{"id":397932,"date":"2025-06-25T10:00:31","date_gmt":"2025-06-25T10:00:31","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=397932"},"modified":"2025-06-25T11:31:38","modified_gmt":"2025-06-25T11:31:38","slug":"hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/","title":{"rendered":"Hey Chatbot, st\u00ebmmt dat?: KI &#8220;iwwerpr\u00e9ift Fakten&#8221; a verbreet Falschinformatiounen"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p>W\u00e4rend dem Kaschmir-Konflikt am Mee 2025 t\u00ebscht Pakistan an Indien, deen iwwer v\u00e9ier Deeg goung, hu sech explosiounsaarteg Falschinformatiounen iwwer d\u00e9i sech milit\u00e4resch Spannungen t\u00ebscht b\u00e9ide L\u00e4nner verbreet, d\u00e9i sech zousp\u00ebtzen.<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p class=\"article-body__summary\">Fir e besseren Iwwerbl\u00e9ck ze behalen, hu sech Notzer vu sozialen Netzwierker fir d&#8217;Fakteniwwerpr\u00e9iwung un e KI-Chatbot geriicht. Dob\u00e4i si si awer op nach m\u00e9i Onwourechte gestouss, wat d&#8217;Onzouverl\u00e4ssegkeet vu KI als Instrument fir Fakteniwwerpr\u00e9iwung \u00ebnnerstr\u00e4icht.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Well Tech-Konzerner \u00ebmmer manner op Faktenchecker setzen an asetzen, verloosse sech d&#8217;Notzer bei der Sich no verl\u00e4sslechen Informatiounen \u00ebmmer m\u00e9i op KI-bas\u00e9iert Chatbots &#8211; dor\u00ebnner \u00a0<a href=\"https:\/\/x.ai\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Grok<\/a> vun xAI, <a href=\"https:\/\/openai.com\/chatgpt\/overview\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ChatGPT<\/a> vun OpenAI an <a href=\"https:\/\/deepmind.google\/models\/gemini\/#introduction\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Gemini<\/a> vu Google.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">&#8220;Hey @Grok, st\u00ebmmt dat?&#8221; ass eng heefeg gestallt Fro op dem Elon Musk senger Plattform X, wou de KI-Assistent integr\u00e9iert ass. Dat spigelt den Trend, deen \u00ebmmer m\u00e9i wiisst, er\u00ebm, a sozialen Netzwierker no s\u00e9iere Faktenchecken ze sichen. D&#8217;\u00c4ntwerte sinn awer dacks selwer voll mat Feelinformatiounen.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Grok steet am Moment nees \u00ebnner Beobachtung, well en de rietsextreeme Konspiratiounsnarrativ &#8220;White Genocide&#8221;, also &#8220;Genozid u W\u00e4issen&#8221;, an net relevante Sichufroen agef\u00fc\u00fcgt huet. De KI-Chatbot hat al Videoopname vum Fluchhafe Khartum am Sudan f\u00e4lschlecherweis als Rak\u00e9itenugr\u00ebff op de pakistanesche Loftwaffest\u00ebtzpunkt Nur Khan w\u00e4rend dem kierzleche Konflikt vum Land mat Indien identifiz\u00e9iert.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Filmmaterial vun engem brennende Gebai an Nepal, dat n\u00e4ischt domat ze dinn hat, gouf f\u00e4lschlecherweis als &#8220;warscheinlech&#8221; Reaktioun vum pakistanesche Milit\u00e4r op indesch Attacken identifiz\u00e9iert.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">&#8220;D&#8217;Notze vu Grok fir Fakteniwwerpr\u00e9iwung, d\u00e9i zouh\u00eblt, f\u00e4lt an eng Z\u00e4it, an d\u00e4r X an aner grouss Technologiekonzerner hir Investitiounen a Faktenchecker gekierzt hunn&#8221;, sot d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/Z2HK-3FA8?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">McKenzie Sadeghi<\/a> g\u00e9intiwwer der AFP. D&#8217;Sadeghi ass Analystin beim amerikanesche Journalismusprojet NewsGuard, dee sech op eng Bew\u00e4ertung vun der Glafwierdegkeet an Transparenz vun Internets\u00e4ite spezialis\u00e9iert huet.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">&#8220;Eis \u00cbnnersichungen hunn \u00ebmmer nees gewisen, dass KI-Chatbots keng zouverl\u00e4sseg Quelle fir Noriichten an Informatioune sinn, besonnesch wann et \u00ebm aktuell Noriichte geet&#8221;, huet si gewarnt.