{"id":353002,"date":"2024-08-11T13:00:45","date_gmt":"2024-08-11T13:00:45","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=353002"},"modified":"2024-08-19T08:49:26","modified_gmt":"2024-08-19T08:49:26","slug":"faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Falsch Titels\u00e4it vun der Zeitung Lib\u00e9ration iwwer Waasserqualit\u00e9it vun der Seine"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p><b>\u00a9 RTL Grafik<\/b><\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>D&#8217;Kompetitioune vum Triathlon goufe bei den Olympesche Spiller zu Par\u00e4is an der Seine ofgehalen; no M\u00e9int vun der Ongew\u00ebssheet iwwer d&#8217;Waasserqualit\u00e9it sinn d\u00ebs elo gutt verlaf. An d\u00ebsem Zesummenhang gouf eng gef\u00e4lscht Titels\u00e4it vun der frans\u00e9ischer Dageszeitung &#8220;Lib\u00e9ration&#8221; mat Biller vun engem Triathleet verbreet. Op d\u00ebse Biller, d\u00e9i aus dem Kontext gerappt goufen,ges\u00e4it een e Participant, dee sech no der Kompetitioun iwwerg\u00ebtt, wat an de Sozialen Netzwierker zu der Behaaptung gef\u00e9iert huet, dass &#8220;25 Athleete&#8221; w\u00e9inst der schlechter Waasserqualit\u00e9it medezinnesch behandelt h\u00e4tte misse ginn. Et handelt sech awer \u00ebm eng Manipulatioun, d\u00e9i d&#8217;Cod\u00eb vu fr\u00e9ieren Desinformatiounscampagnen am Zesummenhang mat der Organisatioun vun de Spiller opgr\u00e4ift. De kanadeschen Triathleet, deen op der Foto ze gesinn ass, huet uginn, sech w\u00e9inst senger grousser Ustrengung iwwerginn ze hunn an et h\u00e4tt n\u00e4ischt mam Waasser an der Seine ze di gehat.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Trotz dem Fait, dass d&#8217;Triathlon-Kompetitioune vun de Spiller vu Par\u00e4is 2024 verr\u00e9ckelt an dass eng Rei Trainingseenheeten opgrond vun der Waasserqualit\u00e9it vun der Seine ofgesot goufen, konnten d\u00e9i dr\u00e4i geplangt Kompetitiounen (M\u00e4nner, Fraen a Relais mixte) den 31. Juli an de 5. August an der Seine stattfannen.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Virun d\u00ebsem ons\u00e9cheren Hannergrond iwwer d&#8217;Waasserqualit\u00e9it gouf et awer grouss Diskussiounen iwwer d&#8217;Gesondheet vun den Athleeten, wou och Desinformatiounen dob\u00e4i waren.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">&#8220;Olympesch Spiller vu Par\u00e4is &#8211; Schwammen an der Seine. Elo si mir bei 25 F\u00e4ll vun Triathleeten, d\u00e9i medezinnesch H\u00ebllef gebraucht hunn&#8221;, steet an der Beschreiwung vun engem <a href=\"https:\/\/archive.is\/Na6fK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">B\u00e4itrag<\/a>, deen a manner w\u00e9i engem Dag iwwer 3.000 Mol op der Plattform X gedeelt gouf &#8211; a m\u00ebttlerweil gel\u00e4scht gouf.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Dora g\u00ebtt e Bild vun enger Titels\u00e4it vun der frans\u00e9ischer Dageszeitung &#8220;Lib\u00e9ration&#8221; verbreet, op deem e briechende Mann ze gesinn ass. Am Text steet: &#8220;24 aner Athleeten hu medezinnesch H\u00ebllef gebraucht, nodeem se an der Seine geschwomme waren.&#8221;<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Dat selwecht Bild gouf vun anere Konten op <a href=\"https:\/\/archive.is\/O8Fi2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a>, Facebook a YouTube gedeelt, an et gouf och eng m\u00e9i grouss Versioun vun der angeeblecher Titels\u00e4it vun der Zeitung verbreet, dat op Konten op de Plattformen <a href=\"https:\/\/archive.is\/lXUsI\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a> a <a href=\"https:\/\/perma.cc\/T8HN-552Q\">VKontakte<\/a>; d\u00ebst mat engleschen a russesche Beschreiwungen.<\/p>\n<p>De B\u00e4itrag gouf och vun der LFI-Deput\u00e9iert an der Assembl\u00e9e Nationale Ersilia Soudais <a href=\"https:\/\/archive.ph\/gDafb\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">verbreet<\/a>, d\u00e9i sech sp\u00e9ider dofir <a href=\"https:\/\/archive.is\/zQGk9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">entsch\u00ebllegt<\/a> huet, d\u00ebs &#8220;falsch Informatioun&#8221; iwwer X gedeelt ze hunn.