{"id":388902,"date":"2025-03-03T14:00:39","date_gmt":"2025-03-03T14:00:39","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=388902"},"modified":"2025-03-05T09:23:00","modified_gmt":"2025-03-05T09:23:00","slug":"faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Behaaptung, de Musk h\u00e4tt CNN opkaaft, staamt vu Satir-Webs\u00e4it"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p>Direkt a senger \u00e9ischter Ried no senger Walvictoire de 6. November 2024 war den US-President Donald Trump g\u00e9int d&#8217;Medien, d\u00e9i vun him &#8220;Feinde vum Vollek&#8221; genannt ginn, an d&#8217;Offensiv gaangen, virun allem g\u00e9int d&#8217;Noriichtesendere CNN an MSNBC. Den Dag drop hat den argentinesche President Javier Milei behaapt, dass de Milliard\u00e4r an enke Vertraute vum Trump, den Elon Musk, CNN opkaaft h\u00e4tt. Z\u00ebnterhier sinn a Sozialen Netzwierker B\u00e4itr\u00e4g am \u00cbmlaf, d\u00e9i d\u00ebs Behaaptung opgr\u00e4ifen a verbreeden.<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p class=\"article-body__summary\">Den US-Sender huet g\u00e9intiwwer AFP awer confirm\u00e9iert, dass &#8220;d&#8217;Rumeuren iwwer e Verkaf oder e Wiessel vum Bes\u00ebtzer&#8221; &#8220;komplett falsch&#8221; w\u00e4ren. D\u00ebs Behaaptung staamt a Wierklechkeet vun enger satirescher Internets\u00e4it.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\"><em>&#8220;Elon Musk schl\u00e9isst 3-Milliarden-Dollar-Deal of, fir CNN ze kafen, a verspr\u00e9cht, d&#8217;Medien ze repar\u00e9ieren, een Netzwierk nom aneren&#8217;&#8230;&#8221;<\/em>, heescht et an engem\u00a0<a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/1ebf598a-7d6c-42c8-9fd2-4b677935e102\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-B\u00e4itrag<\/a>, deen de 14. Februar 2025 verbreet a bal 50 Mol gedeelt gouf.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">\u00c4nlech B\u00e4itr\u00e4g sinn op Facebook (<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250225103956\/https:\/\/www.facebook.com\/permalink.php?story_fbid=pfbid0GbzkjF5Ny4EJWkVix5NnjQoujW1ri9EutLtvBM2PM1ogU9YfhVKRcEzHBWtbLCCul&amp;id=100063610972426\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">1<\/a>, <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/5a375a43-69ae-4ea0-b90b-a0d8604b2b84\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">2<\/a>) an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/JY46-VE3B\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a> an och an diverse Sprooche w\u00e9i <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3R8S-T5QY\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Englesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5D5Q-A5DF\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Spuenesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20241113163021\/https:\/\/www.facebook.com\/adolfo.lembo.Rambo\/posts\/pfbid02nDGLPHUESvcDxfKy11waLGjByDbudPSYhY6LPEaeJJBauVdSFtBTiUtxmAWNWEQjl\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Portugisesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Z3WS-FMTL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Swahili<\/a> a <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6MUF-36VU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Vietnameesesch<\/a> am \u00cbmlaf. E puer vun d\u00ebse B\u00e4itr\u00e4g nennen den Internetsite &#8220;DMVPlantNews&#8221; als Quell, d\u00e9i de 15. Februar 2025 en <a href=\"https:\/\/perma.cc\/44FL-HCPJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel<\/a> zu d\u00ebsem Sujet publiz\u00e9iert huet.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/404726dd78d591c41155fe867b4dbf29.