{"id":398868,"date":"2025-07-02T13:00:17","date_gmt":"2025-07-02T13:00:17","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=398868"},"modified":"2025-07-24T14:44:04","modified_gmt":"2025-07-24T14:44:04","slug":"faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Wiederkaarte vu Fernseesendere net manipul\u00e9iert, fir global Erwiermung iwwerdriwwen duerzestellen"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p>D&#8217;global Klimaerwiermung, d\u00e9i duerch m\u00ebnschlech Aktivit\u00e9iten ausgel\u00e9ist g\u00ebtt, ass duerch den internationale w\u00ebssenschaftleche Konsens beluecht.<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p class=\"article-body__summary\">Trotzdeem m\u00ebssbrauchen Internetuser all Summer Wiederkaarte vu Fernseesenderen, fir d&#8217;Klimaerwiermung ze relativ\u00e9ieren oder souguer ze leegnen, andeem si d&#8217;Medien der &#8220;Manipulatioun&#8221; besch\u00ebllegen.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Am Juni 2025 hunn eng R\u00ebtsch Internetuser al Kaarte mat aktuelle Kaarte verglach a behaapt, dass d\u00ebs bei de selwechten Temperaturen haut vill m\u00e9i rout duergestallt g\u00e9ife w\u00e9i virun e puer Joer. Si vergl\u00e4ichen awer f\u00e4lschlecherweis Kaarte vu verschiddene Sendere mat \u00ebnnerschiddleche Grafiken, d\u00e9i entweeder den Temperaturniveau oder d&#8217;Ofw\u00e4ichung par rapport zum Duerchschn\u00ebtt vun enger Joresz\u00e4it duerstellen. Mat der globaler Erwiermung ginn Temperaturen an Ofw\u00e4ichungen no uewen a Frankr\u00e4ich awer \u00ebmmer m\u00e9i heefeg, onofh\u00e4ngeg vun der Joresz\u00e4it.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">D&#8217;<a href=\"https:\/\/meteofrance.com\/actualites-et-dossiers\/actualites\/canicule-cette-semaine-quoi-sattendre\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">H\u00ebtztwell a w\u00e4iten Deeler vu Frankr\u00e4ich<\/a> M\u00ebtt Juni 2025 hat eng Hausse vu virale Publikatiounen als Konsequenz, an deenen eng angeeblech &#8220;Mediemanipulatioun&#8221; am Zesummenhang mat der globaler Erwiermung ugeprangert gouf (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/5YPA-D36A\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>). Vill Internetzuser an och e puer Prominenter hu Fernseesendere besch\u00ebllegt, d&#8217;Situatioun mat H\u00ebllef vun de Kaarten an hiren deegleche Wiederprevisiounen iwwerdriwwen duerzestellen, andeem si d\u00ebs angeeblech vill &#8220;m\u00e9i rout&#8221; ersch\u00e9nge loosse w\u00e9i nach virun e puer Jore bei de selwechten Temperaturen (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/5TTU-CCQA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">1<\/a>,\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/6XJ4-XC8L\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">2<\/a>, <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250624081541\/https:\/\/www.facebook.com\/plugins\/post.php?href=https%3A%2F%2Fwww.facebook.com%2Fmike.weisbecker%2Fposts%2Fpfbid03PQdKXUxzFPxUaHFzTYeRrmAYjG1BKBe54gM34KrFGQeefK35zcs7JiCBofocgUcl\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">3<\/a>).<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">D\u00ebs Usch\u00ebllegungen zilen dorop of, d&#8217;global Erwiermung an d&#8217;Verantwortung vum M\u00ebnsch dofir erofzespillen, <a href=\"https:\/\/www.ipcc.ch\/languages-2\/francais\/publications\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">obwuel se w\u00ebssenschaftlech beluecht sinn<\/a> (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/NBA3-P6W7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>). Se dauchen z\u00ebnter e puer Joren all Summer a Sozialen Netzwierker op; d&#8217;AFP huet schonn eng Abberzuel dovun iwwerpr\u00e9ift (<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.33PK3A4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">1<\/a>, <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.32FT4E2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">2<\/a>, <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.32FG8M8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">3<\/a>, <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.32CW76G\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">4<\/a>, <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.32EW9UW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">5<\/a>).<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">&#8220;D\u00ebst Joer de selwechte Constat: Bei de selwechten Temperature ginn d&#8217;Faarwe vun engem Joer zum anere m\u00e9i d\u00e4ischter&#8221;, huet beispillsweis de St\u00e9phane Vojetta, en Deput\u00e9ierten aus dem Lager vum President Macron a Vertrieder vun de Fransousen am Ausland, den 18. Juni 2025 op der Plattform X an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/VM6S-538J\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">engem B\u00e4itrag beklot<\/a>. Mat d\u00ebsem Post hat hien de Sportjournalist St\u00e9phane Hermel \u00ebnnerst\u00ebtzt, deen e b\u00ebssen \u00e9ischter <a href=\"https:\/\/perma.cc\/ZH9T-7JRA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">op RMC beklot<\/a> hat, dass Lille bei 23 Grad &#8220;elo routbrong&#8221; w\u00e4r, w\u00e4rend &#8220;d\u00ebs Faarwe virun 20 Joer net esou gewiescht&#8221; w\u00e4ren.<\/p>\n<p>Verschidden T\u00e4uschungen<\/p>\n<p>E puer Notzer vu Sozialen Netzwierker deelen hirers\u00e4its eng Wiederkaart vun &#8220;Antenne2&#8221; (m\u00ebttlerweil France2) vum 29. Juli 1983, fir ze behaapten, dass &#8220;d&#8217;Temperature m\u00e9i waarm ware w\u00e9i 2024, awer d&#8217;Kaarte waren net scharlachrout gezeechent!&#8221; D\u00ebs Kaart f\u00ebnnt ee bei Minutt 27:10 am <a href=\"https:\/\/www.ina.fr\/ina-eclaire-actu\/video\/cab00051502\/antenne-2-le-journal-de-20h-emission-du-30-juillet-1983\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Video<\/a> vum Journal vun eeben d\u00ebsem 29. Juli 1983, deen op der Internets\u00e4it vum Institut national de l&#8217;audiovisuel disponibel ass (Ina &#8211;\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/F5BW-STGK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>).<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/07\/7e93b96a88f256f1990cef10f704af36.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;Publikatiounen, d\u00e9i si an d\u00ebse Kommentarer weiderverbreeden, sinn awer ierf\u00e9ierend: Si bez\u00e9ie sech op eng Kaart virun iwwer 40 Joer, w\u00e9i Wiederkaarte just d&#8217;Temperaturen ouni Faarfnuanc\u00eb gewisen hunn. Dat huet n\u00e4ischt mat den haitege Kaarten ze dinn. W\u00e9i mir sp\u00e9ider gesinn, benotze Fernseesendere Faarfnuancen, fir d&#8217;Ofw\u00e4ichunge vun den Temperature vun de joresz\u00e4itlechen Duerchschn\u00ebttsw\u00e4erter no uewen oder no \u00ebnnen duerzestellen.<\/p>\n<p>Am Joer 1983 &#8220;waren d&#8217;Kaarte magn\u00e9itesch, de Kaartenhannergrond war dat ganzt Joer iwwer de selwechten a seng Faarf war dohier onofh\u00e4ngeg vun der Joresz\u00e4it neutral. D&#8217;Temperature goufe mat H\u00ebllef vu Magn\u00e9iter ugewisen&#8221;, huet France2 de 26. Juni 2025 g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>Aner Internetuser benotzen awer m\u00e9i nei Kaarten, fir hir Aussoen ze \u00ebnnermaueren.