{"id":363798,"date":"2024-10-08T08:30:41","date_gmt":"2024-10-08T08:30:41","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=363798"},"modified":"2024-10-28T10:24:33","modified_gmt":"2024-10-28T10:24:33","slug":"faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Opgepasst virun d\u00ebsem M\u00ebttel aus Bananneschuelen an Zitroun fir &#8220;d&#8217;Bleeche vun Z\u00e4nn&#8221;"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p><b>\u00a9 AFP<\/b><\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Obwuel se net w\u00ebssenschaftlech fund\u00e9iert sinn an e potenzielle Risiko biergen, gi Gesondheetstipps an aner Pseudoheelm\u00ebttel reegelm\u00e9isseg a virale B\u00e4itr\u00e4g a Sozialen Netzwierker gedeelt.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Dozou geh\u00e9ieren och Videoen, d\u00e9i op TikTok grouss Opmierksamkeet kr\u00e9ien a behaapten, dass en &#8220;natierlecht Rezept&#8221; aus Bananneschuelen, Salz an Zitroun, dat een doheem nomaache k\u00e9int, d&#8217;Z\u00e4nn op effikass Aart a Weis bleeche g\u00e9ing.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Experten, d\u00e9i vun der AFP befrot goufen, warnen awer, dass e puer Ingredienten zwar op den \u00e9ischte Bl\u00e9ck h\u00ebllefe k\u00ebnnen, d&#8217;Z\u00e4nn m\u00e9i w\u00e4iss ze maachen, d&#8217;Benotze vun d\u00ebser M\u00ebschung awer laangfristeg schiedlech ka sinn.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">&#8220;Haalt op, Z\u00e4nndokteren ze bezuelen, fir Z\u00e4nnsteen ewechzehuelen oder \u00c4r Z\u00e4nn ze bleechen&#8221; oder &#8220;Z\u00e4nn natierlech bleechen&#8221;: Op TikTok heefe sech Videoen, d\u00e9i verspriechen, verstoppt Techniken, d\u00e9i fir jiddereen zoug\u00e4nglech sinn, fir e stralend Laachen ze deelen.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Eng Method, d\u00e9i z\u00ebnter op d&#8217;mannst Enn 2023 reegelm\u00e9isseg a <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9SF9-GHMN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Videoe<\/a> gedeelt g\u00ebtt an d\u00e9i <a href=\"https:\/\/perma.cc\/VF9W-GTEA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">iwwer<\/a><a href=\"https:\/\/perma.cc\/2H69-VD8Y\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">z\u00e9ngdausend Mol<\/a><a href=\"https:\/\/perma.cc\/6J38-W6S4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">gedeelt<\/a> gouf, propos\u00e9iert, eng M\u00ebschung aus Bananneschuelen ze benotzen, fir d&#8217;Z\u00e4nn &#8220;op natierlech Aart a Weis ze bleechen, ouni se ze beschiedegen&#8221;.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">&#8220;Dir w\u00e4ert ni m\u00e9i Bananneschuelen ewechgeheien, nodeem Dir Iech d\u00ebsen onvirstellbaren Trick fir d&#8217;Z\u00e4nnbleechen ugekuckt hutt&#8221;, vers\u00e9chert beispillsweis <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4GRP-Q77D\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">d\u00ebse Kont<\/a>, deen eegenen Donn\u00e9e\u00ebn no eng Dose weider Tipps fir d&#8217;Bleeche vun Z\u00e4nn oder och fir ofzehuelen propos\u00e9iert.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">D&#8217;Rezept fir d\u00ebs Bleechtechnik ass de virale Videoen no immens einfach: Et soll een einfach dat Bannescht vun enger Bananneschuel ofrappen, e b\u00ebsse Salz, Zitrounejus souw\u00e9i eng Messersp\u00ebtzt Z\u00e4nnseef dob\u00e4imaachen an alles matenee verm\u00ebschen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/385d839a472f13c3f2c7de8889b3d489.