{"id":388731,"date":"2025-02-28T14:00:24","date_gmt":"2025-02-28T14:00:24","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=388731"},"modified":"2025-02-28T18:12:58","modified_gmt":"2025-02-28T18:12:58","slug":"diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/","title":{"rendered":"&#8220;Diktator ouni gewielt ginn ze sinn&#8221;: Faktencheck iwwer dem Trump seng Virw\u00ebrf g\u00e9intiwwer dem Selenskyj"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p>M\u00ebtt Februar 2025 huet den Donald Trump zimmlech haart Wierder iwwer de Wolodymyr Selenskyj verluer.<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p class=\"article-body__summary\">Hien huet den ukrainesche President als &#8220;Diktator, ouni gewielt ginn ze sinn&#8221; bezeechent, huet d&#8217;Notze vun der amerikanescher H\u00ebllef fir d&#8217;Ukrain a Fro gestallt an hie besch\u00ebllegt, de Krich &#8220;ugefaangen&#8221; ze hunn. Hei e R\u00e9ckbl\u00e9ck op d\u00ebs Aussoen, d\u00e9i enger AFP-Analys no falsch, ierf\u00e9ierend oder onbegr\u00ebnnt waren an zu Spannungen t\u00ebscht Washington a Kiew gef\u00e9iert hunn, w\u00e9i et se nach ni gouf.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/f0e88e009c95a5683ca634b81c37af5e.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Den Trump nennt de Selenskyj en &#8220;Diktator, ouni gewielt ginn ze sinn&#8221;<\/p>\n<p>Den Donald Trump huet <a href=\"https:\/\/www.france24.com\/fr\/europe\/20250219-ukraine-zelensky-trump-vit-dans-espace-d%C3%A9sinformation-russie\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">de Selenskyj den 19. Februar en &#8220;Diktator ouni gewielt ginn ze sinn&#8221; genannt<\/a>, een Dag nodeem hie behaapt hat, den ukrainesche Staatschef h\u00e4tt an \u00cbmfroe just v\u00e9ier Prozent &#8220;Zoust\u00ebmmung&#8221; (<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250221163537\/https:\/\/www.france24.com\/fr\/europe\/20250219-ukraine-zelensky-trump-vit-dans-espace-d%C3%A9sinformation-russie\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>).<\/p>\n<p>Den Trump sot net, vu wou d\u00ebs Zuel vu v\u00e9ier Prozent k\u00e9im. De Selenskyj sot Reporteren, dass et sech \u00ebm eng russesch Zuel handele g\u00e9if an dass d&#8217;Ukrain &#8220;Beweiser&#8221; dofir h\u00e4tt, dass se a Gespr\u00e9icher t\u00ebscht russeschen an amerikanesche Beamte benotzt gi w\u00e4r.<\/p>\n<p>Eng Abberzuel russesch Medien hunn d&#8217;Zuel vu v\u00e9ier Prozent och benotzt an dob\u00e4i eng \u00cbmfro vum ukrainesche pro-russeschen Deput\u00e9ierten Oleksandr Dubinsky, deen 2021 vun der amerikanescher Regierung sanktion\u00e9iert gi war, vum soziale Medium Telegram zit\u00e9iert.<\/p>\n<p>Enger \u00cbmfro vun d\u00ebsem Mount (Februar 2025) no, d\u00e9i den Internationalen Institut fir Soziologie vu Kiew an Optrag hinn huet, no huet de Selenskyj en Zoust\u00ebmmungsw\u00e4ert vu 57 Prozent.<\/p>\n<p>Och wann d\u00ebs Zuel \u00ebnner dem Sp\u00ebtzew\u00e4ert vun 90 Prozent kuerz no der russescher Invasioun am Februar 2022 l\u00e4it, ass dat en Zeechen dofir, dass de Selenskyj &#8220;seng Legitimit\u00e9it oprechterh\u00e4lt&#8221;, <a href=\"https:\/\/kiis.com.ua\/?lang=eng&amp;cat=reports&amp;id=1496&amp;page=1\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">sou den Institut<\/a> (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/A6X5-LXHK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>).<\/p>\n<p>De russesche President Wladimir Putin huet de Selenskyj \u00ebmmer nees als illegitimmen Herrscher bezeechent, well hien z\u00ebnter senger f\u00ebnnefj\u00e4reger Amtsz\u00e4it am Mee 2019 keng Wale m\u00e9i ugesat huet.<\/p>\n<p>D&#8217;Krichsrecht, dat den Dag vun der russescher Invasioun verhaange gouf, schl\u00e9isst Walen an esou engem Zoustand awer aus.