{"id":366403,"date":"2024-10-21T14:56:24","date_gmt":"2024-10-21T14:56:24","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=366403"},"modified":"2024-10-28T10:17:26","modified_gmt":"2024-10-28T10:17:26","slug":"faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Klimawandel g\u00ebtt net duerch eenzel historesch H\u00e9ichwaasser widderluecht"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<p>Am September 2024 koum et an Europa zu staarken Iwwerschwemmungen, d\u00e9i Fuerscher mam Klimawandel a Verbindung setzen. A Sozialen Netzwierker war doropshin eng L\u00ebscht vun extreemen H\u00e9ichwaasser zu K\u00f6ln z\u00ebnter dem Joer 1784 mat der Behaaptung am \u00cbmlaf, dass deenen hiert Optrieden de Klimawandel widderlee\u00eb g\u00e9ing. Mee d&#8217;H\u00e9ichwaasserdonn\u00e9e\u00ebn, d\u00e9i am Internet \u00ebnnerwee sinn, sinn onvollst\u00e4nneg an deelweis feelerhaft.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">H\u00e9ichwaasser hu Fachleit no regional an \u00ebnnerschiddlech Ursaachen, mee de Klimawandel g\u00e9if d\u00ebs extreem Wiederphenomener verst\u00e4erken.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">&#8220;De vum M\u00ebnsch gemaache &#8216;Klimawandel&#8217; ass d\u00e9i eigentlech Menace!&#8221;, huet eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/F94G-VHSS\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-Notzerin<\/a> den 18. September 2024 geschriwwen. Dozou huet si e Sharepic vun mat iwwerflute Stroossenusiichte mat n\u00e9ng historesche Peegelst\u00e4nn gedeelt. Iwwer de Fotoe steet &#8220;K\u00f6ln H\u00e9ichwaasser Sch\u00e4iss Klimawandel 1784&#8221;. Den h\u00e9chste Peegelstand vun d\u00ebser Rei g\u00ebtt dob\u00e4i fir d&#8217;Joer 1784 mat 13,82 Meter uginn, w\u00e4rend den niddregste Peegel fir d&#8217;Joer 2024 mat 8,23 Meter duergeluecht g\u00ebtt.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Den identesche Sharepic gouf op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/NYG4-TVF4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a> iwwer 5.000 Mol gedeelt. D&#8217;Kommentarer \u00ebnner dem B\u00e4itrag weisen, dass eng Rei Notzer de Klimawandel unzweiwelen an d&#8217;historesch H\u00e9ichwaasser vum Rh\u00e4in als Beleeg dofir gesinn. Een Notzer huet zum Beispill geschriwwen: &#8220;De Klimawandel ass a bleift eng Ligen&#8221; (Original: &#8220;Lug und Trug&#8221;). En aneren huet gekontert: &#8220;\u00cbmmer sch\u00e9in d&#8217;M\u00e4rerchersstonn vun de Gr\u00e9ngen nolauschteren an CO2-Steier bezuelen. Vl\u00e4icht h\u00eblleft et jo.&#8221;<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Och op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/F94G-VHSS\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Threads<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/K823-DUFD\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram<\/a> gouf de selwecht Sharepic villfach gedeelt, op der Plattform X hunn ausserdeem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/37JY-PMWL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">polneschsproocheg User<\/a> d&#8217;Bild mat d\u00e4itschem Text gedeelt.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/fd8f32d40a9fe09ba47e1035486e5dbf.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p><span data-mce-annotation=\"tinycomments\" data-mce-annotation-uid=\"mce-conversation_47498224871720083439067\">\u00cbmmer nees stellen Notzer a Sozialen Netzwierker d&#8217;Existenz vum vum M\u00ebnsch gemaache Klimawandel a Fro. Historesch Evenementer w\u00e9i H\u00e9ichwaasser oder besonnesch niddreg<\/span><span data-mce-annotation=\"tinycomments\" data-mce-annotation-uid=\"mce-conversation_47498224871720083439067\"> Waasserst\u00e4nn goufen dob\u00e4i dacks als Argumenter genotzt. D&#8217;AFP huet schonn eng Rei Behaaptunge widderluecht, zum Beispill dass <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.32CG9H7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">niddreg Peegelst\u00e4nn zu Dresden<\/a> am Joer 1904 de &#8220;Klimaschwindel&#8221; beweise g\u00e9ifen, genee w\u00e9i d&#8217;<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.32GD2GJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Dr\u00e9chent um Bodensee<\/a> am Joer 1540. Och d\u00e9i aktuell verbreet B\u00e4itr\u00e4g bezweiwelen unhand vun eenzelen extreeme Wiederphenomener d&#8217;Roll vum M\u00ebnsch un der globaler \u00c4erderwiermung.