{"id":394776,"date":"2025-05-03T13:00:41","date_gmt":"2025-05-03T13:00:41","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=394776"},"modified":"2025-05-15T05:16:48","modified_gmt":"2025-05-15T05:16:48","slug":"faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Grafik iwwer ermuert Zaldoten an der Regioun Kursk ass gef\u00e4lscht"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p>D&#8217;russesch Arm\u00e9i hat Ufank Abr\u00ebll 2025 matgedeelt, d&#8217;russesch Regioun Kursk bal vollst\u00e4nneg vun der Ukrain zer\u00e9ckeruewert ze hunn. Kuerz drop war eng Grafik iwwer Mercenair\u00eb vu verschiddenen Nationalit\u00e9iten, d\u00e9i d&#8217;russesch Arm\u00e9i do angeeblech dout opfonnt h\u00e4tt, am \u00cbmlaf.<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p class=\"article-body__summary\">Op der Grafik ass de Logo vum Statistik-Portal Statista ze gesinn. Se ass awer gef\u00e4lscht, w\u00e9i eng Rei Ongereimtheeten an der Grafik weisen.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">&#8220;D\u00ebs Zuele komme vu Statista. Hei gesi mir, wien a Kursk alles agesat gouf&#8221;, housch et an engem <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250428095413\/https:\/\/t.me\/CarstenJahn_TEAMHEIMAT\/31929\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram-B\u00e4itrag<\/a> vum 16. Abr\u00ebll 2025. &#8220;Dor\u00ebnner waren 197 d\u00e4itsch S\u00f6ldner!&#8221; D&#8217;Zuel staamt vun enger Grafik, d\u00e9i mam B\u00e4itrag gedeelt gouf. Se sch\u00e9ngt d&#8217;Nationalit\u00e9iten an d&#8217;Unzuel vun den angeeblech S\u00f6ldner, d\u00e9i \u00ebm d&#8217;Liewe koumen, an de russescher Regioun Kursk opzeschl\u00ebsselen. Am Eck vun der Grafik ass de Logo vum d\u00e4itsche Statistik-Portal &#8220;Statista&#8221; ze gesinn. Dat m\u00e9cht den Usch\u00e4in, dass et sech \u00ebm seri\u00f6 Donn\u00e9e\u00ebn handelt.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">\u00cbnnert der englescher Iwwerschr\u00ebft &#8220;D&#8217;Nationalit\u00e9ite vun de S\u00f6ldner, deenen hir L\u00e4ichen an der Regioun Kursk, Russland, fonnt goufen&#8221;, d\u00e9i der Legend no fir d&#8217;ukrainesch Arm\u00e9i gek\u00e4mpft h\u00e4tten, l\u00ebscht d\u00e9i vermeintlech Statista-Grafik angeeblech dout opfonnt Mercenairen aus n\u00e9ng Staaten op. D\u00e9i meescht w\u00e4ren aus Polen (1963) a Georgien (1230) gewiescht, duerno k\u00e9ime Kolumbien (917), Frankr\u00e4ich (208) an D\u00e4itschland (197). Weider Mercenairen h\u00e4tten angeeblech aus Groussbritannien, den USA, Australien a Japan gestaamt.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">D&#8217;Grafik gouf och op <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/a334c036-f4bd-4a4f-8da8-99eb96e9b2e5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a> an a villen anere Sprooche w\u00e9i <a href=\"https:\/\/perma.cc\/RJ78-7SPJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Englesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/V84L-B7VH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Frans\u00e9isch<\/a> a <a href=\"https:\/\/perma.cc\/LT2N-8X5T\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Spuenesch<\/a> gedeelt.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/05\/c4419e5bc8104d64dfc1cdd8d6195462.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;Grafik ass awer gef\u00e4lscht. Dat l\u00e9isst sech u verschiddenen Ongereimtheeten an der Duerstellung erkennen.<\/p>\n<p>Fir d&#8217;\u00e9ischt st\u00e9cht awer besonnesch den Datum, deen an der Grafik uginn ass, an d&#8217;A. Well zwee Deeg virum Stand vun den angeeblechen Doudeszuele vun der Statistik, also dem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/DM39-VVMD\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">8. Abr\u00ebll 2025<\/a>, hat de russesche Milit\u00e4r gemellt, dass en eent vun de leschten nach vun der Ukrain besaten Dierfer an der russescher Grenzregioun Kursk zer\u00e9ckeruewert h\u00e4tt, d\u00e9i \u00ebnner ukrainescher Kontroll stoung.