{"id":366172,"date":"2024-10-20T15:18:26","date_gmt":"2024-10-20T15:18:26","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=366172"},"modified":"2024-11-07T11:45:22","modified_gmt":"2024-11-07T11:45:22","slug":"faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/","title":{"rendered":"Faktencheck : D&#8217;Hurrikane Milton an Helene l\u00e9isen eng Desinformatiounswell an den USA aus"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p><b>Amerikanesch Helikopter fl\u00e9ien den 10. Oktober iwwert eng iwwerschwemmte Strooss zu Siesta Key, nodeem den Hurrikan Milton op Florida getraff war. \/ \u00a9 AFP \/ Chandan KHANNA<\/b><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<p>D&#8217;Hurrikanen, d\u00e9i an de leschte Wochen de S\u00fcdoste vun den USA heemgesicht hunn, hunn eng Well un Desinformatiounen ausgel\u00e9ist. Politiker w\u00e9i Internetnotzer versichen am Virfeld vun de Presidentschaftswalen de 5. November dovun ze profit\u00e9ieren a loosse Konspiratiounstheorien iwwer d&#8217;Manipulatioun vum Wieder nees opliewen.<\/p>\n<p>Am Internet hu sech an de leschte Woche falsch Behaaptunge geheeft, an deenen d&#8217;US-Regierung besch\u00ebllegt gouf, e &#8220;Wiederkrich&#8221; ze f\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Eng Rei Publikatioune gounge souguer esou w\u00e4it ze behaapten, dass d\u00ebs Phenomeener an de Bundesstaaten, d\u00e9i bei de Walen h\u00e9chstwarscheinlech majorit\u00e4r d&#8217;Republikanesch Partei wiele w\u00e4erten, &#8220;mat Absicht agesat&#8221; gi w\u00e4ren.<\/p>\n<p>&#8220;Mir befannen eis an engem &#8216;\u00cbmstuerz&#8217; a Saache Geoingeneering duerch Globalisten, d\u00e9i d&#8217;M\u00ebnschheet &#8216;kontroll\u00e9iere&#8217; w\u00ebllen&#8221;, ass op der Plattform X (fr\u00e9ier Twitter) ze liesen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/b991d9346bac9aaaa64d6ec82d17cc70.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> En zerst\u00e9iert Haus den 9. Oktober zu Fort Myers, nodeem de Milton duerch d&#8217;Stad gezu war. \/ \u00a9 AFP \/ Chandan KHANNA<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Weiderer behaapten, dass d\u00ebs Katastrophen och mat dem US-Fuerschungsprogramm HAARP a Verbindung stinn, dat sech mam Stud\u00e9iere vun der ieweschter Atmosph\u00e4rschicht besch\u00e4ftegt an dofir Antennen an Alaska benotzt, w\u00e9i am vun der AFP verifiz\u00e9ierte Beispill am Faktencheck hei dr\u00ebnner.<\/p>\n<p>D\u00ebs Well vu falsche Behaaptungen huet ugefaangen, nodeem d&#8217;Hurrikanen Helene, den zweetd\u00e9idlechsten Hurrikan an de leschte 50 Joer, deen op d&#8217;Festland getraff war an op d&#8217;mannst 237 M\u00ebnscheliewe gefuerdert huet, a Milton zwou Woche m\u00e9i sp\u00e9it, deen op d&#8217;mannst 16 M\u00ebnschen d&#8217;Liewe kascht huet, iwwer d&#8217;USA ewechgezu waren.<\/p>\n<p>Fir den Ethan Porter, Professer a Fuerscher op der George Washington University, notze munch M\u00ebnschen Desinformatiounen &#8220;als bequeemt M\u00ebttel, fir hir politesch Usiichten auszedr\u00e9cken&#8221;.<\/p>\n<p>De Message dohannert w\u00e4r, &#8220;dass weeder der W\u00ebssenschaft nach der Regierung ze trauen ass, dass de Klimawandel net reell ass an dass a gew\u00ebsser Weis d&#8217;Demokrate fir d\u00e9i unhalend Katastroph responsabel sinn.&#8221;<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">&#8220;Eng onheemlech Welt&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;republikanesch Deput\u00e9iert an \u00cbnnerst\u00ebtzerin vum Donald Trump, d&#8217;Marjorie Taylor Greene, huet souguer g\u00e9intiwwer hire Follower \u00ebmmer nees gesot, dass d&#8217;amerikanesch Wiederagence (NOAA) Programmer zoul\u00e9isst, d\u00e9i &#8220;d&#8217;Wieder kontroll\u00e9ieren&#8221;.