{"id":378183,"date":"2025-01-06T08:00:15","date_gmt":"2025-01-06T08:00:15","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=378183"},"modified":"2025-01-09T11:18:41","modified_gmt":"2025-01-09T11:18:41","slug":"faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Sketch aus dem Irak g\u00ebtt benotzt, fir angeeblech virget\u00e4uscht Affer vum Assad-Regimm duerzestellen"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p><b>\u00a9 RTL-Grafik<\/b><\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>\u00cbnnert der F\u00e9ierung vun der islamistescher Miliz Hayat Tahrir al-Scham (HTS) hate K\u00e4mpfer den 8. Dezember 2024 d&#8217;syresch Haaptstad Damaskus eruerwert an domat d&#8217;gewaltt\u00e4teg Herrschaft vum Baschar al-Assad op en Enn bruecht. Am Internet ass en angeebleche Beweisvideo am \u00cbmlaf, w\u00e9i e fr\u00e9iere Prison\u00e9ier vum Saidnaja-Prisong inzen\u00e9iere g\u00e9if, vun de fr\u00e9iere staarke Leit am Land bless\u00e9iert ginn ze sinn. A Wierklechkeet weist de Video awer Iraker, d\u00e9i zu Bagdad e Sketch dr\u00e9ien.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">D&#8217;Rebellen, d\u00e9i vun der islamistescher Miliz Hayat Tahrir al-Scham (HTS) ugef\u00e9iert ginn, haten den 8. Dezember 2024 d&#8217;Muecht a Syrien iwwerholl an de fr\u00e9iere President Baschar al-Assad verdriwwen, deem seng Famill d&#8217;Land iwwer f\u00ebnnef Joerz\u00e9ngte laang reg\u00e9iert hat. Den Herrscher, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/P8FY-ULDW\">deem Entf\u00e9ierung, Folter an Ermordung vun Anescht-denkende reproch\u00e9iert<\/a> g\u00ebtt, ass a Russland gefl\u00fccht. Doropshi goufen Anlage w\u00e9i de Saidnaja-Prisong bei Damaskus befreit. Do soll den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2597-H4PV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Assad-Regimm<\/a> M\u00ebnscherechtsorganisatiounen no Leit gefoltert an \u00ebmbruecht hunn.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Am Internet hu User elo awer a Fro gestallt, ob d\u00ebs Berichter der Wourecht entspriechen, andeem si beispillsweis e <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/63b74bb8-f8b4-4eaa-ac22-47d8d85a6d58\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Video<\/a> gedeelt hunn, deen als Inzen\u00e9ierung vun engem Syrer duergestallt g\u00ebtt. De Behaaptungen no soll de Mann am Clip just sou maachen, w\u00e9i wann hien \u00ebnner dem Baschar al-Assad am Saidnaja-Prisong bless\u00e9iert gouf. <em>&#8220;Dem Assad s\u00e4i &#8216;Folteraffer&#8217; spr\u00e9ngt op s\u00e4i &#8216;krankt&#8217; Been, bis hien eng hanner d&#8217;Ouere kritt&#8221;<\/em>, huet ee vun de ville User op <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/4c7ed584-9869-466b-a948-ae5229c9f245\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a> geschriwwen. Am weideren Text huet hie komment\u00e9iert: <em>&#8220;D&#8217;Medie ginn net midd, de gestierzte syresche President Baschar al-Assad als &#8216;Diktator&#8217;, als &#8216;bluttr\u00ebnschtege Schluechter&#8217;, als d&#8217;Inkarnatioun vum B\u00e9isen ze d\u00e4monis\u00e9ieren.&#8221;<\/em><\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Am ongef\u00e9ier 10 Sekonne laange Video kl\u00ebmmt e Mann mat agegipstem rietse Been aus engem Taxi. Den angeeblech Gefolterte st\u00e4ipt sech fir d&#8217;\u00e9ischt op s\u00e4i bless\u00e9iert Been &#8211; bis den Taxichauffer him mat engem Schlag op den Hannerkapp ze verstoe g\u00ebtt, dass hien d&#8217;Bee wiessele soll.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/d700b51baef86ed65a13ced2b7a81447.