{"id":337346,"date":"2024-05-29T07:00:42","date_gmt":"2024-05-29T07:00:42","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=337346"},"modified":"2024-05-29T10:17:38","modified_gmt":"2024-05-29T10:17:38","slug":"faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/","title":{"rendered":"Faktencheck: AstraZeneca gouf net vun der EMA gezwongen, s\u00e4i Covid-Impfstoff vum Maart ze huelen"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>De brittesche Labo AstraZeneca huet den 8. Mee annonc\u00e9iert, dass e s\u00e4i Covid-19-Impfstoff Vaxzevria vum Maart h\u00eblt.<\/p>\n<p>Opgepasst: Niewewierkunge vu Vaxzervia sinn immens seelen an den Impfstoff weist den Donn\u00e9e\u00eb vun der EMA no e s\u00e9chere Risikoprofil op. Dora g\u00ebtt och confirm\u00e9iert, dass de Labo selwer d&#8217;Medikament zer\u00e9ckzitt, well et als net m\u00e9i der Demande entspriechend consider\u00e9iert g\u00ebtt.<\/p>\n<p>&#8220;Den Arr\u00eat vun AstraZeneca steet net am Zesummenhang mat engem R\u00e9ckgang vun der Demande&#8230; mee mat engem Entzuch vun der Geneemegung duerch d&#8217;EMA w\u00e9inst &#8216;Niewewierkungen&#8217;!&#8221;, huet de Kont &#8220;l&#8217;infotox&#8221; den 8. Mee 2024 op der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9AU6-6ZRR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Plattform X<\/a> geschriwwen.<\/p>\n<p>Anerer begr\u00e9issen de R\u00e9ckzuch, wat hir Meenung doriwwer best\u00e4tegt, wat si z\u00ebnter dem Joer 2021 behaapt hunn, sou w\u00e9i d\u00ebsen Internetnotzer: &#8220;AstraZeneca-Impfstoff endlech vun der EMA zer\u00e9ckgezunn: Den Didier Raoult war den \u00c9ischten, dee virun den eeschten Niewewierkunge vun d\u00ebsem Produit gewarnt huet. Merci un hien! Schlussendlech lauschteren d&#8217;Gesondheetsautorit\u00e9iten op d&#8217;Medezin an op d&#8217;W\u00ebssenschaft. 3 Joer ze sp\u00e9it&#8221;. D\u00ebs <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9VDB-WAJ7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Publikatioun vum 8. Mee 2024<\/a> gouf m\u00e9i w\u00e9i 400 Mol gedeelt, mat engem Portrait vum \u00ebmstriddenen eemolege Chef vun der IHU vu Marseille.<\/p>\n<p>Och op Facebook <a href=\"https:\/\/archive.ph\/ABF8q\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">behaapte vill Leit<\/a>, dass &#8220;d&#8217;Europ\u00e4esch Kommissioun den AstraZeneca-Impfstoff vum Maart h\u00eblt&#8221;, a verbannen d\u00ebs Informatioun mat der Tatsaach, dass den Impfstoff &#8220;fir Thrombose responsabel erkl\u00e4ert gouf&#8221;, w\u00e9i an d\u00ebser Publikatioun, d\u00e9i e puer Honnert Mol gedeelt gouf.<\/p>\n<p>Esou ierf\u00e9ierend Behaaptunge sinn an diverse Sproochen a Sozialen Netzwierker viral gaangen. An engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/K7AP-8D6M?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">tschechesche B\u00e4itrag<\/a> huet en Anti-System-Kandidat fir d&#8217;Europawale geschriwwen: &#8220;D&#8217;Zouloossung vum AstraZeneca-Impfstoff a ganz Europa gouf de 7. Mee 2024 zer\u00e9ckgezunn. D&#8217;Wouerecht ass \u00ebmmer just eng Fro vun der Z\u00e4it. Mir warne schonn z\u00ebnter dr\u00e4i Joer do virdrun.&#8221;<\/p>\n<p>R\u00e9ckzuch vum Maart ass eng &#8220;fr\u00e4iw\u00eblleg Decisioun&#8221; vun AstraZeneca<\/p>\n<p>D&#8217;Europ\u00e4esch Kommissioun huet am <a href=\"https:\/\/ec.europa.eu\/transparency\/documents-register\/detail?ref=C(2024)2239&amp;lang=en\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">M\u00e4erz 2024<\/a> bekannt ginn, dass si &#8220;op Demande vum Propriet\u00e4r&#8221; en Entzuch vun der Maartzouloossung vum Vaccin Vaxzevria ageleet h\u00e4tt (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/G934-TJ4Q\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>).<\/p>\n<p>De 7. Mee huet d&#8217;EMA dohier logescherweis eng <a href=\"https:\/\/www.ema.europa.eu\/en\/documents\/overview\/vaxzevria-previously-covid-19-vaccine-astrazeneca-epar-medicine-overview_en.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Informatioun<\/a> ver\u00ebffentlecht, dass den Impfstoff an der EU net m\u00e9i zougelooss g\u00e9if ginn (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/GM2H-WGGL\">Archiv<\/a>). Och hei erkl\u00e4ert d&#8217;EMA op hirer <a href=\"https:\/\/perma.cc\/L9BW-6GL8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it<\/a>, dass d&#8217;Geneemegung fir d&#8217;Maartzouloossung vu Vaxzevria &#8220;op Demande vum Propriet\u00e4r [&#8230;] zer\u00e9ckgezu gi w\u00e4r&#8221;.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/8f172752a5b80c68de9cdce2d037cbaf.