<\/p>\n<p>Ee vun hinne vers\u00e9chert an engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2ECE-UU65\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Video op TikTok<\/a>, dass &#8220;fr\u00e9ier [&#8230;] souguer bei 41 Grad donkelorange war. Elo, bei iwwer 30 Grad, si mir am rouder Ber\u00e4ich, et ass eng H\u00ebtztwell, mir w\u00e4erten all stierwen. Et ass egal wat&#8221;, seet hien a vergl\u00e4icht zwou Kaarten. D\u00e9i l\u00e9nks weist d&#8217;Moderatrice an d&#8217;Cheffin vum Wiederd\u00e9ngscht vun TF1 Evelyne Dh\u00e9liat, d\u00e9i eng Kaart mat giel bis orangeroude Nuanc\u00eb vu Westen no Osten detaill\u00e9iert beschreift; d\u00e9i riets weist e komplett rout Frankr\u00e4ich bei Temperature vun 28 bis 32 Grad.<\/p>\n<p>De Video gouf den 18. Juni 2025 op TikTok publiz\u00e9iert an hat v\u00e9ier Deeg duerno bal 13.000 Views.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/07\/3914d9315a8eab6403a79efedac31b2b.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D\u00ebse Montage ass awer ierf\u00e9ierend an d&#8217;Behaaptungen, d\u00e9i dora genannt ginn, si falsch.<\/p>\n<p>Den Auteur vum Video vers\u00e9chert, dass et sech bei der l\u00e9nker Kaart \u00ebm &#8220;d&#8217;Wieder virun 10, 20 Joer&#8221; handelt. Eng <a href=\"https:\/\/www.invid-project.eu\/tools-and-services\/invid-verification-plugin\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00ebmgek\u00e9iert Billersich<\/a> m\u00e9cht awer d\u00e4itlech, dass de Screenshot mat der Evelyne Dh\u00e9liat a Wierklechkeet e fiktive Wiederbericht fir August 2050 ass, dee si 2014 present\u00e9iert hat, fir virun der globaler Erwiermung ze warnen. E war mat H\u00ebllef vu Prognose vu M\u00e9t\u00e9o France erstallt ginn. Och d\u00ebsen ass op der <a href=\"https:\/\/www.ina.fr\/ina-eclaire-actu\/le-faux-bulletin-meteo-d-evelyne-dheliat-du-18-aout-2050\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it vum Ina<\/a> ze fannen (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/ZH22-L4VE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>).<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/07\/7520b3eb5ff66f3449f49c56eaf04b2b.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;Kaart op der rietser S\u00e4it ass par conter eng Kaart vu BFMTV, w\u00e9i den Noriichtesender der AFP de 26. Juni confirm\u00e9iert huet.<\/p>\n<p>Schlussendlech ass <a href=\"https:\/\/bsky.app\/profile\/defakator.bsky.social\/post\/3lsborpnjls2m\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">opmierksame Social-Media-Notzer opgefall<\/a>, dass d&#8217;Leit Kaarte vu moies mat Kaarte vun nom\u00ebttes vergl\u00e4ichen an an hire B\u00e4itr\u00e4g Kaarten niewentenee stellen, deenen hir Faarwen Ofw\u00e4ichunge vun der normaler Joresz\u00e4it duerstellen, bei ganz \u00ebnnerschiddlechen Temperaturniveauen (<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250624133801\/https:\/\/bsky.app\/profile\/defakator.bsky.social\/post\/3lsborpnjls2m\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>).<\/p>\n<p>Moyenn\u00eb vu Joresz\u00e4iten<\/p>\n<p>W\u00e9i vill Experten der AFP schonn a fr\u00e9ieren Artikelen zu d\u00ebsem Sujet erkl\u00e4ert haten, ass et net s\u00ebnnvoll, Wiederberichter ze vergl\u00e4ichen, well <strong>all Fernseesender aner Faarfnuanc\u00eb benotzt<\/strong> an heiansdo och aus verschiddene Joresz\u00e4iten a Jore stamen, d\u00e9i e puer Joerz\u00e9ngten ausernee leien.<\/p>\n<p>D&#8217;Liesaart huet sech effektiv weiderentw\u00e9ckelt. Eng R\u00ebtsch Fernseesendere versiche beispillsweis haut, <strong>Ofw\u00e4ichunge vun de Joresz\u00e4itduerchschn\u00ebtter ervirzehiewen<\/strong>, wat virun 20 oder 30 Joer bei verschiddenen net de Fall war.