{"id":397670,"date":"2025-06-24T13:00:29","date_gmt":"2025-06-24T13:00:29","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=397670"},"modified":"2025-06-25T10:20:58","modified_gmt":"2025-06-25T10:20:58","slug":"rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/","title":{"rendered":"RTL-Faktencheck: War den Hitler e Kommunist, w\u00e9i et \u00eb.a. d&#8217;AfD-Politikerin Alice Weidel gesot huet?"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>War den Hitler e Kommunist an domadder l\u00e9nks an der Politik ze chiffr\u00e9ieren? \u00cbmmerhi war hie jo Matgr\u00ebnner vun der NSDAP also der Nationalsozialistische Deutsche Arbeiterpartei.<\/p>\n<p>Am Walkampf fir d&#8217;Bundestagswale bei eisen d\u00e4itschen Noperen hat d&#8217;Sp\u00ebtzekandidatin vun der AFP Alice Weidel am Interview mam Elon Musk op &#8220;X&#8221; den Hitler als Kommunist a L\u00e9nksextreme bezeechent: &#8220;<em>Der gr\u00f6\u00dfte Erfolg nach dieser schrecklichen \u00c4ra unserer Geschichte war es, Adolf Hitler als rechts und konservativ zu bezeichnen. Er war das genaue Gegenteil. Er war nicht konservativ. Er war dieser sozialistisch-kommunistische Typ.<\/em>\u201c<\/p>\n<p>Fir d\u00e9i Ausso ze analys\u00e9ieren, hu mer mam Historiker Professer Christoph Br\u00fcll vun der Uni L\u00ebtzebuerg a mam Politikw\u00ebssenschaftler Michel Dormal vun der Uni Oochen d\u00ebs Ausso analys\u00e9iert.<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\"><strong>Hitler war e &#8220;kommunistesch sozialisteschen Typ&#8221;: Ausso ass net nei<\/strong><\/p>\n<p>D\u00e9i Ausso, seet den Historiker Christoph Br\u00fcll, datt den Hitler Kommunist gewiescht wier, ass zanter dem zweete Weltkrich ni ganz verschwonnen. Grad konservativ Politiker hunn \u00ebmmer nees g\u00e4ren op d\u00ebs Rhetorik zer\u00e9ckgegraff, dor\u00ebnner och de Franz Josef Strau\u00df am Walkampf fir d&#8217;Bundestagswalen 1980. Den CSU-Politiker, deen deemools als Sp\u00ebtzekandidat g\u00e9int den Helmut Schmidt vun der SPD ugetruede war, hat den Hitler an de Goebbels als &#8220;Marxisten&#8221; bezeechent. Deemools war dat s\u00e9ier als &#8220;<em>Propaganda enttarnt ginn<\/em>&#8220;, esou de Christoph Br\u00fcll.<\/p>\n<p>D\u00ebst Beispill weist och, datt och an der M\u00ebtt vun der Gesellschaft d\u00ebs Ausso eng gew\u00ebss Resonanz f\u00ebnnt, g\u00ebtt den Historiker ze bedenken. &#8220;<em>Historesch ass se eendeiteg falsch an och &#8216;relativ einfach&#8217; ze widderlee\u00ebn.<\/em>&#8221; D\u00e9i \u00e9ischt G\u00e9igner n\u00e4mlech, g\u00e9int d\u00e9i d&#8217;Nationalsozialiste virgaange sinn, waren d&#8217;Kommunisten an d&#8217;Sozialdemokraten, b\u00e9id d&#8217;Haaptfeindbild vum NS-Regimm. Mat gezielter Propaganda, virun allem bei den d\u00e4itsche Zaldoten, hu si prob\u00e9iert duerzelee\u00ebn, datt d\u2019Judden hannert dem Bolschewismus st\u00e9ingen \u2013 eng Theorie, d\u00e9i duerch d\u2019Realgeschicht kloer widderluecht ass.<\/p>\n<p>De Politikw\u00ebssenschaftler Michel Dormal ges\u00e4it dat ganz \u00e4nlech: &#8220;<em>De Kommunismus respektiv de Bolschewismus ware fir den Hitler vun Ufank un ee vun de wichtegste Feindbiller.<\/em>&#8221; Och d&#8217;Wirtschaftspolitik vun der NSDAP war net kommunistesch. Si &#8220;<em>huet op eng enk Zesummenaarbecht mat groussen Entreprise gesat, deene vill Privileegie gelooss goufen<\/em>.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/d3beabc57093e492768b6d24c8f181a4.