{"id":377167,"date":"2024-12-26T14:00:23","date_gmt":"2024-12-26T14:00:23","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=377167"},"modified":"2024-12-30T13:03:03","modified_gmt":"2024-12-30T13:03:03","slug":"faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Meldung iwwer angeeblech gegr\u00ebnnt &#8220;Anti-Woke-Filmgesellschaft&#8221; ass Satir"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>&#8220;Wokeness&#8221; &#8211; also d&#8217;Opmierksamsi fir Diskrimin\u00e9ierung vu verschiddenen Aarten &#8211; l\u00e9ist bei enger Rei M\u00ebnschen Onmutt aus.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">A sozialen Netzwierker gouf elo behaapt, d&#8217;amerikanesch Schauspiller Mark Wahlberg, Mel Gibson a Roseanne Barr h\u00e4tten eng &#8220;Anti-Woke-Filmgesellschaft&#8221; gegr\u00ebnnt. D&#8217;Behaaptung ass awer fr\u00e4i erfonnt.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">\u00cbnner anerem huet eng Politikerin vun der d\u00e4itscher AfD d\u00ebs angeeblech Noriicht gedeelt. Se bas\u00e9iert op engem Artikel vun enger Internets\u00e4it fir Satir. Och dem Gibson s\u00e4i Spriecher huet d\u00ebs Behaaptung als onwouer bezeechent.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Als &#8220;Helde vum Dag&#8221; huet d&#8217;AfD-Deput\u00e9iert <a href=\"https:\/\/perma.cc\/W6P2-L8X8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Vanessa Behrendt<\/a>, d\u00e9i am nieders\u00e4chsesche Landtag s\u00ebtzt, d&#8217;Schauspiller Mark Wahlberg, Mel Gibson an d&#8217;Schauspillerin Roseanne Barr an engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/AG5Y-HLTH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X-Post<\/a> vum 13. Dezember 2024 bezeechent. De Grond: Si h\u00e4tten &#8220;zesummen eng Anti-Woke-Filmgesellschaft&#8221; an d&#8217;Liewe geruff. An d\u00ebsem B\u00e4itrag huet d&#8217;Behrendt e <a href=\"https:\/\/perma.cc\/TGT9-ZQ9F\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Link<\/a> op en Artikel iwwer d\u00e9i angeeblech Gr\u00ebnnung gedeelt. Och op <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/2e5678c8-1d07-472e-b5ee-f567ba246c66\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a> gouf d\u00ebs Behaaptung vun Notzerinnen an Notzer verbreet. An de Kommentarer gouf d\u00ebs angeeblech nei Filmgesellschaft staark guttgeheescht an als gutt Neiegkeet gefeiert.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/1d1388303a6e87eba82816f7150cf84a.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D\u00ebs vermeintlech Neiegkeet ass awer a Wierklechkeet eng Falschinformatioun. Den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/AG5Y-HLTH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X-Post<\/a> vun der Behrendt gouf mat enger sougenannter Community Note versinn. Notzerinnen an Notzer k\u00ebnne mat d\u00ebser Funktioun B\u00e4itr\u00e4g mat enger Notiz versinn, dass et sech \u00ebm Falschinformatiounen handelt oder Kontext feelt. An d\u00ebser Community Note g\u00ebtt e <a href=\"https:\/\/www.reuters.com\/fact-check\/mel-gibson-mark-wahlberg-non-woke-film-studio-claim-is-satire-2024-04-12\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Faktencheck<\/a> vun der Norichtenagence Reuters vum 26. Abr\u00ebll 2024 verlinkt (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/ZVT4-J83F\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert). Dora geet et och \u00ebm d\u00ebs Falschbehaaptung an et g\u00ebtt erkl\u00e4ert, se g\u00e9if op engem Artikel vun der engleschsproocheger Satir-Internets\u00e4it &#8220;Esspots&#8221; bas\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Artikel d\u00e4itlech als Satir gekennzeechent<\/p>\n<p>\u00cbnner der Iwwerschr\u00ebft &#8220;Breaking: Mel Gibson and Mark Wahlberg Join Hands to Create a Non-Woke Film Production