{"id":380605,"date":"2025-01-24T14:00:31","date_gmt":"2025-01-24T14:00:31","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=380605"},"modified":"2025-01-24T15:39:48","modified_gmt":"2025-01-24T15:39:48","slug":"faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Decisioun vu Meta, Faktenchecken an den USA anzestellen, suergt fir vill Kritik"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p>D&#8217;Uk\u00ebnnegung vum Technologieris Meta, s\u00e4i Faktencheck-Programm an den USA anzestellen, huet am Januar 2025 fir hefteg Kritik vun Desinformatiounsexperte gesuergt. Si ware virdrun, dass dat de Risiko matsechbr\u00e9nge g\u00e9if, falschen Narrativen d&#8217;Dier grouss opzemaachen.<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p class=\"article-body__summary\">De <a href=\"https:\/\/about.meta.com\/de\/media-gallery\/executives\/mark-zuckerberg\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Mark Zuckerberg<\/a>, Gr\u00ebnner, President a Chief Executive Officer (CEO) vu Meta, hat de\u00a0<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250110040420\/https:\/\/about.fb.com\/news\/2025\/01\/meta-more-speech-fewer-mistakes\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">7. Januar 2025 ugek\u00ebnnegt<\/a>, dass d&#8217;Entreprise hir extern Fakteniwwerpr\u00e9ifer an de Vereenegte Staaten &#8220;lassgi&#8221; w\u00ebll. D\u00ebs w\u00e4itreechend \u00c4nnerung vun der Firmepolitik gouf vu Fachleit als Versuch gew\u00e4ert, den design\u00e9ierten US-President Donald Trump ze z\u00ebssen.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">&#8220;Dat ass e grousse R\u00e9ckschratt fir d&#8217;Content-Moderatioun, an dat an enger Z\u00e4it, an d\u00e4r sech Desinformatioun a schiedlech Contenue m\u00e9i s\u00e9ier w\u00e9i jee entw\u00e9ckelen&#8221;, sou de <a href=\"https:\/\/uk.linkedin.com\/in\/ross-burley-a10198192\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Ross Burley<\/a>, Matgr\u00ebnner vum gemengn\u00ebtzege <a href=\"https:\/\/www.info-res.org\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Centre for Information Resilience<\/a> zu London.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">D&#8217;Iwwerpr\u00e9iwe vu Fakten an Desinformatiounsfuerschung sinn an d\u00ebsem staark polaris\u00e9ierte politesche Klima an de Vereenegte Staaten z\u00ebnter Laangem e gliddegt Eisen.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Konservativ US-Bierger soen, se w\u00e4ren en Instrument, fir d&#8217;Meenungsfr\u00e4iheet anzeschr\u00e4nken a riets Contenuen ze zens\u00e9ieren.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Dem Trump seng Republikanesch Partei a seng Alli\u00e9iert, de Milliard\u00e4r <a href=\"https:\/\/x.com\/elonmusk\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Elon Musk<\/a> &#8211; Chef a Propriet\u00e4r vun der Social-Media-Entreprise X &#8211; hu scho laang \u00e4nlech Reklamatioune ge\u00e4ussert.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">&#8220;W\u00e4rend Bem\u00e9iunge fir de Schutz vun der fr\u00e4ier Meenungs\u00e4usserung onerl\u00e4sslech sinn, besteet d&#8217;Gefor, dass duerch d&#8217;Ofschafe vun de Faktenchecken ouni eng glafwierdeg Alternativ schiedlechen Narrativer d&#8217;Dier grouss opgemaach g\u00ebtt&#8221;, sot de Burley.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Als Alternativ huet de Zuckerberg ugek\u00ebnnegt, dass d&#8217;Plattforme vu Meta, Facebook an Instagram, an den USA <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250110040420\/https:\/\/about.fb.com\/news\/2025\/01\/meta-more-speech-fewer-mistakes\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;Community Notes w\u00e9i och op X&#8221;<\/a> benotze g\u00e9ifen.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\"><a href=\"https:\/\/help.x.com\/de\/using-x\/community-notes\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;Community Notes&#8221;<\/a> sinn e Crowd-Sourcing-Moderatiounstool, deen X als M\u00e9iglechkeet fir Notzerinnen an Notzer promouv\u00e9iert huet, a B\u00e4itr\u00e4g Plaz fir Kontext an Erkl\u00e4runge ze schafen. Fachleit hunn awer <a href=\"https:\/\/perma.cc\/28SS-LLTE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00ebmmer nees<\/a> d&#8217;Wierksamkeet vum Tool bei der Bek\u00e4mpfung vu Falschmeldungen a Fro gestallt.