{"id":379508,"date":"2025-01-13T14:00:29","date_gmt":"2025-01-13T14:00:29","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=379508"},"modified":"2025-01-14T09:36:12","modified_gmt":"2025-01-14T09:36:12","slug":"rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/","title":{"rendered":"RTL-Faktencheck: Ass de V\u00eblosfuerer bei engem Accident mat engem Foussg\u00e4nger automatesch am Feeler?"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p>Am Code de la Route steet et ganz kloer: Als V\u00eblosfuerer d\u00e4erf ee just bis zum Alter vun 13 Joer um Trottoir fueren, duerno muss een d&#8217;Strooss oder de V\u00ebloswee benotzen.<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Ma w\u00e9i eng Reegele g\u00ebllen op &#8220;hybriden&#8221; Wee\u00ebr, d\u00e9i souwuel eng Plaz fir Foussg\u00e4nger, w\u00e9i och fir V\u00eblosfuerer virgesinn? Wien ass responsabel, wann et op esou enger Streck zu engem Accident t\u00ebscht Foussg\u00e4nger a V\u00eblosfuerer k\u00ebnnt? Ass do wierklech automatesch de V\u00eblosfuerer am Feeler, w\u00e9i g\u00e4ren emol behaapt g\u00ebtt?<\/p>\n<p>\u00cbnnert anerem mat d\u00ebse Froen hu mir eis un de Mobilit\u00e9itsministere geriicht. D&#8217;Spriecherin vum Minist\u00e8re, d&#8217;Kim Vo, weist dorops hin, datt hei fir d&#8217;\u00e9ischt emol ze \u00ebnnerscheeden ass, \u00ebm w\u00e9i eng Zort &#8220;hybride&#8221; Wee et sech handelt.<\/p>\n<p class=\"article-title\">W\u00e9i eng Zorte V\u00ebloswee\u00ebr g\u00ebtt et?<\/p>\n<p>Am wichtegsten ass et, bei &#8220;hybride&#8221; Wee\u00ebr t\u00ebscht dem <a href=\"https:\/\/veloplangen.lu\/brochures\/I-07.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">getrennte Wee fir Foussg\u00e4nger a V\u00eblosfuerer<\/a> an dem <a href=\"https:\/\/veloplangen.lu\/brochures\/I-08.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">gemeinsame Wee fir Foussg\u00e4nger a V\u00eblosfuerer<\/a> ze \u00ebnnerscheeden.<\/p>\n<p>Op engem <strong>getrennte Wee fir Foussg\u00e4nger a Cyclisten<\/strong>, w\u00e9i se dacks bannent Uertschafte virk\u00ebnnt, deele sech d\u00e9i zwee zwar theoretesch d\u00e9i n\u00e4mmlecht Infrastruktur, ma de Wee ass kloer an zwee Ber\u00e4icher opgedeelt.<em> &#8220;De V\u00eblosfuerer d\u00e4erf net um Foussg\u00e4nger senger Fl\u00e4ch fueren an de Foussg\u00e4nger net um V\u00eblosfuerer senger tr\u00ebppelen&#8221;<\/em>, heescht et aus dem Minist\u00e8re. D\u00e9i zwou Fl\u00e4che sollen idealerweis taktil vunenee getrennt sinn a sech och duerch verschidde Beleeg a Faarwe vuneneen \u00ebnnerscheeden. D\u00ebs Zort vu Wee ass physesch vum Autostrafic getrennt a g\u00ebtt mat engem ronnen oder quadratesche Sch\u00ebld, op deem V\u00eblo a Foussg\u00e4nger duerch ee vertikale Str\u00e9ch getrennt sinn, gezeechent.<\/p>\n<p>Donieft g\u00ebtt et awer och nach dee sougenannte <strong>gemeinsame Wee fir Foussg\u00e4nger a V\u00eblosfuerer<\/strong>, op d\u00e4r b\u00e9id Gruppe sech eng Fl\u00e4ch deele mussen. Si sinn hei gl\u00e4ichberechtegt a mussen een op deen aneren Uecht ginn. Fir d&#8217;S\u00e9cherheet sollen dem Minist\u00e8re no hei verschidde Standarden agehale ginn:\u00a0<em>&#8220;Och wann et an der Praxis leider all ze oft net de Fall ass, sollt esou eng Infrastruktur sech faarflech oder duerch de Belag vun engem \u201cnormalen Trottoir\u201d \u00ebnnerscheeden, eng gew\u00ebssen hindernisfr\u00e4i Mindestbreet hunn, an n\u00ebmmen op Plazen ze fanne sinn, wou w\u00e9ineg Foussg\u00e4nger a V\u00eblosfuerer sinn.&#8221; <\/em>Ausgesch\u00ebldert sinn d\u00ebs Wee\u00ebr mat engem ronnen oder quadratesche Sch\u00ebld, op deem Foussg\u00e4nger a Cyclisten zesummen ze gesi sinn.