{"id":393856,"date":"2025-04-06T13:00:50","date_gmt":"2025-04-06T13:00:50","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=393856"},"modified":"2025-04-10T14:26:13","modified_gmt":"2025-04-10T14:26:13","slug":"faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Dem Friedrich Merz seng 180-Grad-K\u00e9ier bei der Scholdebrems ass net strofbar"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p>Nodeems d&#8217;Scholdebrems an D\u00e4itschland m\u00e9i labber gemaach gouf, g\u00ebtt dem Friedrich Merz Wielert\u00e4uschung virgeheit. A sozialen Netzwierker gouf an d\u00ebsem Zesummenhang behaapt, mat politescher senger 180-Grad-K\u00e9ier h\u00e4tt hie sech souguer w\u00e9inst Wielert\u00e4uschung strofbar gemaach. Dat ass awer falsch.<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p class=\"article-body__summary\">Den entspriechende Paragraf am Code p\u00e9nal g\u00e9ing sech op de Walvirgang selwer bez\u00e9ien, hu Juriste g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert. Politesch Richtungswiessel no Wale w\u00e4ren do net concern\u00e9iert.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">&#8220;De Friedrich Merz misst fir seng Wielert\u00e4uschung eigentlech an de Prisong!&#8221;, stoung beispillsweis an engem <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/db452c4b-f155-47eb-b8da-57f1b33f5c48\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-B\u00e4itrag<\/a> vum 16. M\u00e4erz 2025. Am B\u00e4itrag gouf op de Paragraf 108a am Code p\u00e9nal (d\u00e4itsch: Strafgesetzbuch, StGB) verwisen. D&#8217;Behaaptung gouf an \u00e4nlecher Form och op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/GTX7-KGYQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">TikTok<\/a>,\u00a0<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250328123439\/https:\/\/t.me\/Klartext2021Gemeinsam\/50838\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9NQW-4LZG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">YouTube<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/GQH3-MRK4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a> gedeelt. A verschiddene B\u00e4itr\u00e4g, beispillsweis op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/W6KS-2PAY\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram<\/a>, g\u00ebtt just d&#8217;Fro gestallt &#8220;Huet sech de Merz mat Wielert\u00e4uschung strofbar gemaach?&#8221;, wouduerch awer och eng Strofdot sugger\u00e9iert g\u00ebtt.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Ganz vill Reechw\u00e4it kruten ausserdeem e <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/867bed71-3a28-43ee-986e-68bf494edc66\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-Post<\/a> vum AfD-Europadeput\u00e9ierte <a href=\"https:\/\/perma.cc\/525L-JQ3W\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Petr Bystron<\/a> souw\u00e9i en <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4GZE-7USH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X-B\u00e4itrag<\/a> vum AfD-Politiker <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6G5Q-Y28S\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Christian Abel<\/a>. Den Abel war bei de Biergerschaftswalen zu Hamburg am M\u00e4erz 2025 ugetrueden, huet awer kee Mandat kritt. D&#8217;Noriichtes\u00e4it &#8220;Deutschland-Kurier&#8221;, d\u00e9i der AFD no steet, huet ausserdeem iwwer eng Plainte vun engem Affekot g\u00e9int de Merz w\u00e9inst Wielert\u00e4uschung <a href=\"https:\/\/perma.cc\/PWC5-83UN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">bericht<\/a>. Eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/CD4L-7HJU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Plainte<\/a> eleng ass awer kee Beleeg fir eng Strofdot, w\u00e9i och &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/K2T4-2AS5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Correctiv<\/a>&#8221; gemellt huet. Falschinformatioune vum &#8220;Deutschland-Kurier&#8221; huet d&#8217;AFP schonn an der Vergaangenheet <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.34PR823\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">widderluecht<\/a>.