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/730ee9fb8fc1b0cd0430a750edb97b4e.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Als Rappel: D\u00ebs ierf\u00e9ierend Contenue sinn Desinformatiounen, d\u00e9i am Kader vum Dispositif &#8220;Matrioschka&#8221; geziilt verbreet ginn, enger Operatioun, d\u00e9i Russland zougeschriwwe g\u00ebtt, fir westlech Medien op de Plang ze ruffen, fir ze prob\u00e9ieren, se mat Inhalter ze iwwerschwemmen, d\u00e9i iwwerpr\u00e9ift musse ginn &#8211; d&#8217;AFP huet an der Vergaangenheet e puermol doriwwer bericht (<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.34H32VP\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.34KU2X4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.34Y649Y\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>).<\/p>\n<p>D&#8217;Aarbechtsmethod er\u00ebnnert och un d&#8217;Operatioun &#8220;Doppelg\u00e4nger&#8221;, bei d\u00e4r d\u00e9i visuell Identit\u00e9it vu meeschtens westleche Medien usurp\u00e9iert g\u00ebtt, fir e pro-russeschen Narrativ iwwer d&#8217;Ukrain ze verbreeden &#8211; doriwwer hat d&#8217;AFP schonn am <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.33J829J\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Juni 2023<\/a> bericht.<\/p>\n<p>Hei ass awer net d&#8217;Ukrain am Vis\u00e9ier, mee d\u00e9i korrekt Duerchf\u00e9ierung vun den Olympesche Spiller, a besonnesch d&#8217;Schwammkompetitioune w\u00e9i den <a href=\"https:\/\/olympics.com\/fr\/paris-2024\/sports\/triathlon\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Triathlon<\/a> an der Seine (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/QJ4D-2MVK\">hei<\/a> archiv\u00e9iert), d\u00e9i e Symbol vun de Spiller si sollten. D\u00ebs Kompetitiounen hunn och eng Well un Desinformatiounen ausgel\u00e9ist, w\u00e9i d&#8217;AFP an <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.364T6DC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">d\u00ebsem Faktencheck<\/a> festgestallt hat.<\/p>\n<p>Eng &#8220;falsch&#8221; Titels\u00e4it, d\u00e9i net opzefannen ass<\/p>\n<p>Recherchen an den <a href=\"https:\/\/journal.liberation.fr\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archive vun der Zeitung &#8220;Lib\u00e9ration&#8221;<\/a> (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/YP3C-22LZ\">hei<\/a>\u00a0archiv\u00e9iert) hunn et der AFP net erm\u00e9iglecht, d\u00e9i angeeblech Persoun, d\u00e9i an de B\u00e4itr\u00e4g an de Sozialen Netzwierker opdaucht, ze fannen.<\/p>\n<p>An all de Versioune vun der S\u00e4it, d\u00e9i an de Sozialen Netzwierker am \u00cbmlaf ass, ass ze liesen, dass et d&#8217;Editioun vum 1. August 2024 w\u00e4r. Op der <a href=\"https:\/\/journal.liberation.fr\/liberation\/liberation\/2024-08-01\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Titels\u00e4it vun d\u00ebsem Dag<\/a> (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Y9BS-HB2R\">hei<\/a> archiv\u00e9iert), no den Triathlon-Kompetitioune vun de\u00a0<a href=\"https:\/\/olympics.com\/fr\/paris-2024\/calendrier\/triathlon\/epreuve-individuelle-hommes?day=31-juillet\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">M\u00e4nner<\/a> (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6TQF-K55S\">hei<\/a> archiv\u00e9iert) a vun de <a href=\"https:\/\/olympics.com\/fr\/infos\/jo-paris-2024-triathlon-femmes-cassandre-beaugrand-victoire-resultats-resume-reactions\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Fraen<\/a> (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3ERX-3XJX\">hei<\/a> archiv\u00e9iert) an der Seine, ginn d\u00ebs Kompetitiounen n\u00e9ierens ernimmt.<\/p>\n<p>D\u00e9i iewescht Hallschent vun der S\u00e4it ernimmt en Interview vum ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj an d\u00e9i eenzeg Erw\u00e4nung vun den Olympesche Spiller g\u00ebllt dem frans\u00e9ische Schw\u00ebmmer L\u00e9on Marchand.<\/p>\n<p>B\u00e9id Sujete ginn och op der Titels\u00e4it behandelt, mee awer net zesummen. Den \u00ebnneschten Deel vun der richteger Titels\u00e4it geet op d&#8217;Attacken zu Beirut an Teheran an.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/f09e41cb7713695da71ef3f27c3bdfd8.