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p>An der Iddiegeschicht ginn et m\u00e9i Richtungen, fir d&#8217;Thema ze widderlee\u00ebn. Politiker vun der neier Rietser beruffe sech g\u00e4ren dob\u00e4i op e vermeintlecht Zitat vum Joseph Goebbels:\u00a0 &#8220;<em>Der Idee der NSDAP entsprechend sind wir die deutsche Linke. Nichts ist uns verhasster als der rechtsstehende nationale Besitzb\u00fcrgerblock<\/em>&#8220;, wat d\u00ebsen awer ni gesot huet. Dat huet och schonn den Historiker Volkter Wei\u00df an engem Interview mat &#8220;<a href=\"https:\/\/www.zeit.de\/2025\/07\/neue-rechte-nationalsozialismus-geschichte-afd\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Die Zeit<\/a>&#8221; den 19. Februar 2025 erkl\u00e4ert. Zanter de 70er an 80er Jore vum leschte Joerhonnert h\u00e9iert deen d\u00ebst falscht Zitat \u00ebmmer nees an der Neier-Rietser-Zeen. Tats\u00e4chlech koum eng liicht ofge\u00e4nnert Versioun vun engem anere Nationalsozialist, dem Joachim Haupt, deen dem nationalrevolution\u00e4ren \u2013 also l\u00e9nke \u2013 Fligel vun der NSDAP \u00ebnner dem Ernst R\u00f6hm ugeh\u00e9iert huet.<\/p>\n<p>W\u00e9i de Wei\u00df an &#8220;Die Zeit&#8221; betount, gouf d\u00ebse Fligel schonn 1934 vun den Nationalsozialiste &#8220;brutal kalgestallt&#8221;. Hie beschreift dat och m\u00e9i am Detail a sengem Buch iwwer d\u00e9i nei Riets mam Titel &#8220;Das Deutsche Demokratische Reich&#8221;.<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\"><strong>Sozialist ass net gl\u00e4ich Sozialist<\/strong><\/p>\n<p>D&#8217;NSDAP huet \u00ebnnert de Begr\u00ebffer &#8220;Sozialismus&#8221; an &#8220;Aarbechterpartei&#8221; eppes Gronds\u00e4tzleches Aneres verstanen, w\u00e9i et d\u00e9i klassesch sozialistesch a marxistesch Parteie maachen, esou den Christoph Br\u00fcll. Dat ass och de K\u00e4rpunkt: Schonn an den 1920er Joren hu Goebbels an Hitler d\u00ebs Begr\u00ebffer fir hir Zwecker \u00ebmdefin\u00e9iert, mat dem Zil, d\u2019Aarbechterklass als Wielerschicht unzez\u00e9ien. D\u2019Partei wollt domat en \u00cbnnerscheed zu de rietsnationalen a konservative Parteien setzen, d\u00e9i \u00e9ischter op en elitistesche Publikum aus waren.<\/p>\n<p>De &#8220;Sozialismus&#8221; vun der NSDAP hat n\u00e4ischt mat enger egalit\u00e4rer Gesellschaft ze dinn,&#8221;<em>w\u00e9i se theoretesch de Sozialisten a Marxisten virgeschwieft huet, m\u00e4 et goung natierlech dr\u00ebm, d\u00e9i ethnesch an antisemittesch Iddi vun der V\u00eblkergemeinschaft ze propag\u00e9ieren<\/em>&#8220;. Mam Begr\u00ebff vum Sozialismus wollten d&#8217;Nationalsozialisten, wann aus dem Bl\u00e9ck vun der Iddiegeschicht kuckt, einfach d\u00e9i grouss Mass an der Populatioun uschw\u00e4tzen. D&#8217;Mass vun der Populatioun wier awer Kollektivismus, sou d\u2019Argumenter vun der neier Rietser, an dat g\u00e9if sugger\u00e9ieren, datt den Nationalsozialismus marxistesch Zich hat. &#8220;D<em>at ass awer grondfalsch<\/em>&#8220;, erkl\u00e4ert den Historiker, wann een d\u00e9i &#8220;<em>\u00cbmdeitung net versteet, datt Sozialismus an Aarbechterpartei u sech just eng Offer un d&#8217;Aarbechterklass ass, fir un der V\u00eblkergemeinschaft deelzehuelen.<\/em>&#8221;<\/p>\n<p>Et huet also n\u00e4ischt mat der &#8220;<em>eigentlecher Iddi vu Marxismus a Sozialismus am strenge S\u00ebnn ze dinn<\/em>&#8220;, g\u00ebtt de Christoph Br\u00fcll ze bedenken. D\u2019NSDAP war weder eng Aarbechterpartei, nach wollt si jeemools eng sinn. Si huet d\u2019Aarbechter instrumentalis\u00e9iert, fir un d\u2019Muecht ze kommen. Och wann d\u2019Partei \u00ebnner hirer Herrschaft e soziaalt Klamme versprach huet, war hir Haaptwielerschaft d\u00e9i &#8220;<em>ver\u00e4ngschtegt M\u00ebttelschicht<\/em>\u201c.