{"id":392682,"date":"2025-03-25T14:00:44","date_gmt":"2025-03-25T14:00:44","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=392682"},"modified":"2025-03-25T16:26:19","modified_gmt":"2025-03-25T16:26:19","slug":"faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/","title":{"rendered":"Faktencheck: D\u00ebs Behaaptungen iwwer den digitalen Euro sinn net richteg"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p>Eng m\u00e9iglech Af\u00e9ierung vum digitalen Euro g\u00ebtt aktuell gepr\u00e9ift. Zu d\u00ebsem Sujet sinn och Behaaptungen am \u00cbmlaf, \u00ebnner anerem, dass dat am Oktober 2025 gesch\u00e9ie w\u00e4ert an d&#8217;Ofschafung vum Boergeld ustoe g\u00e9if.<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p class=\"article-body__summary\">Doduerch g\u00e9if d&#8217;EU och Zougang zu privaten Erspuernesser kr\u00e9ien, heescht et a Sozialen Netzwierker. A Wierklechkeet soll den digitalen Euro just erg\u00e4nzen, net ersetzen, sou Fachleit. Eng Af\u00e9ierung vum digitalen Euro virun 2027 w\u00e4r ausserdeem &#8220;onwarscheinlech&#8221;.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">W\u00e9i Boergeld, just digital &#8211; den digitalen Euro soll Geld vun der Europ\u00e4escher Zentralbank an elektronescher Form zur Verf\u00fcgung stellen. W\u00e9i dat an der Praxis konkreet \u00ebmgesat gi soll, doru schafft d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/F6WY-QVT9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Europ\u00e4esch Zentralbank<\/a> (EZB) am Moment an enger interner Virbereedungsphas aus. W\u00e9i d&#8217;Presidentin Christine Lagarde op enger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8AQA-A4NH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Pressekonferenz<\/a> de 6. M\u00e4erz 2025 matgedeelt huet, soll d\u00ebs Phas am Oktober 2025 ofgeschloss ginn.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">E Clip vun d\u00ebser Pressekonferenz m\u00e9cht am Internet d&#8217;Ronn. &#8220;DIGITALEN EURO K\u00cbNNT VUM OKTOBER 2025 UN&#8221;, housch et dozou an enger R\u00ebtsch B\u00e4itr\u00e4g, zum Beispill op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7ERN-ATG7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Threads<\/a> den 9. M\u00e4erz 2025.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">D\u00ebs Ausso gouf der Lagarde zougeschriwwen, obwuel d&#8217;EZB-Presidentin d\u00ebse Saz am gedeelte Clip ni ernimmt. D&#8217;Behaaptung gouf den 11. M\u00e4erz 2025 och vum \u00e9istr\u00e4icheschen EU-Deput\u00e9ierten Harald Vilimsky (FP\u00d6) <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/0bf6fd2f-8a1b-4191-ad89-43f8d1a35407\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">verbreet<\/a>. En dacks gedeelte <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/2541e948-63b1-4568-8d1e-6e6fb71435e4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a>-B\u00e4itrag\u00a0 huet den 12. M\u00e4erz 2025 virun der &#8220;Ofschafung vum Boergeld&#8221; duerch den digitalen Euro gewarnt. Eng Behaaptung, d\u00e9i d&#8217;AFP sou \u00e4nlech schonn an der Vergaangenheet <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.337738E\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">widderluecht<\/a> huet.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Och eng kierzlech Ausso vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen den 10. M\u00e4erz 2025 op der Plattform <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/413ef0f5-caff-4087-be3f-4853425a19a5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a> gouf mam digitalen Euro a Verbindung bruecht an huet am Internet <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/50e43ce4-ea6c-40bc-b984-897a7ac47430\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">fir Opreegung gesuergt<\/a>. &#8220;Firwat den digitalen Euro schonn am Hierscht komme soll?