<\/p>\n<p>Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj hat de selwechten Dag erkl\u00e4ert, d&#8217;ukrainesch Arm\u00e9i w\u00e4r an d&#8217;russesch Grenzregioun Belgorod virgedrongen. Gl\u00e4ichz\u00e4iteg <a href=\"https:\/\/perma.cc\/UN65-69NZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">widderspr\u00e9cht d&#8217;Ukrain<\/a> z\u00ebnterhier der russescher Duerstellung, russesch Truppen h\u00e4tte si aus Kursk zer\u00e9ckgedr\u00e4ngt.<\/p>\n<p>Tats\u00e4chlech k\u00e4mpfen am russesche Krich g\u00e9int d&#8217;Ukrain op b\u00e9ide S\u00e4ite M\u00ebnsche mat aneren Nationalit\u00e9iten. Ges\u00e9chert an onofh\u00e4ngeg Informatiounen doriwwer ze kr\u00e9ien, ass awer schwiereg. Engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9T75-HZUN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP-Bericht<\/a> no sinn op russescher S\u00e4it nordkoreanesch Zaldoten am Asaz. Och a Staate w\u00e9i Nepal, Sierra Leone oder Somalia huet Russland deemno Zaldote rekrut\u00e9iert. <a href=\"https:\/\/perma.cc\/B4YM-RPA2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Och Chineese solle sech Russland ugeschloss hunn<\/a>.<\/p>\n<p>Op ukrainescher S\u00e4it h\u00e4tte sech ukraineschen Angaben no schonn am Ufank vum Krich 20.000 international Fr\u00e4iw\u00eblleger gemellt. <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9T75-HZUN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP-Journalistinnen a -Journalisten<\/a> hu w\u00e4rend dem Krich an der Ostukrain mat Zaldoten aus de Vereenegte Staaten, Groussbritannien, Frankr\u00e4ich, Japan, Irland a Kolumbien geschwat, d\u00e9i op der S\u00e4it vun der Ukrain k\u00e4mpfen.<\/p>\n<p>Gef\u00e4lscht Grafik huet keng Quell a falsch F\u00e4ndelen<\/p>\n<p>Eng Rei Detailer vun der Grafik weisen awer, dass se net vu Statista k\u00ebnnt. Statista ass eng an D\u00e4itschland gegr\u00ebnnt Statistik-Entreprise, d\u00e9i hirer\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/G4YS-YZ2F\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it<\/a> no &#8220;Statistiken, Rapporten a Fakten iwwer 80.000 Sujeten aus 22.500 Quellen an 170 Branchen&#8221; weist.<\/p>\n<p>Op den \u00e9ischte Bl\u00e9ck f\u00e4lt op, dass d&#8217;gef\u00e4lscht Grafik keng Quellenangab huet. A <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/0eed9a67-205f-470d-a928-3dee0482b6cf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Grafike<\/a> vu Statista, d\u00e9i zum Beispill op dem <a href=\"https:\/\/www.instagram.com\/statista\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Instagram-Account<\/a> vum Portal gepost goufen, ass d&#8217;Quell \u00ebmmer \u00ebnnert den Diagrammen uginn. D&#8217;gef\u00e4lscht Grafik gr\u00e4ift zwar den Design vun de Social-Media-Posts vu Statista op, weist awer keng Quellen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/05\/aa7e1fc9491d31cf3e14b44828bde5be.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>E weideren Indice op eng F\u00e4lschung sinn zwee vun den dr\u00e4i present\u00e9ierte F\u00e4ndelen: Fir D\u00e4itschland g\u00ebtt e F\u00e4ndel benotzt, dee w\u00e9i d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/US54-KGA3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bundesdienstflagge<\/a> mat dem Bundesschild an Adler drop ausges\u00e4it. Se d\u00e4erf just vu federalen Administratioune benotzt ginn, wouzou Statista net zielt. D&#8217;Portal notzt a senge <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/fd235849-6062-44cf-b131-1ab36b8b86f5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">B\u00e4itr\u00e4g<\/a> en D\u00e4itschlandf\u00e4ndel ouni Adler. Ausserdeem gouf beispillsweis fir d&#8217;USA f\u00e4lschlecherweis de F\u00e4ndel vu <a href=\"https:\/\/perma.cc\/38HM-LEQ7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Liberia<\/a> benotzt. Op dem amerikanesche F\u00e4ndel si m\u00e9i St\u00e4ren a Str\u00e4ifen ze gesi w\u00e9i dat um F\u00e4ndel vum westafrikanesche Land de Fall ass.