{"id":394400,"date":"2025-04-29T10:00:37","date_gmt":"2025-04-29T10:00:37","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=394400"},"modified":"2025-04-29T10:19:48","modified_gmt":"2025-04-29T10:19:48","slug":"faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Kann ee sech bei der Iwwerpr\u00e9iwung vun Informatiounen op KI verloossen?"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p>Plattforme fir generativ K\u00ebnschtlech Intelligenz (KI) sinn \u00ebmmer m\u00e9i zoug\u00e4nglech a ginn heiansdo fir d&#8217;Iwwerpr\u00e9iwe vun Informatioune benotzt, d\u00e9i besonnesch a Sozialen Netzwierker an \u00cbmlaf sinn.<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p><em>Virwarnung: D\u00ebsen Artikel berout op Quellen an Informatiounen, d\u00e9i den 2. Abr\u00ebll 2025 disponibel waren. Opgrond vun der s\u00e9ierer Entw\u00e9cklung vu Plattformen an Outile k\u00e9inten e puer Informatiounen zum Z\u00e4itpunkt vun der Lekt\u00fcr net m\u00e9i aktuell sinn.<\/em><\/p>\n<p>W\u00e4rend d\u00ebs KIen am Allgemenge gutt dora sinn, z\u00e4itgebonnen Informatiounen ze liwweren, w\u00e9i z.B. d&#8217;\u00c4ntwert op d&#8217;Fro &#8220;W\u00e9i heescht d&#8217;Haaptstad vun der Belsch?&#8221;, k\u00ebnne se Feeler maachen, wann et \u00ebm aktuell Sujete geet. D\u00ebs Outile mat hire groussen technologesche F\u00e4egkeete si vun den Informatiounen ofh\u00e4ngeg, d\u00e9i se sech uneegnen.<\/p>\n<p>Et\u00fcden an Erfarunge vu Journalisten deiten dorop hin, dass d&#8217;Iwwerpr\u00e9iwe vun Informatioune mat KI-Engines w\u00e9i ChatGPT riskant ka sinn.<\/p>\n<p>D&#8217;Schn\u00ebttstelle vun der generativer K\u00ebnschtlecher Intelligenz, d\u00e9i d&#8217;Interaktioun mat den Notzer erm\u00e9iglechen, si vill m\u00e9i grouss ginn a sinn an de leschte Jore fir d\u00e9i breet \u00cbffentlechkeet zoug\u00e4nglech ginn. ChatGPT, eng wierklech technologesch Revolutioun, ass beispillsweis Bestanddeel vun der breeder \u00cbffentlechkeet ginn, andeem et reegelm\u00e9isseg genotzt g\u00ebtt. Dat ass besonnesch a Frankr\u00e4ich de Fall, wou eng <a href=\"https:\/\/www.ipsos.com\/fr-fr\/intelligence-artificielle-quels-sont-les-usages-des-francais\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Ipsos-\u00cbmfro vum Februar 2025<\/a> ergouf, dass v\u00e9ier vun z\u00e9ng Fransouse KI berufflech oder privat notzen. An der Altersgrupp 18-24 Joer kl\u00ebmmt d\u00ebs Zuel op dr\u00e4i vu v\u00e9ier jonken Erwuessenen, d\u00e9i se notzen.<\/p>\n<p>D\u00ebs KIe k\u00ebnnen am Alldag eng grouss H\u00ebllef sinn. Se si kapabel, komplex Computerprogrammer ze kod\u00e9ieren, Texter an eng Villzuel vu Sproochen ze iwwersetzen, Kachrezepter, Texter oder Biller a Sekonnebrochdeeler ze gener\u00e9ieren. Awer firwat sollte se net kapabel sinn, eng reell vun enger gef\u00e4lschter Informatioun ze \u00ebnnerscheeden, d\u00e9i besonnesch a Sozialen Netzwierker am \u00cbmlaf sinn?<\/p>\n<p>Haut sinn Engines w\u00e9i <a href=\"https:\/\/x.ai\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Grok<\/a> oder <a href=\"https:\/\/www.perplexity.ai\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Perplexity<\/a> direkt op der Plattform X disponibel (<a href=\"https:\/\/x.com\/grok\/status\/1906870162050969692\">1<\/a>, <a href=\"https:\/\/x.com\/AskPerplexity\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">2<\/a>) an erm\u00e9iglechen et den Notzer, se ze bieden, Informatiounen ze iwwerpr\u00e9iwen, d\u00e9i a B\u00e4itr\u00e4g ver\u00ebffentlecht goufen. D&#8217;Fro no der Veracit\u00e9it vun den Informatiounen, d\u00e9i vun d\u00ebse verschiddene KI-Modeller affich\u00e9iert ginn, w\u00ebrft Froen op. Kann ee sech bei der Iwwerpr\u00e9iwung vun Informatioune wierklech op d\u00ebs Outile verloossen?