{"id":377476,"date":"2024-12-28T14:00:09","date_gmt":"2024-12-28T14:00:09","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=377476"},"modified":"2024-12-30T13:13:45","modified_gmt":"2024-12-30T13:13:45","slug":"faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/","title":{"rendered":"Faktencheck: De Weltklimarot gouf als Reaktioun op d&#8217;global Erwiermung gegr\u00ebnnt"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p><b>\u00a9 RTL-Grafik<\/b><\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>De Weltklimarot (IPCC) g\u00ebtt \u00ebmmer nees zum Zil vu klimaskepteschen Desinformatiounen. Aktuell ass e &#8220;Sharepic&#8221; a Sozialen Netzwierker am \u00cbmlaf, mat deem User e kausalen Zesummenhang t\u00ebscht klammenden Temperaturen an der Gr\u00ebnnung vum IPCC am Joer 1988 impliz\u00e9ieren.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Mee w\u00e9i Fachleit confirm\u00e9iert hunn a w\u00e9i aus enger Rei Fuerschungsaarbechten ervirgeet, gouf de vum M\u00ebnsch ausgel\u00e9iste Klimawandel scho laang virun der Gr\u00ebnnung vum Weltklimarot festgestallt.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">De <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7N79-VVJC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Weltklimarot<\/a> (IPCC) g\u00ebtt a klimaskeptesche Kreesser \u00ebmmer nees diffam\u00e9iert. De 4. Dezember 2024 huet e <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20241219175048\/https:\/\/www.facebook.com\/plugins\/post.php?href=https%3A%2F%2Fwww.facebook.com%2Ffrank.michele.3%2Fposts%2Fpfbid02SoL4Z4rfFikE3zoU3qEoxs7oB4auRHEBvGt7q7iCyemdeWwfo8ZpoK99HYqWU2XXl&amp;show_text=true&amp;width=500\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-Notzer<\/a> geschriwwen: &#8220;Loosst iech kee Bl\u00f6dsinn erziele vun den dubi\u00e9isen Institutiounen, d\u00e9i iech d&#8217;Suen aus der T\u00e4sch z\u00e9ien, w\u00e9i de Weltklimarot.&#8221; Nieft dem Text huet hien e Sharepic gepost, deen z\u00ebnter Enn Oktober 2024 dausendfach a Sozialen Netzwierker verbreet gouf. \u00cbnner dem Titel &#8220;Temperatur-Hausse an Europa&#8221; weist en eng Grafik mam Temperaturverlaf vun de leschten 100 Joer, woub\u00e4i eng staark Hausse ab den 1980er-Joren ze gesinn ass. Mat roude Feiler ass d&#8217;Joer 1988 mark\u00e9iert an als &#8220;Gr\u00ebnnung vum Weltklimarot&#8221; ausgewisen.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">&#8220;Wann (&#8230;) Temperature grad an deem Moment klammen, w\u00e9i de Weltklimarot gegr\u00ebnnt gouf, deem s\u00e4in Zil et ass, de vum M\u00ebnsch ausgel\u00e9iste Klimawandel ze belee\u00ebn, weess een, dass ee veraascht g\u00ebtt&#8221;, huet en <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20241218162542\/https:\/\/t.me\/PolitischeBilder\/54444\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram-Notzer<\/a> den 2. November 2024 e bal identesche Sharepic komment\u00e9iert, dee sech just duerch de Schr\u00ebftzuch &#8220;Petr Bystron MdEP&#8221; am rietsen \u00ebnneschten Eck \u00ebnnerscheet. Op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/P78E-25V5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Threads<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9VX7-GHND\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a> an <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/0f69008f-1f59-42b0-aa2b-3526c7f318e6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Instagram<\/a> ass de Sharepic och am \u00cbmlaf, deelweis mat an ouni Schr\u00ebftzuch iwwer de Petr Bystron.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/f68406ec7dce8a7475ec6af4b9756c0a.