{"id":373381,"date":"2024-12-10T14:00:45","date_gmt":"2024-12-10T14:00:45","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=373381"},"modified":"2024-12-11T15:53:33","modified_gmt":"2024-12-11T15:53:33","slug":"faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Iwwerschwemmungen a Spuenien: Biller vu riseger Wollek sinn net vu Barcelona, mee aus dem australesche Perth"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p>Spuenien gouf an d\u00ebsem Hierscht vu staarkem Reen heemgesicht, besonnesch den 29. Oktober an der Regioun Valencia an de 4. November zu Barcelona. An d\u00ebsem Zesummenhang goung eng Time-Lapse, also eng Rei vu Fotoen, d\u00e9i s\u00e9ier hannertenee geschoss goufen, am Internet viral, well si d&#8217;Entw\u00e9cklung vun engem Wiederphenomen am Z\u00e4itraffer weist.<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p class=\"article-body__summary\">Se weist eng riseg gro Wollek, d\u00e9i angeeblech iwwer engem Viruert vu Barcelona n\u00e9iergaangen ass.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">D&#8217;Biller stamen awer net aus Spuenien a si schonn e puer Joer al. Se goufen 2020 an der G\u00e9igend vum Fluchhafe vu Perth an Australien geschoss, w\u00e9i den Auteur vun den Opname g\u00e9intiwwer der AFP confirm\u00e9iert huet. Well se sou beandrockend sinn, gi se z\u00ebnterhier reegelm\u00e9isseg fir Falschmeldungen a sozialen Netzwierker genotzt.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">D&#8217;Iwwerschwemmungen, d\u00e9i den 29. Oktober 2024 de S\u00fcdoste vu Spuenien, besonnesch d&#8217;Regioun Valencia, getraff haten, sinn der spuenescher Regierung no d\u00e9i schl\u00ebmmst Naturkatastroph an der j\u00e9ngster Vergaangenheet vu Spuenien. Se hunn de <a href=\"https:\/\/information.tv5monde.com\/societe\/espagne-un-ouvrier-meurt-dans-leffondrement-dune-ecole-fragilisee-par-les-inondations\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">leschten disponibelen Donn\u00e9e\u00ebn<\/a> no &#8211; Z\u00e4itpunkt vun der Publikatioun vun d\u00ebsem Artikel &#8211; bal 230 Doudesaffer an e puer Dose Verm\u00ebsster gefuerdert an hunn Z\u00e9ngdausende vu Geschiedegten hannerlooss (<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20241125135139\/https:\/\/information.tv5monde.com\/societe\/espagne-un-ouvrier-meurt-dans-leffondrement-dune-ecole-fragilisee-par-les-inondations\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>).<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Ufank November goungen am S\u00fcdosten an am S\u00fcde vum Land schonn nees staark Reef\u00e4ll n\u00e9ier, d\u00e9i virun allem zu <a href=\"https:\/\/www.sudouest.fr\/environnement\/meteo\/intemperies\/videos-nouvelles-pluies-torrentielles-en-espagne-malaga-sous-les-eaux-22138746.php\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Malaga<\/a> w\u00e9i och zu <a href=\"https:\/\/fr.euronews.com\/voyages\/2024\/11\/04\/laeroport-de-barcelone-partiellement-inonde-apres-des-pluies-torrentielles\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Barcelona<\/a> zu staarken Iwwerschwemmunge gef\u00e9iert hunn (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/YD3B-NE4S\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">1<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6AWD-7E38\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">2<\/a>).<\/p>\n<p>Impressionnant Wolleken<\/p>\n<p>W\u00e9i bei <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.34L646T\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">all extreemem Wiederphenomeen<\/a> waren och d\u00ebs aussergew\u00e9inlech Onwiederen e fruchtbaren N\u00e4rbuedem fir Feelinformatiounen, w\u00e9i d&#8217;AFP nogewisen huet: An diverse Sproochen hunn Notzer op sozialen Netzwierker <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.36LP6UT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">f\u00e4lschlecherweis behaapt<\/a>, d&#8217;Onwiedere wieren duerch den amerikaneschen HAARP, e Programm fir d&#8217;Ionosph\u00e4r ze \u00ebnnersichen, ausgel\u00e9ist ginn. Anerer hu behaapt, se wieren eng Konsequenz vum <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.36MH3A2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Ofrappe vun &#8220;D\u00e4mm&#8221;<\/a> duerch d&#8217;Autorit\u00e9iten.