{"id":400170,"date":"2025-08-27T08:00:59","date_gmt":"2025-08-27T08:00:59","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=400170"},"modified":"2025-09-09T08:33:30","modified_gmt":"2025-09-09T08:33:30","slug":"faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Artikel iwwer H\u00ebtztrekord vun 2023 g\u00ebtt f\u00e4lschlech als aktuell gedeelt"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p><strong>De Juli 2025 war weltw\u00e4it den dr\u00ebttw\u00e4ermste Juli, dee bis elo gemooss gouf. Am Internet m\u00e9cht e Screenshot vun engem Artikel mat der Iwwerschr\u00ebft &#8220;Juli g\u00ebtt global w\u00e4ermste Mount z\u00ebnter Joerdausenden&#8221; d&#8217;Ronn. Notzer hunn d&#8217;Medien an d\u00ebsem Zesummenhang der Panikmaacherei a Bezuch op de Klimawandel besch\u00ebllegt &#8211; virun allem w\u00e9inst de ville Reendeeg an Deeler vun Europa am Summer 2025.<\/strong><\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p class=\"article-body__summary\">Mee den Artikel gouf schonn zwee Joer virdru ver\u00ebffentlecht. Aus eenzele Wiederphenomeener kann eng Widderleeung vum Klimawandel ausserdeem net ofgeleet ginn.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">De verreente Juli 2025 an Deeler vun Europa huet Konspiratiounstheorien iwwer de vum M\u00ebnsch gemaache Klimawandel nei befeiert. &#8220;D\u00ebs Propagandamedie verbreede just nach Fakenews&#8221;, housch et an engem <a href=\"https:\/\/mvau.lt\/media\/cb834bb3-0e4d-43cc-adc4-48f6a9dc4d3f\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-B\u00e4itrag<\/a> vum 31. Juli 2025. Ausserdeem hat de User e Screenshot vun engem Zeitungsartikel mat der Foto vun enger vun der Summerh\u00ebtzt gezeechenter Fra an dem Titel gedeelt: &#8220;Juli g\u00ebtt global w\u00e4ermste Mount z\u00ebnter Joerdausenden&#8221;. Weider ass an engem Artikel-Screenshot ze liesen, dass de Rekord aus dem Joer 2016 gebrach gi k\u00e9int.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Op der Plattform <a href=\"https:\/\/perma.cc\/RXA2-EV7N\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a> gouf d\u00e9i selwecht Behaaptung, de Screenshot abegraff, publiz\u00e9iert an Enn 2025 honnertfach gedeelt. Notzerinnen an Notzer hu sech villfach doriwwer an de Kommentarer ausgelooss: &#8220;Froe mech, vu w\u00e9i engem Juli d\u00e9i schw\u00e4tzen. Also d\u00ebse kann et jo net sinn&#8221; an &#8220;Si frou, dass de Juli elo eriwwer ass, war net auszehalen, sou laang beim Kam\u00e4in ze s\u00ebtzen&#8221;. Och op <a href=\"https:\/\/archive.ph\/fiq2u\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Reddit<\/a> huet d&#8217;Behaaptung d&#8217;Ronn gemaach.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/71157fb4f4f1801d82dc13af3400c06d_resized.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p>A Wierklechkeet ass den Artikel vereelzt. Eenzel Wiederphenomeener w\u00e9i en naasse Juli 2025 an Deeler vun Europa schw\u00e4tzen awer net g\u00e9int de Klimawandel.<\/p>\n<h4>Artikel ass iwwer zwee Joer al<\/h4>\n<p>Mat H\u00ebllef vun enger <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=Ez5o69CeXUw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00ebmgek\u00e9ierter Billersich<\/a> huet d&#8217;AFP den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/GU5R-CD5R\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Originalartikel<\/a> fonnt. Et handelt sech \u00ebm e B\u00e4itrag vum \u00e9istr\u00e4ichesche Boulevardmedium &#8220;Oe24&#8221;, deen de 27. Juli 2023 publiz\u00e9iert gouf. De genee\u00eb Publikatiounsdatum plus Auerz\u00e4it (&#8220;27.07.23, 16:31&#8221;) ass am Original l\u00e9nks \u00ebnnert der Iwwerschr\u00ebft ze gesinn, gouf bei den aktuell gedeelte Screenshots awer anscheinend erausgeholl.