{"id":372125,"date":"2024-11-25T09:00:02","date_gmt":"2024-11-25T09:00:02","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=372125"},"modified":"2024-11-25T10:06:36","modified_gmt":"2024-11-25T10:06:36","slug":"faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/","title":{"rendered":"Faktencheck: De Robert F. Kennedy Jr verbreet Desinformatiounen iwwer Impfungen, AIDS an Autismus"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>De gewielten US-President Donald Trump huet ugek\u00ebnnegt, datt de Robert F. Kennedy Jr. Gesondheetsminister soll ginn, e fr\u00e9ieren Affekot fir \u00cbmweltrecht ouni w\u00ebssenschaftlech Formatioun, dee bekannt dofir ass, Konspiratiounstheorien a Falschinformatiounen zu Gesondheetssujeten ze verbreeden.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Impfstoffer, d\u00e9i angeeblech Autismus ausl\u00e9isen, oder eng angeeblech Verbindung t\u00ebscht Massemorden an Antidepressiva: Hei kritt Dir en Iwwerbl\u00e9ck iwwer d\u00e9i wichtegst falsch oder onbegr\u00ebnnt Behaaptungen, d\u00e9i de Robert F. Kennedy Jr. z\u00ebnter Joren a besonnesch z\u00ebnter der Covid-19-Kris verbreet huet an nach \u00ebmmer verbreet.<\/p>\n<ul>\n<li style=\"font-weight: bold;\"><strong>Covid-19, e Virus, deen Ethnien an d&#8217;Vis\u00e9ier h\u00eblt?<\/strong><\/li>\n<\/ul>\n<p>An engem <a href=\"https:\/\/nypost.com\/2023\/07\/15\/rfk-jr-says-covid-was-ethnically-targeted-to-spare-jews\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Video<\/a>, deen am Juli 2023 vun der &#8220;New York Post&#8221; publiz\u00e9iert gi war (Link <a href=\"https:\/\/archive.ph\/fz3Le\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert), huet de Robert F. Kennedy Jr. (RFK Jr.) behaapt, dass Covid-19 e Virus w\u00e4r, <strong>fir &#8220;kaukasesch a schwaarz M\u00ebnschen&#8221; ze schiedegen<\/strong>, w\u00e4rend &#8220;aschkenasesch Judden a Chineese&#8221; verschount bleiwen. Eng Behaaptung, <strong>d\u00e9i all w\u00ebssenschaftlecher Grondlag widderspr\u00e9cht<\/strong>.<\/p>\n<p>De Robert Kennedy huet seng Anti-Vaccin-Organisatioun &#8220;Children&#8217;s Health Defense&#8221; (CDH) &#8211; aus d\u00e4r hie sech am Abr\u00ebll 2023 tempor\u00e4r zer\u00e9ckgezunn hat, fir sech op seng Kandidatur fir d&#8217;US-Presidentschaft ze konzentr\u00e9ieren &#8211;\u00a0 w\u00e4rend der Gesondheetskris genotzt, fir falsch Informatiounen iwwer Covid-19 an d\u00e9i domat verbonnen Impfstoffer ze verbreeden.<\/p>\n<p>D&#8217;CDH gouf vum Center for Countering Digital Hate &#8211; enger ONG, d\u00e9i g\u00e9int Online-Desinformatioun k\u00e4mpft &#8211;\u00a0 souguer als <strong>eng vun den zwielef gr\u00e9isste Verbreeder vun Desinformatioun<\/strong> w\u00e4rend der Pandemie bezeechent.<\/p>\n<p>Der investigativer Internets\u00e4it &#8220;ProPublica&#8221; no huet d&#8217;Organisatioun duerch hir w\u00e4rend der Covid-19-Kris gedeelte Falschbehaaptunge Spenden a Milliounenh\u00e9icht ageholl: ongef\u00e9ier <strong>46 Milliounen Dollar t\u00ebscht 2020 an 2022<\/strong>. Dat ass bal dat Z\u00e9ngfacht vun hire Recetten an den dr\u00e4i Joer virun der Pandemie, w\u00e9i an d\u00ebsem <a href=\"https:\/\/www.lapresse.ca\/international\/etats-unis\/2024-04-16\/des-ong-gagnent-gros-en-desinformant-sur-les-vaccins.php\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP-Artikel<\/a> beschriwwe gouf.