{"id":395217,"date":"2025-05-11T13:00:06","date_gmt":"2025-05-11T13:00:06","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=395217"},"modified":"2025-05-15T05:10:32","modified_gmt":"2025-05-15T05:10:32","slug":"faktencheck-experten-erklren-firwat-wandenergie-eng-effizient-stroumquell-ass","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-experten-erklren-firwat-wandenergie-eng-effizient-stroumquell-ass\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Experten erkl\u00e4ren, firwat Wandenergie eng effizient Stroumquell ass"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>Wandenergie zielt zu de wichtegsten erneierbare Stroumquellen an D\u00e4itschland, g\u00ebtt awer dacks Zil vun Desinformatioun. Online ware B\u00e4itr\u00e4g am \u00cbmlaf, d\u00e9i d&#8217;Effizienz vu Wandkraaft mat der Behaaptung, dass Wandkraaft just &#8220;3,2 Prozent vum Energiebedarf&#8221; ofdecke g\u00e9if, a Fro gestallt hunn.<\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<p class=\"article-body__summary\">Experten hu g\u00e9intiwwer der AFP awer erkl\u00e4ert, dass d\u00ebs Zuel ierf\u00e9ierend w\u00e4r a Wandkraaft an D\u00e4itschland fir op d&#8217;mannst een Dr\u00ebttel vun der Stroumproduktioun genotzt g\u00e9if.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Iwwer Wandenergie sinn \u00ebmmer nees falsch oder ierf\u00e9ierend Informatiounen am \u00cbmlaf. Sou huet z\u00ebnter Ufank vum Joer 2025 eng Behaaptung iwwer d&#8217;Effizienz vu Wandparken op diversen Internet-Plattformen d&#8217;Ronn gemaach. Doran heescht et: &#8220;An D\u00e4itschland decken ongef\u00e9ier 30.000 Wandrieder zirka 3,2 % vum Energiebedarf of.&#8221;<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Eng Abberzuel Notzer hunn d\u00ebs G\u00e9intiwwerstellung op <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/fb7ad075-74fc-4caf-9e90-864825d1f88c\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a>, <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/a5d8a5f4-b350-47da-b58e-249097adf327\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Instagram<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/88MK-3F4T\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Threads<\/a> souw\u00e9i op <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/9d48683f-4a9e-4717-9455-55ee35eac404\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a> gedeelt, d\u00e9i beweise soll, dass Wandkraaft w\u00e9ineg Notzen h\u00e4tt.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/05\/29fc51de3ff6639b2b86e6d08de80baa.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;Notzer hu vun &#8220;3,2 Prozent vum Energiebedarf&#8221; geschwat, ouni m\u00e9i no dorop anzegoen, wat si mat &#8220;Energiebedarf&#8221; gemengt hunn. D&#8217;AFP huet eng R\u00ebtsch Experte fir fir eng Anuerdnung kontakt\u00e9iert.<\/p>\n<p>W\u00e9i moosst een den Energiebedarf vun engem Land?<\/p>\n<p>W\u00e9i vill Energie e Land insgesamt verbrauch, g\u00ebtt vun Expertinnen an Experten a vun der Industrie als &#8220;Prim\u00e4renergieverbrauch&#8221; (PEV) defin\u00e9iert. <a href=\"https:\/\/perma.cc\/DBH7-37S8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Eurostat<\/a>, der Statistikagence vun der EU, no moosst &#8220;de Prim\u00e4renergieverbrauch &#8230; de Gesamtenergiebedarf vun engem Land&#8221;. Dat d\u00e4itscht <a href=\"https:\/\/perma.cc\/W78V-MD63\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Umweltbundesamt defin\u00e9iert Prim\u00e4renergie<\/a> als de &#8220;rechneresch benotzbaren Energiegehalt vun engem natierlech virkommenden Energietr\u00e4ger, \u00e9ier en enger \u00cbmwandlung zougef\u00e9iert g\u00ebtt.&#8221; Souwuel endlech Energietr\u00e4ger (Kuel, \u00c4erdueleg oder \u00c4erdgas) w\u00e9i och erneierbar Energien (Photovoltaik, Wandenergie, Waasserkraaft) zielen zu de Prim\u00e4renergietr\u00e4ger.