{"id":393568,"date":"2025-04-11T07:30:27","date_gmt":"2025-04-11T07:30:27","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=393568"},"modified":"2025-04-11T08:44:33","modified_gmt":"2025-04-11T08:44:33","slug":"rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/","title":{"rendered":"RTL-Faktencheck: Kascht et wierklech 40 Milliounen Euro pro Joer, fir L\u00ebtzebuergesch als offiziell EU-Sprooch anzef\u00e9ieren?"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div><\/div>\n<div>\n<p>Am Kader vum internationale Faktencheckdag hu mer eis User opgeruff, fir eis Sujeten eranzesch\u00e9cken, d\u00e9i si g\u00e4re vun der RTL-Faktencheck-Redaktioun iwwerpr\u00e9ift h\u00e4tten.<\/p>\n<p>Vun de villen Ufroen, d\u00e9i mer kruten, hu mer eis an enger \u00e9ischter Linn dofir decid\u00e9iert ze prob\u00e9ieren, Sujeten, d\u00e9i op de Grand-Duch\u00e9 bezu sinn, nozegoen. Eng \u00e9ischt Fro huet sech mat der L\u00ebtzebuerger Sprooch an dem EU-Parlament besch\u00e4ftegt. Kascht et wierklech 40 Milliounen Euro pro Joer, fir d&#8217;L\u00ebtzebuergescht iwwersetzen ze loossen?<\/p>\n<p>&#8220;<em>Laut Premier an op RTL publiz\u00e9iert, g\u00e9if d&#8217;Af\u00e9iere vun der L\u00ebtzebuerger Sprooch am Europaparlament 40 Milliounen Euro d&#8217;Joer kaschten.. Ass d\u00ebs Ausso einfach n\u00ebmmen Quatsch an eng faul an feig Excuse fir bei de Communaut\u00e9iten kleng b\u00e4i ze ginn oder w\u00e9i k\u00ebnnt sou e Schwaachs\u00ebnn zestanen? Da misst jo dann och all EU-Memberstaat d\u00ebs 40 Milliounen d&#8217;Joer bezuelen, wat ee sech absolut vu verschiddene L\u00e4nner net virstelle kann. D\u00ebst wier tats\u00e4chlech eng uerg Diskrimin\u00e9ierung a Blamage fir eist Land [&#8230;]&#8221;<\/em><\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">Interventioun vum Fernand Kartheiser reegt Diskussioun un<\/p>\n<p>Eng Interventioun vum ADR-Europadeput\u00e9ierte Fernand Kartheiser am Europaparlament den 21. Oktober (<a href=\"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/national\/a\/2242837.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>) huet fir vill Diskussiounen \u00ebm de Status vun der L\u00ebtzebuerger Sprooch gefouert. W\u00e4rend an enger Reaktioun den Dag dono d\u00e9i aner L\u00ebtzebuergesch Deput\u00e9iert vun enger Zirkusnummer (<a href=\"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/national\/a\/2243269.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>) geschwat hunn, war d&#8217;Interventioun vum ADR-Europadeput\u00e9ierten och an der Emissioun &#8220;Background am Gespr\u00e9ich&#8221; Thema t\u00ebscht v\u00e9ier vun de L\u00ebtzebuerger Deput\u00e9ierten am EU-Parlament (<a href=\"https:\/\/www.rtl.lu\/radio\/background\/a\/2243832.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>).<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">Tilly Metz: Iwwersetze vun eiser Nationalsprooch kascht 40 Millioune pro Joer<\/p>\n<p>An d\u00ebser Ronn huet d&#8217;Tilly Metz vun d\u00e9i Gr\u00e9ng d&#8217;Ausso widderholl, datt d&#8217;Iwwersetze vun enger Sprooch op deem Niveau iwwer 40 Milliounen Euro am Joer ka kaschten.<\/p>\n<p>Tilly Metz: L\u00ebtzebuergesch als offiziell EU-Sprooch kascht 40 Milliounen d&#8217;Joer<\/p>\n<p><video controls=\"controls\" width=\"300\" height=\"150\"><source src=\"https:\/\/stream.rtl.lu\/media\/d925b5a3-667f-49fa-b313-c7fdba5d89b4.mp4\" type=\"video\/mp4\" \/><\/video> An der Emissioun Background am Gespr\u00e9ich vum 26. Oktober huet d&#8217;Tilly Metz hir Ausso nach eng K\u00e9ier widderholl.