<\/p>\n<p>Methode w\u00e9i &#8220;Cloud Seeding&#8221; (&#8220;Wollekes\u00e9inen&#8221;) k\u00ebnnen zwar fir m\u00e9i Reen- oder Schn\u00e9iquantit\u00e9iten a begrenzte Gebidder suergen, awer keng Hurrikane w\u00e9i Helene hierstellen<\/p>\n<p>Beonrouegend Aussoe fir Fuerscher w\u00e9i de Callum Hood vun der amerikanescher Organisatioun fir d&#8217;Bek\u00e4mpfung vun Online-Desinformatioun CCDH.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/32d93f597bf77daff200fbfeeee66e45.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Den US-President Jo Biden am W\u00e4issen Haus iwwert d&#8217;Zerst\u00e9ierunge vun den Hurrikane Milton an H\u00e9l\u00e8ne. \/ \u00a9 AFP \/ Andrew CABALLERO-REYNOLDS<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>&#8220;An dat geschitt an engem Moment vun echter politescher Tensioun&#8221;, sot hie g\u00e9intiwwer der AFP an huet b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt: &#8220;D&#8217;Welt vun de Sozialen Netzwierker ass haut sou uf\u00e4lleg fir Haass an Desinformatioun w\u00e9i scho laang net m\u00e9i. Besonnesch op X.&#8221;<\/p>\n<p>E Constat, deen och den Joseph Uscinski vun der University of Miami deelt, deen dorop higewisen huet, dass &#8220;gewielt Kongressmembere&#8221; falsch Virstellungen als Realit\u00e9it verkafen.<\/p>\n<p>De Klimawandel, deen d&#8217;Mierer erwiermt, m\u00e9cht eng s\u00e9ier Intensiv\u00e9ierung [vun der Diskussioun, Um. v. d. Red.] m\u00e9i warscheinlech an erh\u00e9icht de Risiko vu m\u00e9i staarken Hurrikanen, warnen d&#8217;W\u00ebssenschaftler.<\/p>\n<p>D\u00ebs Wiederphenomeener k\u00ebnnen elo net just un de K\u00fcsten, mee och am Banneland Schied uriichten, sot den Jayantha Obeysekera vun der Florida International University g\u00e9intiwwer der AFP.<\/p>\n<p>&#8220;En Hurrikan, deen duerch Biergregioune mat vill Fiichtegkeet zitt (&#8230;) ass eng schlecht Kombinatioun&#8221;, huet hie b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt an huet d&#8217;Beispill vun der Stad Asheville an North Carolina genannt, dem Staat, dee vum Hurrikan Helene mat iwwer 100 Doudegen am st\u00e4erkste betraff war.<\/p>\n<p>Virum Hannergrond vun der staarker Spl\u00e9ckung an den USA, wat de Sujet Klimawandel betr\u00ebfft, huet d&#8217;W\u00ebssenschaftlerin Katharine Hayhoe betount, dass d\u00ebs falsch Rumeuren e falscht Gefill vu &#8220;S\u00e9cherheet&#8221; an &#8220;Trouscht&#8221; fir M\u00ebnsche verm\u00ebttelen, d\u00e9i versichen, &#8220;eng Welt ze verstoen, d\u00e9i s\u00e9ier immens onheemlech g\u00ebtt&#8221;.<\/p>\n<p>Anerers\u00e4its k\u00ebnnen d\u00ebs Falschmeldungen en Aktiounsplang fir d&#8217;Bek\u00e4mpfung vun der globaler Erwiermung um Terrain weider an d&#8217;L\u00e4ngt z\u00e9ien oder souguer verh\u00ebnneren.<\/p>\n<p>&#8220;Dat f\u00e9iert eis genee an d\u00e9i entg\u00e9intgesat Richtung, an d\u00e9i mir eigentlech goe sollten&#8221;, huet si prezis\u00e9iert.<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">Video mat ongew\u00e9inlecher Wollekeformatioun huet kee Lien mam Hurrikan Milton<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/0affd3d00f0a0d1422004e7518dcbf2e.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Den Hurrikan Milton huet op sengem Wee duerch Florida den 10. Oktober 2024 grav Schied an Iwwerschwemmungen ugeriicht an op d&#8217;mannst 11 Doudesaffer gefuerdert, zwou Wochen nodeem den nach m\u00e9i schl\u00ebmmen Hurrikan Helene pass\u00e9iert war. \u00c9ier en op Land getraff war, hunn eng Rei Internetnotzer e Video gedeelt, deen un der K\u00fcst gefilmt gouf an op deem Wolleken an enger ongew\u00e9inlecher Form ze gesi waren.