<\/p>\n<p>Detailer &#8220;erfonnt&#8221;<\/p>\n<p>\u00cbnnersichunge vun <a href=\"https:\/\/www.newsguardtech.com\/ai-monitor\/may-2025-ai-misinformation-monitor\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">NewsGuard<\/a> hunn erginn, dass z\u00e9ng f\u00e9ierend Chatbots dozou tend\u00e9iere g\u00e9ifen, Onwourechten ze widderhuelen (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/P374-B3GB\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert). Dor\u00ebnner sinn och beispillsweis russesch Desinformatiounsnarrativer a falsch oder ierf\u00e9ierend Behaaptungen am Zesummenhang mat der j\u00e9ngster Parlamentswal an Australien ze fannen.<\/p>\n<p>An enger aktueller Et\u00fcd iwwer aacht KI-Sichtools huet den <a href=\"https:\/\/www.cjr.org\/tow_center\/we-compared-eight-ai-search-engines-theyre-all-bad-at-citing-news.php\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Tow Center for Digital Journalism der Columbia University<\/a> festgestallt, dass Chatbots &#8220;am Allgemenge schlecht dora sinn, Froen, d\u00e9i se net genee be\u00e4ntwere k\u00ebnnen, ofzeleenen, an amplaz falsch oder spekulativ \u00c4ntwerte ginn&#8221; (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/SP47-8L3R\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>W\u00e9i AFP-Faktenchecker an Uruguay Gemini zu engem KI-gener\u00e9ierte Bild vun enger Fra befrot hunn, huet de KI-Chatbot net just deem seng Echtheet confirm\u00e9iert, mee och nach Detailer zu hirer Identit\u00e9it an dem Uert, wou d&#8217;Bild warscheinlech gemaach gouf, erfonnt.<\/p>\n<p>Grok huet kierzlech en angeebleche Video vun enger grousser Anakonda, d\u00e9i am Amazonas schw\u00ebmmt, als &#8220;echt&#8221; agestuuft an huet souguer glafwierdeg kl\u00e9ngend w\u00ebssenschaftlech Feldfuerschung zit\u00e9iert, fir d\u00e9i falsch Behaaptung ze \u00ebnnermaueren.<\/p>\n<p>A Wierklechkeet war de Video mat KI hiergestallt, w\u00e9i <a href=\"https:\/\/factual.afp.com\/doc.afp.com.46UT3ZP\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP-Faktenchecker a Lat\u00e4inamerika<\/a> erausfonnt hunn. Si hunn ausserdeem dorop higewisen, dass vill Notzer d&#8217;Asch\u00e4tzung vu Grok als Beweis fir d&#8217;Echtheet vum Videoclip ugef\u00e9iert hunn.<\/p>\n<p>Esou Erkenntnisser ginn e Grond zur Suerg, well <a href=\"https:\/\/generative-ai-newsroom.com\/do-people-want-to-get-their-news-from-chatbots-8a806495b65d\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00cbmfroe<\/a> weisen, dass Internetuser, fir un Informatiounen ze kommen a se ze iwwerpr\u00e9iwen, \u00ebmmer m\u00e9i vun traditionelle Sichmaschinnen op KI-Chatbots wiesselen.<\/p>\n<p>D\u00ebs Entw\u00e9cklung k\u00ebnnt zu engem Moment, wou <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.36TE7T3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Meta Ufank vum Joer ugek\u00ebnnegt<\/a> hat, s\u00e4i Programm fir Fakteniwwerpr\u00e9iwung duerch Dr\u00ebtter an den USA anzestellen. D&#8217;Aufgab, Falschmeldungen opzedecken, g\u00ebtt elo un normal Notzer iwwerdroen, an zwar am Kader vun engem Modell, deen als &#8220;Community Notes&#8221; bekannt ass an duerch d&#8217;Plattform X popul\u00e4r gouf.<\/p>\n<p>Fachleit hunn d&#8217;Effikassit\u00e9it vu &#8220;Community Notes&#8221; bei der Bek\u00e4mpfung vu Falschmeldungen \u00ebmmer nees a Fro gestallt.<\/p>\n<p>&#8220;Beaflosst \u00c4ntwerten&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;Iwwerpr\u00e9iwung vu Fakten duerch M\u00ebnschen ass z\u00ebnter Laangem e Str\u00e4itpunkt an engem hyperpolaris\u00e9ierte politesche Klima. Dat g\u00ebllt besonnesch fir d&#8217;USA, wou a konservative Kreesser behaapt g\u00ebtt, dass doduerch d&#8217;Meenungsfr\u00e4iheet \u00ebnnerdr\u00e9ckt a rietsgeriicht Contenuen zens\u00e9iert g\u00e9ifen &#8211; wat professionell Faktenchecker vehement zer\u00e9ckweisen.<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP schafft am Moment a 26 Sprooche mam Fakteniwwerpr\u00e9iwungsprogramm vu Meta zesummen<\/a>, dor\u00ebnner an Asien, Lat\u00e4inamerika an an der Europ\u00e4escher Unioun.<\/p>\n<p>D&#8217;Qualit\u00e9it an d&#8217;Prezisioun vu KI-Chatbots ka jee no hirer Programm\u00e9ierung an hirem Training vari\u00e9ieren, wat zu Bedenke f\u00e9iert, dass hir Resultater politesch beaflosst oder kontroll\u00e9iert gi k\u00e9inten.