{"id":358693,"date":"2024-09-11T09:00:33","date_gmt":"2024-09-11T09:00:33","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=358693"},"modified":"2024-09-10T14:43:54","modified_gmt":"2024-09-10T14:43:54","slug":"faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Mpox-Virus ass keng Niewewierkung vun enger Covid-Impfung"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Iwwer d&#8217;Viruserkrankung Mpox sinn eng R\u00ebtsch Falschinformatiounen an de Sozialen Netzwierker am \u00cbmlaf.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Dacks ginn dob\u00e4i ierf\u00e9ierend Parallelle mat der Covid-19-Pandemie gezunn. Am Internet ass elo en ale Video vun engem Dokter mat der Behaaptung opgedaucht, d&#8217;Symptomer vun Mpox w\u00e4ren identesch mat d\u00e4r vu G\u00fcrtelrous, enger Herpes-Erkrankung. Mpox wier ausserdeem eng Niewewierkung vu Covid-Impfungen.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Mee w\u00e9i medezinesch Expertinnen an Experten erkl\u00e4ert hunn, ass Mpox eng z\u00ebnter iwwer 50 Joer bekannt Infektiounskrankheet, d\u00e9i laang virun der Covid-Pandemie virkoum. Ausserdeem ass den Dokter am Video, dee krus\u00e9iert, an der Vergaangenheet schonn dacks duerch Feelinformatiounen iwwer Coronavirussen opgefall.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">&#8220;Dr. Wolfgang Wodarg: &#8216;Afepouke sinn Niewewierkung vu Corona-Impfung'&#8221;, heescht et an engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/GW88-MVRE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-B\u00e4itrag<\/a> vum 17. August 2024, deen e Link zu <a href=\"https:\/\/perma.cc\/FEW9-U3UW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">engem Video<\/a> mam selwechten Titel deelt. &#8220;Doktere missten dat typescht Krankheetsbild vun den angeeblechen Afepouken als Herpes Zoster erkennen&#8221;, steet weider am Post.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">An dem ronn eng Minutt laange Video, deen de Logo &#8220;AUF1&#8221; am ieweschte\u00a0rietsen Eck weist, g\u00ebtt de Wodarg als &#8220;Fachdokter fir Longen a Sozialpolitiker&#8221; virgestallt.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">B\u00e4itr\u00e4g mat \u00e4nlechem Contenu goufen op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/44RB-VC2U?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a> \u00ebmmer nees verbreet a sinn och op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3UEA-TPHE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Threads<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5KAR-2Q5T\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2QYF-E439\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">YouTube<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7ZLN-YNQZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram<\/a> am \u00cbmlaf. De Video g\u00ebtt och an anere Sproochen, w\u00e9i <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Z4UN-F74B\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Frans\u00e9isch<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/39HP-GLSH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Griichesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/F9TC-QR8M\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Japanesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9AW2-3RCK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Spuenesch<\/a> a <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240819195238\/https:\/\/www.facebook.com\/plugins\/post.php?href=https%3A%2F%2Fwww.facebook.com%2Fmarisa.limaviana%2Fposts%2F8073101012775379&amp;show_text=true&amp;width=500\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Portugisesch<\/a>, vun Notzer gedeelt. Do war de B\u00e4itrag dann iwwersat, mee deelweis huet een och den d\u00e4itschsproochege B\u00e4itrag mam Wodarg gedeelt.