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;Rumeur war och vum argentinesche President Javier Milei an enger <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/live\/kzEvmpdf7eg?t=2667s\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Ried virun der argentinescher Chambre de Commerce de 7. November 2024<\/a> verbreet ginn: <em>&#8220;Haut huet den Elon Musk d\u00ebs knaschteg &#8216;Woke&#8217;-Bastioun, d\u00e9i CNN housch, kaf&#8221;<\/em>, hat hien deemools gesot. Eng onbegr\u00ebnnt Behaaptung, d\u00e9i vum Sender dement\u00e9iert a vun der AFP den 13. November op <a href=\"https:\/\/checamos.afp.com\/doc.afp.com.36ME3FA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Portugisesch<\/a> a <a href=\"https:\/\/factual.afp.com\/doc.afp.com.36MC88K\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Spuenesch<\/a> (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/UF72-NFMT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert) souw\u00e9i vun enger Abberzuel anere Medie weltw\u00e4it verifiz\u00e9iert gi war.<\/p>\n<p>D\u00ebs Behaaptung war och Ufank 2025 an och am Februar weiderhin am \u00cbmlaf, notamment op Frans\u00e9isch.<\/p>\n<p>Rumeuren iwwer Opkaf goufe vu CNN an de Bes\u00ebtzer dement\u00e9iert<\/p>\n<p><em>&#8220;Un de Rumeuren iwwer de Verkaf oder e Bes\u00ebtzerwiessel bei CNN ass n\u00e4ischt Woueres drun. All kontr\u00e4r Behaaptunge si komplett falsch&#8221;<\/em>, hat d&#8217;Grupp Warner Bros.\/Discovery, d\u00e9i <a href=\"https:\/\/www.lapresse.ca\/affaires\/medias\/2022-04-21\/un-mois-apres-son-lancement\/le-service-cnn-va-fermer.php\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">z\u00ebnter 2022 Propriet\u00e4r vum amerikanesche Sender<\/a> ass, den 12. November 2024 no den \u00c4usserunge vum argentinesche President g\u00e9intiwwer der AFP gesot (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/UD6W-UTXX\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>Och d&#8217;Emily Kuhn, d\u00e9i vun der AFP de 25. Februar kontakt\u00e9iert gouf a Kommunikatiounscheffin vu CNN Worldwide ass, huet confirm\u00e9iert, dass d\u00ebs Rumeure &#8220;komplett falsch&#8221; an onbegr\u00ebnnt sinn.<\/p>\n<p>Eng <a href=\"https:\/\/help.afp.com\/hc\/trouver-facilement-le-bon-contenu-85500c0e-8ed6-4cca-94a0-14e2665389d5\/advanced-search\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">St\u00e9chwierdersich<\/a> mat de Begr\u00ebffer &#8220;Elon Musk huet CNN opkaaft&#8221; op Englesch (&#8220;Elon Musk bought CNN&#8221;), bei d\u00e4r d&#8217;Resultater, d\u00e9i bis de 6. November publiz\u00e9iert gi waren &#8211; dem Dag vum Milei senger Deklaratioun -, gefiltert goufen, ergouf keng Informatiounen iwwer den angeebleche Kaf vum US-Sender.<\/p>\n<p>D&#8217;Sich huet awer zu engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/H4TP-HA8C\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">op Instagram publiz\u00e9ierte Video<\/a> vum 29. Oktober 2024 gef\u00e9iert, an deem e Mann op Englesch erkl\u00e4ert, dass<em> &#8220;eng satiresch Internets\u00e4it mat der Behaaptung, den Elon Musk w\u00e9ilt CNN kafen, viral gaangen ass&#8221;.<\/em><\/p>\n<p>Eng nei Sich mat de selwechte St\u00e9chwierder, d\u00ebs K\u00e9ier mat der Aschr\u00e4nkung op Resultater, d\u00e9i virum 29. Oktober 2024 publiz\u00e9iert goufen, huet zu enger Publikatioun op der Plattform <a href=\"https:\/\/x.com\/PolitiFact\/status\/1849845674075996393\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a> vum Faktencheck-Medium &#8220;PolitiFact&#8221; vum 25. Oktober vum selwechte Joer gef\u00e9iert, also v\u00e9ier Deeg virun der Publikatioun vum Instagram-Video. Doran heescht et, dass <em>&#8220;eng Geschicht iwwer den Opkaf vu CNN duerch den Elon Musk als Witz ugefaangen huet, sech awer ouni Kontext an de Sozialen Netzwierker verbreet&#8221;.<\/em> Dob\u00e4i war och e <a href=\"https:\/\/www.politifact.com\/factchecks\/2024\/oct\/24\/threads-posts\/story-about-elon-musk-buying-cnn-originated-on-a-s\/?utm_medium=Social&amp;utm_source=Twitter#Echobox=1729805795-1\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Link zum Verfiz\u00e9ierungsartikel<\/a> (Links <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8VD3-AF79\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/A5MN-KLPE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>Dem Artikel no staamt d&#8217;Geschicht aus enger satirescher Publikatioun vun der Internets\u00e4it &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/3D7U-E83Y\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">SpaceXMania<\/a>&#8220;, en Numm, dee sech op dem <a href=\"https:\/\/www.spacex.com\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Elon Musk seng Firma SpaceX<\/a> bezitt. D&#8217;Internets\u00e4it beschreift sech selwer als Fournisseur vun de &#8220;fr\u00ebschste Fakenews&#8221; an enger &#8220;uerdentlecher Portioun Satir&#8221; zu Sujeten, d\u00e9i mam Elon Musk ze dinn hunn.