{"id":355821,"date":"2024-08-25T13:07:32","date_gmt":"2024-08-25T13:07:32","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=355821"},"modified":"2024-08-28T14:48:55","modified_gmt":"2024-08-28T14:48:55","slug":"faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Rekordh\u00ebtzt am Joer 2024 k\u00ebnnt net duerch e Vulkanausbroch"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>De Summer 2024 huet elo schonn eng Rei H\u00ebtztrekorder opgestallt. Am Internet g\u00ebtt behaapt, dass e Vulkanausbroch bei Tonga am Joer 2022 d&#8217;Ursaach fir d\u00e9i h\u00e9ich Temperature w\u00e4r. Dat ass awer ierf\u00e9ierend, w\u00e9i Experte g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert hunn.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Vulkanausbr\u00e9ch k\u00ebnnen zwar fir kuerz Z\u00e4it souwuel fir Erwiermung w\u00e9i och fir Ofkillung suergen. Mee d\u00e9i laangfristeg global Temperaturver\u00e4nnerunge ginn op den Ausstouss vun Z\u00e4regasen duerch de M\u00ebnsch zer\u00e9ck.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">&#8220;Firwat hu mir an de leschte M\u00e9int esou vill H\u00ebtzt op dem Plan\u00e9it &#8211; d\u00ebs \u00c4ntwert ass ee vun de Sch\u00ebllegen: De groussen Tonga-Ausbroch vum 15. Januar 2022&#8221;, heescht et an engem\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/FY5S-P2R7?type=standard\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-B\u00e4itrag<\/a> vum 18. Februar 2024. &#8220;146 Milliounen Tonne Waasser aus dem Pazifik goufen an d\u00e9i iewescht Atmosph\u00e4r gepresst&#8221;, heescht et weider am Post. D\u00ebse Waasserdamp g\u00e9if elo &#8220;15 Prozent vun de Gasen&#8221; ausmaachen, &#8220;aus deenen d&#8217;Atmosph\u00e4r besteet, a si soumat gr\u00e9isstendeels fir d&#8217;H\u00ebtzt responsabel, \u00ebnnert d\u00e4r mir elo a Form vun engem extreem waarme Klima leiden.&#8221;<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">D&#8217;Behaaptung gouf nieft <a href=\"https:\/\/perma.cc\/V3KS-PHN3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a> och op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/87DM-DU5W\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/SD9L-4ERN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Youtube<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/V87N-2YLC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Instagram<\/a> gedeelt souw\u00e9i op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/JL8S-ZM5V\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Englesch<\/a> w\u00e4it verbreet.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/bd56a7b5a17136616a38127caac8645e.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;Joer 2024 huet elo schonn eng Rei H\u00ebtztrekorder opgestallt. De Juni 2024 war den Donn\u00e9e\u00eb vum europ\u00e4eschen \u00c4erdobservatiounsprogramm <a href=\"https:\/\/perma.cc\/V7K3-WW22\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Copernicus<\/a> no den 13. Mount hannerteneen, deen all d&#8217;Temperaturrekorder gebrach huet. A Sozialen Netzwierker ware scho vill Behaaptungen am \u00cbmlaf, d\u00e9i versichen, d&#8217;<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.367L6K4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Auswierkunge<\/a> vun den extreemen Temperaturen ze relativ\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Fir d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/E9SD-BWXC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">H\u00ebtztanomali\u00eb<\/a> vun de Joren 2023 an 2024 besser ze verstoen, hu W\u00ebssenschaftlerinnen a W\u00ebssenschaftler eng Rei Naturphenomeener vun de vergaangene Joren \u00ebnnersicht &#8211; dor\u00ebnner den Ausbroch vum \u00cbnnerwaasservulkan bei Tonga aus dem Joer 2022 an e staarken <a href=\"https:\/\/perma.cc\/CFV7-APMF\">El-Ni\u00f1o-Wiederzyklus<\/a>.