{"id":396881,"date":"2025-06-01T13:00:58","date_gmt":"2025-06-01T13:00:58","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=396881"},"modified":"2025-06-03T10:00:31","modified_gmt":"2025-06-03T10:00:31","slug":"faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Keen Zesummenhang t\u00ebscht Kriibs an Autoimmunkrankheeten duerch mRNA-Vaccinen"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p>Z\u00ebnter dem Ausbroch vu Covid-19 an der Af\u00e9ierung vun neiaartege Vaccinen, d\u00e9i gehollef hunn, d&#8217;Pandemie anzed\u00e4mmen, sinn mRNA-Impfstoffer \u00ebmmer nees Zil vun Desinformatioun. Kierzlech gouf am Internet behaapt, eng d\u00e4itsch Et\u00fcd w\u00e4r zur Konklusioun komm, dass d&#8217;Vaccine Kriibs souw\u00e9i Autoimmunkrankheeten ausl\u00e9ise k\u00e9inten.<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p class=\"article-body__summary\">Mee e Co-Auteur vun der besoter Et\u00fcd souw\u00e9i weider Experten hunn dat g\u00e9intiwwer der AFP ofgestridden. D&#8217;B\u00e4itr\u00e4g hunn en Artikel opgegraff, dee Woche virdru vun enger Interessensgrupp g\u00e9int Impfstoffer publiz\u00e9iert gi war, d\u00e4r hire President fr\u00e9ier den neien amerikanesche Gesondheetsminister Robert F. Kennedy Jr. war.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Eng aktuell d\u00e4itsch Et\u00fcd g\u00e9if weisen, dass mRNA-Impfstoffer <em>&#8220;d&#8217;Genetik vum M\u00ebnsch op eng Man\u00e9ier&#8221;<\/em> ver\u00e4nnert hunn, <em>&#8220;d\u00e9i mat Kriibs an Autoimmunkrankheeten a Verbindung bruecht ginn&#8221;<\/em>, steet am \u00cbnnertitel vun engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/MUU9-TQME\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel am tkp-Blogg<\/a>, deen z\u00ebnter dem 1. Abr\u00ebll 2025 villfach op <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/2a2c067f-d55a-4cab-a648-05801f10ea93\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/VRP7-NE4Y\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/ZQZ9-2892\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a>am \u00cbmlaf war.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">D&#8217;Falschbehaaptung war och an anere Sproochen zirkul\u00e9iert, w\u00e9i zum Beispill op Schweedesch a gouf och <a href=\"https:\/\/faktakoll.afp.com\/doc.afp.com.44QZ79D\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">scho vun der AFP iwwerpr\u00e9ift<\/a>.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">De Blogg mam Numm tkp ass an der Vergaangenheet m\u00e9i dacks domat opgefall, Falschinformatiounen iwwer <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.449E4NP\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Impfungen<\/a> oder d&#8217;Droe vu <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.34R44JN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Schutzmasken<\/a> ze verbreeden.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">D&#8217;Behaaptung iwwer mRNA-Impfstoffer hat d&#8217;Interessegrupp g\u00e9int Vaccine mam Numm <a href=\"https:\/\/perma.cc\/R9HS-7BF6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Children&#8217;s Health Defense<\/a> den 1. Abr\u00ebll 2025 an \u00e4nlecher Form publiz\u00e9iert. Den amerikanesche Gesondheetsminister Robert F. Kennedy Jr. war fr\u00e9ier President vun d\u00ebser Organisatioun.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Den Artikel vun Children&#8217;s Health Defense souw\u00e9i den tkp-Bloggartikel hunn nees e <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250506102056\/https:\/\/alexberenson.substack.com\/p\/urgent-mrna-covid-jabs-change-genetic\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Substack-B\u00e4itrag<\/a> vum Alex Berenson zit\u00e9iert, dee virdru w\u00e9inst der Verbreedung vu falschen an ierf\u00e9ierende Behaaptungen iwwer Covid-Impfstoffer vun der Plattform <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250506102540\/https:\/\/www.wsj.com\/opinion\/biden-and-twitter-censorship-alex-berenson-covid-vaccines-white-house-social-media-11660335186\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a>, deemools nach Twitter, gespaart gi war.