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/6b829af5101b34540488a106711e7e77.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Hannergrond vun d\u00ebser Behaaptung ass d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/G7L4-6Q62\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">politesch 180-Grad-K\u00e9ier<\/a> vum Friedrich Merz (CDU) an der Scholdepolitik. Hat de Walgew\u00ebnner virun de Bundestagswalen am Februar 2025 nach erkl\u00e4ert, hie g\u00e9if un der Scholdebrems festhalen, huet den CDU-Kanzlerkandidat kuerz Z\u00e4it m\u00e9i sp\u00e9it Drock gemaach, fir dass d&#8217;Scholdebrems schnellstm\u00e9iglech vum Bundestag m\u00e9i labber gemaach g\u00e9if. M\u00ebtt M\u00e4erz 2025 gouf schlussendlech eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/U5QY-LDPZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Gesetzes\u00e4nnerung an enger extraordin\u00e4rer S\u00ebtzung vum D\u00e4itsche Bundestag decid\u00e9iert<\/a>, d\u00e4r de Merz a seng CDU bis op e puer Ofw\u00e4ichler zougest\u00ebmmt hunn. Doduerch ginn <a href=\"https:\/\/perma.cc\/MM2N-R8CX\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Ausname vun der Scholdebrems erm\u00e9iglecht<\/a>. Mat enger &#8220;Scholdebrems verflicht sech e Staat, nei Scholde just nach bis zu enger best\u00ebmmter H\u00e9icht ze maachen&#8221;, beschreift d&#8217;Bundeszentrale f\u00fcr politische Bildung d\u00ebst Instrument op hirer <a href=\"https:\/\/perma.cc\/29XH-KUA6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it<\/a>.<\/p>\n<p>&#8220;Depens\u00eb fir Verdeedegung a best\u00ebmmt s\u00e9cherheetspolitesch Depensen ab enger best\u00ebmmter H\u00e9icht sollen an Zukunft net m\u00e9i als Scholden nom Prinzip vum Grondgesetz ugerechent ginn&#8221;, huet den D\u00e4itsche Bundestag <a href=\"https:\/\/perma.cc\/U5QY-LDPZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">iwwer d&#8217;Resultat vun der Ofst\u00ebmmung geschriwwen<\/a>. &#8220;Doriwwer eraus soll am Grondgesetz d&#8217;Ariichte vun engem Sonderverm\u00e9igen an H\u00e9icht vu 500 Milliarden Euro &#8216;fir zous\u00e4tzlech Investitiounen an d&#8217;Infrastruktur a fir zous\u00e4tzlech Investitioune fir d&#8217;Erreeche vun der Klimaneutralit\u00e9it bis 2045&#8217; erm\u00e9iglecht ginn.&#8221; Och Kreditter sollen an d\u00ebsem Zesummenhang vun der Scholdebrems ausgeholl ginn.<\/p>\n<p><iframe title=\"YouTube video player\" src=\"https:\/\/www.youtube.com\/embed\/C-kFCHIVswg?si=Bwy_1yBR46-z0qvM\" width=\"560\" height=\"315\" frameborder=\"0\" scrolling=\"auto\" allowfullscreen=\"allowfullscreen\"><\/iframe><\/p>\n<p>De Merz hat seng Meenungs\u00e4nnerung mat \u00cbmst\u00e4nn, d\u00e9i sech an der T\u00ebschenz\u00e4it ver\u00e4nnert h\u00e4tten, begr\u00ebnnt. Nom <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Z2EB-2FK6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Eklat am W\u00e4issen Haus<\/a> vum 28. Februar 2025 t\u00ebscht dem amerikanesche President Donald Trump an dem ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj g\u00e9ife sech D\u00e4itschland an Europa an enger besuergneserreegender S\u00e9cherheetslag befannen, d\u00e4r mat m\u00e9i h\u00e9ije Verdeedegungsausgabe sou s\u00e9ier w\u00e9i m\u00e9iglech Rechnung gedroe gi misst, sou <a href=\"https:\/\/perma.cc\/GR34-T68T\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">dem Merz seng Opfaassung vun der Situatioun<\/a>.