<\/p>\n<p>Experten no gouf d\u00ebst Geld dofir benotzt, den Afloss vun der Organisatioun op juristeschem Gebitt ze st\u00e4erken a g\u00e9int d\u00e9i verschidde Gesondheetsmesuren an den USA virzegoen.<\/p>\n<p>Am Juni 2020 hat d&#8217;CDH beispillsweis e Bild op Facebook verbreet, dat e F\u00f6tus in utero gewisen huet, mam engleschen Text: &#8220;Op d&#8217;mannst zwee vun de wichtegsten Impfstoffer g\u00e9int Covid enthale Geweebe vu F\u00f6tussen. Fannt eraus, wat dat fir \u00c4r Gesondheet bedeit.&#8221;<\/p>\n<p>Eng Falschmeldung, d\u00e9i bannent e puer Wochen e puer dausend Mol gedeelt gouf &#8211; d&#8217;<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/il-ny-pas-dadn-humain-dangereux-dans-les-vaccins\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP hat d\u00ebs deemools iwwerpr\u00e9ift<\/a>.<\/p>\n<p>\u00cbnner hirem Lead huet d&#8217;ONG och f\u00e4lschlecherweis behaapt, dass Impfstoffer g\u00e9int Covid-19 h\u00e9ich Stierflechkeetstauxe bei Puppelcher ausl\u00e9isen an onfruchtbar maache g\u00e9ifen.<\/p>\n<p>D\u00ebs Theorien, d\u00e9i vun der AFP e puermol widderluecht goufen, hu bei engem Deel vun der Bev\u00eblkerung eng <strong>allgemeng Ofneigung g\u00e9int Impfungen ausgel\u00e9ist<\/strong> an et Krankheete w\u00e9i de Riedelen erm\u00e9iglecht, sech nees auszebreeden.<\/p>\n<p>Am August 2022 goufen d&#8217;Konte vun der CDH op Facebook an Instagram zougemaach, well se \u00ebmmer nees g\u00e9int d&#8217;Richtlinne vun de Plattforme verstouss haten. Schonn am Februar 2021 gouf de pers\u00e9inlechen Instagram-Kont vum RFK vun der Plattform gespaart, &#8220;well en \u00ebmmer nees falsch Behaaptungen iwwer de Coronavirus oder Impfunge gedeelt huet&#8221;, war deemools d&#8217;Erkl\u00e4rung vum Sozialen Netzwierk an engem Pressecommuniqu\u00e9.<\/p>\n<ul>\n<li style=\"font-weight: bold;\"><strong>Autismus, eng Niewewierkung vun Impfungen?<\/strong><\/li>\n<\/ul>\n<p>&#8220;Ech mengen, dass Autismus duerch Impfungen ausgel\u00e9ist g\u00ebtt&#8221;, sot de Robert F. Kennedy Jr. an engem <a href=\"https:\/\/www.foxnews.com\/video\/6330950198112\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Interview mat &#8220;Fox News&#8221;<\/a> am Juli 2023 (Link <a href=\"https:\/\/archive.ph\/sNhDM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>\u00a0archiv\u00e9iert). Eng <strong>Behaaptung, d\u00e9i vun der w\u00ebssenschaftlecher Communaut\u00e9it l\u00e4ngst widderluecht gouf<\/strong>.<\/p>\n<p>An de leschten zwee Joerz\u00e9ngten huet d&#8217;M\u00ebsstraue g\u00e9intiwwer engem best\u00ebmmten Impfstoff, dem MMR-Impfstoff (op frans\u00e9isch ROR) &#8211; MMR\/ROR steet fir Riedelen-Mumps-Riselen -, zougeholl a st\u00e4ipt sech dob\u00e4i virun allem op eng Et\u00fcd vun 1998 aus der medezinescher Fachz\u00e4itschr\u00ebft &#8220;The Lancet&#8221;, d\u00e9i en Zesummenhang t\u00ebscht MMR-Impfungen an Autismus sugger\u00e9iert.