{"id":397384,"date":"2025-06-18T13:00:13","date_gmt":"2025-06-18T13:00:13","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=397384"},"modified":"2025-06-19T12:49:28","modified_gmt":"2025-06-19T12:49:28","slug":"faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/","title":{"rendered":"Faktencheck: US-Regierungsbericht iwwer Kannergesondheet zit\u00e9iert Auteuren no erfonnt Et\u00fcden"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p>D&#8217;amerikanesch Regierung huet am Mee 2025 e Bericht iwwer chronesch Krankheete bei Kanner a Jugendleche virgeluecht. Op d&#8217;mannst v\u00e9ier vun den doran zit\u00e9ierten Et\u00fcden exist\u00e9ieren awer net, w\u00e9i Autorinnen an Auteuren, d\u00e9i um Dokument geschafft hunn, souw\u00e9i och Editiounshaiser der AFP matgedeelt hunn.<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p class=\"article-body__summary\">Dat w\u00ebrft Zweiwel um Pabeier op, an deem den amerikanesche Gesondheetsminister Robert F. Kennedy Jr. s\u00e4i Programm duerleet.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">De mat Spannung erwaarte <a href=\"https:\/\/perma.cc\/469Z-QT3S\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bericht &#8220;Make America Healthy Again&#8221;<\/a> (op L\u00ebtzebuergesch: &#8220;Maach Amerika nees gesond&#8221;) gouf den 22. Mee 2025 vum amerikanesche Gesondheetsminister Robert F. Kennedy Jr. virgeluecht. De &#8220;MAHA&#8221;-Raport vun 72 S\u00e4ite geheit e kritesche Bl\u00e9ck op d&#8217;Liewensm\u00ebttelversuergung an den USA souw\u00e9i op d&#8217;Auswierkunge vu Pestiziden a verschreiwungsflichtege Medikamenter. E st\u00e4ipt sech dob\u00e4i op iwwer honnert Et\u00fcden. Am Bericht ginn amerikanesch Kanner als iwwerm\u00e9isseg medikament\u00e9is a gl\u00e4ichz\u00e4iteg mangelhaft erniert beschriwwen. Ausserdeem schw\u00e4tzt ee sech fir eng weider Pr\u00e9iwung vum Impfplang fir Kanner aus. M\u00e4 am Bericht sinn och vill falsch Zitater a Links dran, an e schreift Autorinnen an Auteure w\u00ebssenschaftlech Aarbechten zou, d\u00e9i bestreiden, d\u00ebs verfaasst ze hunn.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">D&#8217;Pressespriecherin vum W\u00e4issen Haus Karoline Leavitt huet d&#8217;Feeler w\u00e4rend engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/JG4Y-B5XP\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Point-presse den 29. Mee<\/a> 2025 als &#8220;Format\u00e9ierungsproblemer&#8221; erofgespillt. &#8220;Dat m\u00e9cht d&#8217;inhaltlech Substanz vum Bericht net m\u00e9i schlecht&#8221;, sot d&#8217;Leavitt. Si huet dem Gesondheetsminister Kennedy a senger Ekipp ausserdeem d&#8217;Vertrauen ausgeschwat a betount, hir Aarbecht g\u00e9if op &#8220;zolitter W\u00ebssenschaft&#8221; berouen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/29ce1695fffbadf17273eac95c9f04c0.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/perma.cc\/EWG4-WSG2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;Notus&#8221;<\/a>, en amerikaneschen Noriichteportal, hat den 29. Mee 2025 als \u00e9ischte Medium vun d\u00ebse Problemer geschwat. De Portal huet Verbindunge mam gemengn\u00ebtzegen\u00a0<a href=\"https:\/\/aji.org\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Allbritton Journalism Institute<\/a>.<\/p>\n<p>Den <a href=\"https:\/\/archive.is\/lYTAL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Noah Kreski<\/a>, e Fuerscher vun der Columbia University, deen am Bericht als Auteur vun enger Et\u00fcd iwwer Angschtzoust\u00e4nn an Depressioune bei Jugendleche w\u00e4rend der Covid-19-Pandemie opgefouert ass, sot g\u00e9intiwwer der AFP, de Pabeier w\u00e4r &#8220;keng vu sengen Et\u00fcden&#8221; a &#8220;sch\u00e9ngt iwwerhaapt keng exist\u00e9ierend Et\u00fcd ze sinn&#8221;. Am originalen Zitat war och e\u00a0<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250529160159\/https:\/\/doi.org\/10.1001\/jamapediatrics.2022.3737\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Link<\/a> dran, deen angeeblech bei en Artikel an der w\u00ebssenschaftlech gepr\u00e9ifter medezinescher Fachz\u00e4itschr\u00ebft <a href=\"https:\/\/jamanetwork.com\/journals\/jamapediatrics\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;Jama Pediatrics&#8221;<\/a> f\u00e9iere sollt, mee de Link huet net funktion\u00e9iert. Den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/BDU3-S8H5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Jim Michalski<\/a>, e Spriecher vum Jama Network, sot, den Artikel w\u00e4r &#8220;net bei &#8216;Jama Pediatrics&#8217; oder an enger anerer Z\u00e4itschr\u00ebft vum Jama Network ver\u00ebffentlecht ginn.