<\/p>\n<p>Aussergew\u00e9inleche Vulkanausbroch<\/p>\n<p>Am Januar 2022 war am S\u00fcdpazifik den \u00cbnnerwaasservulkan <a href=\"https:\/\/volcano.si.edu\/volcano.cfm?vn=243040\">Hunga Tonga-Hunga Ha&#8217;apai<\/a> mat enger Kraaft <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20231031114750\/https:\/\/www.geo.de\/natur\/tonga-vulkan-loeste-unterwasserlawine-aus---und-zerstoerte-unterseekabel-33807164.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ausgebrach<\/a>, d\u00e9i honnerte vun Atombommen entspr\u00e9cht. D&#8217;Eruptioun &#8211; neis\u00e9il\u00e4nnesche Fuerscher no d\u00e9i <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20231031114954\/https:\/\/www.france24.com\/en\/live-news\/20221121-like-a-shotgun-tongan-eruption-is-largest-ever-recorded\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">gr\u00e9isst<\/a>, d\u00e9i jeemools gemooss gouf &#8211; huet Gasen an Aerosolen iwwer 50 Kilometer an d&#8217;H\u00e9icht geschleidert. Se huet och d\u00e9i s\u00e9ierst \u00cbnnerwaasserstr\u00e9imungen ausgel\u00e9ist, d\u00e9i jee registr\u00e9iert goufen, souw\u00e9i e 15 Meter h\u00e9ijen Tsunami, deen Haiser zerst\u00e9iert an op d&#8217;mannst dr\u00e4i M\u00ebnschen d&#8217;Liewe kascht huet.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/5317378dc330ff9af2b17deb79898356.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Vulkanausbr\u00e9ch k\u00ebnnen effektiv z\u00e4itweileg <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2H7Y-NVF3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">d&#8217;Klima beaflossen<\/a>, w\u00e9i w\u00ebssenschaftlech Et\u00fcden nogewisen hunn. Och den Ausbroch vun Tonga hat <a href=\"https:\/\/perma.cc\/V4YW-D5A5\">Reaktiounen<\/a> ausgel\u00e9ist, d\u00e9i abl\u00e9cklech w\u00ebssenschaftlech \u00ebnnersicht ginn. Experten hunn der AFP g\u00e9intiwwer der Behaaptung awer widdersprach, dass \u00cbnnerwaasservulkaner maassgeeblech fir d\u00e9i zouhuelend \u00c4erderwiermung responsabel w\u00e4ren.<\/p>\n<p>Den Ausbroch vum Hunga Tonga-Hunga Ha&#8217;apai &#8220;war net fir d\u00e9i j\u00e9ngst Rekord-Erwiermung responsabel&#8221;, sot den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/LD3G-HCGB\">Alan Robock<\/a>, Professer op der amerikanescher Rutgers University zu New Jersey, de 26. Juli 2024 g\u00e9intiwwer der AFP. Dem Robock no ergoufe <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240727211913\/https:\/\/agupubs.onlinelibrary.wiley.com\/doi\/10.1029\/2024JD041296\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">lafend w\u00ebssenschaftlech Untersuchunge<\/a> vun enger Ekipp vun der texanescher A&amp;M University an der NASA, dass de Vulkanausbroch dat globaalt Klima minimal ofgekillt h\u00e4tt.<\/p>\n<p>De Robock huet erkl\u00e4ert, dass den Ausbroch zwar &#8220;eng grouss Quantit\u00e9it Waasserdamp an d&#8217;Stratosph\u00e4r bruecht huet, wat eigentlech eng Erwiermung ausl\u00e9ise g\u00e9if&#8221;, awer och &#8220;eng kleng Quantit\u00e9it Schwiefeldioxid emitt\u00e9iert huet, dee Sulfatpartikele gebilt huet, d\u00e9i d&#8217;Sonneliicht reflekt\u00e9iert an eng Ofkillung ausgel\u00e9ist hunn&#8221;. M\u00e9i nei Fuerschungen hunn deemno gewisen, &#8220;dass sech d\u00ebs Effekter bal ophiewen, awer dass den Effekt vum Sulfat e b\u00ebsse m\u00e9i grouss war an eng Ofkillung ausgel\u00e9ist huet&#8221;.