<\/p>\n<p>Tats\u00e4chlech hat SpaceXMania den 18. Oktober 2024 en <a href=\"https:\/\/perma.cc\/D9MJ-Z9QE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">als &#8220;Satir&#8221; bezeechenten Artikel<\/a> mam Titel<em> &#8220;Elon Musk w\u00e4ert Acquisitioun vu CNN pr\u00e9iwen: &#8216;Ech w\u00e4ert d&#8217;Medie san\u00e9ieren, ee Sender nom aneren'&#8221; <\/em>publiz\u00e9iert. De Saz an der Iwwerschr\u00ebft, deen dem s\u00fcdafrikanesche Gesch\u00e4ftsmann &#8211; de Musk gouf a S\u00fcdafrika gebuer an huet seng Kandheet do verbruecht (Um. v. d. Red.) &#8211;\u00a0 zougeschriwwe ginn, ass de selwechten, deen och an de virale Publikatioune benotzt g\u00ebtt.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/46238ca93a0d016edcf05d837eda5c77.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Den Text gouf vun der Internets\u00e4it als &#8220;Satir&#8221; defin\u00e9iert, an eng Umierkung um Enn vun der Publikatioun widderh\u00eblt: &#8220;<em>D\u00ebst ass SATIR, et ass net wouer&#8221;.<\/em><\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet virun der Publikatioun vu SpaceXMania vum 18. Oktober 2024 keng aner Texter oder Publikatioune mat der selwechter Behaaptung fonnt.<\/p>\n<p>D&#8217;Zuel vun &#8220;3 Milliarden Dollar&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;Publikatiounen, d\u00e9i vun der AFP \u00ebnnersicht goufen, ginn de Saz aus dem op SpaceXMania publiz\u00e9ierten Text er\u00ebm, deem no et dem Musk s\u00e4in Zil w\u00e4r, &#8220;d&#8217;Medien ze redress\u00e9ieren&#8221;. D&#8217;Internets\u00e4it ernimmt awer d&#8217;Zuel vun &#8220;3 Milliarden Dollar&#8221; a kengem Saz.<\/p>\n<p>Eng St\u00e9chwierdersich op Facebook nom englesche Begr\u00ebff &#8220;Musk billions buys CNN&#8221; (&#8220;Musk Milliarde kafe CNN&#8221;), d\u00e9i mat H\u00ebllef vum Tool Meta Content Library duerchgef\u00e9iert gouf, huet d&#8217;AFP zu engleschsproochege Publikatioune gef\u00e9iert (<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20241113163037\/https:\/\/www.facebook.com\/groups\/2574173136017274\/posts\/7960801600687707\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">1<\/a>, <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/6f89d000-7372-4a2c-90c3-2ffd4cdfef1a\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">2<\/a>), an deenen d\u00ebse Betrag ernimmt gouf. D\u00ebs Publikatiounen hunn als Quell en Artikel vun der Internets\u00e4it mam Numm &#8220;Toan Canp4h&#8221; genannt, deen\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/26BF-XHDN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">de 4. November 2024 publiz\u00e9iert<\/a> gouf.<\/p>\n<p>Et ass ze erkennen, dass d\u00ebsen Artikel weder Quellen nach Beleeg fir seng Behaaptung liwwert. D&#8217;zouf\u00e4lleg Typografie deit och dorop hin, dass d&#8217;S\u00e4it warscheinlech keng verl\u00e4sslech Quell ass. W\u00e9i de Faktencheck-Medium &#8220;<a href=\"https:\/\/www.politifact.com\/factchecks\/2024\/nov\/11\/facebook-posts\/dont-flip-claims-that-quaker-oats-is-bringing-back\/#:~:text=Toan%20Canh%2024H%2C%20%22Breaking%3A%20Quaker%20Oats%20Bows%20to%20Backlash%2C%20Brings%20Back%20Aunt%20Jemima%3A%20%E2%80%98Aunt%20Jemima%20Is%20Back!%E2%80%99%22%20(archived)%20Nov.