<\/p>\n<p>Ganz allgemeng ginn impressionant Biller vu Stierm oder opf\u00e4llegen oder komesche Wollekeformatioune reegelm\u00e9isseg an ierf\u00e9ierender Man\u00e9ier an Netzwierker benotzt a gedeelt, w\u00e9i d&#8217;AFP schonn e puermol erkl\u00e4ert huet (<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.36JY9J3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">1<\/a>, <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.36JT6BX\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">2<\/a>).<\/p>\n<p>&#8220;Time-Lapses (Z\u00e4itraffer) [Opnamen a reegelm\u00e9issegen Ofst\u00e4nn, Um. v. d. Red.], d\u00e9i weisen, w\u00e9i den Himmel f\u00ebrmlech op Castelldefels (an der G\u00e9igend vu Barcelona) f\u00e4lt, mat Wasserquantit\u00e9ite vu m\u00e9i w\u00e9i 15 Liter an 3 Stonnen&#8221; &#8211; dat stoung \u00ebnner anerem Ufank November a ville B\u00e4itr\u00e4g, d\u00e9i Z\u00e4itrafferopname gewisen hunn, op deenen eng riseg gro Wollek um Horizont opzitt an iwwer Beem an eng Autobunn ewechzitt. E puer vun d\u00ebse B\u00e4itr\u00e4g goufen honnert- oder souguer z\u00e9ngdausendmol weidergedeelt, souwuel op der Plattform <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4BU7-7R88\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a> w\u00e9i och op <a href=\"https:\/\/archive.ph\/5TsFz\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a>\u00a0an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3DDE-25BV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">TikTok<\/a>.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/327b2d7efbbdb6b6baccc0db66d88151.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/46725a3b467d2e2efcf4877c2709ed4e.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;Biller sinn och a <a href=\"https:\/\/perma.cc\/N7W6-Z8MN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">spuenescher<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/CMU2-LTY2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">englescher<\/a> Sprooch am \u00cbmlaf. Castelldefels gouf zwar de 4. November 2024 vun heftegem Reen <a href=\"https:\/\/www.ladepeche.fr\/2024\/11\/04\/inondations-en-espagne-rues-inondees-trains-stoppes-vols-deroutes-la-region-de-barcelone-frappee-par-des-pluies-torrentielles-12302366.php\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">heemgesicht<\/a>, deen zu Iwwerschwemmunge gef\u00e9iert huet, mee d\u00ebsen Z\u00e4itraffer gouf net an d\u00ebsem Viruert vu Barcelona gemaach. E staamt aus Australien, an zwar aus dem Joer 2020 (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/6QSZ-RKNZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>).<\/p>\n<p>Bei diverse Wiederphenomener benotzt ginn<\/p>\n<p>Bei enger <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=w6tpIBHhZLw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00ebmgek\u00e9ierter Billersich<\/a> huet d&#8217;AFP festgestallt, dass d\u00ebs Biller schonn an de leschte M\u00e9int a Joren a Publikatioune benotzt goufen; an dat op verschiddenste Plaze vun eisem Plan\u00e9it: a Florida w\u00e4rend dem Hurrikan Milton am <a href=\"https:\/\/perma.cc\/TBR5-9LYP\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Oktober 2024<\/a> a virdrun z.B. an der indescher Stad Bangalore, hei a B\u00e4itr\u00e4g vu <a href=\"https:\/\/perma.cc\/AJB4-VTW2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">September 2022<\/a>.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/dd550bd66dbcc35939eba27345ee90ed.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/131dddd48131c4f37f4a3e9cd46a46f0.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Am August 2023 haten och engleschsproocheg Ekippe vun der AFP a S\u00fcdkorea d\u00ebs Foto <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.32GM8AL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">iwwerpr\u00e9ift<\/a>, w\u00e9i a B\u00e4itr\u00e4g behaapt gi war, et g\u00e9if sech \u00ebm en Onwieder an deem Land handelen. Et hat sech erausgestallt, dass d&#8217;Biller an Australien um Fluchhafe vu Perth gemaach gi waren.