<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\"><strong>Hitler war net l\u00e9nks, m\u00e4 och net konservativ<\/strong><\/p>\n<p>Wa mer de Bl\u00e9ck aus der Politikw\u00ebssenschaft op d\u00ebs Z\u00e4it an op d&#8217;Positioun vun der NSDAP geheien,\u00a0 kann ee soen, datt d\u00ebs net l\u00e9nks anzestufe war, ma si war och keng konservativ Partei. W\u00e9i schonn de Christoph Br\u00fcll erkl\u00e4ert huet, confirm\u00e9iert och de Politikw\u00ebssenschaftler Michel Dormal, datt d&#8217;Nazien d\u2019Grondprinzippie vun der l\u00e9nker a kommunistescher Ideologie net gedeelt hunn, &#8220;<em>w\u00e9i zum Beispill d\u2019Iddi vun der Gl\u00e4ichheet t\u00ebscht de M\u00ebnschen, d\u2019Priorit\u00e9it vum Klassekampf oder den opkl\u00e4rereschen Universalismus.<\/em>&#8221; Am G\u00e9igendeel: D\u2019NSDAP huet d\u00ebs W\u00e4erter aktiv bek\u00e4mpft.<\/p>\n<p>Aus politikw\u00ebssenschaftlecher Siicht war si och net konservativ. Konservativ bedeit, dat Bestoend ze erhalen. D\u2019Nazien hu sech awer fir eng radikal Erneierung agesat, fir eng v\u00eblkesch &#8220;Widdergebuert&#8221;, esou de Michel Dormal. Dofir wollt een d\u00e9i komplett politesch Strukturen \u00ebmbauen. &#8220;<em>Willk\u00fcrleche F\u00fchrerw\u00ebllen, Massebeweegung a paramilit\u00e4reschen Terror waren eppes ganz aneschters w\u00e9i dat aalt Preisescht Beamtentum, dat zwar autorit\u00e4r, awer berechebar a stabilit\u00e9itsorient\u00e9iert war.<\/em>&#8221;<\/p>\n<p>De Politikw\u00ebssenschaftler ass doranner kloer: &#8220;<em>Dat ass net konservativ<\/em>.&#8221; Trotzdeem waren d&#8217;Nazie ganz kloer &#8220;riets&#8221;. &#8220;<em>Et g\u00ebtt eben och eng riets-revolution\u00e4r Politik<\/em>.&#8221;<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\"><strong>Hitler a Stalin: Br\u00fcder im Geiste?<\/strong><\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/f9282fa8c54ec3f80fc90a34e757d780.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>S\u00e9cher ginn et Gemeinsamkeeten t\u00ebscht dem Hitler-Regime an D\u00e4itschland an dem Stalin-Regime a Russland, seet den Historiker Christoph Br\u00fcll an nennt de &#8220;F\u00fchrerkult&#8221; an d\u00e9i charismatesch Herrschaft als Beispiller. B\u00e9ides ware jo Diktaturen, d\u00e9i prob\u00e9iert hunn, d\u00e9i ganz Populatioun ze beaflossen. An der aktueller Fuerschung l\u00e4it de Fokus awer \u00e9ischter op den \u00cbnnerscheeder t\u00ebscht d\u00ebsen zwou Forme vun der Diktatur. Kloer ass och: A b\u00e9ide Regimmer huet d\u2019Militaris\u00e9ierung eng zentral Roll gespillt an d\u2019Ziler solle souwuel an der Sowjetunioun w\u00e9i och an Nazid\u00e4itschland esou s\u00e9ier w\u00e9i m\u00e9iglech \u00ebmgesat ginn.<\/p>\n<p><strong>Ideologesch gesi waren d&#8217;Viraussetzunge vum Stalin an Hitler awer ganz verschidden.<\/strong><\/p>\n<p>Esou bas\u00e9iert de Kommunismus &#8220;<em>op d&#8217;mannst theoretesch op der Inclusioun vun der ganzer Gesellschaft, w\u00e4rend bei den Nationalsozialisten d&#8217;Volleksgemeinschaft ontrennbar vun der Exklusioun vun der Gesellschaft war.<\/em>&#8221; An D\u00e4itschland goufen \u00ebnner anerem d\u00e9i M\u00ebnschen, d\u00e9i als Judden defin\u00e9iert goufen, souw\u00e9i d&#8217;Sinti a Roma komplett aus der Gesellschaft ausgeschloss. &#8220;<em>Dee Vergl\u00e4ich kann ee maachen, et muss een awer och gesinn, datt d&#8217;Viraussetzungen an d&#8217;Ausgangsbedingunge komplett anerer waren<\/em>&#8220;.