<\/p>\n<p>Prezisiounen zu d\u00ebser Ausso g\u00ebtt de B\u00fcro vun der gr\u00e9nger Europadeput\u00e9iert. Als Beispill h\u00eblt een d\u00e9i iresch-g\u00e4lesch Sprooch, d\u00e9i zanter 2007 eng EU-Vertragssproch ass, m\u00e4 2022 och als offiziell Sprooch zu Br\u00e9issel a Stroossbuerg genotzt g\u00ebtt (<a href=\"https:\/\/commission.europa.eu\/news\/irish-now-same-level-other-official-eu-languages-2022-01-03_en\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>). D&#8217;Af\u00e9iere vun der irescher Sprooch als offiziell EU-Sprooch kascht d&#8217;Europ\u00e4esch Unioun iwwer 40 Milliounen Euro am Joer. D\u00e9i konkret Zuel, wat d&#8217;Af\u00e9iere vun enger Sproch kascht, gouf am Dezember 2023 bekannt gemaach. Deemools hat d\u00e9i spuenesch Presidence d&#8217;Fro gestallt. Estim\u00e9iert gouf de K\u00e4schtepunkt fir all nei Sprooch, d\u00e9i &#8220;vollst\u00e4nneg am System ass&#8221;, op 44 Milliounen Euro pro Joer (<a href=\"https:\/\/www.europarl.europa.eu\/RegData\/questions\/reponses_qe\/2024\/000026\/P9_RE(2024)000026_EN.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>).<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">Kommiss\u00e4r fir d&#8217;L\u00ebtzebuerger Sprooch: K\u00e4schte ginn \u00ebnner all den EU-Memberl\u00e4nner opgedeelt<\/p>\n<p>D\u00ebse Montant confirm\u00e9iert och de Kommiss\u00e4r fir d&#8217;L\u00ebtzebuerger Sprooch Pierre Reding a berifft sech op en Artikel vum &#8220;The Diplomat&#8221;\u00a0 vum Oktober 2024 (<a href=\"https:\/\/thediplomatinspain.com\/en\/2024\/10\/08\/metsola-calls-for-an-evaluation-of-the-cost-of-using-catalan-galician-and-basque-in-plenary-sessions\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>). Aus d\u00ebsem geet ervir, datt d&#8217;Iwwersetzunge vum Katalaneschen, dem Baskeschen an dem Galizeschen d&#8217;Europ\u00e4esch Steierzueler zesumme ronn 132 Milliounen Euro pro Joer k\u00e9int kaschten. D&#8217;Plattform bezitt sech dob\u00e4i op Zuelen, d\u00e9i d&#8217;Generalsekretariat vun der europ\u00e4escher Kommissioun matgedeelt huet. Rechent een dat op eng Sprooch erof, k\u00ebnnt een nees op d\u00e9i 44 Milliounen Euro pro Sprooch.<\/p>\n<p>De Pierre Reding pr\u00e4zis\u00e9iert dann nach, datt d\u00ebs K\u00e4schten net eleng vu L\u00ebtzebuerg musse gedroen, m\u00e4 datt d\u00e9i \u00ebnner all de Memberstaaten opgedeelt ginn. Spr\u00e9ch, wann eng nei Sprooch als offiziell EU-Sprooch agefouert g\u00ebtt, bezilt och L\u00ebtzebuerg all K\u00e9iers en Deel vun de K\u00e4schten. Mam Bl\u00e9ck op d&#8217;Irescht, dat jo rezent agefouert gouf, bleift et awer net bei den 44 Milliounen Euro pro Joer. D\u00e9i iresch Ambassade zu L\u00ebtzebuerg huet n\u00e4mlech confirm\u00e9iert, datt nach zous\u00e4tzlech K\u00e4schten op d\u00e9i iresch Republik zoukommen. Well eleng d&#8217;Formatioun vun den Iwwersetzer an Dolmetscher kascht ronn 1,6 Millioune pro Joer. D\u00ebs K\u00e4schten dr\u00e9it Irland awer eleng, esou de Pierre Reding.<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">Wat fir K\u00e4schte falen un?<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/36c33e8f246c9797926e413392ef3604.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 Photo by Jakub Porzycki \/ NurPhoto \/ NurPhoto via AFP<\/p>\n<p>Fir all offiziell EU-Sprooch si verschidde Konditiounen z&#8217;erf\u00ebllen, respektiv et fale verschidden Aufgaben un. Esou mussen Iwwersetzer an Interprete fir d&#8217;EU-Institutiounen engag\u00e9iert ginn. Dozou zielt dann och d&#8217;Formatioun an d&#8217;Zertifiz\u00e9ierung vum qualifiz\u00e9ierte Personal.