<\/p>\n<p>Dem Musk seng Entreprise xAI huet kierzlech eng <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250610084701\/https:\/\/www.france24.com\/en\/live-news\/20250517-musk-s-xai-blames-unauthorized-tweak-for-white-genocide-posts\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;net autoris\u00e9iert \u00c4nnerung&#8221;<\/a> dofir responsabel gemaach, dass Grok onopgefuerdert B\u00e4itr\u00e4g mat Verweiser op e &#8220;Genozid u W\u00e4issen&#8221; a S\u00fcdafrika hiergestallt huet.<\/p>\n<p>W\u00e9i de KI-Expert <a href=\"https:\/\/perma.cc\/WJT7-W7RV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">David Caswell<\/a> Grok gefrot huet, wie seng Systemopfuerderung h\u00e4tt k\u00ebnne ge\u00e4nnert hunn, huet den Chatbot de Musk als &#8220;warscheinlechste&#8221; Sch\u00ebllege genannt.<\/p>\n<p>De Musk, deen a S\u00fcdafrika gebuere Milliard\u00e4r an \u00cbnnerst\u00ebtzer vum amerikanesche President Donald Trump, hat virdrun d\u00e9i onbegr\u00ebnnt Behaaptung verbreet, dass s\u00fcdafrikanesch Regierungscheffen &#8220;oppe fir e V\u00eblkermord&#8221; u W\u00e4issen antriede g\u00e9ifen.<\/p>\n<p>&#8220;Mir hu gesinn, w\u00e9i KI-Assistente Resultater f\u00e4lschen oder virageholl \u00c4ntwerte gi k\u00ebnnen, nodeem hir Uweisungen duerch m\u00ebnschlecht Programm\u00e9iere geziilt ge\u00e4nnert goufen&#8221;, sot d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/LVL9-J4U5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Angie Holan<\/a>, Direktesch vun den International Fact-Checking Networks, g\u00e9intiwwer der AFP.<\/p>\n<p>&#8220;Besonnesch vill Suerge m\u00e9cht mir, w\u00e9i Grok Ufroen iwwer immens sensibel Theeme falsch benotzt huet, nodeem en Uweisunge kritt hat, virewech autoris\u00e9iert \u00c4ntwerten ze ginn.&#8221;<\/p>\n<p><em>D\u00ebse Faktencheck gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<br \/>\n<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>W\u00e4rend dem Kaschmir-Konflikt am Mee 2025 t\u00ebscht Pakistan an Indien, deen iwwer v\u00e9ier Deeg goung, hu sech explosiounsaarteg Falschinformatiounen iwwer d\u00e9i sech milit\u00e4resch Spannungen t\u00ebscht b\u00e9ide L\u00e4nner verbreet, d\u00e9i sech zousp\u00ebtzen.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":397927,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,183,381,391],"tags":[],"class_list":{"0":"post-397932","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-editors-choice-lu","8":"category-fact-check-lb","9":"category-leieren-iwwer-desinformatioun-a-fakt-iwwerpreiwen","10":"category-technologie"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2313982","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2313982.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","share_this_post_to_edmo_website":false,"affiliation":"BELUX","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Hey Chatbot, st\u00ebmmt dat?: KI &quot;iwwerpr\u00e9ift Fakten&quot; a verbreet Falschinformatiounen - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Hey Chatbot, st\u00ebmmt dat?: KI &quot;iwwerpr\u00e9ift Fakten&quot; a verbreet Falschinformatiounen - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"W\u00e4rend dem Kaschmir-Konflikt am Mee 2025 t\u00ebscht Pakistan an Indien, deen iwwer v\u00e9ier Deeg goung, hu sech explosiounsaarteg Falschinformatiounen iwwer d\u00e9i sech milit\u00e4resch Spannungen t\u00ebscht b\u00e9ide L\u00e4nner verbreet, d\u00e9i sech zousp\u00ebtzen.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2025-06-25T10:00:31+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2025-06-25T11:31:38+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/33b369f35838a7d45709e80c3d3b8fea.