{"id":337383,"date":"2024-05-29T09:00:23","date_gmt":"2024-05-29T09:00:23","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=337383"},"modified":"2024-05-29T10:13:47","modified_gmt":"2024-05-29T10:13:47","slug":"faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Et\u00fcd liwwert keng Beweiser fir Laangz\u00e4itschied duerch Maskendroen"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<p>W\u00e4rend der Pandemie hu sech Masken als effektiivt M\u00ebttel, fir d&#8217;And\u00e4mme vum Coronavirus erausgestallt.<\/p>\n<p>Et handelt sech iwwregens \u00ebm en Artikel, deen aner Et\u00fcden ausw\u00e4ert. Fachleit souw\u00e9i eng Rei Et\u00fcde confirm\u00e9ieren ausserdeem, dass richteg benotzt Masken e wierksame Schutz viru Vire bidden an net schiedlech sinn.<\/p>\n<p>&#8220;Nei Et\u00fcd: Laangz\u00e4itschied duerch toxesch Inhaltsstoffer beim Droe vu Masken&#8221; steet an enger Rei vu <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240510112241\/https:\/\/www.facebook.com\/plugins\/post.php?href=https%3A%2F%2Fwww.facebook.com%2Fpermalink.php%3Fstory_fbid%3Dpfbid0sqG912WhaNTSnAY9bamD5NQiYU63J2uLWib1Gk5vvoubdo3K49d22VFRmm37faHwl%26id%3D100004812465895&amp;show_text=true&amp;width=500\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-B\u00e4itr\u00e4g<\/a> vun Ufank Mee 2024. Um gedeelte Bild sinn zwou Persoune mat Gesiichtsmasken ofgebillt. Driwwer ass \u00ebnner anerem de Logo vum \u00e9istr\u00e4ichesche Blogg &#8220;tkp&#8221; ze gesinn. An de <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240507151923\/https:\/\/www.facebook.com\/plugins\/post.php?href=https%3A%2F%2Fwww.facebook.com%2Fhenning.rosenbusch%2Fposts%2Fpfbid0q3dVacE3ufB4FEYKGpyyjXNXHZ3gaHb11dhJ9pREjtEULsCjWUiG6jnou93PkMbil&amp;show_text=true&amp;width=500\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Kommentarer<\/a> weise sech User besuergt: &#8220;Vill Kanner w\u00e4erte sp\u00e9ider mat Longekriibs ze k\u00e4mpfen hunn&#8221;, komment\u00e9iert zum Beispill eng Notzerin.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/ec963898dd00f614069bcf2eacf0a3ec.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;Behaaptung geet meeschtens op en <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6NB8-ZLL2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel<\/a> vun &#8220;tkp&#8221; zer\u00e9ck, dee sech mat der zit\u00e9ierter Et\u00fcd ausenanersetzt. An enger R\u00ebtsch <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240510143044\/https:\/\/www.facebook.com\/plugins\/post.php?href=https%3A%2F%2Fwww.facebook.com%2Fpermalink.php%3Fstory_fbid%3Dpfbid0mD4UJ3MZa7oUNW4A5wa4f5ZbdsTu8kqwsJrvqFoxQc9Qrmsp9TdCQ8wsnvXXRJcl%26id%3D100091643528868&amp;show_text=true&amp;width=500\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">B\u00e4itr\u00e4g<\/a> g\u00ebtt direkt dorop verlinkt. Bei &#8220;tkp&#8221; handelt et sech \u00ebm e Blogg, dee scho Falschinformatioune verbreet huet, mat deene sech d&#8217;AFP an der Vergaangenheet\u00a0(z.B. <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.326Q73D\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> an <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.33QQ6WT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>) besch\u00e4ftegt huet.<\/p>\n<p>Zesummefaassung vun Et\u00fcd op \u00e9istr\u00e4icheschem Blogg<\/p>\n<p>&#8220;Nei Et\u00fcd: Laangz\u00e4itschied duerch toxesch Inhaltsstoffer beim Droe vu Masken&#8221; ass den Titel vum tkp-B\u00e4itrag, deen a Sozialen Netzwierker e puermol ernimmt g\u00ebtt. &#8220;Eng nei Et\u00fcd faasst d&#8217;Schuedpotenzialer zesummen&#8221;, heescht et an der Aleedung vum Artikel. Duerno g\u00ebtt d\u00e9i concern\u00e9iert <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240506152547\/https:\/\/www.sciencedirect.com\/science\/article\/pii\/S0147651323013623\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd<\/a>, d\u00e4r hiren Auteuren et u fachlecher Qualifikatioun feele g\u00e9if, w\u00e9i Experte soen, m\u00e9i no beschriwwen.