<\/p>\n<p>Weider missen all d\u00e9i existent juristesch Texter an d&#8217;L\u00ebtzebuergescht iwwersat ginn, genau w\u00e9i och s\u00e4mtlech Meetingen, Debaten a schr\u00ebftlecht Material. All d\u00e9i national Gesetzer, offiziell Dokumenter a d&#8217;Fachterminologie missen an d&#8217;L\u00ebtzebuergescht iwwersat ginn, fir den EU-Normen z&#8217;entspriechen.<\/p>\n<p>Da missen awer och d&#8217;Institutiounen ausgebaut ginn, fir d&#8217;Standardis\u00e9ierung vun der Terminologie an der rechtlecher Upassung vun enger Sprooch gerecht ze ginn.<\/p>\n<p>D\u00ebst weist, datt d&#8217;Af\u00e9iere vun enger Sprooch als offiziell EU-Sprooch eng grouss Unzuel u <em>Manpower <\/em>mat sech br\u00e9ngt. Eleng fir den EU-Geriichtshaff hei um Kierchbierg brauch ee fir d&#8217;Irescht ze iwwersetzen 20 Leit, do sinn dann d&#8217;Mataarbechter zu Br\u00e9issel a Stroossbuerg nach guer net mat aberechent.<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">40 Milliounen Euro: Premier Luc Frieden huet d\u00e9i Zuel net genannt<\/p>\n<p>De Staatsminist\u00e8re deelt mat, datt de Luc Frieden d&#8217;Zuel vu 40 Milliounen net genannt huet. D\u00ebst g\u00ebtt duerch eng \u00c4ntwert op eng parlamentaresch vum Premierminister zesumme mam Aussen- a Kulturminister confirm\u00e9iert. Hei hat den ADR-Deput\u00e9ierte Fred Keup d&#8217;Fro opgeworf (<a href=\"https:\/\/wdocs-pub.chd.lu\/docs\/exped\/2024\/11\/QP_56513_1731049547487.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>).<\/p>\n<p>An der \u00c4ntwert (<a href=\"https:\/\/wdocs-pub.chd.lu\/docs\/exped\/2024\/12\/QP_56932_1733477932766.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>) ass ze liesen, datt &#8220;<em>d&#8217;Regierung keng Informatioune betreffend der honorabeler Europadeput\u00e9iert Tilly Metz hiren Aussoen zu de K\u00e4schten, d\u00e9i eng Unerkennung vum L\u00ebtzebuergeschen als EU-Sprooch mat sech g\u00e9if\u00a0<\/em><em>br\u00e9ngen<\/em>&#8221; huet. An der \u00c4ntwert, d\u00e9i Enn 2024 publiz\u00e9iert gouf, kuckt een op de Budget 2025 no vir. Hei sinn am Budget 80.000 Euro virgesinn, fir d&#8217;Iwwersetzung vun den offizielle Vertr\u00e4g vun der europ\u00e4escher Unioun. Dee Montant confirm\u00e9iert de Kommiss\u00e4r fir d&#8217;L\u00ebtzebuerger Sprooch och. Dem Pierre Reding no sinn d&#8217;K\u00e4schte mat 54.000 Euro awer m\u00e9i d\u00e9if ausgefall, well et bei den Iwwersetzunge vill Textpassage gouf, d\u00e9i \u00ebmmer nees er\u00ebmkoumen an esou net nach eng K\u00e9ier hu missten iwwersat ginn.<\/p>\n<p>D\u00e9i dr\u00e4i zoust\u00e4nneg Ministere pr\u00e4zis\u00e9ieren awer, datt een awer &#8220;<em>d\u00e9i m\u00e9i praktesch Aspekter mat en compte ze\u00a0<\/em><em>huelen, w\u00e9i z.B. den administrativen Opwand, deen dat op alle S\u00e4ite bedeit an de Mangel un Dolmetscher,\u00a0<\/em><em>d\u00e9i L\u00ebtzebuergesch k\u00ebnnen<\/em>&#8220;.<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">Fernand Kartheiser huet net gefrot, datt L\u00ebtzebuergesch offiziell EU-Sprooch soll ginn<\/p>\n<p>Fernand Kartheiser am Europaparlament<\/p>\n<p><video controls=\"controls\" width=\"300\" height=\"150\"><source src=\"https:\/\/stream.rtl.lu\/media\/16dfa02c-ca5c-4367-b97c-85fede29891a.mp4\" type=\"video\/mp4\" \/><\/video> Den Europadeput\u00e9ierte wollt jo eng Ried op L\u00ebtzebuergesch halen.