{"id":376651,"date":"2024-12-24T09:00:11","date_gmt":"2024-12-24T09:00:11","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=376651"},"modified":"2024-12-24T09:38:22","modified_gmt":"2024-12-24T09:38:22","slug":"faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Ale Video vu &#8220;gigantesche Fl\u00fcchtlingsstr\u00e9im&#8221; no Assad-Stuerz nees am \u00cbmlaf"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p>Ufank November 2024 hu Rebellegruppen de Baschar al-Assad zur Flucht gezwongen an uschl\u00e9issend d&#8217;Kontroll vun der syrescher Regierung iwwerholl.<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p class=\"article-body__summary\">A Sozialen Netzwierker war doropshin d\u00e9i falsch Behaaptung am \u00cbmlaf, dass &#8220;nei gigantesch Fl\u00fcchtlingsstr\u00e9im&#8221; aus Syrien Richtung Europa \u00ebnnerwee w\u00e4ren. Dozou g\u00ebtt e Video gedeelt, an deem eng R\u00ebtsch Persoune mat Bagage op enger Strooss tr\u00ebppelen. Mee de Video ass e puer Joer al.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Ausserdeem g\u00ebtt et Experten no keng Beleeg fir eng aktuell Hausse u Fl\u00fcchtlingen aus Syrien.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">D&#8217;M\u00e4nner hu vill Bagage bei sech; si schleefe Wallissen, Decken a Plastikss\u00e4ck. Vill m\u00e9i ass an d\u00ebsem onschaarfe\u00a0<a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/aebfdada-ebc0-4f85-a389-31af9dfa10f6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Video<\/a>, deen aktuell staark op Facebook verbreet g\u00ebtt, n\u00ebmme schw\u00e9ier ze erkennen. Siichtbar ass awer: Et handelt sech \u00ebm eng Rei Leit, d\u00e9i an engem s\u00e9ieren Tempo an eng Richtung z\u00e9ien. De Video gouf anscheinend aus engem fuerenden Auto opgezeechent.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">&#8220;A Syrien maache sech am Moment nei gigantesch Fl\u00fcchtlingsstr\u00e9im op de Wee Richtung Europa&#8221;, hu User a Userinne geschriwwen, d\u00e9i de Video gedeelt hunn. &#8220;Dow\u00e9inst gouf den Assad gestierzt&#8221;, heescht et zum Beispill an de Kommentarer.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Och op de Plattformen <a href=\"https:\/\/perma.cc\/K3A6-M4Q9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/47AU-P3C5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram<\/a> fanne sech eng R\u00ebtsch B\u00e4itr\u00e4g zu d\u00ebsem Sujet. De Video mat der Falschbehaaptung ass och an anere Sproochen, beispillsweis <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/f1b57acd-eeaa-4554-be57-85067df6bc2a\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Englesch<\/a>, am \u00cbmlaf.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/9f7408b0a2f7b34d2e9be6c648ea17d3.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p>Mee d&#8217;Behaaptung, dass de Video eng grouss Unzuel u syresche Fl\u00fcchtlinge weist, d\u00e9i um Wee Richtung Europa w\u00e4ren, ass falsch. Bei d\u00ebsem Video handelt et sech \u00ebm al Biller. De verbreete Video beleet keng aktuell &#8220;Fl\u00fcchtlingsstr\u00e9im&#8221; aus Syrien.<\/p>\n<p><strong>Video staamt vun 2020<\/strong><\/p>\n<p>Mat H\u00ebllef vun enger <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=Ez5o69CeXUw&amp;list=PL_tN7HuGt39pbSAghdwArQ2Ij1oPzJfHo&amp;index=10&amp;t=2s\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00ebmgek\u00e9ierter Billersich<\/a> konnt d&#8217;AFP den Ursprong vun den Opnamen identifiz\u00e9ieren. AFP-Recherchen no goufen d\u00ebs fir d&#8217;\u00e9ischt vum Federico Soda vun der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/MA6G-YDBD\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internationaler Organisatioun fir Migratioun<\/a> (IOM) gepost. D\u00ebsem <a href=\"https:\/\/www.iom.int\/sites\/g\/files\/tmzbdl486\/files\/documents\/2024-02\/iom_ukraine_neighbouring_countries_2022-2024_2_years_of_response.pdf#page=2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">UN-Rapport<\/a> aus dem Februar 2024 no ass hie m\u00ebttlerweil Direkter vum Departement fir Humanit\u00e4r H\u00ebllef an Er\u00ebmopbau (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/9Y32-WPW7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert). Dat geet och aus sengem <a href=\"https:\/\/www.linkedin.com\/in\/federico-soda-03b7b714\/?original_referer=https%3A%2F%2Fwww%2Egoogle%2Ecom%2F&amp;originalSubdomain=ch\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Linkedin-Profil<\/a>\u00a0ervir.