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP hat <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/doc.afp.com.33L36WL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">schonn am Joer 2023 ierf\u00e9ierend Publikatiounen iwwerpr\u00e9ift<\/a>, an deenen den ukrainesche President der Muechtergr\u00e4ifung besch\u00ebllegt gouf. De Selenskyj hat g\u00e9intiwwer der BBC erkl\u00e4ert, dass Wale just a Friddensz\u00e4iten ofgehale k\u00ebnne ginn.<\/p>\n<p>Wien huet de Krich ugefaangen?<\/p>\n<p>An engem Pressebriefing en D\u00ebnschdeg (25. Februar) huet den Trump behaapt, d&#8217;Ukrain w\u00e4r fir den Amarsch vum 24. Februar 2022 responsabel. Russland huet z\u00ebnterhier ongef\u00e9ier 20 Prozent vum ukraineschen Territoire ageholl.<\/p>\n<p>&#8220;<em>Dir h\u00e4tt en net sollen uf\u00e4nken, Dir h\u00e4tt en Deal maache sollen<\/em>&#8220;, sot den Trump iwwer d&#8217;ukrainesch Protester g\u00e9int d&#8217;Gespr\u00e9icher iwwer de Krich, d\u00e9i t\u00ebscht h\u00e9ichrangegen amerikaneschen a russesche Beamten zu Riad ofgehale goufen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/8a9946b3238e5f47c7eab5fedb8d3ab1.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Den Trump hat domat op en Neits russesch \u00c4usserungen opgegraff. &#8220;Si waren et, d\u00e9i 2014 de Krich ugefaangen hunn&#8221;, sot de Putin an engem Interview mam konservativen US-Kommentator Tucker Carlson.<\/p>\n<p>Dem Trump s\u00e4i fr\u00e9iere Vizepresident Mike Pence huet seng Behaaptung <a href=\"https:\/\/x.com\/Mike_Pence\/status\/1892271536394162229\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">op der Plattform X gekontert<\/a>: &#8220;H\u00e4r President, d&#8217;Ukrain huet d\u00ebse Krich net &#8216;ugefaangen&#8217;. Russland huet eng onprovoz\u00e9iert a brutal Invasioun gestart&#8221;, huet de Pence geschriwwen (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/B689-LF3H\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>). &#8220;De Wee Richtung Fridde muss op der Wourecht berouen.&#8221;<\/p>\n<p>De Konflikt t\u00ebscht der Ukrain a Russland geet op de Februar 2014 zer\u00e9ck, w\u00e9i de prorussesche President Viktor Janukowitsch am Kader vum proeurop\u00e4eschen Opstand op der Maidan-Plaz a Richtung Russland gefl\u00fccht war. E puer Deeg m\u00e9i sp\u00e9it hate russesch Spezialeenheeten inkognito d&#8217;Kontroll iwwer d&#8217;ukrainesch Krim iwwerholl, \u00e9ier et zu enger formeller Annexioun koum, d\u00e9i vun der Majorit\u00e9it vun der internationaler Gemeinschaft net unerkannt gouf a g\u00ebtt.<\/p>\n<p>De Konflikt huet duerno op den Donbass iwwergegraff, wou Moskau mat H\u00ebllef vu prorussesche Separatisten en arm\u00e9ierte Konflikt g\u00e9int Kiew form\u00e9iert huet. Russland hat seng Arm\u00e9i doropshin un der Grenz zesummegezunn, an de 24. Februar 2022 waren d\u00e9i \u00e9ischt Panzer an d&#8217;Ukrain agefall, wat den Ufank vun enger grouss ugeluechter russescher Invasioun duergestallt hat.<\/p>\n<p>&#8220;350 Milliarden Dollar&#8221; US-H\u00ebllef?<\/p>\n<p>Den Trump huet e M\u00ebttwoch <a href=\"https:\/\/trumpstruth.org\/statuses\/29757\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">op senger Plattform &#8220;Truth Social&#8221; widderholl<\/a>, dass de Selenskyj &#8220;d&#8217;Vereenegt Staate vun Amerika dozou iwwerriet huet, 350 Milliarden Dollar auszeginn, fir an e Krich ze z\u00e9ien, deen net konnt gewonne ginn, deen ni h\u00e4tt missen uf\u00e4nken&#8221; (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/BA7R-P7C4?type=standard\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>).