{"id":364941,"date":"2024-10-12T13:00:06","date_gmt":"2024-10-12T13:00:06","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=364941"},"modified":"2024-10-28T10:21:48","modified_gmt":"2024-10-28T10:21:48","slug":"faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Ass Chimiotherapie &#8220;zu 97 %&#8221; ineffikass g\u00e9int Kriibs?"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>W\u00e4rend de frans\u00e9ischen Institut national du cancer Enn September en Iwwerbl\u00e9ck iwwer d&#8217;Kriibserkrankungen am Land fir d&#8217;Joer 2024 erstallt huet, behaapten Internetnotzer a Sozialen Netzwierker, dass Chimiotherapien en &#8220;Taux d&#8217;\u00e9chec vu 97 %&#8221; h\u00e4tten. Si st\u00e4ipe sech dob\u00e4i op Aussoe vun engem amerikaneschen Naturopath (Naturheeler). D\u00ebse Prozentsaz ass awer onbegr\u00ebnnt.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">W\u00e9i eng R\u00ebtsch Onkologen an Institutiounen, d\u00e9i op Kriibs spezialis\u00e9iert sinn, g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert hunn, erm\u00e9iglecht d\u00ebse Behandlungsprinzipp, deen op Kriibszellen ofziilt, all en effikasse Soin bei Patiente souw\u00e9i endg\u00fclteg Heelungen. Ofgesi vun der Absurdit\u00e9it, Chimiotherapien als generesch Kriibsbehandlung ze betruechten, owbuwel se eng Villzuel vu F\u00e4ll ofdeckt, weisen d&#8217;Experten och op d&#8217;M\u00ebssverst\u00e4ndnis vun der Et\u00fcd hin, d\u00e9i vum Naturheeler zit\u00e9iert gouf. D\u00ebs k\u00ebnnt n\u00e4mlech net zur Konklusioun, dass d&#8217;Chimiotherapie zu 97 Prozent ineffikass ass.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">&#8220;Chimiotherapie huet en Taux d&#8217;\u00e9chec vu 97 Prozent&#8221;, behaapten Internetnotzer a B\u00e4itr\u00e4g, d\u00e9i Enn September 2024 op Facebook (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/5HTU-75X9\">1<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/84PM-PHC8\">2<\/a>) an op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4ZCR-CMR2\">X<\/a> gedeelt goufen.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Si behaapten, dass d\u00ebs Kriibstherapie just fir kommerziell Zwecker agesat g\u00e9if, an zwar vun Dokteren, d\u00e9i mat der Chimiotherapie &#8221; e risege Profit&#8221; maache g\u00e9ifen.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">D\u00ebs Notzer widderhuelen d&#8217;Argumenter vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8WSM-FQXC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">amerikaneschen Naturopath Peter Glidden<\/a>, deen an engem Video behaapt, dass en Onkolog am amerikanesche Gesondheetssystem mat der Duerchf\u00e9ierung vu Chimiotherapi\u00eb s\u00e9ier r\u00e4ich ka ginn.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/48fa84ceeb5eb6dd15b264053a804d5e.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>&#8220;Den eenzege Grond, firwat Chimiotherapie agesat g\u00ebtt, ass, dass d&#8217;Dokteren domat Sue verd\u00e9ngen. [&#8230;] Et funktion\u00e9iert a 97 % vun de F\u00e4ll net. Wann d&#8217;Firma Ford en Auto hierstelle g\u00e9if, deen a 97 % vun de F\u00e4ll explod\u00e9iert, w\u00e4r se dann nach am Gesch\u00e4ft? Nee&#8221;, behaapt de Glidden weider an d\u00ebsem B\u00e4itrag.<\/p>\n<p>D\u00ebs Zuel widderspr\u00e9cht awer all Grondlag, w\u00e9i eng R\u00ebtsch Onkologe g\u00e9intiwwer der AFP betount hunn.