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;Resultat, sou heescht et weider, w\u00e4r eng L\u00e9isung, d\u00e9i &#8220;Flecken op der Z\u00e4nnuewerfl\u00e4ch&#8221; duerch d&#8217;Wierkung vu Kalium, Magnesium, Mangan a Saier, d\u00e9i an de verschiddenen Ingredienten enthale sinn, ewechbotzt.<\/p>\n<p>Zwar k\u00e9inten d&#8217;Resultater &#8220;scho bei der \u00e9ischter Uwendung&#8221; siichtbar sinn, mee d&#8217;Videoe roden dozou, d&#8217;M\u00ebschung &#8220;ee- bis zweemol d&#8217;Woch&#8221; oder souguer &#8220;deeglech&#8221; op d&#8217;Z\u00e4nn opzedroen.<\/p>\n<p>&#8220;Et huet bei mir funktion\u00e9iert, merci!&#8221;, &#8220;Villmools merci fir d\u00ebst Rezept&#8221; oder nach &#8220;Ech kann iech soen, dass et effikass ass&#8221;. An de meeschte Kommentare g\u00ebtt d\u00ebs angeeblech L\u00e9isung gelueft, och wann et an e puer Kommentaren heescht, dass &#8220;et n\u00e4ischt bruecht&#8221; huet oder souguer &#8220;d&#8217;Z\u00e4nn beschiedegt&#8221; huet.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/8a8eff800d59f5cb33a58e1700ca005c.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>\u00c4nlech Videoen, deelweis mat de selwechten Illustratiounen, sinn och an <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.36HM6WM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">englescher<\/a> a <a href=\"https:\/\/perma.cc\/RQL6-7EAX\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">spuenescher<\/a> Sprooch am \u00cbmlaf.<\/p>\n<p>W\u00e4renddeem hunn eng Rei Doktere g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, dass d\u00ebs Method gef\u00e9ierlech w\u00e4r a just limit\u00e9iert Virdeeler bidde g\u00e9ing.<\/p>\n<p>&#8220;M\u00e9i Schued w\u00e9i Notzen&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;<strong>Et g\u00ebtt kee Virdeel, awer d&#8217;Gefor l\u00e4it an der Saier vum Zitrounejus, d\u00e9i den Zantschmelz demineralis\u00e9iert an eng Erosioun vun den Z\u00e4nn provoz\u00e9iere w\u00e4ert<\/strong>&#8220;, sot d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.wits.ac.za\/people\/academic-a-z-listing\/s\/joyshackleton1witsacza\/\">Joy Shackleton<\/a>, Cheffin vum Departement fir Z\u00e4nnprothetik op der University of Witwatersrand a S\u00fcdafrika (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/BFU6-5LMD\">hei <\/a>archiv\u00e9iert), den 19. September g\u00e9intiwwer der AFP.<\/p>\n<p>D&#8217;Expertin huet erkl\u00e4ert, dass Z\u00e4nnerosioun zu empfindlechen Z\u00e4nn a m\u00e9i d\u00ebnnem Zantschmelz f\u00e9iere kann, wat den Zant m\u00e9i donkel oder giel ausgesi l\u00e9isst.<\/p>\n<p>&#8220;D&#8217;Ingredienten, d\u00e9i uewe erw\u00e4\u00e4nt goufen, k\u00ebnnen eng &#8216;Bleech vun den Z\u00e4nn&#8217; als eng Wierkung hunn, mee et ass wichteg ze verstoen, w\u00e9i se funktion\u00e9ieren a wat fir eng potenziell Nodeeler se hunn&#8221;, sot de\u00a0<a href=\"https:\/\/www.up.ac.za\/odontology\/article\/2426696\/staff\">Zunaid Vally<\/a>, deen den Departement fir Odontologie op der University of Pretoria leet (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/DD9M-9ZG7\">hei<\/a> archiv\u00e9iert), de 27. September g\u00e9intiwwer der AFP.<\/p>\n<p>Bei der Beschreiwung vum Fonctionnement vun den eenzelen Ingredienten huet de Zunaid Vally vers\u00e9chert, dass Bananneschuele beispillsweis zwar bei der Eliminatioun vun &#8220;uewerfl\u00e4chleche Flecken&#8221; h\u00ebllefen a fir e &#8220;liicht Bleeche&#8221; suerge k\u00ebnnen, <strong>d\u00ebst awer &#8220;minimal a just tempor\u00e4r&#8221;<\/strong><strong>w\u00e4r<\/strong>.<\/p>\n<p>Gl\u00e4ichz\u00e4iteg kann d&#8217;spuersaamt Benotze vu Salz dem Professer no wuel och iwwerfl\u00e4chlech Flecken ewechmaachen, awer &#8220;<strong>en iwwerm\u00e9issegt Benotze kann zum Ofnotze vum Zantschmelz f\u00e9ieren<\/strong>, wann et ze aggressiv oder ze dacks benotzt g\u00ebtt, besonnesch wann d&#8217;M\u00ebschung a Form vun enger Past benotzt g\u00ebtt&#8221;.