<\/p>\n<p><strong>D&#8217;Et\u00fcd huet sech awer als &#8220;Trick&#8221; vun hiren Auteur Andrew Wakefield erausgestallt<\/strong>, w\u00e9i an d\u00ebsem <a href=\"https:\/\/www.lefigaro.fr\/flash-actu\/2011\/01\/06\/97001-20110106FILWWW00387-lien-vaccin-ror-autisme-un-trucage.php\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel vun der AFP<\/a> ausf\u00e9ierlech beschriwwe g\u00ebtt. Weeder den offiziellen Dementi vun der Z\u00e4itschr\u00ebft, nach de Retrait vum Artikel, nach d\u00e9i sp\u00e9ider Aarbechten, d\u00e9i d&#8217;Feele vun engem Zesummenhang belee\u00ebn, konnten d&#8217;\u00c4ngscht g\u00e9intiwwer d\u00ebsem Kombinatiounsimpfstoff huelen.<\/p>\n<p>Eng <a href=\"https:\/\/pubmed.ncbi.nlm.nih.gov\/30831578\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">d\u00e4nesch Et\u00fcd<\/a> huet souguer gewisen (Link\u00a0 <a href=\"https:\/\/perma.cc\/KG4V-H28G\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert), dass ongeimpft Kanner en e b\u00ebsse m\u00e9i h\u00e9ije Risiko hunn, Autismus ze kr\u00e9ien, w\u00e9i geimpft, w\u00e9i d&#8217;<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.343P7ZY\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP hei erkl\u00e4ert huet<\/a>.<\/p>\n<p>Och d&#8217;amerikanesch <a href=\"https:\/\/www.cdc.gov\/vaccine-safety\/about\/autism.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Zentere fir Krankheetskontrollen a -preventioun<\/a> (CDC) soen, dass Impfunge keen Autismus ausl\u00e9isen (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/H2RD-BWAZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>Den RFK Jr. goung 2015 bei enger Filmpresentatioun a Kalifornien souguer sou w\u00e4it, <strong>d&#8217;Wuert &#8220;Holocaust&#8221; am Zesummenhang mat Impfungen ze benotzen<\/strong>: &#8220;Si loosse sech impfen, de selwechten Owend hu si honnertdr\u00e4i F\u00e9iwer [103 Grad Fahrenheit, dat entspr\u00e9cht ongef\u00e9ier 39,4 Grad Celsius, Um. v. d. Red.]. Si schlofen an, an dr\u00e4i M\u00e9int m\u00e9i sp\u00e9it ass hiert Gehier verschwonnen. Et ass en Holocaust, wat dat mat eisem Land m\u00e9cht&#8221;, sou g\u00ebtt hie vun der Zeitung <a href=\"https:\/\/www.sacbee.com\/news\/politics-government\/capitol-alert\/article17814440.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Sacramento Bee<\/a> zit\u00e9iert.<\/p>\n<ul>\n<li style=\"font-weight: bold;\"><strong>Si Chemikalien Ausl\u00e9iser fir St\u00e9ierunge vun der Geschlechtsidentit\u00e9it?<br \/>\n<\/strong><\/li>\n<\/ul>\n<p>De warscheinlech n\u00e4chsten amerikanesche Gesondheetsminister huet \u00ebmmer nees behaapt, dass Chemikalien an der \u00cbmwelt <strong>Kanner zu Homosexuellen oder Transgendere maache k\u00e9inten<\/strong>. Och d\u00ebs Theorie entbiert all w\u00ebssenschaftlecher Grondlag.<\/p>\n<p>An engem Interview am Mee 2023 mam Jordan Peterson, engem konservative kanadesche Psycholog &#8211; deem s\u00e4i <a href=\"https:\/\/edition.cnn.com\/2023\/06\/20\/tech\/youtube-robert-f-kennedy-jr-video-removed\/index.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">YouTube-Video iwwer Impfstoffer<\/a> w\u00e9inst Verstouss g\u00e9int d&#8217;Desinformatiounspolitik gel\u00e4scht gouf &#8211; huet den RFK Jr. behaapt: &#8220;E Groussdeel vun de Problemer, d\u00e9i mir bei Kanner, besonnesch bei Jongen, observ\u00e9ieren, g\u00ebtt warscheinlech \u00ebnnerschat [a w\u00e4r op] d&#8217;Expositioun mat Chemikalien zer\u00e9ckzef\u00e9ieren, [&#8230;], dozou geh\u00e9iert och d&#8217;sexuell Dysphorie, d\u00e9i mir observ\u00e9ieren.