<\/p>\n<p>Den <a href=\"https:\/\/www.gustaveroussy.fr\/fr\/eric-solary\">Eric Solary<\/a>, Vizepresident vun der Fondation ARC fir Kriibsfuerschung (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/H2KS-TEBT\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>), deen d&#8217;AFP den 1. Oktober 2024 befrot huet, h\u00e4lt d\u00ebs Behaaptung fir &#8220;onverst\u00e4ndlech&#8221;. &#8220;D&#8217;Chimiotherapie erm\u00e9iglecht vollst\u00e4nneg therapeutesch \u00c4ntwerten a bei enger Rei vu Patienten eng endg\u00fclteg Heelung. Souguer wann haut bei der Kriibsbehandlung nei Medikamenter, geziilt Therapien an Immuntherapien agesat ginn, bleift d&#8217;Chimiotherapie e Grondbestanddeel vun der Kriibsbehandlung, deen deeglech agesat g\u00ebtt an all Dag d&#8217;Liewe vu Patiente rett.&#8221;<\/p>\n<p>De medezinneschen Onkolog <a href=\"https:\/\/sfc.asso.fr\/membres\/rodrigues-manuel\/\">Manuel Rodrigues<\/a>, President vun der Soci\u00e9t\u00e9 fran\u00e7aise du Cancer (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/Y7K8-9464\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>), gouf de selwechten Dag vun der AFP kontakt\u00e9iert an huet erkl\u00e4ert: Et kann een net all Kriibszorten an all Chimiotherapien an een D\u00ebppe geheien. Et muss ee vu Kriibs zu Kriibs a souguer vu Subtypp zu Subtypp \u00ebnnerscheeden.&#8221;<\/p>\n<p>Hie weist ausserdeem dorop hin, dass den am Video ernimmte Versuergungssystem definitiv net deem a Frankr\u00e4ich entspr\u00e9cht, wou Onkologe kee finanzielle Gew\u00ebnn erzilen, wa si Chimiotherapi\u00eb verschreiwen: &#8220;Ob d&#8217;Chimiotherapie deier oder b\u00eblleg ass, m\u00e9cht fir de medezineschen Onkolog a souguer fir d&#8217;Klinick, d\u00e9i se verschreift, keen \u00cbnnerscheed.&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;Chimiotherapie ass e Behandlungsprinzipp, dee vill verschidde F\u00e4ll recouvr\u00e9iert<\/p>\n<p>W\u00e9i op der <a href=\"https:\/\/www.gustaveroussy.fr\/fr\/chimiotherapie\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it<\/a> vum Centre de lutte contre le cancer Gustave Roussy (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/YF5C-LVRX\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>) ausf\u00e9ierlech beschriwwe g\u00ebtt, ass d&#8217;Chimiotherapie kee Medikament, mee e &#8220;Behandlungstypp, deen e breede Spektrum u Medikamenter regrupp\u00e9iert&#8221;, d\u00e9i Kriibszellen elimin\u00e9iere sollen.<\/p>\n<p>Jee no Zort vu Chimiotherapie k\u00ebnne se also op verschiddene Wee\u00ebr (oral, intraven\u00e9is) administr\u00e9iert ginn a m\u00e9i oder manner effikass sinn, well &#8220;verschidden Tumoren [net] op d\u00e9i selwecht Chimiotherapie uspriechen.&#8221;<\/p>\n<p>W\u00e9i d&#8217;Fondation ARC fir Kriibsfuerschung op hirer <a href=\"https:\/\/www.fondation-arc.org\/traitements-soins-cancer\/chimiotherapie\/quest-ce-quune-chimiotherapie-\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it<\/a> erkl\u00e4ert (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/A37K-WC4Z\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>), kann d&#8217;Chimiotherapie als &#8220;systematesch&#8221; Behandlung, d\u00e9i am ganze Kierper wierkt, a ganz \u00ebnnerschiddleche F\u00e4ll agesat ginn: als &#8220;exklusiven Traitement&#8221; bei best\u00ebmmte Kriibszorten (besonnesch Bluttkriibs), virun engem chirurgeschen Agr\u00ebff oder enger Stralentherapie, &#8220;fir den Tumor ze verklengeren&#8221;, oder no engem vun d\u00ebse b\u00e9ide F\u00e4ll, fir &#8220;potenziell Reschttumorzellen&#8221; ze elimin\u00e9ieren &#8230;<\/p>\n<p>Eng Chimiotherapie kann och an der metastasescher Phas vu Kriibs agesat ginn, fir d&#8217;Krankheet ze stabilis\u00e9ieren, oder an der palliativer Phas, wann eng Heelung net m\u00e9i m\u00e9iglech ass, fir &#8220;d&#8217;Liewensz\u00e4it&#8221; an &#8220;d&#8217;Liewensqualit\u00e9it&#8221; ze verbesseren.