{"id":344005,"date":"2024-07-01T11:50:03","date_gmt":"2024-07-01T11:50:03","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=344005"},"modified":"2024-07-30T10:52:24","modified_gmt":"2024-07-30T10:52:24","slug":"faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Video vu rum\u00e4nesche Fans, d\u00e9i beim EM-Match g\u00e9int d&#8217;Ukrain &#8220;Putin&#8221; ruffen, ass manipul\u00e9iert"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Rum\u00e4nien hat sech de 17. Juni 2024 am Match an der Gruppephas 3:0 g\u00e9int d&#8217;Ukrain duerchgesat. A Sozialen Netzwierker ass z\u00ebnterhier e manipul\u00e9ierte Video am \u00cbmlaf, an deem rum\u00e4nesch Fans op den Trib\u00fcnen angeeblech &#8220;Putin, Putin&#8221; j\u00e4izen. Den Toun gouf awer ausgetosch a staamt aus engem Clip vun 2021. D\u00ebse Clip weist ukrainesch Supportere bei Riff g\u00e9int de russesche President w\u00e4rend engem Futtballmatch.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">W\u00e4rend dem EM-Match zu M\u00fcnchen gouf et keng &#8220;Putin&#8221;-Riff, w\u00e9i Opzeechnunge vum Futtballmatch a vun AFP-Journalisten op der Plaz confirm\u00e9ieren.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">24 europ\u00e4esch Ekippe spille bei der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2V92-6Q5L\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">UEFA-Europameeschterschaft<\/a> vum 14. Juni bis de 14. Juli 2024 an D\u00e4itschland g\u00e9inteneen \u00ebm den EM-Titel. W\u00e4rend dem Match Rum\u00e4nien g\u00e9int d&#8217;Ukrain de 17. Juni solle rum\u00e4nesch Fans am M\u00fcnchener Stadion &#8220;Putin&#8221; geruff hunn, dat sugger\u00e9iert e Video a B\u00e4itr\u00e4g op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/R2QF-YEC6?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/FXH2-JMZ6?type=standard\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3JL3-PLQL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram<\/a>. Am Februar 2022 haten d&#8217;FIFA an d&#8217;UEFA no der russescher Invasioun an der Ukrain d\u00e9i russesch Ekipp vun allen Turn\u00e9ieren <a href=\"https:\/\/perma.cc\/73DZ-ASRW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ausgeschloss<\/a>.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/a09e4e4749895ecf24f8e14b2511679e.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>De Clip ass a verschiddene Sprooche w\u00e9i <a href=\"https:\/\/perma.cc\/RY3D-F2T5?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Ungaresch<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7YUW-2MKM?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Thai<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/T88F-VCX3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Vietnameesesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9M7P-35ZX?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Arabesch<\/a> a <a href=\"https:\/\/perma.cc\/E7D9-FXYG?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Griichesch<\/a> am \u00cbmlaf. Vill vun de Posts bez\u00e9ie sech op e <a href=\"https:\/\/perma.cc\/QMY5-L83B\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">B\u00e4itrag op der Plattform X<\/a> vun engem User mam Numm &#8220;Lord Bebo&#8221;, deen <a href=\"https:\/\/tenykerdes.afp.com\/doc.afp.com.34NF7HJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">dacks<\/a> Falschinformatioune verbreet. Och op e puer <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7AM5-3Q9A\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">frans\u00e9ischen<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/26LB-D8X6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">bulgareschen<\/a> a <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240618110711\/https:\/\/www.sovsport.ru\/football\/news\/bolelshhiki-sbornoj-rumynii-skandirovali-imya-putina-na-matche-evro-2024-s-ukrainoj\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">russeschen<\/a> Internets\u00e4iten ass de Video ze fannen.