%207%2C%202024\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">PolitiFact<\/a>&#8221; am November 2024 festgestallt hat, huet d&#8217;S\u00e4it scho Falschinformatioune verbreet (<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250226090130\/https:\/\/www.politifact.com\/factchecks\/2024\/nov\/11\/facebook-posts\/dont-flip-claims-that-quaker-oats-is-bringing-back\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>&#8220;D&#8217;Press redress\u00e9ieren&#8221; : e gemeinsame Wonsch vun Trump a Musk<\/p>\n<p>Schonn a senger <a href=\"https:\/\/youtu.be\/WI9fbbQ-aTo?si=AgZ0hSob1CK5iLrk&amp;t=463\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00e9ischter Ried no senger Walvictoire<\/a> hat den amerikanesche President Donald Trump <a href=\"https:\/\/www.ledevoir.com\/monde\/etats-unis\/823326\/trump-medias-relation-houleuse-pourrait-envenimer\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">d&#8217;Rhetorik vum &#8220;Lager vum Feind&#8221; benotzt<\/a>, woumat d&#8217;Noriichtesendere CNN an MSNBC gemengt waren (Links <a href=\"https:\/\/perma.cc\/N98E-MQK7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/RY8N-8K6W\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>D\u00ebs Rhetorik hat hien och scho w\u00e4rend senger \u00e9ischter Amtsz\u00e4it vun 2016 bis 2020 benotzt an hat d\u00e9i traditionell Medie schonn deemools als &#8220;Fakenews&#8221; bezeechent, woub\u00e4i CNN besonnesch dacks zur Zilscheif gouf, grad w\u00e9i d&#8217;New York Times. Hien hat de Sender souguer als &#8220;Fakenews CNN&#8221; bezeechent an zum Boykott vum Sender opgeruff.<\/p>\n<p>Journaliste war den Zougang zum W\u00e4issen Haus refus\u00e9iert ginn, dor\u00ebnner och de bekannte CNN-Korrespondent Jim Acosta, deen no engem Rechtsstr\u00e4it schliisslech nees seng Akkreditatioun fir d&#8217;W\u00e4isst Haus zer\u00e9ckkrut.<em> &#8220;CNN sollt sech schummen, Iech ze besch\u00e4ftegen, Dir sidd immens onh\u00e9iflech an eng schrecklech Persoun&#8221;,<\/em><a href=\"https:\/\/youtu.be\/zdFe-LmFRV8?si=E4WNzIffl70rFBst&amp;t=123\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hat den Donald Trump dem CNN-Journalist de 7. November 2018 zougeruff<\/a>.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/9fb2a583551f40b23ad8cdc5d603211d.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>De 25. Februar 2025 <a href=\"https:\/\/information.tv5monde.com\/economie\/la-maison-blanche-va-choisir-les-journalistes-qui-approchent-trump-2764220\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hat d&#8217;Trump-Regierung ugek\u00ebnnegt, dass si d\u00e9i w\u00e9ineg Journalisten, d\u00e9i ganz no un de President erukommen dierfen, an Zukunft selwer auswiele g\u00e9if<\/a>. Domat br\u00e9cht si mat engem joerz\u00e9ngtelaangen etabl\u00e9ierte System, dee vun de Medie selwer iwwer d&#8217;White House Correspondents Association (WHCA) verwalt gouf. <em>&#8220;Mir sinn et, d\u00e9i d&#8217;Soen hunn&#8221;,<\/em> huet sech den Donald Trump gefreet (Link <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250226145806\/https:\/\/information.tv5monde.com\/economie\/la-maison-blanche-va-choisir-les-journalistes-qui-approchent-trump-2764220\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>D&#8217;Uk\u00ebnnegung koum w\u00e4rend enger Offensiv vum W\u00e4issen Haus g\u00e9int d&#8217;Noriichtenagence Associated Press (AP), d\u00e9i zum klenge Krees vu Journaliste geh\u00e9iert, d\u00e9i ganz no un de President erukommen duerften, elo awer verbannt gouf.<\/p>\n<p><em>&#8220;Mir si besuergt. Mir si besuergt, s\u00e4itdeem hien [Donald Trump, Um. v. d. Red.] bei senger \u00e9ischter Campagne am Joer 2015 eng ophetzend Anti-Medie-Rhetorik benotzt&#8221;,<\/em> sot d&#8217;Katherine Jacobsen, d\u00e9i fir d&#8217;USA am Comit\u00e9 de protection des journalistes (CPJ) s\u00ebtzt, am Hierscht 2024 g\u00e9intiwwer der AFP.<\/p>\n<p>An engem Bericht aus dem Joer 2020 hat de CPJ ugeprangert, dass den Donald Trump Diffamatiounskloen instrumentalis\u00e9iert, fir d&#8217;Journalisten anzesch\u00fcchteren, an d&#8217;W\u00e4isst Haus versicht, nodeem Informatiounen duerchgesickert sinn, de Quelleschutz vu Journalisten ze viol\u00e9ieren.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/bc611a8c98ef45b9bce5aaee5b3b8fe7.