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>De Politiker <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20241220102458\/https:\/\/www.europarl.europa.eu\/meps\/en\/256928\/PETR_BYSTRON\/home\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Petr Bystron<\/a>, dee fir d\u00e9i d\u00e4itsch Partei AfD, d\u00e9i vum d\u00e4itsche Verfassungsschutz als <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20241220114119\/https:\/\/www.verfassungsschutz.de\/SharedDocs\/pressemitteilungen\/DE\/2022\/pressemitteilung-2022-1-afd.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">r<\/a><a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20241220114119\/https:\/\/www.verfassungsschutz.de\/SharedDocs\/pressemitteilungen\/DE\/2022\/pressemitteilung-2022-1-afd.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ietsextreeme Verdachtsfall<\/a> agestuuft ass, am Europ\u00e4esche Parlament s\u00ebtzt, hat d&#8217;Grafik den 28. Oktober 2024 op sengem <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/1e32a05a-833b-408d-92cf-b55063527285\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-Account<\/a> publiz\u00e9iert. &#8220;Huet anscheinend n\u00e4ischt bruecht, vum Trabi op den E-Auto \u00ebmzeklammen?&#8221;, huet de Bystron dozou geschriwwen. Och de Schw\u00e4izer Volkspartei-Politiker an Nationalrat (Deput\u00e9iertern an der Schw\u00e4iz, Um. v. d. Red.) <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20241220102707\/https:\/\/www.parlament.ch\/de\/biografie\/andreas-glarner\/4161\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Andreas Glarner<\/a> hat de Sharepic den 30. Oktober 2024 op sengem\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/9VX7-GHND\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X-Account<\/a> gedeelt.<\/p>\n<p>Mat H\u00ebllef vun enger <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=Ez5o69CeXUw&amp;list=PL_tN7HuGt39pbSAghdwArQ2Ij1oPzJfHo&amp;index=10\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00ebmgek\u00e9ierter Billersich<\/a> an enger <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=51u0SkyaAA0&amp;list=PL_tN7HuGt39pbSAghdwArQ2Ij1oPzJfHo&amp;index=11\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">erweiderter St\u00e9chwierdersich<\/a> konnt d&#8217;AFP kee Post mat d\u00ebsem Sharepic fannen, dee m\u00e9i al ass w\u00e9i dem Bystron s\u00e4i B\u00e4itrag.<\/p>\n<p>Vertrauenswierdeg Grafik gouf tendenzi\u00e9is beaarbecht<\/p>\n<p>An e puer vun de B\u00e4itr\u00e4g g\u00ebtt als Quell vun der Grafik d&#8217;amerikanesch <a href=\"https:\/\/perma.cc\/AA9V-D94Q\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Ozean- und Atmosph\u00e4renbeh\u00f6rde<\/a> (NOAA) genannt, d\u00e4r hiert Waasserzeechen och op dem kurs\u00e9ierende Sharepic ze erkennen ass. An tats\u00e4chlech ass d&#8217;Grafik op der <a href=\"https:\/\/www.ncei.noaa.gov\/access\/monitoring\/climate-at-a-glance\/global\/time-series\/europe\/tavg\/land\/60\/0\/1924-2024?fbclid=IwZXh0bgNhZW0CMTAAAR06G7-vsdkxxkag_QMQnrm8GdEIbJXTs0pUR0yfqUV_eiT7ijrycSPCnAU_aem_AR1IuHzNrHiZUnsnHZg8AA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">NOAA-Webs\u00e4it<\/a> ze fannen (<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20241220113121\/https:\/\/www.ncei.noaa.gov\/access\/monitoring\/climate-at-a-glance\/global\/time-series\/europe\/tavg\/land\/60\/0\/1924-2024\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>Eng ervirgehuewe Mark\u00e9ierung fir d&#8217;Joer 1988 souw\u00e9i eng Erw\u00e4nung vum Weltklimarot sinn op der Originalgrafik awer net ze fannen:<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/a54c255d7711e94dc1a83692eb81f21c.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Der NOAA-Webs\u00e4it no weist d&#8217;Grafik d&#8217;Temperaturentw\u00e9cklung an Europa fir den Z\u00e4itraum 1924 bis 2024. D&#8217;Miessdonn\u00e9e\u00eb koume vun <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20241217192903\/https:\/\/www.ncei.noaa.gov\/products\/land-based-station\/global-historical-climatology-network-monthly\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">dausende Wiederstatioune<\/a> weltw\u00e4it.