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/0feeda347bebdc5e289b19e9fe2c3ddf.jpeg\" \/>E Beispill vun engem getrennte Wee fir Foussg\u00e4nger a Cyclisten an der Stad. \/ \u00a9 RTL-Archiv<img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/163cee692d504c5ff8a4e3cf5bec607b.jpeg\" \/>E Beispill fir ee gemeinsame Wee fir Foussg\u00e4nger a V\u00eblosfuerer. \/ \u00a9 RTL-Archiv<i>Les photos diffus\u00e9es sur ce site sont soumises \u00e0 des droits d\u2019auteurs et ne peuvent \u00eatre copi\u00e9es, modifi\u00e9es, vendues, sans l\u2019autorisation pr\u00e9alable du propri\u00e9taire du site en question.<\/i><\/p>\n<p>Aner Zorte vu V\u00ebloswee\u00ebr sinn dann och nach d\u00e9i sougenannten <strong>&#8220;Voies suggestives&#8221;<\/strong>, d\u00e9i zwar vun Autoe befuer dierfe ginn, ma dem Cyclist mat enger gestr\u00e9chelter Linn de Wee weisen, oder richteg <strong>&#8220;Voies cyclables&#8221;<\/strong>, d\u00e9i d&#8217;V\u00eblosstreck mat engem duerchgezunnene Str\u00e9ch vum Rescht vum Trafic trennen an d\u00e9i net vun anere Gefierer dierfe benotzt ginn. <strong>&#8220;Richteg&#8221; V\u00ebloswee\u00ebr<\/strong>, op deene weder Foussg\u00e4nger nach de motoris\u00e9ierten Trafic eppes ze sichen hunn, an an deenen d&#8217;V\u00ebloen an E-Trottinette bi-directionnel fueren, ginn et der uechter d&#8217;Land net esou vill. Ee Beispill ass d&#8217;V\u00eblospist um Kierchbierg laanscht den Tram.<\/p>\n<p>Weider Informatiounen zu de verschiddenen Zorte V\u00ebloswee\u00ebr an d&#8217;Reegelen, d\u00e9i hei g\u00ebllen, <a href=\"https:\/\/veloplangen.lu\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">fannt Dir op www.veloplangen.lu.<\/a><\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/c943da77ba27ca75a34709ae915a3603.png\" \/>E Beispill vun enger &#8220;Voie suggestive&#8221;. \/ \u00a9 RTL-Archiv<img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/292735ec02e4a0459528a025d928ab38.png\" \/>E Beispill vun enger &#8220;Voie cyclable&#8221;, d\u00e9i just fir de V\u00eblosfuerer ass. Hei op enger Plaz \u00ebnnerbrach, fir den Autoen d&#8217;M\u00e9iglechkeet ze ginn, ofzeb\u00e9ien. \/ \u00a9 RTL-Archiv<img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/b13948c70cb456d7ec4bb078b5c3f0e9.jpeg\" \/>E Beispill vun engem V\u00ebloswee, deen an zwou Richtunge geet a just fir de V\u00eblosfuerer ass. \/ \u00a9 RTL-Archiv<i>Les photos diffus\u00e9es sur ce site sont soumises \u00e0 des droits d\u2019auteurs et ne peuvent \u00eatre copi\u00e9es, modifi\u00e9es, vendues, sans l\u2019autorisation pr\u00e9alable du propri\u00e9taire du site en question.<\/i><\/p>\n<p class=\"article-title\">W\u00e9i eng Viraussetzunge mussen &#8220;hybrid&#8221; Wee\u00ebr erf\u00ebllen?<\/p>\n<p>Ee &#8220;Chemin mixte&#8221;, dee sech Foussg\u00e4nger a Cycliste gl\u00e4ichberechtegt deelen, ass vun enger Mindestbreet vun zwee Meter m\u00e9iglech. <em>&#8220;Dat entspr\u00e9cht der Breet, d\u00e9i n\u00e9ideg ass, fir dass e V\u00eblo e Foussg\u00e4nger oder en anere V\u00eblo kr\u00e4ize kann&#8221;<\/em>, esou de Minist\u00e8re. Geet d\u00ebse Wee direkt laanscht d&#8217;Strooss, muss nach emol eng S\u00e9cherheetsstr\u00e4if vun engem hallwe Meter dob\u00e4igerechent ginn. An Uertschafte sinn dow\u00e9inst generell op d&#8217;mannst 2,5 Meter fir e gemeinsame Wee fir Foussg\u00e4nger a V\u00eblosfuerer virgesinn, op deem dann och m\u00e9iglechst keng Hindernisser, w\u00e9i Luuchtepottoen, Stroumk\u00ebschten, Poubellen oder Sch\u00eblder stoe sollten.