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Am Abr\u00ebll 2022 hat den Elon Musk mam Conseil d&#8217;administration vun Twitter (elo X) en definitiven Accord fonnt, fir d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.la-croix.com\/Twitter-proche-rachat-Elon-Musk-monte-Wall-Street-2022-04-25-1301212064\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Soziaalt Netzwierk, dat deemools mat 44 Milliarden Dollar bew\u00e4ert gouf, ze kafen<\/a>. S\u00e4in Zil dob\u00e4i war vun Ufank u kloer: d&#8217;Meenungsfr\u00e4iheet ze verdeedegen (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/G6VR-BMXE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<em> &#8220;D&#8217;fr\u00e4i Meenungs\u00e4usserung ass d&#8217;Grondlag vun enger funktion\u00e9ierender Demokratie, an Twitter ass d\u00e9i digital \u00ebffentlech Plaz, wou d\u00e9i fir d&#8217;Zukunft vun der M\u00ebnschheet liewenswichteg Sujeten diskut\u00e9iert ginn&#8221;<\/em>, hat de Chef vun Tesla a SpaceX de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/EKZ9-YD96\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">25. Abr\u00ebll 2022<\/a> op senger neier Plattform erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>Och den Elon Musk ass et gewinnt, d&#8217;Press a Journalisten hefteg unzegr\u00e4ifen. Den 20. Februar vun d\u00ebsem Joer hat hien \u00ebnner anerem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5JN3-35E5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">op X geschriwwen<\/a>: <em>&#8220;D\u00e9i traditionell Medie si KENG zouverl\u00e4sseg Quell&#8221;.<\/em><\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<br \/>\n<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Direkt a senger \u00e9ischter Ried no senger Walvictoire de 6. November 2024 war den US-President Donald Trump g\u00e9int d&#8217;Medien, d\u00e9i vun him &#8220;Feinde vum Vollek&#8221; genannt ginn, an d&#8217;Offensiv gaangen, virun allem g\u00e9int d&#8217;Noriichtesendere CNN an MSNBC. Den Dag drop hat den argentinesche President Javier Milei behaapt, dass de Milliard\u00e4r an enke Vertraute vum Trump, den Elon Musk, CNN opkaaft h\u00e4tt. Z\u00ebnterhier sinn a Sozialen Netzwierker B\u00e4itr\u00e4g am \u00cbmlaf, d\u00e9i d\u00ebs Behaaptung opgr\u00e4ifen a verbreeden.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":388877,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,183,193],"tags":[],"class_list":{"0":"post-388902","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-editors-choice-lu","8":"category-fact-check-lb","9":"category-gesellschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2280786","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2280786.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Behaaptung, de Musk h\u00e4tt CNN opkaaft, staamt vu Satir-Webs\u00e4it - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Behaaptung, de Musk h\u00e4tt CNN opkaaft, staamt vu Satir-Webs\u00e4it - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Direkt a senger \u00e9ischter Ried no senger Walvictoire de 6. November 2024 war den US-President Donald Trump g\u00e9int d&#039;Medien, d\u00e9i vun him &quot;Feinde vum Vollek&quot; genannt ginn, an d&#039;Offensiv gaangen, virun allem g\u00e9int d&#039;Noriichtesendere CNN an MSNBC. Den Dag drop hat den argentinesche President Javier Milei behaapt, dass de Milliard\u00e4r an enke Vertraute vum Trump, den Elon Musk, CNN opkaaft h\u00e4tt. Z\u00ebnterhier sinn a Sozialen Netzwierker B\u00e4itr\u00e4g am \u00cbmlaf, d\u00e9i d\u00ebs Behaaptung opgr\u00e4ifen a verbreeden.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2025-03-03T14:00:39+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2025-03-05T09:23:00+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/41f01ee0570db199f360aa2878fe859a.