<\/p>\n<p>Zum Opbau vun der Et\u00fcd g\u00ebtt am tkp-Artikel gesot, dass 1003 Et\u00fcden iwwerpr\u00e9ift a schlussendlech 24 ausgew\u00e4ert goufen, an deene Gehalt a Fr\u00e4isetze vu G\u00ebftstoffer a &#8220;631 Masken (273 chirurgesch, 228 textil an 130 N95-Masken)&#8221; \u00ebnnersicht goufen. Dat g\u00ebtt och an der Et\u00fcd esou ugefouert. Et handelt sech soumat \u00ebm keng eegen duerchgef\u00e9iert Et\u00fcd, mee \u00ebm Analys vun aneren Enqu\u00eaten zu d\u00ebsem Sujet. Dat g\u00ebtt an e puer B\u00e4itr\u00e4g a Sozialen Netzwierker och explizitt ernimmt: &#8220;Ass eng Meta-Et\u00fcd, DAT Theema vun den Auteuren an de lesche Joren &#8211; awer nach keng Peer Review&#8221;, <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240507151923\/https:\/\/www.facebook.com\/plugins\/post.php?href=https%3A%2F%2Fwww.facebook.com%2Fhenning.rosenbusch%2Fposts%2Fpfbid0q3dVacE3ufB4FEYKGpyyjXNXHZ3gaHb11dhJ9pREjtEULsCjWUiG6jnou93PkMbil&amp;show_text=true&amp;width=500\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">schreift ee User hei korrekterweis<\/a>.<\/p>\n<p>&#8220;tkp&#8221; no h\u00e4tten d&#8217;Auteure festgestallt, dass d&#8217;Bev\u00eblkerung &#8220;duerch dat forc\u00e9iert Droe vu Maske m\u00e9i w\u00e9i enger Dose vun organeschen an anorganesche G\u00ebftstoffer ausgesat war&#8221;. Doriwwer eraus g\u00e9ife Masken dozou f\u00e9ieren, dass Mikroplastik a Mikrofaseren opgeholl ginn an an d&#8217;Long oder an de Verdauungstrakt geroden.<\/p>\n<p>Am Artikel g\u00ebtt awer \u00ebmmer just op m\u00e9iglech &#8211; an net op beluecht oder festgestallt &#8211; negativ Auswierkunge vu Masken, d\u00e9i an der Et\u00fcd \u00ebnnersicht goufen, verwisen. Et geet zum Beispill vu &#8220;potenzieller Toxicit\u00e9it beim Maskendr\u00e9ier&#8221; oder &#8220;potenziell liewensverkierzenden Auswierkunge&#8221; rieds. Ausserdeem g\u00ebtt am Artikel ernimmt, dass d&#8217;Verwendung vu Masken der Et\u00fcd no d&#8217;Belaaschtung vun Otemwee\u00ebr, Longen an Organer mat cheemesche Verbindungen, Schw\u00e9iermetaller, Mikro- an Nanoplastik erh\u00e9ije k\u00e9int. Dass dat festgestallt oder beluecht gouf, ass net ze liesen.<\/p>\n<p>Keng Beleeg an zit\u00e9ierter Et\u00fcd<\/p>\n<p>D\u00e9i <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240506152547\/https:\/\/www.sciencedirect.com\/science\/article\/pii\/S0147651323013623\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">zit\u00e9iert Et\u00fcd<\/a> gouf de 15. Abr\u00ebll 2024 mat der englescher Headline &#8220;Wearing face masks as a potential source for inhalation and oral uptake of inanimate toxins &#8211; a scoping review&#8221; ver\u00ebffentlecht. D\u00ebs h\u00eblt soumat just Bezuch op Masken als &#8220;potenziell&#8221; Quell fir d&#8217;Ophuele vu G\u00ebftstoffer. De Blogg &#8220;tkp&#8221; huet am Fl\u00e9isstext korrekterweis mat &#8220;D&#8217;Droe vu Gesiichtsmasken als potenziell Quell fir Inhalatioun an oral Opnam vun net liewegen Toxinnen &#8211; eng Iwwersiicht iwwer den \u00cbmfang&#8221; iwwersat.<\/p>\n<p>An der zit\u00e9ierter Et\u00fcd selwer gi keng Beweiser ugefouert, dass Maske laangfristeg Gesondheetsproblemer ausl\u00e9ise g\u00e9ifen &#8211; anescht w\u00e9i d\u00e9i gedeelt B\u00e4itr\u00e4g et sugger\u00e9ieren. Nogewise Laangz\u00e4itschied duerch d&#8217;Droe vu Maske ginn an der Et\u00fcd net ernimmt. Och &#8220;tkp&#8221; bezitt sech just am Titel vum Artikel dorop.