<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">D&#8217;Fro vun der z\u00e4itlecher Koherenz<\/p>\n<p>Fir dass eng Informatioun sachlech ass, muss se op dem neiste Stand sinn.<\/p>\n<p>Als Beispill: D&#8217;\u00c4ntwert op d&#8217;Fro &#8220;Wien ass de belsche Premierminister?&#8221; ass zum Z\u00e4itpunkt vun der Ver\u00ebffentlechung vun d\u00ebsem Artikel Bart De Wever. <a href=\"https:\/\/www.rtbf.be\/article\/direct-bart-de-wever-et-les-nouveaux-ministres-du-gouvernement-federal-preteront-serment-ce-lundi-a-9h-11498370\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Dob\u00e4i ass hien er\u00e9ischt z\u00ebnter dem 3. Februar 2025 offiziell Premierminister<\/a>. Eng K\u00ebnschtlech Intelligenz, d\u00e9i Millioune vun Daten analys\u00e9iert huet, d\u00e9i net op dem neiste Stand sinn, k\u00e9int op Grondlag vun den neisten Daten, d\u00e9i analys\u00e9iert goufen, Nimm vu fr\u00e9iere belsche Premierministeren eraussp\u00e4izen.<\/p>\n<p>Sou nennt Google Gemini (Versioun 2.0 Flash), ofgeruff de 14. M\u00e4erz 2025, ouni Virbehalt: &#8220;Den aktuelle belsche Premierminister ass den Alexander De Croo&#8221;. Dob\u00e4i handelt et sech \u00ebm de fr\u00e9iere Premierminister vun der Partei Open Vld (Um. v. d. Red., fl\u00e4mesch liberal Partei), dee s\u00e4in Amt un de Bart De Wever (N-VA, fl\u00e4mesch nationalistesch Partei) ofginn huet. En offensichtleche Feeler fir een, deen d&#8217;belsch Politik och just vu W\u00e4item suiv\u00e9iert, deen awer z.B. fir een, deen am Ausland lieft, onbemierkt bleiwe k\u00e9int.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/08d7753910721a087b3bfebd79bb9ae4.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 Screenshot<\/p>\n<p>Op d&#8217;Aktualit\u00e9it vu sengen Informatiounen ugeschwat, huet de Modell vu Google s\u00e4i Feeler zouginn an huet rektifiz\u00e9iert: &#8220;Jo, Dir hutt Recht. D\u00e9i neist Informatioune weisen, dass et an der Belsch e Wiessel am Amt vum Premierminister ginn huet&#8221;, an nennt richtegerweis de Bart De Wever.<\/p>\n<p>De KI-Assistent &#8220;Claude&#8221; vun Anthropic nennt sengers\u00e4its och den Alexander De Croo als belsche Premierminister. E stellt awer kloer: &#8220;Ech muss awer dorop hiweisen, dass m\u00e4i W\u00ebsse just bis Oktober 2024 geet, wann also s\u00e4it d\u00ebsem Z\u00e4itpunkt e Wiessel stattfonnt huet, k\u00e9int ech net doriwwer inform\u00e9iert sinn.&#8221;<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">M\u00e9i rezent Modeller mat Internetverbindung<\/p>\n<p>D&#8217;Fro vun der Datenaktualis\u00e9ierung huet sech am Laf vun der Z\u00e4it ver\u00e4nnert. Bei senger <a href=\"https:\/\/www.rtbf.be\/article\/intelligence-artificielle-discussion-avec-chatgpt-le-nouveau-robot-d-openai-11117723\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Af\u00e9ierung Enn 2022<\/a> war ChatGPT net mam Internet verbonnen an hat dohier keen Zougr\u00ebff op Echtz\u00e4itdaten. Seng Datebank, s\u00e4i W\u00ebssen, goung just bis an d&#8217;Joer 2020.<\/p>\n<p>Dohier war et an d\u00ebser \u00e9ischter Versioun onm\u00e9iglech, garant\u00e9iert &#8220;aktuell&#8221; Resultater ze kr\u00e9ien, w\u00e9i ee se iwwer eng Google-Sich, z.B. iwwer de Reider &#8220;<a href=\"https:\/\/www.google.com\/search?q=intelligence+artificielle&amp;tbm=nws&amp;uact=5&amp;oq=intelligence+artificelle\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">News<\/a>&#8220;, kr\u00e9ie konnt. D&#8217;Daten, d\u00e9i fir den Training vun ChatGPT benotzt goufen, gounge bis e best\u00ebmmten Datum, soudass ChatGPT net wousst, wat duerno geschitt ass.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/264f753a8b4027f1baa4fb9c550d2452.