<\/p>\n<p>Et m\u00e9cht dohier kee S\u00ebnn, generesch vun &#8220;der Chimiotherapie&#8221; ze schw\u00e4tzen, w\u00e9i et de Peter Glidden m\u00e9cht, well se ganz \u00ebnnerschiddlech Situatiounen \u00ebmfaasst, huet d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.journee-filiere-ia-cancers.fr\/speaker\/ef4f5f9d-dd9f-ee11-8923-6045bd9869bb\/marianne-duperray\">Marianne Duperray<\/a> (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/7WWZ-HAEJ\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>), Direktesch fir Recommandatiounen a Medikamenter um\u00a0frans\u00e9ischen Institut national du cancer, de 4. Oktober 2024 g\u00e9intiwwer der AFP betount.<\/p>\n<p>&#8220;Et g\u00ebtt net eng, mee eng Rei Chimiotherapien. All Medikament fir eng Chimiotherapie kritt no an op der Basis vun de Resultater vu klineschen Et\u00fcden an no enger Notzen-Risiko-Bew\u00e4ertung duerch d\u00e9i staatlech Agencen, d\u00e9i fir eng Maartzouloossung vu Medikamenter zoust\u00e4nneg sinn, eng Geneemegung an en Zougang zum Remboursement fir eng spezifesch Indicatioun [&#8230;], dat heescht, notamment eng spezifesch Traitementslinn, fir d\u00e9i et en erwisenen Notze g\u00ebtt. [&#8230;] D\u00ebs Chimiotherapien, d\u00e9i eigentlech Medikamenter sinn, k\u00ebnne matenee kombin\u00e9iert ginn&#8221;, huet si erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>Den Eric Solay st\u00ebmmt deem zou: &#8220;Bei der Chimiotherapie komme vill verschidde Medikamenter zum Asaz, d\u00e9i jee no Kriibszort op ganz \u00ebnnerschiddlech agesat ginn an d\u00e9i nees vill Patienten heele k\u00ebnnen.&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;Am G\u00e9igesaz zu anere Behandlungsmethoden, d\u00e9i een z\u00ebnterhier entw\u00e9ckelt huet, ziilt d&#8217;Chimiotherapie op Zellen of, d\u00e9i sech vervillf\u00e4ltegen. Dohier ass d&#8217;Fro, ob sech de Kriibs s\u00e9ier vervillf\u00e4ltegt oder net, ee vun de Kritt\u00e4ren, d\u00e9i bei der Entscheedung fir eng Chimiotherapie beuecht ginn&#8221;, huet de Manuel Rodrigues erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>Den Expert nennt d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.ameli.fr\/paris\/assure\/sante\/themes\/melanome\/traitements\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Hautmelanom<\/a> (<a href=\"https:\/\/archive.ph\/X5pGQ\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>) als Beispill: &#8220;A munche F\u00e4ll kann et grav sinn, awer d&#8217;Chimiotherapie [&#8230;] ass [bei d\u00ebser Zort vu Kriibs] net effikass, also g\u00ebtt se net verschriwwen.&#8221;<\/p>\n<p>Am G\u00e9igesaz dozou sinn, w\u00e9i den Eric Solay erkl\u00e4ert, &#8220;e puer Kriibszorten immens sensibel fir eng Chimio&#8221;. &#8220;D&#8217;Hodgkin-Krankheet, e Kriibs, deen heiansdo immens jonk M\u00ebnsche bef\u00e4lt, g\u00ebtt z\u00ebnter Laangem a m\u00e9i w\u00e9i 50 Prozent vun de F\u00e4ll duerch Chimiotherapie geheelt, d\u00e9i heiansdo mat Stralentherapie kombin\u00e9iert g\u00ebtt. [&#8230;] Och vill b\u00e9isaarteg Lymphomer ginn z\u00ebnter laanger Z\u00e4it bal exklusiv duerch Chimiotherapie geheelt. [&#8230;] Et kann een och Leukemien als Beispill huelen: Wann eng Persoun un akuter Leukemie leit, stierwen d\u00ebs Persounen a 95 Prozent vun de F\u00e4ll bannent e puer Deeg, wa keng Chimiotherapie gemaach g\u00ebtt.