<\/p>\n<p>Dem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/K4SH-JGZN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Politbarometer<\/a> vum 21. M\u00e4erz 2025 no, enger reegelm\u00e9isseger \u00cbmfro zu parteipolitesche Preferenze vu Befroten an D\u00e4itschland, geheien 73 Prozent vun de Befroten dem Merz an der CDU\/CSU Wielert\u00e4uschung w\u00e9inst hirer 180-Grad-K\u00e9ier vir. Och am <a href=\"https:\/\/perma.cc\/DPC2-U3FY\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Walprogramm<\/a> vun der CDU housch et: &#8220;Mir halen un der Scholdebrems am Grondgesetz fest.&#8221; A Sozialen Netzwierker hunn Notzer doraus d&#8217;Konklusioun gezunn, dem Merz s\u00e4i Verhale w\u00e4r illegal gewiescht an hunn de Paragraf 108a StGB als vermeintleche Beweis ugefouert.<\/p>\n<p>D&#8217;Behaaptung, dem Merz s\u00e4i gebrachent Walversprieche w\u00e4r no Paragraf 108a StGB strofbar, ass awer falsch.<\/p>\n<p>De Code p\u00e9nal kennt eng Rei vu Strofdoten, d\u00e9i sech op Wale bez\u00e9ien. Dozou geh\u00e9iert och de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Y2D3-J3N2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Paragraf 108a StGB<\/a>, deen eng Wielert\u00e4uschung beschreift. Doran heescht et: &#8220;Wien duerch T\u00e4uschung bewierkt, dass ee sech beim Vott iwwer de Contenu vu senger Erkl\u00e4rung iert oder g\u00e9int s\u00e4i W\u00ebllen net oder ong\u00fclteg wielt, g\u00ebtt mat enger Fr\u00e4iheetsstrof bis zu zwee Joer oder mat Geldstrof bestrooft.&#8221;<\/p>\n<p>Paragraf bezitt sech op Vott amplaz Walverspriechen<\/p>\n<p>Politesch Aussoe geh\u00e9ieren awer net dozou. &#8220;Eng Meenungs\u00e4nnerung, souguer e bewosst Bel\u00e9ie vu Wieler an der Walcampagne ass no d\u00e4itschem Strofrecht net strofbar&#8221;, huet de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/N26P-L6HC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Jens B\u00fclte<\/a>, Professer a Chef vun der Uni-Chaire fir Strofrecht, Strofprozessrecht, Wirtschafts- a Steierstrofrecht op der Universit\u00e9it Mannheim de 24. M\u00e4erz 2025 op AFP-Ufro erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2LPE-EAA4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Gerhard Seher<\/a>, Professer fir Strofrecht, Strofverfarensrecht a Rechtsphilosophie op der Freien Universit\u00e4t Berlin, huet dat confirm\u00e9iert. &#8220;108a StGB erfaasst just T\u00e4uschungen, d\u00e9i dozou f\u00e9ieren, dass de Wieler beim onm\u00ebttelbare Vott anescht handelt, w\u00e9i hien et eigentlech w\u00ebll&#8221;, huet hien de 26. M\u00e4erz 2025 op AFP-Nofro geschriwwen.<\/p>\n<p>D&#8217;Droitsprofesseren nenne Beispiller, d\u00e9i Handlungen am S\u00ebnn vun d\u00ebsem Paragraf als Wielert\u00e4uschung unerkennen: Zum Beispill &#8220;e falschen akadeemeschen Titel oder eng falsch Beruffsbezeechnung&#8221; um St\u00ebmmziedel g\u00e9ifen dem B\u00fclte no dor\u00ebnner falen, genee w\u00e9i wann &#8220;iergendeen duerch T\u00e4uschung an de Glawe versat g\u00ebtt, hie g\u00e9if de Gemengerot wielen, obwuel d&#8217;Walen de Bundestag concern\u00e9ieren&#8221;.<\/p>\n<p>Ee sou ze t\u00e4uschen, dass e Wieler oder eng Wielerin ong\u00fclteg wielt, obwuel hien oder si eng g\u00fclteg St\u00ebmm ofgi wollt, geh\u00e9iert dem dem Gerhard Seher och zum Paragraf 108a. Sou huet d&#8217;AFP kuerz virun de Bundestagswalen 2025 beispillsweis e <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.36YD8EN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Sharepic mat der Opfuerderung, de Walziedel ze \u00ebnnerschreiwen, fir Walbedruch ze verh\u00ebnneren, iwwerpr\u00e9ift<\/a>. E weidert Beispill vun enger strofbarer Wielert\u00e4uschung w\u00e4r et, engem e falsche Waldatum ze nennen, wouduerch hien oder si de Waldag verpasst, huet de Seher erkl\u00e4ert. D&#8217;final Entscheedung vun de Wieler selwer g\u00e9if awer vun d\u00ebsem Paragraf net erfaasst.