<\/span><\/p>\n<p><span data-mce-annotation=\"tinycomments\" data-mce-annotation-uid=\"mce-conversation_47498224871720083439067\">Den aktuelle B\u00e4itrag mat den ierf\u00e9ierende Peegelst\u00e4nn ass z\u00ebnter M\u00ebtt September a Sozialen Netzwierker am \u00cbmlaf. an den Deeg virdrun war d&#8217;Berichterstattung vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/BUE8-2VZC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Stuermd\u00e9if &#8220;Anett&#8221;<\/a> gepr\u00e4\u00e4gt, deen international\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/WE8A-R3LC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;Boris&#8221;<\/a> genannt g\u00ebtt: A Polen, \u00c9istr\u00e4ich, Tschechien, Rum\u00e4nien an anere L\u00e4nner a M\u00ebttel- an Osteuropa hat den immense Staarkree fir hefteg Iwwerschwemmunge gesuergt. An den H\u00e9ichwaassergebidder koumen op d&#8217;mannst 24 M\u00ebnschen \u00ebm d&#8217;Liewen.\u00a0<\/span><\/p>\n<p><span data-mce-annotation=\"tinycomments\" data-mce-annotation-uid=\"mce-conversation_47498224871720083439067\">An D\u00e4itschland war d&#8217;Situatioun vergl\u00e4ichsweis entspaant. Duerch staarke Ree waren awer d&#8217;Peegele laanscht d\u00e4itsch Fl\u00ebss d\u00e4itlech geklomme w\u00e9i beispillsweis um <a href=\"https:\/\/perma.cc\/56ZB-72K4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Rh\u00e4in zu K\u00f6ln<\/a>.<\/span><\/p>\n<p><span data-mce-annotation=\"tinycomments\" data-mce-annotation-uid=\"mce-conversation_47498224871720083439067\">Eng R\u00ebtsch <a href=\"https:\/\/perma.cc\/NH3Q-NXVD\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Norichtenagencen<\/a>, dor\u00ebnner d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/WYK2-F24Y\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP<\/a>, hate gemellt, d&#8217;<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240923134536\/https:\/\/www.nytimes.com\/2024\/09\/18\/climate\/central-europe-floods-global-warming.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Evenementer<\/a> w\u00e4ren e <a href=\"https:\/\/perma.cc\/T7ZY-4YC2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Beleeg<\/a> dofir, w\u00e9i extreem Wiederphenomener duerch d\u00e9i vum M\u00ebnsch ausgel\u00e9ist Erwiermung verst\u00e4erkt ginn &#8211; wat nees d&#8217;Kritik vu Skeptiker m\u00e9i grouss gemaach huet. An der Vergaangenheet huet d&#8217;AFP schonn eng Rei\u00a0<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.36GY3TG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Falschbehaaptunge<\/a><a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.36GY3TG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">widderluecht<\/a>, de Klimawandel h\u00e4tt keen Afloss op extreem Wiederphenomener.<\/span><\/p>\n<p>Authentesch Foto vu K\u00f6ln<\/p>\n<p>Eng <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=Ez5o69CeXUw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00ebmgek\u00e9iert Billersich<\/a> ergouf, dass den online gedeelte Sharepic en Extrait vun enger authentescher historescher Foto vu K\u00f6ln weist. D&#8217;Originalbild gouf vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/BL7J-8Z7Z\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Deutschen Bundesarchiv<\/a> op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/A9S3-Q5PP\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Wikimedia<\/a> ver\u00ebffentlecht an ass online fr\u00e4i zoug\u00e4nglech. De Quellendonn\u00e9e\u00ebn no ass d&#8217;Foto vum November 1930.