{"id":393914,"date":"2025-04-17T13:00:44","date_gmt":"2025-04-17T13:00:44","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=393914"},"modified":"2025-04-22T14:40:15","modified_gmt":"2025-04-22T14:40:15","slug":"faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Desinformatioun ziilt op Studenteprotester a Serbien of"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p>Op d&#8217;Masseprotester a Serbien, d\u00e9i vu Studenten ugefouert ginn, hunn d&#8217;regierungsfr\u00ebndlech Medien a Sozial Netzwierker mat enger Well vun Desinformatioun ge\u00e4ntwert. Fachleit no ass dat e Versuch, d&#8217;Anti-Korruptiouns-Beweegung ze \u00ebnnergruewen.<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p class=\"article-body__summary\">D&#8217;Astierze vun engem Daach vun enger fr\u00ebsch renov\u00e9ierter Gare am November 2024 huet <a href=\"https:\/\/perma.cc\/QV5H-HJQ2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">am ganze Land eng Protestwell ausgel\u00e9ist<\/a>. Bei d\u00ebsem Ongl\u00e9ck an der zweetgr\u00e9isster serbescher Stad Novi Sad koume 16 M\u00ebnschen \u00ebm d&#8217;Liewen. Vill Leit maache <a href=\"https:\/\/perma.cc\/65FY-2YAS\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">staatlech Korruptioun an net genuch S\u00e9cherheetsvirk\u00e9ierunge fir d&#8217;Ongl\u00e9ck verantwortlech<\/a>. Dohier hunn d&#8217;Protester den Drock op d&#8217;nationalistesch Regierung vum President Aleksandar Vu\u010di\u0107 erh\u00e9icht.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">H\u00e9ichrangeg Regierungsvertrieder.innen a regierungsfr\u00ebndlech Norichtenagencen &#8211; d\u00e9i de gr\u00e9issten Deel an der serbescher Medielandschaft ausmaachen &#8211; stellen d&#8217;Studenten an d\u00e9ij\u00e9ineg, d\u00e9i si \u00ebnnerst\u00ebtzen, z\u00ebnter M\u00e9int als &#8220;ausl\u00e4nnesch Agenten&#8221; a gewaltt\u00e4teg Onroust\u00ebfter duer, d\u00e9i e &#8220;Coup d&#8217;\u00c9tat&#8221; plange g\u00e9ifen. Si besch\u00ebllegen d\u00ebs Leit och, vun der Oppositioun finanz\u00e9iert ze ginn.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">An der Boulevardzeitung &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/5C9W-A6B7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Kurir<\/a>&#8221; gouf geschriwwen, dass d&#8217;Studenten &#8220;Belgrad terroris\u00e9iere&#8221; g\u00e9ifen, w\u00e4rend an der Boulevardzeitung &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/F8HP-UG8K\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Informer<\/a>&#8221; an op hirem T\u00ebleessender behaapt gouf, dass si vun der amerikanescher Entw\u00e9cklungsagence USAID an dem Milliard\u00e4r George Soros bezuelt g\u00e9ife ginn. De Leschtgenannten ass reegelm\u00e9isseg d&#8217;Zil vu rietspopulistesche Konspiratiounstheorien.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Op engem weidere regierungsfr\u00ebndleche Sender <a href=\"https:\/\/perma.cc\/55SN-2VXS\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Pink TV<\/a> gouf d&#8217;Protestbeweegung als Opstand bezeechent, dee vun der albanescher Majorit\u00e9it an der Bev\u00eblkerung vum Kosovo \u00ebnnerst\u00ebtzt g\u00e9if. D&#8217;fr\u00e9ier s\u00fcdserbesch Prov\u00ebnz hat sech <a href=\"https:\/\/perma.cc\/KD42-LVMH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">2008 vu Serbien als onofh\u00e4ngeg erkl\u00e4ert<\/a>.<\/p>\n<p>Desinformatioun Expertin no fir Diskredit\u00e9ierung genotzt<\/p>\n<p>D&#8217;Medienexpertin a Professesch op der Universit\u00e9it Belgrad, d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/FT3X-XQNX\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Snjez\u030cana Milivojevic\u0301<\/a>, huet g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, dass esou Narrativer dorop ofzile g\u00e9ifen, d&#8217;Protester als Versuch vun enger &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/2SR9-4JLT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Faarwerevolutioun<\/a>&#8221; duerzestellen. Dat ass eng Uspillung op d&#8217;prowestlech Revolten, d\u00e9i an de leschte Joerz\u00e9ngten an de postsowjetesche Staate ofgelaf sinn.