<\/p>\n<p>Den Dag virdru sot hien, de Selenskyj h\u00e4tt him gesot, hie w\u00e9isst net, wuer d&#8217;Hallschent vun den amerikanesche Sue gefloss w\u00e4ren, an hien h\u00e4tt dob\u00e4i vl\u00e4icht eng Behaaptung vum ukrainesche Leader m\u00ebssverstanen, deem no m\u00e9i w\u00e9i d&#8217;Hallschent vun der H\u00ebllef net geliwwert gi w\u00e4r.<\/p>\n<p>Der Associated Press sot den Trump den 1. Februar, dass d&#8217;Ukrain &#8220;e b\u00ebsse m\u00e9i w\u00e9i&#8221; 75 Milliarden Dollar vun den H\u00ebllefen, d\u00e9i den US-Kongress beschloss huet, kritt h\u00e4tt, haapts\u00e4chlech a Form vu milit\u00e4rescher Ausr\u00ebschtung. Am Ganzen huet de Kongress H\u00ebllefen an H\u00e9ich vun 177 Milliarden Dollar bew\u00ebllegt.<\/p>\n<p>Den <a href=\"https:\/\/www.state.gov\/bureau-of-political-military-affairs\/releases\/2025\/01\/u-s-security-cooperation-with-ukraine\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">amerikaneschen Ausseminist\u00e8re huet den 20. Januar matgedeelt<\/a>, dass d&#8217;Vereenegt Staaten der Ukrain z\u00ebnter der Invasioun vu Russland 65,9 Milliarden Dollar u Milit\u00e4rh\u00ebllef zur Verf\u00fcgung gestallt hunn (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/J69J-EKDT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>).<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/www.ifw-kiel.de\/publications\/news\/ukraine-support-after-3-years-of-war-aid-flows-remain-low-but-steady-shift-towards-weapons-procurement\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Kieler Institut<\/a>, en d\u00e4itscht Wirtschaftsfuerschungsinstitut, sot, dass d&#8217;Vereenegt Staate vun 2022 bis Enn 2024 114,2 Milliarden Euro (119,8 Milliarden Dollar) u finanzieller, humanit\u00e4rer a milit\u00e4rescher H\u00ebllef zur Verf\u00fcgung gestallt h\u00e4tten &#8211; dob\u00e4i g\u00e9ifen d&#8217;milit\u00e4resch H\u00ebllefe 64 Milliarden Euro ausmaachen (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/HLF2-GN46\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>).<\/p>\n<p>USA m\u00e9i gener\u00e9is w\u00e9i Europa?<\/p>\n<p>Den Trump sot och, d&#8217;europ\u00e4esch H\u00ebllef fir d&#8217;Ukrain w\u00e4r e &#8220;vill m\u00e9i klenge Prozentsaz&#8221;. Dem Kieler Institut no ass Europa de gr\u00e9issten Donateur fir d&#8217;Ukrain, mee de Groussdeel vun der H\u00ebllef ass finanzieller oder humanit\u00e4rer Natur.<\/p>\n<p>&#8220;Ech mengen, Europa huet 100 Milliarden Dollar ginn a mir, soe mer, 300 oder m\u00e9i&#8221;, sot den Trump d\u00ebs Woch. &#8220;An et ass fir si m\u00e9i wichteg w\u00e9i fir eis.&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;Kieler Institut sch\u00e4tzt, dass d&#8217;europ\u00e4esch L\u00e4nner 70 Milliarden Euro u finanzieller an humanit\u00e4rer H\u00ebllef an 62 Milliarden Euro u milit\u00e4rescher H\u00ebllef &#8220;bereetgestallt&#8221; hunn. D&#8217;Institut ass och der Meenung, dass &#8220;Europa zesummen d&#8217;USA a Saachen Ukrain-H\u00ebllef iwwerholl huet&#8221;.<\/p>\n<p>&#8220;Millioune&#8221; vun Doudegen?<\/p>\n<p>Den Trump sot d\u00ebs Woch och, dass &#8220;Milliounen&#8221; an d\u00ebsem Konflikt \u00ebmkomm w\u00e4ren, w\u00e4rend keng vu b\u00e9ide S\u00e4iten iwwerpr\u00e9ifbar Zuele genannt huet.<\/p>\n<p>De Selenskyj sot dem amerikanesche Sender NBC an d\u00ebsem Mount (Februar), dass 46.000 ukrainesch Zaldoten am Krich gefall w\u00e4ren. De Korrespondent Jurij Butusow, deen iwwer den ukrainesche Krich bericht, hat am Dezember milit\u00e4resch Sourcen zit\u00e9iert, d\u00e9i vu 70.000 ukraineschen Doudege geschwat haten.<\/p>\n<p>Russland huet z\u00ebnter Enn 2022, w\u00e9i et manner w\u00e9i 6.000 doudeg Zaldoten zouginn hat, keng Zuel m\u00e9i genannt. D&#8217;onofh\u00e4ngeg Internets\u00e4it Mediazona an d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.bbc.com\/russian\/articles\/c93lklg89e8o\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">BBC<\/a>, d\u00e9i eng R\u00ebtsch \u00ebffentlech Sourcen, dor\u00ebnner och Doudesannoncen, ausgew\u00e4ert hunn, hu gemellt, dass m\u00e9i w\u00e9i 90.000 russesch Zaldoten \u00ebm d&#8217;Liewe komm sinn (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/4ZRR-Z9TS\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">archiv\u00e9ierte Link)<\/a>.