Studio, &#8216;Hollywood Is Saved'&#8221; (op L\u00ebtzebuergesch: &#8220;Breaking News: De Mel Gibson an de Mark Wahlberg gr\u00ebnnen zesummen en Anti-Woke-Filmproduktiounsstudio, &#8216;Hollywood ass gerett'&#8221;) war de satireschen Artikel iwwer de Gibson an de Wahlberg, d\u00e9i sech zesummegedoen h\u00e4tten, &#8220;fir en neie Filmproduktiounsstudio ze gr\u00ebnnen, dee sech dem Schutz vun traditionellem Storytelling verschreift an d&#8217;Hannerh\u00e4ltegkeet vun der woker Kultur vermeit&#8221;, den 31. M\u00e4erz 2024 <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240411124317\/https:\/esspots.com\/breaking-mel-gibson-and-mark-wahlberg-join-hands-to-create-a-non-woke-film-production-studio-hollywood-is-saved\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">op d\u00ebser Internets\u00e4it ersch\u00e9ngen<\/a>.<\/p>\n<p>Kuerz drop, den 2. Abr\u00ebll 2024, hat d&#8217;Internets\u00e4it eng weider Satir-Meldung <a href=\"https:\/\/perma.cc\/X869-3F58\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ver\u00ebffentlecht<\/a>, d\u00e4r no sech d&#8217;Roseanne Barr den zwee Schauspiller ugeschloss h\u00e4tt. B\u00e9id Artikele si weiderhin online, beim \u00e9ischten Artikel gouf den Titel an der T\u00ebschenz\u00e4it ge\u00e4nnert. D&#8217;Artikele sinn d\u00e4itlech mam Label &#8220;Satir&#8221; gekennzeechent, dat weist och d&#8217;Iwwersiicht vun allen Artikelen op der Homepage:<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/bb3e9eac6510510937775220acf20a3f.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Op der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/JRQ3-PFT2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it vun &#8220;Esspots&#8221;<\/a> heescht et, se w\u00e4r &#8220;eng zentral Ulafstell fir satiresch Noriichten a Kommentaren iwwer d&#8217;Vereenegt Staate vun Amerika&#8221;. D&#8217;Redaktiounsekipp h\u00e4tt &#8220;et sech zur Aufgab gemaach, Iech d\u00e9i neist a bescht Fakenews an Absurdit\u00e9ite mat enger gesonder Portioun Humor a Satir ze present\u00e9ieren&#8221;, erkl\u00e4ren d&#8217;Bedreiwer vun der Internets\u00e4it.<\/p>\n<p>Op AFP-Ufro hin hu si de 17. Dezember 2024 per E-Mail geschriwwen, dass den Artikel iwwer d&#8217;Gr\u00ebnnung vun der Produktiounsfirma satiresch ze verstoe w\u00e4r: &#8220;Jo, den Artikel war als Satir gemengt, awer e puer Internets\u00e4iten hunn e geklaut an als echt Noriicht duergestallt.&#8221; Zu d\u00ebse S\u00e4iten h\u00e4tten d&#8217;Bedreiwer vun &#8220;Esspots&#8221; keng Verbindungen. Noriichten, d\u00e9i wierklech exist\u00e9ieren, publiz\u00e9iere si eegener Ausso no net: &#8220;Mir ver\u00ebffentlechen ausschliisslech satiresch Contenuen op eiser Internets\u00e4it.&#8221;<\/p>\n<p>Gedeelt Internets\u00e4it wierkt onseri\u00f6<\/p>\n<p>Den am Dezember 2024 gedeelten <a href=\"https:\/\/perma.cc\/TGT9-ZQ9F\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel<\/a> mat der Iwwerschr\u00ebft &#8220;Roseanne Barr, Mark Wahlberg a Mel Gibson gr\u00ebnnen zesummen eng Anti-Woke-Filmgesellschaft&#8221; enth\u00e4lt e puer S\u00e4tz, d\u00e9i den Usch\u00e4i verm\u00ebttelen, dass se vum fir d&#8217;\u00e9ischt ersch\u00e9ngten Artikel vun Esspots fr\u00e4i iwwersat gi sinn.