{"id":340091,"date":"2024-06-19T08:30:14","date_gmt":"2024-06-19T08:30:14","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=340091"},"modified":"2024-07-30T10:53:14","modified_gmt":"2024-07-30T10:53:14","slug":"faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/","title":{"rendered":"Faktencheck: D\u00ebs Foto weist keen Tunnel t\u00ebscht Gaza an \u00c4gypten"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Am Mee 2024 huet Israel seng Buedemoffensiv g\u00e9int d&#8217;Hamas zu Rafah am S\u00fcde vun der Gazastr\u00e4if versch\u00e4erft. A sozialen Netzwierker ass w\u00e4renddeem eng Foto am \u00cbmlaf, d\u00e9i e grousse Verbindungstunnel t\u00ebscht Rafah an \u00c4gypten weise soll. Vill vun de B\u00e4itr\u00e4g bez\u00e9ie sech op d&#8217;Ausso vun engem israeeleschen Affekot, deenen no d&#8217;Hamas duerch Tunnellen aus \u00c4gypten versuergt g\u00e9if.<\/p>\n<p>&#8220;Ee vu 50 autogroussen Tunnellen, d\u00e9i Israel entdeckt huet an d\u00e9i #Rafah mat \u00c4gypten verbannen&#8221;, huet en <a href=\"https:\/\/perma.cc\/DML7-EN6A\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Notzer vun der Plattform X<\/a> den 20. Mee 2024 iwwer d&#8217;Foto vun engem groussen Tunnelagank geschriwwen. Eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2A56-UDUQ?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-Notzerin<\/a> huet dat selwecht Bild den 19. Mee mat de Wierder gedeelt: &#8220;Insgesamt goufen zu Rafah m\u00e9i w\u00e9i 700 Tunnellen entdeckt, duerch d\u00e9i Waffe geliwwert goufen, an d&#8217;Cheffe vun der Hamas si mat Geisele weidergezunn.&#8221;<\/p>\n<p>Mat d\u00ebsen an \u00e4nleche Behaaptunge m\u00e9cht d&#8217;Foto am Moment an d\u00e4itschsproochege Kan\u00e4l op Facebook an X (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/EL8Y-32UR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8NL4-752E\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4V4A-UPRE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>) den Tour. Och an anere Sprooche g\u00ebtt d&#8217;Foto mat \u00e4nleche Behaaptunge gedeelt (z.B. op\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/EB37-JQHB?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Holl\u00e4nnesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7T9P-2LET\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Englesch<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/KH6P-YCA7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Thai<\/a>).<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/06\/964c60965bdd26fb993444750d496233.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p><strong>Bild gouf net zu Rafah gemaach\u00a0<\/strong><\/p>\n<p>D\u00ebs Behaaptunge sinn awer falsch: D&#8217;Foto gouf w\u00e4it vu Rafah ewech fotograf\u00e9iert. Eng <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=Ez5o69CeXUw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00ebmgek\u00e9iert Billersich<\/a> huet erginn, dass d&#8217;Bild de 7. Januar 2024 vu\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/LJ4U-R32E\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Getty Images<\/a> ver\u00ebffentlecht gouf. Deemno gouf d&#8217;Foto net am S\u00fcden, mee ganz am Norde vun der Gazastr\u00e4if un der israeelescher Grenz vum Fotograf Noam Galai fir Getty opgeholl. An der Bildbeschreiwung steet &#8220;Nord-Gaza, 7. Januar 2024: Bl\u00e9ck an en Tunnel, deen d&#8217;Hamas de 7. Oktober Meldungen no benotzt soll hunn, fir Israel iwwer de Grenziwwergang Erez unzegr\u00e4ifen.&#8221;<\/p>\n<p>De Fotograf <a href=\"https:\/\/perma.cc\/KQK7-TYZ9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Noam Galai<\/a> huet <a href=\"https:\/\/perma.cc\/BPJ9-SNXW?