&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;Epidemiologin <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2M3J-6SUM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Katherine Keyes<\/a> vun der Columbia Universtity, d\u00e9i och als Autorin vun der angeeblecher Jama-Et\u00fcd opgef\u00e9iert gouf, sot g\u00e9intiwwer der AFP, dass si zwar zu deem Sujet fuersche g\u00e9if, awer net w\u00ebsse g\u00e9if, vu wou d\u00e9i hir zougeschriwwe Statistike stame g\u00e9ifen. Weider sot si, dass si &#8220;d\u00ebs Aarbecht net verfaasst&#8221; h\u00e4tt. Si huet sech iwwer de Feeler besuergt gewisen a sot: &#8220;Zitatiounspraktike sinn e weesentleche Bestanddeel vu w\u00ebssenschaftlecher Rigurosit\u00e9it a Berichterstattung.&#8221; Si huet b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt, dass si der Kommissioun g\u00e4r hir <a href=\"https:\/\/jamanetwork.com\/journals\/jamanetworkopen\/fullarticle\/2822217\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">tats\u00e4chlech Fuerschung<\/a> iwwer depressiv Symptomer bei Jugendlechen a jonken Erwuessenen zoukomme loosse g\u00e9if, &#8220;fir de Bericht ze korrig\u00e9ieren, obwuel ech bis elo keng Informatiounen doriwwer krut, w\u00e9i ech si erreeche kann&#8221;.<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/perma.cc\/A4KR-FCJ8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Guohua Li<\/a>, e weidere Professer vun der Columbia University, deen am Bericht zit\u00e9iert g\u00ebtt, sot, de Verweis w\u00e4r &#8220;vollst\u00e4nneg erfonnt&#8221; an hie g\u00e9if de Kreski net emol kennen.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet och mam\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/5L62-RKK2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Harold Farbe<\/a>r, Professer fir Pediatrie um Baylor College of Medicine, geschwat, deen erkl\u00e4ert huet, d&#8217;Et\u00fcd am Rapport, d\u00e9i him zougeschriwwe g\u00ebtt, &#8220;exist\u00e9iert net&#8221; an hien h\u00e4tt ni mat den am Bericht ernimmte Co-Auteuren zesummegeschafft.<\/p>\n<p>Genee sou huet de Brian McNeill, Spriecher vun der Virginia Commonwealth University, confirm\u00e9iert, dass de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/94D9-364A\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Robert Findling<\/a>, Professer fir Psychiatrie, net den Auteur vun engem Pabeier w\u00e4r, deen him am Bericht zougeschriwwe g\u00ebtt an dee sech mat Reklamm fir Psychopharmaka bei Jugendleche befaasse soll.<\/p>\n<p>Eng v\u00e9iert Aarbecht iwwer Medikamenter bei Opmierksamkeetsdefizit-\/Hyperaktivit\u00e9itsst\u00e9ierungen (ADHS) gouf och net w\u00e9i behaapt an der Z\u00e4itschr\u00ebft &#8220;Pediatrics&#8221; am Joer 2008 ver\u00ebffentlecht, sou den Editeur, d&#8217;American Academy of Pediatrics. Eng <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=51u0SkyaAA0\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">St\u00e9chwierdersich<\/a> huet e <a href=\"https:\/\/perma.cc\/44WQ-7GGQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bloggartikel<\/a> mam selwechten Titel w\u00e9i den angeebleche Pabeier fonnt. Allerd\u00e9ngs staamt d\u00ebse vun engem aneren Auteur an ass keng fachlech iwwerpr\u00e9ift Publikatioun.<\/p>\n<p>Den\u00a0Democratic National Committee (DNC), dat nationaalt Gremium vun der Demokratescher Partei an den USA, huet de Bericht an engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/KB4Q-PUTZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Pressecommuniqu\u00e9 vum 29. Mee 2025<\/a> mat de Wierder &#8220;voller Feelinformatiounen&#8221; schaarf kritis\u00e9iert. Den DNC huet erkl\u00e4ert, dem Kennedy s\u00e4i Minist\u00e8re &#8220;rechtf\u00e4erdegt seng politesch Priorit\u00e9ite mat Et\u00fcden a Quellen, d\u00e9i net exist\u00e9ieren.