<\/p>\n<p>Effektiv ass den Undeel vun der Wandkraaft an D\u00e4itschland um PEV net allze w\u00e4it vun der Ziffer ewech, d\u00e9i an de B\u00e4itr\u00e4g genannt g\u00ebtt: Op AFP-Ufro huet d&#8217;Umweltbundesamt den 28. Abr\u00ebll 2025 matgedeelt, dass den Undeel am Joer 2024 bei 3,9 Prozent louch. D&#8217;Zuel u Wandkraaftanlagen ass och ongef\u00e9ier richteg: Der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/BBF2-79SP\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Wandenergiestatistik<\/a> vun der Berodungsfirma <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6NPS-TDR6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Windguard<\/a>\u00a0no waren an D\u00e4itschland Enn 2024 28.716 Wandkraaftanlagen am Asaz. Um Mier ware 1.639 Anlagen a Betrib. Allerd\u00e9ngs soten d&#8217;Experten, d\u00e9i d&#8217;AFP kontakt\u00e9iert hat, dass den Undeel vu Wandenergie um PEV als Moossstaf fir deenen hir Effizienz net g\u00ebeegent w\u00e4r.<\/p>\n<p>Fir de Wolf-Peter Schill, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/DW4G-3Y5B\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Chef vum Fuerschungsdepartement<\/a> beim <a href=\"https:\/\/perma.cc\/A6TB-9CM7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Deutschen Institut f\u00fcr Wirtschaftsforschung<\/a> (DIW) mat S\u00ebtz zu Berlin, ass de Prim\u00e4renergieverbrauch &#8220;keng entscheedend Gr\u00e9isst&#8221; fir den zuk\u00fcnftegen erneierbaren Energiesystem. An d&#8217;Behaaptung, dass 30.000 Wandrieder 3,2 Prozent vum Energiebedarf ofdecke g\u00e9ifen, w\u00e4r &#8220;ierf\u00e9ierend&#8221;.<\/p>\n<p>De PEV k\u00e9im &#8220;aus engem fossillen Energiesystem&#8221;, huet den Energieekonomist am Gespr\u00e9ich mat der AFP den 30. Abr\u00ebll erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>An esou engem System g\u00e9ife bei der \u00cbmwandlung vu Prim\u00e4renergie a Stroum, Fernw\u00e4rme oder Carburanten &#8211; beispillsweis a Kraaftwierker oder Raffinerien &#8211; bis zu 60 Prozent vun der agesater Prim\u00e4renergie duerch W\u00e4ermt, d\u00e9i ofgeet, verluer goen. Esou \u00cbmwandlungsverloschter g\u00e9ife beim PEV matgerechent ginn.<\/p>\n<p>&#8220;Bei Wandenergie g\u00ebtt et esou Verloschter net, an de Wand fir d&#8217;Stroumproduktioun ass gratis&#8221;, sot de Schill. Dow\u00e9inst w\u00e4r de PEV als Kennzuel fir d&#8217;Effizienz vun erneierbaren Energiequellen &#8220;ong\u00ebeegent&#8221;, huet de Schill duergeluecht.<\/p>\n<p>Wandkraaft aktuell wichtegst ekologesch Stroumquell<\/p>\n<p>D&#8217;Wandenergie um Land an um Mier huet am Joer 2024 mat engem Ertrag vun 138,9 Milliarde Kilowattstonnen (kWh) de gr\u00e9isste B\u00e4itrag zur Stroumproduktioun aus erneierbaren Energi\u00eb b\u00e4igedroen, w\u00e9i d&#8217;Umweltbundesamt <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4K49-CNTU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">opgewisen<\/a> huet. Dat entspr\u00e9cht knapp <a href=\"https:\/\/perma.cc\/545J-RWFE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">27 Prozent<\/a> vum gesamten d\u00e4itsche Bruttostroumverbrauch am Joer 2024, also d\u00e4r Stroumquantit\u00e9it, d\u00e9i an D\u00e4itschland am Joer verbraucht g\u00ebtt.<\/p>\n<p>Insgesamt goufen am ofgelafe Joer 2024 der d\u00e4itscher <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5FNW-J5EP\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bundesnetzagentur<\/a> (Stand Januar 2025) no 431,7 Terrawattstonne (TWh) Stroum produz\u00e9iert. Gemooss un der Gesamtproduktioun koumen 254,9 TWh &#8211; oder ongef\u00e9ier 59 Prozent &#8211; vun erneierbaren Energietr\u00e4ger. Onshore-Wandanlagen (um Land) hunn zu 25,9 Prozent an Offshore-Wandanlagen (um Mier) zu 5,9 Prozent zur gesamter Stroumproduktioun b\u00e4igedroen, sou d&#8217;Bundesnetzagentur.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/05\/f51e49401ad1c5be857bdc0b750f788e.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>\u00c4nlech Zuelen huet och d&#8217;Statistische Bundesamt ausgerechent : Den Undeel u Wandkraaft bei der Stroumproduktioun louch am Joer 2024 bei 31,5 Prozent, w\u00e9i d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/K5VA-R2Q3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Amt den 12. M\u00e4erz 2025 matgedeelt<\/a> huet. Domat w\u00e4r &#8220;d&#8217;Wandkraaft d\u00e9i wichtegst Energiequell an der bannenzeger Stroumproduktioun&#8221;.<\/p>\n<p>W\u00e9i e Wandrad zur Stroumproduktioun b\u00e4idr\u00e9it<\/p>\n<p>Eng Wandkraaftanlag wandelt Wand an erneierbar Stroumenergie \u00ebm. W\u00e9i dat funktion\u00e9iert, weist Iech d&#8217;AFP an d\u00ebsem Video.