{"id":363635,"date":"2024-10-07T12:28:51","date_gmt":"2024-10-07T12:28:51","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=363635"},"modified":"2024-10-28T10:16:28","modified_gmt":"2024-10-28T10:16:28","slug":"faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Den Hurrikan Helene ass net &#8220;aus dem N\u00e4ischt opgedaucht&#8221;, w\u00e9i am Internet behaapt"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p><b>\u00a9 AFP<\/b><\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Den Hurrikan Helene huet Enn September 2024 zu schl\u00ebmmen Iwwerschwemmungen am S\u00fcdoste vun den USA gefouert. Am Internet gouf behaapt, de Stuerm w\u00e4r &#8211; kuerz \u00e9ier e Florida erreecht hat &#8211; einfach aus dem N\u00e4ischt opgedaucht an duerch k\u00ebnschtlech Wiederbeaflossung entstanen.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Meteorologinnen a Meteorologen hunn dat awer zer\u00e9ckgewisen. Si soten, si h\u00e4tten d&#8217;Beweegungsrichtung vum Hurrikan w\u00e4rend Deeg observ\u00e9iert, \u00e9ier e Land erreecht huet. D&#8217;Radarbiller, d\u00e9i an de Sozialen Netzwierker gedeelt goufen, w\u00e4ren ausserdeem kee Beweis fir eng Beaflossung vum Wieder, hu si vers\u00e9chert.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\"><em>&#8220;Komesch, w\u00e9i den &#8216;Hurrikan Helene&#8217; dem Radar vun The Weather Channel no f\u00ebrmlech aus dem N\u00e4ischt opgedaucht&#8221;<\/em>, heescht et an engem\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/5LEP-8FRM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">B\u00e4itrag<\/a> vum Stew Peters vum 25. September 2024. De Peters ass e konservative Kommentator aus den USA, dee schonn <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.33AB726\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">eng Rei Konspiratiounstheorien<\/a> zu enger <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.32VB23Q\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Villzuel<\/a> vu <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.33R29CA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Sujete<\/a><a href=\"https:\/\/www.france24.com\/en\/live-news\/20230203-moving-the-goalposts-nfl-scare-reveals-conspiracist-playbook\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">verbreet<\/a> huet.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">D\u00ebse B\u00e4itrag enth\u00e4lt e Screenshot vun de Radarbiller vum Hurrikan aus der Applikatioun vun &#8220;The Weather Channel&#8221; vum 25. September 2024.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/34bb196357c7cd2a7b17ce770b73c1ff.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D\u00e9i n\u00e4mmlecht Behaaptung war och op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/W7CX-DBJJ?type=image\">Facebook<\/a> am \u00cbmlaf &#8211; hei gi fr\u00e9ier <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.34WF8VU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Konspiratiounstheori\u00eb<\/a> vu Leegner vum Klimawandel iwwer d&#8217;<a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.33RY2JC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Beaflossung vum Wieder<\/a> an <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.34KM3QC\">Naturkatastrophen<\/a>, d\u00e9i d&#8217;AFP schonn eng K\u00e9ier widderluecht hat, nees opgegraff.<\/p>\n<p>Duerch de schl\u00ebmmen Hurrikan waren de 27. September 2024 Millioune St\u00e9it am S\u00fcdoste vun den USA vun der Stroumversuergung <a href=\"https:\/\/uk.news.yahoo.com\/florida-girds-arrival-helene-powerful-154750815.html?guccounter=1\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ofgeschnidden<\/a>. De gigantesche Wierbelstuerm, deen d&#8217;K\u00fcst vu Florida pass\u00e9iert huet, huet enger Rei M\u00ebnschen d&#8217;Liewe kascht.<\/p>\n<p>D&#8217;Gemenge laanscht d&#8217;K\u00fcst waren awer virum Hurrikan gewarnt ginn, well amerikanesch <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240923021920\/https:\/www.weather.gov\/tae\/\">Meteorologinnen a Meteorologen<\/a> den Hurrikan schonn Deeg viru senger Arriv\u00e9e a Florida de 26. September 2024 mat Satellitte suiv\u00e9iert haten.