<\/p>\n<p>Am Dezember hat den deemolegen amerikanesche Verdeedegungsminister Lloyd Austin vu 700.000 doudegen a verwonnte russeschen Zaldote geschwat. Dob\u00e4i k\u00e9imen nordkoreanesch Zaldoten: 1.100 den Zuele vu Seoul no, 3.000 den Zuele vu Kiew no.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/39370552ffb78738c1475430e6b0abd8.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;Observatiounsmissioun fir M\u00ebnscherechter vun den UN (HRMMU) huet <a href=\"https:\/\/ukraine.ohchr.org\/sites\/default\/files\/2025-02\/Ukraine%20-%20protection%20of%20civilians%20in%20armed%20conflict%20%28January%20%202025%29_ENG_0.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">am Januar 2025 gemellt<\/a>, dass op ukrainescher S\u00e4it 12.600 Zivilisten \u00ebmbruecht an ongef\u00e9ier 29.000 weiderer bless\u00e9iert goufen, woub\u00e4i se betount huet, dass d\u00e9i tats\u00e4chlech Zuel &#8220;warscheinlech vill, vill m\u00e9i h\u00e9ich ass&#8221; (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/AN6M-MZRU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">archiv\u00e9ierte Link<\/a>).<\/p>\n<p>Bei der Belagerung vun der Stad Mariupol am Joer 2022, d\u00e9i elo \u00ebnner russescher Kontroll ass, gouf et den Angabe vun ukraineschen Autorit\u00e9iten no t\u00ebscht 20.000 an 80.000 Doudeger.<\/p>\n<p>All d&#8217;Faktenchecke vun der AFP iwwer de Krich an der Ukrain sinn <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/EN\/list\/War-Ukraine\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> ze fannen.<\/p>\n<p><em>D\u00ebse Faktencheck gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<br \/>\n<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>M\u00ebtt Februar 2025 huet den Donald Trump zimmlech haart Wierder iwwer de Wolodymyr Selenskyj verluer.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":388711,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,183,191,217],"tags":[],"class_list":{"0":"post-388731","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-editors-choice-lu","8":"category-fact-check-lb","9":"category-politik","10":"category-ukraine-lb"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2280785","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2280785.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>&quot;Diktator ouni gewielt ginn ze sinn&quot;: Faktencheck iwwer dem Trump seng Virw\u00ebrf g\u00e9intiwwer dem Selenskyj - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"&quot;Diktator ouni gewielt ginn ze sinn&quot;: Faktencheck iwwer dem Trump seng Virw\u00ebrf g\u00e9intiwwer dem Selenskyj - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"M\u00ebtt Februar 2025 huet den Donald Trump zimmlech haart Wierder iwwer de Wolodymyr Selenskyj verluer.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2025-02-28T14:00:24+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2025-02-28T18:12:58+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/7433664450ab604b87b9e6d494601bad.