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 Screenshot<\/p>\n<p>Haut verf\u00fc\u00fcgt d\u00e9i ber\u00fc\u00fcmtst KI iwwer en Internetzougang. GPT-4 mini, deen a begrenztem Mooss gratis zoug\u00e4nglech ass, huet eng W\u00ebssensdatebank, d\u00e9i bis Juni 2024 geet. Allerd\u00e9ngs kann d\u00ebs Versioun vun elo u bei Bedarf an Echtz\u00e4it am Internet no Informatioune sichen an Online-Quellen affich\u00e9ieren. Aus d\u00ebsem Grond weist d&#8217;Virlag d\u00e9i richteg \u00c4ntwert op eis Fro un, wou si de Bart De Wever als Premierminister nennt a sech dob\u00e4i op den <a href=\"https:\/\/fr.wikipedia.org\/wiki\/Bart_De_Wever?utm_source=chatgpt.com\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">aktuelle Wikipedia-Artikel vum De Wever st\u00e4ipt<\/a>.<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">D&#8217;Fro vum Zougang zu journalistesche Quellen<\/p>\n<p>Fir op d&#8217;Requ\u00eat\u00eb no Elementer am Zesummenhang mat Noriichten oder aktuelle Resultater ze \u00e4ntweren, gr\u00e4ife KIe fir d\u00e9i breet \u00cbffentlechkeet op Ressourcen zer\u00e9ck, d\u00e9i se analys\u00e9iere konnten. D&#8217;Qualit\u00e9it vun den Informatiounen, d\u00e9i d\u00ebs Modeller an hiren \u00c4ntwerte liwweren, h\u00e4nkt also vun der Qualit\u00e9it vun de gesammelten Informatiounen of.<\/p>\n<p>Den Zougang zu qualitativ h\u00e9ichw\u00e4ertegen Informatiounen ass an d\u00ebsem Zesummenhang also e wichtege Punkt. Journalistesch Sujete sinn awer Contenuen, deenen hir Produktioun Z\u00e4it a Geld erfuerdert. Dohier si vill Medien net bereet, e gratis Zougang zu hire Contenuen ze ginn.<\/p>\n<p>Doriwwer eraus <a href=\"https:\/\/www.linkedin.com\/posts\/ezra-eeman-8a5ba64_ive-pieced-together-chatgpts-publisher-activity-7304042580076384256-FjAJ\/?utm_source=share&amp;utm_medium=member_desktop&amp;rcm=ACoAABrCxVUBpskMYxP0ncWiuUwHaPSLOMi1AA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">f\u00e9iere &#8220;konnekt\u00e9iert&#8221; KI-Modeller, d\u00e9i z.b. d&#8217;Sich no Artikelen erm\u00e9iglechen, bis elo zu ganz w\u00e9inege Klicks op de verlinkte S\u00e4iten<\/a>. Dat benodeelegt Medien, d\u00e9i op d\u00ebsen Trafic ugewise sinn, fir sech besonnesch duerch Online-Reklamm ze finanz\u00e9ieren.<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">Eng schwiereg Positioun fir Medien<\/p>\n<p>Am Dezember 2023 hat d\u00e9i <a href=\"Un%20positionnement%20difficile%20pour%20les%20m\u00e9dias%20%20En%20d\u00e9cembre%202023,%20le%20c\u00e9l\u00e8bre%20New%20York%20Times%20a%20attaqu\u00e9%20en%20justice%20Open%20AI,%20la%20soci\u00e9t\u00e9%20derri\u00e8re%20ChatGPT,%20en%20l\u2019accusant%20d\u2019avoir%20utilis\u00e9%20des%20millions%20d\u2019articles%20pour%20entra\u00eener%20le%20grand%20mod\u00e8le%20de%20langage%20alimentant%20le%20robot%20conversationnel.%20%20Le%20grand%20quotidien%20accuse%20la%20start-up%20d\u2019avoir%20utilis\u00e9,%20sans%20aucune%20autorisation%20ni%20r\u00e9mun\u00e9ration,%20des%20millions%20d\u2019articles%20pour%20entra\u00eener%20ses%20grands%20mod\u00e8les%20de%20langage.%20Dans%20sa%20plainte,%20le%20New%20York%20Times%20cite%20plusieurs%20exemples%20de%20r\u00e9ponses%20fournies%20par%20ChatGPT%20qui%20reprenaient%20quasiment%20mot%20pour%20mot%20des%20articles%20publi\u00e9s%20par%20ses%20journalistes.%20%20Le%20quotidien%20redoutait%20que%20cet%20acc\u00e8s%20gratuit%20\u00e0%20leurs%20informations%20r\u00e9serv\u00e9es%20\u00e0%20ses%20abonn\u00e9s,%20n\u2019impacte%20son%20audience%20en%20ligne%20et%20une%20baisse%20de%20ses%20revenus.%20Le%20New%20York%20Times%20r\u00e9clame%20des%20\u00ab%20milliards%20de%20dollars%20de%20dommages%20\u00bb%20\u00e0%20OpenAI%20mais%20aussi%20la%20mise%20hors%20ligne%20des%20mod\u00e8les%20aliment\u00e9s%20par%20ses%20contenus.%20%20D\u2019autres%20m\u00e9dias%20d\u2019informations%20ont%20fait%20le%20choix%20de%20signer%20des%20accords%20avec%20des%20acteurs%20de%20l\u2019IA.