{"id":360236,"date":"2024-09-24T13:00:39","date_gmt":"2024-09-24T13:00:39","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=360236"},"modified":"2024-10-03T10:12:32","modified_gmt":"2024-10-03T10:12:32","slug":"faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Viren exist\u00e9iere wierklech, och wann am Internet de G\u00e9igendeel behaapt g\u00ebtt"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Vire ginn z\u00ebnter m\u00e9i w\u00e9i engem Joerhonnert erfuerscht, W\u00ebssenschaftler sequenz\u00e9ieren hir Genomer a maachen elektronemikroskopesch Opname vun hinnen.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Trotzdeem behaapten e Pharmakolog souw\u00e9i en Dokter an eng Doktesch, Vire w\u00e4ren e &#8220;Schwindel&#8221; a g\u00e9ifen &#8220;net exist\u00e9ieren&#8221;. Dausenden Et\u00fcde beweisen awer de G\u00e9igendeel. Experten hu g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, un der Existenz vu Vire g\u00e9if et keng Zweiwelen &#8211; se w\u00e4re geneesou siichtbar w\u00e9i zum Beispill K\u00e9i oder d&#8217;Sonn.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">&#8220;Pfizer-Vizepresident seet: &#8216;Viren exist\u00e9ieren NET'&#8221;, huet eng Notzerin an engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/GE6E-299M?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-B\u00e4itrag<\/a> vum 16. August 2024 geschriwwen an huet e Video vun engem Interview mam Pharmakolog an eemolege Pfizer-Vizepresident Mike Yeadon gedeelt. Hie behaapt doran, dass de Covid-19-Virus net exist\u00e9iere g\u00e9if an et keng Beweiser dofir g\u00e9if, dass Viren iwwerhaapt exist\u00e9ieren.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">De Video staamt vun der impfkritescher Internets\u00e4it &#8220;The People&#8217;s Voice&#8221;, d\u00e9i och en <a href=\"https:\/\/perma.cc\/D8RX-T32A\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel<\/a> iwwer dem Yeadon seng Aussoe ver\u00ebffentlecht huet. Doran ass eng m\u00e9i laang Versioun vum Video ze gesi w\u00e9i d\u00e9i, d\u00e9i an de Sozialen Netzwierker gedeelt g\u00ebtt. D&#8217;AFP huet schonn <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.36FE27T\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">e puermol<\/a> Desinformatioune <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.34ZG6MT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">widderluecht<\/a>, d\u00e9i vun d\u00ebser Internets\u00e4it <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.34QZ8CM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">verbreet<\/a> goufen.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Den Artikel zit\u00e9iert e weideren Dokter an eng Doktesch, d\u00e9i och behaapten, Vire g\u00e9ifen net exist\u00e9ieren: den Thomas Cowan an d&#8217;Samantha Bailey. De Cowan erkl\u00e4ert doran, dass Viren ni isol\u00e9iert an nogewise gi w\u00e4ren. Dat w\u00e4r och net m\u00e9iglech, well et se net g\u00e9if, sou de Cowan. D&#8217;Bailey g\u00ebtt mat der Ausso zit\u00e9iert, dass &#8220;de medezinneschen Establishment Angscht huet, well se w\u00ebssen, dass se d&#8217;Existenz vu Viren net beweise k\u00ebnnen&#8221;. De Yeadon, de Cowan an d&#8217;Bailey hunn an der Vergaangenheet och Desinformatiounen iwwer gesondheetlech Sujete verbreet.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/09\/997ba7e2e9d2640c5a1a98cd69e9bb57.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D\u00ebs Behaaptunge sinn awer falsch, w\u00e9i eng ganz R\u00ebtsch vu Beweiser fir d&#8217;Existenz vu Vire weisen.