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/09\/802d393bc5aae1736b1620bddfb7103b.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p><span data-mce-annotation=\"tinycomments\" data-mce-annotation-uid=\"mce-conversation_68580384571724399103446\">D&#8217;Falschbehaaptung ass M\u00ebtt August 2024 an de Soziale Medien opgedaucht &#8211; kuerz nodeem d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/7B68-J5M7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Weltgesondheetsorganisatioun<\/a> (WHO) de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6VE5-JYL5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">14. August 2024<\/a> eng gesondheetlech Noutlag vun internationalem Ausmooss fir Mpox erkl\u00e4ert hat. Grond dofir war d&#8217;Hausse vun Erkrankunge mat engem gef\u00e9ierleche Virustyp an enger Rei afrikanesche Staaten am Laf vum Joer 2024.<\/span><\/p>\n<p><span data-mce-annotation=\"tinycomments\" data-mce-annotation-uid=\"mce-conversation_68580384571724399103446\">\u00a0<\/span><\/p>\n<p><span data-mce-annotation=\"tinycomments\" data-mce-annotation-uid=\"mce-conversation_68580384571724399103446\">Mpox huet scho Joerz\u00e9ngte virun de Corona-Impfungen exist\u00e9iert<br \/>\n<\/span><\/p>\n<p><span data-mce-annotation=\"tinycomments\" data-mce-annotation-uid=\"mce-conversation_68580384571724399103446\">D&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/6JT3-H6SW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Viruserkrankung Mpox<\/a> (fr\u00e9ier &#8220;Afepouken&#8221;) gouf der WHO no schonn am Joer 1958 bei Afepopulatiounen entdeckt. 1970 gouf d&#8217;Krankheet eng \u00e9ischt K\u00e9ier beim M\u00ebnsch a Reeb\u00ebschregiounen an Zentral- a Westafrika nogewisen. Se kann duerch enke Kontakt vu M\u00ebnsch zu M\u00ebnsch an heiansdo och vun D\u00e9ieren op M\u00ebnschen iwwerdroe ginn. An de Joren 2022 an 2023 huet sech d&#8217;Krankheet weltw\u00e4it verbreet. Den Donn\u00e9e\u00eb vun der WHO no kl\u00e9ngen d&#8217;Symptomer w\u00e9i F\u00e9iwer oder Hautausschlag an der Reegel no e puer Woche vum selwen of, Doudesf\u00e4ll si seelen.<\/span><\/p>\n<p><span data-mce-annotation=\"tinycomments\" data-mce-annotation-uid=\"mce-conversation_68580384571724399103446\">Am <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2UXY-69X4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">November 2022<\/a> huet d&#8217;WHO recommand\u00e9iert, d&#8217;Viruserkrankung vun deem Moment un &#8220;Mpox&#8221; (Kuerzform vum englesche &#8220;monkeypox&#8221;) ze nennen. Sou solle rassistesch a stigmatis\u00e9ierend Zouschreiwunge vermidde ginn. Et handelt sech awer \u00ebm d\u00e9i selwecht Kr\u00e4nkt, iwwer d\u00e9i \u00ebnnert dem Numm &#8220;Afepouke&#8221; bericht gouf a g\u00ebtt.<\/span><\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/09\/6c2c56788824bf9bb1206806d8b6914c.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet an der Vergaangenheet schonn eng Rei Falschinformatiounen iwwer d&#8217;Kr\u00e4nkt iwwerpr\u00e9ift, zum Beispill iwwer vermeintlech verd\u00e4chteg Parallellen t\u00ebscht den <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.36EG337\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00e9ischte Covid- an Mpox-Patienten<\/a>, eng angeeblech Verbindung t\u00ebscht dem Mpox-Ausbroch vun 2022 an dem <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.32BM2WC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Astrazeneca-Impfstoff g\u00e9int Covid-19<\/a> souw\u00e9i mat <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.32GW9BC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">mRNA-Impfstoffer<\/a> allgemeng.