<\/p>\n<p>D\u00e9i zit\u00e9iert Et\u00fcd enth\u00e4lt zwar tats\u00e4chlech Warnunge virum Droe vu Masken. Et ginn allerd\u00e9ngs just m\u00e9iglech negativ Auswierkunge genannt, awer keng eendeiteg Konklusioune gezunn: &#8220;Natierlech filtere Maske gr\u00e9isser Knascht- a Konschtstoffpartikele souw\u00e9i -faseren aus der Otemloft, awer eisen Donn\u00e9e\u00ebn no enthale se och de Risiko, dass Mikroplastik- an Nanoplastikpartikelen a potenziell toxesch Substanzen, d\u00e9i aus dem Maskematerial selwer stamen, ageotemt ginn.&#8221; D&#8217;Virdeeler a Risike vum Benotze missten dohier suergf\u00e4lteg ofgewie ginn. E puer vun den onm\u00ebttelbare Konsequenze beim Droe vu Maske w\u00e9i Kappw\u00e9i, dr\u00e9chenen Houscht, Schnapp oder Hautreizunge &#8220;k\u00e9inte&#8221; mat de &#8220;potenzielle kuerz- a laangfristegen negativen Auswierkunge&#8221; vu Toxinnen a Maske mat gesondheetsschiedlechen a kriibserreegenden Eegenschaften zesummenh\u00e4nken, heescht et weider.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/629de2a4a058732298f509d19572a368.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Fachleit gesi keng Gefor bei Masken<\/p>\n<p>Fachleit k\u00ebnnen de Warnunge virum Droe vu Masken awer w\u00e9ineg ofgewannen. Op AFP-Ufro huet den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2EJC-M6ZL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Oliver Licht<\/a>, Toxikolog um <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2DKF-UJCA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">F<\/a><a href=\"https:\/\/perma.cc\/2DKF-UJCA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">raunhofer-Institut f\u00fcr Toxikologie und Experimentelle Medizin<\/a> an \u00cbffentlechkeetsbeoptraagte vun der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/X3R8-L4ZF\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Deutschen Gesellschaft f\u00fcr Toxikologie<\/a> (GT), den 13. Mee 2024 ge\u00e4ntwert, dass der GT &#8220;keng Erkenntnisser&#8221; zu m\u00e9iglecherweis gesondheetsschiedlechen Inhaltsstoffer an FFP2-Maske virl\u00e9ichen. Vu Maske fr\u00e4igesat Fasere g\u00e9ing ausserdeem &#8220;keng oder eng vergl\u00e4ichsweis ger\u00e9ng Gesondheetsgefor&#8221; aus. D&#8217;Verr\u00e9ngerung vun de Risike vun enger Infektioun g\u00e9if bei w\u00e4item iwwerweien. &#8220;Vu Beruffst\u00e4tegen, d\u00e9i deeglech Otemmasken droen, si keng besonnesch Gesondheetsgefore bekannt&#8221;, huet et weider geheescht. Fir gew\u00ebss Maskentyppe g\u00ebtt et awer medezinesch begr\u00ebnnt <a href=\"https:\/\/archive.is\/ttCu9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Maximaldroz\u00e4ite<\/a> souw\u00e9i Pausenz\u00e4iten.<\/p>\n<p>Op AFP-Ufro zu der gedeelter Behaaptung huet d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/7UWE-QWJ4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Deutsche Gesellschaft f\u00fcr Hygiene und Mikrobiologie (DGHM)<\/a> an enger Noriicht vum 10. Mee 2024 geschriwwen, dass w\u00e4rend der Pandemie eng Villzuel vu cheemesch \u00ebnnerschiddleche Masken op de Maart koumen, d\u00e9i hisiichtlech der medezinescher Onbedenklechkeet am S\u00ebnn vun engem allgemenge Schutz fir d&#8217;Bev\u00eblkerung &#8220;net gr\u00ebndlech iwwerpr\u00e9ift&#8221; gi waren. Uerdentlech gepr\u00e9ift Maske vu fiabelen Hiersteller fir den Aarbechtsschutz ginn awer z\u00ebnter Joerz\u00e9ngte benotzt, &#8220;ouni dass et erkennbar zu pertinente cheemesch ausgel\u00e9iste Schied am S\u00ebnn vun Intoxikatiounen oder d&#8217;Entstoe vun Tumeure bei den Expon\u00e9ierte weltw\u00e4it komm ass&#8221;, huet d&#8217;Nicole von Maltzahn vun der DGHM geschriwwen.