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/619f044444015ac6217b0dec03bea0f0.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;Bildbeschr\u00ebftung vum Originalbild ass: &#8220;H\u00e9ichwaasser virun der K\u00f6lner Alstad. An der M\u00ebtt vum Bild den Tuerm vu Gro\u00df St. Martin.&#8221; D&#8217;Notzung vu grad d\u00ebsem Bild weist awer schonn, dass d&#8217;Peegelst\u00e4nn, d\u00e9i um Sharepic opgef\u00e9iert ginn, onvollst\u00e4nneg sinn. Vun engem H\u00e9ichwaasser am Joer 1930 ass do n\u00e4ischt ze liesen.<\/p>\n<p>Onvollst\u00e4nneg, feelerhaft Donn\u00e9e\u00ebn<\/p>\n<p>Offiziellen Donn\u00e9e\u00eb vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2BCL-NNYV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Landesamts f\u00fcr Natur, Umwelt und Verbraucherschutz Nordrhein-Westfalen<\/a> no huet de Rh\u00e4in bei K\u00f6ln en <a href=\"https:\/\/hochwasserportal.nrw\/lanuv\/webpublic\/index.html#\/overview\/Wasserstand\/station\/1390518\/WSV_Koeln\/info\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">duerchschn\u00ebttleche Peegelstand<\/a> vun 2,97 Meter (<a href=\"https:\/\/archive.ph\/rDjTU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert), w\u00e9i och d&#8217;Noriichtenagence <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9Z88-8VLX\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">dpa gemellt<\/a> huet. Vun engem Peegelstand vu\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/56ZB-72K4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">4,5 Meter<\/a> u ginn zu K\u00f6ln H\u00e9ichwaasserschutzmesuren ergraff, d\u00e9i vun de\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/9GBL-MKR4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Stadtentw\u00e4sserungsbetriebe K\u00f6ln<\/a> (StEB K\u00f6ln) koordin\u00e9iert ginn.<\/p>\n<p>Op der Internets\u00e4it vun den StEB K\u00f6ln ass eng \u00ebmfaassend <a href=\"https:\/\/steb-koeln.de\/hochwasser-und-ueberflutungsschutz\/hochwasser\/Hochwassergeschichte\/Hochwassergeschichte.jsp\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">H\u00e9ichwaassergeschicht<\/a> vun der Stad zoug\u00e4nglech (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/56ZB-72K4?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert). Z\u00ebnter dem Joer 1784 goufen do 52 staark H\u00e9ichwaasser registr\u00e9iert, bei deenen de K\u00f6lner Peegel op d&#8217;mannst 7,5 Meter erreecht hat. Op dem Sharepic gi fir d\u00ebsen Z\u00e4itraum awer just n\u00e9ng Peegelst\u00e4nn opgezielt.<\/p>\n<p>Ausserdeem sinn zwee W\u00e4erter, d\u00e9i an de Sozialen Netzwierker verbreet goufen, feelerhaft: Fir d&#8217;Joer 1784 nennen d&#8217;StEB eng Peegelh\u00e9icht vun 13,55 Meter, am feelerhafte B\u00e4itrag g\u00ebtt vun 13,63 Meter geschwat. A w\u00e4rend op dem Sharepic fir 1845 en H\u00e9ichwaasser vun 10,34 Meter ugi g\u00ebtt, hunn d&#8217;StEB K\u00f6ln fir dat Joer iwwerhaapt keen H\u00e9ichwaasser verzeechent.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/e2d5b4da487ac282232abe43b8c103b0.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Ausserdeem produz\u00e9iert d\u00e9i online verbreet Auswiel en tendenzi\u00e9isen Androck: Mat Ausnam vum W\u00e4ert vun 2024 gi just extreem H\u00e9ichwaasserdonn\u00e9e\u00eb mat Peegelst\u00e4nn vun iwwer 10 Meter genannt. Sou entsteet den Androck, d&#8217;H\u00e9ichwaasser aus dem Joer 2024 w\u00e4r immens kleng ausgefall, de vum M\u00ebnsch ausgel\u00e9iste Klimawandel k\u00e9int also keng entscheedend Roll spillen.<\/p>\n<p>Mee d&#8217;H\u00e9ichwaassergeschicht vun den StEB K\u00f6ln weist, dass 46 vun den 52 H\u00e9ichwaasser z\u00ebnter 1784 a Wierklechkeet Peegelst\u00e4nn vun \u00ebnner 10 Meter haten. D&#8217;H\u00e9ichwaasser vun 2024 mat 8,23 Meter ass domat op kengem Fall en Ausr\u00e4isser no \u00ebnnen, mee l\u00e4it am M\u00ebttelfeld.