<\/p>\n<p>Toun staamt vun eelerem Video<\/p>\n<p>De Video gouf awer manipul\u00e9iert. An de Sozialen Netzwierker huet en eng Debatt ausgel\u00e9ist, in d\u00e4r vu pro-ukrainesche Notzer op der Plattform X <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Q6WY-RGM2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">behaapt<\/a> gouf, d&#8217;Fans g\u00e9ife Beleidegungen iwwer de Putin skand\u00e9ieren. D\u00ebs Behaaptung sch\u00e9ngt awer och falsch ze sinn. En zweete Clip, deen zesumme mam Video als Beweis gedeelt gouf, weist net de M\u00fcnchener Stadion, wou de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/EC6Z-5Z4S\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Match<\/a> gespillt gouf.<\/p>\n<p>Am Video sinn effektiv Fans a giele Rum\u00e4nien-Trikote mat blo-giel-roude B\u00e4nnercher w\u00e4rend dem Match an der Gruppephas Ukrain g\u00e9int Rum\u00e4nien zu M\u00fcnchen ze gesinn, den Toun sch\u00e9ngt awer aus engem <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=1Xjil6MPyUs\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Video aus dem Joer 2021<\/a> ze stamen (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/RY7J-39EA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert), w\u00e9i d&#8217;AFP duerch verschidde <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=51u0SkyaAA0\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">St\u00e9chwierdersichen<\/a> erausfonnt huet. De Clip vu virun dr\u00e4i Joer ass op YouTube ze fannen a weist ukrainesch Supporteren (och a giel), d\u00e9i de russesche President w\u00e4rend dem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/H5TK-KYX8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">EM-Match<\/a> Ukrain g\u00e9int \u00c9istr\u00e4ich den 21. Juni 2021 am Nationalstadion zu Bukarest beleidegen.<\/p>\n<p>Am Verglach mam aktuell Video, deen an de soziale Medien den Tour m\u00e9cht, sch\u00e9ngen d\u00e9i beleidegend Deeler aus dem Clip vun 2021 erausgeschnidden an dem Putin s\u00e4in Numm als Toun am Hannergrond fir de manipul\u00e9ierte Video benotzt ginn ze sinn. Ofgesinn dovu sinn de Gesang an d&#8217;Trommelen identesch.<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/perma.cc\/MWF2-4BC9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Medieberichter<\/a> no huet d\u00ebse Fangesang s\u00e4in Ursprong am Joer 2014, w\u00e9i verschidden ukrainesch Futtballfans ugefaangen haten, &#8220;\u041f\u0443\u0442\u0456\u043d \u2013 \u0445\u0443\u0439\u043b&#8221; (&#8220;Putin khuylo&#8221;, wat sou vill heescht w\u00e9i &#8220;Putin ass en Aaschlach&#8221;) am Zesummenhang mat der europafr\u00ebndlecher Maidan-Beweegung an dem <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240521025542\/https:\/\/commonslibrary.parliament.uk\/research-briefings\/cbp-9476\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">russesch-ukrainesche Krich<\/a> 2014 ze <a href=\"https:\/\/perma.cc\/S75A-ZM8W\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">skand\u00e9ieren<\/a>.<\/p>\n<p>Keen Hiweis op Fangesang w\u00e4rend dem EM-Match 2024<\/p>\n<p>Trotz m\u00e9i schlechter Qualit\u00e9it vum Video kann een den Z\u00e4itpunkt vun der Opnam unhand vum Schied vum Stadiondaach op dem Spillfeld asch\u00e4tzen. Deemno gouf de Video ongef\u00e9ier an der 34. Spillminutt opgeholl. An der offizieller Opzeechnung vum Match ass kee Fangesang w\u00e9i am propag\u00e9ierte Video ze h\u00e9ieren.<\/p>\n<p>AFP-Journalisten a -Fotografen, d\u00e9i de Match am Stadion verfollegt hunn, hunn och keng esou Parollen wouergeholl. E rum\u00e4neschen AFP-Journalist huet erkl\u00e4ert, et g\u00e9if keng nennensw\u00e4ert F\u00e4ll, an deene rum\u00e4nesch Fans Putin-fr\u00ebndlech Messag\u00eb skand\u00e9iert h\u00e4tten.<\/p>\n<p>Den Organisateur, den europ\u00e4esche Futtballverband <a href=\"https:\/\/perma.cc\/JTF4-QB2J\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">UEFA<\/a>, \u00ebnnersicht reegelm\u00e9isseg problematesch Verhalensweise vu Supportere w\u00e4rend de Matcher, w\u00e9i beim Spill t\u00ebscht Serbien an England de 16. Juni 2024. Do w\u00e4r e Message iwwerm\u00ebttelt ginn, deen n\u00e4ischt mat enger Sportveranstaltung ze dinn h\u00e4tt, huet de Verband op senger <a href=\"https:\/\/disciplinary.uefa.com\/028e-1b2786e27dcf-8ad11f23cdb1-1000\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it<\/a> (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/Q4WK-XBZ4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert) matgedeelt. Serbesch Supporteren hate <a href=\"https:\/\/perma.cc\/TFJ8-NYRH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bannere<\/a> gewisen, d\u00e9i d&#8217;Onofh\u00e4ngegkeet vum Kosovo a Fro gestallt hunn. A Bezuch op de Match Rum\u00e4nien g\u00e9int d&#8217;Ukrain g\u00ebtt et keng Indicen op eng \u00e4nlech Reklamatioun oder Enqu\u00eate.