{"id":380450,"date":"2025-01-19T15:43:53","date_gmt":"2025-01-19T15:43:53","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=380450"},"modified":"2025-01-23T16:31:53","modified_gmt":"2025-01-23T16:31:53","slug":"faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Angeeblecht EU-Verbuet vu Schn\u00e9im\u00e4nnercher ass erfonnt"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p>Am Internet sinn \u00ebmmer nees Falschinformatiounen iwwer angeeblech nei Gesetzer s\u00e4itens der EU am \u00cbmlaf. Enn Dezember 2024 hu vill User d&#8217;Behaaptung verbreet, d&#8217;EU h\u00e4tt Schn\u00e9imannverbuet decid\u00e9iert. Mat d\u00ebser Behaaptung goufen dr\u00e4i angeeblech Nummere vun EU-Gesetzer opgel\u00ebscht. D\u00e9i gedeelt Nummere sinn am Internet awer net ze fannen an entspriechen och net de Virgabe vun der EU. Ausserdeem huet eng Spriecherin vun der Europ\u00e4escher Kommissioun d&#8217;Behaaptung dement\u00e9iert.<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p class=\"article-body__summary\">&#8220;Et kleng w\u00e9i e Witz, mee et ass batteren Eescht: D&#8217;EU huet et op de Schn\u00e9imann ofgesinn&#8221;, steet an engem <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/baa9d794-5987-490d-b883-8470c91ec574\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-Post<\/a> vum 23. Dezember 2024. &#8220;Ouni Autorisatioun vun den Autorit\u00e9iten d\u00e4erf Schn\u00e9i net m\u00e9i vum eegene Wues ewechgeholl ginn&#8221;, heescht et dora weider. Grond w\u00e4r &#8220;d&#8217;nei Veruerdnung D-8u09809&#8221;, d\u00e9i den \u00cbmgang mat Schn\u00e9i am eegene Gaart ab 2026 reegele g\u00e9if.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Mat d\u00ebser Behaaptung gouf en <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7DR6-2BEY\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel<\/a> vun der S\u00e4it &#8220;telegra.ph&#8221; vum 23. Dezember 2024 mat der Iwwerschr\u00ebft &#8220;EU verbitt de Schn\u00e9imann am Gaart&#8221; gedeelt. Den Artikel nennt als Gr\u00ebnn fir d\u00ebst vermeintlecht Verbuet Klimaschutzmesuren, kulturell Risiken a Bem\u00e9iunge fir d&#8217;Reduz\u00e9ierung vun Offall. Als Quell fir d&#8217;Behaaptung nennt den Artikel eng &#8220;Veruerdnung D-8u09809&#8221;, eng &#8220;EU-Textillentsuergungsdirektiv 43234\/19&#8243;, eng Veruerdnung 479i8\/23&#8221; an Zitater aus &#8220;internen EU-Dokumenter&#8221; souw\u00e9i vun engem net mam Numm genannten &#8220;EU-Spriecher&#8221;. Bei Verst\u00e9iss k\u00e9inte Geldstrofen an H\u00e9icht vu bis zu 500 Euro dree\u00ebn, heescht et ausserdeem.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Och op de Plattformen <a href=\"https:\/\/perma.cc\/YE4Z-4DJ7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a>, <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/7706d71d-536b-4ba7-947e-21c5a9c7604c\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Instagram<\/a>, <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/02e803ac-3ec0-43ab-905a-5f57ac94ca13\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">TikTok<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/649K-T5DW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram<\/a> goufen Extraiten aus dem Artikel staark verbreet. Eng R\u00ebtsch Kommentarer \u00ebnner de B\u00e4itr\u00e4g weisen, dass d\u00e9i meescht User d&#8217;Behaaptung fir authentesch halen: &#8220;D\u00e9i spanne wuel ech maachen a mengem Gaart wat ech w\u00ebll&#8221;, huet zum Beispill eng <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/baa9d794-5987-490d-b883-8470c91ec574\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-Notzerin<\/a> de 26. Dezember 2024 komment\u00e9iert.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/5c1ae8adc9d3a9fb26a7beb12dde9f64.