{"id":399697,"date":"2025-08-26T13:00:17","date_gmt":"2025-08-26T13:00:17","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=399697"},"modified":"2025-08-26T18:55:14","modified_gmt":"2025-08-26T18:55:14","slug":"faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Bild vun engem Geiist am KZ Auschwitz gouf mat KI gemaach"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p><strong>De Mus\u00e9e Auschwitz-Birkenau a Polen huet kierzlech w\u00e9inst dem wuessende Social-Media-Trend, bei deem KI-gener\u00e9iert Biller vun angeeblechen Holocaust-Affer gedeelt ginn, Alarm geschloen.<\/strong><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<p class=\"article-body__summary\">Ufank Juli 2025 hat sech esou e Bild vun engem tschechesche Geiist zu Auschwitz mam Numm &#8220;Hank&#8221; zesumme mat enger erfonnter Geschicht verbreet.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Zwar gouf et tats\u00e4chlech j\u00fcddesch Musekerinnen a Museker a Konzentratiounslageren. D&#8217;Foto ass awer net echt.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Visuell Onst\u00ebmmegkeeten an enger Analys mat engem KI-Erkennungstool no gouf d&#8217;Bild mat grousser Warscheinlechkeet mat K\u00ebnschtlecher Intelligenz hiergestallt. D&#8217;Gedenkst\u00e4tt Auschwitz souw\u00e9i Expertinnen an Experten hunn d&#8217;Bild als necht authentesch agestuuft.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">&#8220;1943 zu Auschwitz gouf e Geiist mam Numm &#8216;Hank&#8217; gezwongen, dem Lagerorchester b\u00e4izetrieden; seng Aufgab war et, Musek ze spillen, w\u00e4rend aner Gefaangener an d&#8217;Gaskummere bruecht goufen!&#8221;, heescht et an engem <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250728150210\/https:\/\/www.facebook.com\/reel\/764326746269733\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-B\u00e4itrag<\/a> vum 8. Juli 2025. &#8220;Mat Tr\u00e9inen an den Aen an engem zidderege Bou an der Hand huet hien dem Schubert seng &#8216;Serenade&#8217; gespillt.&#8221;<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Dob\u00e4i gouf e Bild vun engem razege Geiist gepost. Hannert him si weider M\u00e4nner ze gesinn, d\u00e9i w\u00e9i Gefaangener ausgesinn. &#8220;E Meedchen huet sech \u00ebmgedr\u00e9int an huet gefl\u00fcstert: &#8216;Deng Musek ass dat Lescht, wat ech h\u00e9ieren; merci!&#8221;, steet weider an der Bildbeschreiwung. De Geiist &#8220;Hank&#8221; h\u00e4tt den Holocaust iwwerlieft, awer ni m\u00e9i Gei gespillt.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">D&#8217;Bild gouf och an anere Sprooche w\u00e9i <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/1808e20c-c185-4988-b96e-317cbbf8c09d\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bulgaresch<\/a>, <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250722104314\/https:\/\/www.facebook.com\/groups\/1870439410119194\/posts\/2179088325920966\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Englesch<\/a> a\u00a0<a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/d46eb5a7-7d5b-43d8-a401-a04d06396032\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Griichesch<\/a> gedeelt.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">D&#8217;Bild ass n\u00ebmmen eent vu villen, d\u00e9i an engem <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.66XD263\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Trend<\/a> vu Content Creatore mat KI fir Geld produz\u00e9iert ginn an op emotional Reaktioune vu M\u00ebnschen aus dem Westen a Saachen Holocaust ofzilen. Beim\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/93AH-8JPA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Holocaust<\/a> goufen iwwer 6 Millioune J\u00fcddinnen a Judden \u00ebmbruecht.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/780897741d10f9479903a3bf56141ca9.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/perma.cc\/KA4E-S7S8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Musek<\/a> war zwar en integrale Bestanddeel vum Alldag a bal alle Konzentratiounslagere vun den Nationalsozialisten &#8211; Gefaangener goufe gezwongen, op Befeel ze sangen oder Instrumenter ze spillen -, d&#8217;Bild ass awer net echt a seng Geschicht erfonnt.