&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;Ech g\u00e9if just g\u00e4r eng Fro zu d\u00ebsen aneren endokrine Perturbateure stellen, well eis Kanner elo, w\u00ebsst Der, mir gesinn d\u00ebs Auswierkungen, vun deenen d&#8217;Leit vermudden, dass si sech staark vun deenen aus der Vergaangenheet \u00ebnnerscheeden, wat d&#8217;Geschlechtsidentifikatioun bei Kanner an d&#8217;sexuell Verwirrung betr\u00ebfft, d\u00ebs Geschlechterverwirrung betr\u00ebfft&#8221;, sot hien am Juni a sengem Podcast, w\u00e9i <a href=\"https:\/\/edition.cnn.com\/2023\/07\/13\/politics\/robert-kennedy-jr-chemicals-water-children-frogs\/index.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">CNN<\/a> erkl\u00e4ert huet.<\/p>\n<p>A sengen Ausf\u00e9ierunge bezitt sech den RFK Jr. op <a href=\"https:\/\/www.pnas.org\/doi\/full\/10.1073\/pnas.0909519107\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Fuerschungen iwwer den Herbizid Atrazin<\/a>, deen e puer m\u00e4nnlech Fr\u00e4sch a Weibercher mut\u00e9iere loosse k\u00e9int (Link <a href=\"https:\/\/archive.ph\/B03Lt\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert). <strong>Et g\u00ebtt awer keng Hiweiser dorop, dass endokrin Perturbateure beim M\u00ebnsch d\u00e9i selwecht Effekter ervirruffe g\u00e9ifen<\/strong>.<\/p>\n<p>D\u00ebs Spekulatioun gouf virun allem bekannt, nodeem se vum Alex Jones gedeelt gouf, engem vun de bekanntste Konspiratiounstheoretiker an den USA, deem s\u00e4i Werdegang vun der AFP an d\u00ebsem <a href=\"https:\/\/www.ouest-france.fr\/monde\/etats-unis\/alex-jones-le-complotiste-americain-qui-a-transforme-la-desinformation-en-poule-aux-oeufs-d-or-8cbd783e-7338-11ed-92fa-74885fd94854\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel<\/a> zesummegefaasst gouf (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9EC5-MBTK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<ul>\n<li style=\"font-weight: bold;\"><strong>Erh\u00e9ijen Antidepressiva d&#8217;Zuel vu Massemorden?<\/strong><\/li>\n<\/ul>\n<p>Dem Neveu vum ermuerten amerikanesche President John F. Kennedy no k\u00e9inten d&#8217;Massemorden a Schoulen opgrond vum <strong>erh\u00e9ichte Konsum vun Antidepressiva a Videospiller bei Jugendlechen<\/strong> zougeholl hunn.<\/p>\n<p>&#8220;Kanner hate schonn \u00ebmmer Zougang zu Waffen, an et gouf ni eng Z\u00e4it an der amerikanescher Geschicht oder an der Geschicht vun der M\u00ebnschheet, an d\u00e4r Kanner a Schoule gaange sinn an hir Matsch\u00fcler erschoss hunn&#8221;, sot hien an enger Podcast-Episod vum Komiker &#8220;Club Random With Bill Maher&#8221;. &#8220;Dat ass zur selwechter Z\u00e4it geschitt w\u00e9i d&#8217;Af\u00e9ierung vun d\u00ebse Medikamenter, Prozac an anerer.&#8221;<\/p>\n<p>Am Januar huet hien an engem <a href=\"https:\/\/x.com\/keithedwards\/status\/1775648332825653681?ref_src=twsrc%5Etfw%7Ctwcamp%5Etweetembed%7Ctwterm%5E1775648332825653681%7Ctwgr%5E8c8e2b40033fcf2c9022fe2a1a6eb8f5ea5c1c4b%7Ctwcon%5Es1_c10&amp;ref_url=https%3A%2F%2Fnewrepublic.com%2Fpost%2F180434%2Frfk-guns-kill-people-antidepressants\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Interview<\/a> mam \u00ebffentlechen tierkesche Fernseesender &#8220;TRT World&#8221; (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/PAZ5-HJ5W\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert) federal W\u00ebssenschaftler opgefuerdert, d\u00ebs Sch\u00e9issereien ze \u00ebnnersichen, fir &#8220;ze kucken, ob et Verbindungen zu best\u00ebmmten Antidepressiva a psychiatresche Medikamenter g\u00ebtt, d\u00e9i d&#8217;Leit huelen, ob et Verbindungen zu Videospiller g\u00ebtt&#8221;.