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"540\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"7 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Behaaptung, de Musk h\u00e4tt CNN opkaaft, staamt vu Satir-Webs\u00e4it\",\"datePublished\":\"2025-03-03T14:00:39+00:00\",\"dateModified\":\"2025-03-05T09:23:00+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/\"},\"wordCount\":1486,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/41f01ee0570db199f360aa2878fe859a.jpeg\",\"articleSection\":[\"Editor's Choice Slider LU\",\"Fact Check\",\"Gesellschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/\",\"name\":\"Faktencheck: Behaaptung, de Musk h\u00e4tt CNN opkaaft, staamt vu Satir-Webs\u00e4it - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/41f01ee0570db199f360aa2878fe859a.jpeg\",\"datePublished\":\"2025-03-03T14:00:39+00:00\",\"dateModified\":\"2025-03-05T09:23:00+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/41f01ee0570db199f360aa2878fe859a.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/41f01ee0570db199f360aa2878fe859a.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":540,\"caption\":\"Faktencheck: Behaaptung, de Musk h\u00e4tt CNN opkaaft, staamt vu Satir-Webs\u00e4it - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Behaaptung, de Musk h\u00e4tt CNN opkaaft, staamt vu Satir-Webs\u00e4it\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Behaaptung, de Musk h\u00e4tt CNN opkaaft, staamt vu Satir-Webs\u00e4it - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Behaaptung, de Musk h\u00e4tt CNN opkaaft, staamt vu Satir-Webs\u00e4it - EDMO Belux","og_description":"Direkt a senger \u00e9ischter Ried no senger Walvictoire de 6. November 2024 war den US-President Donald Trump g\u00e9int d'Medien, d\u00e9i vun him \"Feinde vum Vollek\" genannt ginn, an d'Offensiv gaangen, virun allem g\u00e9int d'Noriichtesendere CNN an MSNBC. Den Dag drop hat den argentinesche President Javier Milei behaapt, dass de Milliard\u00e4r an enke Vertraute vum Trump, den Elon Musk, CNN opkaaft h\u00e4tt. Z\u00ebnterhier sinn a Sozialen Netzwierker B\u00e4itr\u00e4g am \u00cbmlaf, d\u00e9i d\u00ebs Behaaptung opgr\u00e4ifen a verbreeden.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2025-03-03T14:00:39+00:00","article_modified_time":"2025-03-05T09:23:00+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":540,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/41f01ee0570db199f360aa2878fe859a.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"7 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Behaaptung, de Musk h\u00e4tt CNN opkaaft, staamt vu Satir-Webs\u00e4it","datePublished":"2025-03-03T14:00:39+00:00","dateModified":"2025-03-05T09:23:00+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/"},"wordCount":1486,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/41f01ee0570db199f360aa2878fe859a.jpeg","articleSection":["Editor's Choice Slider LU","Fact Check","Gesellschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/","name":"Faktencheck: Behaaptung, de Musk h\u00e4tt CNN opkaaft, staamt vu Satir-Webs\u00e4it - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/41f01ee0570db199f360aa2878fe859a.jpeg","datePublished":"2025-03-03T14:00:39+00:00","dateModified":"2025-03-05T09:23:00+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/41f01ee0570db199f360aa2878fe859a.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/41f01ee0570db199f360aa2878fe859a.jpeg","width":1080,"height":540,"caption":"Faktencheck: Behaaptung, de Musk h\u00e4tt CNN opkaaft, staamt vu Satir-Webs\u00e4it - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-behaaptung-de-musk-htt-cnn-opkaaft-staamt-vu-satir-websit\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Behaaptung, de Musk h\u00e4tt CNN opkaaft, staamt vu Satir-Webs\u00e4it"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/388902","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=388902"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/388902\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/388877"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=388902"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=388902"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=388902"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}