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/05\/9454621f2a69f06d537b01fdae82c57a.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Och d&#8217;Iwwerschr\u00ebft ass anescht gestalt w\u00e9i an echte Grafike vu Statista. An der F\u00e4lschung si just de Sazufank an den \u00e9ischte Buschtaf vun de Substantiver grouss geschriwwen. An authentesche Grafike vum Statistik-Portal f\u00e4nken awer all d&#8217;Wierder am Titel mat grousse Buschtawen un, ausser beispillsweis Konjunktiounen. Ausserdeem huet d&#8217;AFP op dem <a href=\"https:\/\/www.instagram.com\/statista\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Instagram-Account<\/a> just Grafike mat Iwwerschr\u00ebfte fonnt, d\u00e9i iwwer eng oder zwou Zeile ginn. D&#8217;Iwwerschr\u00ebft vun der gef\u00e4lschter Grafik geet iwwer dr\u00e4i Zeilen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/05\/ff141ef633c5f957677fbc33768c7c51.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Eng <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=Ez5o69CeXUw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00ebmgek\u00e9iert Billersich<\/a> huet ausserdeem zu engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/D3H9-HHRV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Linkedin-B\u00e4itrag<\/a> vum Statista-Mataarbechter <a href=\"https:\/\/perma.cc\/98JC-LMEZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Marc Luettgemann<\/a> vu M\u00ebtt Abr\u00ebll 2025 gef\u00e9iert. Doran huet hien erkl\u00e4ert, dass d&#8217;Grafik gef\u00e4lscht w\u00e4r an zielt d\u00e9i selwecht Ofw\u00e4ichunge vun den echte Statista-Grafiken op, d\u00e9i uewen opgef\u00e9iert sinn. Dass eng F\u00e4lschung am Internet \u00ebnnerwee ass, w\u00e4r ausserdeem net d\u00e9i \u00e9ischt K\u00e9ier geschitt: &#8220;Virun e puer M\u00e9int hu mir d\u00e9i \u00e9ischt fonnt, elo d\u00e9i zweet: Eis Infografike ginn anscheinend fir prorussesch Propagandazwecker gef\u00e4lscht&#8221;, huet de Luettgemann geschriwwen.<\/p>\n<p>Dat huet Statista op AFP-Ufro confirm\u00e9iert. &#8220;D\u00ebs Infografik gouf net vu Statista erstallt a mir stinn a kenger Man\u00e9ier a Verbindung mat den doran duergestallten Donn\u00e9e\u00ebn&#8221;, huet eng Spriecherin de 25. Abr\u00ebll 2025 matgedeelt. Och si huet op d\u00e9i ernimmt Onst\u00ebmmegkeeten an der Konzeptioun verwisen. Ausserdeem g\u00e9if Statista keng Donn\u00e9e\u00ebn iwwer Mercenair\u00eb mat verschiddenen Nationalit\u00e9iten am Ukrain-Krich erhiewen. Esou Donn\u00e9e\u00eb g\u00e9ifen dem Portal och net aus anere Quellen zur Verf\u00fcgung stoen, huet d&#8217;Spriecherin erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>Op der Internets\u00e4it vu Statista g\u00ebtt et och <a href=\"https:\/\/de.statista.com\/statistik\/suche\/?q=mercenaries+kursk&amp;p=1\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">keng Resultater<\/a> mat d\u00ebsen Donn\u00e9e\u00ebn, w\u00e9i eng <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=51u0SkyaAA0\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">St\u00e9chwierdersich<\/a> op Englesch gewisen huet.