<\/p>\n<p>Den Departement Presse vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/S78T-HUCX\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Robert-Koch-Institut<\/a> (RKI) huet an enger Noriicht un d&#8217;AFP vum 8. Mee 2024 op eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/58AB-6W5G\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Stellungnam<\/a> vun der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5TL2-7E52\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">DGHM<\/a> a vun der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/A3T8-724R\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Deutschen Gesellschaft f\u00fcr Krankenhaushygiene (DGKH)<\/a> aus dem Joer 2020 verwisen, d\u00e9i weiderhin &#8220;n\u00ebtzlech&#8221; w\u00e4r. Dora schw\u00e4tze sech b\u00e9id Gesellschafte gronds\u00e4tzlech fir d&#8217;Droe vu Masken aus a betruechten d\u00ebs als onbedenklech, souw\u00e4it se uerdnungsgem\u00e4ss benotzt ginn.<\/p>\n<p>Allgemeng bekannt Auteure vun der Et\u00fcd<\/p>\n<p>Der Madamm von Maltzahn vun der DGHM no gouf de gedeelte Pabeier och vun Auteure verfaasst, d\u00e9i &#8220;majorit\u00e4r keng w\u00ebssenschaftlech Qualifikatioun opweisen&#8221;. Als Haaptauteur vun der Publikatioun g\u00ebtt de Medezinner a Chirurg <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230430071051\/https:\/\/www.researchgate.net\/profile\/Kai-Kisielinski\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Kai Kisielinski<\/a> genannt. Hie war schonn an der Vergaangenheet u Publikatioune bedeelegt, d\u00e9i sech kritesch zu Maske ge\u00e4ussert hunn. Deenen hir Valeur gouf awer schonn e puermol widderluecht (z.B. <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230529191907\/https:\/\/www.forbes.com\/sites\/brucelee\/2023\/04\/29\/no-these-2-papers-dont-show-face-masks-cause-long-covid-mies-stillbirths\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7XZC-TCEA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>).<\/p>\n<p>De Co-Auteur an Immunolog <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Z2QP-5C65\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Stefan Hockertz<\/a> zielt Medieberichter no zu de prominentste Kritiker un de Moossnamen, d\u00e9i fir d&#8217;And\u00e4mmung vun der Pandemie an D\u00e4itschland agesat goufen. Hien huet scho Falschaussoen an d\u00ebsem Zesummenhang gemaach, d\u00e9i zum Beispill vu Faktenchecken iwwerpr\u00e9ift goufen (z.B. <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6JQ7-3T4K\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7VJS-Q6TF\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>).<\/p>\n<p>Et\u00fcde belee\u00eb Schutz duerch Masken<\/p>\n<p>An der zit\u00e9ierter Et\u00fcd g\u00ebtt schlussendlech gesot, dass et &#8220;keng empiresch Beleeg fir d&#8217;Wierksamkeet vu Maske beim And\u00e4mme vun der Verbreedung vu Vire&#8221; g\u00e9if. Am Hibl\u00e9ck op d\u00e9i zuelr\u00e4ich toxesch Inhaltsstoffer vu Gesiichtsmaske wieren zum Beispill weider Opschaffen a Fuerschungen &#8220;dr\u00e9ngend n\u00e9ideg&#8221;.<\/p>\n<p>D&#8217;Schutzwierkung vu richteg benotzte Masken ass awer duerch eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/486M-J578\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Villzuel vu w\u00ebssenschaftlechen Artikelen an Et\u00fcde<\/a> beluecht. Den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/527W-TSF9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">RKI<\/a> weist op senger Internets\u00e4it dorop hin, dass korrekt gedroe medezinesch Masken a Phasen, an deene sech Vire staark verbreeden, a Banneraim zous\u00e4tzlech virun Infektioune sch\u00fctze k\u00ebnnen. Aus enger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/T69V-JKGS\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd<\/a> vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/KE94-BTVA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Max-Planck-Institut<\/a> geet ervir, dass medezinesch Masken de Risiko vun enger Corona-Infektioun d\u00e4itlech erofdr\u00e9cken. Doran ass ze liesen: &#8220;Mir stelle fest, dass den Infektiounsrisiko ganz ger\u00e9ng ass, wa jiddereen eng Gesiichtsmask dr\u00e9it, och wa se net perfekt um Gesiicht s\u00ebtzt.