{"id":395683,"date":"2025-05-21T13:00:07","date_gmt":"2025-05-21T13:00:07","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=395683"},"modified":"2025-05-23T08:57:11","modified_gmt":"2025-05-23T08:57:11","slug":"faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-ass-net-winst-covid-vaccine-virun-den-us-supreme-court-gezunn","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-robert-f-kennedy-jr-ass-net-winst-covid-vaccine-virun-den-us-supreme-court-gezunn\/","title":{"rendered":"Faktencheck: De Robert F. Kennedy Jr. ass net w\u00e9inst Covid-Vaccine virun den US-Supreme Court gezunn"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p>Mam Robert F. Kennedy Jr. huet den amerikanesche President Donald Trump e laangj\u00e4regen Impfkritiker als Gesondheetsminister agesat. Scho virun e puer Joer, laang viru senger Ernennung op den aktuelle Posten, war am Internet d&#8217;Falschbehaaptung kurs\u00e9iert, de Kennedy Jr. h\u00e4tt virum Ieweschte Geriichtshaff vun den USA g\u00e9int Pharmaentrepris\u00eb geklot a gewonnen &#8211; de Geriichtshaff h\u00e4tt Covid-19-Vaccinen an d\u00ebsem Zesummenhang als &#8220;keng Impfstoffer&#8221; bezeechent.<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p class=\"article-body__summary\">D\u00ebs Behaaptung ass z\u00ebnter Abr\u00ebll 2025 nees am \u00cbmlaf. Den amerikanesche Ieweschte Geriichtshaff huet awer ni esou en Urteel gesprach. Covid-19-Vaccine sinn tats\u00e4chlech Impfstoffer a g\u00ebllen no aktueller Studielag als s\u00e9cher an effikass.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">&#8220;Groussaartegt an innovatiivt Urteel vum Ieweschte Geriichtshaff vun den USA: Covid-Impfstoffer si KENG Impfstoffer&#8221;, war den Ufank vun engem laangen <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250506154303\/https:\/\/t.me\/AAM_Links\/707567\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram-Post<\/a> vum 30. Abr\u00ebll 2025. Weider housch et: &#8220;De Robert F. Kennedy Jr. huet s\u00e4i Prozess g\u00e9int all d&#8217;Pharma-Lobbyiste gewonnen.&#8221; Ausserdeem h\u00e4tt den Ieweschte Geriichtshaff vun den USA a senger Entscheedung matgedeelt, &#8220;dass d&#8217;Schied duerch Covid mRNA-Geentherapi\u00eb UNREPARABL&#8221; w\u00e4ren. D&#8217;Behaaptung g\u00ebtt mat grousser Reechw\u00e4it och a <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/8f8b372a-c7a3-4c80-bbf3-6977ed56039a\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-B\u00e4itr\u00e4g<\/a> gedeelt souw\u00e9i an anere Sprooche w\u00e9i <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/3734a9cc-df6b-4053-8078-0f7600d4874b\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Kroatesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/e5a49c99-8f73-4178-a124-bf5d71bc0523\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Holl\u00e4nnesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/536197fe-af8a-45e8-8b47-94f5b22bb600\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Tschechesch<\/a> an <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/dd0cf81d-e41a-4562-ba63-6e4d0e440a79\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Ungaresch<\/a>.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/05\/ff6f7af81cbe762fdcf38a17238e7ecc.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;Behaaptungen an d\u00ebsem B\u00e4itrag &#8211; d\u00e9i sou formul\u00e9iert si w\u00e9i d\u00e9ij\u00e9ineg, d\u00e9i scho virun e puer Joren am \u00cbmlaf waren &#8211; sinn awer falsch.<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250507141358\/https:\/\/www.hhs.gov\/about\/leadership\/robert-kennedy.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Robert F. Kennedy Jr.<\/a> ass amerikanesche Gesondheetsminister an der zweeter Amtsz\u00e4it vum President Donald Trump. Den Neveu vum fr\u00e9ieren US-President John F. Kennedy ass <a href=\"https:\/\/perma.cc\/S35X-UGGZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00ebmstridden<\/a>, well hien impfkritesch Positioune vertr\u00ebtt an \u00ebmmer nees Falschinformatiounen iwwer <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.36YC9GW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Impfunge<\/a> souw\u00e9i iwwer aner <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.36MT64K\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Gesondheetssujete<\/a> verbreet huet. Sou huet hien \u00ebnner anerem eng Verbindung t\u00ebscht <a href=\"https:\/\/perma.cc\/V8WZ-MJAV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Impfungen an Autismus<\/a> hiergestallt, d\u00e9i awer widderluecht ass. Viru sengem Amtsuntr\u00ebtt als Gesondheetsminister war de Kennedy <a href=\"https:\/\/perma.cc\/SLE8-NE9W\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">President vun der impfkritescher Organisatioun &#8220;Children&#8217;s Health Defense&#8221;<\/a>, d\u00e4r hire Gr\u00ebnner hien och ass.