<\/p>\n<p>\u00cbnner alle Social-Media-B\u00e4itr\u00e4g, an deenen d&#8217;Biller benotzt goufen, ass <a href=\"https:\/\/archive.ph\/rGex6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ee B\u00e4itrag<\/a> ze fannen, deen am Februar 2020 op YouTube mat enger portugisescher Bildbeschreiwung gepost gouf an en n\u00ebtzlechen Hiweis enth\u00e4lt. Uewe riets ass d&#8217;Mentioun &#8220;Kane Artie Photography &#8211; Not for media use &#8211; Licensing available&#8221; ze gesinn.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/0d053705b9ac8aa5327439930b08cb26.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Eng Sich am Internet f\u00e9iert zu engem <a href=\"https:\/\/kaneartiephotography.com\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Buttek<\/a> mat d\u00ebsem Numm, enger Internets\u00e4it vun engem Fotograf, deen zu Perth un der Westk\u00fcst vun Australien lieft (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/H6FZ-A33H\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>). De Fotograf Kane Artie, dee sech op senger Internets\u00e4it als Autodidakt bezeechent, m\u00e9cht Landschaftsopname vu senger Regioun, Dronenopnamen a sougenannt &#8220;<a href=\"https:\/\/leclaireur.fnac.com\/article\/cp32955-le-time-lapse-cest-quoi\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">time lapses<\/a>&#8220;, d.h. Seri\u00eb vun immens ville Fotoen, d\u00e9i a reegelm\u00e9issegen Ofst\u00e4nn geschoss an dann am Z\u00e4itraffer als Video zesummegestallt ginn, fir d&#8217;Dynamik vu best\u00ebmmte Phenomener ze weisen (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/45RH-BRV6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>).<\/p>\n<p>Op sengem Facebook-Account ass en Z\u00e4itraffer ze fannen, deen den <a href=\"https:\/\/www.facebook.com\/watch\/?v=587161766238779\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">2. August 2022<\/a> gepost gouf, awer och eng \u00e9ischt K\u00e9ier de <a href=\"https:\/\/www.facebook.com\/KaneArtiePhotography\/videos\/192461912090312\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">25. Februar 2020<\/a>, an deen iwwer 40.000 Mol gedeelt gouf. Do g\u00ebtt hien un, dass de Video um Fluchhafe vu Perth gemaach gouf, an erzielt vun der Intensit\u00e9it vum Wieder, d\u00e9i hien zu d\u00ebsem empfonnt hat. Hien huet dorop higewisen, dass d&#8217;Lizenz fir d\u00ebs Sequenz bei &#8220;<a href=\"https:\/\/www.facebook.com\/SevereWeatherAU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Severe Weather Australia<\/a>&#8221; ze kr\u00e9ien ass, engem Medium, dee Videoe vun impressionante Wiederphenomener sammelt (Archiven <a href=\"https:\/\/archive.ph\/lPgPn\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">1<\/a>, <a href=\"https:\/\/archive.ph\/dbfFt\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">2<\/a>, <a href=\"https:\/\/archive.ph\/5zTwg\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">3<\/a>).<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/3e72590211cac5540f3cc78f26c6f063.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;Biller sinn och op der Starts\u00e4it vum Kane Artie sengem <a href=\"https:\/\/www.instagram.com\/p\/Cgtcf3IuoLh\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Instagram-Account<\/a> ze fannen, d\u00e9i hien den 1. August 2022 gepost hat (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/RH86-TRAX\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>). Bis M\u00ebtt November 2024 krute se iwwer 1,5 Millioune Likes. Se sinn och an der Rubrik &#8220;Viral reel&#8221; ze gesinn, wou de Fotograf mat virale Reels sammelt.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/7a58c04da2a236bc3d7297968e6951bb.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/2d8dfdcb75bad1bdb37913757293d6a8.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Hannergrond vum Video<\/p>\n<p>An d\u00ebsem Reel seet de Fotograf de villen Notzer, d\u00e9i s\u00e4i Video gedeelt hunn, Merci fir d\u00e9i m\u00e9i w\u00e9i 30 Milliounen Opriff am Joer 2022 an d&#8217;Explosioun vu senger Followerzuel, d\u00e9i duerno bei iwwer 100.000 gelee\u00ebn h\u00e4tt.<\/p>\n<p>Virun allem awer huet hien en <a href=\"https:\/\/www.instagram.com\/stories\/highlights\/17919865919537371\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Abl\u00e9ck iwwer d&#8217;Hannergr\u00ebnn vun d\u00ebsem Video<\/a> (&#8220;behind the scene&#8221;) ginn, andeem hie speziell Biller virum Zerfale vun der Risewollek publiz\u00e9iert huet. An enger gr\u00e9isserer Astellung ass och ze gesinn, dass d&#8217;Biller um Rand vun der Start- a Landebunn vun engem Fluchhafe gemaach goufen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/a90dac10ad4d2e06b7fa4bc832e9732f.