<\/p>\n<p>Den 20. Abr\u00ebll 2020 hat de Soda d\u00ebsen <a href=\"https:\/\/x.com\/fedsoda\/status\/1252290713041154048\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X-B\u00e4itrag<\/a> ver\u00ebffentlecht (<a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/9141d7cf-87b0-4cf7-8aab-037ea8583846\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert). Zu d\u00ebsem Z\u00e4itpunkt war de Soda Chef vun der IOM-Missioun a Libyen, w\u00e9i een zum Beispill d\u00ebser <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7WZM-PSC3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">IOM-Emissioun<\/a> vum 11. Abr\u00ebll 2020 enthuele kann. An d\u00ebsem Kontext hat de Soda deemools geschriwwen, dass &#8220;Honnerte vun tuneeseschen Aarbechtsmigranten, d\u00e9i z\u00ebnter Wochen un der tuneesesch-libyscher Grenz fests\u00ebtzen, elo an Tunesien agedronge&#8221; w\u00e4ren.<\/p>\n<p>Dem Soda seng B\u00e4itr\u00e4g goufen a <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3DU8-DC2J\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Medieberichter<\/a>, dor\u00ebnner och vun der AFP, ernimmt, deenen no m\u00e9i w\u00e9i 600 Tuneesier un der libyscher Grenz festsouzen. D&#8217;L\u00e4nner haten hir Grenzen zougemaach, fir d&#8217;Ausbreedung vum Coronavirus anzed\u00e4mmen. Dat hat deemools, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/49E9-ND26\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Medieberichter<\/a> no, och den tuneeseschen Inneminist\u00e8re matgedeelt. Honnerte vun Tuneesier, d\u00e9i a Libyen festhoungen, nodeems d&#8217;Grenze w\u00e9inst der Coronavirus-Kris zougemaach gi waren, h\u00e4tten en tuneesesche Grenzposten erreecht. &#8220;Ongef\u00e9ier 652 Persoune gi virun der Arees S\u00e9cherheetskontrollen \u00ebnnerzunn, \u00e9ier se a Quarant\u00e4nsariichtunge bruecht ginn&#8221;, g\u00ebtt de Minist\u00e8re <a href=\"https:\/\/perma.cc\/49E9-ND26\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">zit\u00e9iert<\/a>.<\/p>\n<p>Am Video sinn deemno keng syresch Fl\u00fcchtlingen ze gesinn, d\u00e9i sech aktuell op de Wee Richtung Europa maachen. Villm\u00e9i weist e Persounen aus Tunesien, d\u00e9i am Joer 2020 versichen, heemzekommen.<\/p>\n<p>De Soda hat schonn den Dag virdrun aner <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3BQ2-96Z5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Fotoen op X<\/a> gepost, zum Beispill vu M\u00e4nner, d\u00e9i sech der Beschreiwung no virun der Ekipp vum Libysche Roude Kr\u00e4iz an d&#8217;Rei stellen, souw\u00e9i vun engem anere Mann, dee medezinnesch versuergt g\u00ebtt. Munch Leit hu blo Eeweemasken un. Mat d\u00ebse Fotoen hat hien op d&#8217;Konditioune vun de festh\u00e4nkende M\u00e4nner opmierksam gemaach. &#8220;D\u00e9i meescht schlofen \u00ebnner fr\u00e4iem Himmel a sinn der Ongew\u00ebssheet ausgesat&#8221;, hat de Soda <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3BQ2-96Z5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">geschriwwen<\/a>.<\/p>\n<p><strong>Video war an der Vergaangenheet mat anere Falschbehaaptungen am \u00cbmlaf<\/strong><\/p>\n<p>De Video, deen tuneesesch M\u00e4nner weist, gouf schonn an der Vergaangenheet fir d&#8217;Instrumentalis\u00e9ierung g\u00e9int Fl\u00fcchtlinge genotzt. D&#8217;AFP huet en italieeneschen <a href=\"https:\/\/perma.cc\/DDF7-4PUB\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel<\/a> vu Juli 2020 iwwer de Video fonnt &#8211; e puer M\u00e9int, nodeem de Federico Soda de Video an d&#8217;Netz gestallt hat. D&#8217;Faktencheck-Portal &#8220;facta.news&#8221; hat doran e B\u00e4itrag iwwerpr\u00e9ift, deen deem sengen Aussoen no vun engem Politiker vun der rietspopulistescher Partei Lega ver\u00ebffentlecht gi war. An der Beschreiwung zu d\u00ebsem Video h\u00e4tt de Politiker behaapt, dass et sech \u00ebm Migranten handele g\u00e9if, d\u00e9i Richtung Italien \u00ebnnerwee w\u00e4ren.