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/31e242daca87a080515dfb4f097b74df_resized.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p>Am Artikel g\u00ebtt geschriwwen, dass Klimafuerscher vun der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/DS9R-SMCC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Weltwiederorganisatioun<\/a> (WMO) no d\u00e9i dr\u00e4i Wochen Ufank Juli 2023 &#8220;de w\u00e4ermste jeemools gemoossen Dr\u00e4iwocheblock&#8221; gewiescht si sollen. Ausserdeem heescht et am Artikel: &#8220;2023 k\u00e9int de bisheerege Rekord vun 2016 als w\u00e4ermst Joer briechen, sot de Chris Hewitt, Direkter fir Klimad\u00e9ngschtleeschtunge bei der WMO.&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;Oe24&#8221; hat am B\u00e4itrag ausserdeem geschriwwen, dem europ\u00e4esche Klimawandeld\u00e9ngscht <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9E34-KB36\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Copernicus<\/a> no g\u00e9if d&#8217;Klimafuerschung, d\u00e9i d&#8217;historescht Klima aus indirekten Observatioune w\u00e9i zum Beispill Bamr\u00e9ng oder Loftblosen a Gletschere rekonstru\u00e9iert, nolee\u00ebn, dass &#8220;d&#8217;Juli-Temperaturen [am Joer 2023, Um. v. d. Red.] z\u00ebnter Dausende vu Joren net do&#8221; gewiescht w\u00e4ren.<\/p>\n<h4>Juli 2023 war global m\u00e9i waarm w\u00e9i selwechten Z\u00e4itraum d\u00ebst Joer<\/h4>\n<p>A Wierklechkeet war et am Juli 2023 weltw\u00e4it enorm waarm. W\u00e9i am &#8220;Oe24&#8221;-Artikel richteg beschriwwen, gouf an d\u00ebsem Mount global d\u00e9i h\u00e9chst Temperatur z\u00ebnter dem Ufank vun de Wiederopzeechnunge gemooss. Dat haten och eng R\u00ebtsch aner <a href=\"https:\/\/perma.cc\/JRF7-MYHS\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Medie<\/a> gemellt. D&#8217;aussergew\u00e9inlech Ofw\u00e4ichung am Juli 2023 gouf souwuel vun der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/54AY-N79D\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">WMO<\/a> w\u00e9i och vu <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4UQU-A794\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Copernicus<\/a> dokument\u00e9iert. Opgrond vun der w\u00e4ermster dr\u00e4ichw\u00ebcheger Period, d\u00e9i z\u00ebnter Ufank vun de Miessunge verzeechent gouf, haten d&#8217;Vereent Natiounen (UN) ausserdeem eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/XQ6H-9Z9N\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Warnung<\/a> betreffend de Klimawandel erausginn.<\/p>\n<p>An <a href=\"https:\/\/perma.cc\/H7E6-DL2F\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">D\u00e4itschland<\/a> louch den Temperaturm\u00ebttelw\u00e4ert am Juli 2023 mat 18,7 Grad \u00ebm 1,8 Grad iwwer dem W\u00e4ert vun der international g\u00eblteger Referenzperiod 1961 bis 1990. Am Verglach zu der aktueller a w\u00e4ermster Vergl\u00e4ichsperiod 1991 bis 2020 (18,3 Grad) louch d&#8217;Ofw\u00e4ichung bei 0,4 Grad. Och an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/F34Y-EVTC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00c9istr\u00e4ich<\/a> war de Juli virun zwee Joer gr\u00e9isstendeels d\u00e4itlech ze waarm a war ee vun de w\u00e4ermsten an der Geschicht vum Land z\u00ebnter Ufank vun de Miessungen. An der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/R6BZ-AMN5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Schw\u00e4iz<\/a> louchen d&#8217;Temperaturen och iwwer de Referenzw\u00e4erter &#8211; mat 1,4 Grad iwwer der aktueller Referenzperiod.