&#8221;<\/p>\n<p>Zitater goufen iwwerschafft<\/p>\n<p>Den amerikanesche Gesondheetsminist\u00e8re (Department of Health and Human Services, HHS) huet eng Stellungnam ofgeleent an huet d&#8217;AFP un d&#8217;W\u00e4isst Haus verwisen. W\u00e4rend hirem Briefing huet d&#8217;Spriecherin Leavitt et ofgeleent, Froen iwwer d&#8217;Entstoe vum Bericht ze be\u00e4ntweren oder dozou, ob m\u00e9iglecherweis K\u00ebnschtlech Intelligenz (KI) bei der Erstellung vum Bericht benotzt gouf. Si huet nees un d&#8217;HHS verwisen.<\/p>\n<p>D'&#8221;Washington Post&#8221; huet gemellt, hir <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250530083831\/https:\/\/www.washingtonpost.com\/health\/2025\/05\/29\/maha-rfk-jr-ai-garble\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Analys vun de Quellenangaben<\/a> h\u00e4tt erginn, dass &#8220;oaicite&#8221; an den URLen drast\u00e9ing. Dat w\u00e4r en Hiweis dorop, dass KI-Tools vun der amerikanescher Entreprise OpenAI benotzt goufen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/0df0bfe37bd9e22f1dbfa8c5c686677f.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>N\u00ebmmen e puer Stonnen nom Briefing gouf op der Internets\u00e4it vum W\u00e4issen Haus eng <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250530001352\/https:\/\/www.whitehouse.gov\/wp-content\/uploads\/2025\/05\/WH-The-MAHA-Report-Assessment.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">iwwerschafft Versioun<\/a> vum Bericht ver\u00ebffentlecht, d\u00e9i dat urspr\u00e9nglecht Dokument ersat huet. D&#8217;\u00c4nnerunge goufe weeder ervirgehuewen nach als Korrekture gekennzeechent, mee d\u00e9i v\u00e9ier Quellenangaben, d\u00e9i vun der AFP \u00ebnnersicht goufen, goufen duerch aner Links ersat.<\/p>\n<p>De Pabeier, deen angeeblech vun der Ekipp vun der Columbia University stame g\u00e9if, gouf duerch e Verweis op e <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4K4F-WD26\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Briefing<\/a> iwwer National Health Interview Survey iwwer Jugendlecher ersat, dee vun der gemengn\u00ebtzeger amerikanescher Organisatioun KFF ver\u00ebffentlecht gouf. D&#8217;Et\u00fcden, d\u00e9i net exist\u00e9ieren, d\u00e9i dem Farber zougeschriwwe g\u00ebtt, gouf duerch eng Aarbecht iwwer d&#8217;Verschreiwung vun orale Steroidhormoner bei Asthma ersat, d\u00e9i hien 2017 an der Z\u00e4itschr\u00ebft &#8220;Pediatrics&#8221;\u00a0<a href=\"https:\/\/archive.is\/seREV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ver\u00ebffentlecht<\/a> hat. En <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250530144100\/https:\/\/psychiatryonline.org\/doi\/10.1176\/appi.ps.57.1.63\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel<\/a>, deen 2006 an der Fachz\u00e4itschr\u00ebft &#8220;Psychiatric Services&#8221; ersch\u00e9ngen ass, huet den urspr\u00e9ngleche Pabeier ersat, deen dem Findling zougeschriwwe gouf. De Verweis op eng angeeblech Et\u00fcd iwwer Reklamm fir ADHS-Medikamenter gouf duerch en <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250530041136\/https:\/\/www.nytimes.com\/2013\/12\/15\/health\/the-selling-of-attention-deficit-disorder.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel<\/a> vun der &#8220;New York Times&#8221; aus dem Joer 2013 ersat.<\/p>\n<p>Bedenke g\u00e9intiwwer Kennedy<\/p>\n<p>D&#8217;Enth\u00fcllungen iwwer d&#8217;Et\u00fcd koume just een Dag, nodeem de Kennedy <a href=\"https:\/\/www.straitstimes.com\/world\/united-states\/us-health-boss-kennedy-calls-medical-journals-corrupt\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">grouss medezinesch Fachz\u00e4itschr\u00ebften attack\u00e9iert<\/a> hat, se der Zesummenaarbecht mat der Pharmaindustrie besch\u00ebllegt an domat ger\u00e9it hat, W\u00ebssenschaftler, d\u00e9i der Regierung \u00ebnnerstinn, vun der Ver\u00ebffentlechung an d\u00ebsen Z\u00e4itschr\u00ebften auszeschl\u00e9issen.