<\/p>\n<p>Net iwwerall ass allerd\u00e9ngs garant\u00e9iert, datt V\u00eblosfuerer a Foussg\u00e4nger sech op d\u00ebse Strecke mat genuch Ofstand aus dem Wee goe k\u00ebnnen. Dofir ginn et d\u00e9i quadratesch Sch\u00eblder, d\u00e9i et de Cyclisten erlaben, selwer ze decid\u00e9ieren, ob si l\u00e9iwer op der Strooss oder um V\u00ebloswee fuere w\u00ebllen.<\/p>\n<p>Bei engem getrennte Wee fir Foussg\u00e4nger a Cycliste l\u00e4it d\u00e9i minimal Breet bei op d&#8217;mannst 3,5 Meter fir de bi-directionelle V\u00eblosverk\u00e9ier (2 Meter fir de V\u00eblo an 1,5 Meter fir de Foussg\u00e4nger) a bei 2,5 Meter fir den ees\u00e4itege V\u00eblosverk\u00e9ier (1 Meter fir de V\u00eblo an 1,5 Meter fir de Foussg\u00e4nger). Bei d\u00ebser Zort vu Wee ass et allerd\u00e9ngs w\u00e9i gesot wichteg, datt sech de Foussg\u00e4nger- an de V\u00eblosber\u00e4ich optesch an taktil vuneneen \u00ebnnerscheeden. Wann et op enger Plat ze enk g\u00ebtt, kann de getrennte Wee fir d\u00ebsen Deel och an ee Chemin mixte \u00ebmgewandelt ginn?<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/veloplangen.lu\/simulateur\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Iwwert de Simulator op veloplangen.lu<\/a> k\u00ebnnt Dir eng Iddi kr\u00e9ien, ob e V\u00ebloswee an \u00c4rer Strooss m\u00e9iglech wier. Den Outil g\u00ebtt allerd\u00e9ngs just eng Indikatioun &#8211; fir d&#8217;\u00cbmsetzung mussen d&#8217;Konditiounen au cas par cas evalu\u00e9iert ginn.<\/p>\n<p class=\"article-title\">Wien ass dann elo am Feeler, wann eppes geschitt?<\/p>\n<p>Fir d\u00ebs Fro ze be\u00e4ntwerten, muss ee fir d&#8217;\u00e9ischt emol w\u00ebssen, op w\u00e9i enger Zort Wee den Accident geschitt ass. War de Foussg\u00e4nger op engem Ber\u00e4ich, dee fir de V\u00eblo reserv\u00e9iert ass, war de V\u00eblo am Foussg\u00e4ngerber\u00e4ich, oder war den Accident op engem Wee, dee b\u00e9id Gruppe sech deele mussen oder sollen?<\/p>\n<p><em>&#8220;En Trottoir ass per Definitioun fir de Foussg\u00e4nger reserv\u00e9iert&#8221;<\/em>, esou Minist\u00e8re.<em> &#8220;Ausser dem Foussg\u00e4nger dierfen do n\u00ebmme Kanner \u00ebnner 13 Joer an Erwuessener, d\u00e9i e Kand begleeden, mam V\u00eblo fueren. Dat \u00ebnnert der Konditioun, dass se keen h\u00ebnneren oder a Gefor br\u00e9ngen.&#8221;<\/em> (Art. 162bis vum Code de la Route).<\/p>\n<p>Ma dat g\u00ebllt n\u00ebmme fir Fl\u00e4chen, d\u00e9i just de Foussg\u00e4nger virbehale sinn. <em>&#8220;Wann d\u2019 Besch\u00eblderung awer explizit d\u2019Fuere mam V\u00eblo op engem Wee erlaabt, wat een duerch eng kloer Besch\u00eblderung erkenne kann, dann handelt et sech net m\u00e9i em en Trottoir (&#8230;). An deem Fall d\u00e4erf oder muss een do mam V\u00eblo do fueren.&#8221;<\/em><\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/9c375ba106411aeddcaf6360129e0592.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 RTL-Archiv<\/p>\n<p><em>&#8220;D\u2019Responsabilit\u00e9itsfro ass net esou einfach ze be\u00e4ntwerten a kann nach vun enger Rei anere Facteuren ofh\u00e4nken&#8221;<\/em>, prezis\u00e9iert de Minist\u00e8re. Wann de V\u00eblo op enger Fl\u00e4ch fir d&#8217;Foussg\u00e4nger \u00ebnnerwee war, wier de Cyclist am Feeler, ma d&#8217;Verhale vun anere wier och wichteg. En Accident op enger Streck, d\u00e9i V\u00eblo a Foussg\u00e4nger sech deelen, misst nach m\u00e9i nuanc\u00e9iert gekuckt ginn.