{"id":375282,"date":"2024-12-20T08:00:21","date_gmt":"2024-12-20T08:00:21","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=375282"},"modified":"2024-12-20T10:55:07","modified_gmt":"2024-12-20T10:55:07","slug":"faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/","title":{"rendered":"Faktencheck: &#8220;\u00c9ischt Foto&#8221; vum Baschar al-Assad zu Moskau ass gef\u00e4lscht"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p>D\u00e9i pl\u00ebtzlech Offensiv vun de syresche Rebellen \u00ebnnert der F\u00e9ierung vu radikalen Islamisten huet an der Nuecht vum 7. op den 8. Dezember zum Stuerz vum syresche Regimm an zu der Flucht vum President Baschar al-Assad gefouert. An d\u00ebsem Zesummenhang hunn Internetnotzer a Sozialen Netzwierker eng Foto gedeelt, op d\u00e4r de syresche President mat senger Fra Asma ze gesinn ass, a behaapt, d\u00ebst w\u00e4r d\u00e9i &#8220;\u00e9ischt Foto&#8221; vum der Koppel al-Assad, d\u00e9i no der Arriv\u00e9e zu Moskau entstane w\u00e4r. A Wierklechkeet handelt et sech awer \u00ebm e Screenshot vun engem Video, deen am Februar 2023 an enger Klinick zu Aleppo opgeholl gi war.<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p class=\"article-body__summary\">W\u00e4rend russesch Norichtenagencen den 8. Dezember behaapt haten, dass sech de Baschar al-Assad mat senger Famill zu Moskau ophale g\u00e9if, hat sech de Kreml och den Dag duerno geweigert, hir Presenz a Russland ze confirm\u00e9ieren.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\"><em>&#8220;\u00c9ischt Foto vum Assad a senger Fra zu Moskau&#8221;<\/em>, <em>&#8220;De syresche President Baschar al-Assad ass a Begleedung vu senger Fra a senge Kanner zu Moskau ukomm, wou hien angeeblech politeschen Asyl ugefrot huet&#8221;<\/em>: Dat sinn n\u00ebmmen e puer Behaaptunge vun Internet-Notzer op Facebook (<a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/adcde7eb-449c-4698-afe5-76b390bd2c8b\">1<\/a>, <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/cdc4df76-f0b3-4452-a572-50acb3b6fab4\">2<\/a>) an op der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/ZGW2-P86U\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Plattform X<\/a>, d\u00e9i z\u00ebnter dem 8. Dezember 2024 am \u00cbmlaf waren. Een Dag nom Stuerz vum syresche President, deen duerch eng iwwerraschend Offensiv vun de Rebellegruppen \u00ebnnert der F\u00e9ierung vu radikalen Islamisten ausgel\u00e9ist gi war.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/cbacabeddbb2d31b90ebcfbc54f6a30d.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p>Als angeebleche Beweis fir d\u00ebs Behaaptung g\u00ebtt an de B\u00e4itr\u00e4g behaapt, dass de syresche President mat senger Fra Asma un der S\u00e4it duerch e Korridor ginn. Donieft sinn nach eng R\u00ebtsch aner Persounen ze gesinn, d\u00e9i sech an d\u00e9i selwecht Richtung beweegen a si ze begleede sch\u00e9ngen.<\/p>\n<p>E Facebook-Notzer, deen d&#8217;Bild gedeelt huet, <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/e5622616-4875-4a22-8653-f8b711ae12d8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">huet souguer behaapt<\/a>, dass et um &#8220;Moskauer Fluchhafe&#8221; gemaach gi w\u00e4r.