<\/p>\n<p>D&#8217;Internets\u00e4it, d\u00e9i den Artikel den 13. Dezember 2024 ver\u00ebffentlecht huet, m\u00e9cht doriwwer eraus net den Androck vun enger seri\u00f6er Noriichtes\u00e4it. Souwuel d&#8217;URL (luxury.carmagazine.tv) w\u00e9i och d&#8217;Rubricken op der Internets\u00e4it w\u00e9i &#8220;Tattoos&#8221; oder &#8220;Babies&#8221; hunn n\u00e4ischt mat US-Promien oder Meldungen aus Hollywood ze dinn. Den Artikel g\u00ebtt vun enger Rei Reklammen \u00ebnnerbrach. Op der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/RJD4-NSWC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Homepage<\/a> ginn Artikelen a verschiddene Sproochen opgel\u00ebscht, zum Deel handelt et sech dob\u00e4i \u00ebm d\u00e9i selwecht Contenuen. Ausserdeem verf\u00fc\u00fcgt d&#8217;Internets\u00e4it iwwer keen Impressum, d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/VAG9-ZSGQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Dateschutzbest\u00ebmmungen<\/a> a <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20241218153131\/https:\/\/luxury.carmagazine.tv\/contact-us\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Kontaktinformatioune<\/a> bestinn aus geneeresche Beispilltexter.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet versicht, d\u00e9i angeeblech Persounen, d\u00e9i un der Gr\u00ebnnung bedeelegt sinn, ze kontakt\u00e9ieren. E Spriecher vum Schauspiller Mel Gibson huet de 17. Dezember 2024 matgedeelt, dass d&#8217;Meldung onwouer w\u00e4r an de Mel Gibson keng esou Filmgesellschaft gegr\u00ebnnt h\u00e4tt. Eng Spriecherin vum Mark Wahlberg huet op AFP-Ufro erkl\u00e4ert, si g\u00e9ife Behaaptunge vun d\u00ebser Aart net \u00ebffentlech komment\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Tats\u00e4chlech ass de Gibson scho Propriet\u00e4r vun der Produktiounsfirma <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3Q45-UKVS\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Icon<\/a>, d\u00e9i hie mam australesche Filmproduzent Bruce Davey <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5ELG-V7GM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">gegr\u00ebnnt huet<\/a>. Op der Internets\u00e4it vun der Produktiounsfirma ass och keen Hiweis op eng &#8220;Anti-Woke-Filmgesellschaft&#8221; vum Gibson ze fannen. Verbindungen t\u00ebscht dem Gibson an dem Wahlberg g\u00ebtt awer tats\u00e4chlech: Zulescht huet de Gibson Regie fir de Film <a href=\"https:\/\/perma.cc\/BL2Z-ZUZ5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;Flight Risk&#8221;<\/a> gefouert, an deem de Mark Wahlberg d&#8217;Haaptroll spillt.<\/p>\n<p>Och <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=51u0SkyaAA0\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Sichen am Internet<\/a> no der angeeblecher Filmgesellschaft mam Numm &#8220;Anti-Woke Studios&#8221; souw\u00e9i de vermeintleche Gr\u00ebnner hu keng Meldungen iwwer esou eng Gr\u00ebnnung geliwwert.<\/p>\n<p>Kontroverse ronder\u00ebm de Gibson, Wahlberg an d&#8217;Barr<\/p>\n<p>De Mel Gibson ass an der Vergaangenheet dacks baussent dem Filmgesch\u00e4ft opgefall: Hien huet sech \u00ebmmer nees rassistesch, antisemittesch, queer- a fraefeindlech ge\u00e4ussert. Sou huet hie beispillsweis 2006 bei Fueren \u00ebnner Alkoholafloss <a href=\"https:\/\/perma.cc\/SR7H-4CAB\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">e Polizist antisemittesch beleidegt<\/a> an huet him gedreet. Kuerz virun de Presidentewalen an den USA, d\u00e9i am November 2024 stattfonnt hunn, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/BP2T-PK9Y\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">sot<\/a> hien iwwer d&#8217;demokratesch Kandidatin Kamala Harris, si h\u00e4tt &#8220;den IQ vun engem (Zonk-)Poul&#8221;.<\/p>\n<p>De Mark Wahlberg gouf a Sozialen Netzwierker mat rassistesche Virkommessen a senger Jugend <a href=\"https:\/\/perma.cc\/K29H-Y9AE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">konfront\u00e9iert<\/a>, w\u00e9i hien nom Doud vum Amerikaner George Floyd s\u00e4i Matgefill \u00ebffentlech ausgedr\u00e9ckt hat. <a href=\"https:\/\/perma.cc\/K29H-Y9AE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Medieberichter<\/a> no h\u00e4tt hie sech an den 1980er-Jore friemefeindlech ge\u00e4ussert a rassistesch motiv\u00e9iert Gewaltdote begaangen.