<\/p>\n<p>Obwuel souwuel de Konsum vun Antidepressiva w\u00e9i och Massemorden an de leschte Joerz\u00e9ngten zougeholl hunn, <strong>g\u00ebtt et keng glafwierdeg Et\u00fcd<\/strong>, d\u00e9i b\u00e9id mateneen a Verbindung br\u00e9ngt, w\u00e9i an d\u00ebsem <a href=\"https:\/\/eu.usatoday.com\/story\/news\/factcheck\/2023\/04\/10\/fact-check-no-link-found-between-antidepressants-and-school-shootings\/11601960002\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Faktencheck vu &#8220;USA Today&#8221;<\/a> erkl\u00e4ert g\u00ebtt (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8BQV-VPTD\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>Enger <a href=\"https:\/\/www.columbiapsychiatry.org\/news\/mass-shootings-and-mental-illness\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd vun der Columbia University<\/a> no huet just e klenge Prozentsaz &#8211; ongef\u00e9ier 5 % &#8211; vun den T\u00e4ter un enger schw\u00e9ierer psychescher Erkrankung gelidden (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Y3PK-5XEK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>Enger anerer <a href=\"https:\/\/pubmed.ncbi.nlm.nih.gov\/31513302\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd aus dem Joer 2019<\/a> no (Link\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/DG7R-MVBF\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert) goufen de meeschten Amokleefer vu Schoulsch\u00e9issereie virun der Dot keng Psychotrope verschriwwen. A souguer wa se d\u00ebs konsum\u00e9iert h\u00e4tten, &#8220;gouf keen direkten oder kausalen Zesummenhang fonnt&#8221;, schreiwen d&#8217;Auteuren.<\/p>\n<ul>\n<li style=\"font-weight: bold;\"><strong>Ass den HI-Virus net responsabel fir AIDS?<br \/>\n<\/strong><\/li>\n<\/ul>\n<p>De Robert F. Kennedy Jr. huet \u00ebmmer nees ugedeit, dass den HI-Virus (Human Immunodeficiency Virus) net d&#8217;Ursaach vun AIDS (Acquired Immune Deficiency Syndrome) ass &#8211; <strong>an ass domat nees eng K\u00e9ier g\u00e9int all ges\u00e9chert w\u00ebssenschaftlech Erkenntnisser gaangen<\/strong>.<\/p>\n<p>&#8220;Si hu falsch an on\u00e9ierlech Et\u00fcden duerchgefouert, fir en Heelm\u00ebttel ze entw\u00e9ckelen, dat M\u00ebnschen \u00ebmbr\u00e9ngt, ouni wierklech ze verstoen, wat HIV ass, a si maachen engem permanent Angscht virun HIV, ouni wierklech ze w\u00ebssen, ob et AIDS ausl\u00e9ist&#8221;, sot hien Aussoen no, d\u00e9i vum &#8220;<a href=\"https:\/\/nymag.com\/intelligencer\/article\/robert-f-kennedy-jr-2024-presidential-campaign-democratic-primary.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">New York Magazine<\/a>&#8221; am Juni 2023 rapport\u00e9iert goufen (Link <a href=\"https:\/\/archive.ph\/iPz0q\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>D\u00e9i \u00e9ischt F\u00e4ll vun AIDS goufen 1980 observ\u00e9iert, an de Virus, deen d&#8217;Krankheet ausl\u00e9ist, den HI-Virus, gouf 1983 isol\u00e9iert.