<\/p>\n<p>Op Nofro pr\u00e4zis\u00e9iert de Fernand Kartheiser, datt hien zu Stroossbuerg ni gefrot huet, datt d&#8217;L\u00ebtzebuergescht soll eng offiziell EU-Sprooch mat allen Iwwersetzungen an Acquise ginn. &#8220;<em>Ech halen dat am Abl\u00e9ck net fir realistesch an och net fir n\u00e9ideg. Ech hu gefrot, datt L\u00ebtzebuergesch soll opgew\u00e4ert ginn, fir datt een an der Pleni\u00e8re vum Europ\u00e4esche Parlament seng Rieden och kann op L\u00ebtzebuergesch halen<\/em>&#8220;, esou den ADR-Europadeput\u00e9ierte g\u00e9intiwwer RTL. Weider h\u00e4tt hien eng pragmatesch L\u00e9isung virgeschloen, d\u00e9i &#8220;<em>esou gutt w\u00e9i n\u00e4ischt<\/em>&#8221; g\u00e9if kaschten. &#8220;<em>D&#8217;Interprete sollen en Text am viraus kr\u00e9ien, fir datt d&#8217;Iwwersetzung m\u00e9iglech ass. Bei T\u00ebschefroen oder Nofroen kann ee jo dann eng vun deenen offizielle Sprooche benotzen<\/em>&#8220;. Dem Fernand Kartheiser geet et hei \u00ebm d&#8217;Visibilit\u00e9it vun der L\u00ebtzebuerger Sprooch an, well hien net de Statutt vun enger offizieller Sprooch freet, g\u00ebllt fir hien &#8220;<em>d&#8217;Argument vun de K\u00e4schten<\/em>&#8221; net.<\/p>\n<p>Op d&#8217;K\u00e4schten ugeschwat, seet de Fernand Kartheiser, datt senges W\u00ebssens no &#8220;<em>d&#8217;Iwwersetzungen an EU-Sproochen aus dem allgemengen EU-Budget bezuelt<\/em>&#8220;, wat bedeit, datt L\u00ebtzebuerg seng Contributioun fir all Sprooch matdr\u00e9it, ausser &#8220;<em>fir seng eegen Nationalsprooch<\/em>&#8220;.<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">Muss aus dem L\u00ebtzebuergeschen eng offiziell EU-Sprooch ginn?<\/p>\n<p>D&#8217;Nationalsprooch vum Grand-Duch\u00e9 ass jo an der Verfassung verankert. Do stellt sech dann d&#8217;Fro, ob et dow\u00e9inst elo eng Verflichtung g\u00ebtt, fir datt L\u00ebtzebuergescht eng EU-Sprooch muss ginn. Dorobber konnt de Kommiss\u00e4r fir d&#8217;L\u00ebtzebuerger Sprooch Pierre Reding elo keng direkt \u00c4ntwert ginn, m\u00e4 hien huet op e Regierungsrot verwisen, dee sech mat d\u00ebsem Thema besch\u00e4ftege w\u00e4ert. D\u00ebsen ass fir den Abr\u00ebll d\u00ebst Joer ugesat. Iwwerhaapt solle bei d\u00ebsem Treffe vun de L\u00ebtzebuerger Minister verschidde Sujeten zum Thema Sprooch op der Agenda stoen, dor\u00ebnner och, w\u00e9i d&#8217;KI beim Iwwersetze kann h\u00ebllefen oder op L\u00ebtzebuergescht &#8220;just&#8221; EU-Vertragssprooch an net offiziell EU-Sprooch sollt ginn.<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">Fazit: Ausso koum net vum Premierminister, ma d&#8217;Iwwersetze k\u00e9int iwwer 40 Milliounen Euro pro Joer kaschten<\/p>\n<p>Anescht, w\u00e9i an der Fro, d\u00e9i eis eragesch\u00e9ckt gouf, koum d\u00ebs Ausso net vum Luc Frieden an och op RTL ass keen Artikel ze fannen, an deem de Premier d\u00ebs Zuel konkret nennt. De Montant vun &#8220;<em>iwwer 40 Milliounen<\/em>&#8221; Euro k\u00ebnnt vun der Europadeput\u00e9ierte vun d\u00e9i Gr\u00e9ng Tilly Metz.<\/p>\n<p>Als Erkl\u00e4rung heescht et aus hirem B\u00fcro, datt ee sech bei d\u00ebsem Chiffer un dem Montant orient\u00e9iert, deen et 2022 kascht huet, fir d&#8217;G\u00e4lescht aus Irland als offiziell EU-Sprooch anzef\u00e9ieren. D\u00ebst ass och d\u00e9i rezentste Sprooch, d\u00e9i de Statut vun der offizieller EU-Sprooch krut. De Chiffer vu 44 Milliounen Euro pro Joer war an enger \u00c4ntwert op eng offiziell Ufro vun der spuenescher Presidence gestallt ginn a g\u00ebtt duerch eng H\u00e9ichrechnung vum Generalsekretariat vun der europ\u00e4escher Kommissioun, wou d&#8217;Fro vum Katalaneschen, Baskeschen a Galizesche gestallt gouf, confirm\u00e9iert g\u00ebtt. Wuelgemierkt als offiziell EU-Sprooch, m\u00e4 net als Vertragssprooch, d\u00e9i awer och eng offiziell Unerkennung duerstellt.