&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;D&#8217;Intensit\u00e9it vun der Chimiotherapie ass jee no Tumor a Plaz, op d\u00e4r e sech bef\u00ebnnt, \u00ebnnerschiddlech. \u00cbmsou m\u00e9i chimiosensibel de Kriibs ass, \u00ebmsou m\u00e9i warscheinlech ass et, dass d&#8217;Chimiotherapie effikass ass&#8221;, huet d&#8217;Marianne Duperray duergeluecht.<\/p>\n<p>W\u00e9inst der grousser Heterogenit\u00e9it bei den exist\u00e9ierende Kriibserkrankungen ass et dohier immens schwiereg, d&#8217;Wierksamkeet vun der Chimiotherapie am m\u00e9i w\u00e4ite S\u00ebnn ze quantifiz\u00e9ieren. Geneesou kann d\u00ebse Behandlungsprinzipp zu tempor\u00e4ren Niewewierkunge f\u00e9ieren, d\u00e9i &#8220;heefeg, awer net systematesch a moder\u00e9iert&#8221; sinn an ausserdeem jee no Chimiotherapie vari\u00e9ieren, er\u00ebnnert d&#8217;Expertin.<\/p>\n<p>&#8220;Dozou geh\u00e9ieren Iwwelzegkeet, Erbriechen, Entz\u00fcndungen am Mond (Mucite) oder Aphten, Duerchfall oder Verstopfung, tempor\u00e4ren Hoerausfall (Alopezie), Middegkeet, R\u00e9ckgang vu w\u00e4issen a roude Bluttkierpercher oder de Bluttpl\u00e4ttercher. Verschidden Niewewierkunge k\u00ebnnen duerch g\u00ebeegent Soinen a Medikamenter limit\u00e9iert oder souguer komplett vermidde ginn. Net all Chimiotherapi\u00eb f\u00e9ieren zu Niewewierkungen; dat bedeit awer net, dass d&#8217;Behandlung ineffikass ass&#8221;, huet si erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/bcf5dbb5e55614c4806e7c39ca051bcb.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>E Prozentsaz, deen op dem M\u00ebssverst\u00e4ndnes vun enger Et\u00fcd mat atypescher Methodik berout<\/p>\n<p>Och wann dem Peter Glidden s\u00e4i Video an de leschte Wochen op Facebook an X gedeelt gouf, ass e schonn z\u00ebnter Joren an de Sozialen Netzwierker am \u00cbmlaf. Sou war d\u00ebse Video zum Beispill schonn am\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/37UL-EH4S\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">M\u00e4erz 2014 op Facebook<\/a> oder am Juli 2011 op YouTube opgedaucht &#8211; wou de Video an der T\u00ebschenz\u00e4it gel\u00e4scht gouf, awer <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20120307151158\/https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=XdLyMhNdcSc\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">als archiv\u00e9ierte Link<\/a> weiderhin zoug\u00e4nglech ass.<\/p>\n<p>W\u00e9i et an enger Beschreiwung op YouTube (m\u00ebttlerweil gel\u00e4scht, awer <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20150830035702\/https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=5sJFyEDGpG4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">an archiv\u00e9ierter Form<\/a> zoug\u00e4nglech) fir d\u00ebsen Interview heescht, st\u00e4ipt sech den amerikaneschen Naturopath bei sengem Virworf, den Taux d&#8217;\u00e9chec l\u00e9ich bei 97 Prozent, op eng <a href=\"https:\/\/pubmed.ncbi.nlm.nih.gov\/15630849\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">australesch Et\u00fcd<\/a>, d\u00e9i 2004 an der Z\u00e4itschr\u00ebft &#8220;Journal of Clinical Oncology&#8221; publiz\u00e9iert gouf. D&#8217;Artikelen aus d\u00ebser Editioun goufen enger Peer-Review \u00ebnnerzunn (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/JH2Z-4AUJ\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>).