<\/p>\n<p>Si hu behaapt, d\u00ebst w\u00e4r e Beweis dofir, dass de Fuerschungsprojet HAARP vun der amerikanescher Wiederagence NOAA &#8220;voll aktiv\u00e9iert&#8221; w\u00e4r an d&#8217;Klima beaflosse g\u00e9ing.<\/p>\n<p>D&#8217;Sequenz staamt awer a Wierklechkeet aus dem Joer 2021 a weist eng Wollekeformatioun mam Numm Asperatus. Ausserdeem ass den HAARP zwar z\u00ebnter Jore G\u00e9igestand vu Konspiratiounstheorien, d\u00e9i e besch\u00ebllegen, d&#8217;Klima manipul\u00e9ieren ze w\u00ebllen, mee extreem Wiederphenomeener w\u00e9i Hurrikane k\u00ebnnen haut nach \u00ebmmer net kontroll\u00e9iert ginn, w\u00e9i eng R\u00ebtsch Experte betount hunn.<\/p>\n<p>Den <a href=\"https:\/\/information.tv5monde.com\/international\/au-moins-11-morts-en-floride-apres-le-passage-de-louragan-milton-2743564\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Hurrikan Milton<\/a> hat um Owend vum 9. Oktober 2024 d&#8217;Westk\u00fcst vu Florida als Hurrikan vun der Kategorie 3 &#8211; d&#8217;Skala geet bis 5 &#8211; erreecht an huet den Informatioune vun den Autorit\u00e9iten no op d&#8217;mannst 11 Doudesaffer gefuerdert (<a href=\"https:\/\/archive.ph\/AtYJI\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Link hei archiv\u00e9iert<\/a>). En huet ausserdeem Millioune vu St\u00e9it ouni Zougang zu Stroum hannerlooss. Den US-President Joe Biden hat gewarnt, dass de Milton de &#8220;schl\u00ebmmste Stuerm&#8221; si k\u00e9int, dee Florida &#8220;z\u00ebnter engem Joerhonnert&#8221; tr\u00ebfft, obwuel ee sech a Florida mat esou Stierm auskennt.<\/p>\n<p>Zwou Woche virdrun hat den Hurrikan Helene, deen duerch dat selwecht Gebitt gezu war, am S\u00fcdoste vun den USA fir op d&#8217;mannst 236 Doudesaffer gesuergt, dovun op d&#8217;mannst 15 a Florida.<\/p>\n<p>E puer Stonnen \u00e9ier de Milton op Land getraff war, hunn Internetnotzer e Video vun ongew\u00e9inleche Wollekeformatiounen iwwer engem w\u00e4isse Sandstrand gedeelt.<\/p>\n<p>&#8220;HAARP gouf a Florida voll aktiv\u00e9iert. Zil ass et, Trump-Supporter virum Waldag ze verdreiwen&#8221;, gouf an e puer B\u00e4itr\u00e4g behaapt, d\u00e9i de Clip op der Plattform X (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/B4ER-KAA5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">1<\/a>,\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/T6YW-6BBW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">2<\/a>) an op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7NBX-9R99\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a> gedeelt hunn.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/af34b42912ae5f6dc814a1a63a9dca8c.png\" alt=\"RTL\" \/> Screenshotte vun &#8220;X&#8221; vum 11. Oktober<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>De selwechte Video gouf och op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/HS7M-CKR6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Englesch<\/a> a <a href=\"https:\/\/factual.afp.com\/doc.afp.com.36JJ4VZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Spuenesch<\/a> gedeelt.<\/p>\n<p>D\u00ebs Sequenz huet awer kee Lien mam Hurrikan Milton an et g\u00ebtt keng nogewise Verbindung t\u00ebscht der Wollekeformatioun an dem HAARP-Programm.<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">Ale Video<\/p>\n<p>Wann een de Video mat enger <a href=\"https:\/\/youtu.be\/-9z-zQJSUL4?si=0mfiQlC9nfknzcI2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00ebmgek\u00e9ierter Billersich<\/a> a Schl\u00ebsselwierder sicht, kann een en ab dem <a href=\"https:\/\/www.facebook.com\/andrew.farnam.9\/videos\/10158110180868144\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">21. Juni 2021<\/a> online fannen. (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/CT62-FUHG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Link hei archiv\u00e9iert<\/a>).