{"id":369723,"date":"2024-11-08T15:00:21","date_gmt":"2024-11-08T15:00:21","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=369723"},"modified":"2024-11-12T10:47:42","modified_gmt":"2024-11-12T10:47:42","slug":"faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Pann vu Maschinn, d\u00e9i beim Wielen h\u00eblleft, l\u00e9ist Behaaptung iwwer Walbedruch aus"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p>Bei de Presidentewalen an den USA kommen och elektronesch Walmaschinnen an den Asaz. Am Internet g\u00ebtt awer behaapt, dass d&#8217;Walresultat duerch esou Maschinne manipul\u00e9iert gi k\u00e9int.<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p class=\"article-body__summary\">\u00a0Als angeebleche Beweis g\u00ebtt e Video gedeelt, an deem bei engem Apparat am Bundesstaat Kentucky den Numm &#8220;Donald Trump&#8221; net ugeklickt ka ginn an amplaz Kamala Harris automatesch ausgewielt g\u00ebtt. Den Apparat iwwerm\u00ebttelt awer net de Vott, mee h\u00eblleft just bei der Auswiel vun de Kandidaten. De President vum Walb\u00fcro Laurel County, wou de Video gedr\u00e9int gouf, huet erkl\u00e4ert, dass et sech \u00ebm en eemolege Feeler gehandelt huet.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">&#8220;Walbedruch a Kentucky: E republikanesche Wieler huet dokument\u00e9iert, dass sech op den elektronesche Walmaschinnen zouf\u00e4lleg den Numm &#8216;Donald Trump&#8217; net ausgewielt ka ginn, respektiv d&#8217;St\u00ebmm fir d&#8217;Kamala Harris zielt&#8221;, heescht et an engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/M83P-BB9X\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram-B\u00e4itrag<\/a> vum 31. Oktober 2024. Ausserdeem ass e Video vun enger Walmaschinn ze gesinn, un d\u00e4r eng Persoun de republikanesche Presidentschaftskandidat Donald Trump selektion\u00e9iere w\u00ebll. Dat gel\u00e9ngt allerd\u00e9ngs net an d&#8217;Maschinn wielt dem Trump seng Kontrahentin Kamala Harris aus.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">De Video g\u00ebtt zesumme mat der Behaaptung och op <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/424a6f43-835b-49fa-9ca9-461d5394635c\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/R99R-8UTQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a> souw\u00e9i an anere Sprooche w\u00e9i <a href=\"https:\/\/perma.cc\/VS6H-N3W7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Englesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/804a06a4-03fe-4054-99fb-5310a6a57ddd\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Griichesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/RF6X-SUPN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Spuenesch<\/a> a <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6GF4-X9HR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Portugisesch<\/a> gedeelt.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/2135dbdea0abc07efd132018449a9e9b.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>De Video gouf e puer Deeg virun den amerikanesche Presidentschaftswale vun Notzer op der Plattform <a href=\"https:\/\/perma.cc\/VC9T-NE5X\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a> am <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Q8MC-QZFN?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Laurel County<\/a> am Bundesstaat Kentucky gepost. Bei de Walen de 5. November 2024 hate m\u00e9i w\u00e9i 82 Millioune Bierger schonn <a href=\"https:\/\/perma.cc\/667E-JPYG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">am Virfeld hir St\u00ebmm ofginn<\/a>.