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Aner Contenuen, d\u00e9i de B\u00e4itr\u00e4g op <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/d507b8b4-0347-40a6-a172-82dd1a205967\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a> \u00e4nlech gesinn, hu weider <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3ERX-CUV4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikelen<\/a> als Quell mat identeschem Wuertlaut verlinkt, d\u00e9i schonn den 22. Dezember 2024 op den Internets\u00e4ite &#8220;Journalistenwatch&#8221; an &#8220;Opposition24&#8221; publiz\u00e9iert gi waren. &#8220;Journalistenwatch&#8221; ass an der Vergaangenheet schonn dacks duerch d&#8217;Verbreedung vu <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.34H69B4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Falschinformatiounen<\/a> opgefall, d\u00e9i d&#8217;AFP <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/dieses-video-zeigt-keine-fluechtenden-als-brandstifter-moria\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">widderluecht<\/a> huet.<\/p>\n<p>Op der S\u00e4it &#8220;Opposition24&#8221; gouf den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/39TL-GTHR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel<\/a> \u00ebnner der Rubrik &#8220;Satir&#8221; publiz\u00e9iert, wat awer an den online verbreede B\u00e4itr\u00e4g net ernimmt g\u00ebtt.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/f6d2b726bde0cb30281ccd1558c6342e.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Och d&#8217;S\u00e4it &#8220;Opposition24&#8221; huet scho Falschinformatioune verbreet, d\u00e9i <a href=\"https:\/\/perma.cc\/SR9R-GPCR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">iwwerpr\u00e9ift<\/a> goufen. Mat H\u00ebllef vun enger <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=51u0SkyaAA0&amp;list=PL_tN7HuGt39pbSAghdwArQ2Ij1oPzJfHo&amp;index=11&amp;t=22s\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">erweiderter Internetsich<\/a> konnt d&#8217;AFP keng seri\u00f6 Quell fir e vermeintlecht Verbuet vu Schn\u00e9im\u00e4nner duerch d&#8217;EU fannen.<\/p>\n<p>Keng offiziell Ernimmung vun engem Schn\u00e9imannverbuet an offiziellen EU-Dokumenter<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250109101521\/https:\/\/eur-lex.europa.eu\/content\/welcome\/about.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">EUR-Lex<\/a> ass d&#8217;offiziell Online-Datebank fir legislativ Dokumenter vun der Europ\u00e4escher Unioun. D&#8217;S\u00e4it g\u00ebtt vum <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250109101651\/https:\/\/op.europa.eu\/de\/web\/about-us\/about-publication-office-of-the-european-union\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">B\u00fcro fir Publikatioune vun der Europ\u00e4escher Unioun<\/a> bedriwwen an all Dag aktualis\u00e9iert. Do kann een alleguer d&#8217;\u00ebffentlech Dokumenter, Gesetzer a Virg\u00e4ng an de 24 Amtssprooche vun der EU noliesen.<\/p>\n<p>Eng Sich op EUR-Lex no den den Nummeren <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250109102435\/https:\/\/eur-lex.europa.eu\/search.html?scope=EURLEX&amp;text=D-8u09809&amp;lang=de&amp;type=quick&amp;qid=1736418209316\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">D-8u09809<\/a>, <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250109113205\/https:\/\/eur-lex.europa.eu\/search.html?scope=EURLEX&amp;text=479i8%2F23&amp;lang=de&amp;type=quick&amp;qid=1736422299363\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">479i8\/23<\/a> a <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250109103039\/https:\/\/eur-lex.europa.eu\/search.html?scope=EURLEX&amp;text=43234%2F19&amp;lang=de&amp;type=quick&amp;qid=1736418554970\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">43234\/19<\/a>, d\u00e9i an de B\u00e4itr\u00e4g ernimmt ginn, ergouf keng Resultater. och eng St\u00e9chwierdersich no de Begr\u00ebffer &#8220;<a