<\/p>\n<p>Ob Sproochen, d\u00e9i m\u00e9i laang de Statut vun der offizieller EU-Sprooch hunn, dee selwechte Montant kaschten, geet aus d\u00ebsen Zuelen net ervir.<\/p>\n<p><em>Hutt Dir Froen oder Ureegunge fir aner Themen? Da mellt Iech \u00ebnnert d\u00ebser E-Mail-Adress bei der RTL-Faktencheckredaktioun: faktencheck@rtl.lu<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Am Kader vum internationale Faktencheckdag hu mer eis User opgeruff, fir eis Sujeten eranzesch\u00e9cken, d\u00e9i si g\u00e4re vun der RTL-Faktencheck-Redaktioun iwwerpr\u00e9ift h\u00e4tten.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":393558,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[188,470,425,183,191],"tags":[511],"class_list":{"0":"post-393568","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-de-choix-vun-der-redaktioun","8":"category-editors-choice-lu","9":"category-eu-lb-fact-check-lb","10":"category-fact-check-lb","11":"category-politik","12":"tag-focus-lb"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2288068","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"Archivbild vun den Iwwersetzungskabinnen am EU-Parlament. \/ \u00a9 Photo by Kenzo TRIBOUILLARD \/ AFP","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2288068.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","share_this_post_to_edmo_website":false,"affiliation":"ADMO","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>RTL-Faktencheck: Kascht et wierklech 40 Milliounen Euro pro Joer, fir L\u00ebtzebuergesch als offiziell EU-Sprooch anzef\u00e9ieren? - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"RTL-Faktencheck: Kascht et wierklech 40 Milliounen Euro pro Joer, fir L\u00ebtzebuergesch als offiziell EU-Sprooch anzef\u00e9ieren? - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Am Kader vum internationale Faktencheckdag hu mer eis User opgeruff, fir eis Sujeten eranzesch\u00e9cken, d\u00e9i si g\u00e4re vun der RTL-Faktencheck-Redaktioun iwwerpr\u00e9ift h\u00e4tten.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2025-04-11T07:30:27+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2025-04-11T08:44:33+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/8c09108cbf2c5ca08f279fd97dbb9554.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"7 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"RTL-Faktencheck: Kascht et wierklech 40 Milliounen Euro pro Joer, fir L\u00ebtzebuergesch als offiziell EU-Sprooch anzef\u00e9ieren?\",\"datePublished\":\"2025-04-11T07:30:27+00:00\",\"dateModified\":\"2025-04-11T08:44:33+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/\"},\"wordCount\":1724,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/8c09108cbf2c5ca08f279fd97dbb9554.jpeg\",\"keywords\":[\"FOCUS\"],\"articleSection\":[\"De Choix vun der Redaktioun\",\"Editor's Choice Slider LU\",\"EU\",\"Fact Check\",\"Politik\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/\",\"name\":\"RTL-Faktencheck: Kascht et wierklech 40 Milliounen Euro pro Joer, fir L\u00ebtzebuergesch als offiziell EU-Sprooch anzef\u00e9ieren? - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/8c09108cbf2c5ca08f279fd97dbb9554.jpeg\",\"datePublished\":\"2025-04-11T07:30:27+00:00\",\"dateModified\":\"2025-04-11T08:44:33+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/8c09108cbf2c5ca08f279fd97dbb9554.