{"id":399733,"date":"2025-08-04T07:00:22","date_gmt":"2025-08-04T07:00:22","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=399733"},"modified":"2025-11-14T21:49:59","modified_gmt":"2025-11-14T21:49:59","slug":"faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/","title":{"rendered":"Faktencheck: KI-Biller vu Bieren am Yellowstone-Nationalpark a falsch Katastrophewarnungen"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p>Z\u00ebnter enger Rei Jore kurs\u00e9iere Rumeuren, dass de Yellowstone-Nationalpark an den USA virun enger Katastroph stoe k\u00e9int.<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p class=\"article-body__summary\">An de leschten Deeg hu sech am Internet Opname mat der Falschbehaaptung verbreet, dass d&#8217;D\u00e9ieren, d\u00e9i am Park liewen, dow\u00e9inst fl\u00fcchte g\u00e9ifen.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Ausserdeem gouf \u00ebnner anerem eng Foto vun Dosende Biere gedeelt, d\u00e9i angeeblech op der Strooss am Agank vum Park l\u00e9ichen. D&#8217;Foto gouf awer mat KI hiergestallt.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">D&#8217;AFP huet keng offiziell Meldunge fonnt, deenen no sech do eng gr\u00e9isser Unzuel u Biere versammelt h\u00e4tt. Den Nationalpark souw\u00e9i Fachleit hunn ausserdeem erkl\u00e4ert, dass keng vun de gedeelte Biller tats\u00e4chlech D\u00e9iere weise g\u00e9if, d\u00e9i aus dem Park fl\u00fcchten. D&#8217;Gebitt g\u00ebtt w\u00e9inst dacks optriedenden \u00c4erdbiewen intensiv iwwerwaacht. De Yellowstone-Vulkan ass fir d&#8217;lescht viru 70.000 Joer ausgebrach.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">&#8220;EXODUS VU W\u00cbLLEN D\u00c9IEREN AM YELLOWSTONE &#8211; WAT GESCHITT WIERKLECH? Dausende W\u00ebll D\u00e9iere fl\u00fcchte st\u00ebnterlech aus dem Yellowstone-Nationalpark, an den Internet explod\u00e9iert w\u00e9inst Froen. Vu panesche Bisongruppe bis hin zu Bieren, d\u00e9i Autobunne block\u00e9ieren &#8211; d&#8217;Natur setzt e kloert Zeechen&#8221;, housch et an engem <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250729134537\/https:\/\/www.facebook.com\/plugins\/post.php?href=https%3A%2F%2Fwww.facebook.com%2Fsteffen.siegler.1%2Fposts%2Fpfbid0KN5MsDUQfTBBjq9VFS6HeLmfrNXKHNKzGL5GXZNjAbxTjYPqDfpC2TFRpfypnRMel\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-B\u00e4itrag<\/a> vum 18. Juli 2025. Weider huet den Notzer e Bild gedeelt, dat eng Strooss an engem arbor\u00e9ierte Gebitt weist, op d\u00e4r Dosende Biere leien. &#8220;W\u00ebssenschaftler an Iwwerliewensexperten observ\u00e9ieren d&#8217;Situatioun opmierksam, well de Yellowstone op engem vun de gef\u00e9ierlechste Supervulkaner vun der Welt l\u00e4it&#8221;, stoung weider am Text.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Och op <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/3a1d6f21-7fd9-405a-871d-b1578786fb44\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Instagram<\/a> war d&#8217;Behaaptung am \u00cbmlaf. D&#8217;Bild ass och op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/BAP5-VDWB\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Rum\u00e4nesch<\/a> kurs\u00e9iert an am <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/a3761684-0fcc-4593-bc25-2f4cb034677e\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ungaresche<\/a> B\u00e4itrag gouf d&#8217;Bild mat der Ausso gedeelt &#8211; awer spigelverk\u00e9iert a mat engem anere Bildausschn\u00ebtt.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/8c82d7bb486be8b9e39a228aee810a91.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Dat selwecht Bild souw\u00e9i aner Biller a Videoen, d\u00e9i D\u00e9iere weisen, hu sech och op Frans\u00e9isch verbreet, w\u00e9i d&#8217;<a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/doc.afp.com.678C3KE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP gemellt huet<\/a>. D\u00e9i falsch an ierf\u00e9ierend Behaaptungen hunn alleguer eng \u00e4nlech Erzielung: D\u00e9iere g\u00e9ifen a grousser Zuel de Yellowstone-Nationalpark verloossen &#8211; ee vun de bekanntsten Nationalparken an de Vereenegte Staaten -, well eng Naturkatastroph w\u00e9i zum Beispill en Ausbroch vum Vulkan an der Regioun bevirst\u00e9ing.