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">op senger Instagram-S\u00e4it eng Rei Fotoe<\/a> vum selwechten Tunnel ver\u00ebffentlecht. Dor\u00ebnner f\u00ebnnt ass och d&#8217;Bild ze fannen, dat elo a Sozialen Netzwierker mat der falscher Behaaptung am \u00cbmlaf ass, et g\u00e9if vu Rafah stamen. A sengem Post schreift de Galai: &#8220;Op de Fotoen hei gesitt Dir israeelesch Zaldoten, d\u00e9i en Terrortunnel s\u00e9cheren, deen d&#8217;Hamas de 7. Oktober benotzt huet, fir Israel iwwer de Grenziwwergang Erez unzegr\u00e4ifen.&#8221;<\/p>\n<p>Google Maps no l\u00e4it <a href=\"https:\/\/www.google.com\/maps\/place\/Erez,+Israel\/@31.4014181,34.199783,9.11z\/data=!4m6!3m5!1s0x150283b830a6d791:0x13e590586fc8d911!8m2!3d31.55984!4d34.564889!16s%2Fm%2F03h0tp?entry=ttu\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Erez<\/a> am Norde vun der Gazastr\u00e4if, ongef\u00e9ier <a href=\"https:\/\/www.google.com\/maps\/dir\/Rafah\/31.550386,34.5446867\/@31.4939547,34.2279832,10z\/data=!4m10!4m9!1m5!1m1!1s0x14fd938fd9cce82b:0xf8056862904cb47f!2m2!1d34.243482!2d31.29678!1m1!4e1!3e2?entry=ttu\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">40 Kilometer<\/a> vu Rafah am S\u00fcden ewech. Dob\u00e4i handelt et sech \u00ebm d\u00e9i zwee wichtegst Grenziwwerg\u00e4ng vun der Gazastr\u00e4if.<\/p>\n<p><strong>Tunnel t\u00ebscht Gaza an \u00c4gypten<\/strong><\/p>\n<p>D\u00e9i meescht vun de B\u00e4itr\u00e4g, d\u00e9i d&#8217;Bild am falsche Kontext weisen, bez\u00e9ie sech op eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8RVB-L9RA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Ausso vum israeeleschen Affekot Gilad Naom virun dem Internationale Geriichtshaff (IGH)<\/a> vum 17. Mee 2024 (YouTube-Kanal vun de Vereenten Natiounen, ab Minutt 9:45): &#8220;Bal 700 Tunnelsch\u00e4cht goufen zu Rafah identifiz\u00e9iert, dovu f\u00e9ieren ongef\u00e9ier 50 Tunnellen an \u00c4gypten&#8221;, sot den Naom.<\/p>\n<p>De Gilad Naom gouf als <a href=\"https:\/\/perma.cc\/979B-LUTG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Vertrieder vum israeelesche Justizminist\u00e8re virum IGH<\/a> geh\u00e9iert, an enger Reaktioun op d\u00e9i urgent Requisitioun vu S\u00fcdafrika, d\u00e4r no d\u00e9i israeelesch Buedemoffensiv op Rafah direkt gestoppt soll ginn. Iwwer aner Tunnellen t\u00ebscht \u00c4gypten a Rafah <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8RVB-L9RA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">seet den Naom<\/a> (ab Minutt 9:55): &#8220;D\u00ebs Tunnelle gi vun der Hamas benotzt, fir sech mat Waffen a Munitioun ze versuergen. M\u00e9iglecherweis k\u00ebnne si och dozou benotzt ginn, Geiselen oder h\u00e9ichrangeg Hamas-K\u00e4mpfer aus der Gazastr\u00e4if erauszeschmuggelen.<\/p>\n<p>\u00cbnner der Gazastr\u00e4if gouf am Laf vun de Joren <a href=\"https:\/\/perma.cc\/X596-9PCV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">e grousst Tunnelnetz gebaut<\/a>. D&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/Y6UP-CFE3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP hat am Joer 2015 (op Englesch) gemellt<\/a>, dass d\u00e9i \u00e4gyptesch Arm\u00e9i angeeblech m\u00e9i w\u00e9i 1.600 Tunnellen aus der Gazastr\u00e4if zerst\u00e9iert h\u00e4tt, d\u00e9i vun der Hamas fir de Schmuggel vu Waffen, Liewensm\u00ebttel a Geld genotzt gi w\u00e4ren. D&#8217;Hamas hat Kairo deemools virgeheit, d&#8217;<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240531154627\/https:\/\/www.arabnews.com\/middle-east\/news\/810981\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Tunnelle mat Waasser volllafe gelooss ze hunn<\/a>.<\/p>\n<p>W\u00e9i vill Tunnellen haut nach t\u00ebscht \u00c4gypten a Rafah exist\u00e9ieren, ass opgrond vum aktuelle Krich vun onofh\u00e4ngeger S\u00e4it schw\u00e9ier ze iwwerpr\u00e9iwen. Scho virum 7. Oktober 2023 war d&#8217;Gebitt schw\u00e9ier zoug\u00e4nglech, well dat <a href=\"https:\/\/perma.cc\/G9RV-WPT3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00e4gyptescht Milit\u00e4r eng Pufferzon laanscht d&#8217;Grenz<\/a> ageriicht hat.