<\/p>\n<p>Gemooss um Prim\u00e4renergieverbrauch w\u00e4r &#8220;am Fong de Stroumsecteur relativ kleng&#8221;, huet de Schill erkl\u00e4ert. Sou louch den Undeel vum Bruttostroumverbrauch um Prim\u00e4renergieverbrauch am Joer 2023 bei knapp 18 Prozent. En klimafr\u00ebndlechen Energiesystem g\u00e9if &#8220;op enger h\u00e9ijer Elektrifiz\u00e9ierung&#8221; berouen.<\/p>\n<p>Eng besser Vergl\u00e4ichsgr\u00e9isst ass den Undeel vun erneierbaren Energien um <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8UW9-W3N9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Endenergieverbrauch<\/a>, wou sech den Energieekonomist Schill an e Spriecher vum Umweltbundesamt eens sinn. Dat ass d\u00e9i Energie, d\u00e9i d&#8217;Industrie oder Privatst\u00e9it aus dem Energiesystem verbrauchen. Am Joer 2024 haten erneierbar Energien en Undeel vun 22,4 Prozent um Bruttoenergieverbrauch, wann een no den Zuele vun der Aarbechtsgrupp <a href=\"https:\/\/perma.cc\/VPX7-A7YM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Erneuerbare Energie-Statistik (AGEE-Stat)<\/a> geet. Dovun huet Onshore-Wandenergie 4,9 Prozent ausgemaach. De\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/7Q68-T223\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Klimaziler vun der EU<\/a> no soll den erneierbaren Undeel bis 2030 op 30 Prozent klammen.<\/p>\n<p>St\u00ebmmung g\u00e9int d&#8217;erneierbar Energiequell hunn an der Vergaangenheet virun allem rietspopulistesch Grupp\u00e9ierunge gemaach. D&#8217;aktuell Behaaptung gouf den 11. Abr\u00ebll 2025 vun der Alternative f\u00fcr Deutschland (AfD) am <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/f76083db-ee6a-4728-b131-73eecfcb3dcb\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Landkreess Mayen-Koblenz gedeelt<\/a>. Am Nopeschland \u00c9istr\u00e4ich stellt sech beispillsweis d&#8217;Schw\u00ebsterpartei FP\u00d6 g\u00e9int Wandkraaft. Am s\u00fcdlechste Bundesland K\u00e4rnten huet si Ufank 2025 g\u00e9int den Ausbau vu Wandparke gest\u00ebmmt, w\u00e9i d&#8217;<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.36TJ8PE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP gemellt<\/a> hat.<\/p>\n<p>Weider Faktenchecken zum Sujet Wandenergie fannt Dir op der <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.364H232\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP-Internets\u00e4it<\/a>.<\/p>\n<p><strong>Fazit: <\/strong>Eng am Internet w\u00e4it verbreet Ausso, dass Wandkraaft just &#8220;3,2 Prozent vum Energiebedarf&#8221; ofdecke g\u00e9if, ass der Asch\u00e4tzung vun Experten no ierf\u00e9ierend. Wandenergie koum an D\u00e4itschland am Joer 2024 fir e knappen Dr\u00ebttel vun der Stroumproduktioun op.<\/p>\n<p><em>D\u00ebse Faktencheck gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Wandenergie zielt zu de wichtegsten erneierbare Stroumquellen an D\u00e4itschland, g\u00ebtt awer dacks Zil vun Desinformatioun. Online ware B\u00e4itr\u00e4g am \u00cbmlaf, d\u00e9i d&#8217;Effizienz vu Wandkraaft mat der Behaaptung, dass Wandkraaft just &#8220;3,2 Prozent vum Energiebedarf&#8221; ofdecke g\u00e9if, a Fro gestallt hunn.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":395202,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,189,183,391],"tags":[],"class_list":["post-395217","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","category-editors-choice-lu","category-emwelt","category-fact-check-lb","category-technologie"],"acf":{"show_metatags":true,"id":"2301131","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2301131.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","share_this_post_to_edmo_website":false,"affiliation":"ADMO","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/395217","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=395217"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/395217\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/395202"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=395217"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=395217"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=395217"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}