<\/p>\n<p>Dem Notzerno, deen de Video op Facebook eropgelueden hat, gouf en zu Fort Walton Beach a Florida opgeholl. Eng Analys vun de verschiddene visuellen Elementer am Bild, w\u00e9i de Pier oder d&#8217;Kabinn vun de Rettungsschw\u00ebmmer, kann d\u00ebs Indikatioun confirm\u00e9ieren.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/b196a2ec5d2a51dcf27501ae79ab13bc.png\" alt=\"RTL\" \/> E Screenshot vu Facebook (l\u00e9nk) a vu Google Maps (riets)<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/d8ed9bf04d79d7b991aca7454a369e1a.png\" alt=\"RTL\" \/> E Screenshot vu Facebook (l\u00e9nk) a vu Google Maps (riets)<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>D\u00e9i spueneschsproocheg Faktencheckekipp vun der AFP huet festgestallt, dass <a href=\"https:\/\/factual.afp.com\/doc.afp.com.32KD9JM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">de Video schonn 2022<\/a> w\u00e4rend dem Hurrikan Ian a Florida, deen deemools <a href=\"https:\/\/www.sudouest.fr\/international\/etats-unis\/etats-unis-l-ouragan-ian-a-fait-plus-de-100-morts-selon-le-dernier-bilan-officiel-12560969.php\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">iwwer 100 Doudesaffer gefuerdert<\/a> hat, benotzt gi war (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/V7PX-XTYU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Link hei archiv\u00e9iert<\/a>).<\/p>\n<p>Deemools hat d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.meteored.com.ar\/autor\/cindy-fernandez\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Cindy Fern\u00e1ndez<\/a>, Spriecherin vum Nationale Wiederd\u00e9ngscht Argentinien, op Ufro vun der AFP erkl\u00e4ert, dass et sech beim Phenomeen, deen op d\u00ebsem Video ze gesinn ass, \u00ebm Asperitas handele g\u00e9if (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/NZ8J-QYQ9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Link hei archiv\u00e9iert<\/a>). &#8220;Am A vum Hurrikan g\u00ebtt et bal keng Wolleken&#8221;, hat d&#8217;Expertin gesot.<\/p>\n<p>Dem <a href=\"https:\/\/www.metoffice.gov.uk\/weather\/learn-about\/weather\/types-of-weather\/clouds\/other-clouds\/asperitas\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">nationale brittesche Wiederd\u00e9ngscht<\/a> (Met Office) no sinn Asperitas, d\u00e9i heiansdo och Asperatus genannt ginn, &#8220;seelen a gesinn aus w\u00e9i sech beweegend Ozeanwellen um Himmel&#8221; (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/64KK-G8BY\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Link hei archiv\u00e9iert<\/a>). &#8220;D&#8217;atmosph\u00e4resch Konditioune mussen instabill sinn, fir eng wellef\u00ebrmeg Wollekebasis ze form\u00e9ieren, w\u00e9i dat bei Asperitas ze observ\u00e9ieren ass, [an] obwuel d&#8217;Formatioun selwer keen Nidderschlag produz\u00e9iert, goufen Asperitas mat Donnerwiederen associ\u00e9iert, d\u00e9i uschl\u00e9issend entstinn&#8221;, huet d&#8217;Agence prezis\u00e9iert.<\/p>\n<p>Den <a href=\"https:\/\/www.weather.gov\/sgf\/events_2010jun7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">amerikanesche Wiederd\u00e9ngscht<\/a> huet sengers\u00e4its matgedeelt, dass Asperitas &#8220;dozou tend\u00e9ieren, sech opzel\u00e9isen, ouni dass sech e Stuerm form\u00e9iert&#8221; an als relativ nei nei Wollekeformation agestuuft ginn, well se er\u00e9ischt 2009 als sollch erkannt gouf &#8211; d\u00ebst ass d\u00e9i \u00e9ischt Erg\u00e4nzung am <a href=\"https:\/\/cloudatlas.wmo.int\/en\/home.