<\/p>\n<p>Am Internet konnt d&#8217;AFP just Biller vun Tunnellen t\u00ebscht \u00c4gypten a Rafah fannen, d\u00e9i ongef\u00e9ier 10 Joer al sinn (z.B. <a href=\"https:\/\/perma.cc\/XL9A-CJK9?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/R6UH-RRBR?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>). D\u00ebs AFP-Foto vun engem Tunnel \u00ebnner der Grenz t\u00ebscht Gaza an \u00c4gypten staamt aus dem Joer 2013:<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/06\/8bed48e15061990a122ef7950d1eec95.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Den 30. Mee huet Israel eegenen Angaben no d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/ENY6-MLNA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Kontroll iwwer e 14 Kilometer laange Grenzkorridor<\/a> t\u00ebscht der Gazastr\u00e4if an \u00c4gypten iwwerholl.<\/p>\n<p>Weider Faktenchecken iwwer de Krich t\u00ebscht Israel an der Hamas sinn <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/list\/all\/all\/38643\/all\/tid-38643\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> ze fannen.<\/p>\n<p><strong>Fazit: <\/strong>A Sozialen Netzwierker ass am Moment d&#8217;Bild vun engem Tunnel am \u00cbmlaf, vun deem behaapt g\u00ebtt, e g\u00e9if Rafah am S\u00fcden vun der Gazastr\u00e4if mat \u00c4gypten verbannen. Deem ass net esou. D&#8217;Foto gouf schonn am Januar 2024 opgeholl a weist en Tunnel am Norden, direkt un der Grenz zu Israel.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Am Mee 2024 huet Israel seng Buedemoffensiv g\u00e9int d&#8217;Hamas zu Rafah am S\u00fcde vun der Gazastr\u00e4if versch\u00e4erft. A sozialen Netzwierker ass w\u00e4renddeem eng Foto am \u00cbmlaf, d\u00e9i e grousse Verbindungstunnel t\u00ebscht Rafah an \u00c4gypten weise soll. Vill vun de B\u00e4itr\u00e4g bez\u00e9ie sech op d&#8217;Ausso vun engem israeeleschen Affekot, deenen no d&#8217;Hamas duerch Tunnellen aus \u00c4gypten versuergt g\u00e9if.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":340076,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,183,402,191],"tags":[],"class_list":{"0":"post-340091","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-editors-choice-lu","8":"category-fact-check-lb","9":"category-noen-osten","10":"category-politik"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2201641","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2201641.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: D\u00ebs Foto weist keen Tunnel t\u00ebscht Gaza an \u00c4gypten - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: D\u00ebs Foto weist keen Tunnel t\u00ebscht Gaza an \u00c4gypten - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Am Mee 2024 huet Israel seng Buedemoffensiv g\u00e9int d&#039;Hamas zu Rafah am S\u00fcde vun der Gazastr\u00e4if versch\u00e4erft. A sozialen Netzwierker ass w\u00e4renddeem eng Foto am \u00cbmlaf, d\u00e9i e grousse Verbindungstunnel t\u00ebscht Rafah an \u00c4gypten weise soll. Vill vun de B\u00e4itr\u00e4g bez\u00e9ie sech op d&#039;Ausso vun engem israeeleschen Affekot, deenen no d&#039;Hamas duerch Tunnellen aus \u00c4gypten versuergt g\u00e9if.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-06-19T08:30:14+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-07-30T10:53:14+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/06\/183c8e23b10189af882a15f25090c8e4.