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Z\u00ebnter der Er\u00ebffnung vun den Olympesche Spiller zu Par\u00e4is de 26. Juli 2024 ass och keng \u00e4nlech Titels\u00e4it, w\u00e9i an de Sozialen Netzwierker, an den Archiven um Internetsite vun der Zeitung ze fannen.<\/p>\n<p>De Faktencheck vun der &#8220;Lib\u00e9ration&#8221;, CheckNews, huet doriwwer eraus an engem <a href=\"https:\/\/www.liberation.fr\/checknews\/jo-2024-non-une-triathlete-belge-nest-pas-hospitalisee-depuis-quatre-jours-apres-une-epreuve-dans-la-seine-20240805_N2VWM3E2QFFYDKD364KMMSB6II\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">m\u00e9i allgemengen Artikel<\/a> (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/WHR6-GX2N\">hei<\/a>\u00a0archiv\u00e9iert) confirm\u00e9iert, dass Rumeuren an Artikelen iwwer Erkrankunge vun Athleeten nom Schwammen an der Seine &#8220;falsch&#8221; w\u00e4ren.<\/p>\n<p>E puer Publikatioune hunn d\u00e9i angeeblech Titels\u00e4it mat aneren Inhalter a Verbindung bruecht, d\u00e9i offensichtlech d&#8217;Identit\u00e9it vun anere frans\u00e9isch Medien usurp\u00e9iert hunn, fir d&#8217;F\u00e4erte virum Schwammen an der Seine ze \u00ebnnermaueren.<\/p>\n<p>Hei goufen zwou angeeblech Titels\u00e4ite vun de Medie &#8220;<a href=\"https:\/\/www.marianne.net\/magazine\/pendant-les-jeux-olympiques-paris-nid-d-espions\">Marianne<\/a>&#8221; a &#8220;<a href=\"https:\/\/www.kiosque.leparisien.fr\/data\/76162\/reader\/reader.html?t=1722871025691#!76162\">Le Parisien<\/a>&#8221; verbreet &#8211; och hei entspr\u00e9cht keng den authenteschen <a href=\"https:\/\/perma.cc\/FAQ5-NCJF\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Titels\u00e4ite<\/a> vun den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5TWU-RKBQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Zeitungen<\/a>.<\/p>\n<p>Manipul\u00e9iert Inhalter ze verm\u00ebschen, d\u00e9i d&#8217;Identit\u00e9it vu verschiddene Medie m\u00ebssbrauchen, fir den Androck ze verm\u00ebttelen, dass se dat selwecht Theema uschw\u00e4tzen, ass eng Technik, d\u00e9i scho benotzt gouf, fir falsch Behaaptungen iwwer d&#8217;Qualit\u00e9it vun der Seine ze verbreeden, d\u00e9i vu Konte verbreet goufen, d\u00e9i als Deel vum &#8220;Matrioschka&#8221;-System identifiz\u00e9iert goufen, w\u00e9i an d\u00ebsem <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.364T6DC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP-Artikel<\/a> kuerz virum Ufank vun den Olympesche Spiller beschriwwen.<\/p>\n<p>De kanadeschen Triathleet Tyler Mislawchuk goung &#8220;bis un d&#8217;Limitten&#8221;<\/p>\n<p>D\u00e9i manipul\u00e9iert Titels\u00e4it weist de kanadeschen Triathleet Tyler Mislawchuck, deen op d\u00e9i <a href=\"https:\/\/olympics.com\/fr\/paris-2024\/resultats\/triathlon\/epreuve-individuelle---hommes\/fnl-000100--\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">9. Plaz<\/a> an der M\u00e4nnercourse koum (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2N49-545L\">hei<\/a> archiv\u00e9iert). Hie soll gesot hunn, hien h\u00e4tt sech no senger Coure an der Seine 10 Mol iwwerginn.<\/p>\n<p>En \u00e4nlecht Zitat f\u00ebnnt sech an engem <a href=\"https:\/\/olympique.ca\/2024\/07\/31\/mislawchuk-donne-tout-au-triathlon-a-paris-2024\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel<\/a>, deen um <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6M2J-F736\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Site vum Kanadeschen Olympesche Comit\u00e9<\/a> publiz\u00e9iert gouf, wou op de Verlaf vun der Course vum Athleet agaange g\u00ebtt.<\/p>\n<p>&#8220;Ech hu wierklech alles ginn. Ech hu mech no der Course 10 Mol iwwerginn. Et war waarm op de leschte Ronnen&#8221;, sot hien. Awer n\u00e9ierens am Artikel ass ze liesen, dass den sech Tyler Mislawchuk w\u00e9inst der Waasserqualit\u00e9it vun der Seine iwwerginn huet.<\/p>\n<p>Eng \u00ebmgek\u00e9iert Billersich no der Foto, d\u00e9i de briechenden Athleet weist, huet et erm\u00e9iglecht, d&#8217;Foto op dem <a href=\"https:\/\/www.instagram.com\/p\/C-ISYQ1OYxK\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Instagram-Kont vum kanadeschen Athleet<\/a> er\u00ebmzefannen, mat der Beschreiwung: &#8220;Keng Regreten, bis un d&#8217;Limitten&#8221;.