<\/p>\n<p>Wat d&#8217;Zitroun betr\u00ebfft, sou kann hir Saier zwar &#8220;h\u00ebllefen, best\u00ebmmt Flecken ze verstoppen, [&#8230;] eng m\u00e9i laang Expositioun kann den Zantschmelz entmineralis\u00e9ieren, wat zu enger m\u00e9i h\u00e9ijer Empfindlechkeet an engem m\u00e9i grousse Risiko fir Karies f\u00e9iert.\u00a0<strong>Dat ka schlussendlech m\u00e9i Schued w\u00e9i Notzen uriichten<\/strong>&#8220;, huet de Zunaid Vally festgestallt.<\/p>\n<p>&#8220;Ech g\u00e9ing Patienten net roden, d\u00ebs oder aner [\u00e4nlech, Um. v. d. Red.] Ingrediente laangfristeg ze benotzen, fir hir Z\u00e4nn ze bleechen. Amplaz sollte si hir Z\u00e4nn all sechs M\u00e9int professionell rengege loossen a sech vun enger Fachpersoun berode loossen&#8221;, huet hien als Fazit gezunn.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/865ac4493f7a6ae8d50815eadd320b9d.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Bleeche vun Z\u00e4nn a Frankr\u00e4ich gereegelt<\/p>\n<p>A Frankr\u00e4ich an der EU g\u00ebtt et <strong><a href=\"https:\/\/www.economie.gouv.fr\/dgccrf\/blanchiment-des-dents-reglementation-protectrice-des-consommateurs#_ftn1\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">streng Virschr\u00ebfte fir d&#8217;Bleeche vun Z\u00e4nn<\/a><\/strong>, wat an der Reegel mat H\u00ebllef vun enger cheemescher Verbindung (Waasserstoffperoxid) duerchgef\u00e9iert g\u00ebtt. Professionell Z\u00e4nndoktere k\u00ebnnen de Pr\u00e4is fr\u00e4i festlee\u00ebn. Dohier sinn d\u00ebs de facto\u00a0 immens \u00ebnnerschiddlech, awer an der Reegel muss ee mat op d&#8217;mannst 300 Euro fir en Ophellen an 1.200 Euro fir e Bleaching rechnen (Link <a href=\"https:\/\/archive.is\/wK1ey\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>A Frankr\u00e4ich sinn \u00e4sthetesch Z\u00e4nnbehandlunge w\u00e9i d&#8217;Ophelle vun Z\u00e4nn net an der Grondpauschal vun de Mutuellen enthalen. D\u00ebs k\u00ebnne just vun Z\u00e4nnkrankekeesen iwwerholl ginn, souw\u00e4it se vu Fachleit duerchgef\u00e9iert ginn, w\u00e9i d&#8217;AFP an engem <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.346Y2JR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">fr\u00e9iere Faktencheck<\/a> iwwer Arnaquen am Zesummenhang mam Bleeche vun Z\u00e4nn gemellt hat.<\/p>\n<p>Generell g\u00ebllt: &#8220;D&#8217;Ophelle vun net komplett gesonden Z\u00e4nn ka problematesch sinn an d&#8217;Geweebe vum Zant ugr\u00e4ifen. Et sollt ee sech och bewosst sinn, dass \u00ebmsou m\u00e9i Ophellungstraitementer duerchgef\u00e9iert ginn, \u00ebmsou m\u00e9i verfierwe sech d&#8217;Z\u00e4nn duerno nees. Et muss een \u00ebmmer m\u00e9i an \u00ebmmer m\u00e9i dacks nobleechen&#8221;, sot d&#8217;Dr. Genevi\u00e8ve Wagner, Z\u00e4nndoktesch a Vizepresidentin fir juristesch Froen, Presidentin vun der Kommissioun fir Beruffsaus\u00fcbung a Beruffsethik vum Ordre national des dentistes a Frankr\u00e4ich, 2023 g\u00e9intiwwer der AFP.<\/p>\n<p>&#8220;\u00c9ier een dorun denkt, d&#8217;Eegefaarf vu sengem Zant ze \u00e4nneren, <strong>sollt ee bedenken, d&#8217;Verfierwungen op der Uewerfl\u00e4ch mat enger Z\u00e4nnsteenentfernung an enger Politur ewechzemaachen<\/strong>. Dat ass sou, w\u00e9i wann een eng Mauer nei ustr\u00e4icht: Et botzt ee se, \u00e9ier ee se ustr\u00e4icht. Well wann een e Bleaching gemaach huet, ouni d&#8217;Verfierwungen op der Uewerfl\u00e4ch ewechzehuelen, oxid\u00e9iert [een] d\u00ebs Uewerfl\u00e4cheverfierwungen an net den Zant&#8221;, huet och den Dr. Christophe Lequart, Z\u00e4nndokter a Spriecher vun der Union fran\u00e7aise pour la sant\u00e9 bucco-dentaire (UFSBD), zur selwechter Z\u00e4it betount.