&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet schonn an der Vergaangenheet Aussoe widderluecht, Maske g\u00e9ife <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/masken-unterliegen-richtlinien-zu-inhaltsstoffen-und-werden-untersucht\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">gef\u00e9ierlech G\u00ebftstoffer<\/a> enthalen, g\u00e9ifen de <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/nein-diese-studie-beweist-keinen-moeglichen-zusammenhang-zwischen-masken-und-krebs\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Kriibsrisiko<\/a> erh\u00e9ijen oder g\u00e9ifen zu <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/nein-masken-beeintraechtigen-bei-kindern-nicht-deren-sauerstoffzufuhr\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Sauerstoffmangel bei Kanner<\/a> f\u00e9ieren. Och d&#8217;Behaaptung, FFP2-Maske g\u00e9ife kee Schutz viru Vire bidden, huet d&#8217;AFP schonn e puer Mol widderluecht (z.B. <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.323P22F\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>,\u00a0<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/http%253A%252F%252Fdoc.afp.com%252F9EX229-1\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> oder\u00a0<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.32FL79W\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>).<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> User a Sozialen Netzwierker deelen d&#8217;Behaaptung, eng nei Et\u00fcd g\u00e9if angeeblech Laangz\u00e4itschied duerch toxesch Inhaltsstoffer beim Droe vu Maske beweisen. Dat ass ierf\u00e9ierend. D\u00e9i zit\u00e9iert Et\u00fcd liwwert keng Beweiser dofir, dass Maske laangfristeg Gesondheetsproblemer ausl\u00e9isen. Et handelt sech \u00ebm en Artikel, dee just aner Et\u00fcden ausw\u00e4ert. Fachleit confirm\u00e9ieren ausserdeem, dass korrekt gedroe Masken net schiedlech sinn a viru Vire sch\u00fctzen.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>W\u00e4rend der Pandemie hu sech Masken als effektiivt M\u00ebttel, fir d&#8217;And\u00e4mme vum Coronavirus erausgestallt.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":337368,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[184,183],"tags":[],"class_list":["post-337383","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","category-covid-19-lb","category-fact-check-lb"],"acf":{"show_metatags":true,"id":"2197605","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2197605.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Et\u00fcd liwwert keng Beweiser fir Laangz\u00e4itschied duerch Maskendroen - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Et\u00fcd liwwert keng Beweiser fir Laangz\u00e4itschied duerch Maskendroen - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"W\u00e4rend der Pandemie hu sech Masken als effektiivt M\u00ebttel, fir d&#039;And\u00e4mme vum Coronavirus erausgestallt.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-05-29T09:00:23+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-05-29T10:13:47+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/232558231996efefd6e5b1cc60c38543.