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internationale Wollekenatlas<\/a> z\u00ebnter 1951 (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/N9WN-MTFQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Link hei archiv\u00e9iert<\/a>).<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">Experimenter mat ger\u00e9nger Amplitude<\/p>\n<p>D\u00e9i vun der AFP iwwerpr\u00e9ift viral Publikatiounen ernimmen den &#8220;High frequency active auroral research programm&#8221; (<a href=\"https:\/\/haarp.gi.alaska.edu\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">HAARP<\/a>), deen 1990 op Initiativ vum US-Kongress gegr\u00ebnnt gouf an z\u00ebnter 2015 vun der University of Alaska-Fairbanks geleet g\u00ebtt (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/H6GB-HJSH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Link hei archiv\u00e9iert<\/a>).<\/p>\n<p>De Fuerschungsprojet ass z\u00ebnter enger Rei Jore G\u00e9igestand vu Konspiratiounstheorien, an deen em virgeh\u00e4it g\u00ebtt, d&#8217;Klima manipul\u00e9ieren an \u00c4erdbiewen ausl\u00e9isen ze k\u00ebnnen. D\u00ebs falsch Behaaptunge goufe schonn e puermol vun der AFP iwwerpr\u00e9ift (<a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/doc.afp.com.32HC3Y7#:~:text=HAARP%2C%20objet%20de%20fantasmes%20depuis,des%20particules%20de%20l'ionosph%C3%A8re.\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">1<\/a>, <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/doc.afp.com.33996L9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">2<\/a>, <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/doc.afp.com.339P8TN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">3<\/a>).<\/p>\n<p>De Programm besch\u00e4ftegt sech mat der <a href=\"https:\/\/www.aeronomie.be\/fr\/encyclopedie\/ionosphere-couche-atmospherique-superieure-quoi-sagit-il\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Ionosph\u00e4r<\/a>, de ieweschter Schicht vun der \u00c4erdatmosph\u00e4r, d\u00e9i un de Weltraum grenzt (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/8UHR-L5K8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Link hei archiv\u00e9iert<\/a>). Op senger Internets\u00e4it behaapt den HAARP, de weltw\u00e4it leeschtungsf\u00e4egste H\u00e9ichleeschtungs- an H\u00e9ichfrequenzsender fir d&#8217;\u00cbnnersiche vun der Ionosph\u00e4r ze sinn, d\u00e9i ongef\u00e9ier an enger H\u00e9icht vu 60-80 Kilometer uf\u00e4nkt a bis an eng H\u00e9icht vu 500 Kilometer geet.<\/p>\n<p>&#8220;D&#8217;Zil vun der HAARP-Fuerschung ass et, eng grondlee\u00ebnd Enqu\u00eate vun de physikalesche Prozesser duerchzef\u00e9ieren, d\u00e9i an den h\u00e9chsten Deeler vun eiser Atmosph\u00e4r oflafen&#8221;, heescht et weider op der Internets\u00e4it.<\/p>\n<p>Andeem si Wellen an d\u00ebsen Deel vun der Atmosph\u00e4r sch\u00e9cken, \u00ebnnersichen d&#8217;W\u00ebssenschaftler d&#8217;Reaktioun vun den Deelercher an der Ionosph\u00e4r. De Programm notzt Radiowellen, fir d&#8217;Elektronen, d\u00e9i do uewe present sinn, ze erh\u00ebtzen a sou &#8220;kleng St\u00e9ierungen auszel\u00e9isen, d\u00e9i Wiesselwierkungen \u00e4nelen, d\u00e9i an der Natur virkommen&#8221;, awer fir d&#8217;W\u00ebssenschaftler m\u00e9i einfach ze \u00ebnnersiche sinn.<\/p>\n<p>Op der offizieller S\u00e4it vum Projet g\u00ebtt erkl\u00e4ert, dass d\u00ebsen d&#8217;Wieder net kontroll\u00e9iere kann. D&#8217;Radiowellen, d\u00e9i vum HAARP-Sender fortgesch\u00e9ckt ginn, ginn net vun der Troposph\u00e4r oder der Stratosph\u00e4r absorb\u00e9iert, den eenzelen Niveaue vun der Atmosph\u00e4r, vun deenen d&#8217;Wieder op der \u00c4erd ofh\u00e4nkt. &#8220;Well et keng Wiesselwierkung g\u00ebtt, g\u00ebtt et och keng M\u00e9iglechkeet, d&#8217;Klima ze kontroll\u00e9ieren&#8221;, <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/doc.afp.com.339P8TN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">haten eng R\u00ebtsch Fuerscher schonn 2023 g\u00e9intiwwer der AFP betount<\/a>.