<\/p>\n<p>Viren exist\u00e9ieren<\/p>\n<p>An der W\u00ebssenschaft g\u00ebtt et keen Zweiwel dorun, dass Viren exist\u00e9ieren. Bei Google Scholar ginn dausende w\u00ebssenschaftlech Et\u00fcde fir d&#8217;Schlagwierder <a href=\"https:\/\/perma.cc\/PA6V-WDJQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;virus detection&#8221;<\/a> (&#8220;Virenerkennung&#8221;), <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5EBS-CF2J\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;identifying viruses&#8221;<\/a> (&#8220;Identifiz\u00e9ierung vu Viren&#8221;) oder <a href=\"https:\/\/perma.cc\/N6UT-F2VY\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;imaging viruses&#8221;<\/a> (&#8220;Duerstellung vu Viren&#8221;) ugewisen.<\/p>\n<p>Den \u00e9ischten entdeckte Virus war den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/L4AJ-3DET\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Tabakmosaikvirus<\/a> Enn vum 19. Joerhonnert. Dat weidert Erfuersche vun d\u00ebsem Virus huet den Noweis erbruecht, dass Viren eng Zort\u00a0<a href=\"https:\/\/nobelprizemuseum.se\/en\/the-first-virus-ever-discovered\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Deelche<\/a> sinn (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/ZQU6-NWFM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert). Mam Gielf\u00e9iwer-Virus gouf 1901 schliisslech den <a href=\"https:\/\/www.ncbi.nlm.nih.gov\/pmc\/articles\/PMC3427559\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00e9ischte m\u00ebnschleche Virus<\/a> entdeckt (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/U2WU-WVSG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert). Et si m\u00e9i w\u00e9i 200 Virenzorte bekannt, d\u00e9i M\u00ebnschen infiz\u00e9iere k\u00ebnnen. All Joer ginn dr\u00e4i bis v\u00e9ier nei Zorten entdeckt. Z\u00ebnter hirer Entw\u00e9cklung d\u00e9ngt d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.ncbi.nlm.nih.gov\/pmc\/articles\/PMC7161876\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Elektronemikroskopie<\/a> zur Entdeckung, Identifiz\u00e9ierung an Ofbildung vu Viren (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/U5VD-976V\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/09\/869edae01ce98e33b61d2f2da0733b22.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>&#8220;Mir w\u00ebssen, dass Viren exist\u00e9ieren, well mir se gesi k\u00ebnnen&#8221;, huet de Molekularbiolog <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9TYC-2QH6\">Milo\u0161 Babi\u0107<\/a> an enger E-Mail vum 19. August 2024 un d&#8217;AFP geschriwwen. &#8220;Mir k\u00ebnne se direkt \u00ebnner dem Mikroskop betruechten a gesinn, w\u00e9i d&#8217;Infektioun verleeft, soubal de Virus d&#8217;Zell erreecht an uf\u00e4nkt, sech ze reproduz\u00e9ieren&#8221;, huet de Babi\u0107 geschriwwen. &#8220;Mir k\u00ebnne M\u00ebnschen engem Virus aussetzen a gesinn, dass best\u00ebmmt Vire best\u00ebmmt Zorte vu Krankheeten ausl\u00e9isen.&#8221; Senger Meenung no w\u00e4r &#8220;d&#8217;Behaaptung, dass Viren net exist\u00e9ieren, dat selwecht w\u00e9i ze behaapten, dass K\u00e9i net exist\u00e9iere g\u00e9ifen &#8211; et misst ee f\u00ebrmlech dat ignor\u00e9ieren, wat ee mat eegenen Ae gesi kann.&#8221;<\/p>\n<p>Dass mir s\u00e9cher k\u00ebnne sinn, dass Viren exist\u00e9ieren, well mir se gesi k\u00ebnnen, huet och d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/Q32E-DNJL\">Vanja Jurani\u0107 Lisni\u0107<\/a>, Doktesch an der Biomedezin op der kroatescher Rijeka Universit\u00e9it, an enger E-Mail vum 20. August un d&#8217;AFP ge\u00e4ussert. &#8220;Ze behaapten, et g\u00e9if se net, ass fir mech w\u00e9i ze behaapten, et g\u00e9if keng Wolleken oder keng Sonn&#8221;, huet si erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>&#8220;Mir k\u00ebnne se gesinn a se hunn miessbar Effekter op eis an eis \u00cbmwelt. Geneesou w\u00e9i Viren.