<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20241220120244\/https:\/\/www.pik-potsdam.de\/members\/peterh\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Peter Hoffmann<\/a>, Meteorolog a Fuerscher um Potsdam Institut f\u00fcr Klimafolgenforschung (PIK), huet den 19. Dezember 2024 g\u00e9intiwwer der AFP confirm\u00e9iert, dass d&#8217;NOAA-Grafik e realistescht Bild vun den Temperaturver\u00e4nnerungen an Europa weise g\u00e9if. D&#8217;rout a blo agefierft Grafikfl\u00e4che weise keng Duerchschn\u00ebttstemperature vun den eenzele Joren un. Se weise villm\u00e9i d&#8217;Ofw\u00e4ichunge pro Joer vum Temperaturm\u00ebttelw\u00e4ert vun de Joren 1910 bis 2000. Temperaturofweechungen, d\u00e9i m\u00e9i h\u00e9ich si w\u00e9i de M\u00ebttelw\u00e4ert, goufen dob\u00e4i rout ervirgehuewen, m\u00e9i niddreger blo.<\/p>\n<p>&#8220;Et g\u00ebtt d\u00e4itlech, dass sech d&#8217;Erwiermung an de leschte Joerz\u00e9ngten acceler\u00e9iert huet&#8221;, huet den Hoffmann per E-Mail erkl\u00e4ert. Am Joer 2024 ass d&#8217;Ofw\u00e4ichung der Grafik no op ongef\u00e9ier 2 Grad g\u00e9intiwwer dem Referenzz\u00e4itraum geklommen.<\/p>\n<p>&#8220;Am Verglach zu de globalen Entw\u00e9cklunge weist se (d&#8217;Grafik, Um. v. d. Red.) ausserdeem eng m\u00e9i staark Hausse vun der Temperatur an Europa&#8221;, huet den Hoffmann b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt. D\u00ebst w\u00e4r mat der Tatsaach z&#8217;erkl\u00e4ren, dass sech d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.eea.europa.eu\/en\/analysis\/indicators\/global-and-european-temperatures\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Loft iwwer Landmasse gronds\u00e4tzlech m\u00e9i staark erwiermt<\/a> w\u00e9i iwwer Ozeanen (<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20241209125343\/https:\/\/www.eea.europa.eu\/en\/analysis\/indicators\/global-and-european-temperatures\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>D&#8217;Undeitung, d\u00e9i mam Sharepic verm\u00ebttelt gi soll, d&#8217;global Erwiermung h\u00e4tt er\u00e9ischt mat der Gr\u00ebnnung vum Weltklimarot am Joer 1988 ugefaangen, ass awer falsch, w\u00e9i W\u00ebssenschaftlerinnen a W\u00ebssenschaftler iwwereneest\u00ebmmend erkl\u00e4ert hunn.<\/p>\n<p>Global Erwiermung huet scho virun 1988 ugefaangen<\/p>\n<p>Den Donn\u00e9e\u00eb vum <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20241212085303\/https:\/\/climate.copernicus.eu\/climate-indicators\/temperature\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Copernicus<\/a>-Klimad\u00e9ngscht vun der Europ\u00e4escher Unioun no sinn d&#8217;Temperaturen an Europa schonn z\u00ebnter dem Enn vum 19. Joerhonnert geklommen. D\u00ebs Hausse huet sech awer besonnesch an de leschte 40 Joer acceler\u00e9iert. D&#8217;Joer 2024 w\u00e4ert de Copernicus-Prognosen no mat gr\u00e9isster Warscheinlechkeet als bis elo <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20241211150213\/https:\/\/www.forschung-und-lehre.de\/zeitfragen\/copernicus-erklaert-2024-zum-waermsten-jahr-6816\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">w\u00e4ermst Joer<\/a> z\u00ebnter dem Ufank vun de Wiederopzeechnungen an d&#8217;Geschicht agoen. Och weltw\u00e4it erh\u00e9icht sech d&#8217;Vitess vun der Erwiermung z\u00ebnter den 1980er-Joren, w\u00e9i eng Copernicus-Iwwersiicht weist:<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/7f6d6e689990f9ea9e910ff66aa803cc.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/LEJ5-WFWN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Weltorganisation fir Meteorologie<\/a> (WMO) huet matgedeelt, dass d\u00e9i lescht Dekad (2011 bis 2020) mat Ofstand dat w\u00e4ermst Joerz\u00e9ngt z\u00ebnter den Opzeechnunge war &#8211; souwuel u Land w\u00e9i och am Ozean.