<\/p>\n<p>UEFA nennt Video &#8220;eng F\u00e4lschung&#8221;<\/p>\n<p>Op Ufro vun der AFP huet d&#8217;UEFA den 18. Juni 2024 confirm\u00e9iert, dass de Video, deen am \u00cbmlaf ass, &#8220;eng F\u00e4lschung&#8221; w\u00e4r an huet de Fall net weider komment\u00e9iert. Der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5E2S-9LHW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Norichtenagence AP<\/a> no hat de Verband d&#8217;S\u00e9cherheetspersonal virum Match ugewisen, keng russesch F\u00e4ndele w\u00e4rend dem Match g\u00e9int d&#8217;Ukrain am Stadion ze erlaben.<\/p>\n<p>Nieft der Europameeschterschaft ginn och d&#8217;Olympesch Summerspiller 2024 zu Par\u00e4is fir d&#8217;Verbreedung vu prorussescher Propaganda genotzt. A Sozialen Netzwierker gouf en ierf\u00e9ierende Video verbreet, deem no w\u00e4rend enger <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.34RZ8TN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Fluchshow<\/a> zu Par\u00e4is angeeblech de russeschen amplaz de frans\u00e9ische F\u00e4ndel an den Himmel gemoolt gi w\u00e4r, obwuel dat net de Fall war.<\/p>\n<p><strong>Fazit: <\/strong>Den Toun vun engem Video vu rum\u00e4nesche Fans am Stadion beim EM-Gruppematch Rum\u00e4nien g\u00e9int d&#8217;Ukrain gouf manipul\u00e9iert a staamt aus engem Clip aus dem Joer 2021. W\u00e4rend dem Match vum 17. Juni 2024 zu M\u00fcnchen goufe keng &#8220;Putin&#8221;-Ges\u00e4ng skand\u00e9iert, w\u00e9i och AFP-Journalisten, d\u00e9i op der Plaz waren, souw\u00e9i offiziell Opname vum Match belee\u00ebn. Och den Organisateur, d&#8217;UEFA, huet de Video als F\u00e4lschung bezeechent.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Rum\u00e4nien hat sech de 17. Juni 2024 am Match an der Gruppephas 3:0 g\u00e9int d&#8217;Ukrain duerchgesat. A Sozialen Netzwierker ass z\u00ebnterhier e manipul\u00e9ierte Video am \u00cbmlaf, an deem rum\u00e4nesch Fans op den Trib\u00fcnen angeeblech &#8220;Putin, Putin&#8221; j\u00e4izen. Den Toun gouf awer ausgetosch a staamt aus engem Clip vun 2021. D\u00ebse Clip weist ukrainesch Supportere bei Riff g\u00e9int de russesche President w\u00e4rend engem Futtballmatch.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":343995,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,183,193,191,217],"tags":[],"class_list":{"0":"post-344005","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-editors-choice-lu","8":"category-fact-check-lb","9":"category-gesellschaft","10":"category-politik","11":"category-ukraine-lb"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2209106","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2209106.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Video vu rum\u00e4nesche Fans, d\u00e9i beim EM-Match g\u00e9int d&#039;Ukrain &quot;Putin&quot; ruffen, ass manipul\u00e9iert - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Video vu rum\u00e4nesche Fans, d\u00e9i beim EM-Match g\u00e9int d&#039;Ukrain &quot;Putin&quot; ruffen, ass manipul\u00e9iert - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Rum\u00e4nien hat sech de 17. Juni 2024 am Match an der Gruppephas 3:0 g\u00e9int d&#039;Ukrain duerchgesat. A Sozialen Netzwierker ass z\u00ebnterhier e manipul\u00e9ierte Video am \u00cbmlaf, an deem rum\u00e4nesch Fans op den Trib\u00fcnen angeeblech &quot;Putin, Putin&quot; j\u00e4izen. Den Toun gouf awer ausgetosch a staamt aus engem Clip vun 2021. D\u00ebse Clip weist ukrainesch Supportere bei Riff g\u00e9int de russesche President w\u00e4rend engem Futtballmatch.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-07-01T11:50:03+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-07-30T10:52:24+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/6ed53586d97cc6892074cd6592ae580a.