{"id":388967,"date":"2025-03-05T08:00:21","date_gmt":"2025-03-05T08:00:21","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=388967"},"modified":"2025-03-05T09:21:36","modified_gmt":"2025-03-05T09:21:36","slug":"rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/","title":{"rendered":"RTL-Faktencheck: Beh\u00e4lt de Patron en Deel vun de Suen, d\u00e9i de Prison\u00e9ier verd\u00e9ngt?"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p>Rezent krute mir bei RTL e Message gesch\u00e9ckt, an deem behaapt gouf, datt d&#8217;Prison\u00e9ier vun hirem Patron ausgebeut ginn. Vu &#8220;moderner Sklaverei&#8221; war do rieds. Mir hu Mol nogefrot.<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Ufank Februar hat sech eng Persoun bei RTL gemellt, d\u00e9i sech driwwer beschw\u00e9iert huet, datt d&#8217;Detenuen am Prisong &#8220;modern Sklave&#8221; wieren. W\u00e9i de Mann eis matgedeelt huet, verd\u00e9ngen d&#8217;Prison\u00e9ier ronn 350 Euro de Mount an d\u00e9i aner 1.700 Euro g\u00e9if de Patron sech an d&#8217;T\u00e4sch stiechen.<em> &#8220;Da leeft d&#8217;Firma jo gutt, gell&#8221;<\/em>, esou ee vu senge Virw\u00ebrf. RTL huet dat bei der Prisongsverwaltung nogefrot.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/9a596312caa8078f63a8ea7750a4ca66-1.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p class=\"article-title\">Den Detenu muss schaffen<\/p>\n<p>Am Artikel 27 vum\u00a0<a href=\"https:\/\/legilux.public.lu\/eli\/etat\/leg\/loi\/2018\/07\/20\/a626\/jo\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Gesetz vum 20. Juli 2018<\/a> (&#8220;<em>Chaque condamn\u00e9 est tenu d\u2019exercer le travail lui assign\u00e9 par le directeur du centre p\u00e9nitentiaire. Le travail assign\u00e9 doit tenir compte de l\u2019\u00e2ge, du sexe, des capacit\u00e9s physiques et mentales, de la sant\u00e9 et de la personnalit\u00e9 du condamn\u00e9. Le refus non justifi\u00e9 d\u2019exercer le travail assign\u00e9 peut \u00eatre sanctionn\u00e9 disciplinairement.&#8221;<\/em>) steet kloer dran, datt all Prison\u00e9ier oblig\u00e9iert ass ze schaffen.<\/p>\n<p>Am Prisong zu Schraasseg ginn et verschidden Atelieren, an deenen d&#8217;Prison\u00e9ier schaffe k\u00ebnnen: Kichen, Garage, Atelier fir Fraen, Atelier polyvalent, Ustr\u00e4icher, Schl\u00e4sserei, Schr\u00e4inerei, G\u00e4ertnerei oder d&#8217;Spidolsw\u00e4scherei. D\u00ebs Aarbechtsplaze geh\u00e9iere quasi alleguer zum Prisong selwer, mat Ausnam vun der Spidolsw\u00e4scherei, d\u00e9i vun enger externer Firma bedriwwe g\u00ebtt.<\/p>\n<p>Am Centre p\u00e9nitentiaire vu Giwenech ass d&#8217;Situatioun e b\u00ebssen anescht. Hei ginn et wuel och verschidden intern Atelieren am Prisong, w\u00e9i d&#8217;Kichen, d&#8217;G\u00e4ertnerei, d&#8217;Ustr\u00e4icher oder d&#8217;Schl\u00e4sserei. M\u00e4 hei hunn d\u00e9i Prison\u00e9ier, d\u00e9i am oppene Vollzuch sinn, och d&#8217;M\u00e9iglechkeet, fir fir extern Patronen ze schaffen. Dann hu si och de Mindestloun zegutt.<\/p>\n<p class=\"article-title\">Wat verd\u00e9ngt een am Prisong?<\/p>\n<p>De Salaire vun de Prison\u00e9ier ass vum Gesetz hier op t\u00ebscht 2,05 an 4,75 Euro d&#8217;Stonn festgeluecht. Am Verglach l\u00e4it den net qualifiz\u00e9ierte Mindestloun awer bei ronn 15,25 Euro d&#8217;Stonn respektiv 2.637,79 Euro de Mount.<\/p>\n<p>De Verd\u00e9ngscht am Prisong h\u00e4nkt nach vu verschiddenen Aspekter of. Esou hunn d&#8217;Prison\u00e9ier a verschiddene genau defin\u00e9ierte F\u00e4ll, och eng Indemnit\u00e9it zegutt, wa si krank sinn. Dob\u00e4i k\u00ebnnt nach e Forfait, deen all d&#8217;Detenue kr\u00e9ien, ob si schaffen oder net. Dee l\u00e4it bei 2,50 Euro den Dag. Eenzeg d&#8217;Prison\u00e9ier am oppene Vollzuch zu Giwenech, d\u00e9i ausserhalb schaffen, kr\u00e9ien d\u00ebs Indemnit\u00e9it net.