{"id":352576,"date":"2024-08-08T13:00:48","date_gmt":"2024-08-08T13:00:48","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=352576"},"modified":"2024-08-19T09:20:27","modified_gmt":"2024-08-19T09:20:27","slug":"faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/","title":{"rendered":"Faktencheck: \u00c4erderwiermung ass gef\u00e9ierlech fir d&#8217;Gesondheet"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p><b>\u00a9 RTL Grafik<\/b><\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Ob Januar, M\u00e4erz oder Juni: D&#8217;Joer 2024 huet elo scho Rekorder vum jeeweilege w\u00e4ermste Mount z\u00ebnter den Opzeechnunge verzeechent.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">\u00a0A Sozialen Netzwierker si w\u00e4renddeem klimaskeptesch Behaaptungen am \u00cbmlaf, d\u00e9i d&#8217;Gefore vun der \u00c4erderwiermung erofspillen. Notzerinnen an Notzer verweisen dob\u00e4i op eng Et\u00fcd aus der Fachz\u00e4itschr\u00ebft &#8220;The Lancet&#8221; a behaapten, duerch d&#8217;\u00c4erderwiermung g\u00e9ife m\u00e9i M\u00ebnscheliewe gerett w\u00e9i menac\u00e9iert ginn. D&#8217;Donn\u00e9e\u00eb goufen am Internet allerd\u00e9ngs falsch duergestallt, w\u00e9i en Auteur vun der Et\u00fcd g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert huet. E puer Zuele goufen ausserdeem ierf\u00e9ierend verrechent, fir d&#8217;Gefore vum vum m\u00ebnschegemaachte Klimawandel erofzespillen.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\"><em>&#8220;Lancet-Et\u00fcd demask\u00e9iert d&#8217;Ligen iwwer anscheinend Klimadoudeger op der ganzer Welt&#8221;<\/em>, steet an engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/H8RS-A5US?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-Post<\/a> vum 23. Juli 2024. Dob\u00e4i g\u00ebtt eng Et\u00fcd vun der Z\u00e4itschr\u00ebft &#8220;The Lancet&#8221; aus dem Joer 2021 verlinkt an eng Tabell gedeelt, d\u00e9i duerch Temperatur bed\u00e9ngt Doudesf\u00e4ll no Kontinenter opgeschl\u00ebsselt opl\u00ebscht. <em>&#8220;Weltw\u00e4it ginn et m\u00e9i Keeltdoudeger w\u00e9i H\u00ebtztdoudeger, an dat \u00ebm de Faktor 10&#8221;<\/em>, schreift e weidere\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/G5UV-CBS7?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-Notzer<\/a>, deen d\u00e9i selwecht Et\u00fcd verlinkt.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">D&#8217;Behaaptungen zirkul\u00e9ieren ausserdeem op der Plattform <a href=\"https:\/\/perma.cc\/G85C-ZLG2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a> a ginn zu Dausenden op <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240802084851\/https:\/\/t.me\/AAM_Links\/675915\">Telegram<\/a> ugeklickt. <em>&#8220;Scho gewosst? An Afrika g\u00ebtt et m\u00e9i Doudeger duerch Keelt w\u00e9i duerch H\u00ebtzt&#8221;<\/em>, huet zum Beispill en <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240802084604\/https:\/\/t.me\/kenjebsen\/14736\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram-Notzer<\/a> dozou geschriwwen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/7cfe92981825af32521162214813610f.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240716163827\/https:\/\/www.thelancet.com\/action\/showPdf?pii=S2542-5196%2821%2900081-4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd<\/a> vum &#8220;Lancet&#8221;, d\u00e9i an de B\u00e4itr\u00e4g verlinkt ass, gouf am Juli 2021 \u00ebnnert dem Titel &#8220;Global, regional, and national burden of mortality associated with non-optimal ambient temperatures from 2000 to 2019&#8221; ver\u00ebffentlecht. Dora goufen d\u00e9i weltw\u00e4it Doudesf\u00e4ll \u00ebnnersicht, d\u00e9i duerch &#8220;net optimal&#8221; Temperaturen ausgel\u00e9ist goufen. D&#8217;Autorinnen an d&#8217;Auteure vun der Et\u00fcd koumen zur Konklusioun, dass d\u00e9i meescht duerch d&#8217;Temperatur bed\u00e9ngten Doudesf\u00e4ll t\u00ebscht 2000 an 2019 \u00e9ischter mat kale w\u00e9i mat waarmen Temperaturen zesummenhoungen.