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Liicht &#8220;Nettoofkillung&#8221;<\/p>\n<p>Fr\u00e9ier Analyse vun enger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/ZLR2-MAHA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">NASA-Ekipp<\/a> hate fir d&#8217;\u00e9ischt dorop higedeit, dass d&#8217;Eruptioun zur <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240816140915\/https:\/\/agupubs.onlinelibrary.wiley.com\/doi\/full\/10.1029\/2022GL099381\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Erwiermung vun der \u00c4erd<\/a> b\u00e4idroe g\u00e9if, well riseg Quantit\u00e9iten un iwwersch\u00ebssegem Waasserdamp an d&#8217;Atmosph\u00e4r a Stratosph\u00e4r gerode w\u00e4ren.<\/p>\n<p>Am September 2023 koum eng gemeinsam <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240816141142\/https:\/\/agupubs.onlinelibrary.wiley.com\/doi\/full\/10.1029\/2023GL104634\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">weiderf\u00e9ierend Et\u00fcd<\/a> vu W\u00ebssenschaftler vun der texanescher A&amp;M University an der NASA awer zur g\u00e9igendeeleger Konklusioun: Den zous\u00e4tzleche Waasserdamp an der Stratosph\u00e4r g\u00e9if deemno fir eng m\u00e9i staark Ofschw\u00e4chung vun der Sonnenastralung suergen. D&#8217;Sonneliicht g\u00e9if vun de Waasserdamp-Aerosole schonn an der Stratosph\u00e4r block\u00e9iert, d&#8217;Atmosph\u00e4r g\u00e9if ofkillen, soudass et op der S\u00fcdhallefkugel vun der \u00c4erd zu enger &#8220;liichter Nettoofkillung&#8221; komme k\u00e9int.<\/p>\n<p>E weideren Artikel vun der A&amp;M University a vun der NASA vum Juli 2024 huet <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240816141759\/https:\/\/agupubs.onlinelibrary.wiley.com\/doi\/10.1029\/2024JD041296\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">d\u00ebs Erkenntnisser confirm\u00e9iert<\/a>. D&#8217;Auteuren hu geschriwwen: &#8220;Eis Resultater weisen, dass et z\u00ebnter dem Ausbroch vum Hunga-Vulkan zu enger globaler Nettoofkillung koum. Eenzeg Ausnam vun d\u00ebsem Trend ass den Z\u00e4itraum vu Januar bis Februar 2022 direkt nom Ausbroch. Deemools hat de wiermenden Effekt vum Waasserdamp s\u00e4in H\u00e9ichpunkt erreecht, \u00e9ier sech de gr\u00e9issten Deel vum Aerosolmantel gebilt hat.&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;D&#8217;Fuerschungsekipp widderleet eendeiteg, dass de Vulkanausbroch en Haaptfaktor fir d\u00e9i j\u00e9ngst Erwiermung duerstellt. Domat \u00ebnnermauert se de Standpunkt, dass d\u00e9i vum M\u00ebnsch ausgel\u00e9ist Z\u00e4regasemissiounen d&#8217;Haaptursaach vum Klimawandel sinn&#8221;, sot de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5EY9-UJYN\">Grant Hawkins<\/a>, Spriecher vun der A&amp;M University, den 31. Juli 2024 g\u00e9intiwwer der AFP. &#8220;Ugesiichts der unhalender Debatt a Feelinformatiounen iwwer d&#8217;Ursaache vun der globaler Erwiermung sinn d\u00ebs Resultater besonnesch wichteg.&#8221;<\/p>\n<p>Emissioune vu M\u00ebnschen a Vulkaner<\/p>\n<p>D&#8217;Emissiounen, d\u00e9i mam Vulkanausbroch verbonne sinn, hunn der Usiicht vu W\u00ebssenschaftler no nohalteg Auswierkungen. De <a href=\"https:\/\/perma.cc\/WZ2G-85Q6\">Christoph Kern<\/a>, Physiker am USGS Vulkanw\u00ebssenschaftszentrum zu Washington, sot de 26. Juli 2024 g\u00e9intiwwer der AFP, dass de bei engem Vulkanausbroch fr\u00e4igesaten CO2 joerz\u00e9ngtelaang an der Atmosph\u00e4r verbl\u00e9if. &#8220;Awer w\u00e4rend den Taux vun der CO2-Fr\u00e4isetzung bei immens grousse Vulkanausbr\u00e9ch kuerzz\u00e4iteg\u00a0 den anthropogeenen Emissiounstaux erreeche kann, daueren esou Ausbr\u00e9ch just Stonnen, w\u00e4rend d&#8217;anthropogeen Emissioune kontinu\u00e9ierlech weiderginn. Am Duerchschn\u00ebtt droe Vulkaner dohier just ongef\u00e9ier 1 Prozent zum gesamten atmosph\u00e4reschen CO2-Floss pro Joer b\u00e4i&#8221;, huet de Kern ausgef\u00e9iert.