<\/p>\n<p>Och d&#8217;Roseanne Barr huet sech \u00ebmmer nees rassistesch an antisemittesch <a href=\"https:\/\/perma.cc\/DC4X-E5Q6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ge\u00e4ussert<\/a>: Beispillsweis huet si schlecht iwwer Israel geschwat an eng eemoleg Beroderin vum US-President Barack Obama an ausl\u00e4nnerfeindlecher Man\u00e9ier beleidegt, wouropshin hir Kult-Sitcom &#8220;Roseanne&#8221; ofgesat gouf.<\/p>\n<p>D&#8217;Falschbehaaptung iwwer d\u00e9i angeeblech Gr\u00ebnnung vun der &#8220;Anti-Woke-Filmgesellschaft&#8221; war och an anere Varianten am \u00cbmlaf: Sou housch et an engem engleschsproochege <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/3db487ad-a395-4cda-af6e-391aa3fe7c9b\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-B\u00e4itrag<\/a>, den Elon Musk h\u00e4tt d\u00e9i nei Produktiounsfirma mat 3 Milliounen US-Dollar \u00ebnnerst\u00ebtzt. Engem anere <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6M6P-6XK8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">B\u00e4itrag<\/a> op Threads no h\u00e4tt sech den Hollywood-Star Harrison Ford der Filmgesellschaft ugeschloss.<\/p>\n<p>Schonn am Juli 2024 hat eng amerikanesch Faktencheck-Organisatioun en <a href=\"https:\/\/www.snopes.com\/fact-check\/robert-downey-jr-mel-gibson\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel<\/a> iwwer d&#8217;Falschbehaaptung ver\u00ebffentlecht, de Schauspiller Robert Downey Jr. w\u00e4r der Filmgesellschaft och b\u00e4igetrueden. Eng \u00e4nlech, als wouer gedeelt Satir iwwer d&#8217;Schauspillerin Angelina Jolie &#8211; si h\u00e4tt mam Schauspiller Jon Voight en &#8220;non-wok\u00eb&#8221; Filmstudio gegr\u00ebnnt &#8211; hat d&#8217;AFP schonn eng K\u00e9ier <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.34PQ6KV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">widderluecht<\/a>.<\/p>\n<p>Op eng Ufro vun der AFP, firwat d&#8217;AfD-Deput\u00e9iert Vanessa Behrendt d&#8217;Falschbehaaptung gedeelt hat, huet si bis zur Ver\u00ebffentlechung vum Artikel net ge\u00e4ntwert.<\/p>\n<p><strong>Fazit: <\/strong>Den Artikel, deem no de Mel Gibson, de Mark Wahlberg an d&#8217;Roseanne Barr eng &#8220;Anti-Woke-Filmgesellschaft&#8221; gegr\u00ebnnt h\u00e4tten, bas\u00e9iert op engem Satir-Artikel vun enger amerikanescher Internets\u00e4it. D&#8217;Bedreiwer vun d\u00ebser Satir-S\u00e4it hu confirm\u00e9iert, dass d&#8217;Meldung erfonnt ass. Och e Spriecher vum Mel Gibson huet matgedeelt, dass de Gibson keng esou Filmgesellschaft gegr\u00ebnnt h\u00e4tt.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>&#8220;Wokeness&#8221; &#8211; also d&#8217;Opmierksamsi fir Diskrimin\u00e9ierung vu verschiddenen Aarten &#8211; l\u00e9ist bei enger Rei M\u00ebnschen Onmutt aus.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":377152,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[183,193],"tags":[],"class_list":{"0":"post-377167","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-fact-check-lb","8":"category-gesellschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2261901","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2261901.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Meldung iwwer angeeblech gegr\u00ebnnt &quot;Anti-Woke-Filmgesellschaft&quot; ass Satir - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Meldung iwwer angeeblech gegr\u00ebnnt &quot;Anti-Woke-Filmgesellschaft&quot; ass Satir - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"&quot;Wokeness&quot; - also d&#039;Opmierksamsi fir Diskrimin\u00e9ierung vu verschiddenen Aarten - l\u00e9ist bei enger Rei M\u00ebnschen Onmutt aus.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-12-26T14:00:23+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-12-30T13:03:03+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/cc8d3e119a2753cc01d77e28c4ee0141.