<\/p>\n<h4>Visuell Onst\u00ebmmegkeeten<\/h4>\n<p>D&#8217;AFP huet eng R\u00ebtsch visuell Onst\u00ebmmegkeeten am Bild fonnt, d\u00e9i belee\u00ebn, dass et warscheinlech net authentesch ass. Sou huet d&#8217;Persoun hannert dem Geiist dr\u00e4i Fangeren an de Geiist selwer sch\u00e9ngt quadratesch Fangerkn\u00e9chele mat enger onverh\u00e4ltnesm\u00e9isseger Gr\u00e9isst ze hunn.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/a7fb67559f777cfd25f4cbe895f8cebe.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p>Ausserdeem verschw\u00ebnnt d\u00e9i v\u00e9iert S\u00e4it vun der Gei am \u00ebnneschten Deel vum Instrument.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/64e70d97169f9141036709fd55265294.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p>D&#8217;Ausgesi vum Geiist wierkt och widderspr\u00e9chlech: Am Verglach zu de M\u00e4nner am Hannergrond huet hie vollt Hoer, d&#8217;K\u00e4pp vun den anere si ras\u00e9iert. Ausserdeem h\u00e4nkt op enger S\u00e4it vu sengem Uewerkierper eng Fatz vun eppes, wat w\u00e9i en zerrappt Hiem ausges\u00e4it.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/904ec57cf81c150042c97a81d285ef6d.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p>De 6. Juli 2025 huet d&#8217;Gedenkst\u00e4tt Auschwitz op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9FV3-CKJF\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a> e Screenshot vun engem vun de falsche B\u00e4itr\u00e4g mam Kommentar publiz\u00e9iert: &#8220;D&#8217;Ver\u00ebffentlechung vu gef\u00e4lschten, KI-gener\u00e9ierte Biller vun Auschwitz ass net just eng gef\u00e9ierlech Verf\u00e4lschung. Esou eng F\u00e4lschung m\u00ebssuecht d&#8217;Affer a bless\u00e9iert hiert Undenken.&#8221;<\/p>\n<h4>Historesch Ongenauegkeeten<\/h4>\n<p>Eng weider historesch Onst\u00ebmmegkeet, op d\u00e9i d&#8217;Gedenkst\u00e4tt Auschwitz hiweist, ass, dass &#8220;am M\u00e4nnerlager e M\u00e4nnerorchester gespillt huet &#8211; d&#8217;Geschicht vum Meedchen, dat laanscht de M\u00e4nnerorchester geet, ass immens onwarscheinlech&#8221;. Auschwitz war fir d&#8217;\u00e9ischt e M\u00e4nnerlager, Frae koume m\u00e9i sp\u00e9it dob\u00e4i a goufen an engem getrennte Ber\u00e4ich gefaange gehalen, erkl\u00e4ert de Mus\u00e9e Auschwitz-Birkenau op senger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/A8VW-VRA5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it<\/a>.<\/p>\n<p>An engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3ZMW-FRR6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Kommentar<\/a> \u00ebnnert hirem B\u00e4itrag huet d&#8217;Gedenkst\u00e4tt b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt, dass d&#8217;Geschicht selwer warscheinlech erfonnt w\u00e4r, well se historesch Feeler opweise g\u00e9if w\u00e9i zum Beispill d&#8217;Tatsaach, dass Orchesteren zu Auschwitz net gespillt hunn, &#8220;\u00e4rend aner Gefaangener an d&#8217;Gaskummere bruecht goufen&#8221;, w\u00e9i an de B\u00e4itr\u00e4g behaapt g\u00ebtt. &#8220;Hir Haaptaufgab bestoung doran, ze spillen, wa Kolonne vun Prison\u00e9ier op d&#8217;Aarbecht an zer\u00e9ck an d&#8217;Lager marsch\u00e9iert sinn&#8221;, huet d&#8217;Gedenkst\u00e4tt weider erkl\u00e4ert &#8211; eng Tatsaach, d\u00e9i aner Expertinnen an Experten op AFP-Ufro confirm\u00e9iert hunn.<\/p>\n<blockquote class=\"twitter-tweet\">\n<p dir=\"ltr\" lang=\"en\">Publishing fake, AI-generated images of Auschwitz is not only a dangerous distortion. Such fabrication disrespects victims and harasses their memory.