<\/p>\n<p>Mee op AFP-Ufro huet den Nationalpark matgedeelt, dass aktuell keng Ried dovu w\u00e4r, dass D\u00e9iere massenhaft aus dem Park fl\u00fcchte g\u00e9ifen. Fachleit hu b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt, dass d&#8217;seismesch Aktivit\u00e9it an der G\u00e9igend permanent iwwerwaacht g\u00e9if, bis elo awer n\u00e4ischt Ongew\u00e9inleches festgestallt gi w\u00e4r. Ausserdeem gouf festgestallt, dass d&#8217;Foto, d\u00e9i sech an der d\u00e4itscher an der ungarescher Variant immens staark verbreet hat, &#8211; opgrond vu visuelle Widderspr\u00e9ch a Resultater vun digitalen Analysen &#8211; math\u00ebllef vu K\u00ebnschtlecher Intelligenz (KI) hiergestallt gouf.<\/p>\n<p>Foto vu Bieren ass KI-gener\u00e9iert<\/p>\n<p>Eng Abberzuel Notzerinnen an Notzer hunn hir Zweiwel \u00ebnnert dem ungaresche Facebook-B\u00e4itrag ge\u00e4ussert, ob d&#8217;Foto echt w\u00e4r. Eng Analys vun der Foto mat dem Verfiz\u00e9ierungstool <a href=\"https:\/\/www.invid-project.eu\/tools-and-services\/invid-verification-plugin\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">InVID-WeVerify<\/a>, un deem senger Entw\u00e9cklung d&#8217;AFP och bedeelegt war, ergouf, dass d&#8217;Opnam h\u00e9chstwarscheinlech math\u00ebllef vu KI erstallt gouf.<\/p>\n<p>W\u00e9i och <a href=\"https:\/\/perma.cc\/HX3H-2D98\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Snopes<\/a> an engem Faktencheck gemellt huet, loosse sech mat enger <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=Ez5o69CeXUw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00ebmgek\u00e9ierter Billersich<\/a> Variante vun der Opnam bis zer\u00e9ck an de Februar 2025 fannen &#8211; sou w\u00e9i eng <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/30a7c854-306c-4053-bec5-8d9dfb85ea59\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Foto<\/a>, d\u00e9i vun der Facebook-S\u00e4it &#8220;Bear&#8217;s World&#8221; (&#8220;D&#8217;Welt vun de Bieren&#8221;) gedeelt gouf an eng qualitativ h\u00e9ichw\u00e4erteg Versioun vun der Foto duerstellt, d\u00e9i am d\u00e4itsche B\u00e4itrag verbreet gouf. D&#8217;S\u00e4it hat d&#8217;Bild urspr\u00e9nglech mat der Beschreiwung &#8220;wonnersch\u00e9int, mat K\u00ebnschtlecher Intelligenz hiergestallt Bild&#8221;, w\u00e9i sech aus der Beaarbechtungshistorie vum B\u00e4itrag erg\u00ebtt, huet d\u00ebs Beschreiwung awer am M\u00e4erz 2025 nees gel\u00e4scht.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/fa9ca09404eb204c2eca6a2e20c42f81.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;Foto ass vu besserer Qualit\u00e9it w\u00e9i d&#8217;Versioun an den aktuell gedeelte B\u00e4itr\u00e4g a verf\u00fc\u00fcgt iwwer eng R\u00ebtsch Indicen, d\u00e9i op eng Produktioun math\u00ebllef vu KI hiweisen. Am Yellowstone-Nationalpark liewe Grizzly- a Schwaarzbieren. Op der <a href=\"https:\/\/www.nps.gov\/yell\/learn\/nature\/bear.htm\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it vum Nationalpark<\/a> sinn och d\u00e9i typesch Pattenofdr\u00e9ck vun de Bieren ze fannen (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/VV5J-QES4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert). Am Bild, dat an de Sozialen Netzwierker verbreet g\u00ebtt, huet ee vun de Bieren awer eng glat, schongsuelen\u00e4nlech Patt ouni Krallen:<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/1775f33bbc2a765a96f7d2769ad90838.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Awer och aner Hiweiser deiten op eng Erstellung math\u00ebllef vu KI hin: Sou l\u00e4it zum Beispill ee vun de Bieren an der M\u00ebtt vum Bild an enger onnatierlech verdr\u00e9inter Positioun. Hannert him wierken zwee aner Bieren \u00e9ischter w\u00e9i amorph, brong Flecken ouni Kapp a Glidder &#8211; an net w\u00e9i echt D\u00e9ieren.