<\/p>\n<p>&#8220;Fir et absolutt kloer ze soen: Et g\u00ebtt keng vum M\u00ebnsch hiergestallt Technologie, d\u00e9i e Stuerm w\u00e9i den Hurrikan Helene oder Milton ausl\u00e9ise kann, a keng vu M\u00ebnsch hiergestallt Technologie, d\u00e9i esou e Stuerm lenken oder seng Bunn best\u00ebmme kann&#8221;, sot d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.researchwithrowan.com\/en\/persons\/andra-garner\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Andra Garner<\/a>, b\u00e4igeuerdent Professesch fir \u00cbmweltw\u00ebssenschaften op der Rowan University zu New Jersey, den 9. Oktober <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.36JM3UK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">g\u00e9intiwwer der AFP<\/a> (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/BV26-L7QW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Link hei archiv\u00e9iert<\/a>).<\/p>\n<p>&#8220;All Behaaptung, dass iergendeng Technologie fir Wiedermanipulatioun bei Stierm w\u00e9i Helene oder Milton um Wierk ass, ass absolutte Bl\u00f6dsinn an eng gef\u00e9ierlech Ligen&#8221;, huet d&#8217;Fuerscherin nach gesot.<\/p>\n<p>Amplaz, sou huet d&#8217;Expertin betount, kann &#8220;d&#8217;vum M\u00ebnsch gemaach Erwiermung&#8221; villf\u00e4lteg Auswierkungen hunn, andeem se Stierm w\u00e9i Helene oder Milton an d&#8217;Situatioun versetzt, sech iwwer aussergew\u00e9inlech waarmt Ozeanwaasser s\u00e9ier ze verst\u00e4erken, &#8220;aussergew\u00e9inlech staark Stuermfluten ze produz\u00e9ieren, d\u00e9i duerch d&#8217;Hausse vum Mieresspigel nach verschl\u00ebmmert ginn, an extreem Nidderschl\u00e9i auszel\u00e9isen.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/606fbb83ed2e2e0f890919fa67ec2736.png\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Enger aktueller Et\u00fcd vun der World Weather Attribution-Grupp (WWA) no waren d\u00e9i staark Reef\u00e4ll an hefteg Wandst\u00e9iss, d\u00e9i d&#8217;Helene mat sech bruecht hat, opgrond vum Klimawandel <a href=\"https:\/\/www.purdueexponent.org\/news\/national\/climate-change-made-deadly-hurricane-helene-more-intense-study\/article_0025e8ee-734a-5b1c-9111-a6e1fb2c4529.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ongef\u00e9ier 10 Prozent m\u00e9i intensiv<\/a> (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/5JZ3-8LEC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Link hei archiv\u00e9iert<\/a>).<\/p>\n<p>D&#8217;amerikanesch Agence fir Observatioun vun den Ozeaner an der Atmosph\u00e4r (<a href=\"https:\/\/www.aoml.noaa.gov\/hrd\/hrd_sub\/modification.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">NOAA<\/a>) huet op hirer Homepage gemellt, dass zwar t\u00ebscht den 1960er an 1980er-Joren e puer Untersuchungen iwwer d&#8217;Beaflossung vum Verhale vun Hurrikanen duerchgef\u00e9iert goufen, d\u00ebs awer sp\u00e9ider agestallt goufen, nodeem se sech also ineffikass erwisen haten (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/HKJ4-4EJN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Link hei archiv\u00e9iert<\/a>).