<\/p>\n<p>W\u00e4rend russesch Norichtenagencen um <a href=\"https:\/\/www.lefigaro.fr\/international\/syrie-bachar-el-assad-et-sa-famille-se-trouvent-a-moscou-qui-leur-a-accorde-l-asile-selon-les-agences-russes-20241208\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Owend vum 8. Dezember gemellt<\/a> haten (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/XZ6N-5V3M\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>), dass sech de Baschar al-Assad a seng Famill zu Moskau ophale g\u00e9ifen, nodeem si do aus &#8220;humanit\u00e4re Gr\u00ebnn&#8221; Asyl kritt h\u00e4tten, huet sech de Kreml souguer nach den 9. Dezember geweigert, d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.leparisien.fr\/international\/syrie\/je-nai-rien-a-vous-dire-le-kremlin-refuse-de-confirmer-que-bachar-al-assad-est-refugie-en-russie-apres-avoir-fui-la-syrie-09-12-2024-GH2HDMKNWVAFZDJH24NHV6TKM4.php\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Presenz vum eemolege syresche President a Russland ze confirm\u00e9ieren<\/a> (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/324E-L9GL\">archiv\u00e9ierte Link)<\/a>.<\/p>\n<p>Virun allem awer ass et wichteg z&#8217;ernimmen, dass d&#8217;Foto vum Baschar an der Asma al-Assad, d\u00e9i z\u00ebnter dem 8. Dezember a Sozialen Netzwierker kurs\u00e9iert, net zu Moskau, mee am Februar 2023 am syreschen Aleppo gemaach gouf, w\u00e9i d&#8217;AFP feststelle konnt. Et handelt sech n\u00e4mlech \u00ebm e Screenshot aus engem Video.<\/p>\n<p>E Screenshot vun engem Video zu Aleppo vu Februar 2023<\/p>\n<p>W\u00e9i an dem follgende <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=IeUuxhkef0A\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">YouTube-Video<\/a> vum engleschsproochege Medium &#8220;Voice of America&#8221; (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/K72X-JAVV\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>) ze gesinn ass, goufen d\u00ebs Biller vun der Koppel al-Assad w\u00e4rend enger Visitt an der Universit\u00e9itsklinick zu Aleppo den 10. Februar 2023 opgeholl, wou hien Affer vum \u00c4erdbiewe vun der St\u00e4erkt 7,8, dat d&#8217;Regioun e puer Deeg virdru getraff hat, besicht hat. D\u00ebse Video staamt vun der Ekipp vum fr\u00e9iere syresche President, w\u00e9i et an der Beschreiwung heescht.<\/p>\n<p><iframe title=\"YouTube video player\" src=\"https:\/\/www.youtube.com\/embed\/IeUuxhkef0A?si=0f0Sx8aQ7MFUgALk&amp;start=1\" width=\"560\" height=\"315\" frameborder=\"0\" scrolling=\"auto\" allowfullscreen=\"allowfullscreen\"><\/iframe><\/p>\n<p>Direkt am Ufank vun der Sequenz ass d&#8217;Bild, dat haut als dekontextualis\u00e9ierte Screenshot am \u00cbmlaf ass, ze gesinn.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/8600b045761000f740a9bf40d614a5c6.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p>D\u00ebs Visitt vum President war och G\u00e9igestand vun enger <a href=\"https:\/\/www.reuters.com\/world\/asia-pacific\/syrias-assad-visits-aleppo-hospital-first-reported-trip-quake-hit-area-2023-02-10\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Reuters-Meldung<\/a>, d\u00e9i mat enger Foto illustr\u00e9iert war, d\u00e9i de Baschar al-Assad an der selwechter schwaarzer Kleedung gewisen huet.<\/p>\n<p>Eng R\u00ebtsch dekontextualis\u00e9iert Biller z\u00ebnter dem Ufank vun der Rebellenoffensiv<\/p>\n<p>Z\u00ebnter dem Ufank vun der Rebellenoffensiv a Syrien sinn an de Sozialen Netzwierker eng R\u00ebtsch Fotoen a Videoen, d\u00e9i dacks al sinn oder aus dem Zesummenhang gerappt goufen, am \u00cbmlaf.<\/p>\n<p>Den 29. November hat <a href=\"https:\/\/perma.cc\/GKK4-YS5J\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">eng Internetnotzerin beispillsweis behaapt<\/a>, dass &#8220;tierkesch gef\u00e9iert&#8221; Rebellen &#8220;de Prisong vun Aleppo ugegraff&#8221; h\u00e4tten, fir Membere vum Islamesche Staat ze befreien.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/9c25294c05f5e9af7f9e72daeb841155.