<\/p>\n<p>De Kennedy gouf Ufank 2025 als amerikanesche Gesondheetsminister confirm\u00e9iert, obwuel d&#8217;medezinesch Fachwelt w\u00e9inst senger Virgeschicht, <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.48WB3NP\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Feelinformatiounen<\/a><a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.48WB3NP\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">iwwer Vaccinen<\/a> ze verbreeden a w\u00ebssenschaftlech Fakten ze leegnen, breet Besuergnes ge\u00e4ussert hat.<\/p>\n<p>Z\u00ebnter sengem Amtsuntr\u00ebtt huet hien d&#8217;amerikanesch Gesondheetsautorit\u00e9iten ugewisen, d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.france24.com\/en\/live-news\/20250422-us-official-backs-off-promise-to-solve-cause-of-autism-by-september\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Ursaache vun Autismus<\/a> ze \u00ebnnersichen &#8211; eng ugebuer Entw\u00e9cklungsst\u00e9ierung, d\u00e9i hie laang <a href=\"https:\/\/www.france24.com\/en\/live-news\/20250411-rfk-jr-s-autism-epidemic-study-raises-anti-vaxx-fears\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">f\u00e4lschlecherweis<\/a> mat dem Vaccin fir Riedelen, Mumps a Riselen (MMR) a Verbindung bruecht hat. D&#8217;<a href=\"https:\/\/www.france24.com\/en\/live-news\/20250522-trump-admin-sows-doubt-over-vaccines-in-make-america-healthy-again-report\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Hiweiser op chronesch Krankheeten<\/a>, d\u00e9i am Bericht ze fanne sinn, sch\u00e9nge genee dorop unzespillen, obwuel d\u00e9i z\u00ebnterhier diskredit\u00e9iert Thees, d\u00e9i op <a href=\"https:\/\/www.bmj.com\/content\/342\/bmj.c7452.full\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">falschen Donn\u00e9e\u00eb berout<\/a> huet, z\u00ebnter hirer \u00e9ischter Ver\u00ebffentlechung Enn den 1990er-Jore widderluecht gouf. De Bericht kritis\u00e9iert ausserdeem &#8220;d&#8217;Iwwermedizin\u00e9ierung&#8221; vu Kanner, verweist op staark geklomme Verschreiwunge vu Psychopharmaka an Antibiotika a m\u00e9cht &#8220;d&#8217;Absorptioun duerch Konzerner&#8221; fir d&#8217;Verzerrung vun der w\u00ebssenschaftlecher Fuerschung verantwortlech.<\/p>\n<p>Weider Artikelen iwwer Falschinformatiounen iwwer Gesondheetssujete fannt Dir op der <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/list\/topics\/146\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it vun der AFP<\/a>.<\/p>\n<p><em>D\u00ebse Faktencheck gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<br \/>\n<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>D&#8217;amerikanesch Regierung huet am Mee 2025 e Bericht iwwer chronesch Krankheete bei Kanner a Jugendleche virgeluecht. Op d&#8217;mannst v\u00e9ier vun den doran zit\u00e9ierten Et\u00fcden exist\u00e9ieren awer net, w\u00e9i Autorinnen an Auteuren, d\u00e9i um Dokument geschafft hunn, souw\u00e9i och Editiounshaiser der AFP matgedeelt hunn.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":397369,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,183,190,191],"tags":[],"class_list":["post-397384","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","category-editors-choice-lu","category-fact-check-lb","category-gesondheet","category-politik"],"acf":{"show_metatags":true,"id":"2311615","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2311615.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","share_this_post_to_edmo_website":false,"affiliation":"ADMO","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: US-Regierungsbericht iwwer Kannergesondheet zit\u00e9iert Auteuren no erfonnt Et\u00fcden - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: US-Regierungsbericht iwwer Kannergesondheet zit\u00e9iert Auteuren no erfonnt Et\u00fcden - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"D&#039;amerikanesch Regierung huet am Mee 2025 e Bericht iwwer chronesch Krankheete bei Kanner a Jugendleche virgeluecht. Op d&#039;mannst v\u00e9ier vun den doran zit\u00e9ierten Et\u00fcden exist\u00e9ieren awer net, w\u00e9i Autorinnen an Auteuren, d\u00e9i um Dokument geschafft hunn, souw\u00e9i och Editiounshaiser der AFP matgedeelt hunn.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2025-06-18T13:00:13+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2025-06-19T12:49:28+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/7e3307bfc3693fa2a57339bedffa9cfa.