{"id":386929,"date":"2025-02-20T07:00:26","date_gmt":"2025-02-20T07:00:26","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=386929"},"modified":"2025-02-20T08:48:17","modified_gmt":"2025-02-20T08:48:17","slug":"faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Keng Anti-EU-Demoen a Rum\u00e4nien &#8211; Wale vun nationalem Geriicht annul\u00e9iert"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p>D&#8217;Presidentewalen a Rum\u00e4nien sollen de 4. Mee 2025 widderholl ginn.<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p class=\"article-body__summary\">Dat rum\u00e4nescht Verfassungsgeriicht huet den \u00e9ischten Duerchgang w\u00e9inst Virw\u00ebrf vu russescher Am\u00ebschung fir ong\u00fclteg erkl\u00e4ert. Am Virfeld vun de Bundestagswalen an D\u00e4itschland geet d&#8217;Ger\u00fccht \u00ebm, et w\u00e4r d&#8217;Entscheedung vun der EU gewiescht, d&#8217;Walen ze annul\u00e9ieren, a se k\u00e9int dat och an D\u00e4itschland maachen. Fakt ass awer: D&#8217;EU huet net d&#8217;Kompetenz, Walen an engem Memberstaat ze annul\u00e9ieren.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Am Dezember 2024 hat d&#8217;rum\u00e4nescht Verfassungsgeriicht d&#8217;Presidentewale fir <a href=\"https:\/\/perma.cc\/DU59-9NTV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ong\u00fclteg erkl\u00e4ert<\/a> &#8211; eng Entscheedung, d\u00e9i an der Populatioun och op Widderstand gestouss war. Den 12. Januar 2025 hunn iwwer Z\u00e9ngdausend Unh\u00e4ngerinnen an Unh\u00e4nger fir de rietsradikale Kandidat C\u0103lin Georgescu demonstr\u00e9iert. Si hunn d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/8Y2K-6SPJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Verfassungsgeriicht opgefuerdert<\/a>, d&#8217;Annul\u00e9ierung opzehiewen.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">De Georgescu war am November 2024 als onofh\u00e4ngege Kandidat bei de Presidentewalen a Rum\u00e4nien ugetrueden an hat iwwerraschend d\u00e9i meescht St\u00ebmme kritt. D&#8217;rum\u00e4nesch Autorit\u00e9iten haten de Georgescu besch\u00ebllegt, vun enger illegaler russescher \u00cbnnerst\u00ebtzungscampagne op der Plattform TikTok profit\u00e9iert ze hunn.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Am Internet war d&#8217;Ger\u00fccht \u00ebmgaangen, zu Bukarest g\u00e9ifen &#8220;100.000 Leit g\u00e9int d&#8217;Entscheedung vun der EU, d&#8217;Wal vum Georgescu ze annul\u00e9ieren&#8221;, protest\u00e9ieren, w\u00e9i et an engem B\u00e4itrag op <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250212160324\/https:\/\/t.me\/timmkellner\/13143\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram<\/a> vum 12. Januar 2025, dee 97.000 Views hat, housch. Och op <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/0f2a4b44-dd1f-4883-b53b-10b1959b7292\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a>, <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/c6e7034d-569e-4646-8a3b-3c6ebfa737b6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Instagram<\/a> an <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/99164d65-6aeb-44f1-bc79-f23bb52455db\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a> war d&#8217;Behaaptung am \u00cbmlaf. Eng AFP-Ufro bei den X-User blouf bis zur Publikatioun vun d\u00ebsem Faktencheck ouni \u00c4ntwert. De B\u00e4itrag gouf an der T\u00ebschenz\u00e4it gel\u00e4scht.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/f0b6dd3dd084cfa82f61c73860df092f.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Mee et handelt sech \u00ebm eng Falschbehaaptung. D&#8217;AFP huet keng Hiweiser dorop fonnt, dass d&#8217;M\u00ebnschen explizitt g\u00e9int eng EU-Entscheedung protest\u00e9iert h\u00e4tten. Ausserdeem huet d&#8217;EU keng Kompetenz, national Wale vun engem Memberstaat ze annul\u00e9ieren, w\u00e9i aus <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.36WE7WV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">fr\u00e9ieren AFP-Recherchen<\/a> ze enthuelen ass.