<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20241205161847\/https:\/science.nasa.gov\/climate-change\/evidence\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Donn\u00e9e\u00eb vun der amerikanescher Weltraumagence NASA<\/a> belee\u00ebn d\u00ebs Entw\u00e9cklung och. &#8220;Eendeiteg Beweiser weisen, dass sech d&#8217;\u00c4erd mat enger beispillloser Vitess erwiermt. M\u00ebnschlech Aktivit\u00e9ite sinn dofir d&#8217;Haaptursaach&#8221;, heescht et op der Internets\u00e4it vun der NASA. Zu d\u00ebse <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20241220141218\/https:\/\/climate.ec.europa.eu\/climate-change\/causes-climate-change_de\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">m\u00ebnschlechen Aktivit\u00e9iten<\/a> zielen zum Beispill den \u00ebmmer m\u00e9i staarken Ausstouss vun Z\u00e4regasen z\u00ebnter dem Ufank vun der Industrialis\u00e9ierung, d&#8217;Verbrenne vu fossille Brennstoffer, d&#8217;Ofholze vu B\u00ebscher, d&#8217;Ausbreede vun der Landwirtschaft a m\u00e9i intensiv D\u00e9ierenzuucht.<\/p>\n<p>Iwwer de m\u00ebnschlechen Afloss op de Klimawandel herrscht w\u00ebssenschaftleche Konsens, w\u00e9i d&#8217;AFP schonn <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.32ZR9KE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">an enger Rei Faktenchecken<\/a> festgestallt huet. Eng R\u00ebtsch Experten, d\u00e9i vun der AFP befrot goufen, hunn dat \u00ebmmer nees confirm\u00e9iert. Sou huet zum Beispill de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2G94-4UFP\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Stefan Br\u00f6nnimann<\/a>, Professer fir Klimatologie um <a href=\"https:\/\/perma.cc\/DV6T-GWVA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Geographischen Institut vun der Universit\u00e4t Bern<\/a>, fir e <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.32BK73G\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Faktencheck<\/a> iwwer den Undeel vum M\u00ebnsch un der aktueller \u00c4erderwiermung g\u00e9intiwwer der AFP gesot: &#8220;De M\u00ebnsch dr\u00e9it zum majorit\u00e4ren Deel zum oflafende Klimawanel b\u00e4i&#8221;. Den <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240625095816\/https:\/\/www.univie.ac.at\/forschung\/forschung-im-ueberblick\/neue-professuren\/neue-professuren\/artikel\/univ-prof-dr-aiko-voigt-1\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Aiko Voigt<\/a>, Professer um\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/P3W9-6WYT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Institut f\u00fcr Meteorologie und Geophysik<\/a> vun der Universit\u00e4t Wien, sot an d\u00ebsem Zesummenhang: &#8220;Natierlech Undriffsfacteure spille praktesch keng Roll.&#8221;<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20241130224912\/https:\/\/tu-dresden.de\/bu\/umwelt\/hydro\/ihm\/meteorologie\/die-professur\/inhaber-in\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Matthias Mauder<\/a>, Professer fir Meteorologie op der <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240621180816\/https:\/\/tu-dresden.de\/bu\/umwelt\/hydro\/ihm\/meteorologie\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Technischen Universit\u00e4t Dresden<\/a>, sot der AFP fir e weidere <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.32CG9H7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Faktencheck<\/a> am Joer 2022: &#8220;D\u00ebs Erwiermung w\u00e4r ouni d&#8217;Verbrenne vu fossille Brennstoffer net denkbar. Soulaang d&#8217;M\u00ebnschheet weiderhin CO2 duerch d&#8217;Verbrenne vu fossille Brennstoffer an d&#8217;Atmosph\u00e4r emitt\u00e9iert, w\u00e4ert d\u00ebs Erwiermung weidergoen.