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"6 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Meldung iwwer angeeblech gegr\u00ebnnt &#8220;Anti-Woke-Filmgesellschaft&#8221; ass Satir\",\"datePublished\":\"2024-12-26T14:00:23+00:00\",\"dateModified\":\"2024-12-30T13:03:03+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/\"},\"wordCount\":1313,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/cc8d3e119a2753cc01d77e28c4ee0141.jpeg\",\"articleSection\":[\"Fact Check\",\"Gesellschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/\",\"name\":\"Faktencheck: Meldung iwwer angeeblech gegr\u00ebnnt \\\"Anti-Woke-Filmgesellschaft\\\" ass Satir - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/cc8d3e119a2753cc01d77e28c4ee0141.jpeg\",\"datePublished\":\"2024-12-26T14:00:23+00:00\",\"dateModified\":\"2024-12-30T13:03:03+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/cc8d3e119a2753cc01d77e28c4ee0141.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/cc8d3e119a2753cc01d77e28c4ee0141.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Meldung iwwer angeeblech gegr\u00ebnnt \\\"Anti-Woke-Filmgesellschaft\\\" ass Satir - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Meldung iwwer angeeblech gegr\u00ebnnt &#8220;Anti-Woke-Filmgesellschaft&#8221; ass Satir\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Meldung iwwer angeeblech gegr\u00ebnnt \"Anti-Woke-Filmgesellschaft\" ass Satir - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Meldung iwwer angeeblech gegr\u00ebnnt \"Anti-Woke-Filmgesellschaft\" ass Satir - EDMO Belux","og_description":"\"Wokeness\" - also d'Opmierksamsi fir Diskrimin\u00e9ierung vu verschiddenen Aarten - l\u00e9ist bei enger Rei M\u00ebnschen Onmutt aus.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-12-26T14:00:23+00:00","article_modified_time":"2024-12-30T13:03:03+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/cc8d3e119a2753cc01d77e28c4ee0141.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"6 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Meldung iwwer angeeblech gegr\u00ebnnt &#8220;Anti-Woke-Filmgesellschaft&#8221; ass Satir","datePublished":"2024-12-26T14:00:23+00:00","dateModified":"2024-12-30T13:03:03+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/"},"wordCount":1313,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/cc8d3e119a2753cc01d77e28c4ee0141.jpeg","articleSection":["Fact Check","Gesellschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/","name":"Faktencheck: Meldung iwwer angeeblech gegr\u00ebnnt \"Anti-Woke-Filmgesellschaft\" ass Satir - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/cc8d3e119a2753cc01d77e28c4ee0141.jpeg","datePublished":"2024-12-26T14:00:23+00:00","dateModified":"2024-12-30T13:03:03+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/cc8d3e119a2753cc01d77e28c4ee0141.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/cc8d3e119a2753cc01d77e28c4ee0141.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Meldung iwwer angeeblech gegr\u00ebnnt \"Anti-Woke-Filmgesellschaft\" ass Satir - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-meldung-iwwer-angeeblech-gegrnnt-anti-woke-filmgesellschaft-ass-satir\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Meldung iwwer angeeblech gegr\u00ebnnt &#8220;Anti-Woke-Filmgesellschaft&#8221; ass Satir"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/377167","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=377167"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/377167\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/377152"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=377167"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=377167"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=377167"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}