<\/p>\n<p>Och a Spuenien huet eng Falschbehaaptung am Zesummenhang mam Video d&#8217;Ronn gemaach. Et housch, dass d&#8217;Persounen am Video um Wee Richtung Gran Canaria w\u00e4ren. E spuenesche <a href=\"https:\/\/perma.cc\/NHB5-W9AK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Faktencheck<\/a> vun der Organisatioun &#8220;Maldita&#8221; vun November 2020 doriwwer hat en <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5JWL-FVC5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel<\/a> vun der Noriichteplattform &#8220;The National&#8221; mat weidere Fotoen am Zesummenhang mat Zitater vum Federico Soda ernimmt. Dora g\u00ebtt beschriwwen, dass et sech bei den Opnamen am Clip \u00ebm de Grenziwwergang Ras Jedir a Libyen handelt.<\/p>\n<p>D&#8217;Landschaft ronder\u00ebm de wichtegsten tuneesesch-libysche Grenziwwergang <a href=\"https:\/\/maps.app.goo.gl\/kvWiD8v2TVscLJum9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Ras Jedir<\/a> \u00e4nelt d\u00e4r am gedeelte Video (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/P53C-EB7W\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p><strong>Fachleit gesi keng Beleeg fir m\u00e9i Awanderung<\/strong><\/p>\n<p>&#8220;Vill vun den elo kurs\u00e9ierende Videoe si scho m\u00e9i al, aus dem Zesummenhang gerappt a weisen aner Fluchtbeweegungen&#8221;, huet d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/J2YH-8EU8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Judith Kohlenberger<\/a> erkl\u00e4ert. Si ass Migratiounsfuerscherin um Institut fir Sozialpolitik vun der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/C9WS-LFAA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">WU Wien<\/a>. &#8220;Wat mir ges\u00e9chert w\u00ebssen, ass, dass sech vill syresch Fl\u00fcchtlingen op de Wee aus den Nopeschl\u00e4nner zer\u00e9ck a Syrien maachen. An de leschten Deeg koum et doduerch zu R\u00e9ckstauen a Waardez\u00e4iten, zum Beispill un der tierkesch-syrescher Grenz&#8221;, huet d&#8217;Kohlenberger an enger E-Mail un d&#8217;AFP vum 13. Dezember 2024 geschriwwen.<\/p>\n<p>Och d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/QZ9U-LQ2M\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Yuliya Kosyakova<\/a> h\u00e4tt &#8220;n\u00e4ischt dozou aus seri\u00f6e Quellen h\u00e9ieren&#8221;. D&#8217;Kosyakova ass Cheffin vum Fuerschungsber\u00e4ich Migratioun an Integratioun bei enger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/P897-47XE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Fuerschungsariichtung<\/a> vun der d\u00e4itscher Bundesagentur f\u00fcr Arbeit souw\u00e9i Professesch fir Migratiounsfuerschung op der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/YK3D-LGHU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Otto-Friedrich-Universit\u00e4t<\/a> zu Bamberg. D&#8217;Migratiounsfuerscherin huet an enger E-Mail un d&#8217;AFP vum 13. Dezember 2024 d&#8217;Fro opgeworf, wat d&#8217;Gr\u00ebnn fir esou e &#8220;Stroum&#8221; iwwerhaapt si sollten. &#8220;De Bamf (Deutsches Bundesamt f\u00fcr Migration und Fl\u00fcchtlinge, Um. v. d. Red.) huet all Verfare gestoppt, soumat k\u00e9inten d\u00e9i nei Fl\u00fcchtlingen och net wierklech Schutz ufroen.&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;Et kann een dovun ausgoen, dass am Moment weder d\u00e9i grouss Mass u M\u00ebnschen a Syrien zer\u00e9ckgeet, nach dass eng grouss Unzuel Richtung Europa fl\u00fccht&#8221;, huet de Lukas Gahleitner-Gertz an enger E-Mail un d&#8217;AFP vum 16. Dezember 2024 geschriwwen. De Jurist ass bei der H\u00ebllefsorganisatioun <a href=\"https:\/\/perma.cc\/F2ML-7BNM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;Asylkoordination \u00d6sterreich&#8221;<\/a> t\u00e4teg, d\u00e9i d&#8217;Asylgesetzer a -verfaren an \u00c9istr\u00e4ich iwwerwaacht. Dem Gahleitner-Gertz no g\u00e9if et &#8220;iwwerhaapt keng Unzeeche fir eppes &#8216;Gigantesches'&#8221;.<\/p>\n<p>Vill EU-Staaten hunn d&#8217;Asylprozedure vu Syrerinnen a Syrer ausgesat, sou och <a href=\"https:\/\/perma.cc\/BVD8-4FGF\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">D\u00e4itschland<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/L86G-YJEW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00c9istr\u00e4ich<\/a> a L\u00ebtzebuerg.