<\/p>\n<p>Den <a href=\"https:\/\/experts.news.wisc.edu\/experts\/derrick-herndon\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Derrick Herndon<\/a>, en eemolege Milit\u00e4rmeteorolog an Hurrikanfuerscher vun der University of Wisconsin (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/DZ9W-6QXG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Link hei archiv\u00e9iert<\/a>), <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.33RY2JC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hat der AFP 2023 gesot<\/a>, dass et bis elo net m\u00e9iglech w\u00e4r, sou massiv Phenomeener w\u00e9i Hurrikanen ze ver\u00e4nneren.<\/p>\n<p>&#8220;En Hurrikan ass e Phenomeen vu groussem Ausmooss, dat sech iwwer Honnerte vu Kilometer erstreckt an aus Dausende vu Stierm besteet&#8221;, hat hien erkl\u00e4ert a b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt, dass &#8220;keng Technologie eppes an deem Ausmooss ver\u00e4nnere kann&#8230; D&#8217;Quantit\u00e9it u Material, d\u00e9i dofir n\u00e9ideg ass, iwwertr\u00ebfft eis M\u00e9iglechkeeten.&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet eng Rei ierf\u00e9ierend Behaaptungen iwwer den Hurrikan Milton iwwerpr\u00e9ift, w\u00e9i z.B. d\u00ebst <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/doc.afp.com.36JV3PG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">NASA-Bild aus dem Joer 2015<\/a> oder d\u00ebse <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/doc.afp.com.36JR6LP\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Video vun engem Verk\u00e9iersstau an Indien<\/a>, dee f\u00e4lschlecherweis sou duergestallt gouf, w\u00e9i wann en a Florida opgeholl gi w\u00e4r.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel\u00a0<\/em><em>gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>D&#8217;Hurrikanen, d\u00e9i an de leschte Wochen de S\u00fcdoste vun den USA heemgesicht hunn, hunn eng Well un Desinformatiounen ausgel\u00e9ist. Politiker w\u00e9i Internetnotzer versichen am Virfeld vun de Presidentschaftswalen de 5. November dovun ze profit\u00e9ieren a loosse Konspiratiounstheorien iwwer d&#8217;Manipulatioun vum Wieder nees opliewen.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":369476,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[188,470,189,183,193],"tags":[511],"class_list":{"0":"post-366172","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-de-choix-vun-der-redaktioun","8":"category-editors-choice-lu","9":"category-emwelt","10":"category-fact-check-lb","11":"category-gesellschaft","12":"tag-focus-lb"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2241766","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2241766.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck : D&#039;Hurrikane Milton an Helene l\u00e9isen eng Desinformatiounswell an den USA aus - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck : D&#039;Hurrikane Milton an Helene l\u00e9isen eng Desinformatiounswell an den USA aus - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"D&#039;Hurrikanen, d\u00e9i an de leschte Wochen de S\u00fcdoste vun den USA heemgesicht hunn, hunn eng Well un Desinformatiounen ausgel\u00e9ist. Politiker w\u00e9i Internetnotzer versichen am Virfeld vun de Presidentschaftswalen de 5. November dovun ze profit\u00e9ieren a loosse Konspiratiounstheorien iwwer d&#039;Manipulatioun vum Wieder nees opliewen.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-10-20T15:18:26+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-11-07T11:45:22+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/000_36JW323-copy.jpg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1600\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"900\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"10 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck : D&#8217;Hurrikane Milton an Helene l\u00e9isen eng Desinformatiounswell an den USA