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"720\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"4 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Hey Chatbot, st\u00ebmmt dat?: KI &#8220;iwwerpr\u00e9ift Fakten&#8221; a verbreet Falschinformatiounen\",\"datePublished\":\"2025-06-25T10:00:31+00:00\",\"dateModified\":\"2025-06-25T11:31:38+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/\"},\"wordCount\":996,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/33b369f35838a7d45709e80c3d3b8fea.jpeg\",\"articleSection\":[\"Editor's Choice Slider LU\",\"Fact Check\",\"L\u00e9ieren iwwer Desinformatioun a Fakt iwwerpr\u00e9iwen\",\"Technologie\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/\",\"name\":\"Hey Chatbot, st\u00ebmmt dat?: KI \\\"iwwerpr\u00e9ift Fakten\\\" a verbreet Falschinformatiounen - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/33b369f35838a7d45709e80c3d3b8fea.jpeg\",\"datePublished\":\"2025-06-25T10:00:31+00:00\",\"dateModified\":\"2025-06-25T11:31:38+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/33b369f35838a7d45709e80c3d3b8fea.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/33b369f35838a7d45709e80c3d3b8fea.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":720,\"caption\":\"Hey Chatbot, st\u00ebmmt dat?: KI \\\"iwwerpr\u00e9ift Fakten\\\" a verbreet Falschinformatiounen - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Hey Chatbot, st\u00ebmmt dat?: KI &#8220;iwwerpr\u00e9ift Fakten&#8221; a verbreet Falschinformatiounen\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Hey Chatbot, st\u00ebmmt dat?: KI \"iwwerpr\u00e9ift Fakten\" a verbreet Falschinformatiounen - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Hey Chatbot, st\u00ebmmt dat?: KI \"iwwerpr\u00e9ift Fakten\" a verbreet Falschinformatiounen - EDMO Belux","og_description":"W\u00e4rend dem Kaschmir-Konflikt am Mee 2025 t\u00ebscht Pakistan an Indien, deen iwwer v\u00e9ier Deeg goung, hu sech explosiounsaarteg Falschinformatiounen iwwer d\u00e9i sech milit\u00e4resch Spannungen t\u00ebscht b\u00e9ide L\u00e4nner verbreet, d\u00e9i sech zousp\u00ebtzen.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2025-06-25T10:00:31+00:00","article_modified_time":"2025-06-25T11:31:38+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":720,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/33b369f35838a7d45709e80c3d3b8fea.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"4 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Hey Chatbot, st\u00ebmmt dat?: KI &#8220;iwwerpr\u00e9ift Fakten&#8221; a verbreet Falschinformatiounen","datePublished":"2025-06-25T10:00:31+00:00","dateModified":"2025-06-25T11:31:38+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/"},"wordCount":996,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/33b369f35838a7d45709e80c3d3b8fea.jpeg","articleSection":["Editor's Choice Slider LU","Fact Check","L\u00e9ieren iwwer Desinformatioun a Fakt iwwerpr\u00e9iwen","Technologie"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/","name":"Hey Chatbot, st\u00ebmmt dat?: KI \"iwwerpr\u00e9ift Fakten\" a verbreet Falschinformatiounen - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/33b369f35838a7d45709e80c3d3b8fea.jpeg","datePublished":"2025-06-25T10:00:31+00:00","dateModified":"2025-06-25T11:31:38+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/33b369f35838a7d45709e80c3d3b8fea.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/33b369f35838a7d45709e80c3d3b8fea.jpeg","width":1080,"height":720,"caption":"Hey Chatbot, st\u00ebmmt dat?: KI \"iwwerpr\u00e9ift Fakten\" a verbreet Falschinformatiounen - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/hey-chatbot-stmmt-dat-ki-iwwerprift-fakten-a-verbreet-falschinformatiounen\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Hey Chatbot, st\u00ebmmt dat?: KI &#8220;iwwerpr\u00e9ift Fakten&#8221; a verbreet Falschinformatiounen"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/397932","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=397932"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/397932\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/397927"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=397932"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=397932"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=397932"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}