<\/p>\n<p>W\u00e9inst engem graven Ausbroch vu Riedelen am M\u00e4erz 2025 an den USA mat <a href=\"https:\/\/perma.cc\/HQ94-KW6H\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">enger R\u00ebtsch Doudesf\u00e4ll<\/a> hat sech den Impfskeptiker Kennedy op eemol \u00ebffentlech positiv iwwer Impfunge ge\u00e4ussert an hat de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/UF3U-UWAX\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Kombinatiounsimpfstoff g\u00e9int Mumps-Riedelen-Riselen recommand\u00e9iert<\/a>, fir de Virus anzed\u00e4mmen.<\/p>\n<p>Al Behaaptunge sinn nees kurs\u00e9iert<\/p>\n<p>Schonn am sp\u00e9ide Summer 2022 waren d\u00ebs Behaaptungen a verschiddene Sproochen, dor\u00ebnner <a href=\"https:\/\/perma.cc\/V6PQ-ACEW?view-mode=client-side&amp;type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Finnesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/EN6Q-Y35R\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Englesch<\/a> a <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4WS3-28RT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Spuenesch<\/a>, kurs\u00e9iert. D&#8217;Behaaptungen hunn deej\u00e9inege geglach, d\u00e9i am Abr\u00ebll 2025 verbreet goufen. Angeeblech h\u00e4tt den Ieweschte Geriichtshaff confirm\u00e9iert, &#8220;dass d\u00e9i duerch Covid-mRNA-Geentherapien ausgel\u00e9ist Schied irreparabel sinn&#8221;, stoung an der Iwwerschr\u00ebft vun engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/EN6Q-Y35R\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bloggartikel<\/a> vum 24. August 2022. &#8220;De Robert F. Kennedy Jr. huet de Prozess g\u00e9int all d&#8217;Pharmalobbyiste gewonnen&#8221;, housch et weider. D&#8217;AFP hat <a href=\"https:\/\/faktantarkistus.afp.com\/doc.afp.com.32J84MQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">d\u00ebs Behaaptunge schonn 2022 widderluecht<\/a>.<\/p>\n<p>Esou e Geriichtsurteel gouf et net<\/p>\n<p>D&#8217;Entscheedunge vum amerikanesche Supreme Court k\u00ebnnen \u00ebffentlech op senger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/R8FF-ZDM7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it<\/a> consult\u00e9iert ginn. Z\u00ebnter dem Ufank vun der Coronapandemie am Joer 2020 an der \u00e9ischter <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250509105141\/https:\/\/www.fda.gov\/news-events\/press-announcements\/fda-takes-key-action-fight-against-covid-19-issuing-emergency-use-authorization-first-covid-19\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Noutfallzouloossung vum Covid-19-Vaccin vun de Pharmaentrepris\u00eb BioNTech\/Pfizer<\/a> an den USA am Dezember 2020 war de Kennedy just un engem Prozess bedeelegt. <a href=\"https:\/\/perma.cc\/G4J2-CQFM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">D\u00ebst Urteel vum 29. Abr\u00ebll 2025<\/a> huet awer eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7U64-QBC7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Klo vu Spideeler a Bezuch op Paiementer fir akommesschwaach an net vers\u00e9chert Patientinnen a Patiente<\/a> betraff. D&#8217;Begr\u00ebffer &#8220;Covid&#8221;, &#8220;Corona&#8221; a &#8220;Vaccine&#8221; kommen an der Urteelsbegr\u00ebnnung net vir.<\/p>\n<p>Den amerikanesche Gesondheetsminist\u00e8re huet d&#8217;Falschmeldung iwwer dat angeeblecht Geriichtsurteel de 7. Mee 2025 op AFP-Ufro dement\u00e9iert. &#8220;D\u00ebs Behaaptunge sinn net zoutreffend&#8221;, huet eng Spriecherin a Bezuch op dat angeeblecht Urteel matgedeelt. An engem <a href=\"https:\/\/faktantarkistus.afp.com\/doc.afp.com.32J84MQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP-Faktencheck<\/a> aus dem Joer 2022, w\u00e9i d&#8217;Behaaptung schonn eng K\u00e9ier kurs\u00e9iert war an de Kennedy nach President vun Children&#8217;s Health Defense war hat e Spriecher vun der Organisatioun schonn erkl\u00e4ert, d&#8217;Behaaptung w\u00e4r &#8220;onwouer&#8221;.