<\/p>\n<p>An engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/LA86-ZDLM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram-B\u00e4itrag<\/a> ass op der Grafik \u00ebnne riets zous\u00e4tzlech d&#8217;Domaine fishki.net ze erkennen. Dob\u00e4i handelt et sech \u00ebm eng Internets\u00e4it, d\u00e4r hir <a href=\"https:\/\/perma.cc\/NA58-97HW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">IP-Adress a Russland ze fannen<\/a> ass. Dat k\u00e9int och dorop hindeiten, dass d&#8217;Grafik net vu Statista k\u00ebnnt.<\/p>\n<p>De Contenu vun der gef\u00e4lschter Grafik l\u00e9isst sech net final an onofh\u00e4ngeg iwwerpr\u00e9iwen. Sou g\u00ebtt et och just Sch\u00e4tzungen iwwer d&#8217;Unzuel vun allen <a href=\"https:\/\/perma.cc\/P5YU-Y477\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Doudesaffer am Ukrain-Krich<\/a>, d\u00e9i bis elo gezielt goufen. Enn Abr\u00ebll 2025 h\u00e4tte sech d\u00ebs engem NATO-Beamten no op ronn 250.000 \u00ebmbruecht russesch an 1.500 doutgemaach nordkoreanesch Zaldote belaf. Op ukrainescher S\u00e4it vari\u00e9ieren offiziell Zuelen t\u00ebscht 45.000 an 100.000 ermuert ukrainesch Zaldoten.<\/p>\n<p>Weider Faktenchecken iwwer den Ukrain-Krich g\u00ebtt et op der <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/list\/Ukrainekrieg\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it vun der AFP<\/a>.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> Eng Grafik, d\u00e9i online gedeelt gouf, iwwer ermuert Zaldoten an der Regioun Kursk staamt net vum d\u00e4itsche Statistik-Portal Statista, mee gouf gef\u00e4lscht. Eng Rei Ongereimtheete w\u00e9i falsch F\u00e4ndelen oder d\u00e9i feelen Quellenangab deiten dorop hin. Statista huet ausserdeem g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, dass d&#8217;Grafik gef\u00e4lscht an net vum Portal selwer ver\u00ebffentlecht gi w\u00e4r.<\/p>\n<p><em>D\u00ebse Faktencheck gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<br \/>\n<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>D&#8217;russesch Arm\u00e9i hat Ufank Abr\u00ebll 2025 matgedeelt, d&#8217;russesch Regioun Kursk bal vollst\u00e4nneg vun der Ukrain zer\u00e9ckeruewert ze hunn. Kuerz drop war eng Grafik iwwer Mercenair\u00eb vu verschiddenen Nationalit\u00e9iten, d\u00e9i d&#8217;russesch Arm\u00e9i do angeeblech dout opfonnt h\u00e4tt, am \u00cbmlaf.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":394751,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,183,191,217],"tags":[],"class_list":{"0":"post-394776","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-editors-choice-lu","8":"category-fact-check-lb","9":"category-politik","10":"category-ukraine-lb"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2298867","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2298867.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","share_this_post_to_edmo_website":false,"affiliation":"ADMO","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Grafik iwwer ermuert Zaldoten an der Regioun Kursk ass gef\u00e4lscht - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Grafik iwwer ermuert Zaldoten an der Regioun Kursk ass gef\u00e4lscht - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"D&#039;russesch Arm\u00e9i hat Ufank Abr\u00ebll 2025 matgedeelt, d&#039;russesch Regioun Kursk bal vollst\u00e4nneg vun der Ukrain zer\u00e9ckeruewert ze hunn. Kuerz drop war eng Grafik iwwer Mercenair\u00eb vu verschiddenen Nationalit\u00e9iten, d\u00e9i d&#039;russesch Arm\u00e9i do angeeblech dout opfonnt h\u00e4tt, am \u00cbmlaf.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2025-05-03T13:00:41+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2025-05-15T05:16:48+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/05\/600d5938b4d62ca5d7884c2db60d0daf.