<\/p>\n<p>Protester a Rum\u00e4nien hu sech geheeft<\/p>\n<p>D&#8217;Stroosse vu Bukarest waren den 12. Januar 2025 mat z\u00e9ngdausende Leit gef\u00ebllt, d\u00e9i <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8Y2K-6SPJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">fir de rietsradikale Presidentschaftskandidat C\u0103lin Georgescu demonstr\u00e9iert<\/a> hunn. D&#8217;Participant\u00eb sinn duerch de Stadzentrum gezunn an hunn \u00ebnner anerem de R\u00e9cktr\u00ebtt vum Klaus Iohannis gefuerdert. M\u00ebttlerweil huet den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/R6GV-9Z7H\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">deemools amt\u00e9ierende President s\u00e4in Amt n\u00e9iergeluecht<\/a>.<\/p>\n<p>Entg\u00e9int de Behaaptungen a Sozialen Netzwierker hu sech d&#8217;Demonstrante mat hire Fuerderungen un d&#8217;Verfassungsgeriicht geriicht. Och virdrun haten de selwechte Weekend Protester stattfonnt, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/NLH6-D6P9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">w\u00e9i Medie gemellt haten<\/a>. D&#8217;Geriicht hat Ufank Dezember 2024 den \u00e9ischten Tour vun de Wale fir ong\u00fclteg erkl\u00e4ert an eng Widderhuelung ordon\u00e9iert. D&#8217;rietsextreem Partei AUR hat zu den Demonstratiounen opgeruff.<\/p>\n<p>Och den 10. Februar 2025 hu Sympathisante vum Georgescu virum Gebai vun der rum\u00e4nescher Regierung zu Bukarest <a href=\"https:\/\/perma.cc\/94QP-DXAZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">protest\u00e9iert<\/a> an de R\u00e9cktr\u00ebtt vun der aktueller Regierung \u00ebnner dem Marcel Ciolacu gefuerdert.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/9adcd0e8b28f0e119a13ac6d2fe5df2d.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;Protester waren, kuerz nodeem den deemolege President Iohannis de selwechten Dag s\u00e4i R\u00e9cktr\u00ebtt annonc\u00e9iert hat. Seng Flichte gi bis zum Datum vun de Walen am Mee 2025 vum Senatspresident Ilie Bolojan iwwerholl.<\/p>\n<p>D&#8217;EU ka keng Walen annul\u00e9ieren<\/p>\n<p>D&#8217;rum\u00e4nescht <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6RSY-XXBR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Gesetz<\/a> (Artikel 52) nennt d&#8217;Verfassungsgeriicht als eenzeg Autorit\u00e9it, d\u00e9i Walen &#8220;annul\u00e9iert, wann d&#8217;Ofst\u00ebmmung an d&#8217;Festlee\u00eb vun de Resultater duerch Bedruch zustane koumen&#8221;.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet Kontakt mat der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/TN9B-BHAR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Vertriedung vun der EU-Kommissioun a Rum\u00e4nien<\/a> opgeholl. D\u00ebs huet den 13. Februar 2025 schr\u00ebftlecht confirm\u00e9iert, dass sech d&#8217;Kommissioun &#8220;a kenger Man\u00e9ier an national Walen am\u00ebscht&#8221;. National Autorit\u00e9ite w\u00e4re fir national Walen zoust\u00e4nneg, huet e Spriecher weider formul\u00e9iert, well &#8220;schlussendlech&#8221; g\u00e9ifen &#8220;d&#8217;Wale fir d&#8217;Leit an de jeeweilege Memberstaate&#8221; stattfannen.<\/p>\n<p>Et w\u00e4r d&#8217;Kompetenz an d&#8217;Responsabilit\u00e9it vun de Memberstaaten, &#8220;fr\u00e4i a fair national Walen&#8221; am Aklang mat g\u00ebllendem Recht an den n\u00e9idegen internationale Standarden ze organis\u00e9ieren a spezifesch Konditioune festzelee\u00ebn.<\/p>\n<p>Kommissioun vermutt Verst\u00e9iss g\u00e9int DSA-Gesetz<\/p>\n<p>Iwwer d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/4BWY-7BYK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Entscheedung vum rum\u00e4nesche Verfassungsgeriicht<\/a>, an d\u00e4r d&#8217;Annul\u00e9ierung decid\u00e9iert gouf, selwer hat d&#8217;Europ\u00e4esch Kommissioun <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6MYC-L4YK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">keng Enqu\u00eate<\/a> ugek\u00ebnnegt.