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"6 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"&#8220;Diktator ouni gewielt ginn ze sinn&#8221;: Faktencheck iwwer dem Trump seng Virw\u00ebrf g\u00e9intiwwer dem Selenskyj\",\"datePublished\":\"2025-02-28T14:00:24+00:00\",\"dateModified\":\"2025-02-28T18:12:58+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/\"},\"wordCount\":1372,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/7433664450ab604b87b9e6d494601bad.jpeg\",\"articleSection\":[\"Editor's Choice Slider LU\",\"Fact Check\",\"Politik\",\"Ukraine\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/\",\"name\":\"\\\"Diktator ouni gewielt ginn ze sinn\\\": Faktencheck iwwer dem Trump seng Virw\u00ebrf g\u00e9intiwwer dem Selenskyj - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/7433664450ab604b87b9e6d494601bad.jpeg\",\"datePublished\":\"2025-02-28T14:00:24+00:00\",\"dateModified\":\"2025-02-28T18:12:58+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/7433664450ab604b87b9e6d494601bad.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/7433664450ab604b87b9e6d494601bad.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"\\\"Diktator ouni gewielt ginn ze sinn\\\": Faktencheck iwwer dem Trump seng Virw\u00ebrf g\u00e9intiwwer dem Selenskyj - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"&#8220;Diktator ouni gewielt ginn ze sinn&#8221;: Faktencheck iwwer dem Trump seng Virw\u00ebrf g\u00e9intiwwer dem Selenskyj\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"\"Diktator ouni gewielt ginn ze sinn\": Faktencheck iwwer dem Trump seng Virw\u00ebrf g\u00e9intiwwer dem Selenskyj - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"\"Diktator ouni gewielt ginn ze sinn\": Faktencheck iwwer dem Trump seng Virw\u00ebrf g\u00e9intiwwer dem Selenskyj - EDMO Belux","og_description":"M\u00ebtt Februar 2025 huet den Donald Trump zimmlech haart Wierder iwwer de Wolodymyr Selenskyj verluer.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2025-02-28T14:00:24+00:00","article_modified_time":"2025-02-28T18:12:58+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/7433664450ab604b87b9e6d494601bad.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"6 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"&#8220;Diktator ouni gewielt ginn ze sinn&#8221;: Faktencheck iwwer dem Trump seng Virw\u00ebrf g\u00e9intiwwer dem Selenskyj","datePublished":"2025-02-28T14:00:24+00:00","dateModified":"2025-02-28T18:12:58+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/"},"wordCount":1372,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/7433664450ab604b87b9e6d494601bad.jpeg","articleSection":["Editor's Choice Slider LU","Fact Check","Politik","Ukraine"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/","name":"\"Diktator ouni gewielt ginn ze sinn\": Faktencheck iwwer dem Trump seng Virw\u00ebrf g\u00e9intiwwer dem Selenskyj - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/7433664450ab604b87b9e6d494601bad.jpeg","datePublished":"2025-02-28T14:00:24+00:00","dateModified":"2025-02-28T18:12:58+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/7433664450ab604b87b9e6d494601bad.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/02\/7433664450ab604b87b9e6d494601bad.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"\"Diktator ouni gewielt ginn ze sinn\": Faktencheck iwwer dem Trump seng Virw\u00ebrf g\u00e9intiwwer dem Selenskyj - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/diktator-ouni-gewielt-ginn-ze-sinn-faktencheck-iwwer-dem-trump-seng-virwrf-gintiwwer-dem-selenskyj\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"&#8220;Diktator ouni gewielt ginn ze sinn&#8221;: Faktencheck iwwer dem Trump seng Virw\u00ebrf g\u00e9intiwwer dem Selenskyj"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/388731","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=388731"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/388731\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/388711"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=388731"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=388731"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=388731"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}