%20C\u2019est%20notamment%20le%20cas%20de%20l\u2019importante%20agence%20de%20presse%20AP%20(Associated%20Press)%20qui%20a%20sign\u00e9%20un%20contrat%20en%202023%20avec%20OpenAI%20afin%20de%20lui%20donner%20acc\u00e8s%20\u00e0%20ses%20archives%20depuis%201985.%20Si%20ce%20contrat%20lui%20permet%20l\u00e9galement%20d\u2019entra\u00eener%20ses%20mod\u00e8les%20et%20d\u2019\u00e9largir%20sa%20base%20de%20donn\u00e9es%20(son%20LLM),%20elle%20ne%20lui%20permet%20pas%20pour%20autant%20d\u2019acc\u00e9der%20aux%20articles%20de%20l\u2019agence%20en%20temps%20r\u00e9el.\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ber\u00fc\u00fcmt &#8220;New York Times&#8221; OpenAI, d&#8217;Entreprise hannert ChatGPT, verklot<\/a> a besch\u00ebllegt, Millioune vun Artikele benotzt ze hunn, fir de grousse Sproochemodell ze train\u00e9ieren, mat deem den Chatbot gefiddert g\u00ebtt.<\/p>\n<p>D&#8217;grouss Dageszeitung besch\u00ebllegt de Startup, Millioune vun Artikelen ouni iergendeng Autorisatioun oder Remuneratioun benotzt ze hunn, fir s\u00e4i grousse Sproochemodell ze train\u00e9ieren. An der Plainte f\u00e9iert d&#8217;New York Times eng R\u00ebtsch Beispiller fir \u00c4ntwerte vun ChatGPT un, d\u00e9i bal wiertlech aus Artikele vu Journaliste vun der New York Times stamen.<\/p>\n<p>D&#8217;Zeitung f\u00e4ert, dass de gratis Zougang zu hiren Informatiounen, d\u00e9i eigentlech just fir hir Abonnenten accessibel sinn, hir Reechw\u00e4it am Internet beantr\u00e4chtegen an hir Recett\u00eb m\u00e9i kleng maache g\u00e9if. D&#8217;New York Times huet vun OpenAI\u00a0 &#8220;Milliarden Dollar Schuedenersatz&#8221; gefuerdert, awer och, dass d\u00e9i mat hire Contenue gefiddert Modeller ofgeschalt solle ginn.<\/p>\n<p>Aner Medienagencen hu sech dofir entscheet, Accorde mat KI-Acteuren ze \u00ebnnerschreiwen. <a href=\"https:\/\/apnews.com\/article\/openai-chatgpt-associated-press-ap-f86f84c5bcc2f3b98074b38521f5f75a\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Dat g\u00ebllt besonnesch fir d\u00e9i grouss Norichtenagence AP (Associated Press)<\/a>, d\u00e9i 2023 e Vertrag mat OpenAI \u00ebnnerschriwwen huet, fir hir Zougang zu hiren Archiven z\u00ebnter 1985 ze ginn. D\u00ebse Vertrag erlaabt et OpenAI zwar rechtlech, seng Modeller ze train\u00e9ieren a seng Datebank (seng LLM) ze erweideren, mee et erlaabt der Entreprise net, op Artikele vun der Agence an Echtz\u00e4it zer\u00e9ckzegr\u00e4ifen.<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">W\u00e9i ass d&#8217;Positioun vun der RTBF?<\/p>\n<p>W\u00e9i eng R\u00ebtsch aner Medien huet och d&#8217;RTBF decid\u00e9iert, technesch L\u00e9isungen ze implement\u00e9ieren, fir KI-Acteuren keen Zougr\u00ebff op hir Artikelen ze ginn.<\/p>\n<p>&#8220;Souguer wa mir engem fr\u00e4ien Zougang zu eise Contenue ginn, entscheeden d&#8217;KI-Plattformen iwwer deenen hir Siichtbarkeet a Priorit\u00e9it an hiren \u00c4ntwerten. Se kontroll\u00e9iere schonn, wat fir Contenue si no onduerchsichtege Kritt\u00e4ren ervirhiewen, wat hinnen eng erhieflech Muecht g\u00ebtt&#8221;, seet de Loic De Visscher, Chef vun der KI-Koordinatioun bei der RTBF.<\/p>\n<p>&#8220;Ouni eng dauerhaft Finanz\u00e9ierung vu gepr\u00e9iften a qualitativ h\u00e9ichw\u00e4ertegen Informatioune g\u00ebtt et keng Garantie dofir, dass d\u00ebs zouverl\u00e4sseg Contenue m\u00ebttel- a laangfristeg erhale bleiwen. E komplett Opmaachen ouni Regul\u00e9ierung ass laangfristeg e Verloschtgesch\u00e4ft: Et besteet d&#8217;Gefor, dass den eigentleche W\u00e4ert vun h\u00e9ichw\u00e4ertege Contenuen no an no zerst\u00e9iert g\u00ebtt, andeem hire Gesch\u00e4ftsmodell net m\u00e9i ze droen ass, wat schlussendlech de Wee fir Desinformatioun fr\u00e4i m\u00e9cht.