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"6 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: US-Regierungsbericht iwwer Kannergesondheet zit\u00e9iert Auteuren no erfonnt Et\u00fcden\",\"datePublished\":\"2025-06-18T13:00:13+00:00\",\"dateModified\":\"2025-06-19T12:49:28+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/\"},\"wordCount\":1330,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/7e3307bfc3693fa2a57339bedffa9cfa.jpeg\",\"articleSection\":[\"Editor's Choice Slider LU\",\"Fact Check\",\"Gesondheet\",\"Politik\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/\",\"name\":\"Faktencheck: US-Regierungsbericht iwwer Kannergesondheet zit\u00e9iert Auteuren no erfonnt Et\u00fcden - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/7e3307bfc3693fa2a57339bedffa9cfa.jpeg\",\"datePublished\":\"2025-06-18T13:00:13+00:00\",\"dateModified\":\"2025-06-19T12:49:28+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/7e3307bfc3693fa2a57339bedffa9cfa.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/7e3307bfc3693fa2a57339bedffa9cfa.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: US-Regierungsbericht iwwer Kannergesondheet zit\u00e9iert Auteuren no erfonnt Et\u00fcden - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: US-Regierungsbericht iwwer Kannergesondheet zit\u00e9iert Auteuren no erfonnt Et\u00fcden\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: US-Regierungsbericht iwwer Kannergesondheet zit\u00e9iert Auteuren no erfonnt Et\u00fcden - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: US-Regierungsbericht iwwer Kannergesondheet zit\u00e9iert Auteuren no erfonnt Et\u00fcden - EDMO Belux","og_description":"D'amerikanesch Regierung huet am Mee 2025 e Bericht iwwer chronesch Krankheete bei Kanner a Jugendleche virgeluecht. Op d'mannst v\u00e9ier vun den doran zit\u00e9ierten Et\u00fcden exist\u00e9ieren awer net, w\u00e9i Autorinnen an Auteuren, d\u00e9i um Dokument geschafft hunn, souw\u00e9i och Editiounshaiser der AFP matgedeelt hunn.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2025-06-18T13:00:13+00:00","article_modified_time":"2025-06-19T12:49:28+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/7e3307bfc3693fa2a57339bedffa9cfa.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"6 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: US-Regierungsbericht iwwer Kannergesondheet zit\u00e9iert Auteuren no erfonnt Et\u00fcden","datePublished":"2025-06-18T13:00:13+00:00","dateModified":"2025-06-19T12:49:28+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/"},"wordCount":1330,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/7e3307bfc3693fa2a57339bedffa9cfa.jpeg","articleSection":["Editor's Choice Slider LU","Fact Check","Gesondheet","Politik"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/","name":"Faktencheck: US-Regierungsbericht iwwer Kannergesondheet zit\u00e9iert Auteuren no erfonnt Et\u00fcden - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/7e3307bfc3693fa2a57339bedffa9cfa.jpeg","datePublished":"2025-06-18T13:00:13+00:00","dateModified":"2025-06-19T12:49:28+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/7e3307bfc3693fa2a57339bedffa9cfa.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/7e3307bfc3693fa2a57339bedffa9cfa.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: US-Regierungsbericht iwwer Kannergesondheet zit\u00e9iert Auteuren no erfonnt Et\u00fcden - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-us-regierungsbericht-iwwer-kannergesondheet-zitiert-auteuren-no-erfonnt-etden\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: US-Regierungsbericht iwwer Kannergesondheet zit\u00e9iert Auteuren no erfonnt Et\u00fcden"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/397384","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=397384"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/397384\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/397369"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=397384"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=397384"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=397384"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}