<\/p>\n<p>Maschinn h\u00eblleft beim Ausf\u00eblle vum St\u00ebmmziedel<\/p>\n<p>Den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2EXN-5TA8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">James Young<\/a>, Expert fir Wale mat Fokus op Inklusioun vu Wielerinnen a Wieler mat Beh\u00ebnnerungen, huet den 1. November 2024 g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, dass &#8220;de Walprozess a Kentucky absolutt s\u00e9cher ass&#8221;. De Video an de B\u00e4itr\u00e4g g\u00e9if &#8220;kee Bedruch oder e &#8216;St\u00ebmmenaustausch'&#8221; weisen, w\u00e9i hie weider sot. Hien huet och virdru gewarnt, dass sou Contenuen, d\u00e9i Zweiwel un den US-Walen s\u00e9ie sollen, &#8220;fir d\u00e9ij\u00e9ineg gef\u00e9ierlech sinn, d\u00e9i vulnerabel fir geziilt Falschinformatioune sinn.&#8221;<\/p>\n<p>De Young, deen och als President vum Walb\u00fcro an Deputy County Clerk (stellvertriedende Bezierkssekret\u00e4r) fir den Jefferson\/Louisville County a Kentucky souw\u00e9i als Adjoint fir de Bezierksstaatssekret\u00e4r t\u00e4teg war, sot och, dass d&#8217;Maschinn, d\u00e9i am Video gewise g\u00ebtt, als <a href=\"https:\/\/perma.cc\/QC65-L7LN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;Ballot Marking Device&#8221;<\/a> (BMD) bekannt ass. D\u00ebsen Apparat h\u00eblleft Wielerinnen a Wieler, digital an ouni hierk\u00ebmmlecht Ukr\u00e4izen hir St\u00ebmm ofzeginn. &#8220;Et ass quasi en digitale St\u00ebft&#8221;, huet de Young erkl\u00e4ert. D&#8217;Maschinn g\u00e9if fir de Wieler oder d&#8217;Wielerin de St\u00ebmmziedel ausf\u00ebllen.<\/p>\n<p>Fir bis bei de Bildschierm ze kommen, deen am Video ze gesinn ass, muss e Wieler e St\u00ebmmziedel an d&#8217;Maschinn lee\u00ebn. Hien oder si g\u00ebtt dann opgefuerdert, op dem Touchscreen seng oder hir St\u00ebmm ofzeginn, duerno de St\u00ebmmziedel auszedr\u00e9cken an en an de Scanner ze lee\u00ebn. Er\u00e9ischt da g\u00ebtt d&#8217;St\u00ebmm gezielt, an net virdrun an digitaler Form um Bildschierm.<\/p>\n<p>&#8220;Et ass wichteg, dat ze verstoen, well de Video den Androck opkomme l\u00e9isst, dass d&#8217;Maschinn &#8216;St\u00ebmme vertauscht'&#8221;, huet de Young erkl\u00e4ert. Den Apparat g\u00e9if awer just beim Mark\u00e9iere vu St\u00ebmmziedelen h\u00ebllefen an iwwerm\u00ebttelt oder zielt d\u00ebs St\u00ebmmen net selwer. Virum endg\u00fcltege Vott g\u00e9ifen d&#8217;Wielerinnen an d&#8217;Wieler e puer mol gefrot, ob hire Choix um Apparat, deen de Young am Video als en Typp\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/86XQ-UV3D\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ES&amp;S ExpressVote<\/a> identifiz\u00e9iert huet, korrekt w\u00e4r.<\/p>\n<p>D&#8217;Apparater vun d\u00ebsem Hiersteller si vun der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5ZNC-VU3T\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">amerikanescher Walh\u00ebllefkommissioun<\/a> an dem Kentucky State Board of Elections (Walkommitee vu Kentucky) zertifi\u00e9iert a ginn dem Young no a ronn 30 Countys a Kentucky reegelm\u00e9isseg benotzt. Him no w\u00e4re se &#8220;net mam Internet verbonnen&#8221;. Se g\u00e9ife mat de Walsigele dat ganzt Joer iwwer bewaacht a just de Bezierkssekret\u00e4r souw\u00e9i &#8220;form\u00e9iert Wal-Assesseuren, d\u00e9i no staatlechem Recht vereedegt sinn, gr\u00e4ifen op d\u00ebs Maschinnen zou&#8221;, huet de Young b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt.<\/p>\n<p>Falsche Vott ka korrig\u00e9iert ginn<\/p>\n<p>Den Tony Brown, Assesseur am Laurel County, huet den 31. Oktober 2024 op sengem Facebook-Kont <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/915c0b11-bf94-42b6-b48d-9932f7ffc5a6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">dat selwecht erkl\u00e4ert<\/a>, dass d&#8217;Maschinn am online gedeelte Video &#8220;e Ballot Marking Device&#8221; ass. &#8220;Dir leet \u00c4ren eidele St\u00ebmmziedel an a gitt \u00c4r St\u00ebmm jee no Walbezierk of&#8221;, huet hie geschriwwen. &#8220;Se weist Iech un, wien Dir fir all Course gewielt hutt an inform\u00e9iert Iech, wann Dir an enger Course kee Choix gemaach hutt. \u00c9ier [d&#8217;Maschinn] dem Wieler oder der Wielerin erlaabt, mat der n\u00e4chster S\u00e4it weiderzemaachen.&#8221;<\/p>\n<p>Duerno weist d&#8217;Maschinn de komplette Choix nach eng K\u00e9ier. Uschl\u00e9issend misst de Wieler oder d&#8217;Wielerin dem Brown no d\u00ebse Choix nach zwee Mol confirm\u00e9ieren, \u00e9ier hien oder si de St\u00ebmmziedel ausdr\u00e9ckt. Den Ausdrock g\u00e9if et erlaben, de Choix nach eng K\u00e9ier ze iwwerpr\u00e9iwen, \u00e9ier de Wieler oder d&#8217;Wielerin de St\u00ebmmziedel an de Scanner lee\u00eb g\u00e9if, huet de Brown weider erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>&#8220;Wann Dir e Feeler gemaach hutt, k\u00ebnnt Dir de Walziedel als ong\u00fclteg mark\u00e9ieren an e weidere kr\u00e9ien&#8221;, sot de Brown weider. &#8220;D&#8217;Gesetz vu Kentucky erlaabt just zwee ong\u00fclteg Walziedelen. Soubal Dir mat \u00c4rer Wiel zefridde mat, k\u00ebnnt Dir de St\u00ebmmziedel an de Scanner lee\u00ebn an e confirm\u00e9iert, dass d&#8217;St\u00ebmm gezielt gouf.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/285a5969f2e744b77b1b68a00f51056b.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>De Walkommitee vu Kentucky huet de Sachverhalt och an engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/M472-5QYN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Statement<\/a> komment\u00e9iert an dora betount, dass et sech beim Maschinnentypp ES&amp;S ExpressVote \u00ebm e &#8220;Ballot Marking Device&#8221; handele g\u00e9if an dass &#8220;eng St\u00ebmm er\u00e9ischt gezielt g\u00ebtt, wann de St\u00ebmmziedel an de Scanner geluecht gouf.&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;Hirer Ausso g\u00e9intiwwer dem Bezierkssekret\u00e4r no war et der Wielerin m\u00e9iglech, den Touchscreen korrekt ze benotzen, fir d&#8217;Feld fir Donald Trump an all aner Kandidaten, d\u00e9i vun hir favoris\u00e9iert goufen, ze mark\u00e9ieren&#8221;, huet de Walkommitee erkl\u00e4ert. En h\u00e4tt de Feeler zwar net selwer um Apparat nostelle k\u00ebnnen, en awer trotzdeem aus dem Verk\u00e9ier gezunn an de B\u00fcro vum Procureur g\u00e9n\u00e9ral kontakt\u00e9iert, deen en Erm\u00ebttler an de Walb\u00fcro gesch\u00e9ckt huet.<\/p>\n<p>&#8220;Iwwer 1700 Wielerinnen a Wieler am Laurel County hunn den 31. Oktober 2024 hir St\u00ebmme korrekt ofginn a weeder de Walkommitee nach den Assesseur vum Laurel County goufen op d\u00ebsem Dag op weider Meldunge vu Problemer mat den ExpressVote-Bildschiermer oder DS200-Walscanneren opmierksam gemaach&#8221;, huet de Walkommitee vu Kentucky matgedeelt.<\/p>\n<p>Op X huet sech de Procureur g\u00e9n\u00e9ral Russell Coleman <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8HA3-VPGL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ge\u00e4ussert<\/a>. Hien huet <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8657-8G8A\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">matgedeelt<\/a>, dass s\u00e4in Departement of Criminal Investigations (DCI, Departement fir kriminell Erm\u00ebttlungen) &#8220;s\u00e9ier op d&#8217;Reklamatioun vum Laurel County reag\u00e9iert&#8221; h\u00e4tt an all d&#8217;Wieler a Kentucky dorop vertraue k\u00e9inten, dass &#8220;d&#8217;Wale s\u00e9cher w\u00e4ren an all potenziell Problemer s\u00e9ier beaarbecht ginn&#8221;.