<\/p>\n<p>Och aus politesch-w\u00ebssenschaftlecher Siicht kann een d\u00e9i zwou Ideologien an d\u00ebsem Kontext vergl\u00e4ichen. Den Antisemitismus war a b\u00e9ide Lagere present: op der rietser S\u00e4it rassistesch a biologesch motiv\u00e9iert, op der l\u00e9nker S\u00e4it mat anere Gr\u00ebnn verbonnen. Hei war et \u00e9ischter &#8220;<em>a Verbindung mat enger verkierzter Kapitalismuskritik. De Kapitalismus g\u00ebtt mam &#8216;Finanzkapital&#8217; gl\u00e4ichgesat, an d\u2019Finanzkapital g\u00ebtt mat enger klenger, konspirativer Grupp vu r\u00e4iche Bankleit, d\u00e9i Profit iwwer alles stellt, identifiz\u00e9iert.&#8221; <\/em>De Michel Dormal confirm\u00e9iert, datt et partiell Gemeinsamkeeten t\u00ebscht rietsextremem a l\u00e9nksextremem Antisemitismus g\u00ebtt, &#8220;<em>m\u00e4 dat l\u00e4it dorunner, datt et sech a b\u00e9ide F\u00e4ll eben \u00ebm Antisemitismus handelt.<\/em>&#8221; De Politikw\u00ebssenschaftler g\u00ebtt ze bedenken, datt u sech keng politesch Beweegung dog\u00e9int immun ass, &#8220;<em>och wann dat vu verschiddene Leit g\u00e4re gegleeft g\u00ebtt<\/em>&#8220;.<\/p>\n<p>Et kann een also soen, datt dat, wat den Hitler an de Stalin vereent huet, war den Opbau vun enger Diktatur. Beim Verglach vun d\u00ebsen zwee Regimmer f\u00ebnnt ee &#8220;<em>s\u00e9cher Gemeinsamkeeten, w\u00e9i de Pers\u00e9inlechkeetskult<\/em>\u201c, esou de Christoph Br\u00fcll. Gl\u00e4ichz\u00e4iteg g\u00e9if et awer och grouss \u00cbnnerscheeder ginn, besonnesch wat d\u2019Roll an den Asaz vu Gewalt ugeet. Och wa Gewalt op b\u00e9ide S\u00e4ite present war, &#8220;<em>weise sech d\u2019\u00cbnnerscheeder an der konkreter Aus\u00fcbung.<\/em>&#8221;<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\"><strong>Hitler e Kommunist? \u00cbnner Historiker keng eescht gefouert Diskussioun!<\/strong><\/p>\n<p>Wuel gouf et Gespr\u00e9ichsronnen, bei deene sech mam Thema befaasst gouf, ob den Hitler e Kommunist soll gewiescht sinn, &#8220;<em>\u00ebnner Historiker g\u00ebtt dat awer net eescht diskut\u00e9iert<\/em>&#8220;, esou de Professer Christoph Br\u00fcll. Net ze verleegnen ass, datt et am Nationalsozialismus \u2013 w\u00e9i och am Kommunismus \u2013 eng breet Massemobilis\u00e9ierung an d&#8217;M\u00e9iglechkeet fir sozialen Opstig gouf. Iddiegeschichtlech awer ass kloer: Den Haaptfeind vun den Nazie war d\u2019L\u00e9nks.<\/p>\n<p>Dat \u00ebnnerstr\u00e4ichen eng R\u00ebtsch Aussoe vum Goebbels a vum Hitler selwer. B\u00e9id h\u00e4tte sech \u2013 am klassesche S\u00ebnn vun der Iddiegeschicht \u2013 ni als &#8220;l\u00e9nks&#8221;, respektiv &#8220;kommunistesch, marxistesch oder sozialdemokratesch&#8221; verstanen.<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\"><strong>NS-Z\u00e4it g\u00ebtt vu ville S\u00e4iten ideologesch &#8220;\u00ebmgedeit&#8221;<\/strong><\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/682a9342e51597c5873fe894ff1ce728.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 Photo by KAY NIETFELD \/ dpa-POOL \/ dpa Picture-Alliance via AFP<\/p>\n<p>Esou ges\u00e4it dat och de Politikw\u00ebssenschaftler Michel Dormal. Hie weist drop hin, datt et \u00ebmmer er\u00ebm Versich g\u00ebtt, den Nationalsozialismus ideologesch \u00ebmzeinterpret\u00e9ieren, fir eegen Ziler ze \u00ebnnerst\u00ebtzen. D\u00e9i Liberalkonservativ notze se beispillsweis als Argument g\u00e9int &#8220;<em>d\u2019Herrschaft vum P\u00f6bel<\/em>&#8220;, w\u00e4rend d\u2019Gauche den Nationalsozialismus als &#8220;<em>Mask vun der aler Bourgeoisie<\/em>&#8220;, d\u00e9i einfach hir demokratesch Fassad ofleet, versteet.