<\/p>\n<p>D&#8217;Et\u00fcd sollt de B\u00e4itrag vun der Chimiotherapie iwwer den Iwwerliewenstaux vu Patiente mat verschiddene Kriibszorten iwwer en Z\u00e4itraum vu f\u00ebnnef Joer bew\u00e4erten an huet sech dob\u00e4i op epidemiologesch Donn\u00e9e\u00ebn aus den USA an Australien aus dem Joer 1998 gest\u00e4ipt.<\/p>\n<p>Laut de Resultater, d\u00e9i vun de Fuerscher virgeluecht goufen, huet d&#8217;Chimiotherapie mat e b\u00ebsse m\u00e9i w\u00e9i &#8220;2 %&#8221; zu d\u00ebsem Iwwerliewenstaux b\u00e4igedroen.<\/p>\n<p>D&#8217;Et\u00fcd k\u00ebnnt also net zur Konklusioun, dass d&#8217;Chimiotherapie &#8220;97 % vun der Z\u00e4it&#8221; versot, w\u00e9i de Peter Glidden behaapt, mee spillt hiren Afloss hiren op de 5-Joer-Iwwerliewenstaux vu Kriibs erof.<\/p>\n<p>&#8220;Do ass zum engen den Artikel, dee vu schlechter Qualit\u00e9it ass, an zum aneren d&#8217;M\u00ebssverst\u00e4ndnis dovun, wat dora gesot g\u00ebtt. [&#8230;] Eent vun de Wierder, dat [de Kontext vun der Et\u00fcd verd\u00e4itlecht], ass &#8216;adjuvant&#8217;, dat heescht, zum Z\u00e4itpunkt wou keng Krankheet m\u00e9i noweisbar ass, entweder, nodeem d&#8217;Patienten oper\u00e9iert goufen, [d&#8217;B\u00e4if\u00fcge vun engem Traitement] mat Chimiotherapie oder net&#8221;, huet de Manuel Rodrigues erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>Den Onkolog betount, dass d&#8217;Resultater vun d\u00ebser &#8220;onklorer&#8221; w\u00ebssenschaftlecher Aarbecht selwer bei korrekter Interpretatioun nuanc\u00e9iert muss ginn: &#8220;D&#8217;Berechnungsmethod [vun den Auteure vun der Et\u00fcd] ass ze verzerrt, fir den Notze vun der Chimiotherapie ze berechnen, well se sech an der Literatur d&#8217;klinesch Et\u00fcden ugekuckt hunn, an dunn hu si sech d&#8217;Unzuel vun de Kriibserkrankungen an den USA an an Australien ugekuckt an d&#8217;Unzuel vun de Patiente geschat, d\u00e9i dank der Chimiotherapie zous\u00e4tzlech nach gelieft hunn. Dat ass also eng Sch\u00e4tzung mat dem naasse Fanger. [&#8230;] Si verm\u00ebschen Donn\u00e9e\u00ebn aus dem reelle Liewe mat Donn\u00e9e\u00ebn aus klineschen Et\u00fcden.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/6e38111b7ce6bd025349ab1d92c31c4e.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Desinformatioun iwwer Kriibsbehandlung, d\u00e9i a Sozialen Netzwierker \u00ebmmer nees opdaucht<\/p>\n<p>&#8220;An der medezinescher Onkologie g\u00ebtt et dr\u00e4i Situatiounen. Wann ee weess, dass eng Chimiotherapie n\u00e4ischt br\u00e9ngt, verschreift ee se net. [&#8230;] A Situatiounen, an deene se onerl\u00e4sslech ass, ginn d&#8217;Patiente wierklech encourag\u00e9iert, [dem Rot vum] Onkolog nozekommen. Wann den Notze just e puer Prozent m\u00e9i bedr\u00e9it [&#8230;], g\u00ebtt et intensiv Diskussiounen [iwwer d&#8217;Pertinenz, se wouerzehuelen,] t\u00ebschent den Onkologen an de Patienten&#8221;, huet de Manuel Rodrigues zesummegefaasst.<\/p>\n<p>Den Onkolog huet b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt, dass e groussen Deel vun der Kriibsfuerschung an de leschten dr\u00e4i Joerz\u00e9ngten dorop ofgeziilt huet, &#8220;d&#8217;prognostesch a predikativ Facteure&#8221; vun der Krankheet ze best\u00ebmmen, fir m\u00e9i liicht ze erkennen, w\u00e9ini eng Behandlung s\u00ebnnvoll ass.<\/p>\n<p>D&#8217;Marianne Duperray huet hirers\u00e4its &#8220;de Risiko&#8221; bedauert, dee vun ierf\u00e9ierenden Aussoe w\u00e9i d\u00e4r iwwer den Taux d&#8217;\u00e9chec vun der Chimiotherapie ausgeet: &#8220;Mat esou Messag\u00eb k\u00e9inten [d&#8217;Patiente] sech vun de konventionelle Behandlungen ofwenden, d\u00e9i hirer Effikassit\u00e9it bei der Behandlung vu Kriibspatiente bewisen hunn.