<\/p>\n<p>De Staatssekret\u00e4r vu Kentucky Michael Adams huet och op de vill gedeelte Video <a href=\"https:\/\/perma.cc\/SG8C-YWZR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">reag\u00e9iert<\/a> an huet d&#8217;Virw\u00ebrf vu Walbedruch zer\u00e9ckgewisen.<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/perma.cc\/4WZS-HGLY?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Election Systems &amp; Software<\/a>, e Fournisseur vu Walmaschinnen an -d\u00e9ngschtleeschtungen an den USA an den Hiersteller vum Modell ES&amp;S ExpressVote, huet g\u00e9intiwwer der AFP de 4. November w\u00ebsse gedoen, dass &#8220;Touchscreen-Walmaschinnen de Vott net ver\u00e4nneren&#8221; an dass &#8220;d\u00e9i meescht vun de gemellte F\u00e4ll dorop zer\u00e9ckzef\u00e9iere sinn, dass e Wieler oder eng Wielerin d&#8217;Textfeld <a href=\"https:\/\/perma.cc\/SB52-7XGT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">net op der richteger Plaz ber\u00e9iert<\/a> huet&#8221; a versicht h\u00e4tt, &#8220;op d\u00e9i kleng K\u00ebscht ze dr\u00e9cken&#8221;.<\/p>\n<p>Weider Faktenchecken iwwer d&#8217;Walen an Amerika sinn op der <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/list\/US-Wahlen-2024\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP-Internets\u00e4it<\/a> ze fannen.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> A Kentucky gouf et kee Walbedruch, et huet sech \u00ebm en eemolege Feeler vun engem Ballot Marking Device gehandelt. Ausserdeem h\u00eblleft d&#8217;Maschinn just beim Auswiele vun de Votten an zielt d&#8217;St\u00ebmm net selwer. Wielerinnen a Wieler konnten do fr\u00e4i hir St\u00ebmm ofginn a waren net zur Wal vun engem best\u00ebmmte Kandidat oder enger Kandidatin gezwongen.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<br \/>\n<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Bei de Presidentewalen an den USA kommen och elektronesch Walmaschinnen an den Asaz. Am Internet g\u00ebtt awer behaapt, dass d&#8217;Walresultat duerch esou Maschinne manipul\u00e9iert gi k\u00e9int.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":369708,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,183,191],"tags":[],"class_list":["post-369723","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","category-editors-choice-lu","category-fact-check-lb","category-politik"],"acf":{"show_metatags":true,"id":"2248460","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2248460.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Pann vu Maschinn, d\u00e9i beim Wielen h\u00eblleft, l\u00e9ist Behaaptung iwwer Walbedruch aus - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Pann vu Maschinn, d\u00e9i beim Wielen h\u00eblleft, l\u00e9ist Behaaptung iwwer Walbedruch aus - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Bei de Presidentewalen an den USA kommen och elektronesch Walmaschinnen an den Asaz. Am Internet g\u00ebtt awer behaapt, dass d&#039;Walresultat duerch esou Maschinne manipul\u00e9iert gi k\u00e9int.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-11-08T15:00:21+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-11-12T10:47:42+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/2e493e94d379bd04fee71c117652e2b4.png\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/png\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"6 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Pann vu Maschinn, d\u00e9i beim Wielen h\u00eblleft, l\u00e9ist Behaaptung iwwer Walbedruch aus\",\"datePublished\":\"2024-11-08T15:00:21+00:00\",\"dateModified\":\"2024-11-12T10:47:42+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/\"},\"wordCount\":1396,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/2e493e94d379bd04fee71c117652e2b4.png\",\"articleSection\":[\"Editor's