<\/p>\n<p>An de leschte 40 Joer si <strong>weltw\u00e4it iwwer 40 Millioune M\u00ebnschen un AIDS gestuerwen<\/strong>.<\/p>\n<p>Joerz\u00e9ngten, an deene falsch Informatiounen an d&#8217;Ofstreide vun der Pandemie selwer ni opgehalen hunn, d&#8217;Preventioun ze beantr\u00e4chtegen, hir therapeutesch Behandlung ze verz\u00f6geren oder souguer a Gefor ze br\u00e9ngen an zur Diskrimin\u00e9ierung vun HIV-positive M\u00ebnsche b\u00e4izedroen. D&#8217;AFP huet all d\u00ebs Desinformatiounen an d\u00ebsem <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.33DD3FL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel<\/a> zesummegefaasst (Link <a href=\"https:\/\/archive.ph\/mp6j\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<ul>\n<li style=\"font-weight: bold;\"><strong>Nach weider Opf\u00e4llegkeeten:<\/strong><\/li>\n<\/ul>\n<p>Den RFK Jr. huet ausserdeem erkl\u00e4ert, dass WLAN Kriibs a &#8220;Gehierfuitten&#8221; ausl\u00e9ise g\u00e9if, dass Fluor am Dr\u00e9nkwaasser an den USA gesondheetsschiedlech w\u00e4r oder dass den Impfstoff g\u00e9int Covid-19 den &#8220;d\u00e9idlechsten Impfstoff, dee jee hiergestallt gouf&#8221;, w\u00e4r.<\/p>\n<p>Am Joer 2021 huet hien iwwregens e Buch publiz\u00e9iert, an deem hien den Anthony Fauci, de fr\u00e9ieren Direkter vum Nationalen Institut fir Allergien an Infektiounskrankheeten bei den amerikaneschen National Insitutes of Health\u00a0 (NIH), besch\u00ebllegt huet, mam Bill Gates a Medikamentenhiersteller konspir\u00e9iert ze hunn, fir d&#8217;Covid-Impfstoffer ze vermaarten.<\/p>\n<p>Trotz sengen impffeindleche Positioune betount de Robert F. Kennedy Jr. \u00ebmmer nees, dass hien net d&#8217;Absicht huet, g\u00e9int Impfunge virzegoen.<\/p>\n<p>&#8220;Ech w\u00e4ert kengem d&#8217;Impfstoffer ewechhuelen&#8221;, huet hien e puermol an Interviewe behaapt a b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt, dass hien dofir suerge g\u00e9if, dass &#8220;d&#8217;Amerikaner gutt inform\u00e9iert&#8221; w\u00e4ren iwwer d\u00ebse Sujet.<\/p>\n<p><strong>Seng Ernennung muss awer nach vum Senat confirm\u00e9iert ginn<\/strong>, deen, w\u00e9i an d\u00ebsem <a href=\"https:\/\/www.la-croix.com\/international\/donald-trump-nomme-le-vaccinosceptique-robert-f-kennedy-jr-ministre-de-la-sante-20241115\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel<\/a> erkl\u00e4ert, eng republikanesch Majorit\u00e9it w\u00e4ert hunn.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/17acb8d6758e087cfc7f8dab9feee52c.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Den RFK Jr. war fir d&#8217;\u00e9ischt onofh\u00e4ngege Kandidat, huet sech awer am August zu Gonschte vum Donald Trump aus der Course \u00ebm d&#8217;W\u00e4isst Haus zer\u00e9ckgezunn. Elo si si Alli\u00e9ierter a maachen zesumme Reklamm fir eng nei Beweegung mam Numm MAHA, &#8220;<strong>Make America Healthy Again<\/strong>&#8220;. E Slogan, deen dem ber\u00fc\u00fcmte MAGA (&#8220;Make America Great Again&#8221;) vum Republikaner noempfonnt ass.<\/p>\n<p>W\u00e4rend dem Walkampf huet hien e puer erstaunlech Aussoe gemaach, w\u00e9i zum Beispill, dass hien de Kadaver vun engem \u00c4isbier am Central Park zer\u00e9ckgelooss h\u00e4tt, obwuel hien urspr\u00e9nglech geplangt hat, dem Bier d&#8217;Haut ofzez\u00e9ien, fir doraus Fleesch ze maachen.