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/51d59dafee2a97076d73414150be8cd0.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Eng <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=51u0SkyaAA0\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">erweidert Sich am Internet<\/a> mat verschiddene Schl\u00ebsselwierder ergouf kee glafwierdege Bericht doriwwer, dass massenhaft Bieren op de Stroossen am a ronder\u00ebm de Yellowstone-Nationalpark gesi goufen oder dass et an engem vun de concern\u00e9ierte Bundesstaaten &#8211; Wyoming, Idaho oder Montana &#8211; w\u00e9inst Bieren zu Stroossesp\u00e4erunge komm w\u00e4r.<\/p>\n<p>Am rietsen ieweschten Eck vum gedeelte B\u00e4itrag op D\u00e4itsch ass ausserdeem e weidert Bild ze gesinn. Dorop sinn eng R\u00ebtsch Bisonen ze gesinn, d\u00e9i en Hiwwel eroplafen. Math\u00ebllef vun enger <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=Ez5o69CeXUw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00ebmgek\u00e9ierter Billersich<\/a> konnt d&#8217;AFP erausfannen, dass d&#8217;Opnam al ass. D&#8217;Foto gouf schonn am Joer 2014 vun <a href=\"https:\/\/perma.cc\/DGW7-4NT6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Alamy<\/a>, enger Billeragence mat enger Sammlung vu lizenzfr\u00e4ien a redaktionelle Fotoen, op senger Internets\u00e4it ver\u00ebffentlecht. Der Beschreiwung no weist d&#8217;Bild zwar tats\u00e4chlech de Yellowstone-Nationalpark, ass awer iwwer z\u00e9ng Joer al a gouf den 12. Juli 2014 geschoss.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/2f655d0aaab399f37a5f74320b4924d5.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Eng Sich nom Numm vun der Fotografin, d\u00e9i Alamy uginn huet, huet d&#8217;AFP ausserdeem op d&#8217;Fotoplattform <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250729111257\/https:\/\/www.shutterstock.com\/de\/image-photo\/group-bison-running-hill-over-wooden-1681969156\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Shutterstock<\/a> gef\u00e9iert, wou d\u00e9i selwecht Foto am Joer 2020 publiz\u00e9iert gouf.<\/p>\n<p>Keng Flucht vun D\u00e9ieren an normal seismesch Aktivit\u00e9it<\/p>\n<p>Op AFP-Ufro housch et vu S\u00e4ite vum Yellowstone-Nationalpark, dass &#8220;d&#8217;W\u00ebll D\u00e9ieren de Yellowstone-Park net a grousser Zuel verloossen&#8221;. D&#8217;Rumeuren iwwer eng Masseflucht w\u00e4re &#8220;falsch&#8221; a g\u00e9ifen &#8220;op vu K\u00ebnschtlecher Intelligenz gener\u00e9ierte Biller bas\u00e9ieren&#8221;.<\/p>\n<p>Den H\u00e9ije Plateau, deen de Yellowstone-Nationalpark \u00ebmg\u00ebtt an zu den aktiivste geothermeschen Zone vum nordamerikanesche Kontinent zielt, ass bekannt fir heefeg \u00c4erdbiewen. Mee an de Wochen a M\u00e9int virun der Publikatioun vun d\u00ebsem Faktencheck hunn d&#8217;<a href=\"https:\/\/quake.utah.edu\/monitoring\/recent-earthquake-map\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">seismografesch Statioune<\/a> vun der University of Utah zu Salt Lake City, d\u00e9i d&#8217;\u00ebnnerierdesch geologesch Aktivit\u00e9iten an der Regioun iwwerwaachen, keng bedeitend \u00c4erdbiewe registr\u00e9iert (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/6B22-8L6Y\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>&#8220;D\u00ebs Zort vu Geschicht daucht all puer Joer nees op. Vill vun den aktuell kurs\u00e9ierende Videoe sinn net nei a goufen och net am Yellowstone opgeholl&#8221;, sot den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/VH85-2ED5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Jamie Farrell<\/a>, Professer am Departement fir Geologie a Geophysik vun der University of Utah, g\u00e9intiwwer der AFP. Hien huet ausgeschloss, dass d&#8217;D\u00e9ieren, d\u00e9i op den dacks gedeelten Opnamen ze gesi sinn, virun engem \u00c4erdbiewe fl\u00fcchte g\u00e9ifen.