href=\"https:\/\/eur-lex.europa.eu\/search.html?scope=EURLEX&amp;text=Schneemann&amp;lang=de&amp;type=quick&amp;qid=1736419611548\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Schn\u00e9imann<\/a>&#8221; (<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250109112925\/https:\/\/eur-lex.europa.eu\/search.html?scope=EURLEX&amp;text=Schneemann&amp;lang=de&amp;type=quick&amp;qid=1736422141163\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert) a &#8220;<a href=\"https:\/\/eur-lex.europa.eu\/search.html?scope=EURLEX&amp;text=Schneemannverbot&amp;lang=de&amp;type=quick&amp;qid=1736419488865\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Schn\u00e9imannverbuet<\/a>&#8221; (<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250109104710\/https:\/\/eur-lex.europa.eu\/search.html?scope=EURLEX&amp;text=Schneemannverbot&amp;lang=de&amp;type=quick&amp;qid=1736419488865\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert) huet zu kenge Resultater doriwwer gef\u00e9iert, dass een an Zukunft keng Schn\u00e9im\u00e4nnercher m\u00e9i a sengem private Gaart bauen dierft. E Resultat vun der Sich war awer, dass eng Persoun mam Familljennumm &#8220;Schneemann&#8221; an engem <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250110095702\/https:\/\/eur-lex.europa.eu\/legal-content\/DE\/TXT\/HTML\/?uri=CELEX:61988CJ0137\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Urteel vum Europ\u00e4esche Geriichtshaff<\/a> aus dem Joer 1990 ernimmt gouf.<\/p>\n<p>D\u00e9i aktuellst Ernimmung vum St\u00e9chwuert &#8220;<a href=\"https:\/\/eur-lex.europa.eu\/search.html?lang=de&amp;text=Schnee&amp;qid=1736419677189&amp;type=quick&amp;scope=EURLEX&amp;sortOne=DD&amp;sortOneOrder=desc\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Schn\u00e9i<\/a>&#8221; (<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250109113047\/https:\/\/eur-lex.europa.eu\/search.html?scope=EURLEX&amp;text=Schnee&amp;lang=de&amp;type=quick&amp;qid=1736422226429\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert) an engem EU-Dokument op EUR-Lex staamt aus der <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250109105341\/https:\/\/eur-lex.europa.eu\/legal-content\/DE\/TXT\/?uri=CELEX%3A02021R0535-20250101&amp;qid=1736419677189\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Duerf\u00e9ierungsveruerdnung (EU) 2021\/535<\/a> vum 31. M\u00e4erz 2021, d\u00e9i sech mat Spezifikatioune vu Gefierer befaasst. Dora ginn \u00ebnner anerem technesch Bestanddeeler opgezielt, w\u00e9i zum Beispill eng Schn\u00e9iketten, d\u00e9i &#8220;op Schn\u00e9i Undriff erm\u00e9iglecht&#8221;.<\/p>\n<p>Angeeblech Gesetzesnummere sinn net seri\u00f6<\/p>\n<p>Op AFP-Ufro huet eng Spriecherin vun der <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250109111753\/https:\/\/germany.representation.ec.europa.eu\/uber-uns\/unser-team_de\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Vertriedung vun der Europ\u00e4escher Kommissioun an D\u00e4itschland<\/a> den 8. Januar 2025 per E-Mail ge\u00e4ntwert, dass et keng EU-Gesetzer g\u00e9if, d\u00e9i sech mat Schn\u00e9im\u00e4nner a private G\u00e4ert befaasst h\u00e4tten. Och g\u00e9if et keng EU-intern Dokumenter, d\u00e9i Schn\u00e9im\u00e4nner, w\u00e9i online behaapt, als &#8220;kulturelle Risiko&#8221; bezeechne g\u00e9ifen.<\/p>\n<p>D&#8217;Spriecherin huet ausserdeem dorop higewisen, dass d&#8217;Nummeren, d\u00e9i online genannt goufen, schonn an hirem Opbau net seri\u00f6 w\u00e4ren. Deemno g\u00ebtt et <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250109111119\/https:\/\/eur-lex.europa.eu\/content\/help\/eurlex-content\/numbering-of-acts.html?locale=de\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">fest Virgaben<\/a>, w\u00e9i EU-Gesetzer benannt ginn. Se sinn duerch Nummere gekennzeechent, d\u00e9i jeeweils aus dr\u00e4i Deeler bestinn: d&#8217;Ofkierzung vum Vertrag bez\u00e9iungsweis de Ber\u00e4ich a Klameren (zum Beispill EU, Euratom oder \u00c4nleches), dem Publikatiounsjoer (bestoend aus v\u00e9ier Zifferen) an der lafender Nummer, d\u00e9i bas\u00e9ierend op enger j\u00e4rlecher Suite sou vill Plaze w\u00e9i n\u00e9ideg opweist.