&#8221; Mat H\u00ebllef vun Elektronemikroskoper w\u00e4re ganz Viren aus Patienteprouwen oder Zellkulture siichtbar, geneesou w\u00e9i &#8220;Deeler vu Vire mat H\u00ebllef vun Antikierper a Liicht- oder Fluoreszenzmikroskoper&#8221;, huet d&#8217;Jurani\u0107 Lisni\u0107 erkl\u00e4ert. &#8220;Ausserdeem k\u00ebnne mir hir Genomer sequenz\u00e9ieren a mat Methode w\u00e9i PCR oder Hybridis\u00e9ierung noweisen&#8221;, huet si weider geschriwwen. &#8220;A schliisslech k\u00ebnne mir duerch Viren ausgel\u00e9ist Ver\u00e4nnerungen un Zellen oder Geweebe erkennen.&#8221;<\/p>\n<p>Wat si Viren?<\/p>\n<p>&#8220;Viren hu keen eegene Stoffwiesselapparat&#8221;, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/XAC3-FQ8B\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">erkl\u00e4ert<\/a> d&#8217;Internets\u00e4it <a href=\"https:\/\/perma.cc\/SX4W-NG7C\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">infektionsschutz.de<\/a>, en Informationsugebuet vun der d\u00e4itscher &#8220;Bundeszentrale f\u00fcr gesundheitliche Aufkl\u00e4rung&#8221; (BZgA). &#8220;Dow\u00e9inst si se och keng Liewewiesen.&#8221; Se sinn &#8220;infekti\u00e9is Partikelen, d\u00e9i aus Nukleinsaier (DNA oder RNA) a Proteinne bestinn&#8221; a brauche fir hir Reproduktioun Wiertszellen, &#8220;deenen hir Strukture se notzen, fir hir Virusbestanddeeler ze produz\u00e9ieren&#8221;. D\u00ebs Z\u00eblle k\u00ebnne souwuel m\u00ebnschlecher, w\u00e9i och d\u00e9ierescher oder planzlecher Natur sinn.<\/p>\n<p>D&#8217;Jurani\u0107 Lisni\u0107 huet erkl\u00e4ert, dass den Tabakmosaikvirus <a href=\"https:\/\/www.sciencedirect.com\/topics\/medicine-and-dentistry\/tobacco-mosaic-virus\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">identifiz\u00e9iert<\/a> gouf (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/MJ8F-ESXD\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert), nodeem Fuerscher Extrakter vu kranke Planzen duerch e sougenannte Chamberland-Filter goufen, e Porzel\u00e4insift mat \u00cbffnungen, d\u00e9i m\u00e9i kleng w\u00e9i Bakteerie sinn. Well sech gesond Planzen duerch de Kontakt mat de gefilterten Extrakter mat den Erreeger ugestach haten, war d&#8217;Konklusioun vun de Fuerscher, dass d&#8217;Krankheet duerch eppes m\u00e9i Klenges w\u00e9i Bakteerien oder Schimmelsporen ausgel\u00e9ist gouf.<\/p>\n<p>&#8220;An den 1930er-Joren, w\u00e9i sech d&#8217;Elektronemikroskopie entw\u00e9ckelt huet, goufen d\u00e9i \u00e9ischt elektronemikroskopesch Opname vu Vire gemaach &#8211; dor\u00ebnner den Tabakmosaikvirus, awer och Pouken a Waasserpouken&#8221;, huet d&#8217;Jurani\u0107 Lisni\u0107 erkl\u00e4ert. &#8220;Zanterdeem goufe Milliounen esou Mikrofotografi\u00eb vun alle bekannte Vire gemaach, onofh\u00e4ngeg dovun, ob d&#8217;Viruskulturen an engem Labo geziicht a gerengegt goufen oder ob d&#8217;Viren direkt vun infiz\u00e9ierte Persounen entholl goufen.&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;Jurani\u0107 Lisni\u0107 huet betount, dass d&#8217;Effekter vu Viren, awer och hir Bestanddeeler mat H\u00ebllef vun Antikierper nogewise k\u00ebnne ginn. Den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/SK4D-YFQ4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Zenter fir Proteomik<\/a> vun der kroatescher Universit\u00e9it Rijeka huet\u00a0 iwwer eng Sammlung vu m\u00e9i w\u00e9i 200 Antikierper fir eng R\u00ebtsch m\u00ebnschlech an d\u00e9ieresch Viren. <a href=\"https:\/\/perma.cc\/B3FY-TXGV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Proteomik<\/a> ass d&#8217;Fuerschung, d\u00e9i sech mat der Gesamtheet vu Proteinne befaasst, d\u00e9i sech zu engem defin\u00e9ierte Moment an enger Zell oder engem Liewewiese befannen.