<\/p>\n<p>Vun der Prisongsverwaltung ass et dann och nach d&#8217;Prezisioun, datt d&#8217;Prison\u00e9ier all d\u00e9i Suen, d\u00e9i si verd\u00e9ngen, och kr\u00e9ien a se net un iergendee mussen ofginn. Mat hirem Salaire k\u00ebnnen d&#8217;Detenuen dann och maachen, wat si w\u00ebllen. Si dierfen d&#8217;Suen un hir Famill sch\u00e9cken, si k\u00ebnne hir Affer domadder entschiedegen oder fir Fraise bei der Justiz bezuelen. Ma si hunn awer och d&#8217;M\u00e9iglechkeet, d&#8217;Suen ze notzen, fir sech supplement\u00e4r Saachen am Prisong ze kafen. D&#8217;Prisongsverwaltung stellt hinne scho verschidde Produiten zu Verf\u00fcgung, w\u00e9i Hygi\u00e8nesartikelen oder dr\u00e4i Moolzechten den Dag. Mat hire verd\u00e9ngte Sue k\u00ebnne si awer och nach aner oder zous\u00e4tzlech Iesswuere kafen respektiv se a Hygi\u00e8nesartikele vun anere Marken invest\u00e9ieren. Och k\u00ebnnen d&#8217;Sue genotzt ginn fir ze telefon\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Wat d&#8217;Pr\u00e4isser ugeet, esou kr\u00e9ien d&#8217;Prison\u00e9ier d&#8217;Artikelen, d\u00e9i se kafen, fir de Pr\u00e4is vum Grossist, esou d&#8217;Administratioun. Sollten dann op de Produiten och Reduktiounen sinn, ginn d\u00ebs un d&#8217;Detenue weiderginn. Vun de Reduktiounen ausgeschloss si just d&#8217;Zigaretten. Am CPL g\u00ebtt et e fixe Buttek, an deem d&#8217;Prison\u00e9ier akafe k\u00ebnnen. Am CGP g\u00ebtt et e Liwwerservice, deen zwee Mol d&#8217;Woch k\u00ebnnt.<\/p>\n<p class=\"article-title\">D&#8217;Aarbecht am Prisong g\u00ebtt net bei d&#8217;Pensioun dob\u00e4igerechent<\/p>\n<p>D\u00e9i Suen, d\u00e9i d&#8217;Prison\u00e9ier am Prisong verd\u00e9ngen, zielen net fir d&#8217;Pensioun. Och hunn d&#8217;Prison\u00e9ier, wa se op fr\u00e4ie Fouss kommen, kee Recht op Ch\u00f4mage a si kr\u00e9ien och net automatesch de Revis. Fir d\u00ebsen ze kr\u00e9ien, musse si verschidden administrativ Demarche maachen an dann h\u00e4nkt et nach vun der administrativer Situatioun vum Eenzelen of, op hien de Revis ka kr\u00e9ien, esou d&#8217;Prisongsverwaltung.<\/p>\n<p class=\"article-title\">Fazit: Weder de Patron nach de Prisong verd\u00e9nge Suen um Prison\u00e9ier<\/p>\n<p>D&#8217;Kritik, deemno e Prison\u00e9ier schaffe geet an de Patron domadder r\u00e4ich g\u00ebtt, ass net richteg.<\/p>\n<p>Keen Deel vum Salaire, deen de Prison\u00e9ier kritt, g\u00ebtt agezunn. Den Detenu dierf mat senge Suen, d\u00e9i hie verd\u00e9ngt huet, maachen, wat hie w\u00ebll. De Salaire vum Prison\u00e9ier w\u00e9i och all d\u00e9i aner Indemnit\u00e9iten, d\u00e9i hie kr\u00e9ie kann, si vum Gesetz hier fix\u00e9iert a vari\u00e9ieren jee no Stonnen, d\u00e9i se schaffen, respektiv nom Stonneloun, dee se accord\u00e9iert kr\u00e9ien. Dob\u00e4i muss awer gesot ginn, datt de maximale Stonneloun, deen een am Prisong ka kr\u00e9ien, also 4,75 Euro d&#8217;Stonn, d\u00e4itlech \u00ebnnert deem l\u00e4it, wat een ausserhalb vun de Mauere verd\u00e9ngt. Do l\u00e4it den net qualifiz\u00e9ierte Mindestloun bei ronn 15,25 Euro pro Stonn. Deemno ass de maximale Verd\u00e9ngscht fir e Prison\u00e9ier d\u00e4itlech m\u00e9i niddreg, w\u00e9i de minimale Verd\u00e9ngscht fir Leit a Fr\u00e4iheet.<\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Rezent krute mir bei RTL e Message gesch\u00e9ckt, an deem behaapt gouf, datt d&#8217;Prison\u00e9ier vun hirem Patron ausgebeut ginn. Vu &#8220;moderner Sklaverei&#8221; war do rieds. Mir hu Mol nogefrot.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":388957,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,193,181],"tags":[],"class_list":{"0":"post-388967","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-editors-choice-lu","8":"category-gesellschaft","9":"category-uncategorized-lb"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2277649","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"\u00a9 C\u00e9line Spithoven \/ RTL (Archiv)","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2277649.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/afp_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>RTL-Faktencheck: Beh\u00e4lt de Patron en Deel vun de Suen, d\u00e9i de Prison\u00e9ier verd\u00e9ngt? - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"RTL-Faktencheck: Beh\u00e4lt de Patron en Deel vun de Suen, d\u00e9i de Prison\u00e9ier verd\u00e9ngt? - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Rezent krute mir bei RTL e Message gesch\u00e9ckt, an deem behaapt gouf, datt d&#039;Prison\u00e9ier vun hirem Patron ausgebeut ginn. Vu &quot;moderner Sklaverei&quot; war do rieds. Mir hu Mol nogefrot.