<\/p>\n<p>D&#8217;Joeresz\u00e4itduerchschn\u00ebtter entspriechen, fir m\u00e9i prezis ze sinn, de &#8220;Klimaduerchschn\u00ebttsw\u00e4erter&#8221;, d\u00e9i fir d&#8217;Analys vu Wiederphenomeener an Echtz\u00e4it d\u00e9ngen. D&#8217;Duerchschn\u00ebtter, d\u00e9i am Moment als Referenz geholl ginn, goufe fir den Z\u00e4itraum 1991-2020 berechent, erkl\u00e4ert M\u00e9t\u00e9o France op senger <a href=\"https:\/\/meteofrance.com\/actualites-et-dossiers\/actualites\/climat\/de-nouvelles-normales-pour-qualifier-le-climat-en-france\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it<\/a> (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/5JTC-VHS3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>). <strong>Well se awer just all z\u00e9ng Joer berechent ginn (no de Reegele vun der Weltorganisatioun fir Meteorologie), ginn d&#8217;Wiederkaarten, d\u00e9i mir op der T\u00eblee gewise kr\u00e9ien, opgrond vun der globaler Erwiermung m\u00e9i rout duergestallt.<\/strong><\/p>\n<p>A Frankr\u00e4ich ass d&#8217;global Erwiermung gr\u00e4ifbar. D&#8217;Fr\u00e9ijoer 2025 war beispillsweis dat dr\u00ebttw\u00e4ermst &#8220;z\u00ebnter dem Ufank vun den Opzeechnungen am Joer 1900&#8221;, mat enger &#8220;Anomalie vu +1,1\u00b0C am Verglach zur Norm, ex aequo mat de Fr\u00e9ijore vun 2022 an 2007, hanner 2011 (+1,5\u00b0C) an 2020 (+1,3\u00b0C), huet M\u00e9t\u00e9o France a sengem <a href=\"https:\/\/meteofrance.fr\/sites\/meteofrance.fr\/files\/files\/editorial\/bilan-printemps-2025.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">leschte Bilan<\/a> betount (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/4VH4-CJH2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>).<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/07\/04f3f61bb91192580b514a48cf0be6f8.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>&#8220;Inform\u00e9ieren&#8221; an &#8220;net manipul\u00e9ieren&#8221;<\/p>\n<p>An der Praxis sinn all d&#8217;Informatiounen, d\u00e9i d&#8217;Senderen all dag vu M\u00e9t\u00e9o France zur Verf\u00fcgung gestallt kr\u00e9ien, identesch: eng L\u00ebscht mat de gemoossen Temperaturen an eng Kaart vu Frankr\u00e4ich, d\u00e9i a m\u00e9i Ber\u00e4icher agedeelt ass, mat liicht liesbare Piktogrammer, d\u00e9i Loftmassen a groussraimeg Phenomeener duerstellen.<\/p>\n<p>Duerno &#8220;huet all Medium seng eege Grafikcharte, fir s\u00e4i Wiederbericht ze present\u00e9ieren&#8221;, hat M\u00e9t\u00e9o France am Juli 2023 g\u00e9intiwwer der AFP am Kader vun engem <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.33PK3A4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">anere Faktencheck iwwer ierf\u00e9ierend Kaartemontagen a Sozialen Netzwierker<\/a> matgedeelt.<\/p>\n<p>An engem <a href=\"https:\/\/www.tiktok.com\/@tf1info\/video\/7097094910427352326\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Video op TikTok<\/a> am Joer 2022 hat d&#8217;Moderatrice an d&#8217;Cheffin vum Wiederd\u00e9ngscht vun TF1, d&#8217;Evelyne Dh\u00e9liat, d&#8217;Hannergr\u00ebnn vun der Preparatioun vun engem Wiederbericht erkl\u00e4ert, an deem een d&#8217;Dokumenter, d\u00e9i ee vu M\u00e9t\u00e9o France zur Verf\u00fcgung gestallt kr\u00e9ich, gesi kann. Si hat deemools erkl\u00e4ert, dass d&#8217;Erstelle vun enger anim\u00e9ierter Wiederkaart, d\u00e9i all d\u00ebs Elementer zesummefaasst, dr\u00e4i Stonne fir de Infografiker an Usproch h\u00eblt.<\/p>\n<p>Op TF1 stellen d&#8217;Faarwen &#8211; vun deenen et haut n\u00e9ng g\u00ebtt &#8211; d&#8217;Ofw\u00e4ichungen, no uewen oder \u00ebnnen, vun de saisonalen Normw\u00e4erter duer, w\u00e9i de Sender de 26. Juni 2025 g\u00e9intiwwer der AFP confirm\u00e9iert huet.<\/p>\n<p>&#8220;D&#8217;Iddi ass, dass d&#8217;Zuschauer direkt verstinn, ob et sech \u00ebm eng normal Temperatur, eng m\u00e9i h\u00e9ich oder eng m\u00e9i kal Temperatur handelt, w\u00e9i et fir d\u00ebs Joresz\u00e4it normal ass&#8221;, hat d&#8217;Evelyne Dh\u00e9liat 2022 g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>Mat d\u00ebsem System huet eng Temperatur vu 25 Grad also beispillsweis am Abr\u00ebll an am Juni net d\u00e9i selwecht Faarf &#8211; wat an den ierf\u00e9ierende virale Publikatiounen ni ugedeit g\u00ebtt.