<\/p>\n<p>&#8220;Schliisslech k\u00ebnne mir och Viren noweisen, andeem mir hiert geneetescht Material noweisen &#8211; entweeder geziilt, wann d&#8217;viral Sequenz bekannt ass, mat der haut verbreeter quantitativer PCR-Method, oder net geziilt, andeem mir d&#8217;Sequenz\u00e9ierung vun der n\u00e4chster Generatioun benotzen, d\u00e9i de ganze Mikrobiom vun engem M\u00ebnsch oder enger best\u00ebmmter Prouf sequenz\u00e9iere kann&#8221;, huet d&#8217;Jurani\u0107 Lisni\u0107 erkl\u00e4ert an dorop higewisen, dass all Sequenzen an \u00ebffentlech zoug\u00e4nglechen <a href=\"https:\/\/perma.cc\/YM9Q-RBS4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Datebanke<\/a> gesp\u00e4ichert ginn, d\u00e9i vu jidderengem duerchsicht k\u00ebnne ginn, fir festzestellen, ob bei der Sequenz\u00e9ierung en neie Virus, eng Bakteerie oder e Schimmelpilz entdeckt gouf.<\/p>\n<p>&#8220;Vill Vire k\u00ebnnen an engem Labo geziicht, gerengegt a kristallis\u00e9iert ginn an da mat enger vun den uewe genannte Methode siichtbar gemaach ginn&#8221;, sou d&#8217;Jurani\u0107 Lisni\u0107. &#8220;Verschidde Viren, d\u00e9i sech n\u00ebmme schw\u00e9ier oder guer net an Zellkulture kultiv\u00e9iere loossen, k\u00ebnne mir awer aus Geweebe oder Ausscheedunge vun infiz\u00e9ierte Patiente siichtbar maachen.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/09\/ccaf955f212cafde7e3baf9c67d76fcb.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Mythos iwwer Virusisol\u00e9ierung, deen \u00ebmmer er\u00ebmk\u00ebnnt<\/p>\n<p>De Milo\u0161 Babi\u0107 geet dovun aus, dass de Mythos, Fuerscher h\u00e4tten de Covid-19-Virus net isol\u00e9iert, Ufank 2020 entstane w\u00e4r, w\u00e9i Fuerscher versicht haten, e spezielle PCR-Test fir den Noweis vum Virus ze entw\u00e9ckelen. &#8220;Deemools gouf et keng Protokoller, fir d&#8217;Viren t\u00ebscht de Laboen auszetauschen, soudass d&#8217;Auore keen Zougang zum isol\u00e9ierte Virus haten&#8221;, huet de Milo\u0161 Babi\u0107 erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>E <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5T62-38ES\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Virus ze isol\u00e9iere<\/a> bedeit, dass de Virus aus enger Prouf entholl an an enger Kultur reproduz\u00e9iert ka ginn. D\u00ebs Isolatioun ass wichteg, fir de Virus m\u00e9i genee \u00ebnnersichen ze k\u00ebnnen. Z\u00ebnter dem Ausbroch vun der Pandemie gouf d&#8217;Isol\u00e9ierung \u00ebmmer nees <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.9QM67P\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ugezweiwelt<\/a>, beispillsweis vum d\u00e4itschen Dokter a Coronaskeptiker Bodo Schiffmann.<\/p>\n<p>&#8220;Dow\u00e9inst hu si an hir Et\u00fcd geschriwwen, si h\u00e4tten den isol\u00e9ierte Virus net zur Verf\u00fcgung gehat an dass si de PCR-Test u syntheetescher RNA getest h\u00e4tten. Sp\u00e9ider gouf et honnerten Et\u00fcden iwwer den isol\u00e9ierte Virus an et g\u00ebtt z\u00e9ngdausenden Et\u00fcde mat dem sch\u00e9inen \u00cbnnertitel &#8216;Isol\u00e9ierung vum Virus&#8217; an der Beschreiwung, w\u00e9i genee d&#8217;Isol\u00e9ierung ofgelaf ass&#8221;, sot de Babi\u0107 weider.<\/p>\n<p>&#8220;No all deem gouf d\u00e9i \u00e9ischt Et\u00fcd mat der Ausso &#8216;Mir hunn den isol\u00e9ierte Virus net&#8217; viral an de Sozialen Netzwierker gedeelt&#8221;, huet hien erkl\u00e4ert an op d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/LJ8S-BEJU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Falschinformatioune<\/a> verwisen, d\u00e9i zum deemolegen Z\u00e4itpunkt vun anere Faktencheck-Organisatioune <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4E56-UYK6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">widderluecht<\/a> goufen. &#8220;Op der Basis vun d\u00ebsem Zitat an \u00ebnner M\u00ebssuechtung vun allen aneren Aarbechten an Erkenntnisser hunn e puer Leit ze s\u00e9ier behaapt, et g\u00e9if keen isol\u00e9ierte Virus. Vun do un huet sech d&#8217;Geschicht zu der Behaaptung entw\u00e9ckelt, dass kee Virus isol\u00e9iert gouf, an dann zu der Geschicht, dass et keng Vire ginn&#8221;, huet de Babi\u0107 b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt.<\/p>\n<p>De SARS-CoV-2, dee Covid-19 ausl\u00e9ist, gouf awer <a href=\"https:\/\/www.ncbi.nlm.nih.gov\/pmc\/articles\/PMC7036342\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">m\u00e9ifach<\/a> vu verschiddene <a href=\"https:\/\/journals.asm.org\/doi\/10.1128\/jvi.00543-20\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">w\u00ebssenschaftlechen<\/a> Ekippen <a href=\"https:\/\/journals.plos.org\/plosone\/article?id=10.1371\/journal.pone.0247524\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">isol\u00e9iert<\/a> (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/Q3KL-4Y7M\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240813160805\/https:\/\/journals.asm.org\/doi\/10.1128\/jvi.00543-20\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3V9N-7AK7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert) a <a href=\"https:\/\/www.flickr.com\/photos\/niaid\/albums\/72157712914621487\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">bildlech duergestallt<\/a> (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/W3QU-5VH9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert). Och d&#8217;AFP huet am Verlaf vun der Pandemie d&#8217;<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.9PY84W\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Behaaptung<\/a><a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doch-das-corona-virus-wurde-isoliert-und-ist-nachweisbar\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">widderluecht<\/a>, de Virus w\u00e4r net isol\u00e9iert ginn.<\/p>\n<p>Behaaptung vun net praktiz\u00e9ierenden Doktere verbreet<\/p>\n<p>De Pharmakolog Yeadon souw\u00e9i d&#8217;Doktesch an den Dokter, d\u00e9i am Zesummenhang mat der Behaaptung zit\u00e9iert ginn, hunn an der Vergaangenheet scho Falschinformatiounen iwwer medezinesche Sujete verbreet.<\/p>\n<p>Den ierf\u00e9ierenden Artikel souw\u00e9i de Video, d\u00e9i a Sozialen Netzwierker verbreet goufen, bezeechnen de Mike Yeadon als en eemolege Vizepresident vun der Entreprise Pfizer an als d\u00e4r hire &#8220;Fuerschungschef&#8221;. Zwar war de Yeadon e Vizepresident vum Pharmakonzern, hie war awer <a href=\"https:\/\/perma.cc\/45C7-QMPP\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">w\u00ebssenschaftleche Chef<\/a> vun engem spezielle Fuerschungsber\u00e4ich: Allergie- an Otemweefuerschung. Nodeem hie Pfizer verlooss hat, huet hien d&#8217;Biotech-Firma Ziarco gegr\u00ebnnt, d\u00e9i 2012 eng F\u00ebrderung vu Pfizer krut.<\/p>\n<p>De Yeadon war en ugesinne W\u00ebssenschaftler a sengem Fuerschungsber\u00e4ich an huet kuerz nom Ausbroch vun der Krankheet d\u00e9i s\u00e9ier Entw\u00e9cklung vun engem Covid-19-Impfstoff gefuerdert, sp\u00e9ider huet hien awer \u00ebmmer m\u00e9i <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20210318110520\/https:\/\/www.reuters.com\/investigates\/special-report\/health-coronavirus-vaccines-skeptic\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ongenee Aussoen<\/a> am Zesummenhang mat Corona an deem senger Impfung gemaach.<\/p>\n<p>Sou huet hie f\u00e4lschlecherweis behaapt, dass d&#8217;Impfung <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/nein-die-neuen-corona-impfstoffe-fuehren-nicht-zur-sterilisation-von-frauen\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Fraen onfruchtbar maache<\/a> g\u00e9if an dass d&#8217;Impfdosisse <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.9RJ8LA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">fir Kanner 50 Mol m\u00e9i d\u00e9idlech<\/a> w\u00e4re w\u00e9i de Virus selwer. Enn 2020, \u00e9ier d\u00e9i zweet Well vun der Pandemie 2021 ugefaangen huet, huet de Yeadon eng weider Falschbehaaptung verbreet, dass d'&#8221;<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240910122748\/https:\/\/apnews.com\/article\/fact-checking-9788407587\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Pandemie am Fong eriwwer<\/a>&#8221; w\u00e4r, dass et keng Impfstoffer br\u00e4icht, &#8220;well vill M\u00ebnschen net fir de Virus empf\u00e4nglech&#8221; w\u00e4ren an dass PCR-Tester falsch-positiv Resultater liwwere g\u00e9ifen.