{"id":384589,"date":"2025-02-06T14:00:05","date_gmt":"2025-02-06T14:00:05","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=384589"},"modified":"2025-02-11T09:49:51","modified_gmt":"2025-02-11T09:49:51","slug":"faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/","title":{"rendered":"Faktencheck &#8220;Doppelg\u00e4nger&#8221;: Meta profit\u00e9iert finanziell vu prorusseschem Desinformatiounsnetzwierk"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p>Z\u00ebnter dem Ufank vum Krich an der Ukrain goufen europ\u00e4esch Medien \u00ebmmer nees vun Hacker-S\u00e4ite kop\u00e9iert, d\u00e9i Artikele mat prorusseschen an antiwestlechen Narrativer verbreeden.<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p class=\"article-body__summary\">Schonn am September 2022 gouf d\u00ebs Desinformatiounscampagne \u00ebnner dem Numm &#8220;Doppelg\u00e4nger&#8221; bekannt. Z\u00ebnterhier huet se sech konstant weiderentw\u00e9ckelt an ass 2025 souguer op der Plattform Bluesky opgedaucht.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Fuerscherinnen a Fuerscher hunn erausfonnt, dass Meta am Joer 2024 e puer Honnertdausend Dollar duerch gesponsert Contenue vun d\u00ebser Campagne verd\u00e9ngt huet.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Karikaturen, d\u00e9i mat Politikerinnen a Politiker de Geck maachen, prorussesch Meldungen, d\u00e9i europ\u00e4esch Ukrain-H\u00ebllefen diskredit\u00e9ieren a weider tendenzi\u00e9is, gesponsert Contenuen: E puer Z\u00e9ngdausend Facebook-Notzer a Frankr\u00e4ich, D\u00e4itschland, Polen an Italien krute Contenue vun d\u00ebsem Muster scho gewisen. Fachleit no st\u00e9cht hannert d\u00ebse B\u00e4itr\u00e4g, d\u00e9i z\u00ebnter 2022 bekannt prorussesch Desinformatiounscampagne <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250124164149\/https:\/\/www.disinfo.eu\/doppelganger\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;Doppelg\u00e4nger<\/a>&#8220;, w\u00e9i e Bericht mam Titel &#8220;Influence by Design&#8221; zesummefaasst.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">An d\u00ebsem <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250127110507\/https:\/\/checkfirst.network\/influence-by-design-how-meta-accepted-russian-propaganda-payments-despite-sanctions\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bericht<\/a>, dee M\u00ebtt Januar 2025 vun Check First, Reset Tech an AI Forensics publiz\u00e9iert gouf, heescht et, dass Meta t\u00ebscht August 2023 an November 2024 ongef\u00e9ier 338.000 US-Dollar dofir krut, op d&#8217;mannst 8.000 gesponsert Contenuen ze publiz\u00e9ieren.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">D&#8217;Desinformatiounscampagne &#8220;Doppelg\u00e4nger&#8221; hat am Joer 2022 domat ugefaangen, westlech Medien ze imit\u00e9ieren, fir antiukrainesch an antiwestlech Messagen ze verbreeden. An de Joren duerno huet sech d&#8217;Campagne weiderentw\u00e9ckelt an ass a verschiddene Sozialen Netzwierker opgedaucht, \u00ebnner anerem och duerch Reklammen op Facebook.<\/p>\n<p>D\u00e4itlech m\u00e9i w\u00e9i bis elo noweisbar<\/p>\n<p>Zwou russesch Entrepris\u00eb goufe besch\u00ebllegt, hannert de Contenue vun der &#8220;Doppelg\u00e4nger&#8221;-Campagne ze stoen. Se goufe schonn am Juli 2023 vun der Europ\u00e4escher Unioun a sp\u00e9ider vun de Vereenegte Staate vun Amerika an dem Vereenegte Kinnekr\u00e4ich sanktion\u00e9iert. M\u00e4 eng vu b\u00e9iden &#8211; d&#8217;Social Design Agency (SDA) &#8211; huet dem Bericht no weiderhi Reklammen op Facebook geschalt.<\/p>\n<p>&#8220;Trotz d\u00ebse Sanktiounen huet Meta weiderhi Reklammen, d\u00e9i mat der SDA a Verbindung stoungen, iwwerpr\u00e9ift, geneemegt a verbreet&#8221;, sot de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2L7H-VKL4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Guillaume Kuster<\/a>, President vun &#8220;Check First&#8221;. &#8220;Dat l\u00e9ist kritesch rechtlech Bedenken hisiichtlech dem Anhale vun internationale Sanktiounsreegelen aus.&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;Spezialiste goufen un, dass d&#8217;Zuel vun de kritesche B\u00e4itr\u00e4g warscheinlech nach d\u00e4itlech m\u00e9i h\u00e9ich w\u00e4r, w\u00e9i d\u00e9i genannt 8.000, well si sech an deem Bericht just op d&#8217;Revelatiounen aus engem Leck vun SDA-Dokumenter konzentr\u00e9iert hunn, iwwer d\u00e9i fir d&#8217;\u00e9ischt an esteschen an d\u00e4itsche Medie bericht gouf.<\/p>\n<p>Ouni d&#8217;Desinformatiounscampagne direkt ze benennen, hat Meta am September 2022 d&#8217;Existenz vun &#8220;Doppelg\u00e4nger&#8221; confirm\u00e9iert an op eng &#8220;koordin\u00e9iert Aflosscampagne&#8221; am Zesummenhang mat Russland op Facebook verwisen.