&#8221;, hunn eng Abberzuel User den 12. M\u00e4erz 2025 gefrot. Hir Schlussfollgerung: Well d&#8217;EU &#8220;un d&#8217;privat ERSPUERNESSER vun de BIERGER w\u00ebll&#8221;.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/9989965bfa32f06f46ed35594cd94917.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Souwuel d&#8217;Ausso vun der Lagarde op der Pressekonferenz de 6. M\u00e4erz 2025 w\u00e9i och den X-B\u00e4itrag vun der von der Leyen goufen aus dem Kontext gerappt an ierf\u00e9ierend interpret\u00e9iert.<\/p>\n<p>Virbereedungsphas fir digitalen Euro am Oktober 2025 eriwwer<\/p>\n<p>D&#8217;EZB hat de 6. M\u00e4erz 2025 d&#8217;Press invit\u00e9iert, wat am Virfeld scho vill diskut\u00e9iert gi war. D&#8217;Entscheedung fir eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/73TW-A57Q\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">weider Z\u00ebnssenkung<\/a> sollt n\u00e4mlech matgedeelt ginn. W\u00e9i erwaart, huet d&#8217;EZB de <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250319150125\/https:\/\/www.zdf.de\/nachrichten\/wirtschaft\/ebz-leitzins-senkung-100.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Leetz\u00ebns op 2,5 Prozent erofgesat<\/a>.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/17a0facda47841016768be8b59d2f986.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>No der Annonce ware Froen zougelooss. Eng dovu war, e b\u00ebssen nieft dem Haaptsujet: &#8220;W\u00e9i kann d&#8217;EZB d&#8217;Kreatioun vun engem digitalen Euro undreiwen?&#8221; D&#8217;Fra, d\u00e9i d&#8217;Fro gestallt hat, huet dob\u00e4i ernimmt, dass den US-President Donald Trump d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/P8XE-S36E\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Pl\u00e4ng fir eng digital W\u00e4rung op \u00c4is geluecht<\/a> huet. Doropshin huet d&#8217;Lagarde op Englesch ge\u00e4ntwert, si g\u00e9if hoffen, dass &#8220;mir d\u00ebsen digitalen Euro um Enn net begruewen, mee realis\u00e9iere k\u00ebnnen&#8221;. Duerno huet si vun enger &#8220;Deadline&#8221; am Oktober 2025 geschwat, fir d\u00e9i ee sech &#8220;prett&#8221; maache g\u00e9if. Gl\u00e4ichz\u00e4iteg huet d&#8217;Lagarde ugemierkt: &#8220;Mir w\u00e4erten net kapabel sinn, virunzekommen, wa [&#8230;] Kommissioun, Rot a Parlament &#8211; d&#8217;Gesetzgeebungsprozedur net ofschl\u00e9issen, ouni dee mir net virukomme k\u00ebnnen.&#8221;<\/p>\n<p>Den Originalwuertlaut ass op der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8AQA-A4NH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it vun der EZB<\/a> nozeliesen souw\u00e9i op <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/862f9955-5e40-443f-9b13-73663c35e544\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">YouTube<\/a> nozelauschteren.