<\/p>\n<p>Medie souw\u00e9i Regierungsvertrieder verbreeden och reegelm\u00e9isseg Falschmeldungen iwwer d&#8217;Demonstranten, &#8220;fir si ze diskredit\u00e9ieren&#8221;, huet si b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt. E Beispill aus der j\u00e9ngster Vergaangenheet w\u00e4r e Film vu Studente vun der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/92QG-HYDS\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Konscht-Universit\u00e9it<\/a> an der zentral gelee\u00ebner Stad Kragujevac: D\u00ebs haten en Dokudrama iwwer d&#8217;Attacke mat Autoen, d\u00e9i bei e puer Protester an d&#8217;Leit gerannt waren, gedr\u00e9int, woub\u00e4i vill Leit schw\u00e9ier bless\u00e9iert gi waren. A Medie w\u00e9i <a href=\"https:\/\/perma.cc\/C6WY-9X55\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;Informer&#8221;<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7DP6-8E7G\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">TV Prva<\/a> gouf mat dem Filmmaterial da f\u00e4lschlecherweis behaapt, dass d&#8217;Attacke vun de Studenten ausgaange w\u00e4ren &#8211; si goufen also vun den Affer zu den T\u00e4ter.<\/p>\n<p>De Bogdan Vu\u010di\u0107, Student op der Belgrader Fakult\u00e9it fir Politikw\u00ebssenschaft, sot g\u00e9intiwwer der AFP, dass d&#8217;regierungsfr\u00ebndlech Berichterstattung iwwer d&#8217;Protester &#8220;zur Feindseelegkeet g\u00e9intiwwer de Stud\u00e9ierende b\u00e4idr\u00e9it a si zu Staatsfeinde m\u00e9cht &#8211; dob\u00e4i sinn d&#8217;Studenten d&#8217;Kanner an d&#8217;Zukunft vun d\u00ebsem Land&#8221;.<\/p>\n<p>D&#8217;Professesch <a href=\"https:\/\/perma.cc\/67K7-CTQ7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Ana Milojevi\u0107<\/a> aus dem Fachber\u00e4ich Journalismus vun der Fakult\u00e9it fir Politikw\u00ebssenschaft op der Universit\u00e9it Belgrad sot, d&#8217;Feelinformatiounen zilen dorop of, &#8220;d&#8217;Protester ze delegitimis\u00e9ieren&#8221;.<\/p>\n<p>Bei engem weidere Virfall am M\u00e4erz 2025 gouf e Polizist an Zivil bei enger Studenteblockad vum Haapts\u00ebtz vum staatlechen T\u00ebleessender <a href=\"https:\/\/perma.cc\/L8VT-R5BG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">RTS<\/a> zu Belgrad bless\u00e9iert. A regierungsfr\u00ebndleche Medie gouf de Studente virgeheit, de Polizist attack\u00e9iert ze hunn. D\u00ebs Behaaptung huet de President Vu\u010di\u0107 op sengem Instagram-Kont zesumme mam Bild vum bless\u00e9ierte Mann widderholl. Mee Videoopnamen, d\u00e9i a Sozialen Netzwierker den Tour maachen, hu gewisen, dass hie vun engem Aarbechtskolleeg geschloe gouf.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/959e688f1ccae76b6efdb89b131e8177.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>De Vu\u010di\u0107 huet sp\u00e9ider zouginn, dass de Beamte &#8220;vl\u00e4icht e puer Schl\u00e9i vu sengem Kolleeg agestach huet&#8221;, huet awer drop bestanen, dass och eng R\u00ebtsch Schl\u00e9i vun de Studenten an anere Persoune koumen, d\u00e9i sech an der G\u00e9igend vum RTS-Gebai versammelt haten.<\/p>\n<p>Fotoe vun ale Protestaktiounen<\/p>\n<p>D&#8217;regierungsfr\u00ebndlech Medien a Serbien verbreeden z\u00ebnter Jore &#8220;Propaganda&#8221; an hir &#8220;Taktik gouf nach versch\u00e4erft, w\u00e9i d&#8217;Protester ugefaangen hunn&#8221;, sou d&#8217;Milivojevi\u0107. &#8220;D&#8217;Zil ass, d&#8217;Protester ze kriminalis\u00e9ieren a se als gewaltt\u00e4teg an ineffektiv duerzestellen.&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/Z4EJ-GXVX\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Studenteprotester<\/a><a href=\"https:\/\/perma.cc\/Z4EJ-GXVX\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">geh\u00e9ieren zu de gr\u00e9issten<\/a> an der j\u00e9ngster serbescher Geschicht. D&#8217;Demonstratiounen hu reegelm\u00e9isseg z\u00e9ngdausend Leit ugezunn. M\u00e4 a regierungsfr\u00ebndleche Medie goufen al Fotoen oder Filmmaterial benotzt, d\u00e9i M\u00ebnschegruppe weisen, w\u00e9i se sech opl\u00e9isen. Domat soll d&#8217;Zuel vun de Participante vun den aktuelle Protester m\u00e9i kleng ersch\u00e9ngen. &#8220;Medieberichter no versammele sech bei vum Regimm \u00ebnnerst\u00ebtzte Veranstaltunge m\u00e9i M\u00ebnschen op m\u00e9i klenge Plaze w\u00e9i bei Protester op de gr\u00e9isste Plazen, an d&#8217;Zuel vun de Studente g\u00ebtt permanent erofgespillt&#8221;, sou d&#8217;Milivojevi\u0107.