<\/p>\n<p><em>&#8220;En Accident ass meeschtens eng Usammlung vu verschidden Elementer. De Code de la route kennt och eng Rei aner Verhalensreegelen, d\u00e9i op d\u2019g\u00e9iges\u00e4itegt Oppasse verweisen, d\u00e9i soen, dass een zu all Moment bei enger Gefor muss k\u00ebnne bremsen oder ausw\u00e4ichen, dass ee verschidde Man\u00f6ver n\u00ebmmen ausf\u00e9ieren dierf, wann ee sech vergew\u00ebssert huet, dass ee se ausf\u00e9iere kann, ouni en aneren a Gefor ze br\u00e9ngen, asw.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>Fazit: De V\u00eblosfuerer ass zwar net onbed\u00e9ngt automatesch am Feeler, en ass gehalen, op d\u00e9i aner Memberen am Stroosseverk\u00e9ier opzepassen. Och de Foussg\u00e4nger huet do eng Responsabilit\u00e9it.<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/police.public.lu\/de\/prevention\/securite-routiere\/conseils-securite-usagers-de-la-route\/cyclistes.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">D&#8217;Konditiounen, d\u00e9i ee V\u00eblo muss erf\u00eblle fir stroossentauglech ze sinn, fannt Dir iwwerdeems hei.<\/a> Hei fannt Dir ausserdeem och nach <a href=\"https:\/\/police.public.lu\/de\/prevention\/securite-routiere\/conseils-securite-usagers-de-la-route\/cyclistes.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">eng ganz Rei Recommandatioune vun der Police, fir engem Accident m\u00e9iglechst aus dem Wee ze goen.<\/a><\/p>\n<p><em>Hutt Dir Froen oder Ureegunge fir aner Themen? Da mellt Iech \u00ebnnert d\u00ebser E-Mail-Adress bei der RTL-Faktencheckredaktioun: faktencheck@rtl.lu<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Am Code de la Route steet et ganz kloer: Als V\u00eblosfuerer d\u00e4erf ee just bis zum Alter vun 13 Joer um Trottoir fueren, duerno muss een d&#8217;Strooss oder de V\u00ebloswee benotzen.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":379473,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[188,470,183,193],"tags":[],"class_list":{"0":"post-379508","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-de-choix-vun-der-redaktioun","8":"category-editors-choice-lu","9":"category-fact-check-lb","10":"category-gesellschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2265309","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"\u00a9 RTL-Archiv","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2265309.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>RTL-Faktencheck: Ass de V\u00eblosfuerer bei engem Accident mat engem Foussg\u00e4nger automatesch am Feeler? - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"RTL-Faktencheck: Ass de V\u00eblosfuerer bei engem Accident mat engem Foussg\u00e4nger automatesch am Feeler? - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Am Code de la Route steet et ganz kloer: Als V\u00eblosfuerer d\u00e4erf ee just bis zum Alter vun 13 Joer um Trottoir fueren, duerno muss een d&#039;Strooss oder de V\u00ebloswee benotzen.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2025-01-13T14:00:29+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2025-01-14T09:36:12+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/61b9973b3a1cf16f7a0766bb3eda2293.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"7 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"RTL-Faktencheck: Ass de V\u00eblosfuerer bei engem Accident mat engem Foussg\u00e4nger automatesch am Feeler?\",\"datePublished\":\"2025-01-13T14:00:29+00:00\",\"dateModified\":\"2025-01-14T09:36:12+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/\"},\"wordCount\":1520,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/61b9973b3a1cf16f7a0766bb3eda2293.jpeg\",\"articleSection\":[\"De Choix vun der Redaktioun\",\"Editor's Choice Slider LU\",\"Fact Check\",\"Gesellschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/\",\"name\":\"RTL-Faktencheck: Ass de V\u00eblosfuerer bei engem Accident mat engem Foussg\u00e4nger automatesch am Feeler? - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/61b9973b3a1cf16f7a0766bb3eda2293.jpeg\",\"datePublished\":\"2025-01-13T14:00:29+00:00\",\"dateModified\":\"2025-01-14T09:36:12+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/61b9973b3a1cf16f7a0766bb3eda2293.