<\/p>\n<p>D&#8217;Experten, d\u00e9i vun der AFP befrot goufen, warne generell virun de Geforen, d\u00e9i entstinn, wann een op medezinnesch Rotschl\u00e9i aus Sozialen Netzwierker lauschtert.<\/p>\n<p>&#8220;Persounen, d\u00e9i keng medezinesch Ausbildung hunn, k\u00ebnne Rotschl\u00e9i ginn, d\u00e9i ierf\u00e9ierend oder souguer schiedlech k\u00ebnne sinn. Dohier ass et wichteg, all medezinesch Informatioune mat zouverl\u00e4ssege Quellen ofzegl\u00e4ichen&#8221;, huet de Zunaid Vally gewarnt.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP iwwerpr\u00e9ift reegelm\u00e9isseg zuelr\u00e4ich Pseudo-Rotschl\u00e9i fir d&#8217;Gesondheet, d\u00e9i a Sozialen Netzwierker viral ginn, awer net effikass oder souguer gef\u00e9ierlech sinn, w\u00e9i d\u00e9i <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.33PT8H3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">angeeblech Heelm\u00ebttel g\u00e9int AIDS<\/a>, d\u00e9i <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.368423R\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">riskant selwergemaach Rezepter fir Sonnecr\u00e8me<\/a> oder d&#8217;<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.33H886T\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Gedr\u00e9nks, dat als L\u00e9isung g\u00e9int Asthma<\/a> beschwuer gouf, awer guer keng w\u00ebssenschaftlech Grondlag huet.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Obwuel se net w\u00ebssenschaftlech fund\u00e9iert sinn an e potenzielle Risiko biergen, gi Gesondheetstipps an aner Pseudoheelm\u00ebttel reegelm\u00e9isseg a virale B\u00e4itr\u00e4g a Sozialen Netzwierker gedeelt.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":363778,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[183,190],"tags":[],"class_list":["post-363798","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","category-fact-check-lb","category-gesondheet"],"acf":{"show_metatags":true,"id":"2237944","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2237944.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Opgepasst virun d\u00ebsem M\u00ebttel aus Bananneschuelen an Zitroun fir &quot;d&#039;Bleeche vun Z\u00e4nn&quot; - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Opgepasst virun d\u00ebsem M\u00ebttel aus Bananneschuelen an Zitroun fir &quot;d&#039;Bleeche vun Z\u00e4nn&quot; - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Obwuel se net w\u00ebssenschaftlech fund\u00e9iert sinn an e potenzielle Risiko biergen, gi Gesondheetstipps an aner Pseudoheelm\u00ebttel reegelm\u00e9isseg a virale B\u00e4itr\u00e4g a Sozialen Netzwierker gedeelt.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-10-08T08:30:41+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-10-28T10:24:33+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/73183a817548045b6299ee9c431ce2d5.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"607\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"6 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Opgepasst virun d\u00ebsem M\u00ebttel aus Bananneschuelen an Zitroun fir &#8220;d&#8217;Bleeche vun Z\u00e4nn&#8221;\",\"datePublished\":\"2024-10-08T08:30:41+00:00\",\"dateModified\":\"2024-10-28T10:24:33+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/\"},\"wordCount\":1344,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/73183a817548045b6299ee9c431ce2d5.jpeg\",\"articleSection\":[\"Fact Check\",\"Gesondheet\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/\",\"name\":\"Faktencheck: Opgepasst virun d\u00ebsem M\u00ebttel aus Bananneschuelen an Zitroun fir \\\"d'Bleeche vun Z\u00e4nn\\\" - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/73183a817548045b6299ee9c431ce2d5.jpeg\",\"datePublished\":\"2024-10-08T08:30:41+00:00\",\"dateModified\":\"2024-10-28T10:24:33+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/73183a817548045b6299ee9c431ce2d5.