8f7bc1dbdcea4cb2521e268773474885.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Bei der Gelee\u00ebnheet, d&#8217;Wuert ze ergr\u00e4ifen, huet de Feinberg d&#8217;Hongersnout an der Gazastr\u00e4if an d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.barrons.com\/news\/what-is-happening-with-aid-at-gaza-s-crossings-15e5492e\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Zoumaache vun de Kontrollpunkte<\/a> fir humanit\u00e4r H\u00ebllef zu Kerem Shalom a Rafah am S\u00fcde vun Israel ernimmt.<\/p>\n<p>&#8220;Huet d&#8217;W\u00e4isst Haus iergende Plang, fir Israel ze iwwerzeegen, ze iwwerrieden an Drock ausze\u00fcben, fir de st\u00e4nnege Floss vun H\u00ebllefsgidder an d&#8217;Gazastr\u00e4if zouzeloossen, amplaz \u00ebmmer just l\u00e9if ze froen?&#8221; ware seng Wierder.<\/p>\n<p>Als \u00c4ntwert huet d&#8217;Jean-Pierre Donn\u00e9e\u00ebn iwwer d\u00e9i kommerziell an humanit\u00e4r Camionen zit\u00e9iert, d\u00e9i an de leschte Wochen zu Gaza agetraff sinn, a sot, Kerem Shalom a Rafah w\u00e4ren &#8220;net d\u00e9i zwee eenzeg&#8221; Grenziwwerg\u00e4ng, awer d&#8217;H\u00ebllef w\u00e4r \u00ebmmer nach wichteg an &#8220;et ass inakzeptabel, dass d\u00ebs zwee Grenziwwerg\u00e4ng\u00a0 zou sinn.&#8221;<\/p>\n<p><strong>Separaten Austausch<\/strong><\/p>\n<p>D&#8217;Bild vun der Jean-Pierre, dat am ver\u00e4nnerte Clip ze gesinn ass, staamt <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/live\/1FGOhb0OgrE?si=oI5UoB_UAAPesqox&amp;t=1540\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">aus engem aneren Deel vun der Pressekonferenz<\/a>, w\u00e9i si eng Fro zur F\u00e9ierung vun der NATO be\u00e4ntwert huet.<\/p>\n<p>Hir Haltung um Podium an hir Handgesten entspriechen deenen aus der manipul\u00e9ierter Versioun, d\u00e9i online gedeelt g\u00ebtt.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/c0993783116804eb65794749b25b46cd.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/36665aeebeb6c55efe9a788bdcd7fee7.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;Pressespriecherin huet weeder den Hitler nach de Stalin w\u00e4rend dem Hin an Hier mam Feinberg ernimmt, och net bei der \u00c4ntwert iwwer d&#8217;NATO oder zu engem anere Moment w\u00e4rend dem Briefing.<\/p>\n<p>&#8220;D\u00ebsen Austausch huet net stattfonnt&#8221;, huet den Andrew Bates, stellvertriedende Pressespriecher vum W\u00e4issen Haus, an enger E-Mail w\u00ebsse gelooss.<\/p>\n<p>De Feinberg huet b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt, dass de Clip &#8220;komplett fake&#8221; w\u00e4r.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet schonn aner Falschmeldungen iwwer de Krich an der Ukrain <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/EN\/list\/all\/all\/39405\/all\/2526\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">opgedeckt<\/a>.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>E Video, deen online am \u00cbmlaf ass, weist d&#8217;Spriecherin vum W\u00e4issen Haus, d&#8217;Karine Jean-Pierre, w\u00e9i si engem Journalist erzielt, dass d&#8217;USA an d&#8217;Ukrain zesumme fir de Stuerz vum Adolf Hitler sengem Regimm a vum Josef Stalin an der Sowjetunioun responsabel gewiescht w\u00e4ren. De Clip gouf awer beaarbecht, w\u00e9i Reporter aus dem W\u00e4issen Haus g\u00e9intiwwer der AFP soten.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":336481,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[183,191],"tags":[],"class_list":{"0":"post-336511","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-fact-check-lb","8":"category-politik"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2195269","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2195269.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: \u00c4usserunge vum W\u00e4issen Haus iwwer Hitler a Stalin si gefaked - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: \u00c4usserunge vum W\u00e4issen Haus iwwer Hitler a Stalin si gefaked - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"E Video, deen online am \u00cbmlaf ass, weist d&#039;Spriecherin vum W\u00e4issen Haus, d&#039;Karine Jean-Pierre, w\u00e9i si engem Journalist erzielt, dass d&#039;USA an d&#039;Ukrain zesumme fir de Stuerz vum Adolf Hitler sengem Regimm a vum Josef Stalin an der Sowjetunioun responsabel gewiescht w\u00e4ren. De Clip gouf awer beaarbecht, w\u00e9i Reporter aus dem W\u00e4issen Haus g\u00e9intiwwer der AFP soten.