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Och e puer vun de Beem, d\u00e9i an de virale Videoen ze gesi sinn, an deene behaapt g\u00ebtt, se w\u00e4ren an der G\u00e9igend vu Barcelona gemaach ginn, si gutt ze erkennen:<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/3447197ee4759b704ac4f299aa851dc2.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/9e0af5aa73da53f6916f015aab0631b3.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Der AFP war et leider net m\u00e9iglech, duerch d&#8217;Benotze vun Detektiounsoutile fir k\u00ebnschtlech Intelligenz, festzestellen, ob d\u00ebs Biller k\u00ebnschtlech ver\u00e4nnert goufen.<\/p>\n<p>De Kane Artie, deen z\u00ebnter 10 Joer als Fotograf t\u00e4teg ass, huet der AFP an engem Telefonat vum 22. November 2024 awer confirm\u00e9iert, dass d&#8217;Biller &#8220;beim Fluchhafe vu Perth&#8221; opgeholl goufen, an zwar no der Time-Lapse-Prozedur, d\u00e9i erkl\u00e4ert, &#8220;firwat se sech sou s\u00e9ier beweegen&#8221;. Hien huet ausserdeem vers\u00e9chert, dass d&#8217;Biller absolutt authentesch wieren a weder k\u00ebnschtlech Intelligenz benotzt nach op iergendeng Man\u00e9ier manipul\u00e9iert goufen.<\/p>\n<p>Visuell Unhaltspunkten<\/p>\n<p>Google Maps erm\u00e9iglecht et, d&#8217;Plaz vun den Opnamen ze confirm\u00e9ieren. Charakteristesch geformt Beem, e w\u00e4isse Metall\u00ebnnerstand, Silhouett\u00eb vu Fligeren am Hannergrond: dat sinn d&#8217;visuell Unhaltspunkten, d\u00e9i souwuel am Kane Artie sengem Z\u00e4itraffer, a sengem Backstage-Reel w\u00e9i och an den ierf\u00e9ierende virale Publikatiounen ze gesi sinn.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/a727783b6ba08b7d53f79bde199e55d5.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Unhand vun enger einfacher Kaart l\u00e9isst sech d&#8217;Positioun vum Fotograf zum Z\u00e4itpunkt vum Passage vun der Wollek an engem fir Visiteure reserv\u00e9ierte Ber\u00e4ich (&#8220;Perth Airport public area&#8221;) novollz\u00e9ien, virun him eng Autobunn, hannert him d&#8217;Start- a Landebunn vum Fluchhafen:<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/a364ba6ae9f21db3dcae5e03a6fc51ea.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Konspiratiounstheorien<\/p>\n<p>D&#8217;Biller si sou impressionant, dass sech Internetnotzer souguer <a href=\"https:\/\/perma.cc\/ZF3H-GMBB\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">virstelle k\u00ebnnen<\/a>, dass d&#8217;Wollek vum amerikaneschen Ionosph\u00e4rfuerschungsprogramm HAARP aus dem N\u00e4ischt hiergestallt gouf &#8211; eng Konspiratiounstheorie, d\u00e9i an de Sozialen Netzwierker bei all aussergew\u00e9inlechem Naturschauspill \u00ebmmer nees opdaucht, w\u00e9i d&#8217;AFP schonn e puermol bewisen huet (<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.36LP6UT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">1<\/a>, <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.34RL79A\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">2<\/a>, <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.33996L9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">3)<\/a>.<\/p>\n<p>Am August 2022 hat den <a href=\"https:\/\/www.severestorms.com.au\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Daniel Shaw<\/a>, &#8220;Jee\u00ebr vun Onwiederen&#8221; an nationalen Informatiounsdirekter vu &#8220;<a href=\"https:\/\/www.severeweather.com.au\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Severe Weather Australia<\/a>&#8220;, d\u00e9i d&#8217;Rechter um Kane Artie sengem Video bes\u00ebtzen, g\u00e9intiwwer AFP Seoul uginn, dass d&#8217;Biller genee de 25. Februar 2020 opgeholl gi waren (Archiven <a href=\"https:\/\/perma.cc\/VFX4-UM8J\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">1<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/EC2B-63Y6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">2<\/a>).