<br clear=\"none\" \/><br clear=\"none\" \/>If you see such posts, please don\u2019t share them. Instead, follow the official <a href=\"https:\/\/twitter.com\/AuschwitzMuseum?ref_src=twsrc%5Etfw\" shape=\"rect\">@AuschwitzMuseum<\/a>, where every name, every photo, and\u2026 <a href=\"https:\/\/t.co\/8sMBxvPkOt\" shape=\"rect\">pic.twitter.com\/8sMBxvPkOt<\/a><\/p>\n<p>\u2014 Auschwitz Memorial (@AuschwitzMuseum) <a href=\"https:\/\/twitter.com\/AuschwitzMuseum\/status\/1941939911780716691?ref_src=twsrc%5Etfw\" shape=\"rect\">July 6, 2025<\/a><\/p><\/blockquote>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/5U7Q-GMKK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Elise Petit<\/a>, d\u00e4r hire Fuerschungsschw\u00e9ierpunkt op der Kart\u00e9ierung vu Klangraim bannent dem nationalsozialistesche Lagersystem l\u00e4it, sot, d&#8217;Duerstellung vun engem Museker, dee Gefaangener op hirem Wee an d&#8217;Gaskummere mat senger Gei begleet, w\u00e4r sachlech falsch. D&#8217;Orchesteren &#8220;hu bei der Paart gespillt, wann d&#8217;Gefaangener op d&#8217;Aarbecht an de Kommandoen an d&#8217;Lager eran an eraus marsch\u00e9iert sinn&#8221;, huet si den 21. Juli 2025 g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>W\u00e4rend sech d&#8217;Fuerscher eens sinn, dass et an e puer F\u00e4ll Hiweiser dorop g\u00ebtt, dass Musek gespillt gouf, w\u00e4rend Gefaangener um Wee an d&#8217;Gaskummere waren, ginn hir Meenungen doriwwer, ob dat w\u00e4rend der Hiriichtung weidergoung, liicht auserneen.<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/4AF2-T25Q\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Sybille Steinbacher<\/a> vun der Universit\u00e4t Wien huet op AFP-Ufro den 23. Juli zouginn, dass d&#8217;Roll vu Prison\u00e9ierorchesteren an den nationalsozialistesche Konzentratiounslageren zwar nach net vollst\u00e4nneg erfuerscht w\u00e4r, et awer F\u00e4ll ginn h\u00e4tt, an deene Musek och als Begleetmusek ged\u00e9ngt huet, beispillsweis bei der Arriv\u00e9e vu Prison\u00e9iertransporter, Visitte vun h\u00e9ichrangegen NS-Fonctionnairen oder ausl\u00e4nnesche G\u00e4scht an heiansdo och bei Hiriichtungen. &#8220;Et g\u00ebtt bericht, dass d&#8217;Museker Operettemelodi\u00eb spille mussten, w\u00e4rend Leit an de Gaskummeren ermuert goufen&#8221;, huet si geschriwwen.<\/p>\n<p>Den Historiker <a href=\"https:\/\/perma.cc\/267Y-C2CK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Jacec Lachendro<\/a> vum Mus\u00e9e Auschwitz-Birkenau huet den 23. Juli g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, dass et Berichter g\u00ebtt, deenen no de M\u00e4nnerorchester zu Birkenau Concerte ginn huet, w\u00e4rend Judden, d\u00e9i nei ukomm waren, an d&#8217;Gaskummere bruecht goufen oder w\u00e4rend &#8220;H\u00e4ftlingen op d&#8217;Plaz vun hirer Hiriichtung duerch Erh\u00e4nken oder Ersch\u00e9isse bruecht goufen (awer net w\u00e4rend der Hiriichtung selwer)&#8221;. Hien huet allerd\u00e9ngs betount, dass d&#8217;Museker an esou Situatiounen &#8220;an der Reegel&#8221; net gespillt hunn, mee dass dat &#8220;sporadesch an zouf\u00e4lleg&#8221; virkoum. &#8220;D&#8217;Transporter koume schliisslech zu verschiddenen Dagesz\u00e4iten un, wann d&#8217;Lagerkapell geprouft oder hir Sonndesconcerte gespillt huet&#8221;, huet hien ugemierkt.<\/p>\n<p>Doriwwer eraus huet den Steinbacher op weider historesch Ongenauegkeeten am gedeelte Bild higewisen, beispillsweis den Hannergrond an d&#8217;Kleedung vun den duergestallte Gefaangenen. &#8220;Den Hannergrond kann net identifiz\u00e9iert ginn, awer et handelt sech net \u00ebm Birkenau&#8221;, huet si w\u00ebsse gedoen. &#8220;D&#8217;Kleedung an d\u00e9i d\u00e4itlech razeg Prison\u00e9ier verst\u00e4erke meng Zweiwel un der Echtheet vum Bild. Ausserdeem mussten d&#8217;H\u00e4ftlingen ugedoe sinn; et gouf keng Appeller mat plakegem Uewerkierper&#8221;, huet si b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt.<\/p>\n<p>&#8220;D\u00e9i meescht Prison\u00e9ier zu Auschwitz hunn hir gestr\u00e4ift Uniformen (d\u00e9i hei net ze gesi sinn), si hate keng Rimmer an hir Lagernummere waren och op hir Boxe gebutt&#8221;, huet de Pawel Sawicki, stellvertriedende Spriecher vun der Gedenktst\u00e4tt Auschwitz, op AFP-Ufro de 24. Juli 2025 erkl\u00e4ert. &#8220;Et kann een och d&#8217;Hoer vum &#8216;Hank&#8217; gesinn &#8211; Prison\u00e9ier kruten hir Hoer allerd\u00e9ngs ras\u00e9iert. Ab 1943 w\u00e4ren de Gefaangener hir H\u00e4ftlingsnummeren t\u00e4tow\u00e9iert ginn &#8211; &#8220;besonnesch j\u00fcddeschen H\u00e4ftlingen, d\u00e9i schonn z\u00ebnter dem Fr\u00e9ijoer 1942 t\u00e4tow\u00e9iert goufen&#8221;.