<\/p>\n<p>An enger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/42YT-SC69\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Editioun vun der &#8220;Zeitschrift f\u00fcr Wahlorganisation und Wahlrecht&#8221;<\/a> heescht et ausserdeem, am allgemenge Sproochgebrauch g\u00e9if &#8220;Wielert\u00e4uschung&#8221; zwar fir gebrach Walversprieche benotzt, illegal w\u00e4r dat awer net: &#8220;D\u00ebs zum Deel subjektiv empfonnt, zum Deel offensichtlech Ofw\u00e4ichunge vu Walversprieche sinn h\u00e9chstens politesch, net strofrechtlech ze erfaassen.&#8221; D&#8217;Ausleeung am <a href=\"https:\/\/perma.cc\/F9UF-ZRSK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Leipziger Kommentar<\/a> iwwer de Code p\u00e9nal confirm\u00e9iert d\u00ebs Asch\u00e4tzungen.<\/p>\n<p>Och wa sech de Merz soumat net strofbar gemaach huet, huet hie mat senger 180-Grad-K\u00e9ier seng Glafwierdegkeet beschiedegt, w\u00e9i hie selwer bei enger Veranstaltung vun der &#8220;Frankfurter Allgemeinen Zeitung&#8221; Enn M\u00e4erz 2025 <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5UUA-8HC9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">sot<\/a>: &#8220;Ech weess, dass ech en immens h\u00e9ije Kredit an Usproch geholl hunn, och wat meng pers\u00e9inlech Glafwierdegkeet betr\u00ebfft.&#8221;<\/p>\n<p>Weider Faktenchecken iwwer Walprozesser sammelt d&#8217;AFP op hirer <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/list\/Bundestagswahl-2025\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it<\/a>.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> Den CDU-Kanzlerkandidat Friedrich Merz huet sech net w\u00e9inst Wielert\u00e4uschung no Paragraf 108a StGB strofbar gemaach. D\u00ebse Paragraf concern\u00e9iert d&#8217;T\u00e4uschung vun enger Persoun beim Aus\u00fcbe vun hirem Vott an \u00ebmfaasst keng politesch Kurs\u00e4nnerunge vu gewielten Deput\u00e9ierten no Walen, soten Droitsprofessere g\u00e9intiwwer der AFP.<\/p>\n<p><em>D\u00ebse Faktencheck gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<br \/>\n<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Nodeems d&#8217;Scholdebrems an D\u00e4itschland m\u00e9i labber gemaach gouf, g\u00ebtt dem Friedrich Merz Wielert\u00e4uschung virgeheit. A sozialen Netzwierker gouf an d\u00ebsem Zesummenhang behaapt, mat politescher senger 180-Grad-K\u00e9ier h\u00e4tt hie sech souguer w\u00e9inst Wielert\u00e4uschung strofbar gemaach. Dat ass awer falsch.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":393846,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,183,191],"tags":[],"class_list":{"0":"post-393856","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-editors-choice-lu","8":"category-fact-check-lb","9":"category-politik"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2291247","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2291247.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","share_this_post_to_edmo_website":false,"affiliation":"ADMO","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Dem Friedrich Merz seng 180-Grad-K\u00e9ier bei der Scholdebrems ass net strofbar - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Dem Friedrich Merz seng 180-Grad-K\u00e9ier bei der Scholdebrems ass net strofbar - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Nodeems d&#039;Scholdebrems an D\u00e4itschland m\u00e9i labber gemaach gouf, g\u00ebtt dem Friedrich Merz Wielert\u00e4uschung virgeheit. A sozialen Netzwierker gouf an d\u00ebsem Zesummenhang behaapt, mat politescher senger 180-Grad-K\u00e9ier h\u00e4tt hie sech souguer w\u00e9inst Wielert\u00e4uschung strofbar gemaach. Dat ass awer falsch.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2025-04-06T13:00:50+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2025-04-10T14:26:13+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/cc8b6c82f24beb8dfd7224a7e35d6919.