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Och op de Plattformen <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7JN4-D9AY\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/K8VE-N5B7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram<\/a> ass de Video inklusiv der Behaaptung, dass den amerikanesche Sender CNN d&#8217;Opnamen diffus\u00e9iert h\u00e4tt, am \u00cbmlaf.<\/p>\n<p>D&#8217;Sequenz gouf och an anere Sprooche verbreet, dor\u00ebnner op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/GPL4-X2FH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Englesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7GMH-ZT4P\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Spuenesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/294M-E7NM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Chineesesch<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/H8YY-6A9V\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Italieenesch<\/a>. Behaaptungen op <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/doc.afp.com.36QG7B3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Frans\u00e9isch<\/a>, <a href=\"https:\/\/proveri.afp.com\/doc.afp.com.36QQ99E\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bulgaresch<\/a> souw\u00e9i op <a href=\"https:\/\/verificat.afp.com\/doc.afp.com.36QP8QG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Rum\u00e4nesch<\/a> huet d&#8217;AFP schonn iwwerpr\u00e9ift. D&#8217;AFP huet och keng Hiweiser dorop fonnt, dass CNN d\u00ebse Video diffus\u00e9iert h\u00e4tt.<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">Am Ufank war den Humor<\/p>\n<p>Fir den Uert vum Tournage ze best\u00ebmmen, huet d&#8217;AFP eng\u00a0<a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=Ez5o69CeXUw&amp;t=3s\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00ebmgek\u00e9iert Billersich<\/a> mat Sequenzen aus dem Video duerchgef\u00e9iert. D&#8217;Resultat war eng Versioun vum Clip a besserer Qualit\u00e9it, d\u00e9i eng Telefonsnummer an de Schr\u00ebftzuch &#8220;x_hayder_r&#8221; op engem Taxi erkenne l\u00e9isst. Eng <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=51u0SkyaAA0&amp;list=PL_tN7HuGt39pbSAghdwArQ2Ij1oPzJfHo&amp;index=11\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">erweidert Sich am Internet<\/a> mat d\u00ebsen Informatiounen huet zum <a href=\"https:\/\/www.instagram.com\/p\/DDUhyk8sa7h\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Instagram-Kont<\/a> vun der Persoun gef\u00e9iert, d\u00e9i de Video urspr\u00e9nglech den 8. Dezember 2024 gedeelt hat (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/V9ZM-GE36\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/bd9461d98a6de2991daf7846359491c0.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>A senger Instagram-Beschreiwung ernimmt den Notzer, dass him e Buttek am V\u00e9ierel <a href=\"https:\/\/perma.cc\/S6GN-VEHL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">al-Kadhimiya<\/a> zu Bagdad geh\u00e9iere g\u00e9if, dat sech an der G\u00e9igend vun enger Pompjeeskas\u00e4r bef\u00ebnnt. Ausserdeem sinn am Hannergrond vum Video Nimm vu Restauranten op Arabesch ze erkennen. Der Iwwersetzung vu Google Lens no bef\u00ebnnt sech am Hannergrond e Falafel-Buttek.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/6f35299d50848b39806bf0de105d38fd.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D\u00ebsen Hiweis h\u00eblleft dob\u00e4i, d\u00e9i genee Plaz, wou de Video gedr\u00e9it gouf, erauszefannen. Eng Sich no Falafel-Restauranten op Google Earth Pro am Quartier al-Kadhimiya zu Bagdad huet der AFP de genee\u00ebn Uert vum Tournage\u00a0geliwwert.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/310856798834baee62aee796abb4cbbb.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>De Video gouf also zu Bagdad gedr\u00e9it.