<\/p>\n<p>Ale Video, onseri\u00e9is Quell<\/p>\n<p>Eng <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=Ez5o69CeXUw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00ebmgek\u00e9iert Billersich<\/a> mat Standbiller aus der Videosequenz ergouf, dass den online kurs\u00e9ierende Clip en Extrait vun engem 45 Minutte laangen <a href=\"https:\/\/auf1.tv\/elsa-auf1\/dr-wolfgang-wodarg-covid-impffolgen-vertuscht-mit-neuen-alten-krankhein\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Interview<\/a> mam Wolfgang Wodarg ass (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/7PAD-4GZH\">hei<\/a> archiv\u00e9iert). De kompletten Interview gouf den 28. Juni 2022 op <a href=\"https:\/\/www.auf1.tv\/\">AUF1<\/a>, engem \u00e9istr\u00e4ichesche rietsextreeme Sender, ver\u00ebffentlecht. AUF1 bericht der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Q3X6-H7Q3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">eegener Beschreiwung<\/a> no iwwer Sujete w\u00e9i dem angeeblechen &#8220;Impfzwang&#8221;, &#8220;Transhumanismus&#8221;, &#8220;Genderterror&#8221; a &#8220;Klimahysterie&#8221;. De Sender ass bekannt dofir, \u00ebmmer nees <a href=\"https:\/\/perma.cc\/GC76-X2B5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Konspiratiounstheorien a Falschinformatiounen<\/a> ze verbreeden.<\/p>\n<p>De Wodarg, en Dokter a fr\u00e9iere Politiker, huet an de leschte Joren haapts\u00e4chlech duerch <a href=\"https:\/\/perma.cc\/C9LB-7RF7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Warnunge viru Covid-Impfunge<\/a> Schlagzeile gemaach. Ausserdeem huet hien op Covid bezunn \u00ebmmer nees Falschinformatioune verbreet, w\u00e9i d&#8217;AFP noweise konnt (zum Beispill <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/nein-die-neuen-corona-impfstoffe-fuehren-nicht-zur-sterilisation-von-frauen\">hei<\/a>, <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/nein-corona-impfstoffe-koennen-kein-unkontrollierbares-zellsterben-verursachen\">hei<\/a> an <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/nein-diese-daten-beweisen-keinen-zusammenhang-zwischen-steigenden-todesraten-und-corona-impfungen\">hei<\/a>).<\/p>\n<p>Am <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7PAD-4GZH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Programmtext<\/a> vum 45 Minutte laangen Originalinterview heescht et, et g\u00e9if \u00ebm &#8220;brandaktuell Sujete w\u00e9i d&#8217;Afepouken an Impfniewewierkunge vun de Covid-Impfunge&#8221; goen. &#8220;A w\u00e9i fern dat zesummenh\u00e4nke k\u00e9int, erkl\u00e4ert den Dr. Wodarg am Interview.&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet sech den Originalvideo souw\u00e9i de m\u00e9i kuerzen Extrait, deen an de Sozialen Netzwierker am \u00cbmlaf ass, ugekuckt. De Wodarg sot doran net direkt &#8211; w\u00e9i a <a href=\"https:\/\/perma.cc\/WF9E-8WP6?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">verschiddene B\u00e4itr\u00e4g a Sozialen Netzwierker behaapt<\/a> &#8211; dass Mpox eng Niewewierkung vun der Corona-Impfung w\u00e4r.<\/p>\n<p>Hie f\u00e9iert an engem Interview aus, dass d&#8217;Symptomer vun Mpox &#8220;lokal optriedend Blose&#8221; w\u00e4ren, d\u00e9i &#8220;mat staarker P\u00e9ng verbonne sinn (&#8230;) Dat ass awer dat typescht Krankheetsbild fir Herpes Zoster&#8221;. D\u00ebs Herpes-Erkrankung, och als G\u00fcrtelrous bekannt, w\u00e4r bei enger Rei M\u00ebnschen no enger Covid-Impfung duerch deenen hire geschw\u00e4chten Immunsystem opgetrueden. &#8220;Dat heescht, d&#8217;Niewewierkunge vu Corona gi benotzt, fir nei Gesch\u00e4fter ze erfannen (&#8230;) a eis nees Angscht ze maachen&#8221;, ass d&#8217;Konklusioun vum Wodarg an der kuerzer Sequenz.<\/p>\n<p>Ausserdeem argument\u00e9iert de Wodarg am Video, dass Mpox onspezifesch op gew\u00ebss Virus-Bestanddeeler usprieche g\u00e9ifen a soumat bei Persoune mat G\u00fcrtelrous falsch-positiv Resultater liwwere k\u00e9inten. Hien nennt an deem Interview awer keng Quelle fir seng Behaaptungen.