<\/p>\n<p><strong>Lag a Syrien ass nach onstabil<\/strong><\/p>\n<p>K\u00e4mpfer vun der islamistescher Miliz Hajat Tahrir al-Scham (HTS) haten den 8. Dezember 2024 Damaskus eruewert an d\u00e9i laangj\u00e4reg Herrschaft vum Baschar al-Assad a Syrien op en Enn bruecht. D&#8217;HTS-Miliz huet hir Wuerzelen am syreschen Oflee\u00ebr vun Al-Qaida.<\/p>\n<p>D\u00e9i wichtegst Alli\u00e9iert vum Assad &#8211; Russland, den Iran an d\u00e9i am Libanon us\u00e4sseg Hisbollah-Miliz &#8211; haten n\u00e4ischt \u00ebnnerholl, fir de Virmarsch vun den islamistesche K\u00e4mpfer op d\u00e9i syresch Haaptstad ze verh\u00ebnneren. Den Assad, deem Entf\u00e9ierung, Folter an Ermuerdung vun Aneschtdenkende virgeh\u00e4it g\u00ebtt, war doropshin a Russland gefl\u00fccht.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/97421c25b8dc25bb8f92d17f595a8eff.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>An den aktuell gedeelte B\u00e4itr\u00e4g mam Video ginn \u00ebnner anerem den Afloss vun Israel an d&#8217;Intressie vu Russland a Syrien thematis\u00e9iert.<\/p>\n<p>Just e puer Stonnen nom Anhuele vun Damaskus duerch d&#8217;Rebelle war <a href=\"https:\/\/perma.cc\/G9EX-AA4C\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Israel<\/a> an eng Pufferzon mat Syrien op de besate Golanh\u00e9ichten agedrongen. Fir Russland stellt d&#8217;Muechtiwwernam vun de Rebellen \u00ebnnert der F\u00e9ierung vun der HTS-Miliz no der eelef Deeg laanger Bl\u00ebtzoffensiv e <a href=\"https:\/\/perma.cc\/66L4-JVFV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">R\u00e9ckschlag<\/a> duer. De russesche President Wladimir Putin g\u00ebllt als wichtegsten Alli\u00e9ierte vum Assad.<\/p>\n<p>Och eng angeeblech \u00cbnnerst\u00ebtzung vun der HTS duerch d&#8217;Ukrain g\u00ebtt an de Sozialen Netzwierker thematis\u00e9iert. Der Expertegrupp \u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/ZT9P-XXVY\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;EU vs Disinfo&#8221;<\/a> vum Europ\u00e4eschen Ausw\u00e4ertegen D\u00e9ngscht no ass dat eng sech \u00ebmmer nees widderhuelend\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/5NRJ-3PR6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Desinformatioun<\/a> vu kremlfr\u00ebndleche Medien, d\u00e9i dorop ofzile g\u00e9if, d&#8217;Ukrain ze diskredit\u00e9ieren, andeem hir Regierung mat Terrorismus a Verbindung bruecht g\u00ebtt.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet weider <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.36Q39H3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Falschinformatiounen<\/a> am Zesummenhang mam Assad senger Chute iwwerpr\u00e9ift. \u00c4nlech Behaaptungen iwwer eng angeeblech &#8220;Invasioun&#8221; vun Europa duerch Migrante war an der Vergaangenheet och op <a href=\"https:\/\/sprawdzam.afp.com\/doc.afp.com.33PZ34Y\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Polnesch<\/a> am \u00cbmlaf.<\/p>\n<p><strong>Fazit: <\/strong>En am Internet verbreete Video no der Entmuechtung vum Assad beleet keng aktuell Hausse vu Fl\u00fcchtlingen, d\u00e9i sech vu Syrien aus op de Wee an Europa maachen. Am Clip sinn Tuneesier ze gesinn, d\u00e9i nom Zoumaache vun der Grenz opgrond vun der Coronapandemie am Abr\u00ebll 2020 a Libyen festhoungen an nees an hir Heemecht zer\u00e9ck wollten.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<br \/>\n<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Ufank November 2024 hu Rebellegruppen de Baschar al-Assad zur Flucht gezwongen an uschl\u00e9issend d&#8217;Kontroll vun der syrescher Regierung iwwerholl.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":376636,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[183,191,531],"tags":[],"class_list":{"0":"post-376651","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-fact-check-lb","8":"category-politik","9":"category-syrien"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2260799","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2260799.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Ale Video vu &quot;gigantesche Fl\u00fcchtlingsstr\u00e9im&quot; no Assad-Stuerz nees am \u00cbmlaf - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Ale Video vu &quot;gigantesche Fl\u00fcchtlingsstr\u00e9im&quot; no Assad-Stuerz nees am \u00cbmlaf - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Ufank November 2024 hu Rebellegruppen de Baschar al-Assad zur Flucht gezwongen an uschl\u00e9issend d&#039;Kontroll vun der syrescher Regierung iwwerholl.