&#8221;<\/p>\n<p>Am Februar 2024 huet de Klimafuerscher <a href=\"https:\/\/perma.cc\/C9P7-HRPG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Jens Tambke<\/a> vum d\u00e4itschen <a href=\"https:\/\/perma.cc\/NW73-S7KS\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Umweltbundesamt<\/a> op AFP-Ufro fir e <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.34JW2WE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Faktencheck<\/a> ge\u00e4ntwert, dass 33 Prozent vum CO2 an der Atmosph\u00e4r vum M\u00ebnsch gemaach w\u00e4ren. &#8220;An et w\u00e4ren theoreetesch souguer 50 Prozent, wann d&#8217;Ozeanen an d&#8217;Landfl\u00e4chen eis net (&#8230;) all Joer ongef\u00e9ier d&#8217;Hallschent vun eisen Emissiounen dankensw\u00e4erterweis &#8216;ofhuele&#8217; g\u00e9ifen.&#8221;<\/p>\n<p>IPCC gouf w\u00e9inst der \u00c4erderwiermung gegr\u00ebnnt<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7N79-VVJC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Weltklimarot<\/a> gouf am Joer 1988 duerch den <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20241219183235\/https:\/\/www.unep.org\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00cbmweltprogramm vun de Vereenten Natiounen<\/a> (UNEP) an d&#8217;WMO gegr\u00ebnnt. Dem Renseignement vun der <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20241222170713\/https:\/\/www.de-ipcc.de\/media\/content\/De-IPCC_Flyer_Die_Deutsche_IPCC-Koordinierungsstelle.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">D\u00e4itscher IPCC-Koordin\u00e9ierung<\/a> no hate Fuerscherinnen a Fuerscher ab der M\u00ebtt vum 20. Joerhonnert m\u00e9i dacks festgestallt, dass sech d&#8217;Atmosph\u00e4r an ongew\u00e9inlechem Mooss erwiermt an dass m\u00ebnschlech Aktivit\u00e9iten, w\u00e9i de m\u00e9i staarken Ausstouss vun Z\u00e4regasen, eng Ursaach dofir si k\u00e9inten. &#8220;Zil war et ze kl\u00e4ren, wat fir eng Gefor vum Klimawandel ausgeet a w\u00e9i dorop reag\u00e9iert k\u00e9int ginn&#8221;, sou d&#8217;Spriecherin vun der D\u00e4itscher IPCC-Koordin\u00e9ierung op AFP-Nofro den 18. Dezember 2024. De Weltklimarot g\u00e9if awer keng eege Fuerschung bedreiwen, mee g\u00e9if d\u00e9i weltw\u00e4it ver\u00ebffentlecht Erkenntnisser vu Klimaw\u00ebssenschaften zesummendroen, fir d\u00ebs w\u00ebssenschaftlech anzeuerdnen.<\/p>\n<p>Den IPCC publiz\u00e9iert reegelm\u00e9isseg <a href=\"https:\/\/perma.cc\/EAM4-HQJE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Rapporten<\/a>, d\u00e9i an der W\u00ebssenschaftscommunaut\u00e9it als <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240511124801\/https:\/\/www.lpb-bw.de\/ipcc\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">neutral, zouverl\u00e4sseg an unerkannt Quell<\/a> fir d&#8217;global Erwiermung an den aktuelle Stand vun de Klimaw\u00ebssenschaften ugesi ginn. Bei internationale Verhandlungen iwwer Klimapolitik leeschten d&#8217;IPCC-Rapporten e wichtege B\u00e4itrag.<\/p>\n<p>Am \u00e9ischten Deel vum <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240915001657\/https:\/\/www.ipcc.ch\/report\/ar6\/wg1\/downloads\/report\/IPCC_AR6_WGI_Full_Report.pdf#page=6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">sechste Sachstandsbericht<\/a>, deen den 9. August 2021 publiz\u00e9iert gi war, gouf festgehalen, dass d\u00e9i lescht v\u00e9ier Joerz\u00e9ngte jeeweils m\u00e9i waarm ware w\u00e9i all Joerz\u00e9ngt virdrun z\u00ebnter 1850. Am Bericht heescht et ausserdeem: &#8220;Et ass eendeiteg, dass den Afloss vum M\u00ebnsch d&#8217;Atmosph\u00e4r, Ozeanen an d&#8217;Landfl\u00e4chen erwiermt huet.&#8221;<\/p>\n<p>D\u00ebsen am Internet kurs\u00e9ierende Behaaptungen, deenen no et keen Zoufall si k\u00e9int, dass ausgerechent ab dem Gr\u00ebnnungsjoer vum IPCC d&#8217;Temperaturen d\u00e4itlech ze klammen ugefaangen hunn, huet d&#8217;Spriecherin vun der IPCC-Koordin\u00e9ierung d\u00e4itlech widdersprach: &#8220;D&#8217;Kausalit\u00e9it ass de G\u00e9igendeel w\u00e9i an de B\u00e4itr\u00e4g impliz\u00e9iert: Den IPCC gouf gegr\u00ebnnt, well vermutt gouf, dass d&#8217;Temperature klammen&#8221;, huet si geschriwwen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/0b461c570ad3be251b3c392e64e7dfae.