<\/p>\n<p>The <a href=\"https:\/\/perma.cc\/V29D-F53Y\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Weather Company<\/a> &#8211; zu d\u00e4r och &#8220;The Weather Channel&#8221; an d\u00e9i dozougeh\u00e9iereg Applikatioun geh\u00e9ieren &#8211; hat uginn, dass hir &#8220;<em>Meteorologinnen a Meteorologen d&#8217;Beweegungsrichtung vum Hurrikan w\u00e4rend Deeg suiv\u00e9iert hunn, fir d&#8217;M\u00ebnschen ze inform\u00e9ieren a sou ze sch\u00fctzen&#8221;.<\/em> Dat l\u00e9isst sech liicht mat der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/V5QE-MUDG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Berichterstattung op der Internets\u00e4it<\/a> vun &#8220;The Weather Channel&#8221; noverfollegen.<\/p>\n<p>Der &#8220;The Weather Company&#8221; no w\u00e4r de visuellen Effekt vum pl\u00ebtzlechen Optriede vum Hurrikan am online gedeelte Video dorop zer\u00e9ckzef\u00e9ieren, dass am Affichage vun der Applikatioun \u00ebnnerschiddlech Dates\u00e4tz benotzt ginn. D\u00ebsen Androck k\u00e9int entstoen, well d&#8217;Date souwuel tats\u00e4chlech observ\u00e9iert a schonn erfaasst Radardonn\u00e9e\u00ebn enthale g\u00e9ifen, w\u00e9i och Donn\u00e9e\u00eb fir Prognosen, sou &#8220;The Weather Company&#8221; de 27. September 2024 g\u00e9intiwwer der AFP.<\/p>\n<p><em>&#8220;Well am Ufank vum Video-Loop schonn observ\u00e9iert Donn\u00e9e\u00ebn duergestallt ginn, w\u00e4rend dem Video awer eng Wiederprognos virausgesot g\u00ebtt, k\u00ebnnen e puer Z\u00e4itspr\u00e9ng an \u00cbmbr\u00e9ch optrieden.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>D&#8217;Grenze vum Radar<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/perma.cc\/JS9U-R2J8\">Marshall Shepherd<\/a>, Direkter vum Programm fir Atmosph\u00e4rw\u00ebssenschaften op der University of Georgia, sot, d&#8217;B\u00e4itr\u00e4g g\u00e9ifen &#8220;einfach d&#8217;Onw\u00ebssenheet&#8221; weisen.<\/p>\n<p>De 27. September 2024 huet hie g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, dass &#8220;Radarger\u00e4ter eng begrenzt Reechw\u00e4it hunn an dass ee sech dohier och Satellittebiller ukucke sollt&#8221;. <a href=\"https:\/\/perma.cc\/S2VX-XRDM?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Satellittebiller hu gewisen<\/a>, dass sech den Hurrikan Helene schonn de 24. September 2024 als Tropestuerm a Richtung US-K\u00fcst am Golf vum Mexiko beweegt huet. Du gouf de Stuerm \u00ebmmer m\u00e9i staark an huet sech \u00ebm de 25. September 2024 zu engem Hurrikan entw\u00e9ckelt.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/b7e61210d281839ceaf46c38c8ae982f.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>&#8220;Nee, den Hurrikan Helene ass definitiv net aus dem N\u00e4ischt opgedaucht. Ech hunn eng \u00e9ischt K\u00e9ier de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4FGD-EYSJ\">17. September 2024<\/a> an engem Blogb\u00e4itrag iwwer den Hurrikan geschriwwen, dunn nees den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/VM3G-YDMC\">23. September 2024<\/a> an z\u00ebnterhier all Dag&#8221;, sou de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/TMC3-PCXH\">Brian McNoldy<\/a>, responsabele w\u00ebssenschaftleche Mataarbechter fir Atmosph\u00e4rw\u00ebssenschaften op der University of Miami, de 27. September 2024 g\u00e9intiwwer der AFP.<\/p>\n<p>&#8220;Radarger\u00e4ter u Land hunn eng begrenzt Reechw\u00e4it&#8221;, sot och de McNoldy. Hien huet b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt, dass l\u00e4nnerspezifesch Radarger\u00e4ter just en Deel vum Stuermverlaf weise k\u00ebnnen.<em> &#8220;Wann ee sech just d&#8217;Opnamen aus den USA ukuckt, k\u00e9int ee mengen, de Stuerm g\u00e9if einfach aus dem N\u00e4ischt opdauchen, dat ass awer natierlech net de Fall &#8211; hie war einfach ze w\u00e4it ewech a koum dunn \u00ebmmer m\u00e9i an d&#8217;Reechw\u00e4it.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>M\u00e9iglech Klimazesummenh\u00e4ng<\/p>\n<p>W\u00e4rend d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/KY7A-2TAK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Atlantesch Hurrikansaison 2024<\/a> bis elo manner hefteg ausgefall ass w\u00e9i ugeholl gouf, huet den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/663S-Z6MH\">National Hurricane Center<\/a> iwwer &#8220;d&#8217;historesch a katastrophal Iwwerschwemmungen&#8221;, d\u00e9i vum Hurrikan Helene ausgel\u00e9ist goufen, bericht an huet viru Sturzfluten zu Atlanta, der gr\u00e9isster Stad vum Bundesstaat Georgia, souw\u00e9i a South Carolina an North Carolina gewarnt.