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet d&#8217;Internetarchiv vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/QX9J-6PCU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Arolsen-Archiv<\/a> , dem internationalen Zenter iwwer NS-Verfollgung mat engem Archiv iwwer d&#8217;Affer an d&#8217;Iwwerliewend vum Nationalsozialismus mat S\u00ebtz zu Bad Arolsen, nom Numm &#8220;Klara Milkovits&#8221; duerchsicht. D\u00ebse gouf an de <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/d46eb5a7-7d5b-43d8-a401-a04d06396032\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">griicheschsproochege B\u00e4itr\u00e4g<\/a> mam Bild ernimmt. Dob\u00e4i huet d&#8217;AFP d&#8217;Filteren &#8220;Auschwitz&#8221; a &#8220;Birkenau&#8221; \u00ebnner dem Mierkmol &#8220;Haftort&#8221; benotzt. D\u00ebse Filter huet zu enger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/J25N-NNGK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Persoun<\/a> gef\u00e9iert, d\u00e9i 1932 gebuer gouf an 1943, w\u00e9i dat Bild angeeblech geschoss gouf, eelef Joer al gewiescht w\u00e4r amplaz 16 w\u00e9i an de gedeelte B\u00e4itr\u00e4g behaapt.<\/p>\n<h4>Resultater vu KI-Erkennungstool<\/h4>\n<p>D&#8217;AFP huet d&#8217;Bild zous\u00e4tzlech mat <a href=\"https:\/\/perma.cc\/BF8A-PH38\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">GetReal Labs<\/a> analys\u00e9iert. Dob\u00e4i handelt et sech \u00ebm eng Entreprise fir Cybers\u00e9cherheet, d\u00e9i forensesch Analysen asetzt, fir syntheetesch Contenuen ze erkennen. D&#8217;Analys vu GetReal Labs huet confirm\u00e9iert, dass d&#8217;Bild syntheetesch ass.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/5d762c257a4771abcf98c7228694ce73.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p>Zous\u00e4tzlech huet d&#8217;AFP d&#8217;Bild mam KI-Erkennungstool <a href=\"https:\/\/perma.cc\/R4UP-G9N4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Hive Moderation<\/a> analys\u00e9iert, dee bei enger Zouverl\u00e4ssegkeet vun 99,9 Prozent festgestallt huet, dass d&#8217;Bild mat grousser Warscheinlechkeet mat KI hiergestallt gouf oder Deepfake-Contenuen dra sinn.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/b391708d53156e237a337a7aa3df9893.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet e <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250722091735\/https:\/\/www.facebook.com\/reel\/1248980446867760\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-Video<\/a> vum 5. Juli 2025 mam selwechte Geiist w\u00e9i op dem gef\u00e4lschte Bild fonnt. An deem Video spillt hien zu enger Hannergrondmusek, d\u00e9i w\u00e9i Geiemusek kl\u00e9ngt.<\/p>\n<p>Math\u00ebllef vu Standbiller vum Video an dem Vergr\u00e9isserungstool vun <a href=\"https:\/\/perma.cc\/QKJ5-XFKN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">InVid<\/a>, engem Geschier fir d&#8217;Analys vu Biller a Videoen, huet d&#8217;AFP e puer Onst\u00ebmmegkeete festgestallt. De Museker ges\u00e4it blann aus &#8211; dat k\u00e9int zwar authentesch sinn, d&#8217;Gesiichter am Hannergrond er\u00ebnneren awer un Zombien oder sch\u00e9nge Sonnebr\u00ebller ze droen, wat op eng F\u00e4lschung hindeit.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/f81609a3dacc515d59264f8cc3a06240.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p>D&#8217;Persoun l\u00e9nks vum Museker ges\u00e4it aus, w\u00e9i wa se kee Broschtbeen h\u00e4tt, an hir R\u00ebpper si bis bei de Boxekueder ze gesinn.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/2569e98aa7416219ea11eaa8b70d745d.