<\/p>\n<h4>2025 weltw\u00e4it dr\u00ebttw\u00e4ermste Juli z\u00ebnter Ufank vun de Miessungen<\/h4>\n<p>Op de Mount Juli vum Joer 2025 gouf an d\u00ebsem alen Artikel vun &#8220;Oe24&#8221; net agaangen, well en deemools nach an der Zukunft louch. Aktuell Ausw\u00e4ertunge weisen: De Juli 2025 war global tats\u00e4chlech m\u00e9i kill w\u00e9i de selwechte Mount vum Joer 2023, louch de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5N6V-8UCJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Copernicus-Daten<\/a> no awer iwwer dem duerchschn\u00ebttleche Referenzniveau 1991 bis 2020. De leschte Mount war ausserdeem weltw\u00e4it den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/MQ86-EV4T\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">dr\u00ebttw\u00e4ermste Juli<\/a>, dee bis elo gemooss gouf. Dat hunn <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9YAH-MA5C\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">eng R\u00ebtsch<\/a> Medie <a href=\"https:\/\/perma.cc\/GA6W-FXN7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">gemellt<\/a>.<\/p>\n<p>An <a href=\"https:\/\/perma.cc\/433L-YURR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">D\u00e4itschland<\/a> louch den Temperaturduerchschn\u00ebtt am Juli 2025 bei ronn 18,4 Grad a war domat 0,1 Grad m\u00e9i waarm w\u00e9i de W\u00e4ert an der Referenzperiod 1991 bis 2020. An der\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/5VHJ-Z4QD\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Schw\u00e4iz<\/a> louchen d&#8217;Temperaturen am Juli 2025 \u00ebm 0,4 Grad dr\u00ebnner. An <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8D7W-EKFV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00c9istr\u00e4ich<\/a> louch de Juli 2025 am Ber\u00e4ich vum Duerchschn\u00ebtt vun der Referenzperiod 1991 bis 2020, mat enger Ofw\u00e4ichung vu -0,2 Grad am D\u00e9ifland a -0,6 Grad op de Bierger. Am Verglach zur Referenzz\u00e4it 1961 bis 1990 war de Juli souguer relativ waarm a louch an \u00c9istr\u00e4ich beispillsweis am D\u00e9ifland \u00ebm 1,5 Grad iwwer dem Duerchschn\u00ebtt an op de Bierger \u00ebm 1,0 Grad.<\/p>\n<p>An Europa hu sech d&#8217;Konsequenze vun der globaler Erwiermung am Juli 2025 awer och duerch extreem Temperaturen a <a href=\"https:\/\/perma.cc\/HUG3-VH3F\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">grav\u00e9ierend Iwwerschwemmunge<\/a> bemierkbar gemaach. <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2A4H-7HZC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Schweden a Finnland<\/a> hunn \u00ebnner enger aussergew\u00e9inlecher H\u00ebtzt gelidden. Besonnesch staark hat et och S\u00fcdosteuropa getraff, wou et zu H\u00ebtztwellen a B\u00ebschbr\u00e4nn komm war. Och an der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/AFU5-K7QT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Tierkei<\/a> gouf mat 50,5 Grad en neie landesw\u00e4iten Temperaturrekord erreecht.<\/p>\n<h4>Klimawandel ass real a vum M\u00ebnsch gemaach<\/h4>\n<p>W\u00e9inst den niddregen Temperaturen oder Reendeeg stellen Internetnotzer de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/C8E3-PDV5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">vum M\u00ebnsch gemaache Klimawandel<\/a> f\u00e4lschlecherweis \u00ebmmer nees a Fro. Unhand vun eenzelen historesche Momentopname loosse sech awer keng belaaschtbar w\u00ebssenschaftlech Schlussfollgerungen iwwer laangfristeg Klimaver\u00e4nnerungen z\u00e9ien. Dat hu <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.36264NG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Fuerscher<\/a> der AFP an der <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.34QP36W\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Vergaangenheet<\/a> schonn dacks <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.36HQ2QC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">erkl\u00e4ert<\/a>.