<\/p>\n<p>Falschmeldungen iwwer Demonstratiounsrecht<\/p>\n<p>W\u00e9i sech och Sch\u00fcler vum Cycle sup\u00e9rieur de Blockaden ugeschloss hunn, huet de President Vu\u010di\u0107 behaapt, dass Mannerj\u00e4reger kee Recht op Versammlungsfr\u00e4iheet h\u00e4tten. A regierungsnoe Medie goufe seng Wierder s\u00e9ier opgegraff a Schlagzeile produz\u00e9iert, d\u00e9i a Sozialen Netzwierker w\u00e4it verbreet goufen an ausgedr\u00e9ckt hunn, dass Studenten d&#8217;Recht op Demonstratioun h\u00e4tten, Mannerj\u00e4reger awer net. Gem\u00e9is der Staatsverfassung an de Konventioune vun de Vereenten Natiounen ass et awer all M\u00ebnsch a Serbien erlaabt, ze <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3AZ5-SJ43\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">demonstr\u00e9ieren<\/a> &#8211; onofh\u00e4ngeg vu sengem Alter.<\/p>\n<p>Och d&#8217;Demonstrante selwer sinn net virdru s\u00e9cher, op Falschinformatiounen eranzefalen. E villfach gedeelte Video sollt angeeblech &#8220;d&#8217;Verhaftung vun &#8216;RTS&#8217;-Mataarbechter, d\u00e9i d&#8217;Wourecht iwwer d&#8217;Protester opdecke w\u00ebllen&#8221;, weisen. Tats\u00e4chlech war et awer e Video vun enger Verhaftung vu Membere vun enger klenger politescher Beweegung am Joer 2022, d\u00e9i d&#8217;RTS-Gebai gestiermt haten.<\/p>\n<p>Fir Falschmeldungen an hirer Meenung no virageholl Berichterstattung ze bek\u00e4mpfen, notze <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250330020126\/https:\/\/www.theguardian.com\/world\/2025\/feb\/01\/student-led-protests-in-serbia-mark-railway-station-deaths-blamed-on-graft\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">protest\u00e9ierend Studente<\/a> reegelm\u00e9isseg Sozial Netzwierker, fir angeeblech Desinformatiounen opzedecken, d\u00e9i vu regierungsfr\u00ebndleche Medie verbreet ginn. Si hunn och a ganz Serbien Informatiounsst\u00e4nn \u00ebnner dem Motto &#8220;Schw\u00e4tz mat engem Student&#8221; install\u00e9iert, fir mat de M\u00ebnschen iwwer Feelinformatiounen ze schw\u00e4tzen. Ausserdeem hu Studenten eng Grupp an der Messaging-Applikatioun Viber mat iwwer 47.000 Membere gegr\u00ebnnt, fir Froe vun der \u00cbffentlechkeet ze be\u00e4ntweren. Si hunn och virun de B\u00fcroe vu RTS an &#8220;Informer&#8221; demonstr\u00e9iert.<\/p>\n<p><em>D\u00ebse Faktencheck gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<br \/>\n<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Op d&#8217;Masseprotester a Serbien, d\u00e9i vu Studenten ugefouert ginn, hunn d&#8217;regierungsfr\u00ebndlech Medien a Sozial Netzwierker mat enger Well vun Desinformatioun ge\u00e4ntwert. Fachleit no ass dat e Versuch, d&#8217;Anti-Korruptiouns-Beweegung ze \u00ebnnergruewen.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":393904,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,183,193,191],"tags":[],"class_list":{"0":"post-393914","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-editors-choice-lu","8":"category-fact-check-lb","9":"category-gesellschaft","10":"category-politik"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2292618","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2292618.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","share_this_post_to_edmo_website":false,"affiliation":"ADMO","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Desinformatioun ziilt op Studenteprotester a Serbien of - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Desinformatioun ziilt op Studenteprotester a Serbien of - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Op d&#039;Masseprotester a Serbien, d\u00e9i vu Studenten ugefouert ginn, hunn d&#039;regierungsfr\u00ebndlech Medien a Sozial Netzwierker mat enger Well vun Desinformatioun ge\u00e4ntwert. Fachleit no ass dat e Versuch, d&#039;Anti-Korruptiouns-Beweegung ze \u00ebnnergruewen.