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p>Zous\u00e4tzlech huet d&#8217;AFP den Toun vum Video mat <a href=\"https:\/\/perma.cc\/C2DQ-GTKX\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Deepfake Total<\/a> analys\u00e9iert, engem Tool, deen Audio-Deepfakes erkennt. Mat enger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5ADA-E4UE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bew\u00e4ertung vu 74 Prozent<\/a> ass et dem Tool no immens warscheinlech, dass d&#8217;Musek KI-gener\u00e9iert ass.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/d6be3f6e65f1045762e28ad8c145e5d5.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p>Math\u00ebllef vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2QMT-ZH4R\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bildgener\u00e9ierungstool vun ChatGPT<\/a> huet d&#8217;AFP mat engem detaill\u00e9ierte Prompt, bas\u00e9ierend op dem online gedeelte Bild, weider Duerstellungen erstallt, d\u00e9i dem ierf\u00e9ierende Bild \u00e4nelen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/36eae062e2f8cc230c7445826b1ef95d.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p>D\u00e9i \u00e9ischt Konzentratiounslageren, d\u00e9i <a href=\"https:\/\/perma.cc\/AX8E-94M2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">1933<\/a> kuerz nom Adolf Hilter senger Ernennung zum Reichskanzler ageriicht goufen, haten an \u00e9ischter Linn der Inhaft\u00e9ierung vu politesche G\u00e9igner vun der nationalsozialistescher Politik ged\u00e9ngt. Bis Enn 1942 ware <a href=\"https:\/\/perma.cc\/WCB2-2M28\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">sechs Vernichtungslageren<\/a> a Betrib, dor\u00ebnner Auschwitz-Birkenau. Op der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7UWP-LNR5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Wannsee-Konferenz<\/a> gouf 1942 schliisslech d&#8217;Vernichtung vu J\u00fcddinnen a Judden an de besaten europ\u00e4esche Gebidder decid\u00e9iert.<\/p>\n<p>Zu Auschwitz-Birkenau, dem gr\u00e9isste Vernichtungslager, goufen t\u00ebscht 1940 an 1945 ongef\u00e9ier 1,1 Millioune M\u00ebnschen systematesch doutgemaach &#8211; vun insgesamt 1,3 Millioune M\u00ebnschen, d\u00e9i dohin deport\u00e9iert goufen. Ongef\u00e9ier <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8MRQ-9WSP\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">eng Millioun vun den Doudege<\/a> ware J\u00fcddinnen a Judden, \u00ebnner den iwweregen Affer waren och Roma, russesch Krichsgefaangener a Polinnen a Polen.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> E Bild vun engem angeebleche Geiist am nationalsozialistesche Konzentratiounslager Auschwitz-Birkenau gouf mat KI hiergestallt. Dat weise visuell Onst\u00ebmmegkeete souw\u00e9i historesch Feeler. KI-Erkennungstools hu confirm\u00e9iert, dass et h\u00e9chstwarscheinlech mat K\u00ebnschtlecher Intelligenz erstallt gouf. Och d&#8217;angeeblech Geschicht vum Bild ass erfonnt, well och do eenzel historesch Widderspr\u00e9ch dra sinn.<\/p>\n<p><em>D\u00ebse Faktencheck gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>De Mus\u00e9e Auschwitz-Birkenau a Polen huet kierzlech w\u00e9inst dem wuessende Social-Media-Trend, bei deem KI-gener\u00e9iert Biller vun angeeblechen Holocaust-Affer gedeelt ginn, Alarm geschloen.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":399642,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,183,391],"tags":[],"class_list":{"0":"post-399697","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-editors-choice-lu","8":"category-fact-check-lb","9":"category-technologie"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2325245","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2325245.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","share_this_post_to_edmo_website":false,"affiliation":"BELUX","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Bild vun engem Geiist am KZ Auschwitz gouf mat KI gemaach - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Bild vun engem Geiist am KZ Auschwitz gouf mat KI gemaach - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"De Mus\u00e9e Auschwitz-Birkenau a Polen huet kierzlech w\u00e9inst dem wuessende Social-Media-Trend, bei deem KI-gener\u00e9iert Biller vun angeeblechen Holocaust-Affer gedeelt ginn, Alarm geschloen.