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"4 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: D\u00ebs Foto weist keen Tunnel t\u00ebscht Gaza an \u00c4gypten\",\"datePublished\":\"2024-06-19T08:30:14+00:00\",\"dateModified\":\"2024-07-30T10:53:14+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/\"},\"wordCount\":840,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/06\/183c8e23b10189af882a15f25090c8e4.jpeg\",\"articleSection\":[\"Editor's Choice Slider LU\",\"Fact Check\",\"Noen Osten\",\"Politik\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/\",\"name\":\"Faktencheck: D\u00ebs Foto weist keen Tunnel t\u00ebscht Gaza an \u00c4gypten - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/06\/183c8e23b10189af882a15f25090c8e4.jpeg\",\"datePublished\":\"2024-06-19T08:30:14+00:00\",\"dateModified\":\"2024-07-30T10:53:14+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/06\/183c8e23b10189af882a15f25090c8e4.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/06\/183c8e23b10189af882a15f25090c8e4.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: D\u00ebs Foto weist keen Tunnel t\u00ebscht Gaza an \u00c4gypten - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: D\u00ebs Foto weist keen Tunnel t\u00ebscht Gaza an \u00c4gypten\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: D\u00ebs Foto weist keen Tunnel t\u00ebscht Gaza an \u00c4gypten - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: D\u00ebs Foto weist keen Tunnel t\u00ebscht Gaza an \u00c4gypten - EDMO Belux","og_description":"Am Mee 2024 huet Israel seng Buedemoffensiv g\u00e9int d'Hamas zu Rafah am S\u00fcde vun der Gazastr\u00e4if versch\u00e4erft. A sozialen Netzwierker ass w\u00e4renddeem eng Foto am \u00cbmlaf, d\u00e9i e grousse Verbindungstunnel t\u00ebscht Rafah an \u00c4gypten weise soll. Vill vun de B\u00e4itr\u00e4g bez\u00e9ie sech op d'Ausso vun engem israeeleschen Affekot, deenen no d'Hamas duerch Tunnellen aus \u00c4gypten versuergt g\u00e9if.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-06-19T08:30:14+00:00","article_modified_time":"2024-07-30T10:53:14+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/06\/183c8e23b10189af882a15f25090c8e4.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"4 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: D\u00ebs Foto weist keen Tunnel t\u00ebscht Gaza an \u00c4gypten","datePublished":"2024-06-19T08:30:14+00:00","dateModified":"2024-07-30T10:53:14+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/"},"wordCount":840,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/06\/183c8e23b10189af882a15f25090c8e4.jpeg","articleSection":["Editor's Choice Slider LU","Fact Check","Noen Osten","Politik"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/","name":"Faktencheck: D\u00ebs Foto weist keen Tunnel t\u00ebscht Gaza an \u00c4gypten - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/06\/183c8e23b10189af882a15f25090c8e4.jpeg","datePublished":"2024-06-19T08:30:14+00:00","dateModified":"2024-07-30T10:53:14+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/06\/183c8e23b10189af882a15f25090c8e4.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/06\/183c8e23b10189af882a15f25090c8e4.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: D\u00ebs Foto weist keen Tunnel t\u00ebscht Gaza an \u00c4gypten - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-foto-weist-keen-tunnel-tscht-gaza-an-gypten\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: D\u00ebs Foto weist keen Tunnel t\u00ebscht Gaza an \u00c4gypten"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/340091","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=340091"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/340091\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/340076"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=340091"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=340091"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=340091"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}