<\/p>\n<p>D&#8217;Samantha Bailey huet ierf\u00e9ierend Behaaptungen iwwer d&#8217;Reegele fir <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/new-zealand-doctor-makes-misleading-claims-about-countrys-pcr-testing-regime-widely-shared-youtube\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">PCR-Tester an Neis\u00e9iland<\/a> verbreet, w\u00e4rend den Thomas Cowan sot, den neie Coronavirus w\u00e4r duerch <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/experts-dismiss-claims-5g-wireless-technology-created-novel-coronavirus\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">5G-Stralung<\/a> entstanen.<\/p>\n<p>D&#8217;kalifornesch Dokterkummer huet dem Cowan seng Erlabnis fir ze praktiz\u00e9ieren\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/C5K9-6BXZ\">z\u00e4itweileg<\/a><a href=\"https:\/\/perma.cc\/C5K9-6BXZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\"> entzunn<\/a>, 2021 schliisslech\u00a0huet d\u00ebse seng <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20210511031752\/https:\/\/www2.mbc.ca.gov\/BreezePDL\/document.aspx?path=%5cDIDOCS%5c20210128%5cDMRAAAHL7%5c&amp;did=AAAHL210129202932167.DID\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Zouloossung<\/a> a Kalifornien zer\u00e9ckginn. Och d&#8217;Samantha Bailey huet an hire Videoe behaapt, si w\u00e4r &#8220;Hausdoktesch&#8221;, verf\u00fc\u00fcgt awer z\u00ebnter Mee 2021 iwwer <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5AJ6-S7HA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">keng Approbatioun m\u00e9i<\/a>.<\/p>\n<p><strong>Fazit: <\/strong>Onzieleg Et\u00fcde souw\u00e9i Opname vu Viren \u00ebnner Elektronemikroskoper an Expertinnen an Experte confirm\u00e9ieren, dass Viren exist\u00e9ieren. D&#8217;Aussoe vun den dr\u00e4i Dokteren, dass et keng Vire g\u00e9if, sinn net richteg. Ausserdeem hu si scho m\u00e9ifach Falschinformatiounen iwwer medezinesch Sujete verbreet.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Vire ginn z\u00ebnter m\u00e9i w\u00e9i engem Joerhonnert erfuerscht, W\u00ebssenschaftler sequenz\u00e9ieren hir Genomer a maachen elektronemikroskopesch Opname vun hinnen.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":360216,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,183,190],"tags":[],"class_list":{"0":"post-360236","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-editors-choice-lu","8":"category-fact-check-lb","9":"category-gesondheet"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2231244","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2231244.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Viren exist\u00e9iere wierklech, och wann am Internet de G\u00e9igendeel behaapt g\u00ebtt - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Viren exist\u00e9iere wierklech, och wann am Internet de G\u00e9igendeel behaapt g\u00ebtt - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Vire ginn z\u00ebnter m\u00e9i w\u00e9i engem Joerhonnert erfuerscht, W\u00ebssenschaftler sequenz\u00e9ieren hir Genomer a maachen elektronemikroskopesch Opname vun hinnen.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-09-24T13:00:39+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-10-03T10:12:32+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/09\/3e7e247e0e07b49ea1283a1cce3f5cf0.