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2025-03-05T08:00:21+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2025-03-05T09:21:36+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/e8d764ab5972d6ca72fce69e53fbfb65-1.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"4 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"RTL-Faktencheck: Beh\u00e4lt de Patron en Deel vun de Suen, d\u00e9i de Prison\u00e9ier verd\u00e9ngt?\",\"datePublished\":\"2025-03-05T08:00:21+00:00\",\"dateModified\":\"2025-03-05T09:21:36+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/\"},\"wordCount\":948,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/e8d764ab5972d6ca72fce69e53fbfb65-1.jpeg\",\"articleSection\":[\"Editor's Choice Slider LU\",\"Gesellschaft\",\"Uncategorized @lb\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/\",\"name\":\"RTL-Faktencheck: Beh\u00e4lt de Patron en Deel vun de Suen, d\u00e9i de Prison\u00e9ier verd\u00e9ngt? - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/e8d764ab5972d6ca72fce69e53fbfb65-1.jpeg\",\"datePublished\":\"2025-03-05T08:00:21+00:00\",\"dateModified\":\"2025-03-05T09:21:36+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/e8d764ab5972d6ca72fce69e53fbfb65-1.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/e8d764ab5972d6ca72fce69e53fbfb65-1.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"RTL-Faktencheck: Beh\u00e4lt de Patron en Deel vun de Suen, d\u00e9i de Prison\u00e9ier verd\u00e9ngt? - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"RTL-Faktencheck: Beh\u00e4lt de Patron en Deel vun de Suen, d\u00e9i de Prison\u00e9ier verd\u00e9ngt?\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"RTL-Faktencheck: Beh\u00e4lt de Patron en Deel vun de Suen, d\u00e9i de Prison\u00e9ier verd\u00e9ngt? - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"RTL-Faktencheck: Beh\u00e4lt de Patron en Deel vun de Suen, d\u00e9i de Prison\u00e9ier verd\u00e9ngt? - EDMO Belux","og_description":"Rezent krute mir bei RTL e Message gesch\u00e9ckt, an deem behaapt gouf, datt d'Prison\u00e9ier vun hirem Patron ausgebeut ginn. Vu \"moderner Sklaverei\" war do rieds. Mir hu Mol nogefrot.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2025-03-05T08:00:21+00:00","article_modified_time":"2025-03-05T09:21:36+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/e8d764ab5972d6ca72fce69e53fbfb65-1.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"4 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"RTL-Faktencheck: Beh\u00e4lt de Patron en Deel vun de Suen, d\u00e9i de Prison\u00e9ier verd\u00e9ngt?","datePublished":"2025-03-05T08:00:21+00:00","dateModified":"2025-03-05T09:21:36+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/"},"wordCount":948,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/e8d764ab5972d6ca72fce69e53fbfb65-1.jpeg","articleSection":["Editor's Choice Slider LU","Gesellschaft","Uncategorized @lb"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/","name":"RTL-Faktencheck: Beh\u00e4lt de Patron en Deel vun de Suen, d\u00e9i de Prison\u00e9ier verd\u00e9ngt? - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/e8d764ab5972d6ca72fce69e53fbfb65-1.jpeg","datePublished":"2025-03-05T08:00:21+00:00","dateModified":"2025-03-05T09:21:36+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/e8d764ab5972d6ca72fce69e53fbfb65-1.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/e8d764ab5972d6ca72fce69e53fbfb65-1.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"RTL-Faktencheck: Beh\u00e4lt de Patron en Deel vun de Suen, d\u00e9i de Prison\u00e9ier verd\u00e9ngt? - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-behlt-de-patron-en-deel-vun-de-suen-di-de-prisonier-verdngt\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"RTL-Faktencheck: Beh\u00e4lt de Patron en Deel vun de Suen, d\u00e9i de Prison\u00e9ier verd\u00e9ngt?"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/388967","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=388967"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/388967\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/388957"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=388967"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=388967"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=388967"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}