<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">CNN dement\u00e9iert Diffusioun<\/p>\n<p>Mat enger <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=51u0SkyaAA0&amp;list=PL_tN7HuGt39pbSAghdwArQ2Ij1oPzJfHo&amp;index=11\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">St\u00e9chwierdersich<\/a> konnt d&#8217;AFP ausserdeem keng Resultater iwwer d&#8217;Behaaptung fannen, CNN h\u00e4tt de Video diffus\u00e9iert, w\u00e9i eng Rei User an d\u00e4itsche\u00a0<a href=\"https:\/\/vault.factcheckinsights.org\/authors\/facebook\/054c5bc5-955e-4fa5-a269-a8a921a1d23a\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-Posts<\/a> behaapt hunn.<\/p>\n<p>Op AFP-Ufro huet eng Spriecherin vum Noriichtesender den 19. Dezember 2024 ge\u00e4ntwert: <em>&#8220;CNN huet d\u00ebst Filmmaterial op kenger vu senge Plattformen diffus\u00e9iert oder ver\u00ebffentlecht.&#8221;<\/em><\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">Video war virdru schonn am \u00cbmlaf<\/p>\n<p>AFP-Recherchen hunn erginn, dass de selwechte Video scho virdru vun Notzer mat anere falsche Behaaptungen op Internetplattforme gedeelt gi war. <em>&#8220;Schonn nees Pallywood (Uspillung op Pal\u00e4stina an Hollywood, Um. v. d. Red.)! E Schauspiller aus Gaza g\u00ebtt sech als &#8216;Affer&#8217; aus, benotzt awer aus Versinn de falsche Fouss, andeems hie mat engem angeeblech gebrachene Fouss hippt. Dat nennt Dir V\u00eblkermord!&#8221;<\/em>, huet et zum Beispill an engem\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/2QCU-3364\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">frans\u00e9ische B\u00e4itrag op X<\/a> vum 13. Dezember 2024 geheescht.<\/p>\n<p>W\u00e9inst de propag\u00e9ierte Behaaptungen huet den Auteur vum Video selwer mat engem Dementi reag\u00e9iert a vers\u00e9chert, dass de Video zu Bagdad opgeholl gi w\u00e4r a virun allem, dass et humorvoll gemengt gewiescht w\u00e4r. D&#8217;Opnam h\u00e4tt kee Bezuch zur Situatioun an anere L\u00e4nner.<\/p>\n<p><em>&#8220;D\u00ebse Video gouf am Irak, zu Bagdad, mee prezis am Staddeel al-Kadhimiya opgeholl&#8221;<\/em>, huet den Notzer <a href=\"https:\/\/perma.cc\/W4WD-ZQZ9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;x_hayder_r&#8221;<\/a>\u00a0 de 14. Dezember 2024 op Arabesch op Instagram matgedeelt. <em>&#8220;De Video gouf 25 Millioune Mol ugekuckt. En humorvolle Video, deen Dir jonke Pal\u00e4stinenser zouschreift an duerstellt, w\u00e9i wann en a Gaza spillt. Wat huet dat mat Gaza ze dinn, sot mir dat?&#8221;<\/em>, huet hien nach b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt.<\/p>\n<p>Z\u00ebnter dem Ufank vum Krich t\u00ebscht Israel an der Hamas de 7. Oktober 2023 ginn eng R\u00ebtsch Videoen a Fotoen aus dem Zesummenhang gerappt a gedeelt, fir <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4EN5-FYDY\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">d&#8217;\u00ebffentlech Meenung ze beaflossen<\/a>. Munch Internetnotzer \u00ebnnerstelle Pal\u00e4stinenser zum Beispill, vermeintlech Inzen\u00e9ierungen, fir d\u00e9i eege Verloschter an d&#8217;Luucht ze dreiwen. D\u00ebse Virworf ass dacks mam Begr\u00ebff &#8220;Pallywood&#8221;, enger Zesummesetzung vun de Begr\u00ebffer &#8220;Pal\u00e4stina&#8221; an &#8220;Hollywood&#8221;, am \u00cbmlaf.<\/p>\n<p>Och z\u00ebnter dem Fall vum Baschar al-Assad sinn am Internet eng R\u00ebtsch falsch oder aus dem Kontext gerappt Biller \u00ebnnerwee. Munch gi f\u00e4lschlecherweis als Beleeg fir Gewaltvirw\u00ebrf \u00ebnnert der Assad-F\u00e9ierung ausginn, wat d&#8217;AFP zum Beispill op <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/doc.afp.com.36PX8J7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Frans\u00e9isch<\/a> iwwerpr\u00e9ift huet. An anere B\u00e4itr\u00e4g g\u00ebtt mat engem ale Video <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.36QC2H2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">f\u00e4lschlecherweis<\/a> virun engem &#8220;Stuerm&#8221; vu Fl\u00fcchtlingen op Europa gewarnt.