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/37cd7c30ba77db3b7297ea29474adffe.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Ee vun de Co-Auteure vun der Et\u00fcd huet awer g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, dass hien a seng Kolleege keen Zesummenhang t\u00ebscht mRNA-Covid-Vaccinen a Kriibs oder Autoimmunkrankheete festgestallt h\u00e4tten.<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/6LRD-RZUM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Europ\u00e4esch Medikamentenagence<\/a> (EMA) g\u00ebtt un, dass Covid-Vaccine <a href=\"https:\/\/perma.cc\/W2BW-Y7UV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Millioune M\u00ebnscheliewe gerett<\/a> h\u00e4tten. Doriwwer eraus ges\u00e4it d&#8217;Agence <em>&#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/9L5K-E4YQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">keng Hiweiser op eng Hausse<\/a> vun den Doudesf\u00e4ll am Zesummenhang mat Covid-19-Impfungen an iergendenger Altersgrupp, och net bei Kanner&#8221;<\/em>.<\/p>\n<p>Impfstoffer k\u00ebnnen den Immunsystem st\u00e4erken<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/www.embopress.org\/doi\/full\/10.1038\/s44320-025-00093-6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd<\/a>, d\u00e9i an de B\u00e4itr\u00e4g ernimmt g\u00ebtt, gouf de 25. M\u00e4erz 2025 an der Fachz\u00e4itschr\u00ebft &#8220;Molecular Systems Biology&#8221; publiz\u00e9iert (<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250506070906\/https:\/\/www.embopress.org\/doi\/full\/10.1038\/s44320-025-00093-6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>W\u00e9i an engem Pressecommuniqu\u00e9 vun der Universit\u00e4t K\u00f6ln &#8211; op d\u00e4r vill vun den Autorinnen an Auteure vun der Et\u00fcd t\u00e4teg sinn &#8211; vum 25. M\u00e4erz 2025 erkl\u00e4ert g\u00ebtt, huet d&#8217;Et\u00fcd erginn, dass mRNA-Covid-Vaccinen den Immunsystem laangfristeg pr\u00e4gen, wat dem Kierper h\u00ebllefe k\u00e9int, <em>&#8220;op zuk\u00fcnfteg Infektioune m\u00e9i s\u00e9ier a m\u00e9i breet&#8221;<\/em> ze reag\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Messenger-RNA-Vaccinen (mRNA) &#8211; dozou geh\u00e9ieren d&#8217;Covid-Vaccine vu Moderna a BioNTech\/Pfizer &#8211; enthale genetesch Informatioune mat Uweisunge fir d&#8217;Kop\u00e9iere vum Spikeprotein vum Coronavirus, deen dem Virus d&#8217;Entr\u00e9e an d&#8217;Zell erm\u00e9iglecht. Doduerch l\u00e9iert den Immunsystem, de Protein ze erkennen an am Fall vun enger Infektioun unzegr\u00e4ifen, w\u00e9i dat d\u00e4itscht <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7XSM-X28D\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bundesinstitut f\u00fcr \u00d6ffentliche Gesundheit<\/a>, fr\u00e9ier Bundeszentrale f\u00fcr gesundheitliche Aufkl\u00e4rung, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/PVT9-2YVB\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">erkl\u00e4ert<\/a> huet.<\/p>\n<p>Den Immunsystem verf\u00fc\u00fcgt iwwer zwou Immunstrategien, d\u00e9i ugebuer an d\u00e9i acquer\u00e9iert, housch et am Pressecommuniqu\u00e9 vun der Universit\u00e4t K\u00f6ln. Den ugebueren Immunsystem g\u00e9if en onspezifesche Schutz viru Krankheetserreeger bidden a misst s\u00e9ier reag\u00e9iere k\u00ebnnen. Dat adaptiivt, also den acquer\u00e9ierten Immunsystem, g\u00e9if sech neien oder ver\u00e4nnerten Erreeger upassen: <em>&#8220;B\u00e9id Deeler schaffen enk zesummen.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>An der Et\u00fcd hunn d&#8217;Fuerscher nogewisen, dass mRNA-Covid-Vaccinen nieft der Ausl\u00e9isung vun der Antikierperproduktioun och zu <em>&#8220;laang unhalenden epigenetesche Ver\u00e4nnerungen an Ofwierzelle vum ugebuerenen Immunsystem&#8221;<\/em> f\u00e9iere g\u00e9ifen.