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"7 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Et\u00fcd liwwert keng Beweiser fir Laangz\u00e4itschied duerch Maskendroen\",\"datePublished\":\"2024-05-29T09:00:23+00:00\",\"dateModified\":\"2024-05-29T10:13:47+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/\"},\"wordCount\":1561,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/232558231996efefd6e5b1cc60c38543.jpeg\",\"articleSection\":[\"COVID-19\",\"Fact Check\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/\",\"name\":\"Faktencheck: Et\u00fcd liwwert keng Beweiser fir Laangz\u00e4itschied duerch Maskendroen - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/232558231996efefd6e5b1cc60c38543.jpeg\",\"datePublished\":\"2024-05-29T09:00:23+00:00\",\"dateModified\":\"2024-05-29T10:13:47+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/232558231996efefd6e5b1cc60c38543.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/232558231996efefd6e5b1cc60c38543.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Et\u00fcd liwwert keng Beweiser fir Laangz\u00e4itschied duerch Maskendroen - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Et\u00fcd liwwert keng Beweiser fir Laangz\u00e4itschied duerch Maskendroen\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Et\u00fcd liwwert keng Beweiser fir Laangz\u00e4itschied duerch Maskendroen - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Et\u00fcd liwwert keng Beweiser fir Laangz\u00e4itschied duerch Maskendroen - EDMO Belux","og_description":"W\u00e4rend der Pandemie hu sech Masken als effektiivt M\u00ebttel, fir d'And\u00e4mme vum Coronavirus erausgestallt.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-05-29T09:00:23+00:00","article_modified_time":"2024-05-29T10:13:47+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/232558231996efefd6e5b1cc60c38543.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"7 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Et\u00fcd liwwert keng Beweiser fir Laangz\u00e4itschied duerch Maskendroen","datePublished":"2024-05-29T09:00:23+00:00","dateModified":"2024-05-29T10:13:47+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/"},"wordCount":1561,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/232558231996efefd6e5b1cc60c38543.jpeg","articleSection":["COVID-19","Fact Check"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/","name":"Faktencheck: Et\u00fcd liwwert keng Beweiser fir Laangz\u00e4itschied duerch Maskendroen - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/232558231996efefd6e5b1cc60c38543.jpeg","datePublished":"2024-05-29T09:00:23+00:00","dateModified":"2024-05-29T10:13:47+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/232558231996efefd6e5b1cc60c38543.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/05\/232558231996efefd6e5b1cc60c38543.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Et\u00fcd liwwert keng Beweiser fir Laangz\u00e4itschied duerch Maskendroen - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-etd-liwwert-keng-beweiser-fir-laangzitschied-duerch-maskendroen\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Et\u00fcd liwwert keng Beweiser fir Laangz\u00e4itschied duerch Maskendroen"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/337383","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=337383"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/337383\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/337368"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=337383"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=337383"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=337383"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}