<\/p>\n<p>&#8220;Sech aus der sozialer Verantwortung stielen&#8221;<strong>\u00a0<\/strong><\/p>\n<p>&#8220;Fir eng ondicht Plaz op senger Toilette ze repar\u00e9ieren, g\u00e9if ee jo och en Installateur an net einfach iergendeng Persoun ruffen&#8230; fir d&#8217;Verbreede vu Feelinformatiounen op hire Plattformen ze verh\u00ebnneren, w\u00ebll sech Meta elo awer net m\u00e9i op Fakteniwwerpr\u00e9iwer verloossen, mee dat einfach iergendengem iwwerloossen&#8221;, sou de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/HK44-CYUK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Michael Wagner<\/a> vun der School of Journalism and Mass Communication op der University of Wisconsin-Madison g\u00e9intiwwer der AFP.<\/p>\n<p>&#8220;M\u00ebnschen einfach ze bieden, gratis d\u00e9i falsch Behaaptungen ze iwwerwaachen, d\u00e9i op de milliardeschw\u00e9iere Social-Media-Plattforme vu Meta gepost ginn, bedeit, sech aus der sozialer Verantwortung ze stielen.&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;Uk\u00ebnnegung vu Meta bedeit e finanzielle R\u00e9ckschlag fir extern Faktenchecker, d\u00e9i an den USA schaffen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/3e07614625364d2a5ce3fd8687a08862.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>De Programm vu Meta an extern Subside ware laut enger \u00cbmfro vum <a href=\"https:\/\/www.poynter.org\/ifcn\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">International Fact-Checking Network<\/a> (IFCN) aus dem Joer 2023 \u00ebnner 137 Organisatiounen an Dosende L\u00e4nner d\u00e9i &#8220;wichtegst Recett\u00ebquell&#8221; fir global Faktenchecker.<\/p>\n<p>D&#8217;Entscheedung g\u00e9if och &#8220;Social-Media-Notzerinnen an -Notzer schueden, d\u00e9i no genee\u00ebn, zouverl\u00e4ssegen Informatioune sichen, fir Entscheedungen iwwer hiert deeglecht Liewen an hir Interaktiounen ze treffen&#8221;, sot d&#8217;IFCN-Direktesch <a href=\"https:\/\/www.poynter.org\/member\/angie-holan\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Angie Holan<\/a>.<\/p>\n<p>&#8220;Et ass bedauerlech, dass d\u00ebs Entscheedung op externe politeschen Drock vun enger neier Regierung an hiren \u00cbnnerst\u00ebtzer zer\u00e9ckzef\u00e9ieren ass&#8221;, huet d&#8217;Holan b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt.<\/p>\n<p>D&#8217;Uk\u00ebnnegung vu Meta ass beim Trump senge konservativen \u00cbnnerst\u00ebtzung op grouss Zoust\u00ebmmung getraff. Si soten, de Schratt w\u00e4r &#8220;warscheinlech&#8221; eng Reaktioun op seng Menac\u00eb g\u00e9int d&#8217;Entreprise an de Zuckerberg gewiescht.<\/p>\n<p>D&#8217;republikanesch Senatorin <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2M33-GAK7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Marsha Blackburn<\/a> huet op X gepost, dass de Schratt vu Meta &#8220;en Trick w\u00e4r, fir enger Regul\u00e9ierung ze entgoen&#8221;.<\/p>\n<p>Politesche Calcul amplaz faktebas\u00e9iert Iwwerpr\u00e9iwen<\/p>\n<p>Den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5R8B-9X8T\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Aaron Sharockman<\/a>,Gerant vun der amerikanescher Faktencheckorganisatioun <a href=\"https:\/\/www.politifact.com\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">PolitiFact<\/a>, huet d&#8217;Behaaptung zer\u00e9ckgewisen, dass d&#8217;Iwwerpr\u00e9iwe vu Fakten en Instrument fir d&#8217;\u00cbnnerdr\u00e9cke vun der fr\u00e4ier Meenungs\u00e4usserung w\u00e4r.<\/p>\n<p>D&#8217;Roll vun den amerikanesche Faktenchecker best\u00e9ing doran, &#8220;zous\u00e4tzlech Aussoen an Zesummenh\u00e4ng fir B\u00e4itr\u00e4g ze liwweren, d\u00e9i Journalisten als Feelinformatioun astufen&#8221;, an et w\u00e4r u Meta, ze decid\u00e9ieren, wat fir Konsequenzen d&#8217;Notzerinnen an d&#8217;Notzer dree\u00ebn.