<\/p>\n<p>W\u00ebssenschaftlerinnen a W\u00ebssenschaftler k\u00ebnne best\u00ebmmt extreem Wiederphenomeener direkt mat dem vum M\u00ebnsch ausgel\u00e9iste Klimawandel a Verbindung br\u00e9ngen, awer et ass nach ze fr\u00e9i, fir eendeiteg Conclusiounen iwwer d\u00e9i aktuell Situatioun ze z\u00e9ien.<\/p>\n<p>Den Hurrikan Helene gouf m\u00e9i s\u00e9ier w\u00e9i erwaart \u00ebmmer <a href=\"https:\/\/www.yahoo.com\/news\/helenes-explosive-forecast-one-most-205534926.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">m\u00e9i staark<\/a> &#8211; wat e puer W\u00ebssenschaftler op ongew\u00e9inlech waarm Mierestemperaturen zer\u00e9ckgef\u00e9iert hunn. &#8220;<em>No senger Entsteeung huet sech den Hurrikan Helene iwwer aussergew\u00e9inlech waarmt Mierwaasser am Golf vu Mexiko beweegt&#8221;<\/em>, sot d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/RAJ9-ZVZ8\">Andra Garner<\/a>, Assistenzprofessesch op der Rowan University zu New Jersey.<\/p>\n<p>Hurrikane form\u00e9ieren a verst\u00e4erke sech duerch waarm Mierestemperaturen. D&#8217;Garner huet der AFP matgedeelt, dass den Hurrikan Helene iwwer Mierwaasser mat enger Temperatur vu bis zu 30 Grad Celsius gezunn ass. <em>&#8220;Klimatesch gesi geet e Groussdeel vun der zous\u00e4tzlecher W\u00e4ermt, d\u00e9i duerch eis op dem Plan\u00e9it entsteet, an eis Ozeaner iwwer &#8211; an d\u00ebs W\u00e4ermt ass en idealen N\u00e4rbuedem fir e Stuerm w\u00e9i d&#8217;Helene&#8221;<\/em>, sot si de 27. September 2024 g\u00e9intiwwer der AFP.<\/p>\n<p>Weider Faktenchecken zum Sujet Klima sinn <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/list\/Klima\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> ze fannen.<\/p>\n<p><strong>Fazit: <\/strong>Behaaptungen, deenen no den Hurrikan Helene einfach aus dem N\u00e4ischt opgedaucht w\u00e4r, si falsch. Meteorologinnen a Meteorologen hunn d&#8217;Beweegungsrichtung vum Hurrikan w\u00e4rend Deeg observ\u00e9iert an hu confirm\u00e9iert, dass d&#8217;Radarbiller, d\u00e9i a Sozialen Netzwierker gedeelt goufen, kee Beweis fir eng Beaflossung vum Wieder sinn.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Den Hurrikan Helene huet Enn September 2024 zu schl\u00ebmmen Iwwerschwemmungen am S\u00fcdoste vun den USA gefouert. Am Internet gouf behaapt, de Stuerm w\u00e4r &#8211; kuerz \u00e9ier e Florida erreecht hat &#8211; einfach aus dem N\u00e4ischt opgedaucht an duerch k\u00ebnschtlech Wiederbeaflossung entstanen.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":363620,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[189,183,193],"tags":[],"class_list":{"0":"post-363635","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-emwelt","8":"category-fact-check-lb","9":"category-gesellschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2237942","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2237942.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Den Hurrikan Helene ass net &quot;aus dem N\u00e4ischt opgedaucht&quot;, w\u00e9i am Internet behaapt - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Den Hurrikan Helene ass net &quot;aus dem N\u00e4ischt opgedaucht&quot;, w\u00e9i am Internet behaapt - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Den Hurrikan Helene huet Enn September 2024 zu schl\u00ebmmen Iwwerschwemmungen am S\u00fcdoste vun den USA gefouert. Am Internet gouf behaapt, de Stuerm w\u00e4r - kuerz \u00e9ier e Florida erreecht hat - einfach aus dem N\u00e4ischt opgedaucht an duerch k\u00ebnschtlech Wiederbeaflossung entstanen.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-10-07T12:28:51+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-10-28T10:16:28+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/6be352dd76205d0f2df883c8b54168ee.