&#8221;<\/p>\n<p>Am Joer 2022 kruten a Frankr\u00e4ich 372.348 Patienten eng Chimiotherapie, sou de <a href=\"https:\/\/www.e-cancer.fr\/Presse\/Dossiers-et-communiques-de-presse\/L-Institut-national-du-cancer-publie-les-dernieres-donnees-en-cancerologie-dans-son-Panorama-edition-2024\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Kriibspanorama 2024<\/a> vum Institut national du cancer (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/W6BU-BAD7\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>). D\u00ebse <a href=\"https:\/\/information.tv5monde.com\/science\/cancers-des-signaux-preoccupants-pour-les-femmes-encourageants-pour-les-hommes-2741562\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Panorama stellt d&#8217;Situatioun sou duer<\/a>, dass bei Fraen eng &#8220;besuergneserreegend&#8221; Hausse vu Longen- a Bauchspeicheldr\u00fcsekriibs a bei M\u00e4nner eng Stabilis\u00e9ierung oder souguer e R\u00e9ckgang vun den heefegste Kriibszorte festzestellen ass (<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20241004124731\/https:\/\/information.tv5monde.com\/science\/cancers-des-signaux-preoccupants-pour-les-femmes-encourageants-pour-les-hommes-2741562\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>).<\/p>\n<p>Virun allem opgrond vum demografesche Cocktail (Bev\u00eblkerungswuesstem an Alterung), awer och opgrond vu Risiken am Zesummenhang mam Liewensstil, ass d&#8217;Kriibsinzidenz a Frankr\u00e4ich an de leschten 20 Joer d\u00e4itlech geklommen, genee w\u00e9i an anere westleche L\u00e4nner. Am Joer 2023 goufe 433.333 nei F\u00e4ll festgestallt. Kriibs ass d\u00e9i heefegst Doudesursaach bei M\u00e4nner an no H\u00e4erz-Kreeslaf-Erkrankungen d\u00e9i zweetheefegst bei Fraen a bedeit all Joer fir m\u00e9i w\u00e9i 162.400 Fransousen den Doud.<\/p>\n<p>AFP Factuel huet eng R\u00ebtsch Artikele publiz\u00e9iert, fir Desinformatiounen iwwer Kriibsbehandlunge mat alldeegleche Liewensm\u00ebttel ze konteren &#8211; <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.34NB77D\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">besonnesch am Abr\u00ebll 2024<\/a>. Zu de falschen Heelm\u00ebttel, d\u00e9i an de Sozialen Netzwierker \u00ebmmer nees opdauchen, geh\u00e9iert d&#8217;Zitroun. Verschiddener mengen, se misst <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/non-leau-chaude-et-le-citron-ne-guerissent-pas-le-cancer\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">waarm giess<\/a> ginn, anerer <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/http%253A%252F%252Fdoc.afp.com%252F9F38AY-1\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">huele se mat Corossol<\/a> (enger tropescher Fruucht) oder souguer <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.33CP6UJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">d\u00e9ifgefruer<\/a> zou sech, fir g\u00e9int de Kriibs ze wierken.<\/p>\n<p>De Professer Sidy Ka, e Chirurg a Kriibsspezialist am Spidol Aristide Le Dantec zu Dakar, huet <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/http%253A%252F%252Fdoc.afp.com%252F9F38AY-1\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">g\u00e9intiwwer der AFP am Joer 2021 bedauert<\/a>, dass vill Patienten &#8211; &#8220;bal alleguer&#8221;, d\u00e9i hie behandelt huet &#8211; sech d\u00ebse Pseudobehandlungen \u00ebnnerz\u00e9ien, \u00e9ier si sech entschl\u00e9issen, an d&#8217;Spidol ze goen, dacks an engem fortgeschratte Kriibsstadium.