aus\",\"datePublished\":\"2024-10-20T15:18:26+00:00\",\"dateModified\":\"2024-11-07T11:45:22+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/\"},\"wordCount\":2266,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/000_36JW323-copy.jpg\",\"keywords\":[\"FOCUS\"],\"articleSection\":[\"De Choix vun der Redaktioun\",\"Editor's Choice Slider LU\",\"\u00cbmwelt\",\"Fact Check\",\"Gesellschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/\",\"name\":\"Faktencheck : D'Hurrikane Milton an Helene l\u00e9isen eng Desinformatiounswell an den USA aus - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/000_36JW323-copy.jpg\",\"datePublished\":\"2024-10-20T15:18:26+00:00\",\"dateModified\":\"2024-11-07T11:45:22+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/000_36JW323-copy.jpg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/000_36JW323-copy.jpg\",\"width\":1600,\"height\":900},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck : D&#8217;Hurrikane Milton an Helene l\u00e9isen eng Desinformatiounswell an den USA aus\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck : D'Hurrikane Milton an Helene l\u00e9isen eng Desinformatiounswell an den USA aus - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck : D'Hurrikane Milton an Helene l\u00e9isen eng Desinformatiounswell an den USA aus - EDMO Belux","og_description":"D'Hurrikanen, d\u00e9i an de leschte Wochen de S\u00fcdoste vun den USA heemgesicht hunn, hunn eng Well un Desinformatiounen ausgel\u00e9ist. Politiker w\u00e9i Internetnotzer versichen am Virfeld vun de Presidentschaftswalen de 5. November dovun ze profit\u00e9ieren a loosse Konspiratiounstheorien iwwer d'Manipulatioun vum Wieder nees opliewen.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-10-20T15:18:26+00:00","article_modified_time":"2024-11-07T11:45:22+00:00","og_image":[{"width":1600,"height":900,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/000_36JW323-copy.jpg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"10 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck : D&#8217;Hurrikane Milton an Helene l\u00e9isen eng Desinformatiounswell an den USA aus","datePublished":"2024-10-20T15:18:26+00:00","dateModified":"2024-11-07T11:45:22+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/"},"wordCount":2266,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/000_36JW323-copy.jpg","keywords":["FOCUS"],"articleSection":["De Choix vun der Redaktioun","Editor's Choice Slider LU","\u00cbmwelt","Fact Check","Gesellschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/","name":"Faktencheck : D'Hurrikane Milton an Helene l\u00e9isen eng Desinformatiounswell an den USA aus - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/000_36JW323-copy.jpg","datePublished":"2024-10-20T15:18:26+00:00","dateModified":"2024-11-07T11:45:22+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/000_36JW323-copy.jpg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/000_36JW323-copy.jpg","width":1600,"height":900},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dhurrikane-milton-an-helene-lisen-eng-desinformatiounswell-an-den-usa-aus\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck : D&#8217;Hurrikane Milton an Helene l\u00e9isen eng Desinformatiounswell an den USA aus"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/366172","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=366172"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/366172\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/369476"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=366172"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=366172"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=366172"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}