<\/p>\n<p>De Meteorolog a fr\u00e9iere Moderator vu &#8220;La Cha\u00eene M\u00e9t\u00e9o&#8221; Guillaume S\u00e9chet huet souguer unhand vun engem Verglach vun zwou TF1-Kaarte gewisen, deen an engem <a href=\"https:\/\/www.meteo-villes.com\/actualites\/pourquoi-les-cartes-meteo-sont-rouges-quand-il-fait-chaud?fbclid=IwY2xjawLHQr5leHRuA2FlbQIxMABicmlkETBjOEhkRk9VT0FyZkFod1NLAR4D1cLBee7cOF_QlZJt3ogOs3r9xmG8G3zRhVlzTdl9Tcjc9G_8raJNcrdS4w_aem_eFRJ5p6od7zJuUdVuHW4ig\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel<\/a> ze gesinn ass, deen den 18. Juni 2025 als Reaktioun op eng R\u00ebtsch Besch\u00ebllegunge ver\u00ebffentlecht gouf, dass &#8220;e W\u00e4ert vun 23\u00b0C Enn Juli, deen 2002 orange duergestallt gi war, 2023 elo blo ass. De Beweis, dass et keng Manipulatioun g\u00ebtt, am G\u00e9igendeel!&#8221;, sou seng Konklusioun (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/64P9-PPZL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>).<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/07\/79e11cfcda932a582771049b230d3539.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>BFMTV stellt d&#8217;Ofw\u00e4ichunge vun den Normalw\u00e4erter och mat enger eegener Grafik duer. D&#8217;Faarwe vun de Kaarte &#8220;gi vun enger Software aus den Donn\u00e9e\u00eb vu M\u00e9t\u00e9o France gener\u00e9iert. Et g\u00ebtt also keng Selektioun oder m\u00ebnschlech Agr\u00ebffer. D\u00ebs Donn\u00e9e\u00eb bas\u00e9ieren op den Duerchschn\u00ebttstemperature vun der Saison, d\u00e9i sech ver\u00e4nneren, sou dass eng Temperatur, d\u00e9i vill m\u00e9i h\u00e9ich ass w\u00e9i den Duerchschn\u00ebtt vun der Saison, automatesch eng m\u00e9i d\u00e4ischter Faarf kritt&#8221;, huet BFMTV de 26. Juni erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>Dat selwecht g\u00ebllt fir Temperaturen, d\u00e9i m\u00e9i kal w\u00e9i den Duerchschn\u00ebtt sinn. Beispillsweis waren d&#8217;Wiederkaarte vu BFM an RMC de <a href=\"https:\/\/rmc.bfmtv.com\/replay-emissions\/apolline-matin\/meteo-un-temps-instable-le-24-juillet_VN-202307240087.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">24. Juli 2023<\/a> opgrond vun Temperaturen \u00ebnner dem saisonale M\u00ebttelw\u00e4ert blo gefierft (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/9YXD-TG3M\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>).<\/p>\n<p>Op France2 stellen d\u00e9i benotzt Faarwe par conter d&#8217;Temperaturw\u00e4erter duer.<\/p>\n<p>&#8220;All v\u00e9ier oder f\u00ebnnef Grad \u00e4nnert sech d&#8217;Faarf (z.B. 25 Grad = eng Faarf, 30 Grad = eng aner Faarf, an dat \u00e4nnert sech net am Laf vum Joer)&#8221;, huet &#8220;France T\u00e9l\u00e9visions&#8221; de 26. Juni an enger E-Mail matgedeelt an erkl\u00e4ert, dass d\u00ebse System aus dem Joer 2018 stame g\u00e9if an z\u00ebnterhier net ge\u00e4nnert gi w\u00e4r.<\/p>\n<p>&#8220;D\u00ebs Charte huet e redaktionellen Zweck, fir dat direkt Versteesdemech an dat intuitiivt Liese vu Kaarten ze erliichteren (Orange a Rout symbolis\u00e9ieren an de Faarfcod\u00eb vum deegleche Liewe W\u00e4ermt). Se gouf mam Fachw\u00ebsse vun eise meteorologeschen Analysten entw\u00e9ckelt a berout op enger objektiver Gradatioun, ouni kalkul\u00e9iert Exageratioun, w\u00e9i munch mengen. D&#8217;Realit\u00e9it vun enger Situatioun mat H\u00ebllef vun engem pedagogesche Support ze beschreiwen, ass ee vun den Outile vun der T\u00eblee, fir eppes ze erzielen&#8221;, huet d&#8217;Grupp betount.