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-12-24T09:00:11+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-12-24T09:38:22+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/453fcb5d2641bf15e6488e23dea00f16.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"7 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Ale Video vu &#8220;gigantesche Fl\u00fcchtlingsstr\u00e9im&#8221; no Assad-Stuerz nees am \u00cbmlaf\",\"datePublished\":\"2024-12-24T09:00:11+00:00\",\"dateModified\":\"2024-12-24T09:38:22+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/\"},\"wordCount\":1526,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/453fcb5d2641bf15e6488e23dea00f16.jpeg\",\"articleSection\":[\"Fact Check\",\"Politik\",\"Syrien\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/\",\"name\":\"Faktencheck: Ale Video vu \\\"gigantesche Fl\u00fcchtlingsstr\u00e9im\\\" no Assad-Stuerz nees am \u00cbmlaf - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/453fcb5d2641bf15e6488e23dea00f16.jpeg\",\"datePublished\":\"2024-12-24T09:00:11+00:00\",\"dateModified\":\"2024-12-24T09:38:22+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/453fcb5d2641bf15e6488e23dea00f16.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/453fcb5d2641bf15e6488e23dea00f16.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Ale Video vu \\\"gigantesche Fl\u00fcchtlingsstr\u00e9im\\\" no Assad-Stuerz nees am \u00cbmlaf - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Ale Video vu &#8220;gigantesche Fl\u00fcchtlingsstr\u00e9im&#8221; no Assad-Stuerz nees am \u00cbmlaf\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Ale Video vu \"gigantesche Fl\u00fcchtlingsstr\u00e9im\" no Assad-Stuerz nees am \u00cbmlaf - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Ale Video vu \"gigantesche Fl\u00fcchtlingsstr\u00e9im\" no Assad-Stuerz nees am \u00cbmlaf - EDMO Belux","og_description":"Ufank November 2024 hu Rebellegruppen de Baschar al-Assad zur Flucht gezwongen an uschl\u00e9issend d'Kontroll vun der syrescher Regierung iwwerholl.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-12-24T09:00:11+00:00","article_modified_time":"2024-12-24T09:38:22+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/453fcb5d2641bf15e6488e23dea00f16.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"7 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Ale Video vu &#8220;gigantesche Fl\u00fcchtlingsstr\u00e9im&#8221; no Assad-Stuerz nees am \u00cbmlaf","datePublished":"2024-12-24T09:00:11+00:00","dateModified":"2024-12-24T09:38:22+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/"},"wordCount":1526,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/453fcb5d2641bf15e6488e23dea00f16.jpeg","articleSection":["Fact Check","Politik","Syrien"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/","name":"Faktencheck: Ale Video vu \"gigantesche Fl\u00fcchtlingsstr\u00e9im\" no Assad-Stuerz nees am \u00cbmlaf - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/453fcb5d2641bf15e6488e23dea00f16.jpeg","datePublished":"2024-12-24T09:00:11+00:00","dateModified":"2024-12-24T09:38:22+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/453fcb5d2641bf15e6488e23dea00f16.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/453fcb5d2641bf15e6488e23dea00f16.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Ale Video vu \"gigantesche Fl\u00fcchtlingsstr\u00e9im\" no Assad-Stuerz nees am \u00cbmlaf - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ale-video-vu-gigantesche-flchtlingsstrim-no-assad-stuerz-nees-am-mlaf\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Ale Video vu &#8220;gigantesche Fl\u00fcchtlingsstr\u00e9im&#8221; no Assad-Stuerz nees am \u00cbmlaf"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/376651","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=376651"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/376651\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/376636"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=376651"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=376651"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=376651"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}