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/73183a817548045b6299ee9c431ce2d5.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":607,\"caption\":\"Faktencheck: Opgepasst virun d\u00ebsem M\u00ebttel aus Bananneschuelen an Zitroun fir \\\"d'Bleeche vun Z\u00e4nn\\\" - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Opgepasst virun d\u00ebsem M\u00ebttel aus Bananneschuelen an Zitroun fir &#8220;d&#8217;Bleeche vun Z\u00e4nn&#8221;\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Opgepasst virun d\u00ebsem M\u00ebttel aus Bananneschuelen an Zitroun fir \"d'Bleeche vun Z\u00e4nn\" - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Opgepasst virun d\u00ebsem M\u00ebttel aus Bananneschuelen an Zitroun fir \"d'Bleeche vun Z\u00e4nn\" - EDMO Belux","og_description":"Obwuel se net w\u00ebssenschaftlech fund\u00e9iert sinn an e potenzielle Risiko biergen, gi Gesondheetstipps an aner Pseudoheelm\u00ebttel reegelm\u00e9isseg a virale B\u00e4itr\u00e4g a Sozialen Netzwierker gedeelt.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-10-08T08:30:41+00:00","article_modified_time":"2024-10-28T10:24:33+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":607,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/73183a817548045b6299ee9c431ce2d5.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"6 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Opgepasst virun d\u00ebsem M\u00ebttel aus Bananneschuelen an Zitroun fir &#8220;d&#8217;Bleeche vun Z\u00e4nn&#8221;","datePublished":"2024-10-08T08:30:41+00:00","dateModified":"2024-10-28T10:24:33+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/"},"wordCount":1344,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/73183a817548045b6299ee9c431ce2d5.jpeg","articleSection":["Fact Check","Gesondheet"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/","name":"Faktencheck: Opgepasst virun d\u00ebsem M\u00ebttel aus Bananneschuelen an Zitroun fir \"d'Bleeche vun Z\u00e4nn\" - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/73183a817548045b6299ee9c431ce2d5.jpeg","datePublished":"2024-10-08T08:30:41+00:00","dateModified":"2024-10-28T10:24:33+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/73183a817548045b6299ee9c431ce2d5.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/73183a817548045b6299ee9c431ce2d5.jpeg","width":1080,"height":607,"caption":"Faktencheck: Opgepasst virun d\u00ebsem M\u00ebttel aus Bananneschuelen an Zitroun fir \"d'Bleeche vun Z\u00e4nn\" - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-opgepasst-virun-dsem-mttel-aus-bananneschuelen-an-zitroun-fir-dbleeche-vun-znn\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Opgepasst virun d\u00ebsem M\u00ebttel aus Bananneschuelen an Zitroun fir &#8220;d&#8217;Bleeche vun Z\u00e4nn&#8221;"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/363798","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=363798"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/363798\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/363778"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=363798"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=363798"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=363798"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}