<\/p>\n<p>&#8220;Den technesche Fortschr\u00ebtt erm\u00e9iglecht et, eis Outilen ze st\u00e4erken, net fir ze manipul\u00e9ieren, mee fir besser ze inform\u00e9ieren&#8221;, huet &#8220;France T\u00e9l\u00e9visions&#8221; nach betount.<\/p>\n<p><strong>Et g\u00ebtt also keng &#8220;Manipulatioun&#8221; vun de Wiederberichter op der T\u00eblee mam angeeblechen Zil, de Phenomeen vun der globaler Erwiermung iwwerdriwwen duerzestellen oder aus dem N\u00e4ischt ze konstru\u00e9ieren. Wann d&#8217;Kaarte rout sinn, ass d&#8217;Temperatur h\u00e9ich oder l\u00e4it iwwer dem Duerchschn\u00ebtt vun der Joresz\u00e4it, wat \u00ebmmer m\u00e9i dacks virk\u00ebnnt.<\/strong><\/p>\n<p>Verst\u00e4ndlech Faarwe fir jiddereen<\/p>\n<p>Schlussendlech g\u00ebtt et zwar keen eenheetleche Faarfcode fir all Fernseesender, fir d&#8217;Temperatur\u00ebnnerscheeder am Verglach zu de saisonalen Duerchschn\u00ebttsw\u00e4erter ze weisen, awer all d\u00ebs Kaarte bleiwen de Prinzippie vun der graphescher Duerstellung trei, d\u00e9i <a href=\"https:\/\/geoconfluences.ens-lyon.fr\/glossaire\/semiologie-graphique\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">vun der graphescher Semiologie festgeluecht<\/a> goufen (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/BFA6-YNVZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>).<\/p>\n<p>&#8220;D\u00ebs Reegele vun der graphescher Semiologie besoen, dass een op d&#8217;Wiel vun de Faarwe [mat de passenden Aussoen] oppasst, fir d&#8217;Intensit\u00e9it vun engem Phenomeen oder enger Unuerdnung, [mat fir jidderee verst\u00e4ndleche Faarwen], duerzestellen&#8221; (z.B. blo fir kal oder rout fir waarm, Um. v. d. Red.), hat d&#8217;Sidonie Christophe, Fuerscherin am Ber\u00e4ich fir geografesch W\u00ebssenschaften am &#8216;Institut national de l&#8217;information g\u00e9ographique et foresti\u00e8re (IGN), am Juli 2023 g\u00e9intiwwer der AFP gesot.<\/p>\n<p><em>D\u00ebse Faktencheck gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<br \/>\n<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>D&#8217;global Klimaerwiermung, d\u00e9i duerch m\u00ebnschlech Aktivit\u00e9iten ausgel\u00e9ist g\u00ebtt, ass duerch den internationale w\u00ebssenschaftleche Konsens beluecht.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":398838,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[189,183],"tags":[],"class_list":{"0":"post-398868","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-emwelt","8":"category-fact-check-lb"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2317066","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2317066.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","share_this_post_to_edmo_website":false,"affiliation":"BELUX","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Wiederkaarte vu Fernseesendere net manipul\u00e9iert, fir global Erwiermung iwwerdriwwen duerzestellen - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Wiederkaarte vu Fernseesendere net manipul\u00e9iert, fir global Erwiermung iwwerdriwwen duerzestellen - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"D&#039;global Klimaerwiermung, d\u00e9i duerch m\u00ebnschlech Aktivit\u00e9iten ausgel\u00e9ist g\u00ebtt, ass duerch den internationale w\u00ebssenschaftleche Konsens beluecht.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2025-07-02T13:00:17+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2025-07-24T14:44:04+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/07\/bb2e8100c2927adfae3600df38a011c6.