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>E Spriecher vun der EMA huet g\u00e9intiwwer vun AFP Factuel den 13. Mee confirm\u00e9iert, dass AstraZeneca de R\u00e9ckzuch vum Vaccin ugefrot h\u00e4tt: &#8220;AstraZeneca huet d&#8217;Europ\u00e4esch Kommissioun iwwer seng Entscheedung inform\u00e9iert, de Produit definitiv vum Maart ze huelen&#8221;.<\/p>\n<p>&#8220;D\u00ebst ass eng fr\u00e4iw\u00eblleg Entscheedung, d\u00e9i eng Grupp ees\u00e4iteg huele kann, awer et g\u00ebtt eng Prozedur, d\u00e9i agehale muss ginn, fir d&#8217;Maartzouloossung um europ\u00e4esche Maart rechtm\u00e9isseg ze entz\u00e9ien&#8221;, huet d&#8217;EMA erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>D&#8217;Agence huet dorun er\u00ebnnert, dass &#8220;d&#8217;Verh\u00e4ltnis t\u00ebscht Risiko an Notze vum Impfstoff positiv war&#8221; an dass &#8220;d&#8217;Entscheedung vun der Grupp, den Impfstoff zer\u00e9ckzez\u00e9ien, vu r\u00e9ng kommerzieller Natur ass&#8221;.<\/p>\n<p>Dat confirm\u00e9iert och d&#8217;Spriecherin vun AstraZeneca, d&#8217;Fiona Cookson, d\u00e9i de 15. Mee per E-Mail kontakt\u00e9iert gouf: &#8220;AstraZeneca huet de R\u00e9ckzuch initi\u00e9iert, net d&#8217;EMA, an d\u00ebst opgrond vun engem Mangel u Commanden, well nei Impfstoffer op de Maart koumen, d\u00e9i fir d\u00e9i nei Covid-Variante g\u00ebeegent sinn.&#8221;<\/p>\n<p>Niewewierkungen a Geriichtsaff\u00e4ren<\/p>\n<p>D\u00ebse Vaccin, ee vun den \u00e9ischten um Maart, obwuel Impfstoffer net d&#8217;Spezialit\u00e9it vun AstraZeneca waren, hat eng Rei R\u00e9ckschl\u00e9i ze verdauen, dor\u00ebnner dass de Vaccin an den USA ni d&#8217;Maartzouloossung krut a <a href=\"https:\/\/www.lepoint.fr\/monde\/livraisons-de-vaccins-astrazeneca-et-l-ue-mettent-fin-a-leur-contentieux-03-09-2021-2441352_24.php\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Liwwerschwieregkeeten<\/a> an Europa (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/H7QR-YRB2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>).<\/p>\n<p>Seele F\u00e4ll vu graven Niewewierkungen geh\u00e9ieren och zur Geschicht vun d\u00ebsem Impfstoff: AstraZeneca musst am Abr\u00ebll 2021, mam Accord vun der brittescher Regul\u00e9ierungsagence MHRA, d&#8217;Informatiounen iwwer Vaxzevria aktualis\u00e9ieren, fir d&#8217;M\u00e9iglechkeet anzebez\u00e9ien, dass et a seelene F\u00e4ll Thrombosen ausl\u00e9ist.<\/p>\n<p><strong>D\u00e9i m\u00e9iglech Thrombosesyndromer, d&#8217;Thrombozytopenie (TTS), f\u00e9ieren zur Bildung vun engem Bluttger\u00ebnnsel mat potenziell d\u00e9idleche Konsequenzen. D\u00ebse seelene Syndrom war bei ongef\u00e9ier 2 bis 3 vun 100.000 Geimpften opgetrueden, d\u00e9i mat AstraZeneca geimpft goufen.<\/strong><\/p>\n<p>D&#8217;Grupp ass mat enger Rei Geriichtsaff\u00e4re w\u00e9inst de Konsequenze vum Vaccin konfront\u00e9iert, \u00ebnner anerem mat engem am Vereenegte Kinnekr\u00e4ich, wou 51 Leit eng Plainte gemaach hunn.<\/p>\n<p>D&#8217;Impfstoffer vun AstraZeneca a vun Johnson &amp; Johnson (Janssen an Europa) goufe bal iwwerall opginn. An Europa gouf a g\u00ebtt haapts\u00e4chlech op d&#8217;mRNA-Impfstoffer vu Pfizer-BioNTech a Moderna gesat.<\/p>\n<p>AstraZeneca an Johnson &amp; Johnson hunn awer eng zentral Roll bei Covax, engem <a href=\"https:\/\/news.un.org\/en\/story\/2021\/02\/1083882\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">internationalen H\u00ebllefsprogramm fir Covid-Impfungen vun der UNO<\/a>, behalen; dat opgrond vun de ger\u00e9nge K\u00e4schten an der einfacher Hierstellung a Verdeelung (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/3DFA-4VSR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>).<\/p>\n<p>Den AstraZeneca-Impfstoff war an der Vergaangenheet G\u00e9igestand vun enger Rei Desinformatiounen, besonnesch w\u00e9inst senger <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/http%253A%252F%252Fdoc.afp.com%252F9CU7Z7-1\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">angeeblecher Ineffikassit\u00e9it<\/a>, awer och virun allem w\u00e9inst dem Thrombos-Risiko, deen duerch <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/http%253A%252F%252Fdoc.afp.com%252F9H923R-1\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ierf\u00e9ierend Publikatioune<\/a> immens verst\u00e4erkt an iwwerdriwwen duergestallt gouf.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>De brittesche Labo AstraZeneca huet den 8. Mee annonc\u00e9iert, dass e s\u00e4i Covid-19-Impfstoff Vaxzevria vum Maart h\u00eblt.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":337336,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[184,183,190],"tags":[],"class_list":{"0":"post-337346","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-covid-19-lb","8":"category-fact-check-lb","9":"category-gesondheet"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2197606","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2197606.