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"607\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"5 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Den Hurrikan Helene ass net &#8220;aus dem N\u00e4ischt opgedaucht&#8221;, w\u00e9i am Internet behaapt\",\"datePublished\":\"2024-10-07T12:28:51+00:00\",\"dateModified\":\"2024-10-28T10:16:28+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/\"},\"wordCount\":1035,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/6be352dd76205d0f2df883c8b54168ee.jpeg\",\"articleSection\":[\"\u00cbmwelt\",\"Fact Check\",\"Gesellschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/\",\"name\":\"Faktencheck: Den Hurrikan Helene ass net \\\"aus dem N\u00e4ischt opgedaucht\\\", w\u00e9i am Internet behaapt - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/6be352dd76205d0f2df883c8b54168ee.jpeg\",\"datePublished\":\"2024-10-07T12:28:51+00:00\",\"dateModified\":\"2024-10-28T10:16:28+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/6be352dd76205d0f2df883c8b54168ee.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/6be352dd76205d0f2df883c8b54168ee.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":607,\"caption\":\"Faktencheck: Den Hurrikan Helene ass net \\\"aus dem N\u00e4ischt opgedaucht\\\", w\u00e9i am Internet behaapt - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Den Hurrikan Helene ass net &#8220;aus dem N\u00e4ischt opgedaucht&#8221;, w\u00e9i am Internet behaapt\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Den Hurrikan Helene ass net \"aus dem N\u00e4ischt opgedaucht\", w\u00e9i am Internet behaapt - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Den Hurrikan Helene ass net \"aus dem N\u00e4ischt opgedaucht\", w\u00e9i am Internet behaapt - EDMO Belux","og_description":"Den Hurrikan Helene huet Enn September 2024 zu schl\u00ebmmen Iwwerschwemmungen am S\u00fcdoste vun den USA gefouert. Am Internet gouf behaapt, de Stuerm w\u00e4r - kuerz \u00e9ier e Florida erreecht hat - einfach aus dem N\u00e4ischt opgedaucht an duerch k\u00ebnschtlech Wiederbeaflossung entstanen.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-10-07T12:28:51+00:00","article_modified_time":"2024-10-28T10:16:28+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":607,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/6be352dd76205d0f2df883c8b54168ee.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"5 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Den Hurrikan Helene ass net &#8220;aus dem N\u00e4ischt opgedaucht&#8221;, w\u00e9i am Internet behaapt","datePublished":"2024-10-07T12:28:51+00:00","dateModified":"2024-10-28T10:16:28+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/"},"wordCount":1035,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/6be352dd76205d0f2df883c8b54168ee.jpeg","articleSection":["\u00cbmwelt","Fact Check","Gesellschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/","name":"Faktencheck: Den Hurrikan Helene ass net \"aus dem N\u00e4ischt opgedaucht\", w\u00e9i am Internet behaapt - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/6be352dd76205d0f2df883c8b54168ee.jpeg","datePublished":"2024-10-07T12:28:51+00:00","dateModified":"2024-10-28T10:16:28+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/6be352dd76205d0f2df883c8b54168ee.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/6be352dd76205d0f2df883c8b54168ee.jpeg","width":1080,"height":607,"caption":"Faktencheck: Den Hurrikan Helene ass net \"aus dem N\u00e4ischt opgedaucht\", w\u00e9i am Internet behaapt - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-hurrikan-helene-ass-net-aus-dem-nischt-opgedaucht-wi-am-internet-behaapt\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Den Hurrikan Helene ass net &#8220;aus dem N\u00e4ischt opgedaucht&#8221;, w\u00e9i am Internet behaapt"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/363635","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=363635"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/363635\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/363620"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=363635"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=363635"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=363635"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}