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"9 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Wiederkaarte vu Fernseesendere net manipul\u00e9iert, fir global Erwiermung iwwerdriwwen duerzestellen\",\"datePublished\":\"2025-07-02T13:00:17+00:00\",\"dateModified\":\"2025-07-24T14:44:04+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/\"},\"wordCount\":2042,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/07\/bb2e8100c2927adfae3600df38a011c6.jpeg\",\"articleSection\":[\"\u00cbmwelt\",\"Fact Check\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/\",\"name\":\"Faktencheck: Wiederkaarte vu Fernseesendere net manipul\u00e9iert, fir global Erwiermung iwwerdriwwen duerzestellen - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/07\/bb2e8100c2927adfae3600df38a011c6.jpeg\",\"datePublished\":\"2025-07-02T13:00:17+00:00\",\"dateModified\":\"2025-07-24T14:44:04+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/07\/bb2e8100c2927adfae3600df38a011c6.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/07\/bb2e8100c2927adfae3600df38a011c6.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Wiederkaarte vu Fernseesendere net manipul\u00e9iert, fir global Erwiermung iwwerdriwwen duerzestellen - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Wiederkaarte vu Fernseesendere net manipul\u00e9iert, fir global Erwiermung iwwerdriwwen duerzestellen\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Wiederkaarte vu Fernseesendere net manipul\u00e9iert, fir global Erwiermung iwwerdriwwen duerzestellen - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Wiederkaarte vu Fernseesendere net manipul\u00e9iert, fir global Erwiermung iwwerdriwwen duerzestellen - EDMO Belux","og_description":"D'global Klimaerwiermung, d\u00e9i duerch m\u00ebnschlech Aktivit\u00e9iten ausgel\u00e9ist g\u00ebtt, ass duerch den internationale w\u00ebssenschaftleche Konsens beluecht.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2025-07-02T13:00:17+00:00","article_modified_time":"2025-07-24T14:44:04+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/07\/bb2e8100c2927adfae3600df38a011c6.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"9 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Wiederkaarte vu Fernseesendere net manipul\u00e9iert, fir global Erwiermung iwwerdriwwen duerzestellen","datePublished":"2025-07-02T13:00:17+00:00","dateModified":"2025-07-24T14:44:04+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/"},"wordCount":2042,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/07\/bb2e8100c2927adfae3600df38a011c6.jpeg","articleSection":["\u00cbmwelt","Fact Check"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/","name":"Faktencheck: Wiederkaarte vu Fernseesendere net manipul\u00e9iert, fir global Erwiermung iwwerdriwwen duerzestellen - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/07\/bb2e8100c2927adfae3600df38a011c6.jpeg","datePublished":"2025-07-02T13:00:17+00:00","dateModified":"2025-07-24T14:44:04+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/07\/bb2e8100c2927adfae3600df38a011c6.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/07\/bb2e8100c2927adfae3600df38a011c6.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Wiederkaarte vu Fernseesendere net manipul\u00e9iert, fir global Erwiermung iwwerdriwwen duerzestellen - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wiederkaarte-vu-fernseesendere-net-manipuliert-fir-global-erwiermung-iwwerdriwwen-duerzestellen\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Wiederkaarte vu Fernseesendere net manipul\u00e9iert, fir global Erwiermung iwwerdriwwen duerzestellen"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/398868","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=398868"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/398868\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/398838"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=398868"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=398868"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=398868"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}