<\/p>\n<p>W\u00e9i d&#8217;EZB den 13. M\u00e4erz 2025 op hirem <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/2dd34a9e-3797-4bca-b9ce-4336360d2819\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a>-Account geschriwwen huet, huet et sech bei der Deadline awer just \u00ebm den Ofschloss vun enger Virbereedungsphas gehandelt, d\u00e9i am November 2023 gestart gi war. D\u00ebs geet <a href=\"https:\/\/perma.cc\/R3NF-MF9X\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">w\u00e9i geplangt<\/a> no zwee Joer am Oktober 2025 op en Enn, duerno steet d&#8217;Entscheedung vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/XJ2U-W3GV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">EZB-Rot<\/a> fir eng n\u00e4chst Etapp un. Den ieweschten Decisiounsgremium vun der EZB k\u00e9int uschl\u00e9issend d&#8217;Reegelwierk fir en digitalen Euro publiz\u00e9ieren, dat zum Beispill e Maximum, w\u00e9i vill Suen een digital halen d\u00e4erf, defin\u00e9iert souw\u00e9i d&#8217;Fro kl\u00e4ert, w\u00e9i vill Wallets, also digital Portmonnien, eng Persoun bes\u00ebtzen d\u00e4erf. De kompletten Z\u00e4itplang fir den digitalen Euro ass op der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/R3NF-MF9X\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">EZB-Webs\u00e4it<\/a> ze fannen. D&#8217;Lagarde huet also just dat confirm\u00e9iert, dass d&#8217;EZB d\u00ebsen Z\u00e4itplang anhale w\u00e4ert.<\/p>\n<p>An engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/M26P-AZ3B\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Interview<\/a> mat der Norichtenagence &#8220;Reuters&#8221; vum 6. Februar 2025 sot de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/GNZ2-Z6JQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Piero Cipollone<\/a>, Member vun der EZB-Direktioun, dass et &#8220;net laang&#8221; dauere g\u00e9if, bis d&#8217;Reegelwierk fir den digitalen Euro f\u00e4erdeggestallt gi k\u00e9int, soubal eng Gesetzespropos dozou ugeholl g\u00e9if. D\u00e9i meescht <a href=\"https:\/\/perma.cc\/JC5X-JXJ9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">EU-Dispositioune<\/a> gi gemeinsam vum EU-Parlament a vum Rot vun der EU vot\u00e9iert, bas\u00e9ierend op enger Propos vun der EU-Kommissioun.<\/p>\n<p>Den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/95H7-JZHT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Alexandre Stervinou<\/a>, bei der frans\u00e9ischer Nationalbank \u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/B74T-RPVK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;Banque de France&#8221;<\/a> fir d&#8217;Opsiicht vu Finanztransaktiounen zoust\u00e4nneg, sot den 13. M\u00e4erz 2025 g\u00e9intiwwer der AFP: &#8220;Fir enges Daags en digitalen Euro erausginn ze k\u00ebnnen, w\u00e4erte mir eng Rei Jore brauchen, fir dat ze erreechen.&#8221; E g\u00e9if net viru M\u00ebtt 2027 oder 2028 konkreet \u00ebmgesat k\u00ebnne ginn. An: Bis en agef\u00e9iert w\u00e4r, k\u00e9int et &#8220;zum Beispill bis 2030&#8221; daueren. D&#8217;Wierder vun der Lagarde w\u00e4re feelinterpret\u00e9iert ginn.<\/p>\n<p>Boergeld bleift gesetzlecht Bezuelm\u00ebttel am Euroraum<\/p>\n<p>&#8220;Boergeld g\u00ebtt net ofgeschaaft&#8221;, housch et de 14. M\u00e4erz 2025 aus der \u00c9istr\u00e4ichescher Nationalbank g\u00e9intiwwer der AFP. An \u00c9istr\u00e4ich ass Boergeld dat <a href=\"https:\/\/perma.cc\/KRF9-LRHZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">bel\u00e9iftst M\u00ebttel<\/a>, fir ze bezuelen. Weider: &#8220;Keen am Euroraum denkt dorun, d&#8217;Boergeld ofzeschafen.&#8221; De G\u00e9igendeel w\u00e4r de Fall, d&#8217;<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250110214538\/https:\/\/www.bundesbank.de\/de\/presse\/interviews\/nur-500-euro-guthaben-erlaubt-was-der-digitale-euro-bringen-soll-und-was-nicht-933530\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Eurosch\u00e4iner<\/a> kr\u00e9iche souguer en <a href=\"https:\/\/perma.cc\/PEH6-RBGS\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">neien Design<\/a>. Eng Af\u00e9ierung vum digitalen Euro virun 2027 oder 2028 w\u00e4r par conter &#8220;onwarscheinlech&#8221;, housch et.