<\/p>\n<p>Op eng AFP-Ufro w\u00e9inst den aktuelle Revelatiounen huet Meta op seng fr\u00e9ier Rapporte verwisen, an deenen digital Menacen am Zesummenhang mat Russland ernimmt goufen. Dor\u00ebnner ass och e Rapport, dee M\u00ebtt 2024 publiz\u00e9iert gouf an an deem d&#8217;Existenz vun Annoncen am Zesummenhang mat &#8220;Doppelg\u00e4nger&#8221; confirm\u00e9iert gouf.<\/p>\n<p>Meta huet ausserdeem betount, et w\u00e4r &#8220;d\u00e9i \u00e9ischt Technologieentreprise, d\u00e9i d&#8217;Campagne opgedeckt huet&#8221;, an huet b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt, dass een z\u00e9ngdausende vu B\u00e4itr\u00e4g am Zesummenhang mam Netzwierk block\u00e9iert h\u00e4tt.<\/p>\n<p>Eng duerchduecht Desinformatiounscampagne<\/p>\n<p>Dem Joseph Bodnar no, deen um <a href=\"https:\/\/perma.cc\/ZL7X-6T7B\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Institute for Strategic Dialogue<\/a> (ISD) fuerscht, ass &#8220;Doppelg\u00e4nger&#8221; vu sengen uf\u00e4ngleche B\u00e4itr\u00e4g mat Reklammen op Facebook op hierk\u00ebmmlech B\u00e4itr\u00e4g an anere Sozialen Netzwierker iwwergaangen. Ufank 2025 sinn &#8220;Doppelg\u00e4nger&#8221;-B\u00e4itr\u00e4g eng \u00e9ischt K\u00e9ier op der Plattform Bluesky opgedaucht. D&#8217;Plattform g\u00ebtt vu ville fr\u00e9ieren X-Notzerinnen an -Notzer benotzt, d\u00e9i mam Elon Musk sengem \u00cbmgang mat der Plattform onzefridde sinn.<\/p>\n<p>Bot-Konte mat \u00e4nleche Mierkmoler verst\u00e4erken d&#8217;Wierkung vun de B\u00e4itr\u00e4g an der Reegel: KI-gener\u00e9iert Profilfotoen, identesch Biografien, Dosenden \u00c4ntwerten op Noriichten, d\u00e9i alleguer bannent e puer Deeg erstallt goufen. &#8220;D&#8217;amerikanesch Demokraten hunn an der Ukrain d&#8217;Polverfaass prepar\u00e9iert, an d&#8217;EU-L\u00e4nner mussen dat elo ausbueden!&#8221;, huet zum Beispill en Notzer mam Numm \u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/S75P-9RCY?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;Jake Fitzgerald&#8221;<\/a> op Bluesky geschriwwen.<\/p>\n<p>D&#8217;Desinformatounscampagne &#8220;passt sech den aktuellen Evenementer un [&#8230;], konzentr\u00e9iert sech op reell Problemer a versicht, ze iwwerdreiwen, fir d\u00ebs nach m\u00e9i schl\u00ebmm wierken ze loossen&#8221;, sot de Bodnar.<\/p>\n<p>Op Bluesky reag\u00e9iere Profiller am Allgemengen op aflossr\u00e4ich Konten, fir m\u00e9i Opmierksamkeet ze kr\u00e9ien, huet de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7XBN-4L42\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Valentin Chatelet<\/a> vum Labo fir digital Analyse vum Atlantic Council erkl\u00e4ert. D'&#8221;Doppelg\u00e4nger&#8221;-Campagne g\u00e9if dow\u00e9inst &#8220;e gew\u00ebssent Mooss u Raffiness&#8221; weisen.<\/p>\n<p>Bis elo hunn d&#8217;Contenue vun &#8220;Doppelg\u00e4nger&#8221; awer iwwer all d&#8217;Plattformen ewech kee grousse Public ugezunn. Eng Gefor ges\u00e4it de Guillaume Kuster vun Check First doran, dass sech &#8220;en Deel vum Erfolleg vun &#8216;Doppelg\u00e4nger&#8217; och an der Berichterstattung vun der Press, de Plattformen a Berichter vu Fuerscher&#8221; moosse g\u00e9if. Well dat eigentlech Zil vum Netzwierk w\u00e4r flagrant russesch Propaganda.<\/p>\n<p><em>D\u00ebse Faktencheck gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<br \/>\n<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Z\u00ebnter dem Ufank vum Krich an der Ukrain goufen europ\u00e4esch Medien \u00ebmmer nees vun Hacker-S\u00e4ite kop\u00e9iert, d\u00e9i Artikele mat prorusseschen an antiwestlechen Narrativer verbreeden.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":384584,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,183,381,191,391,217],"tags":[],"class_list":{"0":"post-384589","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-editors-choice-lu","8":"category-fact-check-lb","9":"category-leieren-iwwer-desinformatioun-a-fakt-iwwerpreiwen","10":"category-politik","11":"category-technologie","12":"category-ukraine-lb"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2273473","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2273473.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck &quot;Doppelg\u00e4nger&quot;: Meta profit\u00e9iert finanziell vu prorusseschem Desinformatiounsnetzwierk - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck &quot;Doppelg\u00e4nger&quot;: Meta profit\u00e9iert finanziell vu prorusseschem Desinformatiounsnetzwierk - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Z\u00ebnter dem Ufank vum Krich an der Ukrain goufen europ\u00e4esch Medien \u00ebmmer nees vun Hacker-S\u00e4ite kop\u00e9iert, d\u00e9i Artikele mat prorusseschen an antiwestlechen Narrativer verbreeden.