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p>D&#8217;Opname weisen, w\u00e9i arm\u00e9iert M\u00e4nner eng Dier opbriechen, duerno si Prison\u00e9ier, d\u00e9i aus dem Gebai stiermen an op Arabesch &#8220;Gott ass grouss&#8221; j\u00e4izen, ze gesinn. De Video ass awer ierf\u00e9ierend. Zwar hu <a href=\"https:\/\/www.huffingtonpost.fr\/international\/video\/en-syrie-les-images-de-la-liberation-de-la-prison-de-sednaya-symbole-du-tyran-bachar-al-assad_243305.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">syresch Rebellen eegenen Aussoen no eng Rei Prisongen ageholl<\/a>, dor\u00ebnner d\u00e9i zu Hama a Sednaya, mee d\u00e9i besot Biller stamen aus dem Joer 2015.<\/p>\n<p>Eng <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=WLEvLB5KYNI\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00ebmgek\u00e9iert Billersich<\/a> no d\u00ebsem Video weist, dass en den 29. November 2015 <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=UirfgLduVU0\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">op YouTube eropgeluede<\/a> gouf, mam arabeschen Titel: &#8220;De Moment vun der Befreiung vun de Gefaangenen am Si\u00e8ge vun der Staatss\u00e9cherheet zu Idlib&#8221;.<\/p>\n<p>Aner Internetnotzer hunn e Video gedeelt, dee si als russesche Loftschlag op Idlib a Syrien duerstellen. A Wierklechkeet weist de Clip awer eng Gasexplosioun op enger Tankstell am S\u00fcde vum Jemen am August 2024.<\/p>\n<p>D\u00ebs Desinformatioun war scho virun e puer M\u00e9int an engem aneren Zesummenhang an \u00cbmlaf bruecht ginn. Deemools gouf de Video f\u00e4lschlecherweis als angeeblechen israeelesche Loftschlag op de Libanon duergestallt, w\u00e9i d&#8217;<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.36HG6WN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP Enn September an engem Artikel nogewisen<\/a> hat. Eng <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=-9z-zQJSUL4&amp;t=11s\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00ebmgek\u00e9iert Billersich<\/a> unhand vu Screenshots aus dem Video ergouf, dass <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9XCV-8N3G\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00e4nlech Biller<\/a> ab dem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/53WP-8JPU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">30. August 2024 op der Plattform X<\/a> gepost goufen.<\/p>\n<p>Enn November 2024\u00a0schliisslech huet en Notzer op X <a href=\"https:\/\/perma.cc\/UL4C-ABZQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">e Video<\/a> gepost a behaapt, e g\u00e9if &#8220;schw\u00e9ier Loftattacke vu russeschen a syresche K\u00e4mpfer&#8221; weisen, d\u00e9i op &#8220;Stellungen zu Idlib an \u00cbmg\u00e9igend&#8221; geflu g\u00e9ifen, obwuel d&#8217;Material a Wierklechkeet vun <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=CCleLp3gNRQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">August 2019<\/a> dat\u00e9iert.<\/p>\n<p>&#8220;Schwiereg Z\u00e4it&#8221; fir Russland steet bevir<\/p>\n<p>De Stuerz vum Baschar al-Assad no der eelefdeeglecher Bl\u00ebtzoffensiv vun de Rebellen, d\u00e9i duerch d&#8217;radikal-islamistesch Grupp\u00e9ierung Hayat Tahrir al-Scham (HTS) ugefouert gouf, <a href=\"https:\/\/www.rtl.fr\/actu\/international\/syrie-pourquoi-vladimir-poutine-est-embarrasse-par-la-chute-de-bachar-al-assad-7900448891\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">stellt e R\u00e9ckschlag fir s\u00e4in Alli\u00e9ierte Wladimir Putin duer<\/a> a w\u00ebrft Froen iwwer d&#8217;Zukunft vun der russescher Presenz an der Regioun op.<\/p>\n<p>Am Joer 2015, also viru bal 10 Joer, hat d&#8217;\u00cbnnerst\u00ebtzung vu russeschen Zaldoten et der syrescher Arm\u00e9i erm\u00e9iglecht, de Krichsverlaf \u00ebmzedr\u00e9inen an d&#8217;Kontroll iwwer e Groussdeel vum Land, dat vun enger protefiz\u00e9ierter dschihadistescher Rebellioun gehale gouf, zer\u00e9ckzegewannen.