<\/p>\n<p>Vulkaner an aner &#8220;magmatesch aktiv Regioune&#8221; setzen t\u00ebschent <a href=\"https:\/\/perma.cc\/LL9G-ZSHD?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">280 bis 360 Millioiunen Tonne Kuelestoffdioxid<\/a> pro Joer fr\u00e4i, w\u00e9i eng Ekipp vum Fuerschungsprojet <a href=\"https:\/\/perma.cc\/MU32-NDSH\">Deep Carbon Observatory<\/a> zu Par\u00e4is erausfonnt huet. Am G\u00e9igesaz dozou hunn d\u00e9i vum M\u00ebnsch ausgel\u00e9ist Aktivit\u00e9iten den Donn\u00e9e\u00eb vun der Internationaler Energieagence no eleng am Joer 2023 en <a href=\"https:\/\/perma.cc\/UM2V-ZU6X\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">neie Rekordw\u00e4ert<\/a> vu 37,4 Milliarden Tonne Kuelestoffdioxid erreecht.<\/p>\n<p>De Weltklimarot (IPCC) huet d&#8217;Auswierkunge vun de vum M\u00ebnsch fr\u00e4igesaten CO2-Emissiounen an aneren Z\u00e4regasen op d&#8217;Klima \u00ebmfaassend <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Z3HV-RVXH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">dokument\u00e9iert<\/a>.<\/p>\n<p>Alleguer d&#8217;Faktenchecken zum Sujet Klima vun der AFP fannt Dir <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/list\/Klima\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> Vulkanausbr\u00e9ch k\u00ebnnen zwar e klengen Afloss op dat globaalt Klima hunn, mee se droen net maassgeeblech zur \u00c4erderwiermung b\u00e4i. Och d\u00e9i massiv Eruptioun vum \u00cbnnerwaasservulkan bei Tonga am Joer 2022 ass net fir d&#8217;H\u00ebtztrekorder vum Joer 2024 responsabel. Amplaz si m\u00ebnschlech Emissioune vun Z\u00e4regase w\u00e9i CO2 d\u00e9i haapts\u00e4chlech Ursaach, w\u00e9i Experten erkl\u00e4ert hunn.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>De Summer 2024 huet elo schonn eng Rei H\u00ebtztrekorder opgestallt. Am Internet g\u00ebtt behaapt, dass e Vulkanausbroch bei Tonga am Joer 2022 d&#8217;Ursaach fir d\u00e9i h\u00e9ich Temperature w\u00e4r. Dat ass awer ierf\u00e9ierend, w\u00e9i Experte g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert hunn.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":355806,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[189,183,192],"tags":[],"class_list":{"0":"post-355821","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-emwelt","8":"category-fact-check-lb","9":"category-wessenschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2225331","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2225331.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Rekordh\u00ebtzt am Joer 2024 k\u00ebnnt net duerch e Vulkanausbroch - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Rekordh\u00ebtzt am Joer 2024 k\u00ebnnt net duerch e Vulkanausbroch - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"De Summer 2024 huet elo schonn eng Rei H\u00ebtztrekorder opgestallt. Am Internet g\u00ebtt behaapt, dass e Vulkanausbroch bei Tonga am Joer 2022 d&#039;Ursaach fir d\u00e9i h\u00e9ich Temperature w\u00e4r. Dat ass awer ierf\u00e9ierend, w\u00e9i Experte g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert hunn.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-08-25T13:07:32+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-08-28T14:48:55+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/b71f7d91fc740be73a263a7cd4c3ae5d.