<\/p>\n<p>Ursaache vun extreemen H\u00e9ichwaasser<\/p>\n<p>H\u00e9ichwaasser sinn an der Reegel op lokal Wiederphenomeener zer\u00e9ckzef\u00e9ieren, beispillsweis staark N\u00e9ierschl\u00e9i oder pl\u00ebtzlecht Schm\u00eblze vu Schn\u00e9i, awer och op m\u00ebnschlech Agr\u00ebff an d&#8217;Leef vu Fl\u00ebss. Dat huet den Dominik R\u00f6sch, \u00cbmweltw\u00ebssenschaftler a Pressespriecher bei der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/F3XB-PHPD\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bundesanstalt f\u00fcr Gew\u00e4sserkunde<\/a> (BfG), op AFP-Ufro de 25. September 2024 erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>Dat aussergew\u00e9inlech staarkt <a href=\"https:\/\/perma.cc\/42PR-TVGR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Rh\u00e4inh\u00e9ichwaasser vu 1784<\/a> war dem R\u00f6sch no &#8220;eng Verkettung vu verschiddenen ong\u00ebnschtege Facteuren&#8221;: En heftege <a href=\"https:\/\/perma.cc\/82AA-EAPF\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Vulkanausbroch op Island am Joer 1783<\/a> huet d&#8217;Wieder vun der Nordhemisph\u00e4r staark beaflosst an huet fir extreem N\u00e9ierschl\u00e9i an niddreg Temperature gesuergt. Am Wanter 1783\/84 war immens vill Schn\u00e9i gefall an et war immens kal, soudass vill Fl\u00ebss zougefruer waren an eng deck Couche \u00c4is haten. &#8220;E Waarmloftabroch ronder\u00ebm den 23. Februar 1784 a groussraimege Reen hunn e pl\u00ebtzlecht Dawieder bewierkt&#8221;, huet de R\u00f6sch erkl\u00e4ert. D&#8217;immens waasserhalteg Schn\u00e9imasse si geschmolt, konnten awer w\u00e9inst der d\u00e9cker Couche \u00c4is op de Fl\u00ebss just begrenzt offl\u00e9issen.<\/p>\n<p>Et koum zu engem sougenannten &#8220;\u00c4isstau&#8221; an enger domat anhiergoender H\u00e9ichwaasserkatastroph, d\u00e9i op villf\u00e4lteg Man\u00e9ier dokument\u00e9iert gouf, beispillsweis an d\u00ebsem Kupferstich:<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/8dead3c6635fa49651e282479971b98a.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>&#8220;\u00c4ish\u00e9ichwaasser vum Rh\u00e4in sinn hautdesdaags ganz onwarscheinlech&#8221;, sot de R\u00f6sch weider. Sou war de Rh\u00e4in am Wanter 1962\/63 d\u00e9i lescht K\u00e9ier zougefruer. Grond dofir w\u00e4re m\u00ebnschlech Agr\u00ebff, w\u00e9i d&#8217;Zouf\u00e9iere vu waarmem Waasser aus Industrieanlagen a &#8220;besonnesch d&#8217;Zouhuele vun der Lofttemperatur duerch de Klimawandel&#8221;.<\/p>\n<p>Presum\u00e9iert &#8220;Beweiser&#8221; g\u00e9int d&#8217;Existenz vum vum M\u00ebnsch gemaache Klimawandel w\u00e4ren d&#8217;historesch H\u00e9ichwaasser awer op kengem Fall: &#8220;Extreem Eenzelphenomeener &#8211; och ouni Afloss vun \u00c4is &#8211; huet et \u00ebmmer ginn a w\u00e4ert et \u00ebmmer ginn&#8221;, huet de R\u00f6sch resum\u00e9iert.<\/p>\n<p>Eenzel Peegelst\u00e4nn soen n\u00e4ischt iwwer Klima aus<\/p>\n<p>Eenzel Peegelst\u00e4nn vun engem Floss sinn aus enger Rei vu Gr\u00ebnn keng g\u00ebeegent Method, fir Klimaver\u00e4nnerungen ze dokument\u00e9ieren, huet de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/E8J5-82FM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Ren\u00e9 Orth<\/a>, Professer fir d&#8217;Modell\u00e9ierung vu Biogeocheemesche Systemer op der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/ZDS7-AXVL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Universit\u00e4t Freiburg<\/a>, <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.36264NG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">g\u00e9intiwwer der AFP<\/a> den 30. Juli 2024 erkl\u00e4ert. Als historesch Momentopname g\u00e9ife se just d&#8217;Auswierkunge vu Wiederphenomeener zu engem best\u00ebmmten Z\u00e4itpunkt dokument\u00e9ieren. &#8220;De Klimawandel ka sech just op laangfristeg Trends vu Waasserst\u00e4nn vu Fl\u00ebss auswierken&#8221;, huet den Orth prezis\u00e9iert. Schliisslech beschreift &#8220;<a href=\"https:\/\/www.dwd.de\/DE\/service\/lexikon\/Functions\/glossar.html?lv2=101334&amp;lv3=101462\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Klima<\/a>&#8221; per Definitioun vum Deutschen Wetterdienst (DWD) eng Zesummefaassung vu <a href=\"https:\/\/perma.cc\/F5DY-VR3Z\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Wiedervirkommn\u00ebsser<\/a> iwwer e laangen Z\u00e4itraum.