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2025-02-06T14:00:05+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2025-02-11T09:49:51+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/46f9f268bdfd6ff5273b0bf4a84f27a5-1.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"4 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck &#8220;Doppelg\u00e4nger&#8221;: Meta profit\u00e9iert finanziell vu prorusseschem Desinformatiounsnetzwierk\",\"datePublished\":\"2025-02-06T14:00:05+00:00\",\"dateModified\":\"2025-02-11T09:49:51+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/\"},\"wordCount\":847,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/46f9f268bdfd6ff5273b0bf4a84f27a5-1.jpeg\",\"articleSection\":[\"Editor's Choice Slider LU\",\"Fact Check\",\"L\u00e9ieren iwwer Desinformatioun a Fakt iwwerpr\u00e9iwen\",\"Politik\",\"Technologie\",\"Ukraine\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/\",\"name\":\"Faktencheck \\\"Doppelg\u00e4nger\\\": Meta profit\u00e9iert finanziell vu prorusseschem Desinformatiounsnetzwierk - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/46f9f268bdfd6ff5273b0bf4a84f27a5-1.jpeg\",\"datePublished\":\"2025-02-06T14:00:05+00:00\",\"dateModified\":\"2025-02-11T09:49:51+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/46f9f268bdfd6ff5273b0bf4a84f27a5-1.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/46f9f268bdfd6ff5273b0bf4a84f27a5-1.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck \\\"Doppelg\u00e4nger\\\": Meta profit\u00e9iert finanziell vu prorusseschem Desinformatiounsnetzwierk - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck &#8220;Doppelg\u00e4nger&#8221;: Meta profit\u00e9iert finanziell vu prorusseschem Desinformatiounsnetzwierk\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck \"Doppelg\u00e4nger\": Meta profit\u00e9iert finanziell vu prorusseschem Desinformatiounsnetzwierk - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck \"Doppelg\u00e4nger\": Meta profit\u00e9iert finanziell vu prorusseschem Desinformatiounsnetzwierk - EDMO Belux","og_description":"Z\u00ebnter dem Ufank vum Krich an der Ukrain goufen europ\u00e4esch Medien \u00ebmmer nees vun Hacker-S\u00e4ite kop\u00e9iert, d\u00e9i Artikele mat prorusseschen an antiwestlechen Narrativer verbreeden.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2025-02-06T14:00:05+00:00","article_modified_time":"2025-02-11T09:49:51+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/46f9f268bdfd6ff5273b0bf4a84f27a5-1.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"4 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck &#8220;Doppelg\u00e4nger&#8221;: Meta profit\u00e9iert finanziell vu prorusseschem Desinformatiounsnetzwierk","datePublished":"2025-02-06T14:00:05+00:00","dateModified":"2025-02-11T09:49:51+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/"},"wordCount":847,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/46f9f268bdfd6ff5273b0bf4a84f27a5-1.jpeg","articleSection":["Editor's Choice Slider LU","Fact Check","L\u00e9ieren iwwer Desinformatioun a Fakt iwwerpr\u00e9iwen","Politik","Technologie","Ukraine"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/","name":"Faktencheck \"Doppelg\u00e4nger\": Meta profit\u00e9iert finanziell vu prorusseschem Desinformatiounsnetzwierk - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/46f9f268bdfd6ff5273b0bf4a84f27a5-1.jpeg","datePublished":"2025-02-06T14:00:05+00:00","dateModified":"2025-02-11T09:49:51+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/46f9f268bdfd6ff5273b0bf4a84f27a5-1.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/46f9f268bdfd6ff5273b0bf4a84f27a5-1.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck \"Doppelg\u00e4nger\": Meta profit\u00e9iert finanziell vu prorusseschem Desinformatiounsnetzwierk - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-doppelgnger-meta-profitiert-finanziell-vu-prorusseschem-desinformatiounsnetzwierk\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck &#8220;Doppelg\u00e4nger&#8221;: Meta profit\u00e9iert finanziell vu prorusseschem Desinformatiounsnetzwierk"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/384589","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=384589"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/384589\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/384584"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=384589"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=384589"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=384589"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}