<\/p>\n<p>Klimaexperten, dor\u00ebnner en Auteur vun der Et\u00fcd, hunn der AFP erkl\u00e4ert, dass d'&#8221;Lancet&#8221;-Donn\u00e9e\u00ebn iwwer reng temperaturbezunn Doudesf\u00e4ll net dofir g\u00ebeegent w\u00e4ren, fir aus hinnen direkt Konklusiounen iwwer Doudesf\u00e4ll, d\u00e9i op de Klimawandel zer\u00e9ckzef\u00e9iere sinn, ze z\u00e9ien.<\/p>\n<p>An der Vergaangenheet goufen Donn\u00e9e\u00ebn aus der &#8220;Lancet&#8221;-Et\u00fcd schonn e puer Mol aus dem Kontext gerappt, fir domat de Klimawandel unzezweiwelen. Am Joer 2023 hat d&#8217;AFP d&#8217;<a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.33QJ3JT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Behaaptung<\/a> widderluecht, dass m\u00e9i h\u00e9ich Temperaturen als Konsequenz vun der \u00c4erderwiermung ongef\u00e9ierlech fir d&#8217;m\u00ebnschlech Gesondheet w\u00e4ren.<\/p>\n<p>Donn\u00e9e\u00ebn aus dem Kontext vun der Originalet\u00fcd gerappt<\/p>\n<p>&#8220;De Klimawandel wierkt sech net just op d&#8217;temperaturbed\u00e9ngt Stierflechkeet aus, mee huet och aner direkt an indirekt Konsequenzen&#8221;, huet de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8XYH-3QYQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Yuming Guo<\/a> de 25. Juli 2024 g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert. Hien hat un der &#8220;Lancet&#8221;-Et\u00fcd matgeschafft. Hien huet op eng Rei klimasensitiv Facteure w\u00e9i Iwwerschwemmungen, Dr\u00e9chenten a Loftverschmotzung higewisen, d\u00e9i de Stierfrisiko a verschiddene Bev\u00eblkerungsgruppen d\u00e4itlech erh\u00e9ije k\u00ebnnen.<\/p>\n<p>De Guo enseign\u00e9iert op der australescher Monash University zu Melbourne <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3J78-RYLV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">global \u00cbmweltgesondheet a Biostatistik<\/a>. Hien huet erkl\u00e4ert, seng Ekipp h\u00e4tt erausfonnt, dass et opgrond vun der globaler Erwiermung &#8220;an de meeschten Deeler vun der Welt zu enger Nettohausse vun den temperaturbed\u00e9ngten Doudesf\u00e4ll komme w\u00e4ert.&#8221;<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/archive.is\/pH2Yr\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Aner Et\u00fcden<\/a> hu gewisen, dass d&#8217;Zuele vun den Doudesf\u00e4ll a Krankheeten am Zesummenhang mat H\u00ebtztwelle schonn an de leschten z\u00e9ng Joer zougeholl hunn.<\/p>\n<p>De Guo huet confirm\u00e9iert, dass an der &#8220;Lancet&#8221;-Et\u00fcd m\u00e9i h\u00e9ich Zuele fir Doudesf\u00e4ll duerch Keelt w\u00e9i duerch H\u00ebtzt genannt ginn. Awer: &#8220;D&#8217;Konklusioun, dass de Klimawandel Liewe rett, ass eendeiteg tendenzi\u00e9is&#8221;, sot hien an huet weider ausgef\u00e9iert: &#8220;Et ass offensichtlech, dass de Klimawandel eescht Auswierkungen op d&#8217;m\u00ebnschlech Gesondheet huet.&#8221; Dora w\u00e4re sech\u00a0 seri\u00f6 w\u00ebssenschaftlech St\u00ebmmen eens, w\u00e9i et e <a href=\"https:\/\/perma.cc\/AL9P-DHXT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Fakteblat<\/a> aus dem sechste Bericht vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/EDK9-5NDD\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Weltklimarot vun de Vereenten Natiounen<\/a> (IPCC) zesummefaasst.