<\/p>\n<p>Op d\u00ebsem Dag war zu Perth vun engem schw\u00e9iere Stuerm mat Staarkreen, Bl\u00ebtzer an heftegem Wand heemgesicht ginn, w\u00e9i <a href=\"https:\/\/www.abc.net.au\/news\/2020-02-25\/severe-thunderstorm-in-perth-damages-homes-brings-down-trees\/12000534\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">australesch Medie<\/a><a href=\"https:\/\/www.9news.com.au\/national\/wild-weather-perth-rail-hail-lightening-floods-forecast\/5f09dccb-d446-4fce-b8fc-539259d6ac54\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">gemellt<\/a> haten.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/5735cf4ae6650310aabb841563ebfaf2.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/weather.com\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">The Weather Channel<\/a>,en op Meteorologie spezialis\u00e9ierte Fernseesender mat S\u00ebtz an den USA, huet och den Z\u00e4itraffer vum Kane Artie an engem <a href=\"https:\/\/weather.com\/news\/trending\/video\/time-lapse-shows-wrath-of-severe-storm-in-australia\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Video vum 7. August 2020<\/a> analys\u00e9iert an huet vun engem &#8220;Microburst&#8221;-Phenomeen geschwat.<\/p>\n<p>D\u00ebs Zort vu Wolleken, d\u00e9i bei best\u00ebmmte Stierm optrieden, zeechne sech duerch dat pl\u00ebtzlecht Fr\u00e4isetze vu grousse Reequantit\u00e9iten oder Kn\u00ebppelsteng an enger ofsteigender Kalloftsail op enger Fl\u00e4ch vu bis 4 km2 aus, <a href=\"https:\/\/www.weather.gov\/bmx\/outreach_microbursts\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">erkl\u00e4ert<\/a> den amerikanesche Wiederd\u00e9ngscht op senger Internets\u00e4it (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/28SP-M5MK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>).<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/7bf458c48be46e6ce75e451a39c73599.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Den <a href=\"http:\/\/www.bom.gov.au\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">australesche Wiederb\u00fcro<\/a>, deen den 22. November 2024 vun der AFP kontakt\u00e9iert gi war, huet e Kommentar ofgeleent an an enger E-Mail dorop verwisen, dass e sech ni zu Publikatiounen \u00e4ussere g\u00e9if, d\u00e9i a Sozialen Netzwierker am \u00cbmlaf sinn, an huet op den Auteur vum Video verwisen.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<br \/>\n<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Spuenien gouf an d\u00ebsem Hierscht vu staarkem Reen heemgesicht, besonnesch den 29. Oktober an der Regioun Valencia an de 4. November zu Barcelona. An d\u00ebsem Zesummenhang goung eng Time-Lapse, also eng Rei vu Fotoen, d\u00e9i s\u00e9ier hannertenee geschoss goufen, am Internet viral, well si d&#8217;Entw\u00e9cklung vun engem Wiederphenomen am Z\u00e4itraffer weist.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":373301,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,189,183,193],"tags":[],"class_list":{"0":"post-373381","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-editors-choice-lu","8":"category-emwelt","9":"category-fact-check-lb","10":"category-gesellschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2254817","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2254817.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Iwwerschwemmungen a Spuenien: Biller vu riseger Wollek sinn net vu Barcelona, mee aus dem australesche Perth - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Iwwerschwemmungen a Spuenien: Biller vu riseger Wollek sinn net vu Barcelona, mee aus dem australesche Perth - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Spuenien gouf an d\u00ebsem Hierscht vu staarkem Reen heemgesicht, besonnesch den 29. Oktober an der Regioun Valencia an de 4. November zu Barcelona. An d\u00ebsem Zesummenhang goung eng Time-Lapse, also eng Rei vu Fotoen, d\u00e9i s\u00e9ier hannertenee geschoss goufen, am Internet viral, well si d&#039;Entw\u00e9cklung vun engem Wiederphenomen am Z\u00e4itraffer weist.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-12-10T14:00:45+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-12-11T15:53:33+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/22bde433a2429fe20238556032f92320.