<\/p>\n<p>No der Privatsph\u00e4r beim Bezuele mam digitalen Euro gefrot sot de Spriecher, dass Transaktiounen anonymis\u00e9iert w\u00e4erte sinn. Dat g\u00e9if bedeiten, dass d&#8217;EZB d&#8217;Persoun hannert dem Bezuelvirgang net identifiz\u00e9iere k\u00ebnne w\u00e4ert. Se g\u00e9if och net w\u00ebsse k\u00ebnnen, wien en digitale Wallet h\u00e4tt.<\/p>\n<p>D&#8217;Gesetzespropos vun der Europ\u00e4escher Kommissioun fir den digitalen Euro ass Deel vun engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/L49S-2MTJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Pak<\/a>. Am <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9LST-3HB7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Juni 2023<\/a> hat d&#8217;Kommissioun zwou Propose virgeluecht, fir &#8220;d&#8217;M\u00e9iglechkeet, Boergeld ze benotzen&#8221; weider ze garant\u00e9ieren an e &#8220;rechtleche Kader fir en digitalen Euro&#8221; ze schafen. D&#8217;EU-Kommissioun erwaart, w\u00e9i si der AFP den 13. M\u00e4erz 2025 matgedeelt huet, dass eng Eenegung op e &#8220;gemeinsamen Zougang&#8221; fir e rechtleche Kader nach d\u00ebst Joer m\u00e9iglech ass. &#8220;Den digitalen Euro huet och Virdeeler fir d&#8217;strateegesch Autonomie vun Europa, besonnesch wat d&#8217;haiteg grouss Ofh\u00e4ngegkeet vun ausl\u00e4nnesche Bezuelsystemer betr\u00ebfft&#8221;, huet e Kommissiouns-Spriecher weider geschriwwen.<\/p>\n<p>Dem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/B54E-2K3Q\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Johannes Flume<\/a>, Professer op der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/B6UZ-KQJH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Paris Lodron Universit\u00e4t Salzburg<\/a> an Expert fir Devis\u00ebrecht, no stinn d&#8217;Zeechen net an d&#8217;Richtung, dass den digitalen Euro deemn\u00e4chst komme w\u00e4ert. Dorop musse sech de Rot vun der EU, d&#8217;Parlament souw\u00e9i d&#8217;Kommissioun er\u00e9ischt eenegen. Gronds\u00e4tzlech w\u00e4r dovun auszegoen, dass de virgeluechte Pak souwuel Reegele fir den digitalen Euro w\u00e9i och fir d&#8217;Ofs\u00e9chere vum Boergeld \u00ebmfaasse w\u00e4ert. Well d&#8217;erkl\u00e4ert Zil w\u00e4r och, dat physescht Boergeld als am Moment eenzegt gesetzlecht M\u00ebttel, fir ze bezuelen, am Euroraum ofzes\u00e9cheren.<\/p>\n<p>Mee dem Expert no k\u00e9int dat zu Schwieregkeeten an der Praxis f\u00e9ieren. Well EU-Richtlinnen an alle Memberstaate g\u00ebllen, missten op der anerer S\u00e4it L\u00e4nner w\u00e9i zum Beispill Holland, an deene l\u00e9iwer mat Kaart bezuelt g\u00ebtt, &#8220;Entreprisen dozou br\u00e9ngen, nees Boergeld ze akzept\u00e9ieren&#8221;. Eng vun de wichtegsten Entscheedungen, d\u00e9i dem Flume no vun den Institutioune be\u00e4ntwert gi misst, w\u00e4r, aw\u00e9iw\u00e4it &#8220;den Eenzelhandel an den Allgemenge Gesch\u00e4ftsbed\u00e9ngungen (fr. Conditions g\u00e9n\u00e9rales) Boergeld refus\u00e9ieren d\u00e4erf&#8221;. &#8220;Hei sollt ee restriktiv virgoen&#8221;, sou de Flume an engem Telefonat vum 14. M\u00e4erz 2025, well &#8220;just sou d&#8217;inklusiv Wierkung an Akzeptanz vum Boergeld am deegleche Liewen ofges\u00e9chert gi&#8221; k\u00e9int. D&#8217;dozougeh\u00e9iereg Verhandlungsronne k\u00ebnne &#8220;laang daueren&#8221;.