<\/p>\n<p>Ierf\u00e9ierend Rechnung<\/p>\n<p>E puer vun de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/CF7D-CLKD\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">B\u00e4itr\u00e4g<\/a> a Sozialen Netzwierker enthalen d&#8217;Behaaptung, dass duerch d\u00e9i m\u00e9i waarm Temperaturen als Konsequenz vum Klimawandel all Joer <em>&#8220;166.000 M\u00ebnscheliewe gerett&#8221;<\/em> g\u00e9ifen. D\u00ebs Behaaptung gouf eng \u00e9ischt K\u00e9ier den 19. Juli 2024 an engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/E2SR-CFHT?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-Post<\/a> vum d\u00e4nesche Statistiker an Auteur Bjorn Lomborg op Englesch ver\u00ebffentlecht. De Lomborg huet \u00ebnner anerem e <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7ZQE-VG8L\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Buch<\/a> geschriwwen, an deem hien <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240708044920\/https:\/\/www.nytimes.com\/2020\/07\/16\/books\/review\/bjorn-lomborg-false-alarm-joseph-stiglitz.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">argument\u00e9iert<\/a> huet, d\u00e9i weltw\u00e4it Suerg iwwer de Klimawandel g\u00e9if m\u00e9i schuede w\u00e9i notzen.<\/p>\n<p>De Lomborg huet an engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/CGT3-DPU2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X-Thread<\/a> d\u00e9i ierf\u00e9ierend Zuel vun 166.000 M\u00ebnscheliewe berechent. An d\u00ebsem Thread huet hien d&#8217;Differenz t\u00ebscht weltw\u00e4iten Doudesf\u00e4ll duerch Keelt an H\u00ebtzt an de Joren 2000 bis 2019 duergeluecht: <em>&#8220;Temperatur-Hausse vun 2000-2019 bedeit m\u00e9i H\u00ebtztdoudeger (116.000), awer och manner Keeltdoudeger (283.000). D&#8217;\u00c4erderwiermung verh\u00ebnnert domat 166.000 Doudesf\u00e4ll pro Joer&#8221;<\/em>, huet hien dozou geschriwwen.<\/p>\n<p>An der &#8220;Lancet&#8221;-Et\u00fcd heescht et zwar effektiv, dass d&#8217;global Erwiermung <em>&#8220;kuerzfristeg zu enger liichter Verr\u00e9ngerung vun den temperaturbed\u00e9ngten Doudesf\u00e4ll f\u00e9iere k\u00e9int, obwuel op laang Siicht ze erwaarden ass, dass de Klimawandel de Stierflechkeetstaux no uewen dr\u00e9ckt&#8221;<\/em>. Den Auteur vun der Et\u00fcd Guo huet dozou gemengt: <em>&#8220;Vun 2000 bis 2019 goung d&#8217;keeltbed\u00e9ngt Stierflechkeet zer\u00e9ck ,w\u00e4rend d&#8217;h\u00ebtztbed\u00e9ngt Stierflechkeet zougeholl huet, <\/em><em>wat zu engem Netto-R\u00e9ckgang vun der Gesamt-Stierflechkeet gef\u00e9iert huet.&#8221;<\/em> Mee hien huet gl\u00e4ichz\u00e4iteg betount, dass dem Lomborg seng Konklusioune falsch w\u00e4ren: <em>&#8220;Vill weider Facteuren droen zu den iwwerh\u00e9ichte Stierflechtkeetstauxe b\u00e4i. Et ass net richteg, d\u00ebsen Netto-R\u00e9ckgang eleng dem Klimawandel zouzeschreiwen.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>Och d&#8217;Klimaexpertin <a href=\"https:\/\/perma.cc\/MN3P-Z32D\">Lisa Alexander<\/a>, Professesch fir Klimatologie op der University New South Wales an Australien, sot de 24. Juli 2024 g\u00e9intiwwer der AFP, dass d&#8217;B\u00e4itr\u00e4g an de Sozialen Netzwierker ierf\u00e9ierend w\u00e4ren, well se sech op een eenzegen Saz vun Donn\u00e9e\u00eb beschr\u00e4nke g\u00e9ifen.