<\/p>\n<p>&#8220;Wat d&#8217;seismesch Aktivit\u00e9it betr\u00ebfft&#8221;, sou den Expert weider, &#8220;hu mir an der Regioun n\u00e4ischt Ongew\u00e9inleches festgestallt &#8211; weeder a Bezuch op d&#8217;Unzuel nach op d&#8217;Intensit\u00e9it oder d&#8217;Plaze vun de Biewen&#8221;.<\/p>\n<p>Iwwer d&#8217;seismesch an d&#8217;vulkanesch Situatioun an der Yellowstone-Regioun ver\u00ebffentlecht de <a href=\"https:\/\/www.usgs.gov\/volcanoes\/yellowstone\/volcano-updates\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Geologeschen D\u00e9ngscht vun de Vereenegte Staaten<\/a> (United States Geological Survey, USGS) all Mount <a href=\"https:\/\/www.usgs.gov\/observatories\/yvo\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Berichter<\/a> op senger Internets\u00e4it, d\u00e9i op Analyse vun de seismesche Statioune vun der University of Utah bas\u00e9ieren (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/2UQE-4JSR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7GA3-TQCF\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert). Zwar goufen am Juni 2025 ronn 60 \u00c4erdbiewe registr\u00e9iert, mee dat st\u00e4erkst louch just bei enger Magnitude vun 2,7 op der Richterskala &#8211; e moossbaart, un der Uewerfl\u00e4ch awer net oder just schwaach ze spierend Ereegnes.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/461a61bc049e4f790b4bf022efe1d591.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Et ass net d\u00e9i \u00e9ischt K\u00e9ier, dass d&#8217;Falschbehaaptung verbreet g\u00ebtt, dass D\u00e9ieren am Yellowstone-Nationalpark en ongew\u00e9inlecht Verhale weisen an d\u00ebst eng bevirstoend Katastroph uk\u00ebnnege g\u00e9if.<\/p>\n<p>Er\u00ebmkommend Panik w\u00e9inst Yellowstone-Vulkan<\/p>\n<p>Schonn am Joer 2015 hat d&#8217;Internets\u00e4it <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/2\/https:\/\/www.snopes.com\/fact-check\/yellowstone-animals-fleeing-park\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Snopes<\/a> en Artikel ver\u00ebffentlecht, an deem \u00e4nlech Aussoen iwwerpr\u00e9ift goufen. Am Joer 2014 hat och d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/P6M3-PXL4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP<\/a> iwwer de &#8220;Supervulkan&#8221; vu Yellowstone geschriwwen, nodeem \u00e4nlech Spekulatiounen d&#8217;Ronn gemaach haten.<\/p>\n<p>Esou eng Falschmeldung berout dacks op der w\u00ebssenschaftlech onbegr\u00ebnnter Virstellung, dass e puer D\u00e9ieren \u00c4erdbiewe scho laang virun hirem Antriede spiere k\u00e9inten. W\u00ebssenschaftlech Et\u00fcden hunn awer ni beluecht, dass D\u00e9ieren an der Lag sinn, \u00c4erdbiewe virauszesoen, w\u00e9i de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2J95-ALUJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Sebastian Hainzl<\/a>, Expert fir seismesch Beweegungen, der AFP fir d\u00ebsen <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/doc.afp.com.339726X#:~:text=Leur%20conclusion%20est%20claire%20%3A%20%22Nous,r%C3%A9agir%20%C3%A0%20une%20secousse%20pr%C3%A9curseur.%22\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel am Joer 2023<\/a> erkl\u00e4ert hat.<\/p>\n<p>Eng vun den \u00ebmmer nees opdauchende Behaaptunge betr\u00ebfft d&#8217;Yellowstone-Kaldera, e sougenannte Supervulkan \u00ebnnert dem Nationalpark.<\/p>\n<p><iframe style=\"border: 0;\" src=\"https:\/\/www.google.com\/maps\/embed?pb=!1m18!1m12!1m3!1d91250.00167886932!2d-110.76524504280877!3d44.38057260057667!2m3!1f0!2f0!3f0!3m2!1i1024!2i768!4f13.1!3m3!1m2!1s0x5351f22bebc76153%3A0xe9bd77d31dcc74bf!2sYellowstone%20Caldera!5e0!3m2!1sen!2sfr!4v1753277880560!5m2!1sen!2sfr\" width=\"600\" height=\"450\" frameborder=\"1\" scrolling=\"auto\" allowfullscreen=\"allowfullscreen\"><\/iframe><\/p>\n<p>D\u00ebsen am Duerchschn\u00ebtt m\u00e9i w\u00e9i z\u00e9ng Kilometer grousse vulkanesche Krater ass ee vun de gr\u00e9isste &#8220;Supervulkane&#8221; vun der \u00c4erd. D\u00e9i meescht vun