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Och de Peter Hoffmann vum PIK huet d\u00e9i am Internet kurs\u00e9ierend Behaaptungen als &#8220;aus naturw\u00ebssenschaftlecher Perspektiv ons\u00ebnneg a komplett widderspr\u00e9chlech zu Prozesser, d\u00e9i no physikalesche Reegelen an Naturgesetzer oflafen&#8221; bezeechent.<\/p>\n<p>D&#8217;Tatsaach, dass den IPCC scho viru 36 Joer gegr\u00ebnnt gouf a sech d&#8217;\u00c4erd trotzdeem a be\u00e4ngschtegender Vitess weider erwierme g\u00e9if, g\u00e9if villm\u00e9i d\u00e4itlech maachen, &#8220;dass d&#8217;Accumul\u00e9iere vun Erkenntnisser aus der Klima-W\u00ebssenschaft net duergeet, fir de Klimawandel ofzebremsen&#8221;, sou den Hoffmann. &#8220;Dofir brauch et politescht Handelen iwwer d&#8217;Landesgrenzen eraus, wat offensichtlech an de leschte Joerz\u00e9ngten net spierbar stattfonnt huet.&#8221;<\/p>\n<p>Op der \u00a0<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/list\/Klima\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP-Webs\u00e4it<\/a> sinn alleguer d&#8217;Faktenchecken zum Sujet Klima gesammelt.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> Eng R\u00ebtsch Fuerschungsaarbechten a Miess-Donn\u00e9e\u00eb belee\u00ebn, dass d&#8217;global Erwiermung scho laang virun der Gr\u00ebnnung vum IPCC am Joer 1988 ugefaangen huet. Den IPCC gouf als Reaktioun op d&#8217;observ\u00e9iert \u00c4erderwiermung gegr\u00ebnnt. Et herrscht w\u00ebssenschaftleche Konsens doriwwer, dass m\u00ebnschlech Aktivit\u00e9iten zum groussen Deel fir de Klimawandel responsabel sinn.<\/p>\n<p><em>D\u00ebse Faktencheck gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>De Weltklimarot (IPCC) g\u00ebtt \u00ebmmer nees zum Zil vu klimaskepteschen Desinformatiounen. Aktuell ass e &#8220;Sharepic&#8221; a Sozialen Netzwierker am \u00cbmlaf, mat deem User e kausalen Zesummenhang t\u00ebscht klammenden Temperaturen an der Gr\u00ebnnung vum IPCC am Joer 1988 impliz\u00e9ieren.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":377451,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[189,183,234,192],"tags":[],"class_list":{"0":"post-377476","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-emwelt","8":"category-fact-check-lb","9":"category-fuerschung-studien","10":"category-wessenschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2262390","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2262390.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: De Weltklimarot gouf als Reaktioun op d&#039;global Erwiermung gegr\u00ebnnt - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: De Weltklimarot gouf als Reaktioun op d&#039;global Erwiermung gegr\u00ebnnt - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"De Weltklimarot (IPCC) g\u00ebtt \u00ebmmer nees zum Zil vu klimaskepteschen Desinformatiounen. Aktuell ass e &quot;Sharepic&quot; a Sozialen Netzwierker am \u00cbmlaf, mat deem User e kausalen Zesummenhang t\u00ebscht klammenden Temperaturen an der Gr\u00ebnnung vum IPCC am Joer 1988 impliz\u00e9ieren.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-12-28T14:00:09+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-12-30T13:13:45+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/c088a29eb0182cc2a2bc03620235c949.