<\/p>\n<p><em>&#8220;Kuerzfristeg k\u00e9int ee vun esou eppes w\u00e9i engem &#8216;Netto-R\u00e9ckgang&#8217; bei den Doudeszuelen duerch d&#8217;global Erwiermung schw\u00e4tzen. Mee d&#8217;Geschicht ass vill m\u00e9i kompliz\u00e9iert&#8221;<\/em>, sot d&#8217;Alexander. <em>&#8220;D&#8217;Auswierkunge vun H\u00ebtzt ginn an der Reegel duerch aner Facteure beantr\u00e4chtegt &#8211; Gesondheet, sozioekonomesche Status, Alter an esou weider&#8221;<\/em>, huet si erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>Donn\u00e9e\u00ebn iwwer Doudesf\u00e4ll duerch H\u00ebtzt ginn net duer<\/p>\n<p>Enger R\u00ebtsch vu Klimaexperten no ass et gronds\u00e4tzlech kompliz\u00e9iert, exakt Donn\u00e9e\u00ebn zu Doudesf\u00e4ll, d\u00e9i duerch de Klimawandel bed\u00e9ngt sinn, ze kr\u00e9ien. <em>&#8220;Doudeger duerch H\u00ebtzt sinn iwwerall kee grousse Sujet&#8221;<\/em>, sot zum Beispill d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/33QH-7CW3\">Caradee Wright<\/a>, leedend Fuerscherin beim s\u00fcdafrikanesche Rot fir medezinesch Fuerschung, den 3. August 2023 <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.33QJ3JT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">g\u00e9intiwwer der AFP<\/a>. Dofir w\u00e4r et och esou wichteg, genee Donn\u00e9e\u00ebn iwwer h\u00ebtztbed\u00e9ngt Gesondheetsproblemer ze sammelen &#8211; besonnesch a L\u00e4nner vum globale S\u00fcden.<\/p>\n<p>Bei engem H\u00ebtzschlag-Patient, deen an eng Klinick ageliwwert g\u00ebtt, g\u00e9ife fir gew\u00e9inlech och Basiserkrankunge w\u00e9i Diabetes oder Otemproblemer diagnostiz\u00e9iert ginn, huet d&#8217;Wright erkl\u00e4ert. D\u00ebs Krankheete g\u00e9ifen dacks als Doudesursaach genannt an d&#8217;H\u00ebtzt g\u00e9if seelen an der Statistik opdauchen.<\/p>\n<p>D&#8217;Klimatologin Lisa Alexander vun der University New South Wales huet op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3FDR-S2CW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Landaarbechter<\/a>, d\u00e9i am Januar 2023 a verschiddenen Deeler vu S\u00fcdafrika un engem H\u00ebtzschlag gestuerwe sinn, verwisen. Si huet b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt, dass besonnesch M\u00ebnschen, d\u00e9i \u00ebnner haarde Konditiounen am Fr\u00e4ie schaffen an deenen et u Ventilatoren, Waasser oder Klimaanlage feelt, <em>&#8220;d&#8217;Haaptlaascht vun de gesondheetlechen Auswierkunge vun der H\u00ebtzt w\u00e4erten droen&#8221;<\/em>.<\/p>\n<p>Gl\u00e4ichz\u00e4iteg g\u00e9if iwwer d\u00ebs Bev\u00eblkerungsgruppe vergl\u00e4ichsweis w\u00e9ineg gefuerscht a bericht ginn, sot d&#8217;Alexander weider: <em>&#8220;Besonnesch aus ville L\u00e4nner mat niddregem a m\u00ebttlerem Akommes, an deenen H\u00ebtzt e grousse Problem duerstellt, hu mir bal keng fiabel Donn\u00e9e\u00ebn iwwer Doudesursaachen an Iwwerstierflechkeet.&#8221;\u00a0<\/em><\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/77bc31c16240b658077f62f651956756.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Och de Klimaexpert <a href=\"https:\/\/perma.cc\/QW92-6WZF\">Elfatih Eltahir<\/a>, Professer um amerikaneschen MIT-Zenter fir Klimawandel zu Cambridge, huet den 23. Juli 2024 g\u00e9intiwwer der AFP betount, dass <em>&#8220;de Risiko duerch extreem Temperaturen erhieflech vari\u00e9iert&#8221;<\/em> a vu ville sozioekonomesche Facteuren ofh\u00e4mke g\u00e9if. <em>&#8220;Verschidde Communaut\u00e9ite sinn \u00ebnnerschiddlech staark duerch Klimaver\u00e4nnerunge kompromett\u00e9iert a weisen en \u00ebnnerschiddlecht Mooss u Vulnerabilit\u00e9it op&#8221;<\/em>, huet hien erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>H\u00ebtztbed\u00e9ngt Doudesf\u00e4ll huelen zou<\/p>\n<p>Den IPCC huet a sengem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/467Z-XZST\">Bericht<\/a> aus dem Joer 2021 festgestallt, dass d\u00e9i lescht v\u00e9ier Joerz\u00e9ngte jeeweils m\u00e9i waarm ware w\u00e9i all Joerz\u00e9ngt virdrun z\u00ebnter 1850. <em>&#8220;Et ass eendeiteg, dass d&#8217;Atmosph\u00e4r, d&#8217;Ozeaner an d&#8217;Land duerch m\u00ebnschlechen Afloss erwiermt goufen&#8221;<\/em>, sou de Bericht.