<\/p>\n<p>Am selwechte Joer huet den Onkolog Prof. Paul Ndom, permanente Secretaire vum Comit\u00e9 national de lutte contre le cancer am Kamerun, d\u00ebs Praxis ugeprangert: &#8220;70 Prozent vun deej\u00e9inegen, d\u00e9i an d&#8217;Spidol kommen, hunn hir Z\u00e4it domat verbruecht, d\u00ebs Zort vu Gedr\u00e9nks ze schl\u00e9cken&#8221;, huet hie beklot.<\/p>\n<p>Ganz allgemeng f\u00e4erten Onkologen ugesiichts vun d\u00ebsen am beschte Fall ineffikassen an am schl\u00ebmmste Fall g\u00ebftege Methoden, dass se dozou f\u00e9iere k\u00e9inten, dass Kriibskranker d&#8217;Behandlung ofbriechen.<\/p>\n<p>&#8220;D&#8217;Konsequenze sinn, dass M\u00ebnschen, soubal se vun der Iddi iwwerzeegt sinn, dass en alternatiivt Heelm\u00ebttel, souguer wann et eng Gem\u00e9isbritt ass, de Kriibs heele k\u00e9int, et prob\u00e9ieren, heiansdo hir Behandlung ofbriechen an hiren Doud beschleunegen, also ass et trotzdeem gef\u00e9ierlech&#8221;, huet d&#8217;Romy Sauvayre, eng Soziologin, d\u00e9i sech op W\u00ebssenschaft a Glawe spezialis\u00e9iert huet, den 3. Abr\u00ebll an engem Gespr\u00e9ich mat der Norichtenagence AFP analys\u00e9iert.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>W\u00e4rend de frans\u00e9ischen Institut national du cancer Enn September en Iwwerbl\u00e9ck iwwer d&#8217;Kriibserkrankungen am Land fir d&#8217;Joer 2024 erstallt huet, behaapten Internetnotzer a Sozialen Netzwierker, dass Chimiotherapien en &#8220;Taux d&#8217;\u00e9chec vu 97 %&#8221; h\u00e4tten. Si st\u00e4ipe sech dob\u00e4i op Aussoe vun engem amerikaneschen Naturopath (Naturheeler). D\u00ebse Prozentsaz ass awer onbegr\u00ebnnt.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":364921,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,183,190,192],"tags":[],"class_list":{"0":"post-364941","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-editors-choice-lu","8":"category-fact-check-lb","9":"category-gesondheet","10":"category-wessenschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2239262","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2239262.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Ass Chimiotherapie &quot;zu 97 %&quot; ineffikass g\u00e9int Kriibs? - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Ass Chimiotherapie &quot;zu 97 %&quot; ineffikass g\u00e9int Kriibs? - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"W\u00e4rend de frans\u00e9ischen Institut national du cancer Enn September en Iwwerbl\u00e9ck iwwer d&#039;Kriibserkrankungen am Land fir d&#039;Joer 2024 erstallt huet, behaapten Internetnotzer a Sozialen Netzwierker, dass Chimiotherapien en &quot;Taux d&#039;\u00e9chec vu 97 %&quot; h\u00e4tten. Si st\u00e4ipe sech dob\u00e4i op Aussoe vun engem amerikaneschen Naturopath (Naturheeler). D\u00ebse Prozentsaz ass awer onbegr\u00ebnnt.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-10-12T13:00:06+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-10-28T10:21:48+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/da11502d5e7d9767d6eba1dd597178fc.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"10 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Ass Chimiotherapie &#8220;zu 97 %&#8221; ineffikass g\u00e9int Kriibs?