&#8221;<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">De Risiko, Verzerrungen a Manipulatiounsversich ausgesat ze sinn<\/p>\n<p>E weidere Problem, dee sech stellt, z\u00ebnter KIe fir d&#8217;breet \u00cbffentlechkeet zoug\u00e4nglech gi sinn, ass d&#8217;M\u00e9iglechkeet, dass d\u00ebs K\u00ebnschtlech Intelligenzen duerch d&#8217;Daten, d\u00e9i d&#8217;Modeller, d\u00e9i fir hiren Training agesat ginn, gesp\u00e4ichert hunn, Verzerrunge reproduz\u00e9ieren, d\u00e9i an der Gesellschaft virkommen.<\/p>\n<p>D\u00ebs KI-Bias, och Machine-Learning-Bias oder Algorithmus-Bias genannt, bez\u00e9ie sech op KI-Systemer, d\u00e9i verzerrt Resultater liwweren, d\u00e9i m\u00ebnschlech Virurteeler an enger Gesellschaft w\u00e9i sozial oder rassistesch Ongl\u00e4ichheeten er\u00ebmspigelen oder oprechterhalen.<\/p>\n<p>Wann d&#8217;Date Verzerrungen enthalen, k\u00e9int den Algorithmus d\u00ebs also reproduz\u00e9ieren an hinne gl\u00e4ichz\u00e4iteg Legitim\u00e9ierung, also den Usch\u00e4i vun Objektivit\u00e9it, ginn. Tats\u00e4chlech w\u00e4erten Algorithmen d&#8217;Mierkmoler bevirzuchen, d\u00e9i an hirer Datebank am heefegste virkommen, onofh\u00e4ngeg vun der Qualit\u00e9it vun der Quell oder der objektiver Representativit\u00e9it vun de Fakten.<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">KI-Chatbots sinn der russescher Propaganda ausgesat<\/p>\n<p>Net zulescht aus d\u00ebsem Grond versichen Desinformatiounsacteuren, den Internet ze iwwerfluten.<\/p>\n<p>E <a href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/fr\/peut-on-se-fier-aux-ia-pour-vrifier-des-informations\/En%20inondant%20les%20r%C3%A9sultats%20de%20recherche%20et%20les%20robots%20d'indexation%20de%20fausset%C3%A9s%20pro-Kremlin,%20le%20r%C3%A9seau%20fausse%20la%20fa%C3%A7on%20dont%20les%20grands%20mod%C3%A8les%20linguistiques%20traitent%20et%20pr%C3%A9sentent%20les%20nouvelles%20et%20les%20informations.%20R%C3%A9sultat%20:%20des%20quantit%C3%A9s%20massives%20de%20propagande%20russe%20:%20Des%20quantit%C3%A9s%20massives%20de%20propagande%20russe%20-%203%20600%20000%20articles%20en%202024%20-%20sont%20d%C3%A9sormais%20incorpor%C3%A9es%20dans%20les%20r%C3%A9sultats%20des%20syst%C3%A8mes%20d'IA%20occidentaux,%20infectant%20leurs%20r%C3%A9ponses%20avec%20de%20fausses%20affirmations%20et%20de%20la%20propagande.\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">vun der Firma &#8220;NewsGuard&#8221; duerchgef\u00e9ierten Audit<\/a> ergouf, dass d\u00e9i z\u00e9ng gr\u00e9isst westlech generativ KI-Outilen an hiren \u00c4ntwerten op geziilt Froen iwwer de Krich an der Ukrain Desinformatiounselementer aus der russescher Propaganda agebaut hunn. Insgesamt hunn d\u00ebs westlech KI-Outilen an 33 Prozent vun de F\u00e4ll falsch Behaaptungen aus dem <a href=\"https:\/\/www.rtbf.be\/article\/elections-federales-allemandes-la-desinformation-et-les-tentatives-d-ingerences-peseront-elles-sur-les-resultats-11506625\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">kremlfr\u00ebndlechen Desinformatiounsnetzwierk &#8220;Pravda&#8221;<\/a> iwwerholl.<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">KI, d\u00e9i nei Manipulatiounswaff un der Desinformatiounsfront<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/www.rtbf.be\/article\/l-ia-nouvelle-arme-de-manipulation-sur-le-front-de-la-desinformation-11501704\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Link fir bei den Artikel<\/a><\/p>\n<p>&#8220;Andeem d&#8217;Netzwierk Resultater vun der Sich an Indexatiounsrobotere mat kremlfr\u00ebndlecher Desinformatioun iwwerschwemmt, verzerrt et d&#8217;Man\u00e9ier, w\u00e9i grouss Sproochmusteren Noriichten an Informatioune verschaffen a present\u00e9ieren. D&#8217;Resultat: Am Joer 2024 goufen 3.600.000 Artikel an d&#8217;Resultater vu westleche KI-Systemer agebaut an infiz\u00e9ieren domat d&#8217;\u00c4ntwerte vun de Systemer mat falsche Behaaptungen a Propaganda&#8221;, sou NewsGuard.