<\/p>\n<blockquote class=\"instagram-media\" style=\"background: #FFF; border: 0; border-radius: 3px; box-shadow: 0 0 1px 0 rgba(0,0,0,0.5),0 1px 10px 0 rgba(0,0,0,0.15); margin: 1px; max-width: 540px; min-width: 326px; padding: 0; width: calc(100% - 2px);\" data-instgrm-captioned=\"\" data-instgrm-permalink=\"https:\/\/www.instagram.com\/p\/C-ISYQ1OYxK\/?utm_source=ig_embed&amp;utm_campaign=loading\" data-instgrm-version=\"14\">\n<div style=\"padding: 16px;\">\n<p>&nbsp;<\/p>\n<div style=\"display: flex; flex-direction: row; align-items: center;\">\n<div style=\"background-color: #f4f4f4; border-radius: 50%; flex-grow: 0; height: 40px; margin-right: 14px; width: 40px;\"><\/div>\n<div style=\"display: flex; flex-direction: column; flex-grow: 1; justify-content: center;\">\n<div style=\"background-color: #f4f4f4; border-radius: 4px; flex-grow: 0; height: 14px; margin-bottom: 6px; width: 100px;\"><\/div>\n<div style=\"background-color: #f4f4f4; border-radius: 4px; flex-grow: 0; height: 14px; width: 60px;\"><\/div>\n<\/div>\n<\/div>\n<div style=\"padding: 19% 0;\"><\/div>\n<div style=\"display: block; height: 50px; margin: 0 auto 12px; width: 50px;\"><\/div>\n<div style=\"padding-top: 8px;\">\n<div style=\"color: #3897f0; font-family: Arial,sans-serif; font-size: 14px; font-style: normal; font-weight: 550; line-height: 18px;\">Voir cette publication sur Instagram<\/div>\n<\/div>\n<div style=\"padding: 12.5% 0;\"><\/div>\n<div style=\"display: flex; flex-direction: row; margin-bottom: 14px; align-items: center;\">\n<div>\n<div style=\"background-color: #f4f4f4; border-radius: 50%; height: 12.5px; width: 12.5px; transform: translateX(0px) translateY(7px);\"><\/div>\n<div style=\"background-color: #f4f4f4; height: 12.5px; transform: rotate(-45deg) translateX(3px) translateY(1px); width: 12.5px; flex-grow: 0; margin-right: 14px; margin-left: 2px;\"><\/div>\n<div style=\"background-color: #f4f4f4; border-radius: 50%; height: 12.5px; width: 12.5px; transform: translateX(9px) translateY(-18px);\"><\/div>\n<\/div>\n<div style=\"margin-left: 8px;\">\n<div style=\"background-color: #f4f4f4; border-radius: 50%; flex-grow: 0; height: 20px; width: 20px;\"><\/div>\n<div style=\"width: 0; height: 0; border-top: 2px solid transparent; border-left: 6px solid #f4f4f4; border-bottom: 2px solid transparent; transform: translateX(16px) translateY(-4px) rotate(30deg);\"><\/div>\n<\/div>\n<div style=\"margin-left: auto;\">\n<div style=\"width: 0px; border-top: 8px solid #F4F4F4; border-right: 8px solid transparent; transform: translateY(16px);\"><\/div>\n<div style=\"background-color: #f4f4f4; flex-grow: 0; height: 12px; width: 16px; transform: translateY(-4px);\"><\/div>\n<div style=\"width: 0; height: 0; border-top: 8px solid #F4F4F4; border-left: 8px solid transparent; transform: translateY(-4px) translateX(8px);\"><\/div>\n<\/div>\n<\/div>\n<div style=\"display: flex; flex-direction: column; flex-grow: 1; justify-content: center; margin-bottom: 24px;\">\n<div style=\"background-color: #f4f4f4; border-radius: 4px; flex-grow: 0; height: 14px; margin-bottom: 6px; width: 224px;\"><\/div>\n<div style=\"background-color: #f4f4f4; border-radius: 4px; flex-grow: 0; height: 14px; width: 144px;\"><\/div>\n<\/div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p style=\"color: #c9c8cd; font-family: Arial,sans-serif; font-size: 14px; line-height: 17px; margin-bottom: 0; margin-top: 8px; overflow: hidden; padding: 8px 0 7px; text-align: center; text-overflow: ellipsis; white-space: nowrap;\"><a style=\"color: #c9c8cd; font-family: Arial,sans-serif; font-size: 14px; font-style: normal; font-weight: normal; line-height: 17px; text-decoration: none;\" href=\"https:\/\/www.instagram.com\/p\/C-ISYQ1OYxK\/?utm_source=ig_embed&amp;utm_campaign=loading\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">Une publication partag\u00e9e par Tyler Mislawchuk (@therealmislawchuk)<\/a><\/p>\n<\/div>\n<\/blockquote>\n<p>An engem <a href=\"https:\/\/www.instagram.com\/reel\/C-HTY50uPTT\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Interview<\/a>, dat op dem Instagram-Kont vum offizielle Kanal vun der kanadescher Olympiaekipp ausgestraalt gouf, an deem hien op seng Course zer\u00e9ckkuckt, seet hien och, dass hie s\u00e4i Briechen op d&#8217;Tatsaach zer\u00e9ckf\u00e9iert, dass hie &#8220;ganz vill Waasser geschl\u00e9ckt&#8221; an &#8220;e richteg gef\u00ebllte Mo hat&#8221;. Hie weist awer dorop hin, dass dat &#8220;n\u00e4ischt mat der Qualit\u00e9it&#8221; vum Waasser ze dinn hat.