<\/p>\n<p>Epigenetesch Ver\u00e4nnerunge bezeechne Ver\u00e4nnerungen, d\u00e9i d&#8217;Expressioun vu Geene beaflossen, also wat fir Geenen &#8220;ageschalt&#8221; ginn, net d&#8217;DNA-Sequenz selwer, huet d&#8217;Umweltbundesamt op hirer\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/6WAD-NDYV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it<\/a> erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/QQL4-86PZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Jan Rybniker<\/a>, ee vun den Auteure vun der Et\u00fcd, gefrot, ob d&#8217;Resultater vun der Et\u00fcd d&#8217;Behaaptung an den ierf\u00e9ierende B\u00e4itr\u00e4g st\u00e4ipen, dass mRNA-Impfstoffer laangfristeg Ver\u00e4nnerungen an der genetescher Struktur vum Kierper ausl\u00e9ise k\u00e9inten, d\u00e9i nees zu <em>&#8220;Entz\u00fcndungsreaktiounen, Autoimmunkrankheeten a Kriibs&#8221;<\/em> f\u00e9iere g\u00e9ifen.<\/p>\n<p><em>&#8220;Et ass kompletten Ons\u00ebnn, d\u00ebs Resultater mat Kriibs oder anere Krankheeten a Verbindung ze br\u00e9ngen&#8221;<\/em>, sot de Rybniker de 24. Abr\u00ebll 2025 g\u00e9intiwwer der AFP.<\/p>\n<p>De Rybniker, deen och Chef vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7EFY-KPCU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Departement fir Infektiounskrankheeten am Unversit\u00e4tsklinikum K\u00f6ln<\/a> an Haaptfuerscher am <a href=\"https:\/\/perma.cc\/P72Y-Z79Q\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Zentrum f\u00fcr Molekulare Medizin K\u00f6ln<\/a> ass, sot: <em>&#8220;Epigenetesch Ver\u00e4nnerunge fannen a m\u00ebnschlechen Zellen dagdeeglech als Reaktioun op \u00cbmweltafl\u00ebss statt.&#8221;<\/em><\/p>\n<p><em>&#8220;No d\u00ebser Logik k\u00e9int ee geneesou gutt behaapten, dass eng Gripp Kriibs ausl\u00e9ist&#8221;<\/em>, sot hien.<\/p>\n<p>Onofh\u00e4ngeg dovun huet d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/XXE7-43YQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Malin Sund<\/a>, Professesch fir Chirurgie op den Universit\u00e9iten Ume\u00e5 a Schweden an Helsinki a Finnland, g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, dass d&#8217;Et\u00fcd keen Zesummenhang t\u00ebscht den Impfstoffer a Kriibs oder Autoimmunkrankheeten hierstelle g\u00e9if.<\/p>\n<p><em>&#8220;Einfach ausgedr\u00e9ckt, ass d&#8217;Resultat vun der Et\u00fcd, dass den mRNA-Impfstoff eng Zort permanent &#8216;Gediechtnesspuer&#8217; hannerl\u00e9isst, fir dass e s\u00e9ier op eng nei Infektioun reag\u00e9iere kann. D\u00ebs Gediechtnesspuer \u00e4nelt deem, wat no enger Infektioun optr\u00ebtt&#8221;<\/em>, sot d&#8217;Sund, d\u00e9i och als Beroderin, Kriibsfuerscherin a Presidentin vum Fuerschungskommitee vun der schweedescher Kriibsgesellschaft <a href=\"https:\/\/perma.cc\/A2BB-72KL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Cancerfonden<\/a> t\u00e4teg ass.<\/p>\n<p><em>&#8220;An anere Wierder: et handelt sech \u00ebm e gew\u00ebnschten Effekt vun der Impfung, well de S\u00ebnn vu Vaccinen dora besteet, dem Immunsystem vum Kierper b\u00e4izebr\u00e9ngen, op Geforen ze reag\u00e9ieren&#8221;<\/em>, sot si de 5. Mee 2025 g\u00e9intiwwer der AFP.<\/p>\n<p>Et\u00fcd ernimmt Kriibs mat kengem Wuert<\/p>\n<p>D&#8217;ierf\u00e9ierend Behaaptunge konzentr\u00e9iere sech op en angeeblechen Zesummenhang t\u00ebscht mRNA-Impfstoffer a Kriibs, mee an d\u00e4r vun hinnen zit\u00e9ierter Et\u00fcd gouf Kriibs mat kengem Wuert ernimmt.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/19d4cb46e08d3e67e9f548729cfca3ba.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>De Rybniker huet erkl\u00e4ert, dass epigenetesch Ver\u00e4nnerunge keng genetesch Mutatioune sinn an och keng dauerhaft Ver\u00e4nnerunge vum Genom mat sech br\u00e9ngen. Ausserdeem huet hie betount, dass se an der Reegel tempor\u00e4r sinn.<\/p>\n<p><em>&#8220;Zwar k\u00ebnne Kriibserkrankungen tats\u00e4chlech mat epigenetesche Ver\u00e4nnerungen anhiergoen, mee d\u00ebs triede banne vu Kriibszellen op, d\u00e9i och genetesch Mutatiounen opweisen. Et g\u00ebtt absolutt keng Hiweiser dorop, dass mRNA-Impfstoffer echt genetesch Mutatiounen ausl\u00e9isen, d\u00e9i gesond Zellen a Kriibszelle verwandele k\u00e9inten&#8221;<\/em>, sot hien.