<\/p>\n<p>Am Rapport steet, dass d&#8217;Effikassit\u00e9it vum Pravda-Netzwierk bei der Infiltr\u00e9ierung vun den \u00c4ntwerte vu KI-Chatbots op bewosst Strategi\u00eb fir d&#8217;Sichmaschinnenoptim\u00e9ierung (SEO) zer\u00e9ckgef\u00e9iert ka ginn. An zwar, fir d&#8217;Siichtbarkeet vun hire Contenuen an de Resultater vun de Sichmaschinne k\u00ebnschtlech ze erh\u00e9ijen. Doduerch gi KI-Chatbots, d\u00e9i sech dacks op \u00ebffentlech zoug\u00e4nglech a vu Sichmaschinnen index\u00e9ierte Contenue st\u00e4ipen, \u00e9ischter op Contenue vu Pravda erstallt Internets\u00e4iten zer\u00e9ckgr\u00e4ifen.<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">Feeler bei Zouuerdnung vu Quellen a bei Beaarbechtung vun Noriichten<\/p>\n<p>W\u00e9i ugangs ernimmt, hunn nei KI-Chatbot-Modeller elo d&#8217;M\u00e9iglechkeet, an Echtz\u00e4it op den Internet zer\u00e9ckzegr\u00e4ifen, fir do ze recherch\u00e9ieren a m\u00e9i aktuell Informatiounen ze sammelen.<\/p>\n<p>Eng <a href=\"https:\/\/www.cjr.org\/tow_center\/we-compared-eight-ai-search-engines-theyre-all-bad-at-citing-news.php\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd vun der Columbia University<\/a> an den USA huet awer gewisen, dass d\u00ebs KI-gest\u00e4ipt Sichmaschinne bei der Sich no Informatiounen an der Reegel Problemer hunn an heiansdo versichen, spekulativ \u00c4ntwerten ze liwweren, obwuel se d\u00ebs net hunn. Nach m\u00e9i schl\u00ebmm: Generativ Sichmaschinne stellen heiansdo Verbindungen hier an zit\u00e9iere er\u00ebmverw\u00e4ert oder kop\u00e9iert Versioune vun Artikelen, d\u00e9i keng Originalquelle sinn.<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/www.bbc.com\/mediacentre\/2025\/bbc-research-shows-issues-with-answers-from-artificial-intelligence-assistants\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">BBC<\/a> huet am <a href=\"https:\/\/www.bbc.co.uk\/aboutthebbc\/documents\/bbc-research-into-ai-assistants.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Februar 2025 och eng Et\u00fcd doriwwer publiz\u00e9iert<\/a>, w\u00e9i ChatGPT, Copilot, Gemini a Perplexity hir journalistesch Contenuen an den \u00c4ntwerten integr\u00e9ieren a koum zur Konklusioun, dass &#8220;d&#8217;\u00c4ntwerten, d\u00e9i vu KI-Assistenten erstallt goufen, erhieflech Ongenauegkeeten enthalen hunn an de Contenu vun der BBC verzerrt hunn&#8221;. Am Detail stellt de brittesche Staatsmedium fest, dass d&#8217;KI bei d\u00ebser \u00cbmfro 51 Prozent vun allen \u00c4ntwerten op aktuell Froen an iergendenger Form als relevant agestuuft huet. 19 Prozent vun den \u00c4ntwerte vun der KI, d\u00e9i BBC-Contenuen zit\u00e9iert hunn, haten tats\u00e4chlech Feeler dran &#8211; a Bezuch op Aussoen, Zuelen oder Datumer. 13 Prozent vun den Zitater aus BBC-Artikele goufen entweeder am Verglach zu urspr\u00e9ngleche Quelle ge\u00e4nnert oder hunn am zit\u00e9ierten Artikel gefeelt.<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">Vills\u00e4iteg Chatbots<\/p>\n<p>Schliisslech sinn d\u00e9i meescht Outile vills\u00e4iteg asetzbar. Generativ K\u00ebnschtlech Intelligenze bidden d&#8217;M\u00e9iglechkeet, mat hinnen iwwer Sprooch an Text ze interag\u00e9ieren. Se si kapabel, en Toun, eng Expressioun oder en Akzent ze erkennen. Se k\u00ebnne sech och op de Verlaf vu fr\u00e9iere Gespr\u00e9icher mat Iech st\u00e4ipen.<\/p>\n<p>All \u00c4ntwert h\u00e4nkt also potenziell vum jeeweilegen Notzer of, an dovun, w\u00e9i se formul\u00e9iert g\u00ebtt. De Risiko, &#8220;profil\u00e9iert&#8221; Informatiounen ze kr\u00e9ien, ass immens grouss. Ausserdeem sinn esou KIen an der Reegel immens h\u00e9iflech. Wann ee se op m\u00e9iglech Feeler opmierksam m\u00e9cht, di se gemaach hunn, da sinn si s\u00e9ier bereet, sech ze entsch\u00ebllegen a sech \u00c4re Bemierkungen unzepassen, w\u00e9i <a href=\"https:\/\/ds1.static.rtbf.be\/uploader\/pdf\/5\/3\/1\/beta_8179dcf904002fff3be58d3b6167768c.