<\/p>\n<p>Befrot vun anere Faktencheck-Organisatiounen, w\u00e9i &#8220;<a href=\"https:\/\/www.lessurligneurs.eu\/paris-2024-le-triathlete-a-t-il-vomi-parce-que-la-seine-etait-polluee\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Les Surligneurs<\/a>&#8221; (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/84M2-EAQ4\">hei<\/a> archiv\u00e9iert) iwwer Rumeuren, d\u00e9i a Sozialen Netzwierker am \u00cbmlaf waren, d\u00e9i d\u00ebst Bild mat enger Kontaminatioun vum Seine-Waasser verbannen, hunn den Triathleet an och d\u00e9i kanadesch Olympiaekipp bestridden, dass et e Lien t\u00ebschent dem Bild, op deem den Athleet sech iwwerg\u00ebtt, an der Waasserqualit\u00e9it vun der Seine ze z\u00e9ien.<\/p>\n<p>Spezialisten hate Medien, w\u00e9i dem <a href=\"https:\/\/www.leparisien.fr\/jo-paris-2024\/jo-paris-2024-leau-de-la-seine-est-elle-responsable-des-vomissements-dun-triathlete-a-larrivee-01-08-2024-QYZKANTGEVBDZHWMZOK7TDE4BI.php\">Le Parisien<\/a> (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/929U-KWE3\">hei<\/a> archiv\u00e9iert), am Virfeld erkl\u00e4ert, dass et relativ \u00fcblech ass, dass sech Athleeten no groussen Ustrengungen iwwerginn.<\/p>\n<p>Belschen Athleet erkl\u00e4ert Forfait virum Mixed-Triathlon<\/p>\n<p>D\u00e9i falsch Titels\u00e4it huet och behaapt, dass &#8220;24 weider Athleeten nom Schwammen an der Seine hu misse medezinnesch versuergt ginn&#8221;.<\/p>\n<p>Aussoen, d\u00e9i vum Pierre Rabadan, dem stellvertriedende Buergermeeschter vu Par\u00e4is, dement\u00e9iert goufen. &#8220;Et g\u00ebtt am Moment keen direkte Lien t\u00ebschent der Seine an enger anerw\u00e4iteger Krankheet&#8221;, huet hien de 5. August 2024 <a href=\"https:\/\/www.linfodurable.fr\/seine-les-resultats-presentes-aux-triathletes-avant-la-course-de-lundi-cojo-46449#:~:text=%22Il%20n'y%20a%20pas,gliss%C3%A9%20sans%20plus%20de%20pr%C3%A9cisions.\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">vers\u00e9chert<\/a> (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/ZXF4-QAHY\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>D\u00ebs onbegr\u00ebnnt Behaaptunge koumen op, well eng belsch Triathleetin, d&#8217;Claire Michel, d\u00e9i d\u00e9i 38. Plaz am Fraen-Triathlon beluecht huet, um Virowend vun der Mixed-Kompetitioun w\u00e9inst enger &#8220;Krankheet&#8221; Forfait erkl\u00e4ert hat, w\u00e9i et an engem <a href=\"https:\/\/www.teambelgium.be\/fr\/nouvelles\/update-belgian-hammers-jo-paris-2024\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Communiqu\u00e9<\/a> vum Belschen Olympesche Comit\u00e9 (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/ZH67-P7K8\">hei<\/a> archiv\u00e9iert) housch.<\/p>\n<p>Rumeuren\u00a0hu behaapt, dass d&#8217;Sportlerin e puer Deeg an der Klinick verbruecht h\u00e4tt. D\u00ebs Rumeuren, d\u00e9i virun allem op <a href=\"https:\/\/www.francetvinfo.fr\/les-jeux-olympiques\/triathlon\/triathlon-aux-jo-de-paris-2024-la-baignabilite-de-la-seine-hors-de-cause-dans-l-etat-de-sante-des-triathletes-suisses-pas-d-hospitalisation-pour-la-belge-claire-michel_6707628.html\">Franceinfo<\/a> (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8YLV-AUVZ\">hei<\/a> archiv\u00e9iert) verbreet an uschl\u00e9issend dement\u00e9iert goufen,waren och no der Annonce vum Forfait nach am \u00cbmlaf.<\/p>\n<p>Nieft der belscher Sportlerin hunn eng Rei Triathleeten vu Moproblemer bericht, ouni en Zesummenhang mam Schwammen an der Seine hierzestellen.<\/p>\n<p>&#8220;Et g\u00ebtt och vill aner Athleeten, d\u00e9i am Duerf krank sinn an net an der Seine geschwomme sinn, an dovu g\u00ebtt manner geschwat&#8221;, sot de Rabadan.