<\/p>\n<p>mRNA-Impfstoffer erf\u00ebllen Definitioun vun engem Impfstoff<\/p>\n<p>Nieft der Falschinformatioun iwwer dat angeeblecht gef\u00e4llt Geriichtsurteel ass d&#8217;Behaaptung, d\u00e9i am Internet \u00ebmgeet, och inhaltlech net zoutreffend. mRNA-Impfstoffer sinn, anescht w\u00e9i behaapt, Impfstoffer. D&#8217;Definitioun vun Impfstoffer ass an D\u00e4itschland am <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9EKH-D3SP\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Medikamentegesetz<\/a> festgeschriwwen. Deemno si se Medikamenter, &#8220;d\u00e9i dozou best\u00ebmmt sinn, beim M\u00ebnsch benotzt ze ginn, fir spezifesch Ofwier- a Schutzstoffer auszel\u00e9isen&#8221;.<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/2VUZ-Y8TV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Ulrike Protzer<\/a>, Professesch fir Virologie op der Technischen Universit\u00e4t M\u00fcnchen a <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2GNU-T4UT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Fuerscherin um Deutschen Zentrum f\u00fcr Infektionsforschung<\/a>, huet op AFP-Ufro de 7. Mee 2025 erkl\u00e4ert, w\u00e9i Impfstoffer funktion\u00e9ieren. &#8220;E Vaccin aktiv\u00e9iert eng Immunreaktioun, d\u00e9i geziilt g\u00e9int e Krankheetserreeger geriicht ass&#8221;, huet d&#8217;Protzer geschriwwen. &#8220;D&#8217;Immunreaktioun soll d&#8217;Andr\u00e9nge vu Krankheetserreeger an de Kierper an doraus result\u00e9ierend Krankheetsbiller verh\u00ebnneren.&#8221; D\u00ebs Funktioun hunn och mRNA-Vaccinen erf\u00ebllt.<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/perma.cc\/MRY4-45CB\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Paul-Ehrlich-Institut<\/a> (PEI) &#8211; d&#8217;federaalt Institut fir Vaccinen a biomedezinnesch Medikamenter &#8211; huet dat op AFP-Ufro den 8. Mee 2025 confirm\u00e9iert: &#8220;Och mRNA-Impfstoffer d\u00e9ngen ausschliisslech der Vorbeugung oder der Behandlung vun Infektiounskrankheeten.&#8221; Ausserdeem h\u00e4tte se &#8220;keng ierfguttver\u00e4nnerend Wierkung&#8221;.<\/p>\n<p>Geentherapien an mRNA-Impfunge funktion\u00e9ieren \u00ebnnerschiddlech<\/p>\n<p>Doriwwer eraus goufen mRNA-Impfstoffer an de gedeelte B\u00e4itr\u00e4g f\u00e4lschlecherweis als &#8220;Geentherapi\u00eb&#8221; bezeechent. De PEI huet erkl\u00e4ert: &#8220;Geentherapeutika ver\u00e4nneren d&#8217;Ierfinformatiounen, fir geneetesch bed\u00e9ngt Krankheeten ze behandelen oder d\u00ebs virzebeugen.&#8221; Dat g\u00e9if op mRNA-Vaccinen net zoutreffen. &#8220;D\u00e9i sougenannt &#8216;Boten-RNA&#8217; (messenger RNA), d\u00e9i an mRNA-Vaccinen dran ass, ver\u00e4nnert dat m\u00ebnschlecht Ierfgutt dog\u00e9int no alle virleienden Erkenntnesser net.&#8221; D&#8217;mRNA, d\u00e9i an de Vaccinen dran ass, k\u00e9int net an den Zentrum vum Zellk\u00e4r, wou d&#8217;Ierfgutt an d&#8217;DNA leien, andr\u00e9ngen.<\/p>\n<p>Bei enger Geentherapie &#8220;g\u00ebtt ee strikt dorop uecht, dass keng Immunreaktioun induz\u00e9iert g\u00ebtt, well d&#8217;Therapie dann net vun Dauer w\u00e4r&#8221;, sot d&#8217;Protzer weider. Domat g\u00e9ifen mRNA-Vaccinen de genee\u00eb G\u00e9igendeel vun enger Geentherapie erf\u00ebllen: &#8220;Am G\u00e9igesaz zu enger Geentherapie si se dorop ausgeriicht, geziilt eng Immunreaktioun auszel\u00e9isen.&#8221;<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/perma.cc\/D2G5-8MJL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Marcus Altfeld<\/a>, w\u00ebssenschaftlechen Direkter vum Leibniz-Institut fir Virologie a Chef vum Departement &#8220;Virusimmunologie&#8221;, huet den 8. Mee 2025 a senger \u00c4ntwert un d&#8217;AFP geschriwwen: &#8220;D\u00ebs mRNA-Vaccine ver\u00e4nneren net human Geenen, wat d&#8217;Zil vun enger Geentherapie w\u00e4r.&#8221;<\/p>\n<p>Laangz\u00e4itniewewierkunge si seelen<\/p>\n<p>Um Enn housch et an de gedeelte B\u00e4itr\u00e4g, d&#8217;Schied, d\u00e9i mRNA-Impfstoffer ausl\u00e9ise g\u00e9ifen, w\u00e4ren irreparabel. De PEI huet d\u00ebs Behaaptung op AFP-Ufro als &#8220;falsch&#8221; bezeechent an huet erkl\u00e4ert: &#8220;D&#8217;ganz \u00ebmfangr\u00e4ich Datebasis, d\u00e9i duerch klinesch Pr\u00fcfunge mat m\u00e9i w\u00e9i Z\u00e9ngdausend Participant\u00eb souw\u00e9i duerch eng aussergew\u00e9inlech grouss Unzuel vun Impfunge mat den am Europ\u00e4esche Wirtschaftsraum zougeloosse COVID-19-Impfstoffer virl\u00e4it, weist, dass d&#8217;Impfstoffer s\u00e9cher, effikass an insgesamt gutt ze verdroe sinn.