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"10 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Iwwerschwemmungen a Spuenien: Biller vu riseger Wollek sinn net vu Barcelona, mee aus dem australesche Perth\",\"datePublished\":\"2024-12-10T14:00:45+00:00\",\"dateModified\":\"2024-12-11T15:53:33+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/\"},\"wordCount\":1534,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/22bde433a2429fe20238556032f92320.jpeg\",\"articleSection\":[\"Editor's Choice Slider LU\",\"\u00cbmwelt\",\"Fact Check\",\"Gesellschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/\",\"name\":\"Faktencheck: Iwwerschwemmungen a Spuenien: Biller vu riseger Wollek sinn net vu Barcelona, mee aus dem australesche Perth - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/22bde433a2429fe20238556032f92320.jpeg\",\"datePublished\":\"2024-12-10T14:00:45+00:00\",\"dateModified\":\"2024-12-11T15:53:33+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/22bde433a2429fe20238556032f92320.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/22bde433a2429fe20238556032f92320.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Iwwerschwemmungen a Spuenien: Biller vu riseger Wollek sinn net vu Barcelona, mee aus dem australesche Perth - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Iwwerschwemmungen a Spuenien: Biller vu riseger Wollek sinn net vu Barcelona, mee aus dem australesche Perth\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Iwwerschwemmungen a Spuenien: Biller vu riseger Wollek sinn net vu Barcelona, mee aus dem australesche Perth - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Iwwerschwemmungen a Spuenien: Biller vu riseger Wollek sinn net vu Barcelona, mee aus dem australesche Perth - EDMO Belux","og_description":"Spuenien gouf an d\u00ebsem Hierscht vu staarkem Reen heemgesicht, besonnesch den 29. Oktober an der Regioun Valencia an de 4. November zu Barcelona. An d\u00ebsem Zesummenhang goung eng Time-Lapse, also eng Rei vu Fotoen, d\u00e9i s\u00e9ier hannertenee geschoss goufen, am Internet viral, well si d'Entw\u00e9cklung vun engem Wiederphenomen am Z\u00e4itraffer weist.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-12-10T14:00:45+00:00","article_modified_time":"2024-12-11T15:53:33+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/22bde433a2429fe20238556032f92320.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"10 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Iwwerschwemmungen a Spuenien: Biller vu riseger Wollek sinn net vu Barcelona, mee aus dem australesche Perth","datePublished":"2024-12-10T14:00:45+00:00","dateModified":"2024-12-11T15:53:33+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/"},"wordCount":1534,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/22bde433a2429fe20238556032f92320.jpeg","articleSection":["Editor's Choice Slider LU","\u00cbmwelt","Fact Check","Gesellschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/","name":"Faktencheck: Iwwerschwemmungen a Spuenien: Biller vu riseger Wollek sinn net vu Barcelona, mee aus dem australesche Perth - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/22bde433a2429fe20238556032f92320.jpeg","datePublished":"2024-12-10T14:00:45+00:00","dateModified":"2024-12-11T15:53:33+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/22bde433a2429fe20238556032f92320.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/22bde433a2429fe20238556032f92320.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Iwwerschwemmungen a Spuenien: Biller vu riseger Wollek sinn net vu Barcelona, mee aus dem australesche Perth - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-iwwerschwemmungen-a-spuenien-biller-vu-riseger-wollek-sinn-net-vu-barcelona-mee-aus-dem-australesche-perth\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Iwwerschwemmungen a Spuenien: Biller vu riseger Wollek sinn net vu Barcelona, mee aus dem australesche Perth"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/373381","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=373381"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/373381\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/373301"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=373381"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=373381"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=373381"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}