Choice Slider LU\",\"Fact Check\",\"Politik\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/\",\"name\":\"Faktencheck: Pann vu Maschinn, d\u00e9i beim Wielen h\u00eblleft, l\u00e9ist Behaaptung iwwer Walbedruch aus - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/2e493e94d379bd04fee71c117652e2b4.png\",\"datePublished\":\"2024-11-08T15:00:21+00:00\",\"dateModified\":\"2024-11-12T10:47:42+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/2e493e94d379bd04fee71c117652e2b4.png\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/2e493e94d379bd04fee71c117652e2b4.png\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Pann vu Maschinn, d\u00e9i beim Wielen h\u00eblleft, l\u00e9ist Behaaptung iwwer Walbedruch aus - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Pann vu Maschinn, d\u00e9i beim Wielen h\u00eblleft, l\u00e9ist Behaaptung iwwer Walbedruch aus\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Pann vu Maschinn, d\u00e9i beim Wielen h\u00eblleft, l\u00e9ist Behaaptung iwwer Walbedruch aus - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Pann vu Maschinn, d\u00e9i beim Wielen h\u00eblleft, l\u00e9ist Behaaptung iwwer Walbedruch aus - EDMO Belux","og_description":"Bei de Presidentewalen an den USA kommen och elektronesch Walmaschinnen an den Asaz. Am Internet g\u00ebtt awer behaapt, dass d'Walresultat duerch esou Maschinne manipul\u00e9iert gi k\u00e9int.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-11-08T15:00:21+00:00","article_modified_time":"2024-11-12T10:47:42+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/2e493e94d379bd04fee71c117652e2b4.png","type":"image\/png"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"6 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Pann vu Maschinn, d\u00e9i beim Wielen h\u00eblleft, l\u00e9ist Behaaptung iwwer Walbedruch aus","datePublished":"2024-11-08T15:00:21+00:00","dateModified":"2024-11-12T10:47:42+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/"},"wordCount":1396,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/2e493e94d379bd04fee71c117652e2b4.png","articleSection":["Editor's Choice Slider LU","Fact Check","Politik"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/","name":"Faktencheck: Pann vu Maschinn, d\u00e9i beim Wielen h\u00eblleft, l\u00e9ist Behaaptung iwwer Walbedruch aus - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/2e493e94d379bd04fee71c117652e2b4.png","datePublished":"2024-11-08T15:00:21+00:00","dateModified":"2024-11-12T10:47:42+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/2e493e94d379bd04fee71c117652e2b4.png","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/2e493e94d379bd04fee71c117652e2b4.png","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Pann vu Maschinn, d\u00e9i beim Wielen h\u00eblleft, l\u00e9ist Behaaptung iwwer Walbedruch aus - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-pann-vu-maschinn-di-beim-wielen-hlleft-list-behaaptung-iwwer-walbedruch-aus\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Pann vu Maschinn, d\u00e9i beim Wielen h\u00eblleft, l\u00e9ist Behaaptung iwwer Walbedruch aus"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/369723","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=369723"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/369723\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/369708"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=369723"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=369723"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=369723"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}