<\/p>\n<p>&#8220;Dat Sch\u00e9int un der Riedefr\u00e4iheet ass, dass d&#8217;Leit iwwer all vun eis publiz\u00e9ierte journalistesche B\u00e4itrag anerer Meenung si k\u00ebnnen&#8221;, sot de Sharockman.<\/p>\n<p>&#8220;Wa Meta doriwwer veriergert ass, dass et en Instrument fir Zensur geschaaft huet, sollt et an de Spigel kucken.&#8221;<\/p>\n<p>PolitiFact ass ee vun den \u00e9ischte Partner, d\u00e9i mat Facebook zesummegeschafft hunn, fir 2016 de Faktencheck-Programm an den USA ze starten.<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP<\/a> schafft am Moment a 26 Sprooche mam Fakteniwwerpr\u00e9iwungsprogramm vu Facebook zesummen, bei deem Facebook fir d&#8217;Notzung vu Faktenchecke vu ronn 80 Organisatioune weltw\u00e4it op senger Plattform, op WhatsApp an op Instagram bezilt.<\/p>\n<p>An d\u00ebsem <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240625132424\/https:\/\/transparency.meta.com\/de-de\/features\/how-fact-checking-works\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Programm<\/a> gi Contenuen, d\u00e9i als &#8220;falsch&#8221; agestuuft ginn, an den Newsfeeds erofgestuuft, soudass manner M\u00ebnsche se gesinn. Wann ee versicht, d\u00ebse B\u00e4itrag ze deelen, g\u00ebtt him en Artikel ugewisen, an deem erkl\u00e4ert g\u00ebtt, firwat en ierf\u00e9ierend ass.<\/p>\n<p>&#8220;De Programm ass op kee Fall perfekt, an et besteet keen Zweiwel dorun, dass Faktenchecker bei engem gew\u00ebsse Prozentsaz vun hire Marquag\u00eb Feeler gemaach hunn&#8221;, sot den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/YQ5T-6M3A\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Alexios Mantzarlis<\/a>, Direkter vun der\u00a0<a href=\"https:\/\/tech.cornell.edu\/news\/cornell-tech-launches-security-trust-and-safety-initiative\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Security, Trust, and Safety Initiative<\/a> (SETS) op der Cornell Tech.<\/p>\n<p>&#8220;Mir sollten eis awer doriwwer am Klore sinn, dass dem Zuckerberg s\u00e4i Verspriechen, Fakteniwwerpr\u00e9iwunge bei Meta ofzeschafen, eng taktesch Entscheedung war a keng sachlech.&#8221;<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwerwsat.<br \/>\n<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>D&#8217;Uk\u00ebnnegung vum Technologieris Meta, s\u00e4i Faktencheck-Programm an den USA anzestellen, huet am Januar 2025 fir hefteg Kritik vun Desinformatiounsexperte gesuergt. Si ware virdrun, dass dat de Risiko matsechbr\u00e9nge g\u00e9if, falschen Narrativen d&#8217;Dier grouss opzemaachen.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":380595,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,193,381,391],"tags":[],"class_list":{"0":"post-380605","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-editors-choice-lu","8":"category-gesellschaft","9":"category-leieren-iwwer-desinformatioun-a-fakt-iwwerpreiwen","10":"category-technologie"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2267031","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"Drew Angerer \/ AFP","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2267031.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Decisioun vu Meta, Faktenchecken an den USA anzestellen, suergt fir vill Kritik - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Decisioun vu Meta, Faktenchecken an den USA anzestellen, suergt fir vill Kritik - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"D&#039;Uk\u00ebnnegung vum Technologieris Meta, s\u00e4i Faktencheck-Programm an den USA anzestellen, huet am Januar 2025 fir hefteg Kritik vun Desinformatiounsexperte gesuergt. Si ware virdrun, dass dat de Risiko matsechbr\u00e9nge g\u00e9if, falschen Narrativen d&#039;Dier grouss opzemaachen.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2025-01-24T14:00:31+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2025-01-24T15:39:48+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/d1fe9afc6ea6c593e0ea46bf0e5a99ca.