<\/p>\n<p>D&#8217;Sund huet deem zougest\u00ebmmt a b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt: <em>&#8220;Hoffentlech kann d&#8217;Et\u00fcd Afloss op d\u00e9i weider Entw\u00e9cklung vu Kriibsvaccinen huelen, wat eng Hoffnung fir d\u00ebs Zort vu Vaccinen ass.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>Keng Hiweiser dorop, dass mRNA-Impfstoffer Autoimmunerkrankungen ausl\u00e9isen<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet festgestallt, dass an der Et\u00fcd och keng Autoimmunerkrankungen ernimmt ginn.<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/Q5WA-F7EV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Karina Top<\/a>, Professesch op der Fakult\u00e9it fir Medezin an Z\u00e4nnmedezin vun der University of Alberta a Kanada, huet den 28. Abr\u00ebll 2025 g\u00e9intiwwer der AFP an <a href=\"https:\/\/faktantarkistus.afp.com\/doc.afp.com.44AA3KD\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">d\u00ebsem finnesche Faktencheck<\/a> erkl\u00e4ert, dass hir <em>&#8220;keng iwwerzeegend Beweiser fir en Zesummenhang t\u00ebscht Autoimmunkrankheeten a Covid bekannt sinn.&#8221;<\/em><\/p>\n<p><em>&#8220;Et g\u00ebtt s\u00e9cherlech Fallberichter&#8221;<\/em>, sot si. Dat w\u00e4r awer och <em>&#8220;ze erwaarden, well bal d\u00e9i gesamt Populatioun zum Beispill dee selwechte Moment geimpft gouf, w\u00e4rend Covid-19 am \u00cbmlaf war&#8221;<\/em>. Hiren Aarbechtskolleeg h\u00e4tt eng K\u00e9ier gesot: <em>&#8220;Wann ee jiddereen impft, ass all medezinescht Evenement en onerw\u00ebnscht Evenement no der Impfung.&#8221;<\/em> E kausalen Zesummenhang misst also net gi sinn, just well zwee Evenementer zur selwechter Z\u00e4it pass\u00e9ieren. D&#8217;Top ass Kannerdoktesch fir Infektiounskrankheeten a klinesch W\u00ebssenschaftlerin an der Impfstofffuerschung.<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/X6UT-UM2B\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Julie Bettinger<\/a>, W\u00ebssenschaftlerin fir Impfstoffs\u00e9cherheet um Vaccine Evaluation Center vum BC Children&#8217;s Hospital Research Institute a Kanada, huet deem zougest\u00ebmmt.<\/p>\n<p>Si huet den 28. Abr\u00ebll 2025 g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, dass mRNA-Impfstoffer den Immunsystem dorop train\u00e9ieren, friem Stoffer ze erkennen, fir eng Reaktioun g\u00e9int se auszel\u00e9isen. Am Fall vu Covid-Vaccinen handelt et sech \u00ebm Proteinne vum Sars-CoV-2-Virus. <em>&#8220;Well d&#8217;Vaccinen eng spezifesch Reaktioun op de Sars-CoV-2-Virus f\u00ebrderen, k\u00ebnnt et net zum Entstoe vun Autoimmunkrankheeten&#8221;<\/em>, sot si.<\/p>\n<p>Eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Y63X-5GTH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">R\u00ebtsch Et\u00fcde<\/a> sinn zur <a href=\"https:\/\/perma.cc\/URA2-NQG5?type=standard\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Konklusioun komm<\/a>, dass mRNA-Impfstoffer zwar nach <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3LPR-A6MG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">weider erfuerscht gi mussen<\/a>, mee trotzdeem s\u00e9cher sinn an net mat engem erh\u00e9ichte Risiko fir Autoimmunkrankheete verbonne sinn.<\/p>\n<p>Keng Donn\u00e9e\u00ebn iwwer chronesch Entz\u00fcndungen<\/p>\n<p>Schlussendlech g\u00ebtt an de Behaaptungen am Bloggartikel och vun &#8220;Entz\u00fcndungskrankheeten&#8221; duerch mRNA-Impfstoffer geschwat.<\/p>\n<p>Am Diskussiounsdeel vun der Et\u00fcd schreiwen d&#8217;Autorinnen an d&#8217;Auteuren, dass &#8220;d&#8217;Reprogramm\u00e9ierung&#8221; vun den ugebuerenen Immunzelle gew\u00ebss Auswierkunge kann hunn. Dozou geh\u00e9ieren zum Beispill <em>&#8220;d&#8217;Verbesserung vun den Impfstoffreaktiounen an -designen&#8221;<\/em>, <em>&#8220;d&#8217;allgemeng Immunreaktioun&#8221;<\/em> op Infektiounen, d\u00e9i keng Famill mat Covid sinn, a <em>&#8220;souguer&#8221;<\/em> op d&#8217;Verst\u00e4ndnis vu <em>&#8220;postvaccinalen Entz\u00fcndungskrankheeten&#8221;<\/em>. D\u00ebs k\u00e9inte <em>&#8220;bei enger klenger Unzuel u geimpfte Persounen&#8221;<\/em> optrieden.