<\/p>\n<p>Konkreet erginn d\u00ebs Virgaben Nummeren, d\u00e9i w\u00e9i d\u00e9i uewen zit\u00e9iert Duerchf\u00e9ierungsveruerdnung aus dem Joer 2021 opgebaut sinn: (EU) 2021\/535. D&#8217;angeeblech Gesetzesnummeren D-8u09809, 479i8\/23 und 43234\/19, d\u00e9i online kurs\u00e9ieren, entspriechen d\u00ebsem Muster net.<\/p>\n<p>All d&#8217;Faktenchecke iwwer Sujeten, d\u00e9i d&#8217;EU concern\u00e9ieren, fannt Dir op der <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/fact-checking-search-results?search_api_fulltext=EU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP-Webs\u00e4it<\/a>.<\/p>\n<p><strong>Fazit: <\/strong>Am Internet si Behaaptungen iwwer en angeeblecht Verbuet vu Schn\u00e9im\u00e4nnercher s\u00e4itens der EU am \u00cbmlaf, sinn awer kompletten Ons\u00ebnn. Dat ergouf eng erweidert Sich no Dokumenter an der EU-Gesetzesdatebank souw\u00e9i e kloren Dementi vun enger Spriecherin vun der EU-Kommissioun. D&#8217;Behaaptung sch\u00e9ngt op e satireschen Artikel zer\u00e9ckzegoen, deem s\u00e4i Contenu a Sozialen Netzwierker awer ouni entspriechenden Hiweis verbreet gouf.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<br \/>\n<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Am Internet sinn \u00ebmmer nees Falschinformatiounen iwwer angeeblech nei Gesetzer s\u00e4itens der EU am \u00cbmlaf. Enn Dezember 2024 hu vill User d&#8217;Behaaptung verbreet, d&#8217;EU h\u00e4tt Schn\u00e9imannverbuet decid\u00e9iert. Mat d\u00ebser Behaaptung goufen dr\u00e4i angeeblech Nummere vun EU-Gesetzer opgel\u00ebscht. D\u00e9i gedeelt Nummere sinn am Internet awer net ze fannen an entspriechen och net de Virgabe vun der EU. Ausserdeem huet eng Spriecherin vun der Europ\u00e4escher Kommissioun d&#8217;Behaaptung dement\u00e9iert.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":380435,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,189,425,183,193],"tags":[],"class_list":{"0":"post-380450","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-editors-choice-lu","8":"category-emwelt","9":"category-eu-lb-fact-check-lb","10":"category-fact-check-lb","11":"category-gesellschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2267032","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2267032.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Angeeblecht EU-Verbuet vu Schn\u00e9im\u00e4nnercher ass erfonnt - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Angeeblecht EU-Verbuet vu Schn\u00e9im\u00e4nnercher ass erfonnt - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Am Internet sinn \u00ebmmer nees Falschinformatiounen iwwer angeeblech nei Gesetzer s\u00e4itens der EU am \u00cbmlaf. Enn Dezember 2024 hu vill User d&#039;Behaaptung verbreet, d&#039;EU h\u00e4tt Schn\u00e9imannverbuet decid\u00e9iert. Mat d\u00ebser Behaaptung goufen dr\u00e4i angeeblech Nummere vun EU-Gesetzer opgel\u00ebscht. D\u00e9i gedeelt Nummere sinn am Internet awer net ze fannen an entspriechen och net de Virgabe vun der EU. Ausserdeem huet eng Spriecherin vun der Europ\u00e4escher Kommissioun d&#039;Behaaptung dement\u00e9iert.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2025-01-19T15:43:53+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2025-01-23T16:31:53+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/526c5ec261e56c7e3184943f8bf75fee.