<\/p>\n<p>&#8220;<em>Am Fall vun der Alice Weidel ass et fir d\u2019\u00e9ischt mol e klore Versuch, sech op relativ b\u00eblleg Aart vum Verdacht vum Nationalsozialismus ze distanz\u00e9ieren<\/em>&#8220;, seet de Michel Dormal. D\u2019AfD bef\u00ebnnt sech hei an enger spezieller Konstellatioun, well et &#8220;zwou Str\u00e9imunge bannent der Partei&#8221; g\u00ebtt. D\u2019Alice Weidel steet fir eng westd\u00e4itsch, strikt neoliberal Linn, &#8220;<em>d\u00e9i sech bei US-Tech-Milliard\u00e4ren aschleimt an duerch hir komesch Interpretatioun vun der Geschicht Gemeinsamkeete mat Leit w\u00e9i dem Elon Musk konstru\u00e9iert.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>Am Osten dog\u00e9int ass d\u2019Iddi vun der &#8220;Volleksgemeinschaft&#8221; m\u00e9i verbreet, eng Visioun, d\u00e9i m\u00e9i no um nationalsozialisteschen Original l\u00e4it. &#8220;<em>D\u00ebs verzerrt Geschichtsdeitung vun der Weidel ass also och en Deel vum interne Str\u00e4it an der AfD doriwwer, w\u00e9i eng Form vu rietser Politik si w\u00eblle represent\u00e9ieren.<\/em>\u201c<\/p>\n<p><em>Hutt Dir Froen oder Ureegunge fir aner Themen? Da mellt Iech \u00ebnnert d\u00ebser E-Mail-Adress bei der RTL-Faktencheckredaktioun: faktencheck@rtl.lu<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>War den Hitler e Kommunist an domadder l\u00e9nks an der Politik ze chiffr\u00e9ieren? \u00cbmmerhi war hie jo Matgr\u00ebnner vun der NSDAP also der Nationalsozialistische Deutsche Arbeiterpartei.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":397650,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,183,193,191],"tags":[],"class_list":{"0":"post-397670","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-editors-choice-lu","8":"category-fact-check-lb","9":"category-gesellschaft","10":"category-politik"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2306103","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"\u00a9 AFP","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2306103.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","share_this_post_to_edmo_website":false,"affiliation":"BELUX","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>RTL-Faktencheck: War den Hitler e Kommunist, w\u00e9i et \u00eb.a. d&#039;AfD-Politikerin Alice Weidel gesot huet? - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"RTL-Faktencheck: War den Hitler e Kommunist, w\u00e9i et \u00eb.a. d&#039;AfD-Politikerin Alice Weidel gesot huet? - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"War den Hitler e Kommunist an domadder l\u00e9nks an der Politik ze chiffr\u00e9ieren? \u00cbmmerhi war hie jo Matgr\u00ebnner vun der NSDAP also der Nationalsozialistische Deutsche Arbeiterpartei.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2025-06-24T13:00:29+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2025-06-25T10:20:58+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/b7612fedddaa9e9a5ebc7819248dfa79.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"8 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"RTL-Faktencheck: War den Hitler e Kommunist, w\u00e9i et \u00eb.a. d&#8217;AfD-Politikerin Alice Weidel gesot huet?\",\"datePublished\":\"2025-06-24T13:00:29+00:00\",\"dateModified\":\"2025-06-25T10:20:58+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/\"},\"wordCount\":1904,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/b7612fedddaa9e9a5ebc7819248dfa79.jpeg\",\"articleSection\":[\"Editor's Choice Slider LU\",\"Fact Check\",\"Gesellschaft\",\"Politik\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/\",\"name\":\"RTL-Faktencheck: War den Hitler e Kommunist, w\u00e9i et \u00eb.a. d'AfD-Politikerin Alice Weidel gesot huet? - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/b7612fedddaa9e9a5ebc7819248dfa79.jpeg\",\"datePublished\":\"2025-06-24T13:00:29+00:00\",\"dateModified\":\"2025-06-25T10:20:58+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/b7612fedddaa9e9a5ebc7819248dfa79.