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: AstraZeneca gouf net vun der EMA gezwongen, s\u00e4i Covid-Impfstoff vum Maart ze huelen - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: AstraZeneca gouf net vun der EMA gezwongen, s\u00e4i Covid-Impfstoff vum Maart ze huelen - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"De brittesche Labo AstraZeneca huet den 8. Mee annonc\u00e9iert, dass e s\u00e4i Covid-19-Impfstoff Vaxzevria vum Maart h\u00eblt.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-05-29T07:00:42+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-05-29T10:17:38+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/2804b7fa21286dda6b7ec121e105f91b.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"4 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: AstraZeneca gouf net vun der EMA gezwongen, s\u00e4i Covid-Impfstoff vum Maart ze huelen\",\"datePublished\":\"2024-05-29T07:00:42+00:00\",\"dateModified\":\"2024-05-29T10:17:38+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/\"},\"wordCount\":885,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/2804b7fa21286dda6b7ec121e105f91b.jpeg\",\"articleSection\":[\"COVID-19\",\"Fact Check\",\"Gesondheet\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/\",\"name\":\"Faktencheck: AstraZeneca gouf net vun der EMA gezwongen, s\u00e4i Covid-Impfstoff vum Maart ze huelen - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/2804b7fa21286dda6b7ec121e105f91b.jpeg\",\"datePublished\":\"2024-05-29T07:00:42+00:00\",\"dateModified\":\"2024-05-29T10:17:38+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/2804b7fa21286dda6b7ec121e105f91b.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/2804b7fa21286dda6b7ec121e105f91b.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: AstraZeneca gouf net vun der EMA gezwongen, s\u00e4i Covid-Impfstoff vum Maart ze huelen - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: AstraZeneca gouf net vun der EMA gezwongen, s\u00e4i Covid-Impfstoff vum Maart ze huelen\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: AstraZeneca gouf net vun der EMA gezwongen, s\u00e4i Covid-Impfstoff vum Maart ze huelen - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: AstraZeneca gouf net vun der EMA gezwongen, s\u00e4i Covid-Impfstoff vum Maart ze huelen - EDMO Belux","og_description":"De brittesche Labo AstraZeneca huet den 8. Mee annonc\u00e9iert, dass e s\u00e4i Covid-19-Impfstoff Vaxzevria vum Maart h\u00eblt.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-05-29T07:00:42+00:00","article_modified_time":"2024-05-29T10:17:38+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/2804b7fa21286dda6b7ec121e105f91b.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"4 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: AstraZeneca gouf net vun der EMA gezwongen, s\u00e4i Covid-Impfstoff vum Maart ze huelen","datePublished":"2024-05-29T07:00:42+00:00","dateModified":"2024-05-29T10:17:38+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/"},"wordCount":885,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/2804b7fa21286dda6b7ec121e105f91b.jpeg","articleSection":["COVID-19","Fact Check","Gesondheet"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/","name":"Faktencheck: AstraZeneca gouf net vun der EMA gezwongen, s\u00e4i Covid-Impfstoff vum Maart ze huelen - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/2804b7fa21286dda6b7ec121e105f91b.jpeg","datePublished":"2024-05-29T07:00:42+00:00","dateModified":"2024-05-29T10:17:38+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/2804b7fa21286dda6b7ec121e105f91b.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/2804b7fa21286dda6b7ec121e105f91b.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: AstraZeneca gouf net vun der EMA gezwongen, s\u00e4i Covid-Impfstoff vum Maart ze huelen - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-astrazeneca-gouf-net-vun-der-ema-gezwongen-si-covid-impfstoff-vum-maart-ze-huelen\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: AstraZeneca gouf net vun der EMA gezwongen, s\u00e4i Covid-Impfstoff vum Maart ze huelen"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/337346","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=337346"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/337346\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/337336"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=337346"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=337346"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=337346"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}