&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;Protzer huet erkl\u00e4ert, dass et &#8220;a ganz seelene F\u00e4ll&#8221; unhalend Beschwerden no enger Impfung mat mRNA-Impfstoff komme k\u00e9int. &#8220;Dat ass awer kee Schued, deen duerch en mRNA-Impfstoff direkt ausgel\u00e9ist g\u00ebtt, mee typescherweis duerch eng iwwersch\u00e9issend Immunreaktioun oder Entz\u00fcndungsreaktioun.&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;Niewewierkunge vun de Covid-19-Vaccine gi vun der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/HAZ2-NQKQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Europ\u00e4escher Medikamentenagence<\/a> (EMA) op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/ZZT5-WTEV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hirer Internets\u00e4it<\/a> opgel\u00ebscht. Stand Dezember 2023 waren deemno ronn eng Milliard Impfdosisse g\u00e9int Covid-19 am Europ\u00e4esche Wirtschaftsraum gespr\u00ebtzt ginn. Ronn 12.000 Doudesf\u00e4ll w\u00e4ren der EMA gemellt ginn, wat &#8220;ongef\u00e9ier 0,001 gemellten Doudesf\u00e4ll pro 100 gespr\u00ebtzten Impfdosissen&#8221; entsprieche g\u00e9if. Zwou schw\u00e9ier Niewewierkunge sinn d&#8217;H\u00e4erzmuskel- an d&#8217;Herzbeutelentz\u00fcndung. Och si sinn awer mat manner w\u00e9i engem Fall pro 10.000 geimpfte Persoune seelen. An D\u00e4itschland hunn d&#8217;Autorit\u00e9iten der &#8220;Frankfurter Allgemeine&#8221; no bis Abr\u00ebll 2025 an op d&#8217;mannst 573 F\u00e4ll an D\u00e4itschland <a href=\"https:\/\/perma.cc\/YF9B-X7G9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Schied no enger Impfung g\u00e9int Covid-19 unerkannt<\/a>.<\/p>\n<p>Weider Faktenchecken iwwer <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/list\/Impfungen\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Impfungen<\/a> a <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/list\/Covid-19\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Covid-19<\/a> sammelt d&#8217;AFP op hirer Internets\u00e4it.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> Den amerikanesche Supreme Court huet net iwwer eng Klo vum amerikanesche Gesondheetsminister Robert F. Kennedy Jr. betreffend Covid-19-Impfunge geurteelt. Esou e Prozess g\u00ebtt et an der offizieller Datebank vum Geriichtshaff net. D&#8217;Behaaptung war scho virun e puer Joren am \u00cbmlaf a gouf och deemools fir ons\u00ebnneg befonnt.<\/p>\n<p><em>D\u00ebse Faktencheck gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<br \/>\n<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Mam Robert F. Kennedy Jr. huet den amerikanesche President Donald Trump e laangj\u00e4regen Impfkritiker als Gesondheetsminister agesat. Scho virun e puer Joer, laang viru senger Ernennung op den aktuelle Posten, war am Internet d&#8217;Falschbehaaptung kurs\u00e9iert, de Kennedy Jr. h\u00e4tt virum Ieweschte Geriichtshaff vun den USA g\u00e9int Pharmaentrepris\u00eb geklot a gewonnen &#8211; de Geriichtshaff h\u00e4tt Covid-19-Vaccinen an d\u00ebsem Zesummenhang als &#8220;keng Impfstoffer&#8221; bezeechent.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":395673,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,183,190,191],"tags":[],"class_list":["post-395683","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","category-editors-choice-lu","category-fact-check-lb","category-gesondheet","category-politik"],"acf":{"show_metatags":true,"id":"2303018","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2303018.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","share_this_post_to_edmo_website":false,"affiliation":"ADMO","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/395683","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=395683"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/395683\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/395673"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=395683"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=395683"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=395683"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}