<\/p>\n<p>Den 9. Dezember huet de Kremlspriecher Dmitri Peskow matgedeelt, hien h\u00e4tt n\u00e4ischt &#8220;iwwer d&#8217;Verbleiwe vum President al-Assad ze soen&#8221; an huet behaapt, &#8220;et g\u00ebtt keng [geplangt] Reunioun [t\u00ebscht dem Putin an dem al-Assad] am offizielle Kalenner vum russesche President&#8221;.<\/p>\n<p>De Peskow sot nach, dass &#8220;d\u00e9i ganz Welt vun deem, wat a Syrien pass\u00e9iert ass, iwwerrascht gouf&#8221; a Russland &#8220;keng Ausnam&#8221; w\u00e4r. Hie g\u00e9if dohier eng &#8220;ganz schwiereg Z\u00e4it mat Instabilit\u00e9it&#8221; a Syrien erwaarden.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<br \/>\n<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>D\u00e9i pl\u00ebtzlech Offensiv vun de syresche Rebellen \u00ebnnert der F\u00e9ierung vu radikalen Islamisten huet an der Nuecht vum 7. op den 8. Dezember zum Stuerz vum syresche Regimm an zu der Flucht vum President Baschar al-Assad gefouert. An d\u00ebsem Zesummenhang hunn Internetnotzer a Sozialen Netzwierker eng Foto gedeelt, op d\u00e4r de syresche President mat senger Fra Asma ze gesinn ass, a behaapt, d\u00ebst w\u00e4r d\u00e9i &#8220;\u00e9ischt Foto&#8221; vum der Koppel al-Assad, d\u00e9i no der Arriv\u00e9e zu Moskau entstane w\u00e4r. A Wierklechkeet handelt et sech awer \u00ebm e Screenshot vun engem Video, deen am Februar 2023 an enger Klinick zu Aleppo opgeholl gi war.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":375262,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[183,191,531],"tags":[],"class_list":["post-375282","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","category-fact-check-lb","category-politik","category-syrien"],"acf":{"show_metatags":true,"id":"2258514","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2258514.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: &quot;\u00c9ischt Foto&quot; vum Baschar al-Assad zu Moskau ass gef\u00e4lscht - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: &quot;\u00c9ischt Foto&quot; vum Baschar al-Assad zu Moskau ass gef\u00e4lscht - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"D\u00e9i pl\u00ebtzlech Offensiv vun de syresche Rebellen \u00ebnnert der F\u00e9ierung vu radikalen Islamisten huet an der Nuecht vum 7. op den 8. Dezember zum Stuerz vum syresche Regimm an zu der Flucht vum President Baschar al-Assad gefouert. An d\u00ebsem Zesummenhang hunn Internetnotzer a Sozialen Netzwierker eng Foto gedeelt, op d\u00e4r de syresche President mat senger Fra Asma ze gesinn ass, a behaapt, d\u00ebst w\u00e4r d\u00e9i &quot;\u00e9ischt Foto&quot; vum der Koppel al-Assad, d\u00e9i no der Arriv\u00e9e zu Moskau entstane w\u00e4r. A Wierklechkeet handelt et sech awer \u00ebm e Screenshot vun engem Video, deen am Februar 2023 an enger Klinick zu Aleppo opgeholl gi war.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-12-20T08:00:21+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-12-20T10:55:07+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/2de57cc23692b9589e08e10352193344.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"6 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: &#8220;\u00c9ischt Foto&#8221; vum Baschar al-Assad zu Moskau ass gef\u00e4lscht\",\"datePublished\":\"2024-12-20T08:00:21+00:00\",\"dateModified\":\"2024-12-20T10:55:07+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/\"},\"wordCount\":1092,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/2de57cc23692b9589e08e10352193344.jpeg\",\"articleSection\":[\"Fact Check\",\"Politik\",\"Syrien\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/\",\"name\":\"Faktencheck: \\\"\u00c9ischt Foto\\\" vum Baschar al-Assad zu Moskau ass gef\u00e4lscht - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/2de57cc23692b9589e08e10352193344.jpeg\",\"datePublished\":\"2024-12-20T08:00:21+00:00\",\"dateModified\":\"2024-12-20T10:55:07+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/2de57cc23692b9589e08e10352193344.