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"540\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"9 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Viren exist\u00e9iere wierklech, och wann am Internet de G\u00e9igendeel behaapt g\u00ebtt\",\"datePublished\":\"2024-09-24T13:00:39+00:00\",\"dateModified\":\"2024-10-03T10:12:32+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/\"},\"wordCount\":2001,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/09\/3e7e247e0e07b49ea1283a1cce3f5cf0.jpeg\",\"articleSection\":[\"Editor's Choice Slider LU\",\"Fact Check\",\"Gesondheet\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/\",\"name\":\"Faktencheck: Viren exist\u00e9iere wierklech, och wann am Internet de G\u00e9igendeel behaapt g\u00ebtt - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/09\/3e7e247e0e07b49ea1283a1cce3f5cf0.jpeg\",\"datePublished\":\"2024-09-24T13:00:39+00:00\",\"dateModified\":\"2024-10-03T10:12:32+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/09\/3e7e247e0e07b49ea1283a1cce3f5cf0.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/09\/3e7e247e0e07b49ea1283a1cce3f5cf0.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":540,\"caption\":\"Faktencheck: Viren exist\u00e9iere wierklech, och wann am Internet de G\u00e9igendeel behaapt g\u00ebtt - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Viren exist\u00e9iere wierklech, och wann am Internet de G\u00e9igendeel behaapt g\u00ebtt\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Viren exist\u00e9iere wierklech, och wann am Internet de G\u00e9igendeel behaapt g\u00ebtt - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Viren exist\u00e9iere wierklech, och wann am Internet de G\u00e9igendeel behaapt g\u00ebtt - EDMO Belux","og_description":"Vire ginn z\u00ebnter m\u00e9i w\u00e9i engem Joerhonnert erfuerscht, W\u00ebssenschaftler sequenz\u00e9ieren hir Genomer a maachen elektronemikroskopesch Opname vun hinnen.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-09-24T13:00:39+00:00","article_modified_time":"2024-10-03T10:12:32+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":540,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/09\/3e7e247e0e07b49ea1283a1cce3f5cf0.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"9 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Viren exist\u00e9iere wierklech, och wann am Internet de G\u00e9igendeel behaapt g\u00ebtt","datePublished":"2024-09-24T13:00:39+00:00","dateModified":"2024-10-03T10:12:32+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/"},"wordCount":2001,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/09\/3e7e247e0e07b49ea1283a1cce3f5cf0.jpeg","articleSection":["Editor's Choice Slider LU","Fact Check","Gesondheet"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/","name":"Faktencheck: Viren exist\u00e9iere wierklech, och wann am Internet de G\u00e9igendeel behaapt g\u00ebtt - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/09\/3e7e247e0e07b49ea1283a1cce3f5cf0.jpeg","datePublished":"2024-09-24T13:00:39+00:00","dateModified":"2024-10-03T10:12:32+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/09\/3e7e247e0e07b49ea1283a1cce3f5cf0.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/09\/3e7e247e0e07b49ea1283a1cce3f5cf0.jpeg","width":1080,"height":540,"caption":"Faktencheck: Viren exist\u00e9iere wierklech, och wann am Internet de G\u00e9igendeel behaapt g\u00ebtt - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-viren-existiere-wierklech-och-wann-am-internet-de-gigendeel-behaapt-gtt\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Viren exist\u00e9iere wierklech, och wann am Internet de G\u00e9igendeel behaapt g\u00ebtt"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/360236","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=360236"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/360236\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/360216"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=360236"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=360236"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=360236"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}