<\/p>\n<p>W\u00e9i d&#8217;AFP an d\u00ebsem fr\u00e9ieren Artikel beschriwwen huet, ginn d&#8217;Indicateure fir d&#8217;Konzentratioun vu best\u00ebmmte Bakteerie reegelm\u00e9isseg iwwerpr\u00e9ift, fir festzestellen, ob d&#8217;Waasser &#8220;schwammbar&#8221; ass. Z\u00ebnter 2006 leet eng <a href=\"https:\/\/eur-lex.europa.eu\/FR\/legal-content\/summary\/bathing-water-quality.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Direktiv vun der Europ\u00e4escher Unioun<\/a> (EU) Grenzw\u00e4erter fir zwee Bakteerien (Escherichia coli an intestinal Enterokokken) fest, ab deenen e Waasser net propper genuch fir ze schwammen oder bueden ass.<\/p>\n<p>D&#8217;Pollutiounstauxe k\u00ebnnen och jee no Miessplaz a Wieder vari\u00e9ieren. Fir d&#8217;Seine zum Beispill ka bei staarkem Reen onbehandelt Waasser &#8211; eng M\u00ebschung aus Reen an Ofwaasser &#8211; an de Floss geroden.<\/p>\n<p>Aus d\u00ebsem Grond musst d&#8217;Triathlon-Kompetitioun vun de M\u00e4nner \u00ebm 24 Stonne verr\u00e9ckelt ginn, genee w\u00e9i eng Rei Trainingseenheeten, well d&#8217;Waasser vun der Seine net propper genuch fir ze schwamme war. D&#8217;Organisateuren haten d\u00ebs Eenheete aus &#8220;gesondheetleche Gr\u00ebnn&#8221; verr\u00e9ckelt.<\/p>\n<p>De W\u00e4ert vu Bakteerien, d\u00e9i &#8220;op e puer Plaze&#8221; vun der Streck gemooss gi waren, louche virun der Course, d\u00e9i eigentlech fir den 30. Juli ugesat war an op den Dag duerno verr\u00e9ckelt gouf, &#8220;nach iwwer den akzeptabele Grenzw\u00e4erter&#8221;, w\u00e9i den Organisatiounscomit\u00e9 an de Verband World Triathlon matgedeelt haten.<\/p>\n<p>Dat hat zu Kritik vun enger R\u00ebtsch Athleete gef\u00e9iert: &#8220;Wann d&#8217;Gesondheet vun den Athleete Priorit\u00e9it h\u00e4tt, da w\u00e4r d&#8217;Course op l\u00e4ngst op eng aner Plaz verluecht ginn. Mir si just Marionetten&#8221;, hat de belschen Triathleet Marten van Riel, Olympia-V\u00e9ierte vun Tokio 2021, nom Verr\u00e9ckelen w\u00ebsse gedoen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/82cb70efbb577281e45c4306df8b9131.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>W\u00e9i d&#8217;AFP an d\u00ebsem viregten Artikel ausgef\u00e9iert hat, sinn d&#8217;<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.34UD6BG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Olympesch Spiller ganz g\u00e4r en Zil fir Informatiounsattacken<\/a> a Form vun Desinformatiounen, d\u00e9i Frankr\u00e4ich diskredit\u00e9iere sollen.<\/p>\n<p>Dat laangfristegt Zil vun der ausl\u00e4nnescher Manipulatioun ass d&#8217;Spl\u00e9cke vu Gesellschaften, fir westlech L\u00e4nner ze schw\u00e4chen an d&#8217;Vertraue vun de M\u00ebnschen an hir Institutiounen ze \u00ebnnergruewen. Se dr\u00e9cken op oppe Wonnen, Spannungsfelder, fir d&#8217;Tensioun ze erh\u00e9ijen.<\/p>\n<p>&#8220;Et geet duer, wann d&#8217;Desinformatiounsmaschinn erausf\u00ebnnt, wat fir ee vun d\u00ebse Problemer an der \u00ebffentlecher Debatt am meeschten Opmierksamkeet f\u00ebnnt, fir dann nach m\u00e9i Ueleg an d&#8217;Feier ze sch\u00ebdden an eis ze spl\u00e9cken&#8221;, huet Enn Mee d&#8217;Vera Jourova, d&#8217;EU-Kommiss\u00e4rin fir W\u00e4erter an Transparenz, an engem <a href=\"https:\/\/www.liberation.fr\/international\/europe\/elections-et-ingerences-russes-nous-sommes-constamment-attaques-et-ce-nest-pas-etre-paranoiaque-que-de-le-dire-20240529_HKOFAXE7CJHWBKKO7T36IJCP6A\/?utm_medium=Social&amp;xtor=CS7-51-&amp;utm_source=Twitter#Echobox=1716984866\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Interview mat der &#8220;Lib\u00e9ration&#8221;<\/a> resum\u00e9iert (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/PR6T-WSV2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>An d\u00ebsem Fall ass de Sujet Schwammen an der Seine e perfekt Beispill fir en Evenement, dat an der \u00cbffentlechkeet vill diskut\u00e9iert gouf an eescht Froen opw\u00ebrft, d\u00e9i liicht als Grondlag fir Desinformatioun benotzt k\u00ebnne ginn.