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/2de57cc23692b9589e08e10352193344.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: \\\"\u00c9ischt Foto\\\" vum Baschar al-Assad zu Moskau ass gef\u00e4lscht - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: &#8220;\u00c9ischt Foto&#8221; vum Baschar al-Assad zu Moskau ass gef\u00e4lscht\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: \"\u00c9ischt Foto\" vum Baschar al-Assad zu Moskau ass gef\u00e4lscht - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: \"\u00c9ischt Foto\" vum Baschar al-Assad zu Moskau ass gef\u00e4lscht - EDMO Belux","og_description":"D\u00e9i pl\u00ebtzlech Offensiv vun de syresche Rebellen \u00ebnnert der F\u00e9ierung vu radikalen Islamisten huet an der Nuecht vum 7. op den 8. Dezember zum Stuerz vum syresche Regimm an zu der Flucht vum President Baschar al-Assad gefouert. An d\u00ebsem Zesummenhang hunn Internetnotzer a Sozialen Netzwierker eng Foto gedeelt, op d\u00e4r de syresche President mat senger Fra Asma ze gesinn ass, a behaapt, d\u00ebst w\u00e4r d\u00e9i \"\u00e9ischt Foto\" vum der Koppel al-Assad, d\u00e9i no der Arriv\u00e9e zu Moskau entstane w\u00e4r. A Wierklechkeet handelt et sech awer \u00ebm e Screenshot vun engem Video, deen am Februar 2023 an enger Klinick zu Aleppo opgeholl gi war.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-12-20T08:00:21+00:00","article_modified_time":"2024-12-20T10:55:07+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/2de57cc23692b9589e08e10352193344.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"6 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: &#8220;\u00c9ischt Foto&#8221; vum Baschar al-Assad zu Moskau ass gef\u00e4lscht","datePublished":"2024-12-20T08:00:21+00:00","dateModified":"2024-12-20T10:55:07+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/"},"wordCount":1092,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/2de57cc23692b9589e08e10352193344.jpeg","articleSection":["Fact Check","Politik","Syrien"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/","name":"Faktencheck: \"\u00c9ischt Foto\" vum Baschar al-Assad zu Moskau ass gef\u00e4lscht - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/2de57cc23692b9589e08e10352193344.jpeg","datePublished":"2024-12-20T08:00:21+00:00","dateModified":"2024-12-20T10:55:07+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/2de57cc23692b9589e08e10352193344.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/2de57cc23692b9589e08e10352193344.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: \"\u00c9ischt Foto\" vum Baschar al-Assad zu Moskau ass gef\u00e4lscht - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ischt-foto-vum-baschar-al-assad-zu-moskau-ass-geflscht\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: &#8220;\u00c9ischt Foto&#8221; vum Baschar al-Assad zu Moskau ass gef\u00e4lscht"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/375282","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=375282"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/375282\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/375262"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=375282"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=375282"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=375282"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}