<\/p>\n<p>W\u00e4rend Butteker am Moment net verflicht sinn, bezuele mat Kaart ze akzept\u00e9ieren, musse se <a href=\"https:\/\/perma.cc\/XP9Y-TPH8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">gronds\u00e4tzlech Euro a Boergeld unhuelen<\/a>. Un d\u00ebser Akzept\u00e9ierungsflicht \u00e4nnert d&#8217;Af\u00e9iere vum digitalen Euro n\u00e4ischt. D&#8217;Boergeld ass gesetzlech ofges\u00e9chert, zum Beispill am <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8QTR-EZHG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Vertrag iwwer d&#8217;Aarbechtsman\u00e9ier vun der Europ\u00e4escher Unioun<\/a> (AEUV). &#8220;Duerch e Gesetz vun der EU kann net d&#8217;Virschr\u00ebft vum <a href=\"https:\/\/eur-lex.europa.eu\/legal-content\/DE\/TXT\/?uri=celex%3A12016ME%2FTXT#:~:text=Die%20von%20der%20Europ%C3%A4ischen%20Zentralbank%20und%20den%20nationalen%20Zentralbanken%20ausgegebenen%20Banknoten%20sind%20die%20einzigen%20Banknoten%2C%20die%C2%A0in%20der%20Union%20als%20gesetzliches%20Zahlungsmittel%20gelten.\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Art. 128 Abs. 1 Satz 3 AEUV<\/a> ge\u00e4nnert ginn, no deenen d&#8217;Euro-Sch\u00e4iner d\u00e9i eenzeg Sch\u00e4iner sinn, d\u00e9i an der Unioun als gesetzlecht Bezuelm\u00ebttel g\u00ebllen&#8221;, huet de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8YHH-8LBT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Christoph Ohler<\/a>, Professer fir \u00cbffentlecht Recht an Europarecht op der <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250319141735\/https:\/\/www.uni-jena.de\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Friedrich-Schiller-Universit\u00e4t Jena<\/a> geschriwwen. Den Direkter vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/SUY2-AQA2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Center for European Studies<\/a> op der selwechter Universit\u00e9it huet weider gemengt: &#8220;Geneesou w\u00e9ineg&#8221; k\u00e9int d\u00ebst Gesetz d&#8217;Recht vun de Memberstaate beschneiden, Euro-M\u00ebnzen erauszeginn. Ausserdeem st\u00e9ingen dem Ohler no enger Ofschafung vun de gesetzleche Bezuelm\u00ebttel an D\u00e4itschland zous\u00e4tzlech &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/Z228-K7MJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">grondrechtlech Limitten<\/a>&#8221; am Wee.<\/p>\n<p>&#8220;Den digitalen Euro w\u00e4ert net dofir do sinn, d&#8217;Boergeld ze ersetzen&#8221;, huet de Stervinou vun der frans\u00e9ischer Nationalbank zesummegefaasst. Hie g\u00e9if hoffen, &#8220;dass den digitalen Euro am digitale Raum ongef\u00e9ier de selwechte Bedarf w\u00e9i d&#8217;Boergeld decke kann &#8211; nieft anere Bezuelinstrumenter&#8221;.<\/p>\n<p>Kommissioun \u00e4ussert sech zu von der Leyen-B\u00e4itrag<\/p>\n<p>An engem B\u00e4itrag op <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/413ef0f5-caff-4087-be3f-4853425a19a5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a> vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen housch et den 10. M\u00e4erz 2025 iwwersat: &#8220;Mir w\u00e4erte privat Erspuernesser an dr\u00e9ngend ben\u00e9idegt Investitiounen \u00ebmwandelen.&#8221; Ausserdeem hat hir Social-Media-Ekipp e Video eropgelueden, an deem \u00ebnner anerem d&#8217;Christine Lagarde ze gesinn ass. &#8220;Dow\u00e9inst och d&#8217;Ofschafe vum Boergeld&#8221;, hat eng Userin dozou den 12. M\u00e4erz 2025 op <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/2541e948-63b1-4568-8d1e-6e6fb71435e4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a>\u00a0behaapt. Mam digitalen Euro &#8220;k\u00ebnnt ee m\u00e9i s\u00e9ier un d&#8217;Erspuernesser vun de Bierger&#8221;, housch et f\u00e4lschlech an d\u00ebsem Kommentar.