\u00a0 De Waasserstand vum Rh\u00e4in g\u00ebtt dem Orth no ausserdeem net just duerch d&#8217;Wieder beaflosst, mee och duerch verschidde m\u00ebnschlech Notzungszwecker. Waasser g\u00ebtt beispillsweis fir d&#8217;Bew\u00e4sserung, als Dr\u00e9nkwaasser oder fir d&#8217;Kille vun Industrieanlage benotzt.<\/p>\n<p>Den Dominik R\u00f6sch vum BfG huet erkl\u00e4ert: &#8220;Vun engem systematesche Wandel schw\u00e4tzt een an der W\u00ebssenschaft er\u00e9ischt, wann H\u00e9ichwaasser iwwer e Z\u00e4itraum vu ville Jore beleebar m\u00e9i dacks optrieden, m\u00e9i laang daueren, m\u00e9i intensiv ginn oder sech nei Entsteeungsmechanismen ofzeechnen.&#8221; An der Klimafuerschung ginn dofir Z\u00e4itraim vun 30 Joer genotzt.<\/p>\n<p>Gronds\u00e4tzlech w\u00e4r et schwiereg, Ver\u00e4nnerungen am Optriede vun extreemen oder seelenen Evenementer statistesch robust nozeweisen. &#8220;D&#8217;Hiweiser heefe sech awer, dass sech de Klimawandel schonn op d&#8217;Gesch\u00e9ie vun H\u00e9ichwaasser auswierkt an d&#8217;Effekter weider zouhuelen&#8221;, huet de R\u00f6sch nach b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt.<\/p>\n<p>Klimawandel beaflosst d&#8217;Warscheinlechkeet vun H\u00e9ichwaasser<\/p>\n<p>E Konsortium vun onofh\u00e4ngege W\u00ebssenschaftlerinnen a W\u00ebssenschaftler fir de <a href=\"CXZ6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Weltklimarot<\/a> (IPCC) huet <a href=\"https:\/\/perma.cc\/HGW6-3R7L\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Asch\u00e4tzunge<\/a> fir d&#8217;Warscheinlechkeet vun extreemen Wiederphenomeener an engem sech ver\u00e4nnerende Klima erstallt. Se enthalen &#8220;handfest Beweiser&#8221; fir d&#8217;Zouhuele vun Ausmooss an Intensit\u00e9it vun extreemen N\u00e9ierschl\u00e9i an Europa z\u00ebnter den 1950er-Joren.<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/938M-LNUZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Iris de Vries<\/a> vun der ETH Z\u00fcrech huet den 18. September 2024 <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.36GY3TG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">g\u00e9intiwwer der AFP<\/a> erkl\u00e4ert: &#8220;Et g\u00ebtt kloer, eendeiteg Beweiser dofir, dass de Klimawandel de Spektrum vu m\u00e9iglechen N\u00e9ierschl\u00e9i ver\u00e4nnere w\u00e4ert a scho ver\u00e4nnert huet&#8221;, well m\u00e9i waarm Loft m\u00e9i Waasser sp\u00e4ichere g\u00e9ing. W\u00ebssenschaftlerinnen a W\u00ebssenschaftler ginn dovun aus, dass <a href=\"https:\/\/perma.cc\/LWK2-H2L7?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Staarkreen<\/a> a M\u00ebttel- an Osteuropa am Z\u00e4itraum 2071 bis 2100 am Verglach zu 1971 bis 2000 \u00ebm w\u00e9i 35 Prozent zouhuele w\u00e4ert, wat zu m\u00e9i heefegen a gef\u00e9ierleche <a href=\"https:\/\/perma.cc\/P5FV-7HWW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Sturzflute<\/a> f\u00e9iere w\u00e4ert.<\/p>\n<p>Och eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/YZ48-S3V8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">aktuell Et\u00fcd<\/a> vun der Fuerschungsinitiativ &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/Z3EX-7FP6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">World Weather Attribution<\/a>&#8221; vu September 2024 koum zur Konklusioun, dass d&#8217;N\u00e9ierschl\u00e9i, d\u00e9i am September 2024 zum H\u00e9ichwaasser a M\u00ebttel- an Osteuropa gef\u00e9iert hunn, ouni de Klimawandel net sou grav\u00e9ierend ausgefall w\u00e4ren.