<\/p>\n<p>De 17. Dezember 2024 hat d&#8217;Kommissioun eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/HCM3-8525\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">offiziell Enqu\u00eate g\u00e9int TikTok<\/a> w\u00e9inst suppos\u00e9ierte Verst\u00e9iss g\u00e9int d&#8217;Gesetz iwwer digital D\u00e9ngschter (Digital Services Act, DSA) an d&#8217;Wee\u00ebr geleet. Dat war d\u00e9i dr\u00ebtt K\u00e9ier, dass d&#8217;Kommissioun eng Enqu\u00eate g\u00e9int TikTok am Kader vum DSA ageleet hat. Dora goung et awer \u00ebm d'&#8221;Opdecken, d&#8217;Kennzeechnen an d&#8217;L\u00e4sche vun illegale Contenue souw\u00e9i Risikobew\u00e4ertungsflichte&#8221; vun der Plattform, w\u00e9i e Spriecher vun der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/VF85-JYSX\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">d\u00e4itscher EU-Kommissiouns-Vertriedung<\/a> de 24. Januar 2025 an enger E-Mail prezis\u00e9iert huet, an net \u00ebm d&#8217;Ausserkraaftsetze vun de Walresultater.<\/p>\n<p>Den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7MMK-S6LB\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Europ\u00e4esche Geriichtshaff fir M\u00ebnscherechter <\/a>(EGMR) huet eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/NZ29-39LZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Requ\u00eate vum rietsradikale rum\u00e4nesche Presidentschaftskandidat Georgescu<\/a> g\u00e9int d&#8217;Annul\u00e9ierung vu senger Victoire am \u00e9ischte Waltour ofgewisen.<\/p>\n<p>An engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/QV5D-5M8W\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">dr\u00e9ngleche Rapport<\/a> vum 27. Januar 2025 huet d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/ZU6V-4Z4F\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Venedeg-Kommissioun<\/a> festgehalen, dass d&#8217;Annul\u00e9ierung net direkt mam Walprozess a Rum\u00e4nien selwer verbonne war, mee &#8220;villm\u00e9i mat der Virbereedungsphas vun de Walen an dem net transparenten Afloss&#8221; op d&#8217;Wielerinnen a Wieler. D&#8217;Venedeg-Kommissioun ass eng Ariichtung vum Europarot, dee Memberstaate a Verfassungsfroe ber\u00e9it. D&#8217;rum\u00e4nescht Verfassungsgeriicht hat seng Entscheedung mam Verstouss g\u00e9int d&#8217;Best\u00ebmmunge vum Walgesetz begr\u00ebnnt, &#8220;besonnesch d&#8217;Gesetzer iwwer d&#8217;Finanz\u00e9ierung&#8221;, w\u00e9i am Rapport festgehale gouf.<\/p>\n<p>W\u00e9i d&#8217;AFP schonn an engem anere <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.36UF6A8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Faktencheck<\/a> ausgef\u00e9iert huet, ass et och an D\u00e4itschland m\u00e9iglech, d&#8217;Bundestagswalen unzefechten an duerno ze widderhuelen. Doriwwer entscheet awer de Bundestag an net d&#8217;Europ\u00e4esch Unioun, w\u00e9i eng Spriecherin vun der zoust\u00e4nneger Presidentin vum Walb\u00fcro (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/A4RY-PXKK\">Bundeswalleiterin<\/a>) den 19. Januar 2025 op AFP-Ufro confirm\u00e9iert huet.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> D&#8217;Ger\u00fccht, d&#8217;Annul\u00e9ierung vun der Presidentewalen a Rum\u00e4nien w\u00e4r eng Entscheedung vun der EU gewiescht, firwat Honnertdausenden zu Bukarest op d&#8217;Strooss gaange wieren, ass falsch. D&#8217;Presidentewalen a Rum\u00e4nien goufen am Dezember 2024 vum nationale Verfassungsgeriicht annul\u00e9iert. Dog\u00e9int riichte sech d&#8217;Protester. Ausserdeem huet d&#8217;EU keng Entscheedungsgewalt doriwwer.<\/p>\n<p><em>D\u00ebse Faktencheck gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<br \/>\n<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>D&#8217;Presidentewalen a Rum\u00e4nien sollen de 4. Mee 2025 widderholl ginn.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":386914,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,425,183,191],"tags":[],"class_list":{"0":"post-386929","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-editors-choice-lu","8":"category-eu-lb-fact-check-lb","9":"category-fact-check-lb","10":"category-politik"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2277596","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2277596.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Keng Anti-EU-Demoen a Rum\u00e4nien - Wale vun nationalem Geriicht annul\u00e9iert - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Keng Anti-EU-Demoen a Rum\u00e4nien - Wale vun nationalem Geriicht annul\u00e9iert - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"D&#039;Presidentewalen a Rum\u00e4nien sollen de 4. Mee 2025 widderholl ginn.