<\/p>\n<p>An engem Statement huet sech d&#8217;Kommunikatiounsekipp vun der Kommissioun de 17. M\u00e4erz 2025 op Nofro och zu d\u00ebsem Sujet ge\u00e4ussert. D&#8217;von der Leyen huet deemno dorop higewisen, dass &#8220;den EU-Biergerinnen a -Bierger m\u00e9i M\u00e9iglechkeeten offr\u00e9iert gi sollen, wa si hir Erspuernesser op den EU-Kapitalm\u00e4ert invest\u00e9iere w\u00ebllen&#8221;. D\u00ebs Bestriewunge w\u00e4ren de K\u00e4r vum Gesamtkonzept fir d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/H4NE-W6WT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Spuer- an Investitiounsunioun<\/a> (SIU). D&#8217;Zil w\u00e4r, &#8220;d&#8217;Bedeelegung vun de Biergerinnen a Bierger un de Kapitalm\u00e4ert [&#8230;] ze erh\u00e9ijen&#8221;. Allerd\u00e9ngs: &#8220;D&#8217;EU w\u00e4ert d&#8217;Biergerinnen a Bierger op kee Fall zu Investitiounen op de Kapitalm\u00e4ert zw\u00e9ngen.&#8221; D&#8217;SIU h\u00e4tt als Zil, &#8220;e m\u00e9i g\u00ebnschtegt \u00cbmfeld fir d\u00e9ij\u00e9ineg ze schafen, d\u00e9i invest\u00e9iere w\u00ebllen&#8221;.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> A Sozialen Netzwierker hu sech Behaaptunge verbreet, dass den digitalen Euro am Oktober 2025 agef\u00e9iert g\u00e9if, deen d&#8217;Ofschafe vum Boergeld bedeite g\u00e9if. Dozou goufen Aussoe vun der EZB-Presidentin Christine Lagarde an der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen aus dem Kontext gerappt an ierf\u00e9ierend interpret\u00e9iert. Am Hierscht 2025 steet er\u00e9ischt den Ofschloss vun enger Virbereedungsphas vum Projet un, net d&#8217;Af\u00e9iere vum digitalen Euro. Experten no bleift d&#8217;Boergeld weiderhin e gesetzlecht Bezuelm\u00ebttel.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<br \/>\n<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Eng m\u00e9iglech Af\u00e9ierung vum digitalen Euro g\u00ebtt aktuell gepr\u00e9ift. Zu d\u00ebsem Sujet sinn och Behaaptungen am \u00cbmlaf, \u00ebnner anerem, dass dat am Oktober 2025 gesch\u00e9ie w\u00e4ert an d&#8217;Ofschafung vum Boergeld ustoe g\u00e9if.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":392667,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,425,183,191],"tags":[],"class_list":{"0":"post-392682","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-editors-choice-lu","8":"category-eu-lb-fact-check-lb","9":"category-fact-check-lb","10":"category-politik"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2287424","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2287424.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","share_this_post_to_edmo_website":false,"affiliation":"ADMO","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: D\u00ebs Behaaptungen iwwer den digitalen Euro sinn net richteg - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: D\u00ebs Behaaptungen iwwer den digitalen Euro sinn net richteg - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Eng m\u00e9iglech Af\u00e9ierung vum digitalen Euro g\u00ebtt aktuell gepr\u00e9ift. Zu d\u00ebsem Sujet sinn och Behaaptungen am \u00cbmlaf, \u00ebnner anerem, dass dat am Oktober 2025 gesch\u00e9ie w\u00e4ert an d&#039;Ofschafung vum Boergeld ustoe g\u00e9if.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2025-03-25T14:00:44+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2025-03-25T16:26:19+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/0daea259e3e2a059434c09ae6cd68b73.