<\/p>\n<p>F\u00e9ierend medezinesch Expertinnen an Experten hunn d\u00ebsen Aussoe g\u00e9intiwwer der AFP widdersprach.<\/p>\n<p>Mpox a G\u00fcrtelrous: \u00cbnnerschiddlech Virusgattungen<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/perma.cc\/K6C3-5YRP\">Yuen Kwok-Yung<\/a>, Expert fir Infektiounskrankheeten a Mikrobiolog op der Li Ka Shing-Fakult\u00e9it fir Medezin op der Universit\u00e9it Hongkong, sot der AFP den 21. August 2024, dass d&#8217;Behaaptungen, d\u00e9i am Internet zirkul\u00e9ieren, falsch w\u00e4ren: &#8220;D&#8217;Covid-19-Impfunge l\u00e9ise keng Mpox-Erkrankung aus a predispon\u00e9iert och net dofir.&#8221; De Yuen huet ausserdeem erkl\u00e4ert, dass Mpox mat ganz spezifesche PCR-Tester nogewise g\u00ebtt, d\u00e9i &#8220;bei uerdnungsgem\u00e9isser Duerchf\u00e9ierung keng falsch-positiv Resultater liwwere sollten&#8221;.<\/p>\n<p>G\u00e4nzlech onwarscheinlech w\u00e4r eng Verwiesslung vun de Symptomer vu G\u00fcrtelrous an Mpox allerd\u00e9ngs net. Op der Internets\u00e4it vun der <a href=\"https:\/\/www.who.int\/news-room\/fact-sheets\/detail\/monkeypox\">WHO<\/a> (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/L7HZ-PRNS\">hei<\/a> archiv\u00e9iert) heescht et: &#8220;D&#8217;Identifiz\u00e9ierung vun Mpox ka schwiereg sinn, well aner Infektiounen a Krankheeten \u00e4nlech ausgesi k\u00ebnnen, w\u00e9i z.B. Herpes&#8221;.<\/p>\n<p>Mee och wann e puer Symptomer \u00e4nlech ausgesinn, sou ginn Mpox a G\u00fcrtelrous net duerch de selwechte Virus ausgel\u00e9ist, huet den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/W3N4-AAEX\">Isaac Bogoch<\/a>, Professer op der Temerty-Fakult\u00e9it fir Medezinn op der University Toronto, am Mee 2022 g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, w\u00e9i hien zu \u00e4nleche Falschbehaaptunge <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.32B47G7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">befrot gouf<\/a>.<\/p>\n<p>W\u00e4rend <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5V2D-7AA6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">G\u00fcrtelrous<\/a> duerch de Varizella-Zoster-Virus ausgel\u00e9ist g\u00e9if &#8211; ee vun n\u00e9ng bekannten Herpesvirussen an de selwechte Virus, dee Waasserpouken iwwerdr\u00e9it &#8211; g\u00ebtt Mpox duerch en <a href=\"https:\/\/perma.cc\/U7YD-QQJC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Orthopoxvirus<\/a> aus der Famill vun de Pockevirussen (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/75U8-TY6W\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Poxviridae<\/a>) ausgel\u00e9ist.<\/p>\n<p>Varizella-Zoster-Virussen an Orthopoxvirusse geh\u00e9ieren zu \u00ebnnerschiddleche Gattungen, d\u00e9i net ze verwiessele sinn, sot d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/S5Q5-3ALV\">Giliane Trindade<\/a>, Fuerscherin um Institut fir Mikrobiologie op der Universit\u00e9it vu Minas Gerais a Brasilien, am <a href=\"https:\/\/factual.afp.com\/doc.afp.com.32C849Q\">Juni 2022<\/a> g\u00e9intiwwer der AFP. &#8220;Wann ee se \u00ebnnert engem h\u00e9ichopl\u00e9isende Mikroskop betruecht, hunn d&#8217;Virussen eng komplett \u00ebnnerschiddlech Form. Et ass onm\u00e9iglech, se ze verwiesselen. Och geneetesch si se immens \u00ebnnerschiddlech&#8221;, sot d&#8217;Trindade.<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/C7HU-WQLF\">Adriana Morales<\/a>, Fachdoktesch fir Infektiologie a Member vun der peruanescher Gesellschaft fir Infektiouns- an Tropekankheeten, huet <a href=\"https:\/\/factual.afp.com\/doc.afp.com.36EH6WH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert<\/a>, dass typesch Symptomer vun Mpox &#8220;F\u00e9iwer, papul\u00e9is L\u00e4siounen am Gesiicht, un den Handfl\u00e4chen, Fousssuelen a Genitalie&#8221; sinn. &#8220;Et k\u00ebnnen och Pautschen a Roff souw\u00e9i vergr\u00e9issert Lymphkniet optrieden&#8221;, sot si weider.