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"4 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Video vu rum\u00e4nesche Fans, d\u00e9i beim EM-Match g\u00e9int d&#8217;Ukrain &#8220;Putin&#8221; ruffen, ass manipul\u00e9iert\",\"datePublished\":\"2024-07-01T11:50:03+00:00\",\"dateModified\":\"2024-07-30T10:52:24+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/\"},\"wordCount\":940,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/6ed53586d97cc6892074cd6592ae580a.jpeg\",\"articleSection\":[\"Editor's Choice Slider LU\",\"Fact Check\",\"Gesellschaft\",\"Politik\",\"Ukraine\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/\",\"name\":\"Faktencheck: Video vu rum\u00e4nesche Fans, d\u00e9i beim EM-Match g\u00e9int d'Ukrain \\\"Putin\\\" ruffen, ass manipul\u00e9iert - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/6ed53586d97cc6892074cd6592ae580a.jpeg\",\"datePublished\":\"2024-07-01T11:50:03+00:00\",\"dateModified\":\"2024-07-30T10:52:24+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/6ed53586d97cc6892074cd6592ae580a.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/6ed53586d97cc6892074cd6592ae580a.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Video vu rum\u00e4nesche Fans, d\u00e9i beim EM-Match g\u00e9int d'Ukrain \\\"Putin\\\" ruffen, ass manipul\u00e9iert - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Video vu rum\u00e4nesche Fans, d\u00e9i beim EM-Match g\u00e9int d&#8217;Ukrain &#8220;Putin&#8221; ruffen, ass manipul\u00e9iert\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Video vu rum\u00e4nesche Fans, d\u00e9i beim EM-Match g\u00e9int d'Ukrain \"Putin\" ruffen, ass manipul\u00e9iert - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Video vu rum\u00e4nesche Fans, d\u00e9i beim EM-Match g\u00e9int d'Ukrain \"Putin\" ruffen, ass manipul\u00e9iert - EDMO Belux","og_description":"Rum\u00e4nien hat sech de 17. Juni 2024 am Match an der Gruppephas 3:0 g\u00e9int d'Ukrain duerchgesat. A Sozialen Netzwierker ass z\u00ebnterhier e manipul\u00e9ierte Video am \u00cbmlaf, an deem rum\u00e4nesch Fans op den Trib\u00fcnen angeeblech \"Putin, Putin\" j\u00e4izen. Den Toun gouf awer ausgetosch a staamt aus engem Clip vun 2021. D\u00ebse Clip weist ukrainesch Supportere bei Riff g\u00e9int de russesche President w\u00e4rend engem Futtballmatch.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-07-01T11:50:03+00:00","article_modified_time":"2024-07-30T10:52:24+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/6ed53586d97cc6892074cd6592ae580a.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"4 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Video vu rum\u00e4nesche Fans, d\u00e9i beim EM-Match g\u00e9int d&#8217;Ukrain &#8220;Putin&#8221; ruffen, ass manipul\u00e9iert","datePublished":"2024-07-01T11:50:03+00:00","dateModified":"2024-07-30T10:52:24+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/"},"wordCount":940,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/6ed53586d97cc6892074cd6592ae580a.jpeg","articleSection":["Editor's Choice Slider LU","Fact Check","Gesellschaft","Politik","Ukraine"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/","name":"Faktencheck: Video vu rum\u00e4nesche Fans, d\u00e9i beim EM-Match g\u00e9int d'Ukrain \"Putin\" ruffen, ass manipul\u00e9iert - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/6ed53586d97cc6892074cd6592ae580a.jpeg","datePublished":"2024-07-01T11:50:03+00:00","dateModified":"2024-07-30T10:52:24+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/6ed53586d97cc6892074cd6592ae580a.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/6ed53586d97cc6892074cd6592ae580a.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Video vu rum\u00e4nesche Fans, d\u00e9i beim EM-Match g\u00e9int d'Ukrain \"Putin\" ruffen, ass manipul\u00e9iert - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-rumnesche-fans-di-beim-em-match-gint-dukrain-putin-ruffen-ass-manipuliert\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Video vu rum\u00e4nesche Fans, d\u00e9i beim EM-Match g\u00e9int d&#8217;Ukrain &#8220;Putin&#8221; ruffen, ass manipul\u00e9iert"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/344005","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=344005"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/344005\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/343995"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=344005"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=344005"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=344005"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}