<\/p>\n<p>D\u00ebsen Abschnitt w\u00e4r awer <em>&#8220;dofir geduecht, aner Fuerscher ze inspir\u00e9ieren, eis Resultater an all Richtung weider ze suiv\u00e9ieren&#8221;<\/em>, huet de Rybinker de 6. Mee 2025 erkl\u00e4ert. Dozou g\u00e9ifen och Post-Impf-Syndromer w\u00e9i Myokarditis geh\u00e9ieren, also eng Entz\u00fcndung vum H\u00e4erzmuskel, d\u00e9i a verschiddene F\u00e4ll mat mRNA-Impfstoffer a Verbindung k\u00e9int bruecht ginn, huet hie b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt.<\/p>\n<p>D&#8217;Et\u00fcd g\u00e9if keng Donn\u00e9e\u00ebn enthalen, d\u00e9i d&#8217;Suppositioun st\u00e4ipe g\u00e9ifen, dass d&#8217;Vaccinen zu chroneschen Entz\u00fcndunge f\u00e9ieren, sot hie weider.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet schonn eng Abberzuel Behaaptungen iwwer Covid-Vaccinen a Kriibs widderluecht, beispillsweis <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.36KX34Y\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.34QH4XD\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> an <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.33K279N\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> An enger Falschbehaaptung a Sozialen Netzwierker housch et, dass eng d\u00e4itsch Et\u00fcd zu der Konklusioun komm w\u00e4r, dass mRNA-Vaccine Kriibs an Autoimmunkrankheeten ausl\u00e9ise k\u00e9inten. Dat st\u00ebmmt net, w\u00e9i e Co-Auteur vun der besoter Et\u00fcd souw\u00e9i weider Expertinnen an Experte g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert hunn. An der besoter Et\u00fcd goufen d\u00ebs Krankheeten ausserdeem mat kengem Wuert ernimmt.<\/p>\n<p><em>D\u00ebse Faktencheck gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Z\u00ebnter dem Ausbroch vu Covid-19 an der Af\u00e9ierung vun neiaartege Vaccinen, d\u00e9i gehollef hunn, d&#8217;Pandemie anzed\u00e4mmen, sinn mRNA-Impfstoffer \u00ebmmer nees Zil vun Desinformatioun. Kierzlech gouf am Internet behaapt, eng d\u00e4itsch Et\u00fcd w\u00e4r zur Konklusioun komm, dass d&#8217;Vaccine Kriibs souw\u00e9i Autoimmunkrankheeten ausl\u00e9ise k\u00e9inten.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":396866,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[184,470,183,190,192],"tags":[],"class_list":{"0":"post-396881","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-covid-19-lb","8":"category-editors-choice-lu","9":"category-fact-check-lb","10":"category-gesondheet","11":"category-wessenschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2307561","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"\u00a9 RTL-Grafik","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2307561.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","share_this_post_to_edmo_website":false,"affiliation":"ADMO","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Keen Zesummenhang t\u00ebscht Kriibs an Autoimmunkrankheeten duerch mRNA-Vaccinen - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Keen Zesummenhang t\u00ebscht Kriibs an Autoimmunkrankheeten duerch mRNA-Vaccinen - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Z\u00ebnter dem Ausbroch vu Covid-19 an der Af\u00e9ierung vun neiaartege Vaccinen, d\u00e9i gehollef hunn, d&#039;Pandemie anzed\u00e4mmen, sinn mRNA-Impfstoffer \u00ebmmer nees Zil vun Desinformatioun. Kierzlech gouf am Internet behaapt, eng d\u00e4itsch Et\u00fcd w\u00e4r zur Konklusioun komm, dass d&#039;Vaccine Kriibs souw\u00e9i Autoimmunkrankheeten ausl\u00e9ise k\u00e9inten.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2025-06-01T13:00:58+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2025-06-03T10:00:31+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/ccd770dbca30ef11cb47a294ed9c404c.