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1024\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"576\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"8 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: De Weltklimarot gouf als Reaktioun op d&#8217;global Erwiermung gegr\u00ebnnt\",\"datePublished\":\"2024-12-28T14:00:09+00:00\",\"dateModified\":\"2024-12-30T13:13:45+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/\"},\"wordCount\":1707,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/c088a29eb0182cc2a2bc03620235c949.jpeg\",\"articleSection\":[\"\u00cbmwelt\",\"Fact Check\",\"Fuerschung &amp; Studien\",\"W\u00ebssenschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/\",\"name\":\"Faktencheck: De Weltklimarot gouf als Reaktioun op d'global Erwiermung gegr\u00ebnnt - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/c088a29eb0182cc2a2bc03620235c949.jpeg\",\"datePublished\":\"2024-12-28T14:00:09+00:00\",\"dateModified\":\"2024-12-30T13:13:45+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/c088a29eb0182cc2a2bc03620235c949.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/c088a29eb0182cc2a2bc03620235c949.jpeg\",\"width\":1024,\"height\":576,\"caption\":\"Faktencheck: De Weltklimarot gouf als Reaktioun op d'global Erwiermung gegr\u00ebnnt - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: De Weltklimarot gouf als Reaktioun op d&#8217;global Erwiermung gegr\u00ebnnt\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: De Weltklimarot gouf als Reaktioun op d'global Erwiermung gegr\u00ebnnt - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: De Weltklimarot gouf als Reaktioun op d'global Erwiermung gegr\u00ebnnt - EDMO Belux","og_description":"De Weltklimarot (IPCC) g\u00ebtt \u00ebmmer nees zum Zil vu klimaskepteschen Desinformatiounen. Aktuell ass e \"Sharepic\" a Sozialen Netzwierker am \u00cbmlaf, mat deem User e kausalen Zesummenhang t\u00ebscht klammenden Temperaturen an der Gr\u00ebnnung vum IPCC am Joer 1988 impliz\u00e9ieren.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-12-28T14:00:09+00:00","article_modified_time":"2024-12-30T13:13:45+00:00","og_image":[{"width":1024,"height":576,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/c088a29eb0182cc2a2bc03620235c949.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"8 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: De Weltklimarot gouf als Reaktioun op d&#8217;global Erwiermung gegr\u00ebnnt","datePublished":"2024-12-28T14:00:09+00:00","dateModified":"2024-12-30T13:13:45+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/"},"wordCount":1707,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/c088a29eb0182cc2a2bc03620235c949.jpeg","articleSection":["\u00cbmwelt","Fact Check","Fuerschung &amp; Studien","W\u00ebssenschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/","name":"Faktencheck: De Weltklimarot gouf als Reaktioun op d'global Erwiermung gegr\u00ebnnt - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/c088a29eb0182cc2a2bc03620235c949.jpeg","datePublished":"2024-12-28T14:00:09+00:00","dateModified":"2024-12-30T13:13:45+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/c088a29eb0182cc2a2bc03620235c949.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/12\/c088a29eb0182cc2a2bc03620235c949.jpeg","width":1024,"height":576,"caption":"Faktencheck: De Weltklimarot gouf als Reaktioun op d'global Erwiermung gegr\u00ebnnt - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltklimarot-gouf-als-reaktioun-op-dglobal-erwiermung-gegrnnt\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: De Weltklimarot gouf als Reaktioun op d&#8217;global Erwiermung gegr\u00ebnnt"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/377476","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=377476"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/377476\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/377451"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=377476"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=377476"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=377476"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}