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"5 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Dem Friedrich Merz seng 180-Grad-K\u00e9ier bei der Scholdebrems ass net strofbar\",\"datePublished\":\"2025-04-06T13:00:50+00:00\",\"dateModified\":\"2025-04-10T14:26:13+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/\"},\"wordCount\":1255,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/cc8b6c82f24beb8dfd7224a7e35d6919.jpeg\",\"articleSection\":[\"Editor's Choice Slider LU\",\"Fact Check\",\"Politik\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/\",\"name\":\"Faktencheck: Dem Friedrich Merz seng 180-Grad-K\u00e9ier bei der Scholdebrems ass net strofbar - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/cc8b6c82f24beb8dfd7224a7e35d6919.jpeg\",\"datePublished\":\"2025-04-06T13:00:50+00:00\",\"dateModified\":\"2025-04-10T14:26:13+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/cc8b6c82f24beb8dfd7224a7e35d6919.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/cc8b6c82f24beb8dfd7224a7e35d6919.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Dem Friedrich Merz seng 180-Grad-K\u00e9ier bei der Scholdebrems ass net strofbar - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Dem Friedrich Merz seng 180-Grad-K\u00e9ier bei der Scholdebrems ass net strofbar\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Dem Friedrich Merz seng 180-Grad-K\u00e9ier bei der Scholdebrems ass net strofbar - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Dem Friedrich Merz seng 180-Grad-K\u00e9ier bei der Scholdebrems ass net strofbar - EDMO Belux","og_description":"Nodeems d'Scholdebrems an D\u00e4itschland m\u00e9i labber gemaach gouf, g\u00ebtt dem Friedrich Merz Wielert\u00e4uschung virgeheit. A sozialen Netzwierker gouf an d\u00ebsem Zesummenhang behaapt, mat politescher senger 180-Grad-K\u00e9ier h\u00e4tt hie sech souguer w\u00e9inst Wielert\u00e4uschung strofbar gemaach. Dat ass awer falsch.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2025-04-06T13:00:50+00:00","article_modified_time":"2025-04-10T14:26:13+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/cc8b6c82f24beb8dfd7224a7e35d6919.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"5 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Dem Friedrich Merz seng 180-Grad-K\u00e9ier bei der Scholdebrems ass net strofbar","datePublished":"2025-04-06T13:00:50+00:00","dateModified":"2025-04-10T14:26:13+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/"},"wordCount":1255,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/cc8b6c82f24beb8dfd7224a7e35d6919.jpeg","articleSection":["Editor's Choice Slider LU","Fact Check","Politik"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/","name":"Faktencheck: Dem Friedrich Merz seng 180-Grad-K\u00e9ier bei der Scholdebrems ass net strofbar - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/cc8b6c82f24beb8dfd7224a7e35d6919.jpeg","datePublished":"2025-04-06T13:00:50+00:00","dateModified":"2025-04-10T14:26:13+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/cc8b6c82f24beb8dfd7224a7e35d6919.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/cc8b6c82f24beb8dfd7224a7e35d6919.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Dem Friedrich Merz seng 180-Grad-K\u00e9ier bei der Scholdebrems ass net strofbar - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dem-friedrich-merz-seng-180-grad-kier-bei-der-scholdebrems-ass-net-strofbar\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Dem Friedrich Merz seng 180-Grad-K\u00e9ier bei der Scholdebrems ass net strofbar"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/393856","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=393856"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/393856\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/393846"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=393856"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=393856"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=393856"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}