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2025-08-26T13:00:17+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2025-08-26T18:55:14+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/918e58c7015c18553e554dfe034e1cda.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"9 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Bild vun engem Geiist am KZ Auschwitz gouf mat KI gemaach\",\"datePublished\":\"2025-08-26T13:00:17+00:00\",\"dateModified\":\"2025-08-26T18:55:14+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/\"},\"wordCount\":1804,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/918e58c7015c18553e554dfe034e1cda.jpeg\",\"articleSection\":[\"Editor's Choice Slider LU\",\"Fact Check\",\"Technologie\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/\",\"name\":\"Faktencheck: Bild vun engem Geiist am KZ Auschwitz gouf mat KI gemaach - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/918e58c7015c18553e554dfe034e1cda.jpeg\",\"datePublished\":\"2025-08-26T13:00:17+00:00\",\"dateModified\":\"2025-08-26T18:55:14+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/918e58c7015c18553e554dfe034e1cda.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/918e58c7015c18553e554dfe034e1cda.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Bild vun engem Geiist am KZ Auschwitz gouf mat KI gemaach - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Bild vun engem Geiist am KZ Auschwitz gouf mat KI gemaach\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Bild vun engem Geiist am KZ Auschwitz gouf mat KI gemaach - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Bild vun engem Geiist am KZ Auschwitz gouf mat KI gemaach - EDMO Belux","og_description":"De Mus\u00e9e Auschwitz-Birkenau a Polen huet kierzlech w\u00e9inst dem wuessende Social-Media-Trend, bei deem KI-gener\u00e9iert Biller vun angeeblechen Holocaust-Affer gedeelt ginn, Alarm geschloen.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2025-08-26T13:00:17+00:00","article_modified_time":"2025-08-26T18:55:14+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/918e58c7015c18553e554dfe034e1cda.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"9 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Bild vun engem Geiist am KZ Auschwitz gouf mat KI gemaach","datePublished":"2025-08-26T13:00:17+00:00","dateModified":"2025-08-26T18:55:14+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/"},"wordCount":1804,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/918e58c7015c18553e554dfe034e1cda.jpeg","articleSection":["Editor's Choice Slider LU","Fact Check","Technologie"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/","name":"Faktencheck: Bild vun engem Geiist am KZ Auschwitz gouf mat KI gemaach - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/918e58c7015c18553e554dfe034e1cda.jpeg","datePublished":"2025-08-26T13:00:17+00:00","dateModified":"2025-08-26T18:55:14+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/918e58c7015c18553e554dfe034e1cda.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/918e58c7015c18553e554dfe034e1cda.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Bild vun engem Geiist am KZ Auschwitz gouf mat KI gemaach - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bild-vun-engem-geiist-am-kz-auschwitz-gouf-mat-ki-gemaach\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Bild vun engem Geiist am KZ Auschwitz gouf mat KI gemaach"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/399697","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=399697"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/399697\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/399642"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=399697"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=399697"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=399697"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}