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"4 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Decisioun vu Meta, Faktenchecken an den USA anzestellen, suergt fir vill Kritik\",\"datePublished\":\"2025-01-24T14:00:31+00:00\",\"dateModified\":\"2025-01-24T15:39:48+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/\"},\"wordCount\":952,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/d1fe9afc6ea6c593e0ea46bf0e5a99ca.jpeg\",\"articleSection\":[\"Editor's Choice Slider LU\",\"Gesellschaft\",\"L\u00e9ieren iwwer Desinformatioun a Fakt iwwerpr\u00e9iwen\",\"Technologie\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/\",\"name\":\"Faktencheck: Decisioun vu Meta, Faktenchecken an den USA anzestellen, suergt fir vill Kritik - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/d1fe9afc6ea6c593e0ea46bf0e5a99ca.jpeg\",\"datePublished\":\"2025-01-24T14:00:31+00:00\",\"dateModified\":\"2025-01-24T15:39:48+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/d1fe9afc6ea6c593e0ea46bf0e5a99ca.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/d1fe9afc6ea6c593e0ea46bf0e5a99ca.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Decisioun vu Meta, Faktenchecken an den USA anzestellen, suergt fir vill Kritik - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Decisioun vu Meta, Faktenchecken an den USA anzestellen, suergt fir vill Kritik\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Decisioun vu Meta, Faktenchecken an den USA anzestellen, suergt fir vill Kritik - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Decisioun vu Meta, Faktenchecken an den USA anzestellen, suergt fir vill Kritik - EDMO Belux","og_description":"D'Uk\u00ebnnegung vum Technologieris Meta, s\u00e4i Faktencheck-Programm an den USA anzestellen, huet am Januar 2025 fir hefteg Kritik vun Desinformatiounsexperte gesuergt. Si ware virdrun, dass dat de Risiko matsechbr\u00e9nge g\u00e9if, falschen Narrativen d'Dier grouss opzemaachen.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2025-01-24T14:00:31+00:00","article_modified_time":"2025-01-24T15:39:48+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/d1fe9afc6ea6c593e0ea46bf0e5a99ca.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"4 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Decisioun vu Meta, Faktenchecken an den USA anzestellen, suergt fir vill Kritik","datePublished":"2025-01-24T14:00:31+00:00","dateModified":"2025-01-24T15:39:48+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/"},"wordCount":952,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/d1fe9afc6ea6c593e0ea46bf0e5a99ca.jpeg","articleSection":["Editor's Choice Slider LU","Gesellschaft","L\u00e9ieren iwwer Desinformatioun a Fakt iwwerpr\u00e9iwen","Technologie"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/","name":"Faktencheck: Decisioun vu Meta, Faktenchecken an den USA anzestellen, suergt fir vill Kritik - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/d1fe9afc6ea6c593e0ea46bf0e5a99ca.jpeg","datePublished":"2025-01-24T14:00:31+00:00","dateModified":"2025-01-24T15:39:48+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/d1fe9afc6ea6c593e0ea46bf0e5a99ca.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/d1fe9afc6ea6c593e0ea46bf0e5a99ca.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Decisioun vu Meta, Faktenchecken an den USA anzestellen, suergt fir vill Kritik - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-decisioun-vu-meta-faktenchecken-an-den-usa-anzestellen-suergt-fir-vill-kritik\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Decisioun vu Meta, Faktenchecken an den USA anzestellen, suergt fir vill Kritik"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/380605","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=380605"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/380605\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/380595"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=380605"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=380605"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=380605"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}