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"8 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: D\u00ebs Behaaptungen iwwer den digitalen Euro sinn net richteg\",\"datePublished\":\"2025-03-25T14:00:44+00:00\",\"dateModified\":\"2025-03-25T16:26:19+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/\"},\"wordCount\":1868,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/0daea259e3e2a059434c09ae6cd68b73.jpeg\",\"articleSection\":[\"Editor's Choice Slider LU\",\"EU\",\"Fact Check\",\"Politik\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/\",\"name\":\"Faktencheck: D\u00ebs Behaaptungen iwwer den digitalen Euro sinn net richteg - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/0daea259e3e2a059434c09ae6cd68b73.jpeg\",\"datePublished\":\"2025-03-25T14:00:44+00:00\",\"dateModified\":\"2025-03-25T16:26:19+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/0daea259e3e2a059434c09ae6cd68b73.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/0daea259e3e2a059434c09ae6cd68b73.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: D\u00ebs Behaaptungen iwwer den digitalen Euro sinn net richteg - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: D\u00ebs Behaaptungen iwwer den digitalen Euro sinn net richteg\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: D\u00ebs Behaaptungen iwwer den digitalen Euro sinn net richteg - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: D\u00ebs Behaaptungen iwwer den digitalen Euro sinn net richteg - EDMO Belux","og_description":"Eng m\u00e9iglech Af\u00e9ierung vum digitalen Euro g\u00ebtt aktuell gepr\u00e9ift. Zu d\u00ebsem Sujet sinn och Behaaptungen am \u00cbmlaf, \u00ebnner anerem, dass dat am Oktober 2025 gesch\u00e9ie w\u00e4ert an d'Ofschafung vum Boergeld ustoe g\u00e9if.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2025-03-25T14:00:44+00:00","article_modified_time":"2025-03-25T16:26:19+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/0daea259e3e2a059434c09ae6cd68b73.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"8 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: D\u00ebs Behaaptungen iwwer den digitalen Euro sinn net richteg","datePublished":"2025-03-25T14:00:44+00:00","dateModified":"2025-03-25T16:26:19+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/"},"wordCount":1868,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/0daea259e3e2a059434c09ae6cd68b73.jpeg","articleSection":["Editor's Choice Slider LU","EU","Fact Check","Politik"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/","name":"Faktencheck: D\u00ebs Behaaptungen iwwer den digitalen Euro sinn net richteg - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/0daea259e3e2a059434c09ae6cd68b73.jpeg","datePublished":"2025-03-25T14:00:44+00:00","dateModified":"2025-03-25T16:26:19+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/0daea259e3e2a059434c09ae6cd68b73.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/03\/0daea259e3e2a059434c09ae6cd68b73.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: D\u00ebs Behaaptungen iwwer den digitalen Euro sinn net richteg - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-behaaptungen-iwwer-den-digitalen-euro-sinn-net-richteg\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: D\u00ebs Behaaptungen iwwer den digitalen Euro sinn net richteg"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/392682","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=392682"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/392682\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/392667"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=392682"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=392682"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=392682"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}