<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/perma.cc\/X5K7-8M7K\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Stefan Rahmstorf<\/a>, Klimafuerscher um <a href=\"https:\/\/perma.cc\/S8S8-HKT3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Potsdam-Institut f\u00fcr Klimafolgenforschung<\/a>, hat der <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.34PB9CL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP<\/a> zum Beispill den 12. Abr\u00ebll 2024 geschriwwen, dass d&#8217;vum M\u00ebnsch gemaache Klimaerwiermung unhand vun engem eenzele Wiederphenomeen net widderluecht gi k\u00e9int: &#8220;Se ass eng z\u00ebnter Joerz\u00e9ngte ges\u00e9chert Tatsaach.&#8221;<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> En a Sozialen Netzwierker gedeelte Screenshot mat der Iwwerschr\u00ebft &#8220;Juli g\u00ebtt global w\u00e4ermste Mount z\u00ebnter Joerdausenden&#8221; huet am Summer 2025 zu Virw\u00ebrf g\u00e9int Medie gef\u00e9iert, se g\u00e9ifen trotz de ville Reendeeg an Deeler vun Europa Panik a Bezuch op de Klimawandel verbreeden. A Wierklechkeet staamt den Artikel aus dem Juli 2023 a bezitt sech op d\u00e9i deemoleg Rekordtemperaturen. Eenzel Wiederphenomeener widderlee\u00ebn de Klimawandel net.<\/p>\n<p><em>D\u00ebse Faktencheck gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<br \/>\n<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>De Juli 2025 war weltw\u00e4it den dr\u00ebttw\u00e4ermste Juli, dee bis elo gemooss gouf. Am Internet m\u00e9cht e Screenshot vun engem Artikel mat der Iwwerschr\u00ebft &#8220;Juli g\u00ebtt global w\u00e4ermste Mount z\u00ebnter Joerdausenden&#8221; d&#8217;Ronn. Notzer hunn d&#8217;Medien an d\u00ebsem Zesummenhang der Panikmaacherei a Bezuch op de Klimawandel besch\u00ebllegt &#8211; virun allem w\u00e9inst de ville Reendeeg an Deeler vun Europa am Summer 2025.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":400155,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,189,183,192],"tags":[],"class_list":{"0":"post-400170","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-editors-choice-lu","8":"category-emwelt","9":"category-fact-check-lb","10":"category-wessenschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2328451","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2328451.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","share_this_post_to_edmo_website":false,"affiliation":"BELUX","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Artikel iwwer H\u00ebtztrekord vun 2023 g\u00ebtt f\u00e4lschlech als aktuell gedeelt - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Artikel iwwer H\u00ebtztrekord vun 2023 g\u00ebtt f\u00e4lschlech als aktuell gedeelt - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"De Juli 2025 war weltw\u00e4it den dr\u00ebttw\u00e4ermste Juli, dee bis elo gemooss gouf. Am Internet m\u00e9cht e Screenshot vun engem Artikel mat der Iwwerschr\u00ebft &quot;Juli g\u00ebtt global w\u00e4ermste Mount z\u00ebnter Joerdausenden&quot; d&#039;Ronn. Notzer hunn d&#039;Medien an d\u00ebsem Zesummenhang der Panikmaacherei a Bezuch op de Klimawandel besch\u00ebllegt - virun allem w\u00e9inst de ville Reendeeg an Deeler vun Europa am Summer 2025.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2025-08-27T08:00:59+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2025-09-09T08:33:30+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/59010d158acea38101357890315dd340_resized.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"5 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Artikel iwwer H\u00ebtztrekord vun 2023 g\u00ebtt f\u00e4lschlech als aktuell gedeelt\",\"datePublished\":\"2025-08-27T08:00:59+00:00\",\"dateModified\":\"2025-09-09T08:33:30+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/\"},\"wordCount\":1127,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/59010d158acea38101357890315dd340_resized.jpeg\",\"articleSection\":[\"Editor's Choice Slider LU\",\"\u00cbmwelt\",\"Fact Check\",\"W\u00ebssenschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/\",\"name\":\"Faktencheck: Artikel iwwer H\u00ebtztrekord vun 2023 g\u00ebtt f\u00e4lschlech als aktuell gedeelt - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/59010d158acea38101357890315dd340_resized.jpeg\",\"datePublished\":\"2025-08-27T08:00:59+00:00\",\"dateModified\":\"2025-09-09T08:33:30+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/59010d158acea38101357890315dd340_resized.