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1024\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"576\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"5 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Rekordh\u00ebtzt am Joer 2024 k\u00ebnnt net duerch e Vulkanausbroch\",\"datePublished\":\"2024-08-25T13:07:32+00:00\",\"dateModified\":\"2024-08-28T14:48:55+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/\"},\"wordCount\":1190,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/b71f7d91fc740be73a263a7cd4c3ae5d.jpeg\",\"articleSection\":[\"\u00cbmwelt\",\"Fact Check\",\"W\u00ebssenschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/\",\"name\":\"Faktencheck: Rekordh\u00ebtzt am Joer 2024 k\u00ebnnt net duerch e Vulkanausbroch - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/b71f7d91fc740be73a263a7cd4c3ae5d.jpeg\",\"datePublished\":\"2024-08-25T13:07:32+00:00\",\"dateModified\":\"2024-08-28T14:48:55+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/b71f7d91fc740be73a263a7cd4c3ae5d.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/b71f7d91fc740be73a263a7cd4c3ae5d.jpeg\",\"width\":1024,\"height\":576,\"caption\":\"Faktencheck: Rekordh\u00ebtzt am Joer 2024 k\u00ebnnt net duerch e Vulkanausbroch - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Rekordh\u00ebtzt am Joer 2024 k\u00ebnnt net duerch e Vulkanausbroch\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Rekordh\u00ebtzt am Joer 2024 k\u00ebnnt net duerch e Vulkanausbroch - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Rekordh\u00ebtzt am Joer 2024 k\u00ebnnt net duerch e Vulkanausbroch - EDMO Belux","og_description":"De Summer 2024 huet elo schonn eng Rei H\u00ebtztrekorder opgestallt. Am Internet g\u00ebtt behaapt, dass e Vulkanausbroch bei Tonga am Joer 2022 d'Ursaach fir d\u00e9i h\u00e9ich Temperature w\u00e4r. Dat ass awer ierf\u00e9ierend, w\u00e9i Experte g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert hunn.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-08-25T13:07:32+00:00","article_modified_time":"2024-08-28T14:48:55+00:00","og_image":[{"width":1024,"height":576,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/b71f7d91fc740be73a263a7cd4c3ae5d.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"5 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Rekordh\u00ebtzt am Joer 2024 k\u00ebnnt net duerch e Vulkanausbroch","datePublished":"2024-08-25T13:07:32+00:00","dateModified":"2024-08-28T14:48:55+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/"},"wordCount":1190,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/b71f7d91fc740be73a263a7cd4c3ae5d.jpeg","articleSection":["\u00cbmwelt","Fact Check","W\u00ebssenschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/","name":"Faktencheck: Rekordh\u00ebtzt am Joer 2024 k\u00ebnnt net duerch e Vulkanausbroch - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/b71f7d91fc740be73a263a7cd4c3ae5d.jpeg","datePublished":"2024-08-25T13:07:32+00:00","dateModified":"2024-08-28T14:48:55+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/b71f7d91fc740be73a263a7cd4c3ae5d.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/08\/b71f7d91fc740be73a263a7cd4c3ae5d.jpeg","width":1024,"height":576,"caption":"Faktencheck: Rekordh\u00ebtzt am Joer 2024 k\u00ebnnt net duerch e Vulkanausbroch - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rekordhtzt-am-joer-2024-knnt-net-duerch-e-vulkanausbroch\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Rekordh\u00ebtzt am Joer 2024 k\u00ebnnt net duerch e Vulkanausbroch"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/355821","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=355821"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/355821\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/355806"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=355821"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=355821"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=355821"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}