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">an d\u00ebser Diskussioun iwwer d&#8217;Glafwierdegkeet vun enger gef\u00e4lschter w\u00ebssenschaftlecher Et\u00fcd<\/a>.<\/p>\n<p>Vergiesst och net, dass d\u00e9i meescht vun d\u00ebsen Outile Warnungen op de jeeweilegen Internets\u00e4iten affich\u00e9ieren:<\/p>\n<ul>\n<li>&#8220;**ChatGPT** kann och Feeler maachen. Iwwerpr\u00e9ift d\u00e9i wichteg Informatiounen.&#8221;<\/li>\n<li>&#8220;**Claude** ka Feeler maachen. Vers\u00e9chert Iech, dass Dir seng \u00c4ntwerte verifi\u00e9iert.&#8221;<\/li>\n<li>&#8220;Verifi\u00e9iert d&#8217;Fakten: Et ass m\u00e9iglech, dass Grok vu selwem faktuell inkorrekt Informatioune liwwert, dass et schlecht zesummefaasst oder Contenu ausl\u00e9isst. Iwwerpr\u00e9ift all d&#8217;Informatiounen op onofh\u00e4ngeg Man\u00e9ier.&#8221;<\/li>\n<li>Keng direkt visibel Warnung bei **Perplexitiy**. Op d&#8217;Zouverl\u00e4ssegkeet vun der Method ugeschwat, \u00e4ntwert de System no enger Beschreiwung vu senge F\u00e4egkeeten: &#8220;Perplexity ass net onfeelbar. Feeler k\u00ebnnen optrieden, besonnesch opgrond vun der Komplexit\u00e9it vun de Froen oder der Qualit\u00e9it vun den disponibele Quellen. Et ass dohier recommand\u00e9iert, kritesch Informatiounen \u00ebmmer duerch Consultatioun vun zit\u00e9ierte Quellen oder duerch zous\u00e4tzlech Recherchen ze iwwerpr\u00e9iwen.&#8221;<\/li>\n<\/ul>\n<p>Aus all d\u00ebse Gr\u00ebnn ass et zu d\u00ebsem Moment potenziell gef\u00e9ierlech, engem KI-Chatbot, dee fir d\u00e9i grouss \u00cbffentlechkeet zoug\u00e4nglech ass, bei der Iwwerpr\u00e9iwung vun Informatiounen ze vill Vertrauen ze schenken. E klenge Rot, benotzt weider \u00c4re kritesche Geescht, iwwerpr\u00e9ift d&#8217;Quellen a gl\u00e4icht se of.<\/p>\n<p><em>D\u00ebse Faktencheck vun der RTBF gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Plattforme fir generativ K\u00ebnschtlech Intelligenz (KI) sinn \u00ebmmer m\u00e9i zoug\u00e4nglech a ginn heiansdo fir d&#8217;Iwwerpr\u00e9iwe vun Informatioune benotzt, d\u00e9i besonnesch a Sozialen Netzwierker an \u00cbmlaf sinn.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":394385,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,183,381,391],"tags":[511],"class_list":["post-394400","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","category-editors-choice-lu","category-fact-check-lb","category-leieren-iwwer-desinformatioun-a-fakt-iwwerpreiwen","category-technologie","tag-focus-lb"],"acf":{"show_metatags":true,"id":"2296693","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"\u00a9 AFP (Archiv)","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2296693.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","share_this_post_to_edmo_website":false,"affiliation":"ADMO","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Kann ee sech bei der Iwwerpr\u00e9iwung vun Informatiounen op KI verloossen? - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Kann ee sech bei der Iwwerpr\u00e9iwung vun Informatiounen op KI verloossen? - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Plattforme fir generativ K\u00ebnschtlech Intelligenz (KI) sinn \u00ebmmer m\u00e9i zoug\u00e4nglech a ginn heiansdo fir d&#039;Iwwerpr\u00e9iwe vun Informatioune benotzt, d\u00e9i besonnesch a Sozialen Netzwierker an \u00cbmlaf sinn.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2025-04-29T10:00:37+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2025-04-29T10:19:48+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/331325032d3b79025ad1e01810652839.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"10 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Kann ee sech bei der Iwwerpr\u00e9iwung vun Informatiounen op KI verloossen?