<\/p>\n<p>Jee nom Niveau vun der Erwiermung an der Plaz g\u00e9if den Undeel u M\u00ebnschen, d\u00e9i d\u00e9idlechem H\u00ebtztstress ausgesat sinn, den <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230807175602\/https:\/\/www.ipcc.ch\/report\/ar6\/wg2\/about\/frequently-asked-questions\/keyfaq3\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">IPCC-Donn\u00e9e\u00ebn<\/a> no bis zum Enn vum 21. Joerhonnert vun 30 Prozent op 48 bis 76 Prozent klammen &#8211; an domat aller Viraussiicht no och d&#8217;Doudesf\u00e4ll duerch H\u00ebtzt.<\/p>\n<p>Am Joer 2024 gouf et scho m\u00e9i H\u00ebtztwellen a villen Deeler vun der Welt, dor\u00ebnner <a href=\"https:\/\/perma.cc\/G8JR-Q3GY\">osteurop\u00e4esch L\u00e4nner<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7ASP-8QPS\">Japan<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4AWY-QP7F\">Nord- a M\u00ebttelamerika<\/a>. A <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8K8H-A99L\">Marokko<\/a> si kierzlech op d&#8217;mannst 21 M\u00ebnsche bannent 24 Stonnen duerch extreem Temperature gestuerwen.<\/p>\n<p>All Faktenchecken iwwer falsch an ierf\u00e9ierend Behaaptungen iwwer de Klimawandel sinn op der <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/list\/Klima\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP-Internets\u00e4it<\/a> ze fannen.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> Am Internet ass d\u00e9i ierf\u00e9ierend Behaaptung am \u00cbmlaf, d&#8217;\u00c4erderwiermung g\u00e9if pro Joer 166.000 M\u00ebnscheliewe retten. Dob\u00e4i g\u00ebtt eng &#8220;Lancet&#8221;-Et\u00fcd aus dem Joer 2021 verlinkt. D&#8217;Donn\u00e9e\u00eb vun der Et\u00fcd goufen allerd\u00e9ngs aus hirem eigentleche Kontext gerappt, fir d&#8217;Gefore vum Klimawandel erofzespillen, w\u00e9i en Auteur vun der Et\u00fcd g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert huet. Enger Partie Klimafuerscher no f\u00e9iert d&#8217;\u00c4erderwiermung effektiv zu m\u00e9i Krankheeten an Doudesf\u00e4ll, besonnesch bei vulnerabele Bev\u00eblkerungsgruppen.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Ob Januar, M\u00e4erz oder Juni: D&#8217;Joer 2024 huet elo scho Rekorder vum jeeweilege w\u00e4ermste Mount z\u00ebnter den Opzeechnunge verzeechent.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":352561,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[189,183,190,192],"tags":[],"class_list":{"0":"post-352576","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-emwelt","8":"category-fact-check-lb","9":"category-gesondheet","10":"category-wessenschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2221089","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2221089.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: \u00c4erderwiermung ass gef\u00e9ierlech fir d&#039;Gesondheet - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: \u00c4erderwiermung ass gef\u00e9ierlech fir d&#039;Gesondheet - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Ob Januar, M\u00e4erz oder Juni: D&#039;Joer 2024 huet elo scho Rekorder vum jeeweilege w\u00e4ermste Mount z\u00ebnter den Opzeechnunge verzeechent.