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"5 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Angeeblecht EU-Verbuet vu Schn\u00e9im\u00e4nnercher ass erfonnt\",\"datePublished\":\"2025-01-19T15:43:53+00:00\",\"dateModified\":\"2025-01-23T16:31:53+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/\"},\"wordCount\":942,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/526c5ec261e56c7e3184943f8bf75fee.jpeg\",\"articleSection\":[\"Editor's Choice Slider LU\",\"\u00cbmwelt\",\"EU\",\"Fact Check\",\"Gesellschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/\",\"name\":\"Faktencheck: Angeeblecht EU-Verbuet vu Schn\u00e9im\u00e4nnercher ass erfonnt - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/526c5ec261e56c7e3184943f8bf75fee.jpeg\",\"datePublished\":\"2025-01-19T15:43:53+00:00\",\"dateModified\":\"2025-01-23T16:31:53+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/526c5ec261e56c7e3184943f8bf75fee.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/526c5ec261e56c7e3184943f8bf75fee.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Angeeblecht EU-Verbuet vu Schn\u00e9im\u00e4nnercher ass erfonnt - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Angeeblecht EU-Verbuet vu Schn\u00e9im\u00e4nnercher ass erfonnt\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Angeeblecht EU-Verbuet vu Schn\u00e9im\u00e4nnercher ass erfonnt - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Angeeblecht EU-Verbuet vu Schn\u00e9im\u00e4nnercher ass erfonnt - EDMO Belux","og_description":"Am Internet sinn \u00ebmmer nees Falschinformatiounen iwwer angeeblech nei Gesetzer s\u00e4itens der EU am \u00cbmlaf. Enn Dezember 2024 hu vill User d'Behaaptung verbreet, d'EU h\u00e4tt Schn\u00e9imannverbuet decid\u00e9iert. Mat d\u00ebser Behaaptung goufen dr\u00e4i angeeblech Nummere vun EU-Gesetzer opgel\u00ebscht. D\u00e9i gedeelt Nummere sinn am Internet awer net ze fannen an entspriechen och net de Virgabe vun der EU. Ausserdeem huet eng Spriecherin vun der Europ\u00e4escher Kommissioun d'Behaaptung dement\u00e9iert.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2025-01-19T15:43:53+00:00","article_modified_time":"2025-01-23T16:31:53+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/526c5ec261e56c7e3184943f8bf75fee.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"5 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Angeeblecht EU-Verbuet vu Schn\u00e9im\u00e4nnercher ass erfonnt","datePublished":"2025-01-19T15:43:53+00:00","dateModified":"2025-01-23T16:31:53+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/"},"wordCount":942,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/526c5ec261e56c7e3184943f8bf75fee.jpeg","articleSection":["Editor's Choice Slider LU","\u00cbmwelt","EU","Fact Check","Gesellschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/","name":"Faktencheck: Angeeblecht EU-Verbuet vu Schn\u00e9im\u00e4nnercher ass erfonnt - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/526c5ec261e56c7e3184943f8bf75fee.jpeg","datePublished":"2025-01-19T15:43:53+00:00","dateModified":"2025-01-23T16:31:53+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/526c5ec261e56c7e3184943f8bf75fee.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/526c5ec261e56c7e3184943f8bf75fee.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Angeeblecht EU-Verbuet vu Schn\u00e9im\u00e4nnercher ass erfonnt - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-angeeblecht-eu-verbuet-vu-schnimnnercher-ass-erfonnt\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Angeeblecht EU-Verbuet vu Schn\u00e9im\u00e4nnercher ass erfonnt"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/380450","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=380450"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/380450\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/380435"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=380450"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=380450"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=380450"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}