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2025-04-17T13:00:44+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2025-04-22T14:40:15+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/bbbf71c7fb2f2517e93187ae91a52afc.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"5 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Desinformatioun ziilt op Studenteprotester a Serbien of\",\"datePublished\":\"2025-04-17T13:00:44+00:00\",\"dateModified\":\"2025-04-22T14:40:15+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/\"},\"wordCount\":1098,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/bbbf71c7fb2f2517e93187ae91a52afc.jpeg\",\"articleSection\":[\"Editor's Choice Slider LU\",\"Fact Check\",\"Gesellschaft\",\"Politik\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/\",\"name\":\"Faktencheck: Desinformatioun ziilt op Studenteprotester a Serbien of - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/bbbf71c7fb2f2517e93187ae91a52afc.jpeg\",\"datePublished\":\"2025-04-17T13:00:44+00:00\",\"dateModified\":\"2025-04-22T14:40:15+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/bbbf71c7fb2f2517e93187ae91a52afc.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/bbbf71c7fb2f2517e93187ae91a52afc.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Desinformatioun ziilt op Studenteprotester a Serbien of - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Desinformatioun ziilt op Studenteprotester a Serbien of\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Desinformatioun ziilt op Studenteprotester a Serbien of - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Desinformatioun ziilt op Studenteprotester a Serbien of - EDMO Belux","og_description":"Op d'Masseprotester a Serbien, d\u00e9i vu Studenten ugefouert ginn, hunn d'regierungsfr\u00ebndlech Medien a Sozial Netzwierker mat enger Well vun Desinformatioun ge\u00e4ntwert. Fachleit no ass dat e Versuch, d'Anti-Korruptiouns-Beweegung ze \u00ebnnergruewen.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2025-04-17T13:00:44+00:00","article_modified_time":"2025-04-22T14:40:15+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/bbbf71c7fb2f2517e93187ae91a52afc.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"5 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Desinformatioun ziilt op Studenteprotester a Serbien of","datePublished":"2025-04-17T13:00:44+00:00","dateModified":"2025-04-22T14:40:15+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/"},"wordCount":1098,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/bbbf71c7fb2f2517e93187ae91a52afc.jpeg","articleSection":["Editor's Choice Slider LU","Fact Check","Gesellschaft","Politik"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/","name":"Faktencheck: Desinformatioun ziilt op Studenteprotester a Serbien of - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/bbbf71c7fb2f2517e93187ae91a52afc.jpeg","datePublished":"2025-04-17T13:00:44+00:00","dateModified":"2025-04-22T14:40:15+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/bbbf71c7fb2f2517e93187ae91a52afc.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/bbbf71c7fb2f2517e93187ae91a52afc.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Desinformatioun ziilt op Studenteprotester a Serbien of - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-desinformatioun-ziilt-op-studenteprotester-a-serbien-of\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Desinformatioun ziilt op Studenteprotester a Serbien of"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/393914","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=393914"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/393914\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/393904"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=393914"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=393914"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=393914"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}