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/59010d158acea38101357890315dd340_resized.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Artikel iwwer H\u00ebtztrekord vun 2023 g\u00ebtt f\u00e4lschlech als aktuell gedeelt - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Artikel iwwer H\u00ebtztrekord vun 2023 g\u00ebtt f\u00e4lschlech als aktuell gedeelt\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Artikel iwwer H\u00ebtztrekord vun 2023 g\u00ebtt f\u00e4lschlech als aktuell gedeelt - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Artikel iwwer H\u00ebtztrekord vun 2023 g\u00ebtt f\u00e4lschlech als aktuell gedeelt - EDMO Belux","og_description":"De Juli 2025 war weltw\u00e4it den dr\u00ebttw\u00e4ermste Juli, dee bis elo gemooss gouf. Am Internet m\u00e9cht e Screenshot vun engem Artikel mat der Iwwerschr\u00ebft \"Juli g\u00ebtt global w\u00e4ermste Mount z\u00ebnter Joerdausenden\" d'Ronn. Notzer hunn d'Medien an d\u00ebsem Zesummenhang der Panikmaacherei a Bezuch op de Klimawandel besch\u00ebllegt - virun allem w\u00e9inst de ville Reendeeg an Deeler vun Europa am Summer 2025.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2025-08-27T08:00:59+00:00","article_modified_time":"2025-09-09T08:33:30+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/59010d158acea38101357890315dd340_resized.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"5 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Artikel iwwer H\u00ebtztrekord vun 2023 g\u00ebtt f\u00e4lschlech als aktuell gedeelt","datePublished":"2025-08-27T08:00:59+00:00","dateModified":"2025-09-09T08:33:30+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/"},"wordCount":1127,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/59010d158acea38101357890315dd340_resized.jpeg","articleSection":["Editor's Choice Slider LU","\u00cbmwelt","Fact Check","W\u00ebssenschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/","name":"Faktencheck: Artikel iwwer H\u00ebtztrekord vun 2023 g\u00ebtt f\u00e4lschlech als aktuell gedeelt - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/59010d158acea38101357890315dd340_resized.jpeg","datePublished":"2025-08-27T08:00:59+00:00","dateModified":"2025-09-09T08:33:30+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/59010d158acea38101357890315dd340_resized.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/08\/59010d158acea38101357890315dd340_resized.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Artikel iwwer H\u00ebtztrekord vun 2023 g\u00ebtt f\u00e4lschlech als aktuell gedeelt - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-artikel-iwwer-htztrekord-vun-2023-gtt-flschlech-als-aktuell-gedeelt\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Artikel iwwer H\u00ebtztrekord vun 2023 g\u00ebtt f\u00e4lschlech als aktuell gedeelt"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/400170","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=400170"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/400170\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/400155"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=400170"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=400170"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=400170"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}