<\/p>\n<p>D&#8217;amerikanesch Autorit\u00e9it fir d&#8217;Observatioun vun den Ozeanen an der Atmosph\u00e4r huet angeeblech eng Enqu\u00eate g\u00e9int de Robert F. Kennedy Jr. ageleet, nodeem seng Duechter Kathleen 2012 dem Magasinn &#8220;Town and Country&#8221; sot, dass hire Papp virun 20 Joer <strong>en doudege Wal mat enger Kettesee gek\u00e4ppt h\u00e4tt<\/strong>, fir e mat heem ze huelen.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>De gewielten US-President Donald Trump huet ugek\u00ebnnegt, datt de Robert F. Kennedy Jr. Gesondheetsminister soll ginn, e fr\u00e9ieren Affekot fir \u00cbmweltrecht ouni w\u00ebssenschaftlech Formatioun, dee bekannt dofir ass, Konspiratiounstheorien a Falschinformatiounen zu Gesondheetssujeten ze verbreeden.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":372115,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[184,470,190,191,181,192],"tags":[511],"class_list":{"0":"post-372125","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-covid-19-lb","8":"category-editors-choice-lu","9":"category-gesondheet","10":"category-politik","11":"category-uncategorized-lb","12":"category-wessenschaft","13":"tag-focus-lb"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2252273","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2252273.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/afp_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: De Robert F. Kennedy Jr verbreet Desinformatiounen iwwer Impfungen, AIDS an Autismus - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: De Robert F. Kennedy Jr verbreet Desinformatiounen iwwer Impfungen, AIDS an Autismus - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"De gewielten US-President Donald Trump huet ugek\u00ebnnegt, datt de Robert F. Kennedy Jr. Gesondheetsminister soll ginn, e fr\u00e9ieren Affekot fir \u00cbmweltrecht ouni w\u00ebssenschaftlech Formatioun, dee bekannt dofir ass, Konspiratiounstheorien a Falschinformatiounen zu Gesondheetssujeten ze verbreeden.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-11-25T09:00:02+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-11-25T10:06:36+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/319577d903f82b2a2b0f3d8848546642.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"720\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"8 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: De Robert F. Kennedy Jr verbreet Desinformatiounen iwwer Impfungen, AIDS an Autismus\",\"datePublished\":\"2024-11-25T09:00:02+00:00\",\"dateModified\":\"2024-11-25T10:06:36+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/\"},\"wordCount\":2019,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/319577d903f82b2a2b0f3d8848546642.jpeg\",\"keywords\":[\"FOCUS\"],\"articleSection\":[\"COVID-19\",\"Editor's Choice Slider LU\",\"Gesondheet\",\"Politik\",\"Uncategorized @lb\",\"W\u00ebssenschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/\",\"name\":\"Faktencheck: De Robert F. Kennedy Jr verbreet Desinformatiounen iwwer Impfungen, AIDS an Autismus - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/319577d903f82b2a2b0f3d8848546642.jpeg\",\"datePublished\":\"2024-11-25T09:00:02+00:00\",\"dateModified\":\"2024-11-25T10:06:36+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/319577d903f82b2a2b0f3d8848546642.