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/b7612fedddaa9e9a5ebc7819248dfa79.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"RTL-Faktencheck: War den Hitler e Kommunist, w\u00e9i et \u00eb.a. d'AfD-Politikerin Alice Weidel gesot huet? - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"RTL-Faktencheck: War den Hitler e Kommunist, w\u00e9i et \u00eb.a. d&#8217;AfD-Politikerin Alice Weidel gesot huet?\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"RTL-Faktencheck: War den Hitler e Kommunist, w\u00e9i et \u00eb.a. d'AfD-Politikerin Alice Weidel gesot huet? - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"RTL-Faktencheck: War den Hitler e Kommunist, w\u00e9i et \u00eb.a. d'AfD-Politikerin Alice Weidel gesot huet? - EDMO Belux","og_description":"War den Hitler e Kommunist an domadder l\u00e9nks an der Politik ze chiffr\u00e9ieren? \u00cbmmerhi war hie jo Matgr\u00ebnner vun der NSDAP also der Nationalsozialistische Deutsche Arbeiterpartei.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2025-06-24T13:00:29+00:00","article_modified_time":"2025-06-25T10:20:58+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/b7612fedddaa9e9a5ebc7819248dfa79.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"8 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"RTL-Faktencheck: War den Hitler e Kommunist, w\u00e9i et \u00eb.a. d&#8217;AfD-Politikerin Alice Weidel gesot huet?","datePublished":"2025-06-24T13:00:29+00:00","dateModified":"2025-06-25T10:20:58+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/"},"wordCount":1904,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/b7612fedddaa9e9a5ebc7819248dfa79.jpeg","articleSection":["Editor's Choice Slider LU","Fact Check","Gesellschaft","Politik"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/","name":"RTL-Faktencheck: War den Hitler e Kommunist, w\u00e9i et \u00eb.a. d'AfD-Politikerin Alice Weidel gesot huet? - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/b7612fedddaa9e9a5ebc7819248dfa79.jpeg","datePublished":"2025-06-24T13:00:29+00:00","dateModified":"2025-06-25T10:20:58+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/b7612fedddaa9e9a5ebc7819248dfa79.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/b7612fedddaa9e9a5ebc7819248dfa79.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"RTL-Faktencheck: War den Hitler e Kommunist, w\u00e9i et \u00eb.a. d'AfD-Politikerin Alice Weidel gesot huet? - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-war-den-hitler-e-kommunist-wi-et-a-dafd-politikerin-alice-weidel-gesot-huet\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"RTL-Faktencheck: War den Hitler e Kommunist, w\u00e9i et \u00eb.a. d&#8217;AfD-Politikerin Alice Weidel gesot huet?"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/397670","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=397670"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/397670\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/397650"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=397670"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=397670"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=397670"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}