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/61b9973b3a1cf16f7a0766bb3eda2293.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"RTL-Faktencheck: Ass de V\u00eblosfuerer bei engem Accident mat engem Foussg\u00e4nger automatesch am Feeler? - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"RTL-Faktencheck: Ass de V\u00eblosfuerer bei engem Accident mat engem Foussg\u00e4nger automatesch am Feeler?\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"RTL-Faktencheck: Ass de V\u00eblosfuerer bei engem Accident mat engem Foussg\u00e4nger automatesch am Feeler? - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"RTL-Faktencheck: Ass de V\u00eblosfuerer bei engem Accident mat engem Foussg\u00e4nger automatesch am Feeler? - EDMO Belux","og_description":"Am Code de la Route steet et ganz kloer: Als V\u00eblosfuerer d\u00e4erf ee just bis zum Alter vun 13 Joer um Trottoir fueren, duerno muss een d'Strooss oder de V\u00ebloswee benotzen.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2025-01-13T14:00:29+00:00","article_modified_time":"2025-01-14T09:36:12+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/61b9973b3a1cf16f7a0766bb3eda2293.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"7 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"RTL-Faktencheck: Ass de V\u00eblosfuerer bei engem Accident mat engem Foussg\u00e4nger automatesch am Feeler?","datePublished":"2025-01-13T14:00:29+00:00","dateModified":"2025-01-14T09:36:12+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/"},"wordCount":1520,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/61b9973b3a1cf16f7a0766bb3eda2293.jpeg","articleSection":["De Choix vun der Redaktioun","Editor's Choice Slider LU","Fact Check","Gesellschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/","name":"RTL-Faktencheck: Ass de V\u00eblosfuerer bei engem Accident mat engem Foussg\u00e4nger automatesch am Feeler? - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/61b9973b3a1cf16f7a0766bb3eda2293.jpeg","datePublished":"2025-01-13T14:00:29+00:00","dateModified":"2025-01-14T09:36:12+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/61b9973b3a1cf16f7a0766bb3eda2293.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/61b9973b3a1cf16f7a0766bb3eda2293.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"RTL-Faktencheck: Ass de V\u00eblosfuerer bei engem Accident mat engem Foussg\u00e4nger automatesch am Feeler? - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-de-vlosfuerer-bei-engem-accident-mat-engem-foussgnger-automatesch-am-feeler\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"RTL-Faktencheck: Ass de V\u00eblosfuerer bei engem Accident mat engem Foussg\u00e4nger automatesch am Feeler?"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/379508","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=379508"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/379508\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/379473"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=379508"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=379508"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=379508"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}