<\/p>\n<p>D\u00ebs Symptomer \u00ebnnerscheede sech bei m\u00e9i genee\u00ebm Kucke vu G\u00fcrtelrous-Symptomer vum Varizella-Zoster-Virus: Et g\u00e9if sech duerch &#8220;m\u00e9i kleng papelaarteg L\u00e4siounen a Blosen&#8221; auszeechnen, &#8220;d\u00e9i d&#8217;Resultat vun engem Dermatom sinn &#8211; dat heescht, d&#8217;Blose verdeele sech op enger Linn, zum Beispill op der Broscht oder am Gesiicht. Charakteristesch ass och staark P\u00e9ng am Ber\u00e4ich vun de Blosen&#8221;, huet d&#8217;Morales erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>Soumat g\u00e9ife sech d&#8217;Symptomer vun Mpox an Herpesinfektioune vu Fachdoktere bei m\u00e9i genee\u00ebr Untersuchung \u00ebnnerscheede loossen. Am Zweiwelsfall g\u00e9if als Ofs\u00e9cherung e PCR-Test gemaach ginn.<\/p>\n<p>Mpox keng &#8220;Impfstoff-Niewewierkung&#8221;<\/p>\n<p>Och d&#8217;Behaaptung, d\u00e9i am Internet verbreet g\u00ebtt, G\u00fcrtelrous-Symptomer, d\u00e9i als Mpox feeldiagnostiz\u00e9iert gi w\u00e4ren, w\u00e4re verbreet Niewewierkunge vu Corona-Impfungen, w\u00e4r net richteg, soten d&#8217;Expertinnen an Experte g\u00e9intiwwer der AFP.<\/p>\n<p>Den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/U6MK-BZYZ\">David Heymann<\/a>, Professer fir Infektiounsepidemiologie op der London School of Hygiene and Tropicla Medicine a Groussbritannien, hat schonn am Juni 2022 g\u00e9intiwwer der AFP gesot: &#8220;Et g\u00ebtt kee Grond fir unzehuelen, dass de g\u00e9igew\u00e4ertegen Mpox-Ausbroch mat Covid-Impfungen zesummenh\u00e4nkt.&#8221;<\/p>\n<p>Den Infektiolog <a href=\"https:\/\/perma.cc\/C3G5-E22U\">Rom\u00e1n Zucchi<\/a> ass Fachdokter an der Klinick <a href=\"https:\/\/perma.cc\/NT5M-PKJH\">Sagrado Coraz\u00f3n<\/a> zu Buenos Aires. Am Juni 2022 hat hien der AFP matgedeelt, dass et &#8220;keng w\u00ebssenschaftlech Beleeg&#8221; fir d&#8217;Behaaptung g\u00e9if, dass Mpox e Resultat vu Covid-Impfunge w\u00e4r. &#8220;Dat ass weeder warscheinlech nach m\u00e9iglech&#8221;, hat hie betount. Den Zucchi hat ausgef\u00e9iert, dass d\u00e9i aktuell Covid-Impfstoffer net an der Lag w\u00e4ren, Virussen ze &#8220;produz\u00e9ieren&#8221; &#8211; a scho guer net e Virustyp, deen net der selwechter Gattung ugeh\u00e9iere g\u00e9if.<\/p>\n<p>D&#8217;Falschbehaaptung, Mpox w\u00e4r als Niewewierkung vun engem Covid-19-Impfstoff entstanen, hat <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.32C64JW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">d&#8217;AFP schonn am Joer 2022 widderluecht<\/a>.<\/p>\n<p><strong>Fazit: <\/strong>Eng Videosequenz, d\u00e9i am Internet am \u00cbmlaf ass, vum Dokter Wolfgang Wodarg, deen an der Vergaangenheet schonn duerch Falschinformatiounen opgefall war, ass kee Beweis dofir, dass Mpox eng Niewewierkung vu Covid-Impfunge w\u00e4r &#8211; doriwwer si sech international Fachleit eens. Mpox-PCR-Tester g\u00e9ifen och keng falsch-positiv Resultater bei Herpeserkrankunge w\u00e9i G\u00fcrtelrous uweisen.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Iwwer d&#8217;Viruserkrankung Mpox sinn eng R\u00ebtsch Falschinformatiounen an de Sozialen Netzwierker am \u00cbmlaf.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":358678,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[184,183,190,192],"tags":[],"class_list":{"0":"post-358693","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-covid-19-lb","8":"category-fact-check-lb","9":"category-gesondheet","10":"category-wessenschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2228184","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2228184.