\",\"datePublished\":\"2024-10-12T13:00:06+00:00\",\"dateModified\":\"2024-10-28T10:21:48+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/\"},\"wordCount\":2379,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/da11502d5e7d9767d6eba1dd597178fc.jpeg\",\"articleSection\":[\"Editor's Choice Slider LU\",\"Fact Check\",\"Gesondheet\",\"W\u00ebssenschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/\",\"name\":\"Faktencheck: Ass Chimiotherapie \\\"zu 97 %\\\" ineffikass g\u00e9int Kriibs? - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/da11502d5e7d9767d6eba1dd597178fc.jpeg\",\"datePublished\":\"2024-10-12T13:00:06+00:00\",\"dateModified\":\"2024-10-28T10:21:48+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/da11502d5e7d9767d6eba1dd597178fc.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/da11502d5e7d9767d6eba1dd597178fc.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Ass Chimiotherapie \\\"zu 97 %\\\" ineffikass g\u00e9int Kriibs? - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Ass Chimiotherapie &#8220;zu 97 %&#8221; ineffikass g\u00e9int Kriibs?\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Ass Chimiotherapie \"zu 97 %\" ineffikass g\u00e9int Kriibs? - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Ass Chimiotherapie \"zu 97 %\" ineffikass g\u00e9int Kriibs? - EDMO Belux","og_description":"W\u00e4rend de frans\u00e9ischen Institut national du cancer Enn September en Iwwerbl\u00e9ck iwwer d'Kriibserkrankungen am Land fir d'Joer 2024 erstallt huet, behaapten Internetnotzer a Sozialen Netzwierker, dass Chimiotherapien en \"Taux d'\u00e9chec vu 97 %\" h\u00e4tten. Si st\u00e4ipe sech dob\u00e4i op Aussoe vun engem amerikaneschen Naturopath (Naturheeler). D\u00ebse Prozentsaz ass awer onbegr\u00ebnnt.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-10-12T13:00:06+00:00","article_modified_time":"2024-10-28T10:21:48+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/da11502d5e7d9767d6eba1dd597178fc.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"10 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Ass Chimiotherapie &#8220;zu 97 %&#8221; ineffikass g\u00e9int Kriibs?","datePublished":"2024-10-12T13:00:06+00:00","dateModified":"2024-10-28T10:21:48+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/"},"wordCount":2379,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/da11502d5e7d9767d6eba1dd597178fc.jpeg","articleSection":["Editor's Choice Slider LU","Fact Check","Gesondheet","W\u00ebssenschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/","name":"Faktencheck: Ass Chimiotherapie \"zu 97 %\" ineffikass g\u00e9int Kriibs? - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/da11502d5e7d9767d6eba1dd597178fc.jpeg","datePublished":"2024-10-12T13:00:06+00:00","dateModified":"2024-10-28T10:21:48+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/da11502d5e7d9767d6eba1dd597178fc.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/da11502d5e7d9767d6eba1dd597178fc.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Ass Chimiotherapie \"zu 97 %\" ineffikass g\u00e9int Kriibs? - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ass-chimiotherapie-zu-97-ineffikass-gint-kriibs\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Ass Chimiotherapie &#8220;zu 97 %&#8221; ineffikass g\u00e9int Kriibs?"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/364941","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=364941"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/364941\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/364921"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=364941"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=364941"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=364941"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}