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>D&#8217;Kompetitioune vum Triathlon goufe bei den Olympesche Spiller zu Par\u00e4is an der Seine ofgehalen; no M\u00e9int vun der Ongew\u00ebssheet iwwer d&#8217;Waasserqualit\u00e9it sinn d\u00ebs elo gutt verlaf. An d\u00ebsem Zesummenhang gouf eng gef\u00e4lscht Titels\u00e4it vun der frans\u00e9ischer Dageszeitung &#8220;Lib\u00e9ration&#8221; mat Biller vun engem Triathleet verbreet. Op d\u00ebse Biller, d\u00e9i aus dem Kontext gerappt goufen,ges\u00e4it een e Participant, dee sech no der Kompetitioun iwwerg\u00ebtt, wat an de Sozialen Netzwierker zu der Behaaptung gef\u00e9iert huet, dass &#8220;25 Athleete&#8221; w\u00e9inst der schlechter Waasserqualit\u00e9it medezinnesch behandelt h\u00e4tte misse ginn. Et handelt sech awer \u00ebm eng Manipulatioun, d\u00e9i d&#8217;Cod\u00eb vu fr\u00e9ieren Desinformatiounscampagnen am Zesummenhang mat der Organisatioun vun de Spiller opgr\u00e4ift. De kanadeschen Triathleet, deen op der Foto ze gesinn ass, huet uginn, sech w\u00e9inst senger grousser Ustrengung iwwerginn ze hunn an et h\u00e4tt n\u00e4ischt mam Waasser an der Seine ze di gehat.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":352982,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[189,183,193],"tags":[],"class_list":{"0":"post-353002","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-emwelt","8":"category-fact-check-lb","9":"category-gesellschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2221090","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2221090.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Falsch Titels\u00e4it vun der Zeitung Lib\u00e9ration iwwer Waasserqualit\u00e9it vun der Seine - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Falsch Titels\u00e4it vun der Zeitung Lib\u00e9ration iwwer Waasserqualit\u00e9it vun der Seine - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"D&#039;Kompetitioune vum Triathlon goufe bei den Olympesche Spiller zu Par\u00e4is an der Seine ofgehalen; no M\u00e9int vun der Ongew\u00ebssheet iwwer d&#039;Waasserqualit\u00e9it sinn d\u00ebs elo gutt verlaf. An d\u00ebsem Zesummenhang gouf eng gef\u00e4lscht Titels\u00e4it vun der frans\u00e9ischer Dageszeitung &quot;Lib\u00e9ration&quot; mat Biller vun engem Triathleet verbreet. Op d\u00ebse Biller, d\u00e9i aus dem Kontext gerappt goufen,ges\u00e4it een e Participant, dee sech no der Kompetitioun iwwerg\u00ebtt, wat an de Sozialen Netzwierker zu der Behaaptung gef\u00e9iert huet, dass &quot;25 Athleete&quot; w\u00e9inst der schlechter Waasserqualit\u00e9it medezinnesch behandelt h\u00e4tte misse ginn. Et handelt sech awer \u00ebm eng Manipulatioun, d\u00e9i d&#039;Cod\u00eb vu fr\u00e9ieren Desinformatiounscampagnen am Zesummenhang mat der Organisatioun vun de Spiller opgr\u00e4ift. De kanadeschen Triathleet, deen op der Foto ze gesinn ass, huet uginn, sech w\u00e9inst senger grousser Ustrengung iwwerginn ze hunn an et h\u00e4tt n\u00e4ischt mam Waasser an der Seine ze di gehat.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-08-11T13:00:45+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-08-19T08:49:26+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/5e8302e20486c393ce1de80bb5a7f39b.png\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"540\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/png\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"9 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Falsch Titels\u00e4it vun der Zeitung Lib\u00e9ration iwwer Waasserqualit\u00e9it vun der Seine\",\"datePublished\":\"2024-08-11T13:00:45+00:00\",\"dateModified\":\"2024-08-19T08:49:26+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/\"},\"wordCount\":2033,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/5e8302e20486c393ce1de80bb5a7f39b.png\",\"articleSection\":[\"\u00cbmwelt\",\"Fact Check\",\"Gesellschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/\",\"name\":\"Faktencheck: Falsch Titels\u00e4it vun der Zeitung Lib\u00e9ration iwwer Waasserqualit\u00e9it vun der Seine - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/5e8302e20486c393ce1de80bb5a7f39b.png\",\"datePublished\":\"2024-08-11T13:00:45+00:00\",\"dateModified\":\"2024-08-19T08:49:26+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/5e8302e20486c393ce1de80bb5a7f39b.png\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/5e8302e20486c393ce1de80bb5a7f39b.png\",\"width\":1080,\"height\":540,\"caption\":\"Faktencheck: Falsch Titels\u00e4it vun der Zeitung Lib\u00e9ration iwwer Waasserqualit\u00e9it vun der Seine - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Falsch Titels\u00e4it vun der Zeitung Lib\u00e9ration iwwer Waasserqualit\u00e9it vun der Seine\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Falsch Titels\u00e4it vun der Zeitung Lib\u00e9ration iwwer Waasserqualit\u00e9it vun der Seine - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Falsch Titels\u00e4it vun der Zeitung Lib\u00e9ration iwwer Waasserqualit\u00e9it vun der Seine - EDMO Belux","og_description":"D'Kompetitioune vum Triathlon goufe bei den Olympesche Spiller zu Par\u00e4is an der Seine ofgehalen; no M\u00e9int vun der Ongew\u00ebssheet iwwer d'Waasserqualit\u00e9it sinn d\u00ebs elo gutt verlaf. An d\u00ebsem Zesummenhang gouf eng gef\u00e4lscht Titels\u00e4it vun der frans\u00e9ischer Dageszeitung \"Lib\u00e9ration\" mat Biller vun engem Triathleet verbreet. Op d\u00ebse Biller, d\u00e9i aus dem Kontext gerappt goufen,ges\u00e4it een e Participant, dee sech no der Kompetitioun iwwerg\u00ebtt, wat an de Sozialen Netzwierker zu der Behaaptung gef\u00e9iert huet, dass \"25 Athleete\" w\u00e9inst der schlechter Waasserqualit\u00e9it medezinnesch behandelt h\u00e4tte misse ginn. Et handelt sech awer \u00ebm eng Manipulatioun, d\u00e9i d'Cod\u00eb vu fr\u00e9ieren Desinformatiounscampagnen am Zesummenhang mat der Organisatioun vun de Spiller opgr\u00e4ift. De kanadeschen Triathleet, deen op der Foto ze gesinn ass, huet uginn, sech w\u00e9inst senger grousser Ustrengung iwwerginn ze hunn an et h\u00e4tt n\u00e4ischt mam Waasser an der Seine ze di gehat.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-08-11T13:00:45+00:00","article_modified_time":"2024-08-19T08:49:26+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":540,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/5e8302e20486c393ce1de80bb5a7f39b.png","type":"image\/png"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"9 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Falsch Titels\u00e4it vun der Zeitung Lib\u00e9ration iwwer Waasserqualit\u00e9it vun der Seine","datePublished":"2024-08-11T13:00:45+00:00","dateModified":"2024-08-19T08:49:26+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/"},"wordCount":2033,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/5e8302e20486c393ce1de80bb5a7f39b.png","articleSection":["\u00cbmwelt","Fact Check","Gesellschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/","name":"Faktencheck: Falsch Titels\u00e4it vun der Zeitung Lib\u00e9ration iwwer Waasserqualit\u00e9it vun der Seine - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/5e8302e20486c393ce1de80bb5a7f39b.png","datePublished":"2024-08-11T13:00:45+00:00","dateModified":"2024-08-19T08:49:26+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/5e8302e20486c393ce1de80bb5a7f39b.png","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/5e8302e20486c393ce1de80bb5a7f39b.png","width":1080,"height":540,"caption":"Faktencheck: Falsch Titels\u00e4it vun der Zeitung Lib\u00e9ration iwwer Waasserqualit\u00e9it vun der Seine - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-titelsit-vun-der-zeitung-libration-iwwer-waasserqualitit-vun-der-seine\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Falsch Titels\u00e4it vun der Zeitung Lib\u00e9ration iwwer Waasserqualit\u00e9it vun der Seine"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/353002","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=353002"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/353002\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/352982"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=353002"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=353002"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=353002"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}