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Mpox-Virus ass keng Niewewierkung vun enger Covid-Impfung - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Mpox-Virus ass keng Niewewierkung vun enger Covid-Impfung - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Iwwer d&#039;Viruserkrankung Mpox sinn eng R\u00ebtsch Falschinformatiounen an de Sozialen Netzwierker am \u00cbmlaf.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-09-11T09:00:33+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/09\/fc215c1640d679903a72bd92bcafae1a.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"7 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Mpox-Virus ass keng Niewewierkung vun enger Covid-Impfung\",\"datePublished\":\"2024-09-11T09:00:33+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/\"},\"wordCount\":1591,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/09\/fc215c1640d679903a72bd92bcafae1a.jpeg\",\"articleSection\":[\"COVID-19\",\"Fact Check\",\"Gesondheet\",\"W\u00ebssenschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/\",\"name\":\"Faktencheck: Mpox-Virus ass keng Niewewierkung vun enger Covid-Impfung - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/09\/fc215c1640d679903a72bd92bcafae1a.jpeg\",\"datePublished\":\"2024-09-11T09:00:33+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/09\/fc215c1640d679903a72bd92bcafae1a.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/09\/fc215c1640d679903a72bd92bcafae1a.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Mpox-Virus ass keng Niewewierkung vun enger Covid-Impfung - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Mpox-Virus ass keng Niewewierkung vun enger Covid-Impfung\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Mpox-Virus ass keng Niewewierkung vun enger Covid-Impfung - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Mpox-Virus ass keng Niewewierkung vun enger Covid-Impfung - EDMO Belux","og_description":"Iwwer d'Viruserkrankung Mpox sinn eng R\u00ebtsch Falschinformatiounen an de Sozialen Netzwierker am \u00cbmlaf.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-09-11T09:00:33+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/09\/fc215c1640d679903a72bd92bcafae1a.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"7 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Mpox-Virus ass keng Niewewierkung vun enger Covid-Impfung","datePublished":"2024-09-11T09:00:33+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/"},"wordCount":1591,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/09\/fc215c1640d679903a72bd92bcafae1a.jpeg","articleSection":["COVID-19","Fact Check","Gesondheet","W\u00ebssenschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/","name":"Faktencheck: Mpox-Virus ass keng Niewewierkung vun enger Covid-Impfung - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/09\/fc215c1640d679903a72bd92bcafae1a.jpeg","datePublished":"2024-09-11T09:00:33+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/09\/fc215c1640d679903a72bd92bcafae1a.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/09\/fc215c1640d679903a72bd92bcafae1a.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Mpox-Virus ass keng Niewewierkung vun enger Covid-Impfung - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-mpox-virus-ass-keng-niewewierkung-vun-enger-covid-impfung\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Mpox-Virus ass keng Niewewierkung vun enger Covid-Impfung"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/358693","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=358693"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/358693\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/358678"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=358693"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=358693"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=358693"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}