\",\"datePublished\":\"2025-04-29T10:00:37+00:00\",\"dateModified\":\"2025-04-29T10:19:48+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/\"},\"wordCount\":2482,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/331325032d3b79025ad1e01810652839.jpeg\",\"keywords\":[\"FOCUS\"],\"articleSection\":[\"Editor's Choice Slider LU\",\"Fact Check\",\"L\u00e9ieren iwwer Desinformatioun a Fakt iwwerpr\u00e9iwen\",\"Technologie\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/\",\"name\":\"Faktencheck: Kann ee sech bei der Iwwerpr\u00e9iwung vun Informatiounen op KI verloossen? - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/331325032d3b79025ad1e01810652839.jpeg\",\"datePublished\":\"2025-04-29T10:00:37+00:00\",\"dateModified\":\"2025-04-29T10:19:48+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/331325032d3b79025ad1e01810652839.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/331325032d3b79025ad1e01810652839.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Kann ee sech bei der Iwwerpr\u00e9iwung vun Informatiounen op KI verloossen? - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Kann ee sech bei der Iwwerpr\u00e9iwung vun Informatiounen op KI verloossen?\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Kann ee sech bei der Iwwerpr\u00e9iwung vun Informatiounen op KI verloossen? - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Kann ee sech bei der Iwwerpr\u00e9iwung vun Informatiounen op KI verloossen? - EDMO Belux","og_description":"Plattforme fir generativ K\u00ebnschtlech Intelligenz (KI) sinn \u00ebmmer m\u00e9i zoug\u00e4nglech a ginn heiansdo fir d'Iwwerpr\u00e9iwe vun Informatioune benotzt, d\u00e9i besonnesch a Sozialen Netzwierker an \u00cbmlaf sinn.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2025-04-29T10:00:37+00:00","article_modified_time":"2025-04-29T10:19:48+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/331325032d3b79025ad1e01810652839.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"10 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Kann ee sech bei der Iwwerpr\u00e9iwung vun Informatiounen op KI verloossen?","datePublished":"2025-04-29T10:00:37+00:00","dateModified":"2025-04-29T10:19:48+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/"},"wordCount":2482,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/331325032d3b79025ad1e01810652839.jpeg","keywords":["FOCUS"],"articleSection":["Editor's Choice Slider LU","Fact Check","L\u00e9ieren iwwer Desinformatioun a Fakt iwwerpr\u00e9iwen","Technologie"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/","name":"Faktencheck: Kann ee sech bei der Iwwerpr\u00e9iwung vun Informatiounen op KI verloossen? - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/331325032d3b79025ad1e01810652839.jpeg","datePublished":"2025-04-29T10:00:37+00:00","dateModified":"2025-04-29T10:19:48+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/331325032d3b79025ad1e01810652839.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/04\/331325032d3b79025ad1e01810652839.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Kann ee sech bei der Iwwerpr\u00e9iwung vun Informatiounen op KI verloossen? - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kann-ee-sech-bei-der-iwwerpriwung-vun-informatiounen-op-ki-verloossen\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Kann ee sech bei der Iwwerpr\u00e9iwung vun Informatiounen op KI verloossen?"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/394400","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=394400"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/394400\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/394385"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=394400"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=394400"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=394400"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}