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-05-22T07:00:18+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-05-28T08:45:58+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/82430c56feeeb6b99ed5ac53ca966e41.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"5 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: \u00c4usserunge vum W\u00e4issen Haus iwwer Hitler a Stalin si gefaked\",\"datePublished\":\"2024-05-22T07:00:18+00:00\",\"dateModified\":\"2024-05-28T08:45:58+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/\"},\"wordCount\":786,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/82430c56feeeb6b99ed5ac53ca966e41.jpeg\",\"articleSection\":[\"Fact Check\",\"Politik\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/\",\"name\":\"Faktencheck: \u00c4usserunge vum W\u00e4issen Haus iwwer Hitler a Stalin si gefaked - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/82430c56feeeb6b99ed5ac53ca966e41.jpeg\",\"datePublished\":\"2024-05-22T07:00:18+00:00\",\"dateModified\":\"2024-05-28T08:45:58+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/82430c56feeeb6b99ed5ac53ca966e41.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/82430c56feeeb6b99ed5ac53ca966e41.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: \u00c4usserunge vum W\u00e4issen Haus iwwer Hitler a Stalin si gefaked - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: \u00c4usserunge vum W\u00e4issen Haus iwwer Hitler a Stalin si gefaked\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: \u00c4usserunge vum W\u00e4issen Haus iwwer Hitler a Stalin si gefaked - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: \u00c4usserunge vum W\u00e4issen Haus iwwer Hitler a Stalin si gefaked - EDMO Belux","og_description":"E Video, deen online am \u00cbmlaf ass, weist d'Spriecherin vum W\u00e4issen Haus, d'Karine Jean-Pierre, w\u00e9i si engem Journalist erzielt, dass d'USA an d'Ukrain zesumme fir de Stuerz vum Adolf Hitler sengem Regimm a vum Josef Stalin an der Sowjetunioun responsabel gewiescht w\u00e4ren. De Clip gouf awer beaarbecht, w\u00e9i Reporter aus dem W\u00e4issen Haus g\u00e9intiwwer der AFP soten.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-05-22T07:00:18+00:00","article_modified_time":"2024-05-28T08:45:58+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/82430c56feeeb6b99ed5ac53ca966e41.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"5 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: \u00c4usserunge vum W\u00e4issen Haus iwwer Hitler a Stalin si gefaked","datePublished":"2024-05-22T07:00:18+00:00","dateModified":"2024-05-28T08:45:58+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/"},"wordCount":786,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/82430c56feeeb6b99ed5ac53ca966e41.jpeg","articleSection":["Fact Check","Politik"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/","name":"Faktencheck: \u00c4usserunge vum W\u00e4issen Haus iwwer Hitler a Stalin si gefaked - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/82430c56feeeb6b99ed5ac53ca966e41.jpeg","datePublished":"2024-05-22T07:00:18+00:00","dateModified":"2024-05-28T08:45:58+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/82430c56feeeb6b99ed5ac53ca966e41.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/82430c56feeeb6b99ed5ac53ca966e41.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: \u00c4usserunge vum W\u00e4issen Haus iwwer Hitler a Stalin si gefaked - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-usserunge-vum-wissen-haus-iwwer-hitler-a-stalin-si-gefaked\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: \u00c4usserunge vum W\u00e4issen Haus iwwer Hitler a Stalin si gefaked"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/336511","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=336511"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/336511\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/336481"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=336511"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=336511"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=336511"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}