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"7 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Keen Zesummenhang t\u00ebscht Kriibs an Autoimmunkrankheeten duerch mRNA-Vaccinen\",\"datePublished\":\"2025-06-01T13:00:58+00:00\",\"dateModified\":\"2025-06-03T10:00:31+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/\"},\"wordCount\":1724,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/ccd770dbca30ef11cb47a294ed9c404c.jpeg\",\"articleSection\":[\"COVID-19\",\"Editor's Choice Slider LU\",\"Fact Check\",\"Gesondheet\",\"W\u00ebssenschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/\",\"name\":\"Faktencheck: Keen Zesummenhang t\u00ebscht Kriibs an Autoimmunkrankheeten duerch mRNA-Vaccinen - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/ccd770dbca30ef11cb47a294ed9c404c.jpeg\",\"datePublished\":\"2025-06-01T13:00:58+00:00\",\"dateModified\":\"2025-06-03T10:00:31+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/ccd770dbca30ef11cb47a294ed9c404c.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/ccd770dbca30ef11cb47a294ed9c404c.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Keen Zesummenhang t\u00ebscht Kriibs an Autoimmunkrankheeten duerch mRNA-Vaccinen - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Keen Zesummenhang t\u00ebscht Kriibs an Autoimmunkrankheeten duerch mRNA-Vaccinen\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Keen Zesummenhang t\u00ebscht Kriibs an Autoimmunkrankheeten duerch mRNA-Vaccinen - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Keen Zesummenhang t\u00ebscht Kriibs an Autoimmunkrankheeten duerch mRNA-Vaccinen - EDMO Belux","og_description":"Z\u00ebnter dem Ausbroch vu Covid-19 an der Af\u00e9ierung vun neiaartege Vaccinen, d\u00e9i gehollef hunn, d'Pandemie anzed\u00e4mmen, sinn mRNA-Impfstoffer \u00ebmmer nees Zil vun Desinformatioun. Kierzlech gouf am Internet behaapt, eng d\u00e4itsch Et\u00fcd w\u00e4r zur Konklusioun komm, dass d'Vaccine Kriibs souw\u00e9i Autoimmunkrankheeten ausl\u00e9ise k\u00e9inten.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2025-06-01T13:00:58+00:00","article_modified_time":"2025-06-03T10:00:31+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/ccd770dbca30ef11cb47a294ed9c404c.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"7 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Keen Zesummenhang t\u00ebscht Kriibs an Autoimmunkrankheeten duerch mRNA-Vaccinen","datePublished":"2025-06-01T13:00:58+00:00","dateModified":"2025-06-03T10:00:31+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/"},"wordCount":1724,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/ccd770dbca30ef11cb47a294ed9c404c.jpeg","articleSection":["COVID-19","Editor's Choice Slider LU","Fact Check","Gesondheet","W\u00ebssenschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/","name":"Faktencheck: Keen Zesummenhang t\u00ebscht Kriibs an Autoimmunkrankheeten duerch mRNA-Vaccinen - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/ccd770dbca30ef11cb47a294ed9c404c.jpeg","datePublished":"2025-06-01T13:00:58+00:00","dateModified":"2025-06-03T10:00:31+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/ccd770dbca30ef11cb47a294ed9c404c.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/ccd770dbca30ef11cb47a294ed9c404c.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Keen Zesummenhang t\u00ebscht Kriibs an Autoimmunkrankheeten duerch mRNA-Vaccinen - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keen-zesummenhang-tscht-kriibs-an-autoimmunkrankheeten-duerch-mrna-vaccinen\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Keen Zesummenhang t\u00ebscht Kriibs an Autoimmunkrankheeten duerch mRNA-Vaccinen"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/396881","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=396881"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/396881\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/396866"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=396881"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=396881"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=396881"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}