d\u00ebse Vulkane si schonn net m\u00e9i aktiv. Dat g\u00ebllt awer net fir d&#8217;Yellowstone-Kaldera, d\u00e9i schonn e puer m\u00e9i intensiv Superausbr\u00e9ch erlieft huet, fir d&#8217;lescht virun ongef\u00e9ier 630.000 bis 640.000 Joren. De leschten &#8220;normalen&#8221; Ausbroch vum Vulkan war dem <a href=\"https:\/\/www.usgs.gov\/faqs\/when-was-last-time-yellowstone-erupted\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">USGS<\/a> no virun ongef\u00e9ier 70.000 Joren agetrueden (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/DU2E-XZEE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>Den Intressi un dem beandrockende geologesche Phenomeen, dat z\u00ebnter senger Entdeckung an den 1960er-Jore besteet, geet dacks mat der er\u00ebmkommender Angscht anhier, dass et op en Neits zu engem &#8220;Superausbroch&#8221; komme k\u00e9int &#8211; mat potenziell ganz schl\u00ebmme Konsequenzen. Zum Beispill dass domat e puer Milliarden Tonnen \u00c4schen an d&#8217;Loft geschleidert an domat d&#8217;M\u00ebnschheet gef\u00e4erdet g\u00e9if. Fachleit no g\u00ebtt et awer keng Unzeechen dofir, dass esou eppes geschw\u00eb gesch\u00e9ie w\u00e4ert.<\/p>\n<p>&#8220;Yellowstone ass haut net m\u00e9i no un engem Ausbroch w\u00e9i g\u00ebschter&#8221;, huet den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/448R-GFE5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">David Pyle<\/a>, Professer fir Geow\u00ebssenschaften op der Oxford University, g\u00e9intiwwer der AFP zesummegefaasst.<\/p>\n<p><strong>Fazit: <\/strong>Am Internet sinn Opname mat der Falschbehaaptung am \u00cbmlaf, dass D\u00e9ieren aus Angscht virun enger Naturkatastroph aus dem Yellowstone-Nationalpark fl\u00fcchte g\u00e9ifen. Mat dob\u00e4i g\u00ebtt \u00ebnner anerem eng Foto vun Dosende Bieren op enger Strooss gedeelt. D&#8217;Foto gouf awer mat KI hiergestallt. D&#8217;AFP huet ausserdeem keng offiziell Meldungen iwwer esou en Ereegnes fonnt. Den Nationalpark souw\u00e9i Fachleit hunn ausserdeem erkl\u00e4ert, dass keent vun de gedeelte Biller tats\u00e4chlech D\u00e9iere weise g\u00e9if, d\u00e9i aus dem Park fl\u00fcchten.<\/p>\n<p><em>D\u00ebse Faktencheck gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<br \/>\n<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Z\u00ebnter enger Rei Jore kurs\u00e9iere Rumeuren, dass de Yellowstone-Nationalpark an den USA virun enger Katastroph stoe k\u00e9int.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":399698,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,189,193,391,181],"tags":[],"class_list":{"0":"post-399733","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-editors-choice-lu","8":"category-emwelt","9":"category-gesellschaft","10":"category-technologie","11":"category-uncategorized-lb"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2325538","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2325538.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/afp_logo.png","share_this_post_to_edmo_website":false,"affiliation":"BELUX","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false,"type_of_post":"news","options_for_news_post":{"":""}},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: KI-Biller vu Bieren am Yellowstone-Nationalpark a falsch Katastrophewarnungen - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: KI-Biller vu Bieren am Yellowstone-Nationalpark a falsch Katastrophewarnungen - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Z\u00ebnter enger Rei Jore kurs\u00e9iere Rumeuren, dass de Yellowstone-Nationalpark an den USA virun enger Katastroph stoe k\u00e9int.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2025-08-04T07:00:22+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2025-11-14T21:49:59+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/56c7c7bc55d7fa95eb8c933f39868f37.