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> E villfach gedeelte Video weist kee Syrer, dee virg\u00ebtt, vum Assad-Regimm bless\u00e9iert ginn ze sinn. D&#8217;Opnam staamt vun engem Iraker, deen e Sketch zu Bagdad opgeholl an op Instagram gedeelt huet.<\/p>\n<p><em>D\u00ebse Faktencheck gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>\u00cbnnert der F\u00e9ierung vun der islamistescher Miliz Hayat Tahrir al-Scham (HTS) hate K\u00e4mpfer den 8. Dezember 2024 d&#8217;syresch Haaptstad Damaskus eruerwert an domat d&#8217;gewaltt\u00e4teg Herrschaft vum Baschar al-Assad op en Enn bruecht. Am Internet ass en angeebleche Beweisvideo am \u00cbmlaf, w\u00e9i e fr\u00e9iere Prison\u00e9ier vum Saidnaja-Prisong inzen\u00e9iere g\u00e9if, vun de fr\u00e9iere staarke Leit am Land bless\u00e9iert ginn ze sinn. A Wierklechkeet weist de Video awer Iraker, d\u00e9i zu Bagdad e Sketch dr\u00e9ien.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":378158,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,183,193,402,191,531],"tags":[],"class_list":{"0":"post-378183","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-editors-choice-lu","8":"category-fact-check-lb","9":"category-gesellschaft","10":"category-noen-osten","11":"category-politik","12":"category-syrien"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2263832","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2263832.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Sketch aus dem Irak g\u00ebtt benotzt, fir angeeblech virget\u00e4uscht Affer vum Assad-Regimm duerzestellen - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Sketch aus dem Irak g\u00ebtt benotzt, fir angeeblech virget\u00e4uscht Affer vum Assad-Regimm duerzestellen - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"\u00cbnnert der F\u00e9ierung vun der islamistescher Miliz Hayat Tahrir al-Scham (HTS) hate K\u00e4mpfer den 8. Dezember 2024 d&#039;syresch Haaptstad Damaskus eruerwert an domat d&#039;gewaltt\u00e4teg Herrschaft vum Baschar al-Assad op en Enn bruecht. Am Internet ass en angeebleche Beweisvideo am \u00cbmlaf, w\u00e9i e fr\u00e9iere Prison\u00e9ier vum Saidnaja-Prisong inzen\u00e9iere g\u00e9if, vun de fr\u00e9iere staarke Leit am Land bless\u00e9iert ginn ze sinn. A Wierklechkeet weist de Video awer Iraker, d\u00e9i zu Bagdad e Sketch dr\u00e9ien.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2025-01-06T08:00:15+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2025-01-09T11:18:41+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/c4d5f1c19044b25654ad0041923ca89f.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1024\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"576\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"6 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Sketch aus dem Irak g\u00ebtt benotzt, fir angeeblech virget\u00e4uscht Affer vum Assad-Regimm duerzestellen\",\"datePublished\":\"2025-01-06T08:00:15+00:00\",\"dateModified\":\"2025-01-09T11:18:41+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/\"},\"wordCount\":1082,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/c4d5f1c19044b25654ad0041923ca89f.jpeg\",\"articleSection\":[\"Editor's Choice Slider LU\",\"Fact Check\",\"Gesellschaft\",\"Noen Osten\",\"Politik\",\"Syrien\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/\",\"name\":\"Faktencheck: Sketch aus dem Irak g\u00ebtt benotzt, fir angeeblech virget\u00e4uscht Affer vum Assad-Regimm duerzestellen - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/c4d5f1c19044b25654ad0041923ca89f.jpeg\",\"datePublished\":\"2025-01-06T08:00:15+00:00\",\"dateModified\":\"2025-01-09T11:18:41+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/c4d5f1c19044b25654ad0041923ca89f.