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"6 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Grafik iwwer ermuert Zaldoten an der Regioun Kursk ass gef\u00e4lscht\",\"datePublished\":\"2025-05-03T13:00:41+00:00\",\"dateModified\":\"2025-05-15T05:16:48+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/\"},\"wordCount\":1276,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/05\/600d5938b4d62ca5d7884c2db60d0daf.jpeg\",\"articleSection\":[\"Editor's Choice Slider LU\",\"Fact Check\",\"Politik\",\"Ukraine\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/\",\"name\":\"Faktencheck: Grafik iwwer ermuert Zaldoten an der Regioun Kursk ass gef\u00e4lscht - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/05\/600d5938b4d62ca5d7884c2db60d0daf.jpeg\",\"datePublished\":\"2025-05-03T13:00:41+00:00\",\"dateModified\":\"2025-05-15T05:16:48+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/05\/600d5938b4d62ca5d7884c2db60d0daf.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/05\/600d5938b4d62ca5d7884c2db60d0daf.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Grafik iwwer ermuert Zaldoten an der Regioun Kursk ass gef\u00e4lscht - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Grafik iwwer ermuert Zaldoten an der Regioun Kursk ass gef\u00e4lscht\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Grafik iwwer ermuert Zaldoten an der Regioun Kursk ass gef\u00e4lscht - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Grafik iwwer ermuert Zaldoten an der Regioun Kursk ass gef\u00e4lscht - EDMO Belux","og_description":"D'russesch Arm\u00e9i hat Ufank Abr\u00ebll 2025 matgedeelt, d'russesch Regioun Kursk bal vollst\u00e4nneg vun der Ukrain zer\u00e9ckeruewert ze hunn. Kuerz drop war eng Grafik iwwer Mercenair\u00eb vu verschiddenen Nationalit\u00e9iten, d\u00e9i d'russesch Arm\u00e9i do angeeblech dout opfonnt h\u00e4tt, am \u00cbmlaf.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2025-05-03T13:00:41+00:00","article_modified_time":"2025-05-15T05:16:48+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/05\/600d5938b4d62ca5d7884c2db60d0daf.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"6 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Grafik iwwer ermuert Zaldoten an der Regioun Kursk ass gef\u00e4lscht","datePublished":"2025-05-03T13:00:41+00:00","dateModified":"2025-05-15T05:16:48+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/"},"wordCount":1276,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/05\/600d5938b4d62ca5d7884c2db60d0daf.jpeg","articleSection":["Editor's Choice Slider LU","Fact Check","Politik","Ukraine"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/","name":"Faktencheck: Grafik iwwer ermuert Zaldoten an der Regioun Kursk ass gef\u00e4lscht - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/05\/600d5938b4d62ca5d7884c2db60d0daf.jpeg","datePublished":"2025-05-03T13:00:41+00:00","dateModified":"2025-05-15T05:16:48+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/05\/600d5938b4d62ca5d7884c2db60d0daf.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/05\/600d5938b4d62ca5d7884c2db60d0daf.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Grafik iwwer ermuert Zaldoten an der Regioun Kursk ass gef\u00e4lscht - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-grafik-iwwer-ermuert-zaldoten-an-der-regioun-kursk-ass-geflscht\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Grafik iwwer ermuert Zaldoten an der Regioun Kursk ass gef\u00e4lscht"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/394776","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=394776"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/394776\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/394751"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=394776"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=394776"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=394776"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}