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet an der Vergaangenheet eng R\u00ebtsch <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.36GY3TG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Behaaptungen<\/a> iwwer <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.34M49MD\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">extreem Iwwerschwemmungen<\/a> an deenen hiren Zesummenhang mat dem Klima iwwerpr\u00e9ift. Op der <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/list\/Klima\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP-Homepage<\/a> sinn all d&#8217;Faktenchecken zum Sujet Klima gesammelt.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> Eng L\u00ebscht vun historesche Peegelst\u00e4nn um Rh\u00e4in zu K\u00f6ln, d\u00e9i am Internet kurs\u00e9iert, widderleet net de vum M\u00ebnsch gemaache Klimawandel. Zum engen ass d&#8217;L\u00ebscht onvollst\u00e4nneg a feelerhaft. Zum aneren ergi sech aus eenzelen historesche Momentopname keng w\u00ebssenschaftlech Aussoen doriwwer, w\u00e9i sech d&#8217;Klima laangfristeg ver\u00e4nnert, w\u00e9i Fachleit der AFP erkl\u00e4ert hunn. D&#8217;global \u00c4erderwiermung g\u00e9if awer dozou f\u00e9ieren, dass extreem Wiederphenomeener w\u00e9i Staarkreen zouhuelen &#8211; och um Rh\u00e4in.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Faktencheck gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Am September 2024 koum et an Europa zu staarken Iwwerschwemmungen, d\u00e9i Fuerscher mam Klimawandel a Verbindung setzen. A Sozialen Netzwierker war doropshin eng L\u00ebscht vun extreemen H\u00e9ichwaasser zu K\u00f6ln z\u00ebnter dem Joer 1784 mat der Behaaptung am \u00cbmlaf, dass deenen hiert Optrieden de Klimawandel widderlee\u00eb g\u00e9ing. Mee d&#8217;H\u00e9ichwaasserdonn\u00e9e\u00ebn, d\u00e9i am Internet \u00ebnnerwee sinn, sinn onvollst\u00e4nneg an deelweis feelerhaft.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":366378,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[189,183,234],"tags":[],"class_list":{"0":"post-366403","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-emwelt","8":"category-fact-check-lb","9":"category-fuerschung-studien"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2240893","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2240893.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Klimawandel g\u00ebtt net duerch eenzel historesch H\u00e9ichwaasser widderluecht - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Klimawandel g\u00ebtt net duerch eenzel historesch H\u00e9ichwaasser widderluecht - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Am September 2024 koum et an Europa zu staarken Iwwerschwemmungen, d\u00e9i Fuerscher mam Klimawandel a Verbindung setzen. A Sozialen Netzwierker war doropshin eng L\u00ebscht vun extreemen H\u00e9ichwaasser zu K\u00f6ln z\u00ebnter dem Joer 1784 mat der Behaaptung am \u00cbmlaf, dass deenen hiert Optrieden de Klimawandel widderlee\u00eb g\u00e9ing. Mee d&#039;H\u00e9ichwaasserdonn\u00e9e\u00ebn, d\u00e9i am Internet \u00ebnnerwee sinn, sinn onvollst\u00e4nneg an deelweis feelerhaft.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-10-21T14:56:24+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-10-28T10:17:26+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/117df5da8f6c917ffd78006b6eec9176.