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/c4d5f1c19044b25654ad0041923ca89f.jpeg\",\"width\":1024,\"height\":576,\"caption\":\"Faktencheck: Sketch aus dem Irak g\u00ebtt benotzt, fir angeeblech virget\u00e4uscht Affer vum Assad-Regimm duerzestellen - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Sketch aus dem Irak g\u00ebtt benotzt, fir angeeblech virget\u00e4uscht Affer vum Assad-Regimm duerzestellen\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Sketch aus dem Irak g\u00ebtt benotzt, fir angeeblech virget\u00e4uscht Affer vum Assad-Regimm duerzestellen - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Sketch aus dem Irak g\u00ebtt benotzt, fir angeeblech virget\u00e4uscht Affer vum Assad-Regimm duerzestellen - EDMO Belux","og_description":"\u00cbnnert der F\u00e9ierung vun der islamistescher Miliz Hayat Tahrir al-Scham (HTS) hate K\u00e4mpfer den 8. Dezember 2024 d'syresch Haaptstad Damaskus eruerwert an domat d'gewaltt\u00e4teg Herrschaft vum Baschar al-Assad op en Enn bruecht. Am Internet ass en angeebleche Beweisvideo am \u00cbmlaf, w\u00e9i e fr\u00e9iere Prison\u00e9ier vum Saidnaja-Prisong inzen\u00e9iere g\u00e9if, vun de fr\u00e9iere staarke Leit am Land bless\u00e9iert ginn ze sinn. A Wierklechkeet weist de Video awer Iraker, d\u00e9i zu Bagdad e Sketch dr\u00e9ien.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2025-01-06T08:00:15+00:00","article_modified_time":"2025-01-09T11:18:41+00:00","og_image":[{"width":1024,"height":576,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/c4d5f1c19044b25654ad0041923ca89f.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"6 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Sketch aus dem Irak g\u00ebtt benotzt, fir angeeblech virget\u00e4uscht Affer vum Assad-Regimm duerzestellen","datePublished":"2025-01-06T08:00:15+00:00","dateModified":"2025-01-09T11:18:41+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/"},"wordCount":1082,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/c4d5f1c19044b25654ad0041923ca89f.jpeg","articleSection":["Editor's Choice Slider LU","Fact Check","Gesellschaft","Noen Osten","Politik","Syrien"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/","name":"Faktencheck: Sketch aus dem Irak g\u00ebtt benotzt, fir angeeblech virget\u00e4uscht Affer vum Assad-Regimm duerzestellen - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/c4d5f1c19044b25654ad0041923ca89f.jpeg","datePublished":"2025-01-06T08:00:15+00:00","dateModified":"2025-01-09T11:18:41+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/c4d5f1c19044b25654ad0041923ca89f.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/c4d5f1c19044b25654ad0041923ca89f.jpeg","width":1024,"height":576,"caption":"Faktencheck: Sketch aus dem Irak g\u00ebtt benotzt, fir angeeblech virget\u00e4uscht Affer vum Assad-Regimm duerzestellen - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-sketch-aus-dem-irak-gtt-benotzt-fir-angeeblech-virgetuscht-affer-vum-assad-regimm-duerzestellen\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Sketch aus dem Irak g\u00ebtt benotzt, fir angeeblech virget\u00e4uscht Affer vum Assad-Regimm duerzestellen"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/378183","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=378183"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/378183\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/378158"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=378183"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=378183"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=378183"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}