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2025-02-20T07:00:26+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2025-02-20T08:48:17+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/91df86d95fa65fd83e7ca0333392379e.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"5 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Keng Anti-EU-Demoen a Rum\u00e4nien &#8211; Wale vun nationalem Geriicht annul\u00e9iert\",\"datePublished\":\"2025-02-20T07:00:26+00:00\",\"dateModified\":\"2025-02-20T08:48:17+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/\"},\"wordCount\":1053,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/91df86d95fa65fd83e7ca0333392379e.jpeg\",\"articleSection\":[\"Editor's Choice Slider LU\",\"EU\",\"Fact Check\",\"Politik\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/\",\"name\":\"Faktencheck: Keng Anti-EU-Demoen a Rum\u00e4nien - Wale vun nationalem Geriicht annul\u00e9iert - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/91df86d95fa65fd83e7ca0333392379e.jpeg\",\"datePublished\":\"2025-02-20T07:00:26+00:00\",\"dateModified\":\"2025-02-20T08:48:17+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/91df86d95fa65fd83e7ca0333392379e.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/91df86d95fa65fd83e7ca0333392379e.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Keng Anti-EU-Demoen a Rum\u00e4nien - Wale vun nationalem Geriicht annul\u00e9iert - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Keng Anti-EU-Demoen a Rum\u00e4nien &#8211; Wale vun nationalem Geriicht annul\u00e9iert\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Keng Anti-EU-Demoen a Rum\u00e4nien - Wale vun nationalem Geriicht annul\u00e9iert - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Keng Anti-EU-Demoen a Rum\u00e4nien - Wale vun nationalem Geriicht annul\u00e9iert - EDMO Belux","og_description":"D'Presidentewalen a Rum\u00e4nien sollen de 4. Mee 2025 widderholl ginn.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2025-02-20T07:00:26+00:00","article_modified_time":"2025-02-20T08:48:17+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/91df86d95fa65fd83e7ca0333392379e.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"5 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Keng Anti-EU-Demoen a Rum\u00e4nien &#8211; Wale vun nationalem Geriicht annul\u00e9iert","datePublished":"2025-02-20T07:00:26+00:00","dateModified":"2025-02-20T08:48:17+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/"},"wordCount":1053,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/91df86d95fa65fd83e7ca0333392379e.jpeg","articleSection":["Editor's Choice Slider LU","EU","Fact Check","Politik"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/","name":"Faktencheck: Keng Anti-EU-Demoen a Rum\u00e4nien - Wale vun nationalem Geriicht annul\u00e9iert - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/91df86d95fa65fd83e7ca0333392379e.jpeg","datePublished":"2025-02-20T07:00:26+00:00","dateModified":"2025-02-20T08:48:17+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/91df86d95fa65fd83e7ca0333392379e.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/91df86d95fa65fd83e7ca0333392379e.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Keng Anti-EU-Demoen a Rum\u00e4nien - Wale vun nationalem Geriicht annul\u00e9iert - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-anti-eu-demoen-a-rumnien-wale-vun-nationalem-geriicht-annuliert\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Keng Anti-EU-Demoen a Rum\u00e4nien &#8211; Wale vun nationalem Geriicht annul\u00e9iert"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/386929","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=386929"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/386929\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/386914"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=386929"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=386929"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=386929"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}