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"540\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"8 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: KI-Biller vu Bieren am Yellowstone-Nationalpark a falsch Katastrophewarnungen\",\"datePublished\":\"2025-08-04T07:00:22+00:00\",\"dateModified\":\"2025-11-14T21:49:59+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/\"},\"wordCount\":1749,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/56c7c7bc55d7fa95eb8c933f39868f37.jpeg\",\"articleSection\":[\"Editor's Choice Slider LU\",\"\u00cbmwelt\",\"Gesellschaft\",\"Technologie\",\"Uncategorized @lb\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/\",\"name\":\"Faktencheck: KI-Biller vu Bieren am Yellowstone-Nationalpark a falsch Katastrophewarnungen - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/56c7c7bc55d7fa95eb8c933f39868f37.jpeg\",\"datePublished\":\"2025-08-04T07:00:22+00:00\",\"dateModified\":\"2025-11-14T21:49:59+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/56c7c7bc55d7fa95eb8c933f39868f37.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/56c7c7bc55d7fa95eb8c933f39868f37.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":540,\"caption\":\"Faktencheck: KI-Biller vu Bieren am Yellowstone-Nationalpark a falsch Katastrophewarnungen - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: KI-Biller vu Bieren am Yellowstone-Nationalpark a falsch Katastrophewarnungen\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: KI-Biller vu Bieren am Yellowstone-Nationalpark a falsch Katastrophewarnungen - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: KI-Biller vu Bieren am Yellowstone-Nationalpark a falsch Katastrophewarnungen - EDMO Belux","og_description":"Z\u00ebnter enger Rei Jore kurs\u00e9iere Rumeuren, dass de Yellowstone-Nationalpark an den USA virun enger Katastroph stoe k\u00e9int.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2025-08-04T07:00:22+00:00","article_modified_time":"2025-11-14T21:49:59+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":540,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/56c7c7bc55d7fa95eb8c933f39868f37.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"8 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: KI-Biller vu Bieren am Yellowstone-Nationalpark a falsch Katastrophewarnungen","datePublished":"2025-08-04T07:00:22+00:00","dateModified":"2025-11-14T21:49:59+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/"},"wordCount":1749,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/56c7c7bc55d7fa95eb8c933f39868f37.jpeg","articleSection":["Editor's Choice Slider LU","\u00cbmwelt","Gesellschaft","Technologie","Uncategorized @lb"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/","name":"Faktencheck: KI-Biller vu Bieren am Yellowstone-Nationalpark a falsch Katastrophewarnungen - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/56c7c7bc55d7fa95eb8c933f39868f37.jpeg","datePublished":"2025-08-04T07:00:22+00:00","dateModified":"2025-11-14T21:49:59+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/56c7c7bc55d7fa95eb8c933f39868f37.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/56c7c7bc55d7fa95eb8c933f39868f37.jpeg","width":1080,"height":540,"caption":"Faktencheck: KI-Biller vu Bieren am Yellowstone-Nationalpark a falsch Katastrophewarnungen - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ki-biller-vu-bieren-am-yellowstone-nationalpark-a-falsch-katastrophewarnungen\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: KI-Biller vu Bieren am Yellowstone-Nationalpark a falsch Katastrophewarnungen"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/399733","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=399733"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/399733\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/399698"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=399733"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=399733"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=399733"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}