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/319577d903f82b2a2b0f3d8848546642.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":720,\"caption\":\"Faktencheck: De Robert F. Kennedy Jr verbreet Desinformatiounen iwwer Impfungen, AIDS an Autismus - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: De Robert F. Kennedy Jr verbreet Desinformatiounen iwwer Impfungen, AIDS an Autismus\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: De Robert F. Kennedy Jr verbreet Desinformatiounen iwwer Impfungen, AIDS an Autismus - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: De Robert F. Kennedy Jr verbreet Desinformatiounen iwwer Impfungen, AIDS an Autismus - EDMO Belux","og_description":"De gewielten US-President Donald Trump huet ugek\u00ebnnegt, datt de Robert F. Kennedy Jr. Gesondheetsminister soll ginn, e fr\u00e9ieren Affekot fir \u00cbmweltrecht ouni w\u00ebssenschaftlech Formatioun, dee bekannt dofir ass, Konspiratiounstheorien a Falschinformatiounen zu Gesondheetssujeten ze verbreeden.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-11-25T09:00:02+00:00","article_modified_time":"2024-11-25T10:06:36+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":720,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/319577d903f82b2a2b0f3d8848546642.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"8 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: De Robert F. Kennedy Jr verbreet Desinformatiounen iwwer Impfungen, AIDS an Autismus","datePublished":"2024-11-25T09:00:02+00:00","dateModified":"2024-11-25T10:06:36+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/"},"wordCount":2019,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/319577d903f82b2a2b0f3d8848546642.jpeg","keywords":["FOCUS"],"articleSection":["COVID-19","Editor's Choice Slider LU","Gesondheet","Politik","Uncategorized @lb","W\u00ebssenschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/","name":"Faktencheck: De Robert F. Kennedy Jr verbreet Desinformatiounen iwwer Impfungen, AIDS an Autismus - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/319577d903f82b2a2b0f3d8848546642.jpeg","datePublished":"2024-11-25T09:00:02+00:00","dateModified":"2024-11-25T10:06:36+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/319577d903f82b2a2b0f3d8848546642.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/11\/319577d903f82b2a2b0f3d8848546642.jpeg","width":1080,"height":720,"caption":"Faktencheck: De Robert F. Kennedy Jr verbreet Desinformatiounen iwwer Impfungen, AIDS an Autismus - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-verbreet-desinformatiounen-iwwer-impfungen-aids-an-autismus\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: De Robert F. Kennedy Jr verbreet Desinformatiounen iwwer Impfungen, AIDS an Autismus"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/372125","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=372125"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/372125\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/372115"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=372125"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=372125"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=372125"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}