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-08-08T13:00:48+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-08-19T09:20:27+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/2e32d12654af621bafc3c62481d7d0d1.png\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/png\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"7 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: \u00c4erderwiermung ass gef\u00e9ierlech fir d&#8217;Gesondheet\",\"datePublished\":\"2024-08-08T13:00:48+00:00\",\"dateModified\":\"2024-08-19T09:20:27+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/\"},\"wordCount\":1681,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/2e32d12654af621bafc3c62481d7d0d1.png\",\"articleSection\":[\"\u00cbmwelt\",\"Fact Check\",\"Gesondheet\",\"W\u00ebssenschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/\",\"name\":\"Faktencheck: \u00c4erderwiermung ass gef\u00e9ierlech fir d'Gesondheet - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/2e32d12654af621bafc3c62481d7d0d1.png\",\"datePublished\":\"2024-08-08T13:00:48+00:00\",\"dateModified\":\"2024-08-19T09:20:27+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/2e32d12654af621bafc3c62481d7d0d1.png\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/2e32d12654af621bafc3c62481d7d0d1.png\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: \u00c4erderwiermung ass gef\u00e9ierlech fir d'Gesondheet - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: \u00c4erderwiermung ass gef\u00e9ierlech fir d&#8217;Gesondheet\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: \u00c4erderwiermung ass gef\u00e9ierlech fir d'Gesondheet - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: \u00c4erderwiermung ass gef\u00e9ierlech fir d'Gesondheet - EDMO Belux","og_description":"Ob Januar, M\u00e4erz oder Juni: D'Joer 2024 huet elo scho Rekorder vum jeeweilege w\u00e4ermste Mount z\u00ebnter den Opzeechnunge verzeechent.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-08-08T13:00:48+00:00","article_modified_time":"2024-08-19T09:20:27+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/2e32d12654af621bafc3c62481d7d0d1.png","type":"image\/png"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"7 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: \u00c4erderwiermung ass gef\u00e9ierlech fir d&#8217;Gesondheet","datePublished":"2024-08-08T13:00:48+00:00","dateModified":"2024-08-19T09:20:27+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/"},"wordCount":1681,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/2e32d12654af621bafc3c62481d7d0d1.png","articleSection":["\u00cbmwelt","Fact Check","Gesondheet","W\u00ebssenschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/","name":"Faktencheck: \u00c4erderwiermung ass gef\u00e9ierlech fir d'Gesondheet - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/2e32d12654af621bafc3c62481d7d0d1.png","datePublished":"2024-08-08T13:00:48+00:00","dateModified":"2024-08-19T09:20:27+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/2e32d12654af621bafc3c62481d7d0d1.png","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/2e32d12654af621bafc3c62481d7d0d1.png","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: \u00c4erderwiermung ass gef\u00e9ierlech fir d'Gesondheet - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erderwiermung-ass-gefierlech-fir-dgesondheet\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: \u00c4erderwiermung ass gef\u00e9ierlech fir d&#8217;Gesondheet"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/352576","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=352576"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/352576\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/352561"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=352576"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=352576"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=352576"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}