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/8c09108cbf2c5ca08f279fd97dbb9554.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"RTL-Faktencheck: Kascht et wierklech 40 Milliounen Euro pro Joer, fir L\u00ebtzebuergesch als offiziell EU-Sprooch anzef\u00e9ieren? - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"RTL-Faktencheck: Kascht et wierklech 40 Milliounen Euro pro Joer, fir L\u00ebtzebuergesch als offiziell EU-Sprooch anzef\u00e9ieren?\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"RTL-Faktencheck: Kascht et wierklech 40 Milliounen Euro pro Joer, fir L\u00ebtzebuergesch als offiziell EU-Sprooch anzef\u00e9ieren? - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"RTL-Faktencheck: Kascht et wierklech 40 Milliounen Euro pro Joer, fir L\u00ebtzebuergesch als offiziell EU-Sprooch anzef\u00e9ieren? - EDMO Belux","og_description":"Am Kader vum internationale Faktencheckdag hu mer eis User opgeruff, fir eis Sujeten eranzesch\u00e9cken, d\u00e9i si g\u00e4re vun der RTL-Faktencheck-Redaktioun iwwerpr\u00e9ift h\u00e4tten.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2025-04-11T07:30:27+00:00","article_modified_time":"2025-04-11T08:44:33+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/8c09108cbf2c5ca08f279fd97dbb9554.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"7 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"RTL-Faktencheck: Kascht et wierklech 40 Milliounen Euro pro Joer, fir L\u00ebtzebuergesch als offiziell EU-Sprooch anzef\u00e9ieren?","datePublished":"2025-04-11T07:30:27+00:00","dateModified":"2025-04-11T08:44:33+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/"},"wordCount":1724,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/8c09108cbf2c5ca08f279fd97dbb9554.jpeg","keywords":["FOCUS"],"articleSection":["De Choix vun der Redaktioun","Editor's Choice Slider LU","EU","Fact Check","Politik"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/","name":"RTL-Faktencheck: Kascht et wierklech 40 Milliounen Euro pro Joer, fir L\u00ebtzebuergesch als offiziell EU-Sprooch anzef\u00e9ieren? - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/8c09108cbf2c5ca08f279fd97dbb9554.jpeg","datePublished":"2025-04-11T07:30:27+00:00","dateModified":"2025-04-11T08:44:33+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/8c09108cbf2c5ca08f279fd97dbb9554.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/8c09108cbf2c5ca08f279fd97dbb9554.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"RTL-Faktencheck: Kascht et wierklech 40 Milliounen Euro pro Joer, fir L\u00ebtzebuergesch als offiziell EU-Sprooch anzef\u00e9ieren? - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kascht-et-wierklech-40-milliounen-euro-pro-joer-fir-ltzebuergesch-als-offiziell-eu-sprooch-anzefieren\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"RTL-Faktencheck: Kascht et wierklech 40 Milliounen Euro pro Joer, fir L\u00ebtzebuergesch als offiziell EU-Sprooch anzef\u00e9ieren?"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/393568","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=393568"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/393568\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/393558"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=393568"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=393568"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=393568"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}