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"540\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"8 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Klimawandel g\u00ebtt net duerch eenzel historesch H\u00e9ichwaasser widderluecht\",\"datePublished\":\"2024-10-21T14:56:24+00:00\",\"dateModified\":\"2024-10-28T10:17:26+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/\"},\"wordCount\":1879,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/117df5da8f6c917ffd78006b6eec9176.jpeg\",\"articleSection\":[\"\u00cbmwelt\",\"Fact Check\",\"Fuerschung &amp; Studien\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/\",\"name\":\"Faktencheck: Klimawandel g\u00ebtt net duerch eenzel historesch H\u00e9ichwaasser widderluecht - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/117df5da8f6c917ffd78006b6eec9176.jpeg\",\"datePublished\":\"2024-10-21T14:56:24+00:00\",\"dateModified\":\"2024-10-28T10:17:26+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/117df5da8f6c917ffd78006b6eec9176.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/117df5da8f6c917ffd78006b6eec9176.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":540,\"caption\":\"Faktencheck: Klimawandel g\u00ebtt net duerch eenzel historesch H\u00e9ichwaasser widderluecht - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Klimawandel g\u00ebtt net duerch eenzel historesch H\u00e9ichwaasser widderluecht\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Klimawandel g\u00ebtt net duerch eenzel historesch H\u00e9ichwaasser widderluecht - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Klimawandel g\u00ebtt net duerch eenzel historesch H\u00e9ichwaasser widderluecht - EDMO Belux","og_description":"Am September 2024 koum et an Europa zu staarken Iwwerschwemmungen, d\u00e9i Fuerscher mam Klimawandel a Verbindung setzen. A Sozialen Netzwierker war doropshin eng L\u00ebscht vun extreemen H\u00e9ichwaasser zu K\u00f6ln z\u00ebnter dem Joer 1784 mat der Behaaptung am \u00cbmlaf, dass deenen hiert Optrieden de Klimawandel widderlee\u00eb g\u00e9ing. Mee d'H\u00e9ichwaasserdonn\u00e9e\u00ebn, d\u00e9i am Internet \u00ebnnerwee sinn, sinn onvollst\u00e4nneg an deelweis feelerhaft.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-10-21T14:56:24+00:00","article_modified_time":"2024-10-28T10:17:26+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":540,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/117df5da8f6c917ffd78006b6eec9176.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"8 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Klimawandel g\u00ebtt net duerch eenzel historesch H\u00e9ichwaasser widderluecht","datePublished":"2024-10-21T14:56:24+00:00","dateModified":"2024-10-28T10:17:26+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/"},"wordCount":1879,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/117df5da8f6c917ffd78006b6eec9176.jpeg","articleSection":["\u00cbmwelt","Fact Check","Fuerschung &amp; Studien"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/","name":"Faktencheck: Klimawandel g\u00ebtt net duerch eenzel historesch H\u00e9ichwaasser widderluecht - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/117df5da8f6c917ffd78006b6eec9176.jpeg","datePublished":"2024-10-21T14:56:24+00:00","dateModified":"2024-10-28T10:17:26+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/117df5da8f6c917ffd78006b6eec9176.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/10\/117df5da8f6c917ffd78006b6eec9176.jpeg","width":1080,"height":540,"caption":"Faktencheck: Klimawandel g\u00ebtt net duerch eenzel historesch H\u00e9ichwaasser widderluecht - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimawandel-gtt-net-duerch-eenzel-historesch-hichwaasser-widderluecht\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Klimawandel g\u00ebtt net duerch eenzel historesch H\u00e9ichwaasser widderluecht"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/366403","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=366403"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/366403\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/366378"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=366403"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=366403"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=366403"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}